{"id":118219,"date":"2022-08-30T06:00:55","date_gmt":"2022-08-30T06:00:55","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=118219"},"modified":"2022-10-06T13:11:27","modified_gmt":"2022-10-06T13:11:27","slug":"faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Keng Beleeg fir ongew\u00e9inlech vill Doudesf\u00e4ll bei Puppelcher a Groussbritannien"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>\u00cbmmer nees ginn am Internet falsch Behaaptungen am Zesummenhang mat angeeblechen Impfkonsequenze verbreet. Elo behaapt e brittesche Pompes fun\u00e8bres, dass ongew\u00e9inlech vill Puppelcher gestuerwe w\u00e4ren, wat a Relatioun mat der Covid-19-Impfung vun den Eltere leie g\u00e9if.<\/p>\n<p>\u00cbmmer nees ginn am Internet Falschbehaaptungen am Zesummenhang mat angeeblechen Impfkonsequenze verbreet. E britteschen Entrepreneur vun enger\u00a0Pompes fun\u00e8bres huet zum Beispill am Juli w\u00e4rend engen Interview behaapt, a Groussbritannien g\u00e9ifen opf\u00e4lleg vill Puppelcher stierwen an direkt an de Krematorium bruecht ginn. Spideeler g\u00e9ifen d&#8217;F\u00e4ll verschweigen, well keng Pompes fun\u00e8bres involv\u00e9iert w\u00e4ren. D&#8217;AFP huet mat Vertriederinnen a Vertrieder vu\u00a0Pompes fun\u00e8bres a Krematorie geschwat. D\u00ebs hunn erkl\u00e4ert, si h\u00e4tte keng d\u00e4raarteg Observatioune gemaach. \u00cbffentlech zoug\u00e4nglech Donn\u00e9e\u00ebn iwwer Doudesf\u00e4ll liwwere keng Beweiser fir d\u00e9i angeeblech Accumulatioun u F\u00e4ll vu verstuerwene B\u00ebbee\u00ebn. Ausserdeem si\u00a0Pompes fun\u00e8bres net verflicht, all d&#8217;An\u00e4scherungen ze organis\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Dosenden Notzerinnen an Notzer hunn d&#8217;Behaaptung iwwer d\u00e9i angeeblech Doudesf\u00e4ll \u00ebnner Puppelcher op <a href=\"https:\/\/archive.ph\/F2nDu\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> an <a href=\"https:\/\/archive.ph\/0vAnI\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Twitter<\/a> verbreet, op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9LTY-X5PK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a> hunn iwwer honnertdausend Leit se gesinn. Deel vun de B\u00e4itr\u00e4g ass e Blog-Artikel vun der Schw\u00e4izer Konspiratiounss\u00e4it <a href=\"https:\/\/www.bazonline.ch\/fake-news-made-in-switzerland-302153403592\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Uncut News&#8221;<\/a>. D\u00ebse bezitt sech op Behaaptunge vum brittesche\u00a0Pompes fun\u00e8bres John O&#8217;Looney aus engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/AD23-LRZ5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Interview mat der australescher Webs\u00e4it &#8220;Zeeemedia.com&#8221;<\/a>. D&#8217;S\u00e4it publiz\u00e9iert virun allem Artikelen an Interviewen, d\u00e9i sech kritesch zu Covid-19-Impfstoffer a Corona-Mesur\u00eb position\u00e9ieren.<\/p>\n<p><strong>D&#8217;Behaaptung:<\/strong> E britteschen Entrepreneur am Bestattungssecteur aus der englescher Uertschaft Milton Keynes bericht online vun enger Rei Doudesf\u00e4ll bei Neigebuerenen. Angeeblech w\u00e9isst hien iwwer e Kolleeg vun den Doudesf\u00e4ll, bei him h\u00e4tte sech awer keng Eltere gemellt. Angeeblech sollen d\u00e9i verstuerwe B\u00ebbee\u00ebn a Killraim fir Erwuessener gelagert an direkt vun der Klinick an d&#8217;Krematorium gefouert gi sinn. An alle F\u00e4ll w\u00e4r d&#8217;Universit\u00e9itsklinick vu Milton Keynes als Pompes fun\u00e8bres not\u00e9iert ginn. Doraus zitt hien: &#8220;Et ass also keng\u00a0Pompes fun\u00e8bres bedeelegt.&#8221; D&#8217;F\u00e4ll g\u00e9ife verheemlecht ginn. D&#8217;Puppelcher sollen angeeblech zu sechst oder zu aacht ageliwwert ginn, wesentlech m\u00e9i w\u00e9i nach virun e puer Joren.