{"id":174772,"date":"2022-10-24T08:24:01","date_gmt":"2022-10-24T08:24:01","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=174772"},"modified":"2022-10-24T13:34:50","modified_gmt":"2022-10-24T13:34:50","slug":"faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Verongl\u00e9ckte K\u00f6lner Gesch\u00e4ftsmann hat n\u00e4ischt mat der Maintenance vun Nord-Stream-Turbinnen ze dinn"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Nodeems Ufank September 2022 e K\u00f6lner Gesch\u00e4ftsmann mat sengem Privatfliger iwwer der Osts\u00e9i erofgefall war, maachen am Internet Verschw\u00f6rungstheorien den Tour. Deenen no w\u00e4r d&#8217;Firma vum Mann fir d&#8217;Maintenance vun den Nord-Stream-Turbinnen zoust\u00e4nneg gewiescht, heescht et am Internet. Och iwwer en Ofschoss vum Fliger g\u00ebtt spekul\u00e9iert.<\/p>\n<p>D&#8217;Behaaptungen zum Ofschoss goufen zu Dosenden op <a href=\"https:\/\/archive.ph\/pcwz\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> gedeelt. Op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/R6B6-YHX2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a> hunn iwwer honnertdausend Leit B\u00e4itr\u00e4g dozou gesinn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/0b8de06e19f29e335e0775a96cac9a14.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshot der Behauptung auf Facebook: 24.09.2022<\/p>\n<p>Tats\u00e4chlech hat de <a href=\"https:\/\/www.dw.com\/de\/cessna-st%C3%BCrzt-nach-irrflug-in-die-ostsee\/a-63017288\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Fluch<\/a> vun engem Privatfliger de 4. September 2022 en dramatescht Enn fonnt. Eng Cessna 551 war um Wee vum s\u00fcdspuenesche Jerez op K\u00f6ln gewiescht, hat allerd\u00e9ngs hir Bunn ge\u00e4nnert a war virun der K\u00fcst vu Lettland an d&#8217;Osts\u00e9i gestierzt. Kampfjetten aus <a href=\"https:\/\/twitter.com\/Team_Luftwaffe\/status\/1566506744804671488\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">D\u00e4itschland<\/a>, Frankr\u00e4ich, D\u00e4nemark a Schweden haten d&#8217;Maschinn op hirem Fluch begleet an ouni Erfolleg versicht, Kontakt mat de Passag\u00e9ier opzehuelen.<\/p>\n<p>\u00c4nlech Spekulatioune gouf et am Oktober och w\u00e9inst de L\u00e4cher an den Nord-Stream-Pipelinen. User hu behaapt, den zoust\u00e4nnegen Erm\u00ebttler w\u00e4r dout opfonnt ginn. D&#8217;AFP huet <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/doc.afp.com.32L98NZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d\u00ebs Behaaptung widderluecht<\/a>. Weider Faktenchecke vun der AFP zum Krich an der Ukrain fannt Dir <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/list\/all\/all\/39405\/all\/tid-39405\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>.<\/p>\n<p>Keng Verbindung zu Nord Stream<\/p>\n<p>Ufank September 2022 hat de russesche Konzern Gazprom d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.msn.com\/de-de\/nachrichten\/politik\/putin-russland-setzt-energie-nicht-als-waffe-ein\/ar-AA11ycfx\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Gasliwwerungen duerch Nord Stream 1<\/a>, d\u00e9i virdru scho reduz\u00e9iert goufen, <a href=\"https:\/\/www.msn.com\/de-de\/nachrichten\/politik\/putin-russland-setzt-energie-nicht-als-waffe-ein\/ar-AA11ycfx\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebnnerbrach<\/a>. Als Grond hat d&#8217;Entreprise Maintenanceaarbechten, d\u00e9i reegelm\u00e9isseg stattfannen, souw\u00e9i eng <a href=\"https:\/\/www.tagesschau.de\/wirtschaft\/verbraucher\/gaskrise-energiepreise-gazprom-gasturbine-turbine-gaspreise-siemens-nord-stream-uniper-bdi-101.