{"id":109562,"date":"2022-08-26T04:00:34","date_gmt":"2022-08-26T04:00:34","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=109562"},"modified":"2022-10-06T13:15:44","modified_gmt":"2022-10-06T13:15:44","slug":"faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Gi spuenesch B\u00ebscher ofgebrannt, fir Bauterrain fir Wandrieder ze schafen?"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Spuenien verzeechent an d\u00ebsem Joer besonnesch vill B\u00ebschbr\u00e4nn. Online g\u00ebtt allerd\u00e9ngs behaapt, a Spuenien w\u00e4re B\u00ebscher express ugez\u00fcnt ginn, fir den Terrain fir de Bau vun neien Eoliennen ze benotzen. Wat huet et domat op sech?<\/p>\n<p>Dosende User hunn z\u00ebnter Ufank August B\u00e4itr\u00e4g op Facebook gedeelt (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/2E7B-CK62\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/W3DY-7V64\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>), d\u00e9i den Androck verm\u00ebttelen, dass Spuenien d&#8217;Zuel vun de B\u00ebschbr\u00e4nn duerch e Gesetz, dat kierzlech a Kraaft getrueden ass, reduz\u00e9iere konnt. Iwwer z\u00e9ngdausende User hunn d\u00ebs Behaaptung op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7EZJ-DFCG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a> gesinn, d\u00e9i och op <a href=\"https:\/\/archive.ph\/wip\/UtybH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Twitter<\/a> gedeelt gouf. \u00c4nlech Behaaptunge kurs\u00e9ieren och schonn z\u00ebnter 2018 op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/GA3P-WF64\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gri<\/a><a href=\"https:\/\/perma.cc\/GA3P-WF64\">ichesch<\/a> a s\u00e4it Joren op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/TGH3-JB48?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">s<\/a><a href=\"https:\/\/perma.cc\/TGH3-JB48?type=image\">puenesch<\/a> an de sozialen Netzwierker.<\/p>\n<p><strong>D&#8217;Behaaptung:<\/strong> De B\u00e4itrag behaapt, dass op Plazen a Spuenien, op deene B\u00ebscher duerch den &#8220;angeebleche &#8216;Klimawandel'&#8221; gebrannt h\u00e4tten, Wandrieder opgestallt gi w\u00e4ren. En neit Gesetz h\u00e4tt d\u00ebs Praxis awer op en Enn bruecht. &#8220;B\u00ebschbuedem, dee gebrannt huet, dierf elo 30 Joer net m\u00e9i bebaut ginn. Direkt sinn d&#8217;B\u00ebschbr\u00e4nn sensationell zer\u00e9ckgaangen&#8221;, heescht et. Zwou Fotoen, d\u00e9i zum B\u00e4itrag geh\u00e9ieren, sollen d\u00e9i angeeblech Praxis belee\u00ebn. Se weisen eng brennend Fl\u00e4ch, d\u00e9i ee Joer m\u00e9i sp\u00e9it mat Eolienn\u00eb bebaut gi si soll.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/6ce8dfc289fa9055a735f3b33eb90051.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshot der Behauptung auf Facebook: 08.08.2022<\/p>\n<p>\u00cbmmer nees stellen Notzerinnen an Notzer a sozialen Netzwierker d&#8217;Existenz vum m\u00ebnschegemaachte Klimawandel a Fro. Och erneierbar Energi\u00eb gi reegelm\u00e9isseg zum Zil vu Falschinformatiounen am Netz. D&#8217;AFP huet an d\u00ebsem Zesummenhang an der Vergaangenheet zum Beispill Behaaptungen iwwerpr\u00e9ift, no deenen de Klimawandel en <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/http%253A%252F%252Fdoc.afp.com%252F9L38F8-1\">natierlechen Ursprong<\/a> h\u00e4tt, dass