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/afba71ce5e30e79c38f492933a563b04.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Facebook-Screenshot der Behauptung: 16.08.2022<\/p>\n<p><strong>Keng Berichter iwwer ongew\u00e9inlech vill Doudesf\u00e4ll<\/strong><\/p>\n<p>Fir d\u00e9i angeeblech h\u00e9ich Zuelen un doudege Puppelcher ze iwwerpr\u00e9iwen, huet d&#8217;AFP d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.nafd.org.uk\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">National Association of Funeral Directors<\/a> (NAFD), de gr\u00e9isste Verband an der brittescher\u00a0Pompes-fun\u00e8bres-Branche kontakt\u00e9iert. D\u00ebsen huet den 10. August 2022 matgedeelt, dass d&#8217;Associatioun d&#8217;Behaaptunge gepr\u00e9ift h\u00e4tt an &#8220;no Gespr\u00e9icher mat enger representativer Auswiel vun NAFD-Membere&#8221; best\u00e4tege k\u00e9int, &#8220;dass se weder eng d\u00e4raarteg Hausse u Stierff\u00e4ll vu Puppelcher nach iergend aner heemlech Versich vu Spideeler, L\u00e4ichen direkt u Krematorien ze sch\u00e9cken, feststelle k\u00ebnnen.&#8221;<\/p>\n<p>Der NAFD no, d\u00e9i m\u00e9i w\u00e9i 4.100 brittesch\u00a0Pompes fun\u00e8bres vertr\u00ebtt, huet et och keng gr\u00e9isser Commande u S\u00e4rg fir Puppelcher ginn.<\/p>\n<p>Och d&#8217;<a href=\"https:\/\/saif.org.uk\/about-saif\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">National Society of Allied and Independent Funeral Directors<\/a>, eng Vereenegung vu brittesche Pompes fun\u00e8bres, d\u00e9i meeschtens vu Famillje ger\u00e9iert ginn a bal 1.000 Memberen huet, huet den 8. August 2022 g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, hir w\u00e4re &#8220;keng Berichter iwwer eng Hausse vun der Zuel vun Doudesf\u00e4ll vu Puppelcher a Groussbritannien bekannt&#8221;.<\/p>\n<p>De Brendan Day, Sekret\u00e4r vun der <a href=\"https:\/\/www.fbca.org.uk\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Federation of Burial and Cremation Authorities<\/a>, d\u00e9i 85 Prozent vun de Krematorien a Groussbritannien vertr\u00ebtt, huet der AFP den 9. August matgedeelt, hien h\u00e4tt vu senge Memberen n\u00e4ischt matgedeelt kritt, wat dorop hindeite g\u00e9if, dass et m\u00e9i An\u00e4scherunge vu B\u00ebbee\u00eb w\u00e9i soss och g\u00e9if.<\/p>\n<p>Den Day huet och erkl\u00e4ert, et w\u00e4r net ongew\u00e9inlech, dass e Spidol Verstuerwener direkt an e Krematorium br\u00e9nge g\u00e9if. D&#8217;Feele vun enger\u00a0Pompes fun\u00e8bres g\u00e9if net bedeiten, dass et sech \u00ebm eng Vertuschung handele g\u00e9if, w\u00e9i den O&#8217;Looney behaapt. Verschidde Spideeler h\u00e4tte Kontrakter mat de lokale Pompes fun\u00e8bres, fir Verstuerwener an e Krematorium ze br\u00e9ngen, anerer g\u00e9ifen et selwer maachen, sot hien. A verschiddene G\u00e9igende g\u00e9ifen d\u00e9i lokal Administratiounen d\u00ebs D\u00e9ngschtleeschtung ubidden, sot den Day.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet och mat der <a href=\"https:\/\/www.mkuh.nhs.uk\/\">Universit\u00e9itsklinick vu Milton Keynes<\/a> geschwat, d\u00e9i dem O&#8217;Looney no bei den angeeblechen Doudesf\u00e4ll vu B\u00ebbee\u00ebn als\u00a0Pompes fun\u00e8bres opgel\u00ebscht g\u00e9if, souw\u00e9i mat deem wichtegste Krematorium vun der Klinick, dem <a href=\"https:\/\/www.milton-keynes.gov.uk\/births-marriages-and-deaths\/bereavement-services\/crownhill-crematorium\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Crownhill Crematorium<\/a>.<\/p>\n<p>Op dem O&#8217;Looney seng Behaaptungen huet e Spriecher vun der Universit\u00e9itsklinick Milton Keynes den 29. Juli ge\u00e4ntwert: &#8220;D&#8217;Behaaptunge si komplett onwouer an onbegr\u00ebnnt. Mir loossen eis den Ament juristesch beroden, fir eist weidert Virgoe festzelee\u00ebn. Mir w\u00e4erten d\u00ebs w\u00e9ineg belaaschtbar an zud\u00e9ifst geschmacklos Behaaptungen net einfach akzept\u00e9ieren.