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">feelend Turbinn<\/a> uginn. D&#8217;AFP huet doriwwer bericht:<\/p>\n<p><iframe title=\"YouTube video player\" src=\"https:\/\/www.youtube.com\/embed\/9kAdgys4kbA\" width=\"560\" height=\"315\" frameborder=\"0\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\" data-mce-fragment=\"1\"><\/iframe><\/p>\n<p>An de B\u00e4itr\u00e4g, d\u00e9i aktuell am Internet den Tour maachen, heescht et, d&#8217;Entreprise vum Pilot, deen iwwer der Osts\u00e9i ofgestierzt war, w\u00e4r fir d&#8217;Maintenance vun der Turbinn responsabel gewiescht. Dozou g\u00ebtt en <a href=\"https:\/\/perma.cc\/WZ2J-7EJU?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel vum Noriichteportal &#8220;Focus Online&#8221;<\/a> vum 7. September 2022 gedeelt.<\/p>\n<p>&#8220;Focus Online&#8221; no handelt et sech beim Pilot \u00ebm de K\u00f6lner Gesch\u00e4ftsmann Peter Griesemann. Op der Webs\u00e4it vu senger Firma, der <a href=\"https:\/\/griesemann.com\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Griesemann-Gruppe<\/a>, heescht et, de Peter Griesemann h\u00e4tt <a href=\"https:\/\/griesemann.com\/ueber-uns\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d&#8217;Entreprise gegr\u00ebnnt<\/a>, haut g\u00e9if s\u00e4in eelste Bouf d&#8217;Firma leeden. D&#8217;Firma ass \u00ebnner anerem am Ber\u00e4ich <a href=\"https:\/\/griesemann.com\/anlagentechnik\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Anlagentechnik<\/a> t\u00e4teg.<\/p>\n<p>Op Ufro vun der AFP huet e Spriecher vun der Entreprise den 8. September 2022 confirm\u00e9iert, dass sech de Peter Griesemann \u00ebnnert den Affere vum Fligerongl\u00e9ck iwwer der Osts\u00e9i befonnt huet. &#8220;Mat him zesumme waren zwee Familljememberen an eng weider Persoun.&#8221; Eng Verbindung zu Nord Stream huet de Spriecher awer dement\u00e9iert. &#8220;Et g\u00ebtt keng Verbindung vun der Griesemann-Gruppe oder vum Peter Griesemann zu enger vu b\u00e9iden Nord-Stream-Pipelinen oder Deeler dovun.&#8221;<\/p>\n<p>E Spriecher vun der Bedreiwergesellschaft vun Nord Stream 1, vun der <a href=\"https:\/\/www.nord-stream.com\/de\/presse-info\/pressemitteilungen\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Nord Stream AG<\/a>, huet den 28. September 2022 g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, him w\u00e4r och net bekannt, dass d&#8217;Griesemann-Gruppe un der Maintenance vun der Pipeline oder vun de Pompele bedeelegt w\u00e4r. Et g\u00e9if keng gesch\u00e4ftlech Bez\u00e9iung t\u00ebscht b\u00e9iden Entreprisen, sou de Spriecher.<\/p>\n<p>A Medieberichter gouf zudeem schonn e puer Mol <a href=\"https:\/\/www.siemens-energy.com\/global\/en.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Siemens Energy<\/a> als Hiersteller vun den Nord-Stream-Turbinne genannt (<a href=\"https:\/\/www.zeit.de\/wirtschaft\/2022-09\/nord-stream-1-inbetriebnahme-siemens-gazprom-robert-habeck\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/www.t-online.de\/nachrichten\/ukraine\/id_100047820\/siemens-widerspricht-gazprom-kein-technischer-grund-fuer-gas-lieferstopp.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/www.faz.net\/aktuell\/wirtschaft\/unternehmen\/eine-turbine-fuer-die-sicherheit-18181892.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>). Op Ufro vun der AFP huet e Spriecher vu Siemens Energy dat den 13. September 2022 best\u00e4tegt: &#8220;Siemens Energy ass den Hiersteller vun Turbinnen, d\u00e9i an der Verdichtungsstatioun vun Nord Stream 1 agesat ginn. Am Fr\u00e9ijoer 2022 huet Siemens Energy den Optrag fir d&#8217;Maintenance vun enge Turbinn kritt an d\u00ebs am Wierk a Kanada duerchgefouert.