{"id":118208,"date":"2022-08-28T07:00:59","date_gmt":"2022-08-28T07:00:59","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=118208"},"modified":"2022-10-06T13:14:34","modified_gmt":"2022-10-06T13:14:34","slug":"faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/","title":{"rendered":"Faktencheck: D&#8217;Lidd &#8220;Layla&#8221; dierf an D\u00e4itschland stroffr\u00e4i gespillt ginn"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>D&#8217;Lidd vum DJ Robin an dem Schlagers\u00e4nger Sch\u00fcrze hat am Juli 2022 fir vill Opreegung an D\u00e4itschland gesuergt. Et gouf och vun engem Verbuet geschwat, dat awer just plazeweis appliz\u00e9iert gouf, w\u00e9i d&#8217;AFP erausfonnt huet.<\/p>\n<p>Dausende User hunn Enn Juli 2022 d&#8217;Behaaptung iwwer e Verbuet vum Ballermann-Song &#8220;Layla&#8221; op Facebook (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/F7LF-2XNH?view-mode=client-side&amp;type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/UHC4-DSF4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/UEQ5-V6UC?view-mode=client-side&amp;type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>) gedeelt. Och op <a href=\"https:\/\/archive.ph\/wip\/D2Ji4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Twitter<\/a> zirkul\u00e9ieren \u00e4nlech Behaaptungen iwwer Verbueter vum Lidd. Eng Persoun, d\u00e9i sech ganz staark \u00ebm d\u00ebse Sujet bem\u00e9it, ass d\u00e9i <a href=\"https:\/\/www.focus.de\/panorama\/welt\/panorama-anabel-schunke-ist-eine-der-wichtigsten-figuren-der-neurechten-szene-wir-waren-mit-ihr-feiern_id_10281656.html\">nei riets Influencerin Anabel Schunke<\/a> (m\u00e9i dozou <a href=\"https:\/\/correctiv.org\/top-stories\/2020\/10\/06\/kein-filter-fuer-rechts-instagram-rechtsextremismus-frauen-der-rechten-szene\/#wie-tausende-rechte\">hei<\/a>). D&#8217;AFP huet schonn eng Rei vun hire Behaaptunge gepr\u00e9ift (<a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/http%253A%252F%252Fdoc.afp.com%252F9TT9K8-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/http%253A%252F%252Fdoc.afp.com%252F9P434U-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/nein-deutschland-buergert-niemanden-nach-sieben-jahren-ohne-beachtung-von-sprachdefiziten-und\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>).<\/p>\n<p><strong>D&#8217;Behaaptung:<\/strong> Notzerinnen an Notzer hunn op Facebook eng Foto vun engem jonke Meedche gedeelt, dat op enger Parad viru Persoune steet, d\u00e9i als liicht bekleet H\u00ebnn verkleet sinn. Den Text dozou heescht: &#8220;Gott sei Dank huet de Pappa Staat zum Schutz vun eise Kanner &#8216;Layla&#8217; verbueden.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/79877b1112271ef3ec7c4939a82378bb.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshot der Behauptung auf Facebook: 15.08.2022<\/p>\n<p>M\u00ebtt Juli 2022 huet eng Debatt (<a href=\"https:\/\/www.ndr.de\/kultur\/musik\/pop\/Layla-Wie-eine-Bitte-zur-Unterlassung-eine-nationale-Debatte-ausloeste,layla102.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/www.aachener-zeitung.de\/kultur\/musik\/niemand-hat-layla-verboten_aid-73204943\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>) \u00ebm de sexistesche Ballermann-Song &#8220;Layla&#8221; ugefaangen. Am Lidd g\u00ebtt eng Puff-Mataarbechterin als <a href=\"https:\/\/genius.com\/Dj-robin-and-schurze-layla-lyrics\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;sch\u00f6ner, j\u00fcnger, geiler&#8221;<\/a> a &#8220;Louder&#8221; besongen.<\/p>\n<p>Kee generellt Verbuet vun &#8220;Layla&#8221;<\/p>\n<p>User hunn am Kontext vun der Debatt behaapt, dass e staatlecht Verbuet fir dat Lidd ausgeschwat gouf, op Grond vum Kannerschutz.