&#8221;<\/p>\n<p>E Vertrieder vum Crownhill Krematorium huet der AFP de 5. August erkl\u00e4ert, dass et &#8220;n\u00e4ischt Ongew\u00e9inleches bei der Unzuel vun den An\u00e4scherungen op der Plaz&#8221; ginn h\u00e4tt. Et g\u00e9if donieft keng gesetzlech Verflichtung fir d&#8217;Famill oder e Spidol ginn, e\u00a0Pompes fun\u00e8bres ze ruffen, an d&#8217;Universit\u00e9itsklinick Milton Keynes h\u00e4tt &#8220;keng An\u00e4scherungen direkt ouni\u00a0Pompes fun\u00e8bres arrang\u00e9iert&#8221;.<\/p>\n<p><strong>An\u00e4scherung g\u00ebllt als m\u00e9i adequat<\/strong><\/p>\n<p>De Brendan Day huet weider erkl\u00e4ert, dass eng Rei Klinicken an der Vergaangenheet net liewensf\u00e4eg F\u00f6tussen, dat heescht B\u00ebbee\u00ebn, d\u00e9i virun der 24. Schwangerschaftswoch entbonne goufen, an der Verbrennungsanlag vun der Klinick age\u00e4schert hunn. A leschter Z\u00e4it w\u00e4r et vun de Familljen awer als m\u00e9i adequat a m\u00e9i wichteg ugesi ginn, zu d\u00ebsem Zweck Krematorien ze benotzen.<\/p>\n<p>&#8220;Et k\u00e9int duerchaus sinn, dass et sech bei der Hausse entweder \u00ebm net liewensf\u00e4eg F\u00f6tussen oder \u00ebm d&#8217;Produkt vun Ofdreiwungen handelt&#8221;, huet den Day erkl\u00e4ert. Souguer B\u00ebbee\u00ebn an der 10. oder 12. Schwangerschaftswoch g\u00e9ifen uerdnungsgem\u00e4ss age\u00e4schert, well se &#8220;fir d&#8217;Mamme vu grousser Bedeitung&#8221; w\u00e4ren. &#8220;Wann et also eng Hausse ginn huet, dann denken ech, dass et dofir ganz normal Gr\u00ebnn g\u00ebtt. Et g\u00ebtt n\u00e4ischt ze verstoppen, wann iwwerhaapt, dann ass et, well de Mammen e bessere Service gebuede g\u00ebtt&#8221;, sot hie weider.<\/p>\n<p>Dat gouf och vun der NAFD confirm\u00e9iert: &#8220;Et war schonn \u00ebmmer esou, dass d&#8217;Klinicken no enger Feelgebuert eng An\u00e4scherung arrang\u00e9iere konnten, awer d&#8217;Famille si sech hire M\u00e9iglechkeeten elo m\u00e9i bewosst a w\u00ebllen \u00ebmmer m\u00e9i dacks e Begriefnes fir hiert klengt Kand arrang\u00e9ieren.&#8221;<\/p>\n<p><strong>Donn\u00e9e\u00eb weise keng Hausse vun Doudesf\u00e4ll<\/strong><\/p>\n<p>\u00cbffentlech zoug\u00e4nglech Donn\u00e9e\u00ebn zu Doudesf\u00e4ll vu Puppelcher a klenge Kanner k\u00ebnnen d&#8217;Behaaptunge vum O&#8217;Looney net st\u00ebtzen. De britteschen <a href=\"https:\/\/www.ons.gov.uk\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Office of National Statistics<\/a> (ONS) stellt virleefeg Donn\u00e9e\u00ebn iwwer d\u00e9i w\u00ebchentlech registr\u00e9iert Doudesf\u00e4ll an England a Wales zur Dispositioun. D\u00e9i zwou j\u00e9ngst Altersgruppen an hirem Datesaz sinn Doudesf\u00e4ll \u00ebnnert engem Joer an Doudesf\u00e4ll t\u00ebscht engem a v\u00e9ier Joer.<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/www.ons.gov.uk\/peoplepopulationandcommunity\/birthsdeathsandmarriages\/deaths\/adhocs\/11644fiveyearaverageweeklydeathsregisteredinenglandandwalesbygenderandagegroupings\">T\u00ebscht 2015 an 2019<\/a> sinn am Schn\u00ebtt t\u00ebscht 33 a 64 Puppelcher, d\u00e9i manner w\u00e9i ee Joer al waren, pro Woch gestuerwen. An der Altersgrupp vun engem bis v\u00e9ier Joer l\u00e4it d&#8217;Zuel t\u00ebscht f\u00ebnnef an eelef F\u00e4ll pro Woch. Zum Z\u00e4itpunkt vun der Ver\u00ebffentlechung vun d\u00ebsem Artikel louchen d&#8217;Donn\u00e9e\u00eb fir d\u00e9i \u00e9ischt 30 Woche <a href=\"https:\/\/www.ons.gov.uk\/peoplepopulationandcommunity\/birthsdeathsandmarriages\/deaths\/datasets\/weeklyprovisionalfiguresondeathsregisteredinenglandandwales\">vum Joer 2022<\/a> vir. D\u00e9i h\u00e9chst Zuel vun den Doudesf\u00e4ll pro Woch an der Altersgrupp \u00ebnnert engem Joer louch an der Woch bis de 27. Mee bei 55, also \u00ebnnert dem Duerchschn\u00ebtt. An der Altersgrupp vun engem bis v\u00e9ier Joer gouf et zweemol eng m\u00e9i h\u00e9ich Zuel w\u00e9i den Duerchschn\u00ebtt: an der Woch bis de 14. Februar gouf et 14 Doudesf\u00e4ll an an der Woch bis de 17. Juni waren et zwielef Doudesf\u00e4ll.