Medie mat H\u00ebllef vu <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.32C278H\">manipul\u00e9ierte Wiederkaarten<\/a> d\u00e9i global Erwiermung dramatis\u00e9iere g\u00e9ifen oder dass <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.32EC6LW\">Wandrieder fir d\u00e9i zouhuelend Dr\u00e9chent<\/a> responsabel w\u00e4ren. D&#8217;AFP sammelt <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/list\/all\/all\/39289\/all\/tid-39289\">Faktenchecken zum Theema Klima<\/a>. \u00c4nlech Behaaptungen zum spuenesche B\u00ebschgesetz huet d&#8217;AFP schonn 2020 an engem <a href=\"https:\/\/factual.afp.com\/espana-prohibio-en-2006-usar-tierras-quemadas-por-30-anos-pero-los-incendios-continuaron\">Faktencheck<\/a> \u00ebnnersicht.<\/p>\n<p>Bild weist Brand a Griicheland, net a Spuenien<\/p>\n<p>D\u00e9i B\u00e4itr\u00e4g, d\u00e9i aktuell gedeelt ginn, weisen eng Collage vun zwou Fotoen, op deenen eng K\u00fcstelandschaft ze gesinn ass. B\u00e9id Biller weisen op den \u00e9ischte Bl\u00e9ck d\u00e9i selwecht Landschaft aus der selwechter Perspektiv zu \u00ebnnerschiddlechen Z\u00e4itpunkten. Am Hannergrond erstreckt sech eng Kette vun Hiwwelen, virdrun ass eng grouss Waasserfl\u00e4ch ze erkennen, iwwer d\u00e9i um l\u00e9nke Bord eng &#8220;Schr\u00e4gseelbr\u00e9ck&#8221; gespaant ass.<\/p>\n<p>Dat iewescht Bild dr\u00e9it d&#8217;Opschr\u00ebft &#8220;12-08-2017&#8221;. Et weist eng gr\u00e9isser Dampwollek, d\u00e9i vun engem Brand an den Hiwwelen opzesteige sch\u00e9ngt. Dat \u00ebnnescht Bild dr\u00e9it d&#8217;Opschr\u00ebft &#8220;04-07-2018&#8221;. Ongef\u00e9ier op d\u00e4r Plaz, vun d\u00e4r am ieweschte Bild d&#8217;Dampwollek opsteigt, sinn elo eng Rei Eoliennen ze erkennen.<\/p>\n<p>B\u00e9id Biller solle belee\u00ebn, dass op d\u00ebsen Hiwwelen un der spuenescher K\u00fcst Wandrieder gebaut goufen, wou nach eelef M\u00e9int virdrun e B\u00ebsch gebrannt huet. Eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=W9JkBkOE0TM\">\u00ebmgedr\u00e9int Billersich<\/a> huet awer erginn, dass d&#8217;Fotoen net a Spuenien, mee a Griicheland opgeholl goufen. Se weisen d&#8217;K\u00fcst an der G\u00e9igend vun der westgriichescher Stad Andirrio. Bei der markanter Br\u00e9ck handelt et sech \u00ebm d&#8217;<a href=\"https:\/\/structurae.net\/de\/bauwerke\/rio-antirrio-bruecke\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Rio-Andirrio-Br\u00e9ck<\/a>, d\u00e9i d&#8217;Stied Rio an Andirrio um Golf vu Korinth matenee verb\u00ebnnt.<\/p>\n<p>Dat griichescht Faktencheck-Portal &#8220;Ellinika Hoaxes&#8221; huet sech schonn 2018 an engem <a href=\"https:\/\/www.ellinikahoaxes.gr\/2018\/07\/27\/pirkagies-simferonta\/?amp\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Faktencheck<\/a> mat der aktuell gedeelter Foto befaasst. Deemno huet et am August 2017 effektiv an der G\u00e9igend vum Duerf <a href=\"https:\/\/goo.gl\/maps\/kcEfcGT7Qr4mck7f8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Molikreio<\/a>, n\u00ebrdlech vun Andirrio, gebrannt, allerd\u00e9ngs net den 12. August 2017, w\u00e9i am B\u00e4itrag behaapt g\u00ebtt, mee de 27. August 2017. Verschidde griichesch Noriichtenagencen\u00a0(<a href=\"https:\/\/perma.cc\/VC5E-Q6HK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/C8XF-QYJ9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> und <a href=\"https:\/\/archive.ph\/Ez2aC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>) hunn deemools iwwert de Brand an d\u00e9i follgend L\u00e4schaarbechte bericht. Am B\u00e4itrag vum griichesche Portal <a href=\"https:\/\/archive.ph\/Ez2aC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Tempo 24&#8221;<\/a> ass d\u00e9i selwecht Foto ze fannen, d\u00e9i och an den aktuell gedeelte B\u00e4itr\u00e4g zu den angeebleche Br\u00e4nn a Spuenien ze gesinn ass.<\/p>\n<p>Tats\u00e4chlech goufen nom Brand am August 2017 op den Hiwwelen am Hannerland vun Andirrio insgesamt 13 Wandrieder opgestallt. Allerd\u00e9ngs weisen d&#8217;Recherch\u00eb vun &#8220;Ellinika Hoaxes&#8221; souw\u00e9i <a href=\"https:\/\/geo.rae.gr\/?lon=21.75191338254857&amp;lat=38.36292740348202&amp;zoom=14\">Geodonn\u00e9e\u00eb vun der griichescher Energieregul\u00e9ierungsagence PEA<\/a>, dass sech de Brand vun 2017 zwar an der G\u00e9igend vun de sp\u00e9idere Standuerter vun de Wandrieder befonnt huet, awer net op exakt der selwechter Plaz.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/4799221a12bc6a5ff5717ec3f1f1512a.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshot der Geodatenbank der griechischen Energieregulierungsbeh\u00f6rde PEA: 11.08.2022 (Hervorhebungen durch AFP)<\/p>\n<p>D\u00e9i griichesch Administratiounen haten d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.energyregister.gr\/stathmos\/%20121\">Geneemegung fir de Bau vun den Eolienn\u00eb<\/a> schonn am Mee 2014 ginn &#8211; m\u00e9i w\u00e9i dr\u00e4i Joer \u00e9ier d&#8217;Fl\u00e4ch angeeblech a Brand gestach gi si soll, fir u &#8220;b\u00ebllegt Bauland&#8221; ze kommen, w\u00e9i an den aktuell gedeelte B\u00e4itr\u00e4g behaapt g\u00ebtt.<\/p>\n<p>D&#8217;Bebauung vun ofgebrannte B\u00ebschdeeler ass a Griicheland en plus illegal. <a href=\"https:\/\/archive.ph\/O83xH#selection-975.0-975.303\">Artikel 117<\/a> vun der griichescher Verfassung beseet, dass \u00ebffentlech a privat B\u00ebschfl\u00e4chen, d\u00e9i duerch e Brand zerst\u00e9iert ginn, doduerch net hire Charakter als B\u00ebschterrain verl\u00e9ieren. Se mussen nees nei beplanzt ginn an dierfen net fir aner Zwecker genotzt ginn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/2b1345d35dffd20932d8d701b61a0d41.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshot der beh\u00f6rdlichen Genehmigung von 2014 f\u00fcr den Bau des Windparks bei Molikreio: 11.08.2022 (Hervorhebung durch AFP)<\/p>\n<p>Doriwwer eraus reegelt d&#8217;Gesetz <a href=\"http:\/\/www.publicrevenue.gr\/elib\/view?d=\/gr\/act\/1979\/998\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">998\/1979<\/a> d&#8217;Protektioun vun de griichesche B\u00ebscher. No der leschter \u00c4nnerung am Joer 2015 beseet Artikel 38, dass &#8220;B\u00ebscher a B\u00ebschfl\u00e4chen, d\u00e9i duerch Feier, Deforestatioun oder aner Ursaachen zerst\u00e9iert goufen [&#8230;] fir d&#8217;Afforestatioun deklar\u00e9iert gi mussen.