Dës nei Enquête vun EDMO BELUX analyséiert d’Efforte vum Robert Kennedy Jr senger Anti-Impf-Beweegung Children’s Health Defense fir hir Aktivitéiten an Europa auszebauen. Säit August 2020 huet déi US-amerikanesch Anti-Impf-Grupp hir Presenz an Europa däitlech verstäerkt. Si huet eng juristesch Struktur an der Belsch geschaf an eng sëlleg Manifestatiounen organiséiert, fir hir Gesondheets- an Anti-Vax-Desinformatiounsnarrativen op dem ganze Kontinent ze verbreeden. Wat sollt gemaach ginn, fir d’Méiglechkeete vun Anti-Vax-Gruppen anzeschränken, déi ëffentlech Diskussioun iwwer Impfstoffer an der EU ze manipuléieren an ze verhënneren, dass si zur Entsteeung vun neie Gesondheetskrise bäidroen, déi d’Gesondheet vun enger Rei vu Communautéite gefäerden? Liest méi hei (Studien op Englesch).