<\/p>\n<p>\u00cbnnert der Moyenne louchen d\u00e9i w\u00ebchentlech Doudesf\u00e4ll an de Woche bis den 21. Januar 2022 (dr\u00e4i Doudesf\u00e4ll), 25. Februar (dr\u00e4i Doudesf\u00e4ll), 8. Abr\u00ebll (een Doudesfall), 15. Abr\u00ebll (v\u00e9ier Doudesf\u00e4ll), 6. Mee (dr\u00e4i Doudesf\u00e4ll), an 10. Juni (v\u00e9ier Doudesf\u00e4ll). Kuckt een d&#8217;Gesamtzuel vun den Doudesf\u00e4ll an den \u00e9ischten 30 Woche vum Joer 2022, sou waren d&#8217;Zuelen a b\u00e9iden Altersgruppe m\u00e9i niddereg w\u00e9i am F\u00ebnnefjoresduerchschn\u00ebtt. No Berechnunge vun der AFP gouf et an den \u00e9ischten 30 Woche vun d\u00ebsem Joer insgesamt 1.373 Doudesf\u00e4ll an der Alterskategorie \u00ebnnert engem Joer an 218 F\u00e4ll an der Altersgrupp vun engem bis v\u00e9ier Joer. Am Verglach dozou sinn am F\u00ebnnefjoresduerchschn\u00ebtt 1.536 respektiv 241 Kanner gestuerwen.<\/p>\n<p>An Nordirland ass d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.nisra.gov.uk\/statistics\/death-statistics\/weekly-death-registrations-northern-ireland\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Northern Ireland Statistics and Research Agency<\/a> fir d&#8217;Publikatioun vun de Stierff\u00e4ll (pro Woch) zoust\u00e4nneg. Do geet d\u00e9i j\u00e9ngst Altersgrupp vun null bis 14 Joer. No de Berechnunge vun der AFP gouf et an d\u00ebser Grupp 67 Doudesf\u00e4ll an den \u00e9ischten 30 Woche vum Joer 2022. Dat ass manner w\u00e9i am selwechten Z\u00e4itraum vun de Virjoren: 80 Doudesf\u00e4ll am Joer 2021, 70 am Joer 2020 an 83 am Joer 2019.<\/p>\n<p>A Schottland publiz\u00e9iert <a href=\"https:\/\/scotland.shinyapps.io\/phs-covid-wider-impact\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Public Health Scotland<\/a> Donn\u00e9e\u00ebn iwwer Doutgebuerten an Doudesf\u00e4ll bei Puppelcher pro Mount. Eng Spriecherin vun der Organisatioun huet den 12. August g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass d&#8217;Zuel vun Doutgebuerten a Schottland zanter dem Ufank vun der Pandemie am M\u00e4erz 2020 bis Juni 2022, den erwaarten Zuelen entsprieche g\u00e9if, w\u00e9i de j\u00e9ngsten Donn\u00e9e\u00ebn ze enthuele w\u00e4r. D&#8217;Zuel vun Doudesf\u00e4ll bei Puppelcher w\u00e4r awer e b\u00ebsse m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e9i erwaart ausgefall, besonnesch am September 2021 an am M\u00e4erz 2022. D&#8217;Spriecherin huet erkl\u00e4ert, et w\u00e4ren e puer Neigebuerener m\u00e9i w\u00e9i \u00fcblech an den \u00e9ischte v\u00e9ier Wochen no der Gebuert verstuerwen. Den Taux vun d\u00ebsen neonatalen Doudesf\u00e4ll h\u00e4tt am September 2021 bei 5,1 an am M\u00e4erz 2022 bei 4,6 F\u00e4ll bei 1.000 Lieweggebuerte gelee\u00ebn. Den duerchschn\u00ebttlechen Taux l\u00e4it bei 2,2.<\/p>\n<p>An Zuelen ausgedr\u00e9ckt bedeit dat 22 Doudesf\u00e4ll bei Neigebuerenen am September 2021 an 18 am M\u00e4erz 2022. Iwwer d\u00ebs h\u00e9ich W\u00e4erter am September a M\u00e4erz gouf an de Medien, zum Beispill <a href=\"https:\/\/www.bbc.com\/news\/uk-scotland-61448963\">op der BBC<\/a>, bericht a se ginn den Ament \u00ebnnersicht.