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Behaaptung an den aktuell gedeelte B\u00e4itr\u00e4g bezitt sech awer net op Griicheland, mee op Spuenien, wou et \u00e4nlech Gesetzer zum Schutz vu B\u00ebschfl\u00e4che g\u00ebtt. W\u00e9i an de B\u00e4itr\u00e4g richteg behaapt g\u00ebtt, verbitt dat <a href=\"https:\/\/www.boe.es\/eli\/es\/l\/2003\/11\/21\/43\/con\/20150721\">spuenescht B\u00ebschgesetz<\/a>, dat 2003 a Kraaft getrueden ass, eng \u00cbmklass\u00e9ierung vu verbrannte B\u00ebschfl\u00e4chen. Artikel 50 enth\u00e4lt Best\u00ebmmunge fir &#8220;d&#8217;Erhalen an d&#8217;Rekonstruktioun vum B\u00ebschcharakter vu verbranntem Terrain&#8221;. No enger \u00c4nnerung vum Gesetz am Joer 2006 ass dem Artikel 50 no eng Notzungs\u00e4nnerung vun ofgebrannte B\u00ebschfl\u00e4chen er\u00e9ischt no 30 Joer zoul\u00e4sseg.<\/p>\n<p>Wandrieder dierfen \u00ebnner Oplagen och a B\u00ebscher gebaut ginn<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/es.greenpeace.org\/es\/noticias-autores\/sarapizzinato\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\"><br \/>\nD&#8217;Sara Pizzinato<\/a> ass Referentin fir Klima, Energie a Mobilit\u00e9it bei Greenpeace Spuenien. Si huet den 11. August an engem Gespr\u00e9ich mat der AFP erkl\u00e4ert, dass d&#8217;Behaaptungen an de sozialen Netzwierker all Grondlag entbieren. Artikel 1 vum spuenesche <a href=\"https:\/\/www.boe.es\/eli\/es\/l\/2003\/11\/21\/43\/con\">Forestatiounsgesetz<\/a> g\u00e9if festlee\u00ebn, dass ofgebrannt B\u00ebschdeeler gronds\u00e4tzlech nees nei hiergestallt musse ginn. Doriwwer eraus w\u00e4ren a Spuenien \u00c4nnerunge vum Fl\u00e4chebenotzungsplang fir de Bau vun Eoliennen am B\u00ebsch guer net n\u00e9ideg: &#8220;Eoliennen, Photovoltaikanlagen oder Stroumleitunge k\u00ebnnen och ouni eng \u00c4nnerung vun der Fl\u00e4chebenotzung am B\u00ebsch gebaut ginn.&#8221;<\/p>\n<p>Artikel 13 vum spuenesche <a href=\"https:\/\/www.boe.es\/buscar\/act.php?id=BOE-A-2015-11723\">Gesetz fir Fl\u00e4chebenotzung vun 2015<\/a> erlaabt ofw\u00e4ichend Notzungen op landwirtschaftlech genotzte Fl\u00e4chen a B\u00ebschdeeler, sou w\u00e4it d\u00ebs am &#8220;\u00ebffentlechen oder sozialen Inter\u00eat&#8221; leien. D&#8217;Produktioun vun erneierbaren Energi\u00eb w\u00e9i Wand- oder Sonnenenergie g\u00e9if dem <a href=\"https:\/\/www.boe.es\/buscar\/doc.php?id=DOUE-L-2001-82354#:~:text=L%2D2001%2D82354-,Directiva%202001%2F77%2FCE%20del%20Parlamento%20Europeo%20y%20del%20Consejo,mercado%20interior%20de%20la%20electricidad.&amp;text=Publicado%20en%3A,a%2040%20(8%20p%C3%A1gs.%20)\">europ\u00e4esche Recht<\/a> no an esou engem \u00ebffentlechen Inter\u00eat leien, huet d&#8217;Pizzinato erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/d2f56e4ec6f6022bcacb3cd441a4f6bf.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Ein L\u00f6schhubschrauber bek\u00e4mpft am 4. August 2022 einen Waldbrand in der N\u00e4he des Dorfes Verin im Nordwesten Spaniens ( AFP \/ MIGUEL RIOPA)<\/p>\n<p>Deemno g\u00e9if de B\u00ebschcharakter vun enger Fl\u00e4ch keen Hindernis fir d&#8217;Opstelle vun Eoliennen oder Photovoltaikanlagen duerstellen, soulaang keng &#8220;ekologesch, kulturell, historesch, archeologesch, w\u00ebssenschaftlech a landschaftlech W\u00e4erter, d\u00e9i dem Schutz vum appliz\u00e9ierte Recht \u00ebnnerleien&#8221;, vum Bau beantr\u00e4chtegt ginn. Zous\u00e4tzlech k\u00ebnnen d\u00e9i autonom Regiounen a Spuenien weider Konditioune fir d&#8217;Notzung vun ongesch\u00fctzte l\u00e4ndleche Fl\u00e4che fir erneierbar Energien defin\u00e9ieren. Katalounien huet d\u00ebs zum Beispill