{"id":12898,"date":"2022-02-01T17:00:03","date_gmt":"2022-02-01T17:00:03","guid":{"rendered":"https:\/\/belux-staging.eu\/?p=12898"},"modified":"2022-06-28T14:47:12","modified_gmt":"2022-06-28T14:47:12","slug":"falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/","title":{"rendered":"Falsch Aussoe vum Dr. Beno\u00eet Ochs"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Virum Appellsprozess vum Dr. Ochs huet hien a senger Ried an am RTL-Interview Behaaptungen zu Impfdoudesf\u00e4ll an den \u00cbmgang mat Covid-Patiente gemaach.<\/p>\n<p>D&#8217;lescht Joer gouf eng Prozedur g\u00e9int den Dr. Beno\u00eet Ochs ageleet. Dem Generalist g\u00ebtt virgeheit, g\u00e9int den Deontologieskodex ze verstoussen. Festgehale gouf e Beruffsverbuet vun engem Joer. Den Dr. Ochs ass an Appell gaangen an dierf bis zum Verdikt am Appellsprozess weider exerz\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Den 26. Januar 2022 ass den Appellsprozess lassgaangen. Virum Geriicht an der Stad hate sech eng honnert Sympathisante vum Generalist versammelt. \u00c9ier den Dr. Beno\u00eet Ochs an d&#8217;Geriicht gaangen ass, huet hien nach eng Ried viru senge Supporter gehalen an direkt am Uschloss och dem RTL en Interview ginn. Souwuel a senger Ried w\u00e9i am RTL-Interview huet den Dr. Ochs e puer Behaaptungen als Fakten duergestallt. D\u00e9i hu mir iwwerpr\u00e9ift.<\/p>\n<p class=\"article-title\">&#8220;Dokteren hunn de Choix, d&#8217;Patienten doheem stierwen ze loossen&#8221;, sou den Dr. Ochs<\/p>\n<p>Am RTL-Interview erzielt den Dr. Ochs vun enger Covid-Patientin, d\u00e9i am November doheem a ganz schlecht dru war. D&#8217;Fra vu P\u00ebnsch bei Housen soll den 112 ugeruff hunn, fir un en Dokter ze kommen. Den Dr. Ochs hat deen Owend Permanence zu Ettelbr\u00e9ck a gouf vum 112 kontakt\u00e9iert. Den 112 soll den Dr. Ochs gefrot hunn, ob hie g\u00e9ing bei d&#8217;Covid-Patientin laanscht goen. Doropshin huet den Dr. Ochs gefrot, ob hien dann d&#8217;Recht h\u00e4tt net ze goen. Sou stellt den Dr. Ochs am Uschloss d&#8217;Fro, ob hien dann d&#8217;Recht h\u00e4tt, d&#8217;Patientin doheem stierwen ze loossen.Duerno <strong>behaapt hien, d&#8217;Dokteren dierfte Covid-Patienten eleng doheem stierwe loossen.<br \/>\n<\/strong><br \/>\nD&#8217;Patientin h\u00e4tt dem Dr. Ochs no deeglaang versicht, un d&#8217;Dokteren vun Housen ze kommen. D\u00e9i wieren awer all net bereet gewiescht, sech bei d\u00e9i 43 Joer al Fra ze deplac\u00e9ieren. D&#8217;Fra louch dem Dr. Ochs no 1 Mount am Spidol an h\u00e4tt 30 Prozent vun hire Longen verluer.<\/p>\n<p>Den Dr. Ochs seet, hien h\u00e4tt d\u00ebsen Temoignage vun der Fra festgehalen a g\u00e9if et als Beweis mat an de Prozess huelen. An d\u00ebst wier n\u00ebmmen ee vu ville F\u00e4ll hei zu L\u00ebtzebuerg. Hei schw\u00e4tzt den Dr. Ochs dann och vun engem neie Protokoll vun 2020, dee festh\u00e4lt, dass Dokteren de Choix hunn, Covid-Patienten doheem stierwen ze loossen a just bei Covid-Patienten mussen heemgoen, wann d\u00ebs sou schlecht dru sinn, dass se net m\u00e9i schw\u00e4tze k\u00ebnnen.<\/p>\n<p><video controls=\"controls\" width=\"320\" height=\"240\"><source src=\"https:\/\/replay.rtl.lu\/2022\/01\/31\/c3a99d28-828e-11ec-b083-badd997c7f08_REPLAY_1080p.mp4\" type=\"video\/mp4\" \/><\/video><\/p>\n<p><strong>Wat ass hei richteg?<\/strong><\/p>\n<p>W\u00e9inst dem Dateschutz ass et net m\u00e9iglech erauszefannen, wien d&#8217;Patientin ass an ob dat alles esou ofgelaf ass, w\u00e9i den Dr. Ochs erzielt.<\/p>\n<p>Fakt ass, <strong>krank Leit ginn net eleng doheem stierwe gelooss<\/strong>. Dat g\u00ebllt genau sou fir Covid-Patienten, w\u00e9i och fir all aner Erkrankten. Eng Persoun, d\u00e9i wierklech schlecht ass, kann zu all Moment den 112 ruffen a kritt och gehollef.