{"id":165777,"date":"2022-10-14T07:00:04","date_gmt":"2022-10-14T07:00:04","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=165777"},"modified":"2022-10-14T08:52:40","modified_gmt":"2022-10-14T08:52:40","slug":"faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/","title":{"rendered":"Faktencheck: BBC-Reporter war an enger gef\u00e9ierlecher Situatioun an der Ukrain"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Am M\u00e4erz 2022 huet de BBC-Journalist Jeremy Bowen aus der ukrainescher Stad Irpin bericht, w\u00e4rend M\u00ebnsche vun der Plaz viru russeschem Beschoss fortgelaf sinn. Am Netz heescht et zu engem Screenshot vu sengem Fernseereportage, deen de Bowen um Buedem weist, d&#8217;Situatioun w\u00e4r iwwerdriwwen duergestallt oder souguer eng T\u00e4uschung.<\/p>\n<p>Dausenden hunn de Screenshot vum BBC-Journalist op Facebook\u00a0(<a href=\"https:\/\/perma.cc\/C8LT-2TBC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/TP4C-BLD6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/archive.ph\/0RGTx\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/archive.ph\/LXHFt\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>) gedeelt. Och op <a href=\"https:\/\/archive.ph\/7tUYf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Twitter<\/a> hu sech d&#8217;Behaaptungen zu deem Bild verbreet an iwwer honnertdausend Leit hu se op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3PGQ-YP29\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a> gesinn.<\/p>\n<p><strong>D&#8217;Behaaptung:<\/strong> &#8220;E BBC-Reporter rapport\u00e9iert heldenhaft &#8216;aus dem Sch\u00fctzegruef&#8217;, w\u00e4rend eng schock\u00e9iert Fra aus engem aneren noe &#8216;Gruef&#8217; net versteet, wat grad geschitt&#8221;, heescht et iwwert de Screenshot vum BBC-Journalist op Facebook. A verschiddene B\u00e4itr\u00e4g g\u00ebtt souguer vun enger T\u00e4uschung geschwat. Verschidde User maachen de Geck, d&#8217;Fra k\u00e9im vum Maart, w\u00e4rend de Reporter sech virum Beschoss sch\u00fctze g\u00e9if. Anerer schw\u00e4tze vun enger &#8220;schauspillerescher Leeschtung&#8221;.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/ecf9c72f1bc8d4876ac79fe06f6d80b3.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Facebook-Screenshot der Behauptung: 11.10.2022<\/p>\n<p>D&#8217;B\u00e4itr\u00e4g, d\u00e9i online gedeelt goufen, notzen eng Collage u Screenshots, d\u00e9i de Journalist mat Mikro, Helm a S\u00e9cherheetswest weisen, op d\u00e4r d&#8217;Opschr\u00ebft &#8220;Press&#8221; ze erkennen ass. Hie kuckt a Richtung Kamera, w\u00e4rend hie s\u00e4itlech um Buedem l\u00e4it. Am Hannergrond beobacht eng Fra d&#8217;Situatioun, w\u00e4rend si zwou Tuten an den H\u00e4nn h\u00e4lt.<\/p>\n<p>D&#8217;Biller stamen aus engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/UTM3-F7E6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bericht<\/a> vum <a href=\"https:\/\/www.bbc.com\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">brittesche Fernseesender BBC<\/a> a si just e puer Wochen nom Ufank vun der russescher Attack op d&#8217;Ukrain am Februar 2022 entstanen. Am Kontext vun der russescher Invasioun ginn am Internet \u00ebmmer nees Behaaptunge verbreet, no deene westlech Medien d&#8217;Evenementer an der Ukrain just inzen\u00e9iere g\u00e9ifen (<a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.328L8HU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.324Q473\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.326F8BB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>). D&#8217;AFP sammelt <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/list\/all\/all\/39405\/all\/tid-39405\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Faktenchecken iwwer de Krich an der Ukrain<\/a>.