&#8221;<\/p>\n<p>No der Maintenance w\u00e4r d&#8217;Turbinn Ufank August vu Kanada an D\u00e4itschland transport\u00e9iert ginn an h\u00e4tt sech M\u00ebtt September 2022 am Wierk vu Siemens Energy am d\u00e4itsche M\u00fclheim an der Ruhr befonnt. D&#8217;Griesemann-Gruppe w\u00e4r a kenger Weis un der Maintenance vun der Turbinn bedeelegt gewiescht. Engem <a href=\"https:\/\/dpa-factchecking.com\/austria\/221006-99-28936\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Faktencheck<\/a> vun der Noriichtenagence DPA no huet d&#8217;Griesemann-Gruppe och n\u00e4ischt mat der Maintenance vun den aneren Turbinnen ze dinn.<\/p>\n<p>Loftwaff: Keng Kenntnis vun engem Ofschoss<\/p>\n<p>D&#8217;Erm\u00ebttlungen zur Ursaach vum Ofstuerz huet d\u00e9i d\u00e4itsch <a href=\"https:\/\/www.bfu-web.de\/DE\/Home\/homepage_node.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bundesstelle f\u00fcr Flugunfalluntersuchung (BFU)<\/a> iwwerholl. Hire Pressespriecher Germout Freitag huet de 26. September 2022 g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, d&#8217;BFU k\u00e9int zu d\u00ebsem Z\u00e4itpunkt keng Angaben zur Ursaach vum Accident maachen. &#8220;Bei \u00cbnnersichunge vu Fligeraccidenter g\u00ebtt vu vireran n\u00e4ischt ausgeschloss&#8221;, sot hien.<\/p>\n<p>Aktuell g\u00e9ifen d&#8217;Wrackdeeler aus der Osts\u00e9i gebuergen an \u00ebnnersicht ginn. Den Ausgang vun den Erm\u00ebttlunge an eng m\u00e9iglech Ursaach fir den Accident g\u00e9ifen awer er\u00e9ischt am Ofschlossbericht vun der BFU duergestallt. Wa genee de Bericht publiz\u00e9iert g\u00e9if, w\u00e4r aktuell onkloer, sot de Freitag, en \u00e9ischten T\u00ebschebericht k\u00e9int awer Enn November 2022 virleien.<\/p>\n<p>E Spriecher vun der d\u00e4itscher Loftwaff huet den 13. September g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, am Fall vun der Maschinn, d\u00e9i iwwer der Osts\u00e9i ofgestierzt war, w\u00e4r &#8220;ausschliisslech eng Begleedung an d&#8217;Identifikatioun vum Fliger vun noem&#8221; erfollegt. &#8220;Moossnamen, d\u00e9i doriwwer eraus ginn, goufen net gemaach.&#8221;<\/p>\n<p>Nodeem de Fliger den d\u00e4itsche Loftraum iwwer der Osts\u00e9i verlooss h\u00e4tt, gouf e vu Fligere vun der d\u00e4nescher Loftwaff begleet. E Spriecher vun der d\u00e4nescher Arm\u00e9i huet de 4. Oktober der AFP per E-Mail matgedeelt, dass do keng Informatiounen iwwer en Ofschoss vum Fliger virleien. D\u00e9i d\u00e4nesch Milit\u00e4rfligeren hu sech kuerz virum schweedesche Loftraum zer\u00e9ckgezunn an d\u00e9i schweedesch Arm\u00e9i huet doropshin d&#8217;Poursuitte vun der Maschinn iwwerholl.<\/p>\n<p>De Presseservice vun der schweedescher Arm\u00e9i huet der AFP den 10. Oktober per E-Mail matgedeelt, zwee schweedesch Kampfjette w\u00e4ren dem Privatfliger nogeflunn, dee riichtaus a mat konstanter H\u00e9icht a Vitess geflu w\u00e4r. Och d\u00e9i schweedesch Loftwaff w\u00e9isst n\u00e4ischt iwwer en angeeblechen Ofschoss.<\/p>\n<p>Ofgestierzt war de Fliger schliisslech <a href=\"https:\/\/www.stern.de\/news\/nach-raetselhaftem-flugzeugabsturz-menschliche-ueberreste-und-wrackteile-gefunden-32700676.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">virun der lettescher Hafestad Ventspils<\/a>, w\u00e9i d&#8217;AFP bericht hat. Lettland h\u00e4tt keng eegen Kampffliger erausgesch\u00e9ckt, huet eng Spriecherin vun der lettescher Arm\u00e9i der AFP den 13. Oktober per E-Mail erkl\u00e4ert. E Sch\u00ebff vun der lettescher Marinn w\u00e4r um Sich- a Biergungsasaz , nodeem d&#8217;Maschinn erofgefall war, bedeelegt gewiescht. &#8220;Der lettescher Loftwaff si keng Beweiser bekannt, d\u00e9i op eng Attack duerch Kampffliger hindeite g\u00e9ifen&#8221;, sou d&#8217;Spriecherin.