<\/p>\n<p>Explikatioune vum CGDIS:<br \/>\n<em>&#8220;Wann ee Patient am Fall vun enger Urgence eng Ambulanz oder de SAMU brauch, sch\u00e9ckt den CSU-112 \u00ebmmer H\u00ebllef, fir\u00a0dass de Patient kompetent a schnellstm\u00e9iglech en Charge ka geholl ginn an uschl\u00e9issend an en Spidol ka gefouert ginn. D\u00ebs\u00a0Decisioun g\u00ebtt\u00a0unhand vun eisem ELS (Einsatzleitsystem) \u00ebnnerst\u00ebtzt, mee de Operateur ass schlussendlech deen, deen decid\u00e9iert, wei eng Moyenen alert\u00e9iert ginn.\u00a0S\u00e4it leschtem Joer ginn\u00a0d\u2019Equippe vum 112 zous\u00e4tzlech Dag a Nuecht vun engem Officier-Sant\u00e9 (Infirmier) dob\u00e4i \u00ebnnerst\u00ebtzt. Des weidere\u00a0verf\u00fcge mir intern iwwer ee Protokoll mat der Uweisung bei COVID-Patiente mat Otemnout m\u00e9i proaktiv eng Ambulanz oder de SAMU ze sch\u00e9cken, well mir w\u00ebssen, dass hiren Zoustand sech ganz schnell verschl\u00ebmmere kann.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>Et ass richteg, dass de M\u00e9decin de Garde selwer entscheede muss, ob et n\u00e9ideg ass, bei de Patient heemzefueren oder net. Hei l\u00e4it d&#8217;Responsabilit\u00e9it beim Dokter. De M\u00e9decin de Garde g\u00ebtt vum 112 awer just kontakt\u00e9iert, wann et sech net \u00ebm en Noutfall handelt an d&#8217;Persoun no engem Hausdokter freet.<br \/>\nEt kann een also net dovu schw\u00e4tzen, dass den M\u00e9decin de Garde de Choix huet, Persounen Doheem stierwen ze loossen. Well wann eng Persoun wierklech schlecht ass an den 112 kontakt\u00e9iert, k\u00ebnnt \u00e0 priori eng Ambulanz, respektiv de SAMU.<\/p>\n<p>Explikatioune vum CGDIS:<br \/>\n<em>&#8220;Wann eng Persoun awer bei eis urifft, well si een Hausdokter brauch an et sech net \u00ebm en Noutfall handelt (Bei Noutf\u00e4ll g\u00ebtt direkt eng Ambulanz gesch\u00e9ckt), g\u00ebtt d\u2019Maison M\u00e9dicale aus dem jeeweilege Secteur kontakt\u00e9iert. De M\u00e9decin de Garde muss uschl\u00e9issend de Patient selwer uruffen an dann decid\u00e9ieren, op hien sech deplac\u00e9iert oder net.&#8221;<\/em><\/p>\n<p><strong>Wat huet et mam neie Protokoll vun 2020 op sech?<\/strong><\/p>\n<p>Tats\u00e4chlech gouf uganks der Pandemie en neie Protokoll fir Medezinner ausgeschafft, wou d&#8217;Prise en charge m\u00e9dicale \u00ebmorganis\u00e9iert gouf. Hei konnten all Generalisten, Spezialisten an Z\u00e4nndokteren, sech a 5 verschidde medezinesch Gruppen aschreiwen, fir d&#8217;Prise en Charge vu Patienten ze garant\u00e9ieren. Am M\u00e4erz 2020 goufe Centre de soins avanc\u00e9s fir krank Leit ageriicht. Domat wollt ee verh\u00ebnneren, dass Covid-Infiz\u00e9ierter an den Urgencen oder am Dokteschcabinet aner Leit ustiechen. Ma Dokteren, d\u00e9i am medezinesche Grupp 1 agedeelt waren, hunn an d\u00ebse Centre de soins avanc\u00e9s geschafft, respektiv sinn bei Covid-Patienten heemgefuer, fir d\u00ebs ze \u00ebnnersichen. D&#8217;Zentren waren 7 Deeg op 7 vu moies 8 bis owes 20 Auer accessibel. Fir de Rescht goufe Visitte bei Patienten doheem assur\u00e9iert a fir Noutf\u00e4ll war weiderhin den 112 am Asaz. Sou dass d\u00e9i Behaaptung, dass Patienten eleng doheem stierwe gelooss k\u00ebnne ginn, falsch ass. Et gouf n\u00e4mlech extra ee medezinesche Grupp (n.1) zesummegestallt, deen all Visitt Doheem bei Covid-Infiz\u00e9ierter m\u00e9cht. Een anere medezinesche Grupp (n.2) huet all Visitt Doheem bei Patienten ouni Covid iwwerholl. De ganze Protokoll kann een <a href=\"https:\/\/download.rtl.lu\/2022\/02\/01\/4071ff7a7dddf73d856b5480b05b483d.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei noliesen<\/a>.<\/p>\n<p><strong>Medezinesch Versuergung fir all Aart vu Patient gouf w\u00e4rend der ganzer Pandemie assur\u00e9iert.