<\/p>\n<p>Bericht ass w\u00e4rend Beschoss zu Irpin entstanen<\/p>\n<p>Eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=W9JkBkOE0TM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmgedr\u00e9int Billersich<\/a> vun de Screenshots, d\u00e9i am Internet gedeelt ginn, huet d&#8217;AFP zu engem <a href=\"https:\/\/archive.ph\/DEDlK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel vum Jeremy Bowen<\/a> an der brittescher Dageszeitung &#8220;<a href=\"https:\/\/www.thetimes.co.uk\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">The Times<\/a>&#8221; vum 20. M\u00e4erz 2022 gefouert. E weist d\u00e9i selwecht Foto mat der Billerzeil: &#8220;Jeremy Bowen geet zu Irpin an Deckung, w\u00e9i d&#8217;Stad ugegraff g\u00ebtt.&#8221;<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/twitter.com\/bowenbbc\/status\/1557623495806386176?s=21&amp;t=-hyxtGfTjx74GbMQbvNK5Q\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Jeremy Bowen<\/a> ass internationale Journalist bei BBC News. Virdru war hie fir de brittesche Sender am Noen Osten t\u00e4teg a verf\u00fc\u00fcgt iwwer \u00ebmfangr\u00e4ich Erfarung als Krichsreporter.<\/p>\n<p>Am Artikel vun der &#8220;Times&#8221; beschreift de Bowen seng Erfarunge w\u00e4rend dem Reportage aus der Ukrain, speziell aus der Stad Irpin, ongef\u00e9ier 25 Kilometer nordwestlech vu Kiew. Zum Bild vun Irpin erkl\u00e4ert de Bowen: &#8220;Granaten, d\u00e9i ze no aschloen, fir se ze ignor\u00e9ieren, maache w\u00e4rend e puer Sekonnen en zischend Ger\u00e4isch, \u00e9ier se explod\u00e9ieren. Et l\u00e4it an der Natur vum M\u00ebnsch, ze versichen, aus dem Wee ze goen, an d\u00e9i eenzeg M\u00e9iglechkeet, dat s\u00e9ier ze maachen, ass, sech op de Buedem ze lee\u00ebn.&#8221; Dow\u00e9inst h\u00e4tt de Bowen de Reportage am Leie gemaach, w\u00e4rend vu b\u00e9ide S\u00e4iten openee geschoss gouf.<\/p>\n<p>Eng Sich no St\u00e9chwierder no d\u00ebsem Clip f\u00e9iert zu engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/UTM3-F7E6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Video<\/a>, deen de 6. M\u00e4erz 2022 um YouTube-Kanal vun der BBC mam Titel &#8220;Grausam Zeenen am Kampf \u00ebm Kiew: Familljen op der Flucht viru russescher Attack \u00ebmbruecht &#8211; BBC News&#8221; ver\u00ebffentlecht gouf.<\/p>\n<p>Am Extrait <a href=\"https:\/\/youtu.be\/dT1_DeXUyU4?t=119\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">vun 1:59 Minutten un<\/a> ass och d&#8217;Zeen mam Bowen an der Fra am Hannergrond ze gesinn. De Bowen erkl\u00e4ert doran: &#8220;Et g\u00ebtt ganz vill Beschoss, Artilleriefeier, dat op eis duerk\u00ebnnt. Et si vill Zivilisten an der G\u00e9igend.&#8221; D&#8217;Zeen g\u00e9if de Rand vun der Stad weisen, bis un deen d\u00e9i russesch Zaldoten erukomm w\u00e4ren.<\/p>\n<p>An deem Extrait ass och ze erkennen, dass d&#8217;Fra am Hannergrond <a href=\"https:\/\/youtu.be\/dT1_DeXUyU4?t=117\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">och an Deckung geet<\/a>, \u00e9ier si sech kuerz duerno weider beweegt. Am Hannergrond ass staarke Beschoss ze h\u00e9ieren.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/d7727f34ee025a12511fdafeaca54b86.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshot des BBC-Berichts auf Youtube: 07.10.2022<\/p>\n<p>Bowen beschreift Virw\u00ebrf am Internet als b\u00e9isw\u00eblleg<\/p>\n<p>Op Ufro vun der AFP huet den Jeremy Bowen de 6. Oktober 2022 confirm\u00e9iert, hien h\u00e4tt Kenntnis vun de Behaaptungen a sozialen Netzwierker, no deenen d&#8217;Zeen gestallt w\u00e4r, w\u00e4rend d&#8217;Fra am Hannergrond angeeblech just hir Akeef transport\u00e9iere g\u00e9if. &#8220;D\u00ebs Behaaptung ass eng b\u00e9isaarteg Fantasie&#8221;, huet de Bowen an enger E-Mail un d&#8217;AFP geschriwwen.<\/p>\n<p>&#8220;Ech hunn zanter 1989 m\u00e9i w\u00e9i 20 Kricher verfollegt a war dacks \u00ebnner Beschoss. Ech g\u00e9if soen, dass d\u00ebst Gebitt mat ville Br\u00e9cken \u00ebnner schw\u00e9ierem Beschoss stoung. W\u00e9i ech a mengem B\u00e4itrag erkl\u00e4ert hunn, war et net s\u00e9cher, ob se och op Zivilisten zile g\u00e9ifen (obwuel dat d&#8217;Resultat war), well aktiv Gesch\u00fctzstellungen e puer honnert Meter fort am B\u00ebsch louchen&#8221;, huet de Bowen erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>D&#8217;Opnam entstoung no vun enger zerst\u00e9ierter Br\u00e9ck, d\u00e9i aus der Stad eraus v\u00e9iert, d\u00e9i och am B\u00e4itrag ze gesinn ass. &#8220;Iwwer d&#8217;Situatioun un der Br\u00e9ck gouf dacks bericht, warscheinlech vun all Journalist zu Kiew, och wann net jidderee bei d&#8217;Br\u00e9ck goung&#8221;, huet de Bowen erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/d33c09f9e3e4218289b17099f812d22f.