{"id":102053,"date":"2022-08-17T06:00:13","date_gmt":"2022-08-17T06:00:13","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=102053"},"modified":"2022-10-11T08:19:28","modified_gmt":"2022-10-11T08:19:28","slug":"faktencheck-de-klimawandel-ass-real","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/","title":{"rendered":"Faktencheck: De Klimawandel ass real"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Deeglaang Temperaturen iwwer 30 Grad Celsius, w\u00e9ineg bis kee Reen iwwer Wochen. D\u00ebs Tatsaache best\u00ebmmen de Summer 2022. An awer g\u00ebtt et \u00ebmmer nach eng Rei Leit, d\u00e9i behaapten, dass de Klimawandel net existent oder net vu M\u00ebnsche gemaach w\u00e4r.<\/p>\n<p>Honnerte User hunn z\u00ebnter Enn Juli 2022 e Video op Facebook gedeelt (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/5367-NAFE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/K5F8-XNVP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>), an deem den John Coleman, de Gr\u00ebnner vum Weather Channel, d&#8217;Existenz vum m\u00ebnschegemaachte Klimawandel kontest\u00e9iert. De Weather Channel ass en amerikanesche Fernseesender, deem s\u00e4i Programm \u00ebnner anerem aus Wiederprevisiounen an Noriichten iwwer d&#8217;Wieder besteet. Och op <a href=\"https:\/\/archive.ph\/PeReW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Twitter<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/H367-NG88\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a> hunn e puer honnertdausend Leit de Video gesinn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/ef646e0faca612c4aa5484f4057da7f5.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshot der Behauptung auf Facebook: 29.07.2022<\/p>\n<p>\u00cbmmer nees stellen Notzerinnen an Notzer a sozialen Netzwierker d&#8217;Existenz vum m\u00ebnschegemaachte Klimawandel a Fro. D&#8217;AFP huet an der Vergaangenheet an d\u00ebsem Zesummenhang zum Beispill Behaaptungen \u00ebnnersicht, deenen no d&#8217;\u00c4erderwiermung <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/http%253A%252F%252Fdoc.afp.com%252F9L38F8-1\">natierlech an net ongew\u00e9inlech<\/a> w\u00e4r oder dass fir d&#8217;Klimaerwiermung net de M\u00ebnsch, mee d&#8217;<a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.32CZ3KN\">Sonn<\/a> oder <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/no-nasa-did-not-admit-changes-earths-solar-orbit-not-human-activity-causing-climate-change\">Ver\u00e4nnerungen an der \u00c4erd\u00ebmlafbunn<\/a> verantwortlech w\u00e4ren. D&#8217;AFP huet en plus Behaaptunge widderluecht, Medie g\u00e9ife mat H\u00ebllef vu <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/das-zdf-manipulierte-nicht-mit-selektiven-temperaturdaten\">selektiven Temperaturdonn\u00e9e\u00ebn<\/a> oder <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.32C278H\">manipul\u00e9ierte Wiederkaarten<\/a> d&#8217;Situatioun besonnesch dramatesch duerstellen. D&#8217;AFP huet eng <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/list\/all\/all\/39289\/all\/tid-39289\">ganz Rei vu Faktenchecken zum Thema Klima<\/a> gesammelt.