am Artikel 7 vum <a href=\"https:\/\/www.boe.es\/buscar\/act.php?id=BOE-A-2020-445\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Gesetzdekret 16\/2019<\/a> iwwer dr\u00e9ngend Moossname fir de Klimanoutstand an d&#8217;F\u00ebrderung vun erneierbaren Energi\u00eb festgeluecht an Andalusien huet sou Moossnamen am Artikel 21 vum <a href=\"https:\/\/www.boe.es\/diario_boe\/txt.php?id=BOE-A-2021-20916\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Gesetz 7\/2021<\/a> fir d&#8217;F\u00ebrderung vun der Nohaltegkeet vum andaluseschen Terrain festgehalen.<\/p>\n<p>Dat confirm\u00e9iert d&#8217;Monica Parrilla, Referentin fir Biodiversit\u00e9it bei Greenpeace Spuenien an Expertin fir B\u00ebschbr\u00e4nn, der AFP den 12. August 2022 per E-Mail. Fir eng Geneemegung fir de Bau vun Eoliennen ze kr\u00e9ien, misste verschidden \u00ebmwelt- a verwaltungsrechtlech Virgaben agehalen an \u00cbmweltverdr\u00e9iglechkeet vum Projet gepr\u00e9ift ginn, huet d&#8217;Parrilla erkl\u00e4ert. &#8220;E Brand verh\u00ebnnert net, dass den Entw\u00e9ckler vum Projet zu kenger Z\u00e4it vun den \u00ebmweltrechtleche Virgaben entbonne g\u00ebtt&#8221;, huet si geschriwwen. G\u00e9if dat betraffent Gebitt, dat verbrannt ass, zum Beispill an engem Naturschutzgebitt leien, w\u00e4r et a kengem Fall m\u00e9iglech, Eoliennen opzeriichten.<\/p>\n<p>Et g\u00e9if dohier kee S\u00ebnn erginn, B\u00ebscher express a Brand ze setzen, fir Bauland fir Eoliennen ze gewannen, w\u00e9i an den aktuell gedeelte B\u00e4itr\u00e4g behaapt g\u00ebtt, huet d&#8217;Parrilla erkl\u00e4ert. D&#8217;Gesetzes\u00e4nnerung vun 2006 g\u00e9if sech villm\u00e9i g\u00e9int Buedemspekulanten am Zesummenhang mat Immobili\u00ebprojete riichten, awer net g\u00e9int de Bau vun Eoliennen.<\/p>\n<p>Sou huet d\u00e9i deemoleg spuenesch \u00cbmweltministesch <a href=\"https:\/\/www.senado.es\/web\/composicionorganizacion\/senadores\/composicionsenado\/fichasenador\/index.html?id1=18300&amp;legis=14\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Cristina Narbona<\/a> (PSOE), w\u00e9i et an der spuenescher Dageszeitung <a href=\"https:\/\/elpais.com\/diario\/2006\/04\/11\/espana\/1144706412_850215.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;El Pais&#8221;<\/a> heescht, nom Vott vun der Adapt\u00e9ierung vum Forestatiounsgesetz am Abr\u00ebll 2006 gesot, dank dem neie Gesetz g\u00e9if et &#8220;keng Terra M\u00edticas m\u00e9i a verbrannte Raim ginn&#8221;. Terra M\u00edtica ass e groussen Attraktiounspark an der spuenescher Regioun Alicante. E gouf op engem Terrain gebaut, op deem virdrun ee vun de gr\u00e9isste Pinieb\u00ebscher vum M\u00ebttelmierraum gestanen hat. De B\u00ebsch war am Summer 1992 engem <a href=\"https:\/\/www.elmundo.es\/elmundo\/2009\/01\/24\/valencia\/1232821473.html\">Groussbrand<\/a> zum Affer gefall. \u00cbmweltschutzorganisatioune w\u00e9i Greenpeace <a href=\"http:\/\/archivo-es.greenpeace.org\/espana\/es\/Blog\/incendio-terra-mitica\/blog\/60008\/\">vermudden<\/a>, dass de B\u00ebsch express ugez\u00fcnt gouf, fir Plaz fir de risege Projet ze schafen. D&#8217;Virw\u00ebrf konnten awer ni juristesch confirm\u00e9iert ginn.