{"id":120275,"date":"2022-09-05T14:05:50","date_gmt":"2022-09-05T14:05:50","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=120275"},"modified":"2022-10-06T13:07:45","modified_gmt":"2022-10-06T13:07:45","slug":"faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng nei Milit\u00e4rallianz t\u00ebscht Russland an eelef Staaten"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>En halleft Joer dauert d\u00e9i russesch Attack op d&#8217;Ukrain m\u00ebttlerweil schonn. Z\u00ebnter Enn Juli zirkul\u00e9iere Rumeuren a sozialen Netzwierker, Russland h\u00e4tt mat eelef anere Staaten eng nei Milit\u00e4rallianz gegr\u00ebnnt. Deem ass awer net esou, w\u00e9i d&#8217;AFP erausfonnt huet.<\/p>\n<p>Honnerten Userinnen a User hunn Enn Juli d\u00e9i angeeblech Meldung zu enger neier russescher Milit\u00e4rallianz op <a href=\"https:\/\/archive.ph\/MiwOz\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> gedeelt. Och op dem russesche sozialen Netzwierk &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/H6R9-948A?view-mode=client-side&amp;type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">vk.com<\/a>&#8221; g\u00ebtt d\u00ebse B\u00e4itrag verbreet.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/58b855e1511e8da36892174e840bd957.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Facebook-Screenshot der Behauptung: 24.08.2022<\/p>\n<p>De russeschen Ausseminister Lawrow huet New Delhi zulescht den 1. Abr\u00ebll 2022 besicht, <a href=\"https:\/\/www.nau.ch\/politik\/international\/lawrow-lobt-indische-haltung-zum-ukraine-krieg-66145792\">w\u00e9i och d&#8217;AFP gemellt hat<\/a>. Op senger Rees h\u00e4tt de Lawrow d\u00e9i indesch Haltung zum Krich an der Ukrain gelueft, well d&#8217;Land d\u00e9i russesch Attack net offiziell verurteelt huet. Bei enger <a href=\"https:\/\/digitallibrary.un.org\/record\/3959039\">Ofst\u00ebmmung an der UN-Vollversammlung iwwer d&#8217;Verurteelung vu Russland w\u00e9inst dem Krich an der Ukrain<\/a> Ufank M\u00e4erz 2022 huet sech Indien enthalen. D&#8217;AFP hat weider gemellt, den indeschen Ausseminister Subrahmanyam Jaishankar h\u00e4tt allerd\u00e9ngs d&#8217;Noutwennegkeet vun der Astellung vun der Gewalt an en Enn vun de Feinds\u00e9ilegkeeten an der Ukrain betount. Aussoen iwwer eng Milit\u00e4rallianz, d\u00e9i beim Besuch vum Lawrow an d&#8217;Liewe geruff gi w\u00e4r, fanne sech awer net.<\/p>\n<p>Russesch Botschaft dement\u00e9iert B\u00fcndnis<\/p>\n<p>Fir d&#8217;Iwwerpr\u00e9iwung vun der Behaaptung, Russland h\u00e4tt eng milit\u00e4resch Verdeedegungsallianz mat eelef weidere Staate gegr\u00ebnnt, huet d&#8217;AFP d\u00e9i russesch Botschaft an D\u00e4itschland kontakt\u00e9iert. Aus dem Departement fir Kommunikatioun huet et de 24. August 2022 geheescht, et g\u00e9if sech bei deem B\u00e4itrag \u00ebm eng Fakenews handelen: &#8220;Esou Ofkommesse goufen net \u00ebnnerschriwwen.&#8221;<\/p>\n<p>Dob\u00e4i huet d&#8217;Ambassade op d&#8217;Matdeelunge vum russeschen Ausseminist\u00e8re iwwer dem Lawrow s\u00e4i Besuch an Indien verwisen (<a href=\"https:\/\/archive.ph\/rR23g\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/archive.ph\/g8HRY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/archive.ph\/5mHFZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>). Doran heescht et den 1. Abr\u00ebll 2022, de Lawrow h\u00e4tt <a href=\"https:\/\/archive.ph\/rR23g\">Verhandlunge mam indeschen Ausseminister<\/a> gef\u00e9iert a sech iwwer &#8220;d&#8217;Situatioun an der Ukrain&#8221; ausgetosch. B\u00e9id S\u00e4iten h\u00e4tten en Intressi un enger St\u00e4erkung vun der strategescher Partnerschaft vu b\u00e9ide Staate betount. En neit Milit\u00e4rb\u00fcndnis k\u00ebnnt doran net vir. Den <a href=\"https:\/\/archive.ph\/g8HRY\">Ausseminister Lawrow huet just dovu geschwat<\/a>, dass b\u00e9id Staate weiderhi &#8220;Projeten an de Ber\u00e4icher Energie, W\u00ebssenschaft an Technologie, Weltraum a Pharmaindustrie&#8221; duerchf\u00e9iere g\u00e9ifen.