{"id":370336,"date":"2024-11-13T08:37:40","date_gmt":"2024-11-13T08:37:40","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/iwwer-eis\/edmo-network-guidlines\/"},"modified":"2024-11-14T15:42:19","modified_gmt":"2024-11-14T15:42:19","slug":"richtlinne-fir-dedmo-netzwierk","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/iwwer-eis\/richtlinne-fir-dedmo-netzwierk\/","title":{"rendered":"Richtlinne fir d&#8217;EDMO-Netzwierk"},"content":{"rendered":"<div class=\"wpb-content-wrapper\"><p>[vc_row][vc_column][vc_column_text css=&#8221;&#8221;]<\/p>\n<p class=\"p1\">Den Europ\u00e4eschen Observatoire fir digital Medien ass en Netzwierk vu Gruppementer, dat eng multidisziplin\u00e4r an transnational Communaut\u00e9it vun onofh\u00e4ngege Faktenchecker, Mediekompetenz-Experten a Fuerscher zesummebr\u00e9ngt, d\u00e9i sech mat der Opdeckung, Entlarvung a Bek\u00e4mpfung vun Desinformatioun befaassen a gl\u00e4ichz\u00e4iteg d&#8217;epistemologesch Grondlage fir relevant politesch Mesuren, virun allem am Ber\u00e4ich vun de Medien, den digitalen D\u00e9ngschtleeschtungen an den domat verbonnenen Educatiounsprogrammen, entw\u00e9ckelen. Et besteet aus enger zentraler Plattform, EDMOeu, d\u00e9i d&#8217;Aktivit\u00e9ite vu 14 nationalen oder regionalen Hubs a 27 EU-L\u00e4nner an Norwege matenee verb\u00ebnnt a koordin\u00e9iert, fir an Zesummenaarbecht mat Medienorganisatiounen, Online-Plattformen, Experte sur place a politeschen Acteuren eng m\u00e9iglechst grouss Wierkung ze erreechen.<\/p>\n<p class=\"p1\">W\u00e4rend all Member vum EDMO-Netzwierk seng Aktivit\u00e9iten a voller Autonomie en fonction vun de spezifesche Bed\u00e9ngungen, d\u00e9i bannent all Gruppement festgeluecht goufen, duerchf\u00e9iert, poursuiv\u00e9ieren all Memberen zesummen eng gemeinsam Missioun, n\u00e4mlech e m\u00e9i d\u00e9ift Verst\u00e4ndnis vun a besser Reaktiounen op Desinformatioun ze f\u00ebrderen, Fuerschungsresultater ze verbreeden, L\u00e9isungen ze testen an zu engem m\u00e9i transparentem, fiabelem a widderstandsf\u00e4egem Informatiounsekosystem b\u00e4izedroen. Bei der Poursuite vun hirer Missioun verflichten all Membere vum EDMO-Netzwierk, sech un d\u00e9i follgend Richtlinnen ze halen:<\/p>\n<p class=\"p1\"><b>1. Onofh\u00e4ngegkeet<\/b><\/p>\n<p class=\"p1\">All Membere vum EDMO-Netzwierk hu Gouvernance-Strukturen ageriicht, d\u00e9i hir Onofh\u00e4ngegkeet s\u00e9cheren, virun allem g\u00e9intiwwer vu Regierungen, europ\u00e4eschen Institutiounen an \u00ebffentlechen oder privaten Donateuren. All Membere sichen sech d&#8217;Theemen, mat deenen si sech befaasse w\u00ebllen, fr\u00e4i aus, sief et am Kader vu Fuerschungsber\u00e4icher, Fakten-Check-Artikelen oder Aktiounen zur Medien- an Informatiounskompetenz, an offr\u00e9iere gl\u00e4ichz\u00e4iteg eng pluralistesch, inklusiv an oppe Plattform, d\u00e9i sech op d&#8217;Erausfuerderunge vun der Desinformatioun konzentr\u00e9iert. Weder \u00ebffentlech nach privat extern Donateuren dierfen Deel vun den Entscheedungsgremie vun engem Gruppement sinn oder d&#8217;Entscheedungsprozesser vun d\u00ebse beaflossen, inklusiv der Definitioun vu Priorit\u00e9iten, Aarbechtsmethoden a Resultater. D&#8217;Europ\u00e4esch Kommissioun kann an esou Gremien n\u00ebmmen als Observateur deelhuelen, fir d\u00e9i korrekt \u00cbmsetzung vun de relevante Finanz\u00e9ierungsaccorden ze iwwerwaachen. Si kann och Informatiounen austauschen a Feedback ginn, fir d&#8217;Anhale vun d\u00ebsen Accorden ze assur\u00e9ieren, ouni allerd\u00e9ngs d\u00e9i vollst\u00e4nneg Autonomie an den Handlungsspillraum vun den Aktivit\u00e9ite vun den Netzwierkmemberen anzeschr\u00e4nken.