<\/strong><\/p>\n<p>Besonnesch am Ufank vun der Pandemie gouf vill op T\u00e9l\u00e9consultatioun gesat fir ze verh\u00ebnneren, dass am Wartesall ze vill Leit beienee kommen. Bei Leit, d\u00e9i krank waren a wou eng Covid-Infektioun nach net nogewise gouf, konnt den kontakt\u00e9ierten Dokter via Telefon e puer Tester mam Patient maachen, fir sech op Distanz en \u00e9ischt Bild vum Zoustand vum Patient ze maachen an erauszefannen, ob eng Visitt \u00e0 Domicile noutwenneg ass. Sou gouf de Patient opgefuerdert, e puer mol d\u00e9if an an auszeootmen oder d&#8217;Trapen erop ze lafen, erkl\u00e4ert de Dr. Pit Buchler, President vum Coll\u00e8ge M\u00e9dical.<\/p>\n<p class=\"article-title\">26 Awunner an Nidderkuerer Altersheem no Boosterimpfung gestuerwen?<\/p>\n<p>An der Ried, d\u00e9i den Dr. Beno\u00eet Ochs viru senge Supportere gehalen huet, zielt den Generalist, dass am Nidderkuerer Altersheem no der Boosterimpfung 26 Awunner duerch d&#8217;Impfung gestuerwen sinn. De Generalist werft dann och de Medie vir, d\u00ebs Aff\u00e4r vertuscht ze hunn.<\/p>\n<p><video controls=\"controls\" width=\"320\" height=\"240\"><source src=\"https:\/\/stream.rtl.lu\/media\/d0c7c339-e282-4950-b3e7-418502599bee.mp4\" type=\"video\/mp4\" \/><\/video><\/p>\n<p>Am Altersheem &#8220;Um Lauterbann&#8221; zu Nidderkuer gouf et am Februar 2021 e gr\u00e9issert Corona-Cluster. Den \u00e9ischte positive Fall gouf de 17. Februar 2021 bei engem Awunner detekt\u00e9iert. Den 18. Februar 2021 konnten dunn d&#8217;Awunner an d&#8217;Personal sech eng \u00e9ischte K\u00e9ier impfe loossen. De selwechten Dag hat och e Mataarbechter der Direktioun matgedeelt, dass e sech mam Covid-19 infiz\u00e9iert huet. De Virus war &#8220;um Lauterbann&#8221; also scho present, \u00e9iert geimpft gouf. Dat Ganzt huet sech zu engem Cluster entw\u00e9ckelt. Am Z\u00e4itraum vum 15. Februar 2021 bis zum 24. M\u00e4erz 2021 sinn 22 Awunner vum Altersheem um oder mam Coronavirus verstuerwen. Den Duerchschn\u00ebttsalter vun de Verstuerwene l\u00e4it bei 87,7 Joer.<\/p>\n<p>Geboostert gouf am Nidderkuerer Altersheem &#8220;Um Lauterbann&#8221; den 30. September 2021. Zanterdeem sinn 8 Awunner vum Altersheem verstuerwen (Stand 28. Januar 2022). Keen dovunner war mam Covid-19 infiz\u00e9iert.<\/p>\n<p>Nathalie Hanck, Pressspriecherin vu SERVIOR:<br \/>\n<em>[&#8230;] nous vous confirmons que SERVIOR a \u00e0 d\u00e9plorer depuis le 30\/09\/2021 (date \u00e0 laquelle l&#8217;ensemble de nos r\u00e9sidents ont re\u00e7u leur 3\u00e8me dose de vaccin dite &#8220;booster&#8221;) jusqu&#8217;\u00e0 ce jour, seuls 8 d\u00e9c\u00e8s parmi ses r\u00e9sidents dont la moyenne d&#8217;\u00e2ge se situe au-dessus de 86 ans. A notre connaissance, aucun de ces d\u00e9c\u00e8s n&#8217;est en lien avec le Covid. Comme indiqu\u00e9 dans un communiqu\u00e9 publi\u00e9 hier, SERVIOR a eu connaissance qu&#8217;en date du 26 janvier 2022, le docteur Beno\u00eet OCHS, a tenu des propos diffamatoires \u00e0 son \u00e9gard en pr\u00e9tendant qu&#8217; &#8220;\u00e0 la maison de retraite de Niedercorn, suite \u00e0 l&#8217;injection du booster, il y a eu directement 26 morts &#8220;.<br \/>\nIl s&#8217;agit bien entendu de d\u00e9clarations purement mensong\u00e8res, relay\u00e9es sur les r\u00e9seaux sociaux, que SERVIOR d\u00e9ment fermement dans leur int\u00e9gralit\u00e9.SERVIOR ne peut tol\u00e9rer de tels propos par respect pour son personnel, ses r\u00e9sidents et leurs familles.<\/em><\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/stock.rtl.lu\/rtl\/715\/rtl2008.lu\/nt\/p\/2022\/01\/27\/20\/8a0e1f5557262dbbf6e87fdd54853711.png\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 Servior<\/p>\n<p>Am Altersheem zu Nidderkuer sinn also keng Awunner w\u00e9inst der Boosterimpfung verstuerwen. <strong>Dem Dr. Ochs seng Ausso heizou ass falsch.<\/strong><\/p>\n<p>Links<\/p>\n<ul>\n<li>\n<p class=\"link\"><a class=\"link__action\" href=\"https:\/\/download.rtl.lu\/2022\/02\/01\/4071ff7a7dddf73d856b5480b05b483d.