{"id":148804,"date":"2022-09-30T07:00:48","date_gmt":"2022-09-30T07:00:48","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=148804"},"modified":"2022-10-06T12:46:37","modified_gmt":"2022-10-06T12:46:37","slug":"faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Goufen d\u00e9i nei Anti-Covid-Vaccinen &#8220;net u M\u00ebnsche getest&#8221;?"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Nodeems d\u00e9i amerikanesch an d\u00e9i europ\u00e4esch Gesondheetsagencen d\u00e9i \u00e9ischt Anti-Covid-Vaccine g\u00e9int d&#8217;Omikron-Variant zougelooss hunn, sinn am Internet Behaaptungen am \u00cbmlaf, dass d\u00e9i nei Impfstoffer &#8220;net u M\u00ebnsche getest goufen&#8221;, mee &#8220;just u Mais&#8221;. Wat et domat op sech huet, huet d&#8217;AFP recherch\u00e9iert.<\/p>\n<p>Impfstoffer, d\u00e9i op d&#8217;Omikron-Variant ofgest\u00ebmmt sinn, d\u00e9i net a klineschen Et\u00fcden um M\u00ebnsch getest ginn, \u00e9ier se vun de Gesondheetsagencen zougelooss goufen? Dat behaapte viral Publikatiounen an de sozialen Netzwierker z\u00ebnter Ufank September.<\/p>\n<p>&#8220;Et goufe keng Et\u00fcden um M\u00ebnsch gemaach, \u00e9ier d\u00e9i nei &#8220;aktualis\u00e9iert Boosteren&#8221; zougelooss goufen (&#8230;) Dat ass op en Neits erstaunlech a liichts\u00ebnneg&#8221;, heescht et an enger Meldung, d\u00e9i bal 40.000 Mol op engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/99ZC-XAHU?view-mode=server-side\">Telegram-Kanal<\/a> gesi gouf an e <a href=\"https:\/\/perma.cc\/S2TY-DEUZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Communiqu\u00e9<\/a> vum &#8220;World Council of Health&#8221; als Quell zit\u00e9iert.<\/p>\n<p>De leschtgenannten ass eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/W785-SL87\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Grupp<\/a>, d\u00e9i 2021 gegr\u00ebnnt gouf, d&#8217;S\u00e9cherheet vun Impfstoffer a Fro stellt an &#8220;alternativ&#8221; Traitementer g\u00e9int Covid-19 \u00ebnnerst\u00ebtzt, deenen hir Effikassit\u00e9it net w\u00ebssenschaftlech nogewisen ass. D&#8217;AFP huet d\u00ebs Behaaptunge schonn iwwerpr\u00e9ift an e <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.32EZ82K\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Faktencheck op Englesch<\/a> publiz\u00e9iert.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/22c1dcfdaf845b3fe819d4597cc10d97.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&amp;#039;\u00e9cran de la cha\u00eene Telegram &#8220;Le Grand R\u00e9veil&#8221;, prise le 23\/09\/2022<\/p>\n<p>\u00c4nlech Behaaptunge maachen och op <a href=\"https:\/\/archive.ph\/P7RFG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Englesch<\/a> d&#8217;Ronn, w\u00e9i d\u00e9i \u00e9ischt Covid-19-Impfstoffer fir d&#8217;Omikron-Variant weltw\u00e4it zougelooss goufen.<\/p>\n<p>Se sinn awer ierf\u00e9ierend: D&#8217;Impfstoffer fir d\u00e9i \u00e9ischt Omikron-Variant, d\u00e9i am September 2022 a Frankr\u00e4ich recommand\u00e9iert goufen, goufen a klineschen Et\u00fcden u M\u00ebnsche getest.<\/p>\n<p>E Vaccin g\u00e9int zwou weider Omikron-\u00cbnnervarianten, dee vu Pfizer\/BioNTech propos\u00e9iert g\u00ebtt, gouf just an enger preklinescher Et\u00fcd un Naged\u00e9iere getest. De leschtgenannten Impfstoff \u00e4nelt awer duerchaus deene virdrun, sou dass d&#8217;Effikassit\u00e9it, d\u00e9i sech erwaart g\u00ebtt, an d&#8217;S\u00e9cherheet vun d\u00ebsem Vaccin vun de Gesondheetsagencen als gen\u00fcgend ugesi gouf. D\u00ebst Verfaren ass net nei: Et g\u00ebtt och fir Vaccine g\u00e9int d&#8217;Gripp benotzt, wou de Virus s\u00e9ier mut\u00e9iert a vu Joer zu Joer staark vari\u00e9ierend St\u00e4ck opweist.<\/p>\n<p>Wat fir Impfstoffer si fir Omikron g\u00ebeegent?<\/p>\n<p>W\u00e9i an d\u00ebsem <a href=\"https:\/\/archive.ph\/sGzCf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP-Artikel<\/a> iwwer nei Impfstoffer beschriwwen ass, mut\u00e9iert de Virus, de SARS-CoV-2, deen d&#8217;Covid-19-Krankheet ausl\u00e9ist, an dat ass ganz normal. Dat ass en natierleche Mechanismus: Vire multipliz\u00e9iere sech an et kann zu zouf\u00e4llege geneetesche Ver\u00e4nnerunge kommen, jee nodeem, w\u00e9i sech hir DNA replik\u00e9iert. Generell hunn d\u00ebs Mutatiounen dozou gef\u00e9iert, dass SARS-CoV-2 m\u00e9i liicht iwwerdrobar ass.