<\/p>\n<p class=\"p1\"><b>2. Integrit\u00e9it<\/b><\/p>\n<p class=\"p1\">Partnerorganisatiounen \u00ebnnerhalb vum EDMO-Netzwierk verflichten sech, unerkannten eethesch a professionell Standarden anzehalen, w\u00e9i z. B. den Europ\u00e4esche Verhalenskodex fir Integrit\u00e9it an der Fuerschung oder d\u00e9i spezifesch Standarden, d\u00e9i fir hiren Aktivit\u00e9itsber\u00e4ich g\u00ebllen (z. B. den Europ\u00e4esche Kodex fir Standarde fir onofh\u00e4ngeg Fakten-Check-Organisatioune vum Europ\u00e4eschen Netzwierk fir Fakten-Check-Standarden).<\/p>\n<p class=\"p1\">Ausserdeem sinn all Membere vum EDMO-Netzwierk verflicht, m\u00e9iglech Interessekonflikter am Kader vun hiren internen Entscheedungsprozesser op eng ubruecht Aart a Weis ze ger\u00e9ieren. Dofir ass all Persoun, d\u00e9i an Entscheedungsgremien an\/oder -prozesser particip\u00e9iert, verflicht, substanziell Inter\u00eaten erauszeginn, d\u00e9i si a Secteuren\/Deelsecteure vum Informatiounsekosystem k\u00e9int hunn an d\u00e9i hir Onofh\u00e4ngegkeet gef\u00e4erde k\u00e9inten, sech net un Aktivit\u00e9iten ze bedeelegen, d\u00e9i duerch esou Interessekonflikter concern\u00e9iert k\u00e9inte ginn, a vun hirer Funktioun zer\u00e9ckzetrieden, sollt esou e Risiko optrieden. An d\u00ebsem Zesummenhang bezitt sech en Interessekonflikt op eng Situatioun, an der d&#8217;Onparteilechkeet an d&#8217;Objektivit\u00e9it vun enger Entscheedung, Meenung oder Recommandatioun vun enger Persoun, d\u00e9i am Entscheedungsprozess bedeelegt ass, duerch e pers\u00e9inlechen Inter\u00eat, den eng best\u00ebmmt Persoun huet oder den hir uvertraut gouf, kompromett\u00e9iert g\u00ebtt oder als kompromett\u00e9iert wouergeholl k\u00e9int ginn. Relevant pers\u00e9inlech Inter\u00eate k\u00ebnne vu finanzieller oder net finanzieller Natur sinn an eng pers\u00e9inlech oder famili\u00e4r Relatioun oder berufflech<span class=\"Apple-converted-space\">\u00a0 <\/span>Affiliatioun betreffen, inklusiv fr\u00e9ier Besch\u00e4ftegungen oder Ernennungen, esouw\u00e9i aner relevant extern Aktivit\u00e9iten.<\/p>\n<p class=\"p1\"><b>3. Transparenz<\/b><\/p>\n<p class=\"p1\">All Membere vum EDMO-Netzwierk verflichten sech, d&#8217;Identit\u00e9it vun den Organisatiounen, d\u00e9i Deel vum Gruppement sinn, an hir Finanz\u00e9ierungsquellen erauszeginn a s\u00e9cherzestellen, dass d&#8217;Resultater vun hire fir EDMO duerchgefouerten Aktivit\u00e9iten, sief et an de Ber\u00e4icher Fuerschung, Faktencheck, Mediekompetenz oder Politik, \u00ebffentlech accessibel sinn.<\/p>\n<p class=\"p1\"><b>4. Neutralit\u00e9it<\/b><\/p>\n<p class=\"p1\">Wat hir redaktionell Produiten an un de Public geriichten Initiative betr\u00ebfft, sou halen sech all Membere vum EDMO-Netzwierk strikt un en Neutralit\u00e9itsprinzip g\u00e9intiwwer politeschen oder industrielle Standpunkten. D&#8217;Auswiel vun den Theemen, d\u00e9i methodesch Approchen, d&#8217;Resultater an d&#8217;Kommunikatioun, op a Fuerschungsaarbechten, Fakten-Check-Artikelen, Mesuren zur Medien- an Informatiounskompetenz oder politeschen Analysen, sinn onparteiesch an d\u00e9ngen ausschliisslech dem Inter\u00eat Public.