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet bei de Gesondheetsagencen och w\u00e9inst der Behaaptung nogefrot, dass d&#8217;Departementer fir Kanner sou iwwerf\u00ebllt w\u00e4ren, dass verstuerwe B\u00ebbee\u00ebn a Killraim fir Erwuessener hu mussen \u00ebnnerbruecht ginn. E Spriecher vum brittesche <a href=\"https:\/\/www.gov.uk\/government\/organisations\/department-of-health-and-social-care\">Minist\u00e8re fir Gesondheet a Soziales<\/a> huet der AFP den 11. August matgedeelt, et h\u00e4tt ee keng Informatiounen, d\u00e9i dorop hindeiten, dass d&#8217;Pediatrien oder L\u00e4ichenhalen an England iwwerf\u00ebllt w\u00e4ren. Eng Spriecherin vun der walisescher Regierung huet de selwechten Dag erkl\u00e4ert: &#8220;Offiziell Statistike vun der Statistikagence ONS weisen, dass et a Wales keng signifikant Hausse bei der Zuel vun Doutgebuerten oder dem Doud vu Puppelcher ginn huet.&#8221; En Traitement vu Puppelcher baussent den Neigebuerene-Statioune w\u00e4r hir net bekannt.<\/p>\n<p><strong>Den O\u2019Looney g\u00ebtt am Video-Interview als Whistleblower bezeechent<\/strong><\/p>\n<p>Am Extrait vum Interview, an deem den O&#8217;Looney vun de vermeintlechen Doudesf\u00e4ll bei B\u00ebbee\u00eb bericht, g\u00ebtt d\u00ebsen als &#8220;Whistleblower&#8221; bezeechent. D&#8217;AFP huet dohier Kontakt mam O&#8217;Looney opgeholl, fir erauszefannen, ob de Pompes fun\u00e8bres d\u00e9i lokal Autorit\u00e9iten iwwer dat, wat hien an Erfarung bruecht hu soll, a Kenntnes gesat huet. Den O&#8217;Looney huet den 10. August allerd\u00e9ngs matgedeelt, dass dat net de Fall gewiescht w\u00e4r.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> Verb\u00e4nn vu Pompes fun\u00e8bres, Krematorien, Gesondheetsagencen an d&#8217;Universit\u00e9itsklinick Milton Keynes hunn de Behaaptunge vum John O&#8217;Looney widdersprach. \u00cbffentlech zoug\u00e4nglech Donn\u00e9e\u00eb weisen en plus an de j\u00e9ngsten Altersgruppe keng signifikant Hausse un Doudesf\u00e4ll. Ausserdeem si Pompes fun\u00e8bres net verflicht, all d&#8217;An\u00e4scherungen ze organis\u00e9ieren.<\/p>\n<\/div>\n<p><em>D\u00ebsen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&nbsp; \u00cbmmer nees ginn am Internet falsch Behaaptungen am Zesummenhang mat angeeblechen Impfkonsequenze verbreet. Elo behaapt e brittesche Pompes fun\u00e8bres,&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":118214,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[193,190],"tags":[],"class_list":{"0":"post-118219","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-gesellschaft","8":"category-gesondheet"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"1957391","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"http:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/1957391.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Keng Beleeg fir ongew\u00e9inlech vill Doudesf\u00e4ll bei Puppelcher a Groussbritannien - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Keng Beleeg fir ongew\u00e9inlech vill Doudesf\u00e4ll bei Puppelcher a Groussbritannien - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"&nbsp; \u00cbmmer nees ginn am Internet falsch Behaaptungen am Zesummenhang mat angeeblechen Impfkonsequenze verbreet. Elo behaapt e brittesche Pompes fun\u00e8bres,...\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-08-30T06:00:55+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2022-10-06T13:11:27+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/e4a49683afdac942ac54d19ae55c08c9.