<\/p>\n<p>D\u00e9i \u00e9ischt Impfstoffer goufen aus dem urspr\u00e9ngleche Stack vu Wuhan entw\u00e9ckelt. Zanterhier si bemierkensw\u00e4ert Variante w\u00e9i Delta oder Omikron entstanen. D\u00e9i lescht stellt aktuell eng Famill vu Varianten duer, vun deenen den Ament eng Partie \u00cbnnervarianten zirkul\u00e9ieren, w\u00e9i BA.1, BA.4 oder BA.5.<\/p>\n<p>Omikron a seng \u00cbnnervarianten ware w\u00e4rend dem gesamte Joer 2022 dominant an hunn d\u00e9i fr\u00e9ier Variante s\u00e9ier verdr\u00e4ngt. Haut domin\u00e9iert an Europa an an den USA virun allem d&#8217;Omikron-\u00cbnnervariant BA.5.<\/p>\n<p>A Frankr\u00e4ich huet d\u00ebs \u00cbnnervariant vun Omikron (d\u00e9i eenzeg Variant, d\u00e9i zu d\u00ebsem Z\u00e4itpunkt a Frankr\u00e4ich zirkul\u00e9iert ass) an der Woch vum 5. September 93% ausgemaach, w\u00e9i um <a href=\"https:\/\/archive.ph\/UnszT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internetsite vu Sant\u00e9 Publique France<\/a> ze fannen ass.<\/p>\n<p>Fir besser op d\u00ebs Mutatioune reag\u00e9ieren ze k\u00ebnnen, hunn d&#8217;Pharmaentreprisen hir Impfstoffer ugepasst. D\u00ebst Virgoen ass net nei: Bei der Vaccinatioun g\u00e9int d&#8217;Gripp ginn zum Beispill v\u00e9ierw\u00e4erteg Impfstoffer &#8211; d\u00e9i aus Komponente vun zwee Influenza-A-St\u00e4ck an zwee Influenza-B-Viren entw\u00e9ckelt goufen &#8211; agesat.<\/p>\n<p>Am Fall vu Covid gi sougenannt bivalent Vaccine mat deem selwechten Zil entw\u00e9ckelt: den Immunsystem dozou br\u00e9ngen, eng Rei vun Ugr\u00e4ifer z&#8217;erkennen. D&#8217;Laboratoir\u00eb vu Pfizer\/BioNTech a Moderna hu mat der Entw\u00e9cklung vu Vaccine fir Opfr\u00ebschungsimpfungen ugefaangen, d\u00e9i souwuel d&#8217;Buet-RNA (mRNA) vum urspr\u00e9ngleche CoV-2-Virus w\u00e9i och d&#8217;mRNA enthalen, d\u00e9i fir d&#8217;Omikron-Variant an eng Rei vun hiren \u00cbnnervariante spezifesch ass.<\/p>\n<p>A Frankr\u00e4ich huet d&#8217;Haute Autorit\u00e9 de Sant\u00e9 (HAS) den 20. September <a href=\"https:\/\/archive.ph\/DNAJk\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gr\u00e9ng Luucht fir dr\u00e4i Vaccine<\/a> ginn, d\u00e9i fir Omikron g\u00ebeegent sinn. Zwee Impfstoffer, ee vu Moderna an ee vu Pfizer\/BioNTech g\u00e9int den initiale Virus-Stack an d&#8217;Variant BA.1 vun Omikron, souw\u00e9i en Impfstoff vu Pfizer\/BioNTech g\u00e9int den urspr\u00e9ngleche Virus-Stack an d&#8217;\u00cbnnervariante BA.4 a BA.5 vun Omikron.<\/p>\n<p>&#8220;Bei bivalente mRNA-Impfstoffer handelt et sech net \u00ebm nei Impfstoffer, mee \u00ebm Impfstoffer, d\u00e9i op zirkul\u00e9ierend St\u00e4ck zougeschnidde sinn, \u00e4nlech w\u00e9i bei de saisonalen Impfstoffer g\u00e9int d&#8217;Gripp, d\u00e9i all Joer d\u00e9i Vire consider\u00e9iert, d\u00e9i de Recommandatioune vun der WHO no am meeschten am Wanter zirkul\u00e9iere w\u00e4erten&#8221;, heescht et am Avis vun der HAS.<\/p>\n<p>D&#8217;Vaccine fir d&#8217;\u00cbnnervariant BA.1 gouf ausf\u00e9ierlech um M\u00ebnsch getest<\/p>\n<p>D\u00e9i \u00e9ischt Vaccinen, d\u00e9i un d&#8217;Omikron-\u00cbnnervariant BA.1 ugepasst goufen, goufe schonn um M\u00ebnsch getest, w\u00e9i d\u00e9i <a href=\"https:\/\/archive.ph\/ERHo5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">US-amerikanesch<\/a> an <a href=\"https:\/\/archive.ph\/YnxxU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">europ\u00e4esch<\/a> Medikamentenagenc\u00eb w\u00e9i och d\u00e9i <a href=\"https:\/\/archive.ph\/KurRr\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">frans\u00e9isch HAS<\/a> an hire jeeweilegen Avise vermierkt hunn.