<\/p>\n<p>An der Debatt huet sech och den d\u00e4itsche Bundesjustizminister Marco Buschmann (FDP) zum angeebleche Verbuet ge\u00e4ussert. Hien huet sech den 12. Juli 2022 op <a href=\"https:\/\/archive.ph\/wip\/nK4x4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Twitter<\/a> g\u00e9int esou ee Verbuet ausgeschwat:<\/p>\n<blockquote class=\"twitter-tweet\"><p>Man muss Schlagertexte nicht m\u00f6gen. Man kann sie sogar doof oder geschmacklos finden. Sie aber beh\u00f6rdlich zu verbieten, finde ich, ist eins zuviel. <a href=\"https:\/\/twitter.com\/hashtag\/layla?src=hash&amp;ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">#layla<\/a><\/p>\n<p>\u2014 Marco Buschmann (@MarcoBuschmann) <a href=\"https:\/\/twitter.com\/MarcoBuschmann\/status\/1546925587779944450?ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">July 12, 2022<\/a><\/p><\/blockquote>\n<p><script charset=\"utf-8\" type=\"text\/javascript\" src=\"https:\/\/platform.twitter.com\/widgets.js\" xml:space=\"preserve\"><\/script><\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet och beim d\u00e4itsche Justizminist\u00e8re no engem administrative Verbuet nogefrot. E Spriecher vum Minist\u00e8re huet den 11. August 2022 op AFP-Ufro erkl\u00e4ert, dass esou ee Verbuet just m\u00e9iglech w\u00e4r, wann duerch d&#8217;Lidd &#8220;d&#8217;Gefor besteet, dass duerch d&#8217;Opf\u00e9ierung vun engem Lidd eng Strofdot verwierklecht g\u00ebtt&#8221;. Dat w\u00e4r de Fall, wann d&#8217;Lidd <a href=\"https:\/\/www.gesetze-im-internet.de\/stgb\/__86a.html#:~:text=%C2%A7%2086a%20Verwenden%20von%20Kennzeichen%20verfassungswidriger%20und%20terroristischer%20Organisationen\">g\u00e9int d&#8217;Verfassung verstoussen an terroristeschen, demagogeschen, gewaltverherrlechenden, pornographeschen oder beleidegende Contenu<\/a> transport\u00e9iere g\u00e9if, zu Strofdoten opruffen oder g\u00e9int de <a href=\"https:\/\/www.gesetze-im-internet.de\/juschg\/__27.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Jugendschutz<\/a> verstousse g\u00e9if. Ob d&#8217;Lidd eng vun d\u00ebse Strofdoten erf\u00eblle g\u00e9if, missten onofh\u00e4ngeg Geriichter entscheeden, sou de Spriecher.<\/p>\n<p>Am Kontext vum Jugendschutz misst d&#8217;Lidd er\u00e9ischt G\u00e9igestand vun engem Indiz\u00e9ierungsverfare vun der Bundeszentrale f\u00fcr Kinder- und Jugendmedienschutz (BzKJ) ginn. Er\u00e9ischt da k\u00e9int d&#8217;Ofspille vum Lidd op fir <a href=\"https:\/\/www.gesetze-im-internet.de\/juschg\/__15.html\">Jugendlecher a Kanner zoug\u00e4ngleche Plazen an an de Medie<\/a> generell verbuede ginn. Sou e Verfare w\u00e4r dem BzKJ-Direkter Sebastian Gutknecht no net ageleet ginn, w\u00e9i hien der AFP den 11. August 2022 matgedeelt huet: &#8220;Der BzKJ l\u00e4it bis elo keng entspriechend Demande oder eng Ureegung zum Titel &#8216;Layla&#8217; vun den Interpreten DJ Robin a Sch\u00fcrze vir.&#8221;<\/p>\n<p>Keng generell Verbueter a Bundesl\u00e4nner<\/p>\n<p>Fir d&#8217;\u00cbmsetzung vun engem strofrechtleche Verbuet w\u00e4ren dem Justizminist\u00e8re no allerd\u00e9ngs d&#8217;Minist\u00e8r\u00eb vun de jeeweilege Bundesl\u00e4nner an net de federale Justizminist\u00e8re verantwortlech.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet bei alle Bundesl\u00e4nner no esou engem Verbuet gefrot: An de meeschte Bundesl\u00e4nner ass e generellt Verbuet vum Ballermann-Song &#8220;Layla&#8221; vun administrativer S\u00e4it net bekannt. A 14 vu 16 Bundesl\u00e4nner hunn d\u00e9i jeeweileg Inneminist\u00e8ren e generellt Verbuet oder d&#8217;Indexatioun vum Lidd dement\u00e9iert.