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Menschen \u00fcberqueren am 5. M\u00e4rz 2022 eine zerst\u00f6rte Br\u00fccke in Irpin w\u00e4hrend die Stadt wegen schwerem Beschuss evakuiert wird. ( AFP \/ ARIS MESSINIS)<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Wouerecht ass, dass ech mech op der Pente um Wee bei d&#8217;Br\u00e9ck befonnt hunn, d\u00e9i zu d\u00ebsem Z\u00e4itpunkt warscheinlech 50 oder 100 Meter fort war. D&#8217;Leit, d\u00e9i eriwwerkoumen, hu sech lues beweegt, ware midd an traumatis\u00e9iert&#8221;, huet de Bowen der AFP erkl\u00e4ert. &#8220;Mir koume bei der Br\u00e9ck un, w\u00e9i de Beschoss kuerz nogelooss hat. W\u00e9i mir do waren, huet de Beschoss nees ugefaangen a gouf m\u00e9i staark.&#8221;<\/p>\n<p>De Bowen huet d&#8217;Behaaptunge ronder\u00ebm de Bericht och op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/KAZ7-4NHP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Twitter<\/a> dement\u00e9iert:<\/p>\n<blockquote class=\"twitter-tweet\"><p>This malicious tweet and others like it allege that I faked a piece to camera in Ukraine in March. The allegations are utterly false, <a href=\"https:\/\/twitter.com\/hashtag\/fakenews?src=hash&amp;ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">#fakenews<\/a>. Insult me if you want. Don\u2019t insult thousands of civilians fleeing over Irpin bridge into Kyiv from Russian shelling and war crimes. <a href=\"https:\/\/t.co\/ioUaNttdK5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">pic.twitter.com\/ioUaNttdK5<\/a><\/p>\n<p>\u2014 Jeremy Bowen (@BowenBBC) <a href=\"https:\/\/twitter.com\/BowenBBC\/status\/1578072041835610114?ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">October 6, 2022<\/a><\/p><\/blockquote>\n<p><script charset=\"utf-8\" type=\"text\/javascript\" src=\"https:\/\/platform.twitter.com\/widgets.js\" xml:space=\"preserve\"><\/script><\/p>\n<p>Zu Irpin gouf et Ufank M\u00e4erz 2022 hefteg K\u00e4mpf<\/p>\n<p>W\u00e9i d\u00e9i russesch Arm\u00e9i de 24. Februar 2022 an d&#8217;Ukrain agefall war, hunn d\u00e9i russesch Zaldote versicht, d\u00e9i ukrainesch Haaptstad Kiew anzekreesen. Ufank M\u00e4erz 2022 huet d&#8217;Bev\u00eblkerung vun der Stad Irpin ugefaangen, <a href=\"https:\/\/www.straitstimes.com\/world\/europe\/ukrainians-run-for-their-lives-from-russian-bombs\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">iwwer d\u00e9i zerst\u00e9iert Br\u00e9ck a Richtung Kiew ze fl\u00fcchten<\/a>. D\u00ebsen AFP-Bericht weist Opname vun der Evaku\u00e9ierung vum 5. M\u00e4erz 2022:<\/p>\n<p><iframe title=\"YouTube video player\" src=\"https:\/\/www.youtube.com\/embed\/mGxqkefSC-w\" width=\"560\" height=\"315\" frameborder=\"0\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\" data-mce-fragment=\"1\"><\/iframe><\/p>\n<p>D&#8217;Br\u00e9ck, bei d\u00e4r d&#8217;Opnamen entstane sinn, l\u00e4it um Floss Irpin &#8211; Floss a Stad hunn de selwechten Numm &#8211; t\u00ebscht der Stad Irpin an dem Duerf Romaniwka:<\/p>\n<p><iframe style=\"border: 0;\" src=\"https:\/\/www.google.com\/maps\/embed?pb=!1m10!1m8!1m3!1d2065.685486840955!2d30.258075439808984!3d50.491107413248294!3m2!1i1024!2i768!4f13.1!5e1!3m2!1sen!2sde!4v1665479559385!5m2!1sen!2sde\" width=\"600\" height=\"450\" frameborder=\"1\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\" data-mce-fragment=\"1\"><\/iframe><\/p>\n<p>Fir d&#8217;Iwwerpr\u00e9iwung vun der Plaz, wou d&#8217;Fotoe gemaach goufen, huet d&#8217;AFP d&#8217;Foto aus den Online-B\u00e4itr\u00e4g mat eegenem Material verglach. D&#8217;AFP-Foto, d\u00e9i hei benotzt gouf, weist der Beschreiwung no M\u00ebnsche beim Iwwertriede vun der zerst\u00e9ierter Br\u00e9ck w\u00e4rend der Evaku\u00e9ierung vun Irpin de 6. M\u00e4erz 2022. Elementer, d\u00e9i iwwerenee st\u00ebmmen, sinn am follgende Bild rout mark\u00e9iert &#8211; d\u00e9i zerst\u00e9iert Br\u00e9ck an eng rout Reklamm:<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/0b1affd4e69c63e5d83a4d57aebe41a5.