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Protokoll 2020 Prise en Charge Medicale<\/a><\/p>\n<\/li>\n<\/ul>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&nbsp; Virum Appellsprozess vum Dr. Ochs huet hien a senger Ried an am RTL-Interview Behaaptungen zu Impfdoudesf\u00e4ll an den \u00cbmgang&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":51761,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[184],"tags":[],"class_list":["post-12898","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","category-covid-19-lb"],"acf":{"show_metatags":true,"id":"1854031","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"http:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/1854031.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","fact_checker_logo_image":false,"type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":""},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Falsch Aussoe vum Dr. Beno\u00eet Ochs - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Falsch Aussoe vum Dr. Beno\u00eet Ochs - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"&nbsp; Virum Appellsprozess vum Dr. Ochs huet hien a senger Ried an am RTL-Interview Behaaptungen zu Impfdoudesf\u00e4ll an den \u00cbmgang...\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-02-01T17:00:03+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2022-06-28T14:47:12+00:00\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"7 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Falsch Aussoe vum Dr. Beno\u00eet Ochs\",\"datePublished\":\"2022-02-01T17:00:03+00:00\",\"dateModified\":\"2022-06-28T14:47:12+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/\"},\"wordCount\":1494,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"\",\"articleSection\":[\"COVID-19\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/\",\"name\":\"Falsch Aussoe vum Dr. Beno\u00eet Ochs - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"\",\"datePublished\":\"2022-02-01T17:00:03+00:00\",\"dateModified\":\"2022-06-28T14:47:12+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/#primaryimage\",\"url\":\"\",\"contentUrl\":\"\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Falsch Aussoe vum Dr. Beno\u00eet Ochs\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Falsch Aussoe vum Dr. Beno\u00eet Ochs - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Falsch Aussoe vum Dr. Beno\u00eet Ochs - EDMO Belux","og_description":"&nbsp; Virum Appellsprozess vum Dr. Ochs huet hien a senger Ried an am RTL-Interview Behaaptungen zu Impfdoudesf\u00e4ll an den \u00cbmgang...","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-02-01T17:00:03+00:00","article_modified_time":"2022-06-28T14:47:12+00:00","author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"7 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Falsch Aussoe vum Dr. Beno\u00eet Ochs","datePublished":"2022-02-01T17:00:03+00:00","dateModified":"2022-06-28T14:47:12+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/"},"wordCount":1494,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"","articleSection":["COVID-19"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/","name":"Falsch Aussoe vum Dr. Beno\u00eet Ochs - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"","datePublished":"2022-02-01T17:00:03+00:00","dateModified":"2022-06-28T14:47:12+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/#primaryimage","url":"","contentUrl":""},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/falsch-aussoe-vum-dr-benoit-ochs\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Falsch Aussoe vum Dr. Beno\u00eet Ochs"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/12898","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=12898"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/12898\/revisions"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=12898"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=12898"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=12898"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}