<\/p>\n<p>An Nordrhein-Westfalen ware sech den Inneminist\u00e8re an de Kultusminist\u00e8re net iwwer d&#8217;Zoust\u00e4nnegkeet fir d&#8217;Kommunikatioun iwwer esou ee Verbuet eens. Och den Inneminist\u00e8re vun Niedersachsen huet w\u00e9inst der feelender Zoust\u00e4nnegkeet keng eendeiteg \u00c4ntwert ginn an huet op d&#8217;Gemenge verwisen.<\/p>\n<p>D\u00e9i aner Bundesl\u00e4nner hunn allerd\u00e9ngs eendeiteg ge\u00e4ntwert. A Rheinland-Pfalz huet den Inneminist\u00e8re den 29. Juli 2022 eng <a href=\"https:\/\/dokumente.landtag.rlp.de\/landtag\/drucksachen\/3780-18.pdf\">Ufro vun engem AfD-Deput\u00e9ierten<\/a> zu engem m\u00e9igleche Verbuet vum Lidd be\u00e4ntwert. Der Landesregierung w\u00e4ren deemno keng F\u00e4ll vun engem Verbuet a Rheinland-Pfalz bekannt. Den Inneminist\u00e8re verweist dob\u00e4i op d\u00e9i &#8220;grouss Bedeitung&#8221; vun der Konschtfr\u00e4iheet, d\u00e9i am Grondgesetz an an der Landesverfassung steet. Och de Gros vun den anere Bundesl\u00e4nner huet op d\u00e9i feelend Rechtsgrondlag fir esou ee Verbuet verwisen, dor\u00ebnner zum Beispill de Kultusminist\u00e8re vu Bremen an den Inneminist\u00e8re vu Schleswig-Holstein. D&#8217;Lidd w\u00e4r och net vum BzKJ op den Index gesat ginn.<\/p>\n<p>Och wann et kee generellt Verbuet vum Lidd g\u00ebtt, k\u00e9int d&#8217;Ofspille vum Lidd bei eenzele Veranstaltunge verh\u00ebnnert ginn. Den Oliver Platzer, Spriecher vum bayresche Inneminist\u00e8re, huet den 11. August g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert: &#8220;E Beispill w\u00e4r, dass d&#8217;Gemeng selwer Veranstalter ass an d&#8217;Auswiel vun der Musek best\u00ebmmt. Oder dass d&#8217;Gemeng an engem Vertrag mat engem Organisateur festleet, dass d&#8217;Lidd net gespillt dierf ginn. Dat kann och en informellen Agreement sinn.&#8221; Sou h\u00e4tte sech och d&#8217;Bedreiwer vun den Zelter um M\u00fcnchener Oktoberfest \u00ebnnereneen dorop verst\u00e4nnegt, <a href=\"https:\/\/www.t-online.de\/region\/muenchen\/id_100028764\/oktoberfest-2022-in-muenchen-layla-soll-nicht-auf-der-wiesn-laufen.html\">d&#8217;Lidd net ze spillen<\/a>.<\/p>\n<p>E Spriecher vum Berliner Senat fir bannescht Aff\u00e4ren huet de selwechten Dag erkl\u00e4ert: &#8220;Wann d\u00ebst Lidd op private Veranstaltungen oder vu privaten Organisateure verbuede gouf oder g\u00ebtt, ass dat net mat engem administrative Verbuet gl\u00e4ichzesetzen.&#8221;<\/p>\n<p>Allerd\u00e9ngs weisen nieft Berlin och aner Minist\u00e8r\u00eb vu Bundesl\u00e4nner w\u00e9i zum Beispill Niedersachsen op Verbuetsm\u00e9iglechkeeten hin. De Spriecher vum nieders\u00e4chseschen Inneminist\u00e8re Philipp Wedelich sot der AFP den 11. August: &#8220;Denkbar w\u00e4r virum Hannergrond vun der Diskussioun iwwert d&#8217;Lidd, dass d&#8217;Ofspillen am \u00ebffentleche Raum zum Beispill op Volleksfester vun de Gemengen \u00ebnnersot k\u00e9int ginn. Doriwwer hu mir awer keng Iwwersiicht.&#8221; D\u00ebs g\u00e9if bei den eenzele Gemenge leien.<\/p>\n<p>Eenzel Stied verh\u00ebnneren d&#8217;Spille vum Lidd<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet am Internet no Medieberichter iwwer Verbueter vum Lidd an D\u00e4itschland gesicht. D&#8217;Debatt \u00ebm e Verbuet vum Lidd ass entstanen, w\u00e9i sech d&#8217;Stad W\u00fcrzburg als Matorganisateur mat anere Bedeelegte vum Kiliani-Volleksfest g\u00ebeenegt hat, d&#8217;Lidd net ze spillen (<a href=\"https:\/\/www.br.de\/nachrichten\/bayern\/ballermann-hit-layla-auf-wuerzburger-kiliani-volksfest-verboten,TBLaxbF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/www.merkur.de\/bayern\/layla-song-verbot-wuerzburg-merkur-kommentar-sexismus-sebastian-horsch-91666390.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/www.focus.de\/politik\/wirbel-um-wuerzburger-volksfest-das-war-quatschjura-nach-layla-verbot-nimmt-anwalt-den-bundesjustizminister-in-die-mangel_id_115713930.