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Vergleich des BBC-Fotos mit Jeremy Bowen (links) und des AFP-Fotos von Daphne Rousseau vom 6. M\u00e4rz 2022 (rechts)<\/p>\n<p>Bei der Flucht aus Irpin sinn de 6. M\u00e4erz 2022 <a href=\"https:\/\/www.washingtonpost.com\/world\/2022\/03\/06\/russian-forces-shelling-irpin\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">aacht M\u00ebnschen duerch russesche Beschoss \u00ebm d&#8217;Liewe komm<\/a>.<\/p>\n<p>&#8220;W\u00e4rend ville Stonnen huet d\u00e9i russesch Arm\u00e9i de 6. M\u00e4erz eng Kr\u00e4izung bombard\u00e9iert, d\u00e9i vun honnerten Ziviliste fir d&#8217;Flucht virun der russescher Arm\u00e9i, d\u00e9i \u00ebmmer aus dem n\u00ebrdleche Kiew m\u00e9i no koum, genotzt gouf&#8221;, huet d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.hrw.org\/news\/2022\/03\/08\/ukraine-russian-assault-kills-fleeing-civilians\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">M\u00ebnscherechtsorganisatioun Human Rights Watch<\/a> (HRW) den 8. M\u00e4erz 2022 erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/f33783176e410a640f190b7e47de47ff.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshot einer Karte von Human Rights Watch vom 6. M\u00e4rz 2022<\/p>\n<p>Virum a w\u00e4rend dem Ugr\u00ebff h\u00e4tten Zeie gesinn, dass iwwer eng laang Z\u00e4it vill Zivilisten iwwer d\u00e9i zerst\u00e9iert Br\u00e9ck gelaf w\u00e4ren, fir iwwer de Floss Irpin ze kommen. &#8220;D&#8217;M\u00ebnschen hu sech dann op der Kr\u00e4izung versammelt, fir a Busser oder Autoen eranzeklammen, d\u00e9i an den Zentrum vu Kiew gefuer sinn, oder si weidergaangen&#8221;, huet HRW geschriwwen.<\/p>\n<p>D&#8217;Situatioun zu Irpin gouf och de 7. M\u00e4erz 2022 an enger S\u00ebtzung vum <a href=\"https:\/\/press.un.org\/en\/2022\/sc14823.doc.htm#:~:text=The%20world%20is,nation%2C%E2%80%9D%20she%20said.\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">UN-S\u00e9cherheetsrot<\/a> verurteelt. Och <a href=\"https:\/\/www.gettyimages.fr\/detail\/photo-d%27actualit%C3%A9\/maxar-satellite-imagery-of-a-damaged-bridge-over-the-photo-dactualit%C3%A9\/1239034143?adppopup=true\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Satellittebiller<\/a> vun der Br\u00e9ck weisen d&#8217;Zerst\u00e9ierung vum Gebitt ronder\u00ebm d&#8217;Br\u00e9ck.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> Nee, de BBC-Bericht vum Jeremy Bowen vun Irpin war net gestallt. D&#8217;Bewunner vun der Stad sinn zu deem Z\u00e4itpunkt viru russeschem Beschoss gefl\u00fccht, deen och am Originalvideo ze h\u00e9ieren ass. Eng Fra, d\u00e9i am Hannergrond vum B\u00e4itrag ze gesinn ass, geet och kuerz an Deckung. D\u00ebsen Extrait gouf an de B\u00e4itr\u00e4g, d\u00e9i online \u00ebnnerwee sinn, net gewisen.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen Artikel vun AFP gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&nbsp; Am M\u00e4erz 2022 huet de BBC-Journalist Jeremy Bowen aus der ukrainescher Stad Irpin bericht, w\u00e4rend M\u00ebnsche vun der Plaz&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":165772,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[193,191,217],"tags":[],"class_list":{"0":"post-165777","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-gesellschaft","8":"category-politik","9":"category-ukraine-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"1977494","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"http:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/1977494.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: BBC-Reporter war an enger gef\u00e9ierlecher Situatioun an der Ukrain - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: BBC-Reporter war an enger gef\u00e9ierlecher Situatioun an der Ukrain - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"&nbsp; Am M\u00e4erz 2022 huet de BBC-Journalist Jeremy Bowen aus der ukrainescher Stad Irpin bericht, w\u00e4rend M\u00ebnsche vun der Plaz...