<\/p>\n<p>Z\u00e4itweilege R\u00e9ckgang vu B\u00ebschbr\u00e4nn<\/p>\n<p>Tats\u00e4chlech l\u00e9isst sech aus dem staatleche spuenesche <a href=\"https:\/\/www.miteco.gob.es\/es\/biodiversidad\/estadisticas\/incendios-decenio-2006-2015_tcm30-521617.pdf#page=14\">B\u00ebschbrandrapport<\/a> fir d&#8217;Joren 2006 bis 2015 en d\u00e4itleche R\u00e9ckgang vu B\u00ebschbr\u00e4nn no der Af\u00e9ierung vum Forestatiounsgesetz am Joer 2003 ofliesen. T\u00ebscht 2004 an 2008 huet souwuel d&#8217;Zuel vu Feiere w\u00e9i och vu B\u00ebschfl\u00e4chen, d\u00e9i vu Br\u00e4nn betraff waren, ofgeholl, w\u00e9i d\u00e9i follgend Grafik aus dem Rapport weist.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/5c5bacc8b293fe64bf6fe5da4a37616d.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Entwicklung der Zahl der Feuer (gr\u00fcne Kurve) und der von Br\u00e4nden betroffenen Waldfl\u00e4chen (dunkelgr\u00fcne S\u00e4ulen) und nicht bewaldeten Fl\u00e4chen (hellgr\u00fcne S\u00e4ulen) zwischen 1968 und 2015 ( Spanisches Umweltministerium \/ )<\/p>\n<p>Allerd\u00e9ngs ass d&#8217;Ausmooss vun de B\u00ebschbr\u00e4nn an de leschte Joren op en Neits d\u00e4itlech geklommen. Spuenien erlieft an d\u00ebsem Joer eng besonnesch <a href=\"https:\/\/www.france24.com\/en\/live-news\/20220806-spain-battles-northwest-wildfires\">grav Saison u B\u00ebschbrand<\/a>. Den Donn\u00e9e\u00eb vum europ\u00e4eschen \u00c4erdbeobachtungssystem <a href=\"https:\/\/www.copernicus.eu\/en\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Copernicus<\/a> no si vun Ufank vum Joer bis Ufank August 2022 ronn 235.000 Hektar verbrannt. Am schl\u00ebmmste B\u00ebschbrandjoer zanter der Joerdausendwend, 2012, sinn an de gesamten zwielef M\u00e9int ronn <a href=\"https:\/\/www.miteco.gob.es\/es\/biodiversidad\/estadisticas\/incendios-decenio-2006-2015_tcm30-521617.pdf#page=14\">219.000 Hektar B\u00ebsch de Flamen zum Affer gefall<\/a>.<\/p>\n<p>Klimawandel beg\u00ebnschtegt B\u00ebschbr\u00e4nn<\/p>\n<p>D&#8217;Haaptursaache fir B\u00ebschbr\u00e4nn sinn den <a href=\"https:\/\/www.miteco.gob.es\/es\/biodiversidad\/estadisticas\/incendios-decenio-2006-2015_tcm30-521617.pdf#page=62\">Donn\u00e9e\u00eb vum spueneschen \u00cbmweltminist\u00e8re<\/a> no Brandst\u00ebftung oder Accidenter, d\u00e9i op de M\u00ebnsch zer\u00e9ckzef\u00e9iere sinn. No der Opfaassung vun Experte kre\u00e9ieren awer d\u00e9i m\u00e9i heefeg Dr\u00e9cheperioden an d\u00e9i klammend Temperaturen a S\u00fcdeuropa als Konsequenz vum Klimawandel d\u00e9i perfekt Konditioune fir d\u00e9i wuessend Zuel an Intensit\u00e9it vu B\u00ebschbr\u00e4nn.<\/p>\n<p>Sou sot de Koordinator vum <a href=\"https:\/\/effis.jrc.ec.europa.eu\/\">Europ\u00e4esche B\u00ebschbrandinformatiounssystem (EFFIS)<\/a>, de Jesus San Miguel der AFP am Juli 2022 zu den Ursaache vun den aktuelle B\u00ebschbr\u00e4nn a S\u00fcdeuropa: &#8220;D&#8217;Br\u00e4nn gi vu M\u00ebnsche verursaacht, awer d&#8217;H\u00ebtztwell ass entscheedend an h\u00e4nkt eendeiteg mam Klimawandel zesummen.&#8221; Fr\u00e9ier h\u00e4tt sech d&#8217;B\u00ebschbrandsaison op d&#8217;M\u00e9int Juli bis September beschr\u00e4nkt. &#8220;Elo g\u00ebtt et m\u00e9i laang Saisonen a m\u00e9i intensiv Br\u00e4nn. Mir ginn dovun aus, dass de Klimawandel an Europa zu gr\u00e9issere Br\u00e4nn f\u00e9iere w\u00e4ert.