<\/p>\n<p>Betreffend den Impfstoff vu Pfizer\/BioNTech (Corminaty Original\/Omicron BA.1) huet d\u00e9i Europ\u00e4esch Medikamentenagence (EMA) den 1. September festgehalen, dass hir Recommandatioun op &#8220;zwou Et\u00fcden&#8221; bas\u00e9iere g\u00e9if, an deenen d&#8217;Antikierper bei Persoune gemooss a verglach goufen, d\u00e9i den Original-Impfstoff an den adapt\u00e9ierte Vaccin gespr\u00ebtzt kruten.<\/p>\n<p>D\u00e9i \u00e9ischt Et\u00fcd, d\u00e9i un &#8220;Erwuessenen am Alter vu 55 Joer a m\u00e9i al, d\u00e9i virdrun dr\u00e4i Dosisse Comirnaty gespr\u00ebtzt kruten&#8221; duerchgef\u00e9iert gouf, huet &#8220;m\u00e9i w\u00e9i 1.800 Persounen&#8221; \u00ebmfaasst, &#8220;vun deenen 300 de Corminaty Original\/Omicron BA.1&#8221;, de bivalente Vaccin, kruten. Am Avis vun der EMA heescht et, &#8220;dass d&#8217;Reaktioun vum Immunsystem op d&#8217;Omikron-\u00cbnnervariant BA.1 no enger zweeter Dosis Comirnaty Original\/Omicron BA.1 m\u00e9i h\u00e9ich war w\u00e9i no enger Dosis vum initiale Corminaty-Vaccin (bas\u00e9ierend op de Miessunge vun Antikierper g\u00e9int d&#8217;Omikron-\u00cbnnervariant BA.1).&#8221;<\/p>\n<p>D\u00e9i zweet Et\u00fcd, un d\u00e4r m\u00e9i w\u00e9i 600 Persounen t\u00ebscht 18 a 55 Joer deelgeholl hunn, huet och gewisen, dass &#8220;d&#8217;Reaktioun vum Immunsystem op d&#8217;Omikron-\u00cbnnervariant BA.1 bei Persounen, d\u00e9i eng Opfr\u00ebschungsimpfung mat engem Impfstoff kruten, dee just Antikierper op Omikron BA.1 enth\u00e4lt, m\u00e9i h\u00e9ich war, w\u00e9i bei Persounen, d\u00e9i e Booster mam urspr\u00e9ngleche Comirnaty-Impfstoff kruten.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/711451eb707813cc076cb093f0b89f64.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Une soignante pr\u00e9pare une injection avec une dose de vaccin contre le Covid-19 de Pfizer et BioNTech, Comirnaty, \u00e0 Lyon, le 27 novembre 2021 ( AFP \/ JEFF PACHOUD)<\/p>\n<p>Am Bezuch op de Vaccin vu Moderna (Spikevax bivalent Original\/Omicron BA.1) huet d&#8217;Recommandatioun vun der EMA op &#8220;Donn\u00e9e\u00ebn aus enger Et\u00fcd mat m\u00e9i w\u00e9i 800 Erwuessenen vun 18 Joer un&#8221; bas\u00e9iert.<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Konklusioune vun der Et\u00fcd hu gewisen, dass eng Opfr\u00ebschungsimpfung mat bivalentem Spikevax Original\/Omicron BA.1. eng m\u00e9i staark Reaktioun vum Immunsystem g\u00e9int SARS-CoV-2 an d&#8217;\u00cbnnervariant Omikron BA.1 ervirgeruff huet, w\u00e9i eng Opfr\u00ebschung mam initiale Spikevax&#8221;, heescht et am Avis vun der EMA.<\/p>\n<p>&#8220;Wat getest gouf, war d&#8217;Immunogenit\u00e9it [d&#8217;F\u00e4egkeet, eng Reaktioun vum Immunsystem auszel\u00e9isen, Um. v. d. Red.] vun d\u00ebsen Impfstoffer. D&#8217;M\u00ebschung mat Omikron l\u00e9ist eng liicht m\u00e9i h\u00e9ich Zuel un Antikierper aus, \u00ebm de Faktor zwee, wat net ganz vill ass, mee am Laf vun der Z\u00e4it zu engem bessere Schutz f\u00e9iert&#8221;, huet den <a href=\"https:\/\/archive.ph\/0SNc9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Olivier Schwartz<\/a>, Direkter vun der Unit\u00e9it Virus an Immunit\u00e9it um Institut Pasteur, den 23. September der AFP erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>B\u00e9id Impfstoffer goufen no engem positiven Avis <a href=\"https:\/\/archive.ph\/4ciJ5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">den 1. September an der Europ\u00e4escher Unioun zougelooss<\/a>. &#8220;Klinesch Et\u00fcden hu gewisen, dass nei Impfstoffer, d\u00e9i [op d&#8217;Omikron-\u00cbnnervariant BA.1] ugepasst sinn, eng gr\u00e9isser Quantit\u00e9it un Antikierper entw\u00e9ckele k\u00ebnnen, d\u00e9i d&#8217;Omikron BA.1-Variant neutralis\u00e9iere k\u00ebnnen, w\u00e9i d\u00e9i aktuell Impfstoffer, d\u00e9i op dem urspr\u00e9ngleche Stack bas\u00e9ieren&#8221;, resum\u00e9iert d&#8217;EMA an engem <a href=\"https:\/\/archive.ph\/uBF6J\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Communiqu\u00e9 vum 8. September<\/a>.<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Niewewierkungen, d\u00e9i bei d\u00ebsen ugepassten Impfstoffer observ\u00e9iert goufen, ware mat deene vun den Original-Impfstoffer vergl\u00e4ichbar a waren an der Reegel liicht oder vu kuerzer Dauer&#8221;, sou d&#8217;EMA weider.