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>). D&#8217;Stad W\u00fcrzburg hat sech ausserdeem scho virdru w\u00e9inst sexisteschen Inhalter <a href=\"https:\/\/www.sueddeutsche.de\/bayern\/wuerzburg-donaulied-sexismus-volksfest-1.5381005\">g\u00e9int d'&#8221;Donaulied&#8221; ausgeschwat<\/a>.<\/p>\n<p>Am Kader vun enger <a href=\"https:\/\/www.vgh.bayern.de\/media\/vgwuerzburg\/presse\/22a01181b.pdf\">Ausenanersetzung vum Verwaltungsgeriicht W\u00fcrzburg<\/a> mat d\u00ebser Virgab, huet d&#8217;Geriicht de 15. Juli 2022 confirm\u00e9iert, dass et sech bei der Virgab vun der Stad just \u00ebm eng Ofsprooch gehandelt huet, d\u00e9i sech op d&#8217;Volleksfest beschr\u00e4nkt huet.<\/p>\n<p>Och d&#8217;Organisateure vun der Kiermes zu D\u00fcsseldorf hate sech no <a href=\"https:\/\/www.focus.de\/panorama\/welt\/liedtext-als-sexistisch-empfunden-layla-wird-auf-volksfesten-verboten-jetzt-aeussern-sich-ballermann-stars-dazu_id_114943838.html\">Medieberichter<\/a> vun Enn Juli 2022 dozou entscheet, d&#8217;Lidd &#8220;Layla&#8221; net ze spillen; dat no engem Gespr\u00e9ich mat der Stad. Dat w\u00e4r allerd\u00e9ngs sp\u00e9iderhi just <a href=\"https:\/\/rp-online.de\/nrw\/staedte\/duesseldorf\/kirmes\/layla-rheinkirmes-duesseldorf-will-ballermann-hit-nicht-spielen_aid-72837873\">op eng Plaz op der Kiermes beschr\u00e4nkt<\/a> ginn. Do gouf d&#8217;Lidd allerd\u00e9ngs awer an enger <a href=\"https:\/\/www.focus.de\/panorama\/welt\/rheinkirmes-in-duesseldorf-dj-spielt-verbotenen-layla-song-auf-kirmes-volksfest-besucher-rasten-aus_id_117491695.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Instrumentalversion<\/a> gespillt, zu d\u00e4r d&#8217;G\u00e4scht vun der Kiermes gesongen hunn.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> Bei verschiddene Veranstaltungen, d\u00e9i &#8220;Layla&#8221; net spillen, handelt et ech \u00ebm Eenzelf\u00e4ll, d\u00e9i kee generellt Verbuet vum Ballermann-Lidd bedeiten. D&#8217;Lidd ka stroffr\u00e4i an der \u00cbffentlechkeet gespillt ginn. Et steet weder um Index nach ass et generell an D\u00e4itschland verbueden.<\/p>\n<\/div>\n<p><em>D\u00ebsen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&nbsp; D&#8217;Lidd vum DJ Robin an dem Schlagers\u00e4nger Sch\u00fcrze hat am Juli 2022 fir vill Opreegung an D\u00e4itschland gesuergt. Et&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":118203,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[193],"tags":[],"class_list":{"0":"post-118208","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-gesellschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"1956840","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"http:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/1956840.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: D&#039;Lidd &quot;Layla&quot; dierf an D\u00e4itschland stroffr\u00e4i gespillt ginn - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: D&#039;Lidd &quot;Layla&quot; dierf an D\u00e4itschland stroffr\u00e4i gespillt ginn - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"&nbsp; D&#8217;Lidd vum DJ Robin an dem Schlagers\u00e4nger Sch\u00fcrze hat am Juli 2022 fir vill Opreegung an D\u00e4itschland gesuergt. Et...