<\/p>\n<p>Och an der <a href=\"https:\/\/archive.ph\/5mHFZ\">Matschr\u00ebft vun enger Pressekonferenz<\/a> no de Verhandlunge g\u00ebtt net vun engem d\u00e4raartege B\u00fcndnis geschwat. Allerd\u00e9ngs gouf eng scho bestoend bilateral Zesummenaarbecht am &#8220;Milit\u00e4rber\u00e4ich&#8221; ernimmt, sou zum Beispill d&#8217;Liwwerung vu russescher Milit\u00e4rtechnik an Indien. Schonn z\u00ebnter Jore melle\u00a0 Medien \u00ebmmer nees vun indesche Gesch\u00e4fter mat Russland a Saache Milit\u00e4requipement (<a href=\"https:\/\/www.dw.com\/de\/gro%C3%9Feinkauf-in-moskau-indien-erwirbt-russische-waffensysteme\/a-54034020\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/www.n-tv.de\/politik\/Putin-sackt-Milliarden-ein-article9855731.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/www.spiegel.de\/politik\/ausland\/waffenexporte-indien-kauft-raketensysteme-von-russland-a-1116860.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>).<\/p>\n<p>Den indeschen Ausseminist\u00e8re huet och eng Rei Matdeelungen iwwer de Besuch vum Lawrow ver\u00ebffentlecht (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/5PJF-73LP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/UFH3-H369\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>). Dora f\u00ebnnt sech allerd\u00e9ngs keng Ernimmung vun enger neier Milit\u00e4rallianz.<\/p>\n<p>Eng Ufro vun der AFP un d\u00e9i staatlech <a href=\"https:\/\/perma.cc\/WJE6-3VJQ\">russesch Noriichtenagence Tass<\/a>, d\u00e9i am Facebook-B\u00e4itrag ernimmt g\u00ebtt, blouf bis zur Ver\u00ebffentlechung vun d\u00ebsem Faktencheck ouni \u00c4ntwert.<\/p>\n<p>D&#8217;Agence hat den 1. Abr\u00ebll 2022 iwwer dem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2E2C-L3GB\">Lawrow seng Visitt an Indien<\/a> geschriwwen. Den 19. Abr\u00ebll 2022 huet d&#8217;Agence eng <a href=\"https:\/\/archive.ph\/pcGOp\">Meldung<\/a> publiz\u00e9iert, no d\u00e4r de Lawrow Indien ugek\u00ebnnegt h\u00e4tt, am Ber\u00e4ich vun der Verdeedegung alles liwweren ze k\u00ebnnen, wat Indien w\u00ebnsche g\u00e9if.<\/p>\n<p>Fir dat besser anuerdnen ze k\u00ebnnen, huet d&#8217;AFP zous\u00e4tzlech de <a href=\"https:\/\/dgap.org\/de\/user\/276\/dr\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Stefan Meister<\/a> vun der <a href=\"https:\/\/dgap.org\/de\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Deutschen Gesellschaft f\u00fcr Ausw\u00e4rtige Politik<\/a> kontakt\u00e9iert. De Meister huet de 16. August erkl\u00e4ert, eng nei Allianz g\u00e9if et senges W\u00ebssens no net. Och dass esou en Ofkommes beim Lawrow senger Visitt an Indien \u00ebnnerzeechent gi w\u00e4r, ass dem Meister net bekannt. &#8220;Ech halen dat fir eng Falschmeldung.&#8221;<\/p>\n<p>Och bei de viregte Visitte vum Lawrow an Indien w\u00e4re keng esou Ofkommessen \u00ebnnerzeechent ginn. Et g\u00e9if awer aner B\u00fcndnisser, an deene Russland Member w\u00e4r, sot de Meister: Zum engen d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/U644-22DW\">Organisatioun vum Vertrag vu Kollektiver S\u00e9cherheet<\/a> (OVKS), eng Milit\u00e4rallianz vu postsowjetesche Staaten, an d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.swp-berlin.org\/publikation\/die-shanghaier-organisation-fuer-zusammenarbeit\">Shanghaier Organisatioun fir Zesummenaarbecht<\/a> (SOZ), d\u00e9i als S\u00e9cherheetsallianz gegr\u00ebnnt gi w\u00e4r.