<\/p>\n<p>Schonn de 15. August hat d\u00e9i brittesch Regulatiounsautorit\u00e9it de Moderna-Impfstoff, deen un Omikron ugepasst ass, <a href=\"https:\/\/archive.ph\/UZ0PO\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">zougelooss<\/a>.<\/p>\n<p>Den 31. August <a href=\"https:\/\/archive.ph\/ERHo5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">huet d\u00e9i amerikanesch Medikamentenagence FDA ugek\u00ebnnegt<\/a>, d&#8217;Vaccine vu Pfizer\/BioNTech a Moderna op Basis vu &#8220;klineschen Et\u00fcden&#8221; zouzeloossen, w\u00e9i och en dr\u00ebtten Impfstoff g\u00e9int d&#8217;\u00cbnnervarianten BA.4 a BA.5, d\u00e9i am September 2022 an den USA an an Europa majorit\u00e4r waren.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/1a4032127589715dba5619e624abeb9b.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> This photograph taken in Merignac on the outskirts of Bordeaux, southwestern France, on December 9, 2021 shows vials of the Moderna Covid-19 vaccine, on the first day of the re-opening of a Covid-19 vaccination centre. ( AFP \/ PHILIPPE LOPEZ)<\/p>\n<p>\u00c4nlech Zesummesetzung fir en Impfstoff g\u00e9int d&#8217;\u00cbnnervariante BA.4 a BA.5 g\u00ebtt nach getest<\/p>\n<p>D\u00ebsen dr\u00ebtte Vaccin gouf och den 12. September vun der Europ\u00e4escher Medikamentenagence zougelooss. Eng Woch m\u00e9i sp\u00e9it huet d&#8217;<a href=\"https:\/\/archive.ph\/KurRr\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">HAS dat och a Frankr\u00e4ich recommand\u00e9iert<\/a>, woub\u00e4i sech d\u00e9i zwee \u00e9ischt op d&#8217;\u00cbnnervariant BA.1 bez\u00e9ien.<\/p>\n<p>D\u00e9i klinesch Et\u00fcd fir den dr\u00ebtten Impfstoff ze testen, dee sech un \u00cbnnervarianten upasst, d\u00e9i m\u00e9i sp\u00e9it opgetruede sinn, sinn nach am Gaangen. Dohier st\u00e4ipt sech den Avis vun der HAS &#8220;am Wesentlechen op eng preklinesch Et\u00fcd u Mais an zwou klinesch Et\u00fcden&#8221;, an deenen den Impfstoff, dee fir d&#8217;\u00cbnnervariant BA.1 ugepasst gouf, ber\u00e9cksiichtegt gouf.<\/p>\n<p>&#8220;D\u00ebs Evaluatiounsprozedur, d\u00e9i sech op manner Donn\u00e9e\u00eb st\u00e4ipt w\u00e9i bei der \u00e9ischter Bew\u00e4ertung, erm\u00e9iglecht dat s\u00e9iert Bereetstelle vu Vaccinen, d\u00e9i fir d\u00e9i epidemiologesch Situatioun an den zirkul\u00e9ierende Stack am beschte g\u00ebeegent sinn. Dat ass zum engen op den eminente R\u00e9ckgank (a Saachen Effikassit\u00e9it a Verdr\u00e9iglechkeet) bei mRNA-Impfstoffer zanter dem Ufank vun der sanit\u00e4rer Kris an zum aneren op d&#8217;Erfarungen an der Vaccinologie mat g\u00ebeegenten Impfstoffer fir nei zirkul\u00e9ierend St\u00e4ck zer\u00e9ckzef\u00e9ieren (zum Beispill bei der saisonaler Gripp an Donn\u00e9e\u00ebn), d\u00e9i mat dem bivalenten BA.1-Impfstoff am Verglach zum Original-Impfstoff gewonne goufen&#8221;, erkl\u00e4ert d&#8217;HAS.<\/p>\n<p>An hirer Recommandatioun huet d&#8217;EMA donieft d&#8217;Usiicht vertrueden, dass &#8216;Corminaty Origina\/Omicron BA.4-5&#8217; a &#8216;Corminaty Original\/Omicron BA.1&#8217;, ofgesinn vun der Tatsaach, dass se liicht \u00ebnnerschiddlech, awer trotzdeem ganz \u00e4nlech mRNA-Sequenze vun \u00cbnnervariante vun Omikron enthalen, d\u00e9i selwecht Zesummesetzung opweisen.&#8221;<\/p>\n<p>Dat huet de Marco Cavaleri, de Responsabele vun der Impfstrategie bei der EMA, den 20. September bei engem Virtrag iwwer Covid-19 erkl\u00e4ert. &#8220;Et ass wichteg ze verstoen, dass klinesch Donn\u00e9e\u00ebn iwwer e g\u00ebeegenten Impfstoff [fir eng \u00cbnnervariant, Um. v. d. Red.] d&#8217;Beuerteelung vun anere g\u00ebeegente Vaccine [fir eng aner \u00cbnnervariant, Um. v. d. Red.] \u00ebnnerst\u00ebtzen, besonnesch wann d&#8217;\u00cbnnerscheeder an der Zesummesetzung sou kleng sinn, w\u00e9i t\u00ebscht &#8216;Corminaty bivalent Original\/Omicron BA.1&#8217; a &#8216;Corminaty bivalent Original\/Omicron BA.4-5&#8217;, d\u00e9i am