&#8221;<\/p>\n<p>Eng <a href=\"https:\/\/iopscience.iop.org\/article\/10.1088\/2752-5295\/ac6e7d\">aktuell Et\u00fcd iwwer den Afloss vum Klimawandel op extreem Wiederphenomener<\/a>, d\u00e9i Enn Juni 2022 an der Fachz\u00e4itschr\u00ebft &#8220;Environmental Research&#8221; publiz\u00e9iert gouf, koum zum Resultat, dass de Klimawandel zu enger Hausse vun extreemen <a href=\"https:\/\/iopscience.iop.org\/article\/10.1088\/2752-5295\/ac6e7d\/pdf#page=12\">H\u00ebtztwellen an Dr\u00e9chenten<\/a> am M\u00ebttelmierraum f\u00e9iert a sou d&#8217;Warscheinlechkeet vu B\u00ebschbr\u00e4nn drastesch erh\u00e9icht.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> No enger Reform vum spuenesche B\u00ebschgesetz vun 2006 dierfe verbrannt B\u00ebschfl\u00e4chen 30 Joer laang net \u00ebmklass\u00e9iert ginn. Fir de Bau vun Eoliennen ass dat allerd\u00e9ngs onerhieflech, se k\u00ebnnen och ouni \u00cbmklass\u00e9iere vun Terrain \u00ebnner \u00ebmweltrechtlechen Oplagen op B\u00ebschplaze gebaut ginn. D&#8217;Foto weist donieft Eoliennen a Griicheland an net a Spuenien, d\u00e9i laang virun engem Brand an der \u00cbmg\u00e9igend vun den Administratioune geneemegt gi waren. Klimafuerscher si sech eens, dass d\u00e9i zouhuelend Dr\u00e9chent zu enger Hausse u B\u00ebschbr\u00e4nn a Spuenien b\u00e4idr\u00e9it.<\/p>\n<\/div>\n<p><em>D\u00ebsen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&nbsp; Spuenien verzeechent an d\u00ebsem Joer besonnesch vill B\u00ebschbr\u00e4nn. Online g\u00ebtt allerd\u00e9ngs behaapt, a Spuenien w\u00e4re B\u00ebscher express ugez\u00fcnt ginn,&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":109557,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,192],"tags":[],"class_list":{"0":"post-109562","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-wessenschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"1955061","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"http:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/1955061.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Gi spuenesch B\u00ebscher ofgebrannt, fir Bauterrain fir Wandrieder ze schafen? - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Gi spuenesch B\u00ebscher ofgebrannt, fir Bauterrain fir Wandrieder ze schafen? - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"&nbsp; Spuenien verzeechent an d\u00ebsem Joer besonnesch vill B\u00ebschbr\u00e4nn. Online g\u00ebtt allerd\u00e9ngs behaapt, a Spuenien w\u00e4re B\u00ebscher express ugez\u00fcnt ginn,...\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-08-26T04:00:34+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2022-10-06T13:15:44+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/73e8e2be0bc808d3a29f72b41ee20a72.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"620\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"349\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"10 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Gi spuenesch B\u00ebscher ofgebrannt, fir Bauterrain fir Wandrieder ze schafen?\",\"datePublished\":\"2022-08-26T04:00:34+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-06T13:15:44+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/\"},\"wordCount\":2158,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/73e8e2be0bc808d3a29f72b41ee20a72.jpeg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/\",\"name\":\"Faktencheck: Gi spuenesch B\u00ebscher ofgebrannt, fir Bauterrain fir Wandrieder ze schafen? - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/73e8e2be0bc808d3a29f72b41ee20a72.jpeg\",\"datePublished\":\"2022-08-26T04:00:34+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-06T13:15:44+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/73e8e2be0bc808d3a29f72b41ee20a72.