<\/p>\n<p>Den aktuell gedeelte Video staamt aus enger <a href=\"https:\/\/edition.cnn.com\/videos\/bestoftv\/2014\/11\/01\/global-warming-storm-at-weather-channel.cnn\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">CNN-Sendung<\/a> vum 1. November 2014. E weist en Extrait vun engem Interview, dee knapp zwou Minutten dauert, mam Gr\u00ebnner vum <a href=\"https:\/\/weather.com\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Weather Channel<\/a>, dem TV-Meteorolog John Coleman. Den Dag nom CNN-Interview mam Coleman huet sech de Weather Channel <a href=\"https:\/\/money.cnn.com\/2014\/11\/02\/media\/weather-channel-global-warming-john-coleman\/index.html\">vun deem sengen \u00c4usserungen distanz\u00e9iert<\/a>. S\u00e4it 2007 hat de Coleman \u00ebffentlech d&#8217;Existenz vum <a href=\"https:\/\/archives.cjr.org\/cover_story\/hot_air.php?page=all\">m\u00ebnschegemaachte Klimawandel bezweiwelt<\/a> a sech <a href=\"https:\/\/www.theguardian.com\/environment\/climate-consensus-97-per-cent\/2014\/nov\/03\/weather-channel-founder-not-credible-on-global-warming\">g\u00e9int Klimaschutzmesuren ausgesprach<\/a>. Hien ass 2018 am Alter vun 83 Joer <a href=\"https:\/\/weather.com\/news\/news\/2018-01-21-john-coleman-weather-channel-founder-dies\">verstuerwen<\/a>.<\/p>\n<p>W\u00ebssenschaftleche Konsens iwwer d&#8217;Existenz vum Klimawandel<\/p>\n<p>Am aktuell gedeelte Clip behaapt de Coleman, et g\u00e9if &#8220;keng signifikant, vum M\u00ebnsch gemaach global Erwiermung&#8221;. D&#8217;Ausso steet an eklatantem Widdersproch zu den Erkenntnesser vun der Klimafuerschung souwuel an den USA w\u00e9i och weltw\u00e4it.<\/p>\n<p>Ufank August 2021 huet de Weltklimarot IPCC <a href=\"https:\/\/www.ipcc.ch\/report\/ar6\/wg1\/downloads\/report\/IPCC_AR6_WGI_Full_Report.pdf\">s\u00e4i sechste Rapport iwwer den Zoustand vum Klima op der \u00c4erd<\/a> publiz\u00e9iert. Rapporte vum IPCC <a href=\"https:\/\/www.deutschlandfunk.de\/ipcc-weltklimarat-bericht-100.html\">g\u00ebllen als Resum\u00e9 vum aktuelle Stand vun der W\u00ebssenschaft<\/a> zum deem Thema. Deemno ass d\u00e9i duerchschn\u00ebttlech global Uewerfl\u00e4chentemperatur am Z\u00e4itraum vun 1880 bis 2020 \u00ebm m\u00e9i w\u00e9i 1,2 Grad geklommen. Op der Nordhallefkugel war d&#8217;30-Joresperiod vun 1991 bis 2020 d\u00e9i w\u00e4ermst z\u00ebnter m\u00e9i w\u00e9i 100.00 Joren.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/18aac2be13b71e12d748ac22890024c0.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Temperaturanomalien im Vergleich zu vorindustriellen Werten ( JONATHAN WALTER \/ AFP \/ )<\/p>\n<p>An der Arktis ass d\u00e9i duerchschn\u00ebttlech Uewerfl\u00e4chentemperatur t\u00ebscht 1971 an 2019 \u00ebm 3,1 Grad geklommen, w\u00e9i den <a href=\"https:\/\/www.amap.no\/about\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Arctic Monitoring and Assessment Programme<\/a> (Amap) a sengem 2021 publiz\u00e9ierte Rapport &#8220;<a href=\"https:\/\/www.amap.no\/documents\/download\/6759\/inline#page=5\">Arctic Climate Change Update 2021<\/a>&#8221; duerleet. Zu engem \u00e4nleche Resultat k\u00ebnnt eng <a href=\"https:\/\/iopscience.iop.org\/article\/10.1088\/1748-9326\/aafc1b\/meta\">Laangz\u00e4it-Et\u00fcd<\/a> iwwer arktesch Klimachangementer, d\u00e9i 2019 an der Fachz\u00e4itschr\u00ebft &#8220;<a href=\"https:\/\/iopscience.iop.org\/journal\/1748-9326\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Environmental Research Letters<\/a>&#8221; publiz\u00e9iert gouf. Hei l\u00e4it d&#8217;Hausse vun der Temperatur, d\u00e9i gemooss gouf, t\u00ebscht 1971 an 2017 2,7 Grad Celsius.<\/p>\n<p>Eng Rei Meta-Et\u00fcden, also Et\u00fcden, d\u00e9i systematesch d\u00e9i international Fuerschungssituatioun zesummefaassen, kommen zur Konklusioun, dass den Afloss vum M\u00ebnsch fir d&#8217;\u00c4erderwiermung verantwortlech ass. Esou eng <a href=\"https:\/\/iopscience.iop.org\/article\/10.1088\/1748-9326\/8\/2\/024024\">Et\u00fcd aus dem Joer 2013<\/a> huet 11.944 Aarbechten iwwerpr\u00e9ift, d\u00e9i t\u00ebscht 1991 an 2011 zum Theema \u00c4erderwiermung ver\u00ebffentlecht goufen. Vun den \u00ebnnersichten Et\u00fcde ware sech 97 Prozent eens, dass de Klimawandel vum M\u00ebnsch ausgel\u00e9ist ass.