<\/p>\n<p>W\u00e9i d&#8217;OVKS op hirer <a href=\"https:\/\/perma.cc\/U644-22DW\">Webs\u00e4it<\/a> ug\u00ebtt, besteet d&#8217;Allianz schonn iwwer knapp 30 Joer. Mat enger aktueller Gr\u00ebnnung ka si dohier net am Zesummenhang stoen. Membere vun der Allianz si Russland, Belarus, Kasachstan, Kirgisistan, Tadschikistan an Armenien.<\/p>\n<p>D&#8217;SOZ gouf schonn <a href=\"https:\/\/www.bundestag.de\/resource\/blob\/592244\/06222f4b4eac0a33889959952f4679b6\/WD-2-178-18-pdf-data.pdf\">2001 gegr\u00ebnnt<\/a>, w\u00e9i de w\u00ebssenschaftlechen D\u00e9ngscht vum d\u00e4itsche Bundestag dokument\u00e9iert, och w\u00e4it virum Lawrow senger Visitt an Indien. Membere si China, Russland, Indien, Pakistan, Kasachstan, Kirgisistan, Tadschikistan an Usbekistan. D&#8217;Organisatioun h\u00e4tt sech \u00e0 la base op d&#8217;s\u00e9cherheetspolitesch Zesummenaarbecht an de Grenzregioune vun de Memberstaate fokuss\u00e9iert. M\u00ebttlerweil g\u00e9ifen awer och Wirtschaft, Handel an d\u00e9i regional Stabilit\u00e9it eng Roll spillen. Et g\u00e9if och Staaten mam Status vun Observateure ginn, dor\u00ebnner Belarus an Iran, souw\u00e9i Dialogpartner, dor\u00ebnner Aserbaidschan an Armenien.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> D\u00e9i russesch Botschaft an D\u00e4itschland an en Expert vun der Deutschen Gesellschaft f\u00fcr Ausw\u00e4rtige Politik hunn d\u00e9i vermeintlech Noriicht vun enger neier Milit\u00e4rallianz t\u00ebscht Russland an eelef weidere Staaten eng Falschmeldung genannt. An de Meldunge vun den indeschen an russeschen Ausseminist\u00e8ren iwwer dem Lawrow seng lescht Visitt zu New Delhi stoung och n\u00e4ischt Entspriechendes dran.<\/p>\n<\/div>\n<p><em>D\u00ebsen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&nbsp; En halleft Joer dauert d\u00e9i russesch Attack op d&#8217;Ukrain m\u00ebttlerweil schonn. Z\u00ebnter Enn Juli zirkul\u00e9iere Rumeuren a sozialen Netzwierker,&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":120270,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[191,217],"tags":[],"class_list":{"0":"post-120275","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-politik","8":"category-ukraine-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"1960123","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"( POOL \/ KIRILL KUDRYAVTSEV)","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"http:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/1960123.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Et g\u00ebtt keng nei Milit\u00e4rallianz t\u00ebscht Russland an eelef Staaten - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng nei Milit\u00e4rallianz t\u00ebscht Russland an eelef Staaten - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"&nbsp; En halleft Joer dauert d\u00e9i russesch Attack op d&#8217;Ukrain m\u00ebttlerweil schonn. Z\u00ebnter Enn Juli zirkul\u00e9iere Rumeuren a sozialen Netzwierker,...\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-09-05T14:05:50+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2022-10-06T13:07:45+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/01cf8fda52c26b17cb3fd20049a1e7da.