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/73e8e2be0bc808d3a29f72b41ee20a72.jpeg\",\"width\":620,\"height\":349,\"caption\":\"Faktencheck: Gi spuenesch B\u00ebscher ofgebrannt, fir Bauterrain fir Wandrieder ze schafen? - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Gi spuenesch B\u00ebscher ofgebrannt, fir Bauterrain fir Wandrieder ze schafen?\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Gi spuenesch B\u00ebscher ofgebrannt, fir Bauterrain fir Wandrieder ze schafen? - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Gi spuenesch B\u00ebscher ofgebrannt, fir Bauterrain fir Wandrieder ze schafen? - EDMO Belux","og_description":"&nbsp; Spuenien verzeechent an d\u00ebsem Joer besonnesch vill B\u00ebschbr\u00e4nn. Online g\u00ebtt allerd\u00e9ngs behaapt, a Spuenien w\u00e4re B\u00ebscher express ugez\u00fcnt ginn,...","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-08-26T04:00:34+00:00","article_modified_time":"2022-10-06T13:15:44+00:00","og_image":[{"width":620,"height":349,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/73e8e2be0bc808d3a29f72b41ee20a72.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"10 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Gi spuenesch B\u00ebscher ofgebrannt, fir Bauterrain fir Wandrieder ze schafen?","datePublished":"2022-08-26T04:00:34+00:00","dateModified":"2022-10-06T13:15:44+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/"},"wordCount":2158,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/73e8e2be0bc808d3a29f72b41ee20a72.jpeg","articleSection":["\u00cbmwelt","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/","name":"Faktencheck: Gi spuenesch B\u00ebscher ofgebrannt, fir Bauterrain fir Wandrieder ze schafen? - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/73e8e2be0bc808d3a29f72b41ee20a72.jpeg","datePublished":"2022-08-26T04:00:34+00:00","dateModified":"2022-10-06T13:15:44+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/73e8e2be0bc808d3a29f72b41ee20a72.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/73e8e2be0bc808d3a29f72b41ee20a72.jpeg","width":620,"height":349,"caption":"Faktencheck: Gi spuenesch B\u00ebscher ofgebrannt, fir Bauterrain fir Wandrieder ze schafen? - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-spuenesch-bscher-ofgebrannt-fir-bauterrain-fir-wandrieder-ze-schafen\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Gi spuenesch B\u00ebscher ofgebrannt, fir Bauterrain fir Wandrieder ze schafen?"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/109562","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=109562"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/109562\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/109557"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=109562"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=109562"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=109562"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}