<\/p>\n<p>Eng <a href=\"https:\/\/iopscience.iop.org\/article\/10.1088\/1748-9326\/11\/4\/048002\">weider Meta-Et\u00fcd vun 2016<\/a> resum\u00e9iert souguer d\u00e9i verschidde Meta-Et\u00fcden iwwer de Konsens an der W\u00ebssenschaft an h\u00e4lt als Resultat e &#8220;Konsens iwwer de Konsens&#8221; fest. An hirem Fazit schreiwen d&#8217;Autorinnen an d&#8217;Auteuren: &#8220;De Grad vun der Eenegkeet an der W\u00ebssenschaft am Bezuch op d\u00e9i vum M\u00ebnsch ausgel\u00e9ist global Erwiermung ass iwwerw\u00e4ltegend h\u00e9ich, well d&#8217;Beweiser dofir iwwerw\u00e4ltegend staark sinn.&#8221; D&#8217;Communaut\u00e9it vun der W\u00ebssenschaft ass sech also eens, wat \u00e9ischter rar ass: D&#8217;\u00c4erderwiermung exist\u00e9iert a M\u00ebnsche l\u00e9ise se aus.<\/p>\n<p>De Klimawandel ass vum M\u00ebnsch gemaach<\/p>\n<p>Och a Bezuch op d&#8217;Ursaache vum Klimawandel ass sech d&#8217;W\u00ebssenschaft am Prinzip eens. De vum M\u00ebnsch ausgel\u00e9isten Z\u00e4reneffekt f\u00e9iert zu enger Hausse vun den Temperaturen op der \u00c4erd. Dat d\u00e4itscht <a href=\"https:\/\/www.umweltbundesamt.de\/service\/uba-fragen\/wie-funktioniert-der-treibhauseffekt\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bundesumweltamt<\/a> erkl\u00e4ert den Z\u00e4reneffekt esou: Z\u00e4regase w\u00e9i Kuelestoffdioxid (CO2), d\u00e9i vum M\u00ebnsch produz\u00e9iert ginn, sammele sech an der \u00c4erdatmosph\u00e4r. Kuelestoffdioxid entsteet zum Beispill beim Verbrenne vu Kuel, \u00c4erdgas oder Ueleg. Z\u00e4regase sinn duerchl\u00e4sseg fir kuerzweileg Sonnestralung, absorb\u00e9ieren awer laangwelleg W\u00e4ermestralung. Duerch d\u00e9i st\u00e4nneg Hausse vun der Z\u00e4regaskonzentratioun an der \u00c4erdatmosph\u00e4r z\u00ebnter der Industrialis\u00e9ierung verr\u00e9ngert sech d&#8217;W\u00e4ermestralung, d\u00e9i an de Weltall ofgi g\u00ebtt, wouduerch sech de System vun der \u00c4erd erh\u00ebtzt.<\/p>\n<p>De Weltklimarot a vill aner renomm\u00e9iert Institutiounen op der ganzer Welt, w\u00e9i den <a href=\"https:\/\/www.dlr.de\/content\/de\/artikel\/news\/2021\/03\/20210809_weltklimabericht-klimawandel-verstaerkt-wetter-und-klimaextreme.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Deutsche Zentrum f\u00fcr Luft- und Raumfahrt<\/a> (DLR), d&#8217; <a href=\"https:\/\/whatweknow.aaas.org\/get-the-facts\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">American Association for the Advancement of Science<\/a> (AAAS), d&#8217; <a href=\"https:\/\/climate.nasa.gov\/causes\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Nasa<\/a> an de <a href=\"https:\/\/www.wwf.org.uk\/updates\/10-myths-about-climate-change\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">WWF<\/a> beschreiwen d&#8217;\u00c4erderwiermung als m\u00ebnschegemaacht. Am <a href=\"https:\/\/www.de-ipcc.de\/media\/content\/Hauptaussagen_AR6-WGI.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Fazit<\/a> vum IPCC-Rapport vun 2021 heescht et: &#8220;Et ass eendeiteg, dass den <a href=\"https:\/\/www.ipcc.ch\/report\/ar6\/wg1\/downloads\/report\/IPCC_AR6_WGI_Full_Report.pdf#page=9\">Afloss vum M\u00ebnsch<\/a> d&#8217;Atmosph\u00e4r, den Ozean an d&#8217;Landfl\u00e4chen erwiermt huet.&#8221; Eng Opstellung vum &#8220;Office of Planning and Research&#8221;, engem Fuerschungsinstitut vun der kalifornescher Regierung, l\u00ebscht <a href=\"https:\/\/www.opr.ca.gov\/facts\/list-of-scientific-organizations.html\">ronn 200 W\u00ebssenschaftsorganisatiounen<\/a> op der ganzer Welt op, d\u00e9i och d&#8217;Opfaassung deelen, dass de Klimawandel m\u00ebnschegemaacht ass.