<\/p>\n<p class=\"p1\"><b>5. Pluralismus<\/b><\/p>\n<p class=\"p1\">D&#8217;EDMO-Netzwierk \u00ebmfaasst eng signifikant Unzuel vun Universit\u00e9iten, Fuerschungszentren, Faktencheck-Organisatiounen, Organisatioune vun der Zivilgesellschaft a Mediekompetenzorganisatiounen, d\u00e9i jeeweils hir eege Ligne \u00c9ditoriale, Fuerschungsagenda an Educatiounsziler poursuiv\u00e9ieren. Ausserdeem tauscht all Member vum EDMO-Netzwierk reegelm\u00e9isseg Contenue mat anere Memberen aus, fir si op senger eegener Plattform ze ver\u00ebffentlechen, fir esou \u00ebnnerschiddlech Perspektiven zu esou Theemen ze offr\u00e9ieren an d\u00e9i intern Pluralit\u00e9it bei Froe vun Inter\u00eat Commun ze f\u00ebrderen.<\/p>\n<p class=\"p1\"><b>6. Diversit\u00e9it an Inklusioun<\/b><\/p>\n<p class=\"p1\">D&#8217;EDMO-Netzwierk ass vum Opbau hir multidisziplin\u00e4r an transnational an dorop ausgeriicht, d\u00e9i villf\u00e4lteg Erausfuerderungen, d\u00e9i sech duerch Desinformatioun erginn, unzegoen, woub\u00e4i d&#8217;Spezifizit\u00e9ite vun all Land oder Sproochraum, den et ofdeckt, ber\u00e9cksiichtegt ginn. Ausserdeem sollen d&#8217;Aktivit\u00e9iten an de Ber\u00e4icher Fuerschung, Faktencheck, politesch Analys a Mediekompetenz d\u00e9i gesellschaftlech Resilienz an alle Bev\u00eblkerungsgruppe st\u00e4erken, onofh\u00e4ngeg vu Geschlecht, ethnescher Hierkonft a politeschen oder reli\u00e9isen Iwwerzeegungen, \u00ebnner besonnescher Ber\u00e9cksiichtegung vun deene vulnerabelste Gruppen.<\/p>\n<p class=\"p1\"><b>7. W\u00ebssenschaftlech fond\u00e9iert Interventiounen<\/b><\/p>\n<p class=\"p1\">D&#8217;EDMO-Netzwierk strieft duerno, onofh\u00e4ngeg, originell, qualitativ h\u00e9ichw\u00e4erteg a wierkungsorient\u00e9iert Fuerschung zu Desinformatioun virunzebr\u00e9ngen, fir eng Sammlung vu Fakten, Evidenz an Instrumenter ze offr\u00e9ieren, d\u00e9i Interessegruppen zesummebr\u00e9ngt an am Inter\u00eat vun der Gesellschaft ag\u00e9iert. Dob\u00e4i leet d&#8217;Netzwierk W\u00e4ert dorop, dass nei Erkenntnisser iwwer d\u00ebs Phenomeen op streng w\u00ebssenschaftlechen Theorien, Hypotheesen a Methode bas\u00e9ieren. Et f\u00ebrdert och d&#8217;Entw\u00e9cklung vun hybriden Approchen, d\u00e9i Methode vun den empiresche W\u00ebssenschafte mat deene vun de Geeschtesw\u00ebssenschafte kombin\u00e9ieren, esouw\u00e9i Fuerschung, d\u00e9i d\u00e9i neisten H\u00ebllefsm\u00ebttelen an Technike vun der Daten- an Informatiounsw\u00ebssenschaft zum Asaz br\u00e9ngt.<\/p>\n<p>[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row]<\/p>\n<\/div>","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>[vc_row][vc_column][vc_column_text css=&#8221;&#8221;] Den Europ\u00e4eschen Observatoire fir digital Medien ass en Netzwierk vu Gruppementer, dat eng multidisziplin\u00e4r an transnational Communaut\u00e9it vun&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":14,"featured_media":0,"parent":11940,"menu_order":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"class_list":["post-370336","page","type-page","status-publish"],"acf":[],"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Richtlinne fir d&#039;EDMO-Netzwierk - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/iwwer-eis\/richtlinne-fir-dedmo-netzwierk\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Richtlinne fir d&#039;EDMO-Netzwierk - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"[vc_row][vc_column][vc_column_text css=&#8221;&#8221;] Den Europ\u00e4eschen Observatoire fir digital Medien ass en Netzwierk vu Gruppementer, dat eng multidisziplin\u00e4r an transnational Communaut\u00e9it vun...