weesentlechen d\u00e9i selwecht Zesummesetzung hunn. Se \u00ebnnerscheede sech doduerch, dass se mRNA-Sequenze vun Omikron-\u00cbnnervarianten enthalen, d\u00e9i sech liicht vuneneen \u00ebnnerscheeden, awer ganz \u00e4nlech sinn, just mat engem \u00cbnnerscheed an der Cod\u00e9ierung vun e puer Aminosaieren&#8221;, huet hien erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Resultater vun engem Impfstoff op en aneren ze iwwerdroen, ass e w\u00ebssenschaftlech fund\u00e9ierten an dokument\u00e9ieren Usaz, dee sech op immunologesche Konzepter bas\u00e9iert, d\u00e9i largement akzept\u00e9iert sinn&#8221;, huet hie b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt an dob\u00e4i \u00ebnnerstrach, dass de Fonctionnement &#8220;\u00e4nlech&#8221; ass, w\u00e9i bei deem fir Vaccine g\u00e9int d&#8217;Gripp an, dass sech den Avis vun der EMA iwwer de Vaccin &#8220;op Erfarunge bas\u00e9iert, d\u00e9i bei der Af\u00e9ierung vun den Original-Impfstoffer g\u00e9int Covid-19 gewonne goufen, vun deene weltw\u00e4it Milliarde vun Dosisse gespr\u00ebtzt goufen.&#8221;<\/p>\n<p>Och den <a href=\"https:\/\/archive.ph\/ERHo5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Avis vun der FDA<\/a> an den USA koum Enn August zu der selwechter Konklusioun. &#8220;Wat mir hei maachen, ass dat, wat mir all Joer fir de Vaccin g\u00e9int d&#8217;Gripp maachen&#8221;, sot de Peter Marks, den Direkter vum Zenter fir biologesch Bew\u00e4ertung a Fuerschung vun der FDA.<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Hoffnung&#8221; bei d\u00ebsem Vaccin besteet doran, nees en \u00e4nlechen Immunit\u00e9itsniveau &#8220;hierzestellen&#8221;, w\u00e9i d&#8217;Impfstoffer zum Z\u00e4itpunkt vun hirer Af\u00e9ierung haten, an e &#8220;l\u00e4ngere Schutz&#8221; ze garant\u00e9ieren, sou dass d&#8217;Opfr\u00ebschungen net ze dacks widderholl musse ginn, huet de Peter Marks gemengt.<\/p>\n<p>An enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/U7DA-LYCB?view-mode=server-side\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Presentatioun am Juni 2022<\/a> huet d&#8217;FDA \u00e9ischt Donn\u00e9e\u00eb virgestallt, d\u00e9i op Et\u00fcde bas\u00e9ieren, d\u00e9i d&#8217;Immunogenit\u00e9it bei dr\u00e4i Gruppe vun aacht Mais verglach hunn, d\u00e9i just den Originalimpfstoff oder a Kombinatioun mat Omikron-Versioune gespr\u00ebtzt kruten. D\u00ebs \u00e9ischt Donn\u00e9e\u00eb hunn eng verbessert Reaktioun vum Immunsystem bei Mais gewisen, d\u00e9i eng Kombinatioun vun Impfstoffer gespr\u00ebtzt kruten. Et sch\u00e9ngt, w\u00e9i wann d&#8217;Zuel vun &#8220;aacht Mais&#8221;, d\u00e9i an de sozialen Netzwierker zirkul\u00e9iert, aus d\u00ebser Et\u00fcd staamt.<\/p>\n<p>Op d&#8217;Fro zu d\u00ebse Vaccinen, bei deenen d\u00e9i klinesch Tester nach net ofgeschloss sinn, huet d&#8217;Emmanuelle Blanc, medezinesch Direktesch vum Ber\u00e4ich Impfstoffer bei Pfizer, den 22. September an engem Gespr\u00e9ich mat der Press vers\u00e9chert, dass &#8220;bei Tester u M\u00ebnschen net bei Null ugesat w\u00e4ert ginn&#8221;, well d&#8217;Entreprise zanter dem Ufank vun der Pandemie eng Rei bivalent Impfstoffer entw\u00e9ckelt huet.<\/p>\n<p>&#8220;Mir hunn e Bivalent fir Alpha an Delta entw\u00e9ckelt, w\u00e9i d&#8217;Delta-Well duerchgezunn ass, awer mir hunn \u00ebmmer nach d&#8217;S\u00e9cherheetsdonn\u00e9e\u00ebn. D\u00ebs bivalent Impfstoffer, ob Alpha\/Delta, Original\/Delta, Original\/BA.1, Original\/BA.4-5, hunn alleguer d\u00e9i selwecht Quantit\u00e9it u Buet-RNA. Et ass just d&#8217;Spike-Sequenz, d\u00e9i vari\u00e9iert. Et ass d\u00e9i selwecht Struktur, d\u00e9i selwecht Nano-Lipid-Partikelen, d\u00e9i den Impfstoff \u00ebmginn, et ass d\u00e9i selwecht Formule. Mir hunn all d\u00e9i klinesch S\u00e9cherheets- a Verd\u00e9iglechkeetsdonn\u00e9e\u00ebn, d\u00e9i de Regulatiounsautorit\u00e9ite virgeluecht goufen. D&#8217;Et\u00fcd ass nach am Gaang, awer mir w\u00ebssen, dass d\u00e9i verschidde Versioune vun eisem Impfstoff matenee verglach k\u00ebnne ginn an, dass alleguer d&#8217;S\u00e9cherheetsdonn\u00e9e\u00eb ganz koherent a ganz konstant mat all d\u00ebse &#8216;Versioune&#8217; vun eisem Vaccin sinn&#8221;, huet si b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt.<\/p>\n<p>Fir d&#8217;HAS, d\u00e9i den 21. September vun der AFP kontakt\u00e9iert gouf, ass et dohier &#8220;einfach&#8221; ze behaapten, dass den Impfstoff, deen un d&#8217;Omikron-Variant adapt\u00e9iert gouf, &#8220;just u Mais&#8221; getest gi w\u00e4r.<\/p>\n<p>E Verfaren, dat scho fir d&#8217;Vaccine g\u00e9int d&#8217;Gripp genotzt g\u00ebtt<\/p>\n<p>Den Entw\u00e9cklungsprozess vun d\u00ebse Vaccine w\u00e4r net komplett nei, well se \u00e4nlech w\u00e9i Impfstoffer g\u00e9int d&#8217;Gripp entw\u00e9ckelt gi w\u00e4ren, huet en Epidemiolog, e Virolog an eng Immunologin, d\u00e9i vun der AFP befrot goufen, betount.<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Entw\u00e9cklung vun d\u00ebsen neie bivalente Covid-Impfstoffer ass nom g\u00e4ngege Modell vun de saisonale Vaccine g\u00e9int d&#8217;Gripp verlaf. D&#8217;Zesummesetzung vun de Vaccine g\u00e9int d&#8217;Gripp vari\u00e9iert vu Joer zu Joer an d&#8217;Produzenten hu weder d&#8217;Z\u00e4it, nach d\u00e9i materiell M\u00e9iglechkeeten, d&#8217;Wierksamkeet duerch klinesch Versich beurteelen ze loossen, well d&#8217;Gripp saisonal ass a just eng Well pro kal Joresz\u00e4it optr\u00ebtt&#8221;, huet den Direkter vum Institut fir weltw\u00e4it Gesondheet op der Universit\u00e9it Genf a Spezialist fir \u00ebffentlech Gesondheet an an der Epidemiologie, den <a href=\"https:\/\/archive.ph\/Vbta2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Antoine Flahault<\/a>, der AFP erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>&#8220;Bei de Covid-Impfstoffer ass d&#8217;Situatioun anescht, well d&#8217;Hiersteller virun der Zouloossung klinesch Tester fir d&#8217;Evaluatioun vun der Effikassit\u00e9it duerchf\u00e9iere konnten. Awer dat h\u00e4tt natierlech d&#8217;Areeche vun den \u00cbnnerlage bei de Gesondheetsagenc\u00eb no hanne ger\u00e9ckelt an d&#8217;Impfstoffer w\u00e4ren net am Hierscht f\u00e4erdeg gewiescht. D&#8217;Hiersteller hunn direkt mat den Autorit\u00e9ite verhandelt, fir e Registr\u00e9ierungsstatut ze kr\u00e9ien, deen deem vu Vaccine g\u00e9int d&#8217;Gripp \u00e4nelt&#8221;, huet hie b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt.<\/p>\n<p>D&#8217;Immunologin an Direktesch fir Fuerschung vum Necker-Institut fir Kannerkrankheeten, d&#8217;<a href=\"https:\/\/archive.ph\/ImNYm\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Claude-Agn\u00e8s Reynaud<\/a>, komplett\u00e9iert d\u00ebs Ausso: &#8220;Mir hunn eng nei Situatioun, dat ass kloer. Awer dat ass e komplett logesche Fonctionnement, deen et erm\u00e9iglecht Z\u00e4it ze gewannen an d&#8217;Zil vun mRNA-Vaccinen ass et, sech u Variante vum Virus unzepassen. Wa mir eng klinesch Et\u00fcd g\u00e9ife maachen, h\u00e4tte mir d&#8217;Resultat a sechs M\u00e9int. Bis dohi g\u00ebtt et vl\u00e4icht eng aner Variant.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;Den \u00e9ischten Impfstoff g\u00e9int BA.1 gouf um M\u00ebnsch getest. Duerno geet een enger logescher Upassung vun der Variant no, bei d\u00e4r ee BA.1 duerch eppes aneres ersetze kann, wat ganz \u00e4nlech ass, zum Beispill BA.4 oder BA.5. Et si kleng Sequenze vum Spike-Protein, d\u00e9i t\u00ebscht de Variante wiesselen&#8221;, erkl\u00e4ert d&#8217;Reynaud weider.<\/p>\n<p>&#8220;Menger Meenung no g\u00ebtt et kee Grond zur Suerg, et ass d\u00e9i selwecht Zesummesetzung, mat der Ausnam vun engem klengen Deel vun mRNA, deen der BA.1-Variant entspr\u00e9cht&#8221;, faasst och den Olivier Schwartz vum Institut Pasteur zesummen.<\/p>\n<p>W\u00e9i den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/RG4B-N3F5?view-mode=server-side\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Impfstoff an den USA zougelooss<\/a> gouf, hunn eng Rei Experten awer d&#8217;Fro opgeworf, a w\u00e9i enger Hisiicht d\u00e9i adapt\u00e9iert Vaccinen d&#8217;Effikassit\u00e9it verbessere k\u00e9inten, well se just a klineschen Et\u00fcde gemooss k\u00e9inte ginn.