<\/p>\n<p>Och zuelr\u00e4ich Experten, d\u00e9i vun der AFP kontakt\u00e9iert goufen, confirm\u00e9ieren dat. Sou huet zum Beispill de <a href=\"https:\/\/www.geography.unibe.ch\/ueber_uns\/personen\/prof_dr_broennimann_stefan\/index_ger.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Stefan Br\u00f6nnimann<\/a>, Professer fir Klimatologie um <a href=\"https:\/\/www.geography.unibe.ch\/forschung\/index_ger.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Geographischen Institut der Universit\u00e4t Bern<\/a> den 11. August 2021 fir e <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.32BK73G\">Faktencheck iwwer den Undeel vum M\u00ebnsch un der aktueller \u00c4erderwiermung<\/a> erkl\u00e4ert: &#8220;De M\u00ebnsch dr\u00e9it zum majorit\u00e4ren Deel zum aktuell oflafende Klimawandel b\u00e4i.&#8221; Den <a href=\"https:\/\/img.univie.ac.at\/ueber-uns\/mitarbeiterinnen\/persoenliche-homepages\/voigt-aiko\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Aiko Voigt<\/a>, Professer um <a href=\"https:\/\/img.univie.ac.at\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Institut f\u00fcr Meteorologie und Geophysik<\/a> vun der Universit\u00e9it Wien, sot den 12. August 2021 an d\u00ebsem Zesummenhang: &#8220;Natierlech dreiwend Facteuren spille praktesch keng Roll.&#8221; De <a href=\"https:\/\/tu-dresden.de\/bu\/umwelt\/hydro\/ihm\/meteorologie\/die-professur\/inhaber-in\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Matthias Mauder<\/a>, Professer fir Meteorologie un der Technischen Universit\u00e4t Dresden huet den 3. Juni 2022 geschriwwen: &#8220;D\u00ebs Erwiermung w\u00e4r ouni d&#8217;Verbrenne vu fossille Brennstoffer net denkbar. Soulaang d&#8217;M\u00ebnschheet weiderhin CO2 duerch d&#8217;Verbrenne vu fossille Brennstoffer an d&#8217;Atmosph\u00e4r emitt\u00e9iert, w\u00e4ert d\u00ebs Erwiermung weidergoen.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Konsequenze vun der \u00c4erderwiermung si schonn ze spieren<\/p>\n<p>D&#8217;Konsequenze vun der globaler Erwiermung si schonn haut d\u00e4itlech ze spieren, och an Europa. Den <a href=\"https:\/\/www.dwd.de\/DE\/klimaumwelt\/klimawandel\/klimawandel_node.html\">D\u00e4itsche Wiederd\u00e9ngscht<\/a> (DWD), d\u00e9i \u00e9istr\u00e4ichesch <a href=\"https:\/\/www.zamg.ac.at\/cms\/de\/klima\/news\/aus-extrem-wurde-normal-sommer-in-deutschland-der-schweiz-und-oesterreich-immer-heisser\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Zentralanstalt f\u00fcr Meteorologie und Geodynamik<\/a> (Zamg) an dat Schw\u00e4izer <a href=\"https:\/\/www.meteoschweiz.admin.ch\/home.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bundesamt f\u00fcr Meteorologie und Klimatologie<\/a>, MeteoSchweiz, hunn 2020 an enger gemeinsamer Ausw\u00e4ertung festgestallt, dass d&#8217;Summeren an D\u00e4itschland, \u00c9istr\u00e4ich an der Schw\u00e4iz \u00ebmmer m\u00e9i waarm ginn an H\u00ebtztwellen \u00ebmmer m\u00e9i heefeg optrieden. Donn\u00e9e\u00eb vum DWD weisen, dass d&#8217;Zuel vu ganz waarme Joren an D\u00e4itschland konstant zouh\u00eblt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/baf265acdae9e2cca26eea31895a6215.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Temperaturanomalien in Deutschland von 1881 bis 2021 ( DWD \/ )<\/p>\n<p>Och \u00ebmmer m\u00e9i heefeg optriedend extreem Wiederphenomener h\u00e4nken deelweis mam Klimawandel zesummen. Eng Et\u00fcd vun internationale Klimafuerscherinnen a -fuerscher huet den Zesummenhang t\u00ebscht der \u00c4erderwiermung an der H\u00e9ichwaasserkatastroph vun 2021 an D\u00e4itschland <a href=\"https:\/\/de.nachrichten.yahoo.com\/studie-best%C3%A4tigt-zusammenhang-zwischen-klimawandel-100022731.html\">confirm\u00e9iert<\/a>.