\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-08-28T07:00:59+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2022-10-06T13:14:34+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/81f0109407227bf79f8304d0b11fb70c.png\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"540\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/png\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"6 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: D&#8217;Lidd &#8220;Layla&#8221; dierf an D\u00e4itschland stroffr\u00e4i gespillt ginn\",\"datePublished\":\"2022-08-28T07:00:59+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-06T13:14:34+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/\"},\"wordCount\":1223,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/81f0109407227bf79f8304d0b11fb70c.png\",\"articleSection\":[\"Gesellschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/\",\"name\":\"Faktencheck: D'Lidd \\\"Layla\\\" dierf an D\u00e4itschland stroffr\u00e4i gespillt ginn - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/81f0109407227bf79f8304d0b11fb70c.png\",\"datePublished\":\"2022-08-28T07:00:59+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-06T13:14:34+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/81f0109407227bf79f8304d0b11fb70c.png\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/81f0109407227bf79f8304d0b11fb70c.png\",\"width\":1080,\"height\":540,\"caption\":\"Faktencheck: D'Lidd \\\"Layla\\\" dierf an D\u00e4itschland stroffr\u00e4i gespillt ginn - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: D&#8217;Lidd &#8220;Layla&#8221; dierf an D\u00e4itschland stroffr\u00e4i gespillt ginn\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: D'Lidd \"Layla\" dierf an D\u00e4itschland stroffr\u00e4i gespillt ginn - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: D'Lidd \"Layla\" dierf an D\u00e4itschland stroffr\u00e4i gespillt ginn - EDMO Belux","og_description":"&nbsp; D&#8217;Lidd vum DJ Robin an dem Schlagers\u00e4nger Sch\u00fcrze hat am Juli 2022 fir vill Opreegung an D\u00e4itschland gesuergt. Et...","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-08-28T07:00:59+00:00","article_modified_time":"2022-10-06T13:14:34+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":540,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/81f0109407227bf79f8304d0b11fb70c.png","type":"image\/png"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"6 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: D&#8217;Lidd &#8220;Layla&#8221; dierf an D\u00e4itschland stroffr\u00e4i gespillt ginn","datePublished":"2022-08-28T07:00:59+00:00","dateModified":"2022-10-06T13:14:34+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/"},"wordCount":1223,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/81f0109407227bf79f8304d0b11fb70c.png","articleSection":["Gesellschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/","name":"Faktencheck: D'Lidd \"Layla\" dierf an D\u00e4itschland stroffr\u00e4i gespillt ginn - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/81f0109407227bf79f8304d0b11fb70c.png","datePublished":"2022-08-28T07:00:59+00:00","dateModified":"2022-10-06T13:14:34+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/81f0109407227bf79f8304d0b11fb70c.png","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/81f0109407227bf79f8304d0b11fb70c.png","width":1080,"height":540,"caption":"Faktencheck: D'Lidd \"Layla\" dierf an D\u00e4itschland stroffr\u00e4i gespillt ginn - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dlidd-layla-dierf-an-ditschland-stroffri-gespillt-ginn\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: D&#8217;Lidd &#8220;Layla&#8221; dierf an D\u00e4itschland stroffr\u00e4i gespillt ginn"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/118208","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=118208"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/118208\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/118203"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=118208"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=118208"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=118208"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}