<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Agencen h\u00e4tte klinesch Et\u00fcde verlaange k\u00ebnnen, awer se hunn et virgezunn, s\u00e9ier ze reag\u00e9ieren an eng riskant Wett anzegoen a mam \u00ebffentleche Vertrauen ze spillen, wa sech erausstelle sollt, dass d\u00ebs Impfstoffer manner effikass si w\u00e9i d\u00e9i monovalent, wat onwarscheinlech ass, awer bis elo net iwwerpr\u00e9ift gouf&#8221;, huet den Antoine Flahault den 23. September g\u00e9intiwwer der AFP \u00ebnnerstrach.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/f428c3965d41c250e880ffc136d708a6.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Un formulaire pr\u00e9-vaccination contre la grippe saisonni\u00e8re dans une pharmacie \u00e0 Paris, le 13 octobre 2020 ( AFP \/ Ludovic MARIN)<\/p>\n<p>D&#8217;Wichtegkeet vu Pharmacovigilance-Donn\u00e9e\u00ebn<\/p>\n<p>An hire Recommandatioune weisen d&#8217;Medikamentenagenc\u00eb vun der EU an den USA souw\u00e9i d&#8217;HAS dorop hin, dass hir Avisen am Fall, wou nei Donn\u00e9e\u00eb virl\u00e9ichen, aktualis\u00e9iert w\u00e4erte ginn.<\/p>\n<p>Alleguer d&#8217;Spezialisten, d\u00e9i vun der AFP kontakt\u00e9iert goufen, hunn och d&#8217;Bedeitung vun der Pharmacovigilance \u00ebnnerstrach, d\u00e9i et erm\u00e9iglecht, Donn\u00e9e\u00ebn iwwer m\u00e9iglech Niewewierkunge vun Impfstoffer ze sammelen. &#8220;D&#8217;Pharmacovigilance ass wichteg, se br\u00e9ngt eis no vir. Haut besch\u00e4ftegt ee sech d\u00e9i ganzen Z\u00e4it mat Observatiounen&#8221;, huet d&#8217;Claude-Agn\u00e8s Reynaud bemierkt.<\/p>\n<p>De Marco Cavaleri vun der EMA huet a sengem Artikel vum 20. September dorop higewisen, dass &#8220;et wichteg w\u00e4ert sinn, Donn\u00e9e\u00ebn iwwer d&#8217;Leeschtungsf\u00e4egkeet vun neien Impfstoffer am reelle Liewen ze sammelen, fir ze verstoen, w\u00e9i w\u00e4it a w\u00e9i laang se M\u00ebnsche virun Infektiounen a schw\u00e9iere Krankheeten am Hierscht a Wanter sch\u00fctzen.&#8221;<\/p>\n<p>Z\u00ebnter dem Ufank vun der Covid-19-Pandemie si vill ierf\u00e9ierend oder gef\u00e4lscht Publikatiounen iwwer Impfstoffer am \u00cbmlaf. D&#8217;AFP huet, Stand vum 23. September, <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/le-coronavirus-les-verifications-faites-par-lafp\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">m\u00e9i w\u00e9i 790 Faktenchecken a frans\u00e9ischer Sprooch<\/a> am Zesummenhang mat Covid-19 realis\u00e9iert.<\/p>\n<\/div>\n<p><em>D\u00ebsen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&nbsp; Nodeems d\u00e9i amerikanesch an d\u00e9i europ\u00e4esch Gesondheetsagencen d\u00e9i \u00e9ischt Anti-Covid-Vaccine g\u00e9int d&#8217;Omikron-Variant zougelooss hunn, sinn am Internet Behaaptungen am&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":148799,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[184,190,192],"tags":[],"class_list":{"0":"post-148804","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-covid-19-lb","8":"category-gesondheet","9":"category-wessenschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"1971405","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"http:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/1971405.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Goufen d\u00e9i nei Anti-Covid-Vaccinen &quot;net u M\u00ebnsche getest&quot;? - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Goufen d\u00e9i nei Anti-Covid-Vaccinen &quot;net u M\u00ebnsche getest&quot;? - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"&nbsp; Nodeems d\u00e9i amerikanesch an d\u00e9i europ\u00e4esch Gesondheetsagencen d\u00e9i \u00e9ischt Anti-Covid-Vaccine g\u00e9int d&#8217;Omikron-Variant zougelooss hunn, sinn am Internet Behaaptungen am...\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-09-30T07:00:48+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2022-10-06T12:46:37+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/cca50ac2ff1b898a34b3cef078fecc1b.