\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/iwwer-eis\/richtlinne-fir-dedmo-netzwierk\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-11-14T15:42:19+00:00\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"4 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/iwwer-eis\/richtlinne-fir-dedmo-netzwierk\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/iwwer-eis\/richtlinne-fir-dedmo-netzwierk\/\",\"name\":\"Richtlinne fir d'EDMO-Netzwierk - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"datePublished\":\"2024-11-13T08:37:40+00:00\",\"dateModified\":\"2024-11-14T15:42:19+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/iwwer-eis\/richtlinne-fir-dedmo-netzwierk\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/iwwer-eis\/richtlinne-fir-dedmo-netzwierk\/\"]}]},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/iwwer-eis\/richtlinne-fir-dedmo-netzwierk\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Iwwer eis\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/iwwer-eis\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":3,\"name\":\"Richtlinne fir d&#8217;EDMO-Netzwierk\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Richtlinne fir d'EDMO-Netzwierk - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/iwwer-eis\/richtlinne-fir-dedmo-netzwierk\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Richtlinne fir d'EDMO-Netzwierk - EDMO Belux","og_description":"[vc_row][vc_column][vc_column_text css=&#8221;&#8221;] Den Europ\u00e4eschen Observatoire fir digital Medien ass en Netzwierk vu Gruppementer, dat eng multidisziplin\u00e4r an transnational Communaut\u00e9it vun...","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/iwwer-eis\/richtlinne-fir-dedmo-netzwierk\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_modified_time":"2024-11-14T15:42:19+00:00","twitter_card":"summary_large_image","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Est. reading time":"4 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/iwwer-eis\/richtlinne-fir-dedmo-netzwierk\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/iwwer-eis\/richtlinne-fir-dedmo-netzwierk\/","name":"Richtlinne fir d'EDMO-Netzwierk - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"datePublished":"2024-11-13T08:37:40+00:00","dateModified":"2024-11-14T15:42:19+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/iwwer-eis\/richtlinne-fir-dedmo-netzwierk\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/iwwer-eis\/richtlinne-fir-dedmo-netzwierk\/"]}]},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/iwwer-eis\/richtlinne-fir-dedmo-netzwierk\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Iwwer eis","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/iwwer-eis\/"},{"@type":"ListItem","position":3,"name":"Richtlinne fir d&#8217;EDMO-Netzwierk"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]}]}},"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/370336","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/14"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=370336"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/370336\/revisions"}],"up":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/11940"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=370336"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}