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"720\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"10 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Keng Beleeg fir ongew\u00e9inlech vill Doudesf\u00e4ll bei Puppelcher a Groussbritannien\",\"datePublished\":\"2022-08-30T06:00:55+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-06T13:11:27+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/\"},\"wordCount\":2039,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/e4a49683afdac942ac54d19ae55c08c9.jpeg\",\"articleSection\":[\"Gesellschaft\",\"Gesondheet\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/\",\"name\":\"Faktencheck: Keng Beleeg fir ongew\u00e9inlech vill Doudesf\u00e4ll bei Puppelcher a Groussbritannien - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/e4a49683afdac942ac54d19ae55c08c9.jpeg\",\"datePublished\":\"2022-08-30T06:00:55+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-06T13:11:27+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/e4a49683afdac942ac54d19ae55c08c9.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/e4a49683afdac942ac54d19ae55c08c9.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":720,\"caption\":\"Faktencheck: Keng Beleeg fir ongew\u00e9inlech vill Doudesf\u00e4ll bei Puppelcher a Groussbritannien - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Keng Beleeg fir ongew\u00e9inlech vill Doudesf\u00e4ll bei Puppelcher a Groussbritannien\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Keng Beleeg fir ongew\u00e9inlech vill Doudesf\u00e4ll bei Puppelcher a Groussbritannien - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Keng Beleeg fir ongew\u00e9inlech vill Doudesf\u00e4ll bei Puppelcher a Groussbritannien - EDMO Belux","og_description":"&nbsp; \u00cbmmer nees ginn am Internet falsch Behaaptungen am Zesummenhang mat angeeblechen Impfkonsequenze verbreet. Elo behaapt e brittesche Pompes fun\u00e8bres,...","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-08-30T06:00:55+00:00","article_modified_time":"2022-10-06T13:11:27+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":720,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/e4a49683afdac942ac54d19ae55c08c9.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"10 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Keng Beleeg fir ongew\u00e9inlech vill Doudesf\u00e4ll bei Puppelcher a Groussbritannien","datePublished":"2022-08-30T06:00:55+00:00","dateModified":"2022-10-06T13:11:27+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/"},"wordCount":2039,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/e4a49683afdac942ac54d19ae55c08c9.jpeg","articleSection":["Gesellschaft","Gesondheet"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/","name":"Faktencheck: Keng Beleeg fir ongew\u00e9inlech vill Doudesf\u00e4ll bei Puppelcher a Groussbritannien - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/e4a49683afdac942ac54d19ae55c08c9.jpeg","datePublished":"2022-08-30T06:00:55+00:00","dateModified":"2022-10-06T13:11:27+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/e4a49683afdac942ac54d19ae55c08c9.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/e4a49683afdac942ac54d19ae55c08c9.jpeg","width":1080,"height":720,"caption":"Faktencheck: Keng Beleeg fir ongew\u00e9inlech vill Doudesf\u00e4ll bei Puppelcher a Groussbritannien - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beleeg-fir-ongewinlech-vill-doudesfll-bei-puppelcher-a-groussbritannien\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Keng Beleeg fir ongew\u00e9inlech vill Doudesf\u00e4ll bei Puppelcher a Groussbritannien"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/118219","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=118219"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/118219\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/118214"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=118219"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=118219"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=118219"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}