\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-10-14T07:00:04+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2022-10-14T08:52:40+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/db7544adbe15ea458e483f9da6bffb9a.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"810\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"7 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: BBC-Reporter war an enger gef\u00e9ierlecher Situatioun an der Ukrain\",\"datePublished\":\"2022-10-14T07:00:04+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-14T08:52:40+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/\"},\"wordCount\":1520,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/db7544adbe15ea458e483f9da6bffb9a.jpeg\",\"articleSection\":[\"Gesellschaft\",\"Politik\",\"Ukraine\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/\",\"name\":\"Faktencheck: BBC-Reporter war an enger gef\u00e9ierlecher Situatioun an der Ukrain - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/db7544adbe15ea458e483f9da6bffb9a.jpeg\",\"datePublished\":\"2022-10-14T07:00:04+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-14T08:52:40+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/db7544adbe15ea458e483f9da6bffb9a.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/db7544adbe15ea458e483f9da6bffb9a.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":810,\"caption\":\"Faktencheck: BBC-Reporter war an enger gef\u00e9ierlecher Situatioun an der Ukrain - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: BBC-Reporter war an enger gef\u00e9ierlecher Situatioun an der Ukrain\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: BBC-Reporter war an enger gef\u00e9ierlecher Situatioun an der Ukrain - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: BBC-Reporter war an enger gef\u00e9ierlecher Situatioun an der Ukrain - EDMO Belux","og_description":"&nbsp; Am M\u00e4erz 2022 huet de BBC-Journalist Jeremy Bowen aus der ukrainescher Stad Irpin bericht, w\u00e4rend M\u00ebnsche vun der Plaz...","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-10-14T07:00:04+00:00","article_modified_time":"2022-10-14T08:52:40+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":810,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/db7544adbe15ea458e483f9da6bffb9a.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"7 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: BBC-Reporter war an enger gef\u00e9ierlecher Situatioun an der Ukrain","datePublished":"2022-10-14T07:00:04+00:00","dateModified":"2022-10-14T08:52:40+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/"},"wordCount":1520,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/db7544adbe15ea458e483f9da6bffb9a.jpeg","articleSection":["Gesellschaft","Politik","Ukraine"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/","name":"Faktencheck: BBC-Reporter war an enger gef\u00e9ierlecher Situatioun an der Ukrain - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/db7544adbe15ea458e483f9da6bffb9a.jpeg","datePublished":"2022-10-14T07:00:04+00:00","dateModified":"2022-10-14T08:52:40+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/db7544adbe15ea458e483f9da6bffb9a.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/db7544adbe15ea458e483f9da6bffb9a.jpeg","width":1080,"height":810,"caption":"Faktencheck: BBC-Reporter war an enger gef\u00e9ierlecher Situatioun an der Ukrain - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-bbc-reporter-war-an-enger-gefierlecher-situatioun-an-der-ukrain\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: BBC-Reporter war an enger gef\u00e9ierlecher Situatioun an der Ukrain"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/165777","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=165777"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/165777\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/165772"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=165777"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=165777"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=165777"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}