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1024\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"576\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"4 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng nei Milit\u00e4rallianz t\u00ebscht Russland an eelef Staaten\",\"datePublished\":\"2022-09-05T14:05:50+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-06T13:07:45+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/\"},\"wordCount\":936,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/01cf8fda52c26b17cb3fd20049a1e7da.jpeg\",\"articleSection\":[\"Politik\",\"Ukraine\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/\",\"name\":\"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng nei Milit\u00e4rallianz t\u00ebscht Russland an eelef Staaten - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/01cf8fda52c26b17cb3fd20049a1e7da.jpeg\",\"datePublished\":\"2022-09-05T14:05:50+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-06T13:07:45+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/01cf8fda52c26b17cb3fd20049a1e7da.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/01cf8fda52c26b17cb3fd20049a1e7da.jpeg\",\"width\":1024,\"height\":576,\"caption\":\"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng nei Milit\u00e4rallianz t\u00ebscht Russland an eelef Staaten - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng nei Milit\u00e4rallianz t\u00ebscht Russland an eelef Staaten\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng nei Milit\u00e4rallianz t\u00ebscht Russland an eelef Staaten - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng nei Milit\u00e4rallianz t\u00ebscht Russland an eelef Staaten - EDMO Belux","og_description":"&nbsp; En halleft Joer dauert d\u00e9i russesch Attack op d&#8217;Ukrain m\u00ebttlerweil schonn. Z\u00ebnter Enn Juli zirkul\u00e9iere Rumeuren a sozialen Netzwierker,...","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-09-05T14:05:50+00:00","article_modified_time":"2022-10-06T13:07:45+00:00","og_image":[{"width":1024,"height":576,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/01cf8fda52c26b17cb3fd20049a1e7da.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"4 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng nei Milit\u00e4rallianz t\u00ebscht Russland an eelef Staaten","datePublished":"2022-09-05T14:05:50+00:00","dateModified":"2022-10-06T13:07:45+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/"},"wordCount":936,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/01cf8fda52c26b17cb3fd20049a1e7da.jpeg","articleSection":["Politik","Ukraine"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/","name":"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng nei Milit\u00e4rallianz t\u00ebscht Russland an eelef Staaten - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/01cf8fda52c26b17cb3fd20049a1e7da.jpeg","datePublished":"2022-09-05T14:05:50+00:00","dateModified":"2022-10-06T13:07:45+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/01cf8fda52c26b17cb3fd20049a1e7da.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/01cf8fda52c26b17cb3fd20049a1e7da.jpeg","width":1024,"height":576,"caption":"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng nei Milit\u00e4rallianz t\u00ebscht Russland an eelef Staaten - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-et-gtt-keng-nei-militrallianz-tscht-russland-an-eelef-staaten\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Et g\u00ebtt keng nei Milit\u00e4rallianz t\u00ebscht Russland an eelef Staaten"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/120275","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=120275"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/120275\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/120270"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=120275"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=120275"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=120275"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}