<\/p>\n<p>Esou Auswierkunge vum Klimawandel <a href=\"https:\/\/www.helmholtz-klima.de\/faq\/nehmen-duerre-und-starkregen-zu\">confirm\u00e9iert<\/a> och d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.helmholtz-klima.de\/ueber-uns\/beteiligte-zentren\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Helmholtz-Klima-Initiativ<\/a>, en Zesummeschloss vun enger Rei vun d\u00e4itsche Fuerschungszentren. &#8220;Eng Konsequenz vum Klimawandel an D\u00e4itschland ass d&#8217;Zouhuele vu Staarkreen-Evenementer&#8221;, heescht et op der Webs\u00e4it vun der Initiativ a weider: &#8220;Geet de Klimawandel ongebremst weider, g\u00ebtt mat enger staarker <a href=\"https:\/\/www.ufz.de\/index.php?de=42489\">Erh\u00e9ijung vum Risiko<\/a> a Bezuch op <a href=\"https:\/\/www.ufz.de\/index.php?de=36336&amp;webc_pm=11\/2018\">Dr\u00e9chenten<\/a> an deenen hir Konsequenze gerechent. Eng global Erwiermung \u00ebm weider dr\u00e4i Grad Celsius g\u00e9if zum Beispill fir Deeler vu S\u00fcdwestd\u00e4itschland g\u00e9intiwwer dem Z\u00e4itraum 1971 bis 2000 eng Verdueblung un Dr\u00e9cheperiode bedeiten.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/429db3e64732154b4683e8281e242312.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Das teilweise ausgetrocknete Flussbett des Rheins bei D\u00fcsseldorf am 25. Juli 2022 ( AFP \/ INA FASSBENDER)<\/p>\n<p>Dat ass net zw\u00e9ngend e Widdersproch, w\u00e9i eng 2021 am Fachjournal &#8220;Science Advanced&#8221; publiz\u00e9iert <a href=\"https:\/\/www.science.org\/doi\/10.1126\/sciadv.abf8021\">Et\u00fcd<\/a> erkl\u00e4ert. D&#8217;\u00c4erderwiermung g\u00e9if d&#8217;Klima an ongef\u00e9ier zwee Dr\u00ebttel vun der Welt aus dem Gl\u00e4ichgewiicht br\u00e9ngen. &#8220;Dat bedeit gr\u00e9isser Schwankungen t\u00ebscht naassen an dr\u00e9chenen Extreemen.&#8221;<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> De Klimawandel ass eng w\u00ebssenschaftlech Tatsaach an a s\u00ebllegen internationalen Et\u00fcden erfuerscht a beluecht. Konsequenze vum Klimawandel, w\u00e9i eng Hausse vun der Uewerfl\u00e4chentemperatur, waarm an dr\u00e9che Summeren, souw\u00e9i \u00ebmmer m\u00e9i extreem Wiederphenomener sinn elo schonn ze spieren. D&#8217;Ursaach fir d\u00e9i global Erwiermung l\u00e4it an den Z\u00e4regasen, d\u00e9i vum M\u00ebnsch produz\u00e9iert ginn.<\/p>\n<\/div>\n<p><em>D\u00ebsen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&nbsp; Deeglaang Temperaturen iwwer 30 Grad Celsius, w\u00e9ineg bis kee Reen iwwer Wochen. D\u00ebs Tatsaache best\u00ebmmen de Summer 2022. An&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":102048,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,183,192],"tags":[],"class_list":{"0":"post-102053","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-fact-check-lb","9":"category-wessenschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"1952622","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"http:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/1952622.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: De Klimawandel ass real - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: De Klimawandel ass real - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"&nbsp; Deeglaang Temperaturen iwwer 30 Grad Celsius, w\u00e9ineg bis kee Reen iwwer Wochen. D\u00ebs Tatsaache best\u00ebmmen de Summer 2022. An...