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"620\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"348\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"16 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Goufen d\u00e9i nei Anti-Covid-Vaccinen &#8220;net u M\u00ebnsche getest&#8221;?\",\"datePublished\":\"2022-09-30T07:00:48+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-06T12:46:37+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/\"},\"wordCount\":3274,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/cca50ac2ff1b898a34b3cef078fecc1b.jpeg\",\"articleSection\":[\"COVID-19\",\"Gesondheet\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/\",\"name\":\"Faktencheck: Goufen d\u00e9i nei Anti-Covid-Vaccinen \\\"net u M\u00ebnsche getest\\\"? - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/cca50ac2ff1b898a34b3cef078fecc1b.jpeg\",\"datePublished\":\"2022-09-30T07:00:48+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-06T12:46:37+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/cca50ac2ff1b898a34b3cef078fecc1b.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/cca50ac2ff1b898a34b3cef078fecc1b.jpeg\",\"width\":620,\"height\":348,\"caption\":\"Faktencheck: Goufen d\u00e9i nei Anti-Covid-Vaccinen \\\"net u M\u00ebnsche getest\\\"? - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Goufen d\u00e9i nei Anti-Covid-Vaccinen &#8220;net u M\u00ebnsche getest&#8221;?\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Goufen d\u00e9i nei Anti-Covid-Vaccinen \"net u M\u00ebnsche getest\"? - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Goufen d\u00e9i nei Anti-Covid-Vaccinen \"net u M\u00ebnsche getest\"? - EDMO Belux","og_description":"&nbsp; Nodeems d\u00e9i amerikanesch an d\u00e9i europ\u00e4esch Gesondheetsagencen d\u00e9i \u00e9ischt Anti-Covid-Vaccine g\u00e9int d&#8217;Omikron-Variant zougelooss hunn, sinn am Internet Behaaptungen am...","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-09-30T07:00:48+00:00","article_modified_time":"2022-10-06T12:46:37+00:00","og_image":[{"width":620,"height":348,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/cca50ac2ff1b898a34b3cef078fecc1b.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"16 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Goufen d\u00e9i nei Anti-Covid-Vaccinen &#8220;net u M\u00ebnsche getest&#8221;?","datePublished":"2022-09-30T07:00:48+00:00","dateModified":"2022-10-06T12:46:37+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/"},"wordCount":3274,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/cca50ac2ff1b898a34b3cef078fecc1b.jpeg","articleSection":["COVID-19","Gesondheet","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/","name":"Faktencheck: Goufen d\u00e9i nei Anti-Covid-Vaccinen \"net u M\u00ebnsche getest\"? - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/cca50ac2ff1b898a34b3cef078fecc1b.jpeg","datePublished":"2022-09-30T07:00:48+00:00","dateModified":"2022-10-06T12:46:37+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/cca50ac2ff1b898a34b3cef078fecc1b.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/09\/cca50ac2ff1b898a34b3cef078fecc1b.jpeg","width":620,"height":348,"caption":"Faktencheck: Goufen d\u00e9i nei Anti-Covid-Vaccinen \"net u M\u00ebnsche getest\"? - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-goufen-di-nei-anti-covid-vaccinen-net-u-mnsche-getest\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Goufen d\u00e9i nei Anti-Covid-Vaccinen &#8220;net u M\u00ebnsche getest&#8221;?"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/148804","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=148804"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/148804\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/148799"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=148804"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=148804"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=148804"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}