\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-08-17T06:00:13+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2022-10-11T08:19:28+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/f4e296b3c838bf50e4f66d8be511cbf3.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"620\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"349\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"7 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: De Klimawandel ass real\",\"datePublished\":\"2022-08-17T06:00:13+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-11T08:19:28+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/\"},\"wordCount\":1465,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/f4e296b3c838bf50e4f66d8be511cbf3.jpeg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Fact Check\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/\",\"name\":\"Faktencheck: De Klimawandel ass real - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/f4e296b3c838bf50e4f66d8be511cbf3.jpeg\",\"datePublished\":\"2022-08-17T06:00:13+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-11T08:19:28+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/f4e296b3c838bf50e4f66d8be511cbf3.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/f4e296b3c838bf50e4f66d8be511cbf3.jpeg\",\"width\":620,\"height\":349,\"caption\":\"Faktencheck: De Klimawandel ass real - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: De Klimawandel ass real\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: De Klimawandel ass real - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: De Klimawandel ass real - EDMO Belux","og_description":"&nbsp; Deeglaang Temperaturen iwwer 30 Grad Celsius, w\u00e9ineg bis kee Reen iwwer Wochen. D\u00ebs Tatsaache best\u00ebmmen de Summer 2022. An...","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-08-17T06:00:13+00:00","article_modified_time":"2022-10-11T08:19:28+00:00","og_image":[{"width":620,"height":349,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/f4e296b3c838bf50e4f66d8be511cbf3.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"7 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: De Klimawandel ass real","datePublished":"2022-08-17T06:00:13+00:00","dateModified":"2022-10-11T08:19:28+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/"},"wordCount":1465,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/f4e296b3c838bf50e4f66d8be511cbf3.jpeg","articleSection":["\u00cbmwelt","Fact Check","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/","name":"Faktencheck: De Klimawandel ass real - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/f4e296b3c838bf50e4f66d8be511cbf3.jpeg","datePublished":"2022-08-17T06:00:13+00:00","dateModified":"2022-10-11T08:19:28+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/f4e296b3c838bf50e4f66d8be511cbf3.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/f4e296b3c838bf50e4f66d8be511cbf3.jpeg","width":620,"height":349,"caption":"Faktencheck: De Klimawandel ass real - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-klimawandel-ass-real\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: De Klimawandel ass real"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/102053","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=102053"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/102053\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/102048"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=102053"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=102053"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=102053"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}