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> Nee, den Ofstuerz vum Gr\u00ebnner vun der Griesemann-Gruppe, dem Peter Griesemann, steet net am Zesummenhang mat der Maintenance vun der Nord-Stream-1-Turbinn. D&#8217;Entreprise ass net fir d&#8217;Turbinn vun der Pipeline verantwortlech, w\u00e9i Nord Stream, den Hiersteller Siemens Energy an d&#8217;Griesemann-Gruppe selwer best\u00e4tegt hunn. Och vun engem angeeblechen Ofschoss vum Fliger hunn d&#8217;Loftwaffe vun Estland, Schweden an D\u00e4nemark keng Kenntnis.<\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&nbsp; Nodeems Ufank September 2022 e K\u00f6lner Gesch\u00e4ftsmann mat sengem Privatfliger iwwer der Osts\u00e9i erofgefall war, maachen am Internet Verschw\u00f6rungstheorien&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":174767,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[191,217],"tags":[],"class_list":["post-174772","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","category-politik","category-ukraine-lb"],"acf":{"show_metatags":true,"id":"1980694","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"http:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/1980694.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Verongl\u00e9ckte K\u00f6lner Gesch\u00e4ftsmann hat n\u00e4ischt mat der Maintenance vun Nord-Stream-Turbinnen ze dinn - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Verongl\u00e9ckte K\u00f6lner Gesch\u00e4ftsmann hat n\u00e4ischt mat der Maintenance vun Nord-Stream-Turbinnen ze dinn - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"&nbsp; Nodeems Ufank September 2022 e K\u00f6lner Gesch\u00e4ftsmann mat sengem Privatfliger iwwer der Osts\u00e9i erofgefall war, maachen am Internet Verschw\u00f6rungstheorien...\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-10-24T08:24:01+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2022-10-24T13:34:50+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/dcab1b25b8ee497d2017788b53709677.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"620\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"349\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"5 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Verongl\u00e9ckte K\u00f6lner Gesch\u00e4ftsmann hat n\u00e4ischt mat der Maintenance vun Nord-Stream-Turbinnen ze dinn\",\"datePublished\":\"2022-10-24T08:24:01+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-24T13:34:50+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/\"},\"wordCount\":1111,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/dcab1b25b8ee497d2017788b53709677.jpeg\",\"articleSection\":[\"Politik\",\"Ukraine\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/\",\"name\":\"Faktencheck: Verongl\u00e9ckte K\u00f6lner Gesch\u00e4ftsmann hat n\u00e4ischt mat der Maintenance vun Nord-Stream-Turbinnen ze dinn - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/dcab1b25b8ee497d2017788b53709677.jpeg\",\"datePublished\":\"2022-10-24T08:24:01+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-24T13:34:50+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/dcab1b25b8ee497d2017788b53709677.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/dcab1b25b8ee497d2017788b53709677.jpeg\",\"width\":620,\"height\":349,\"caption\":\"Faktencheck: Verongl\u00e9ckte K\u00f6lner Gesch\u00e4ftsmann hat n\u00e4ischt mat der Maintenance vun Nord-Stream-Turbinnen ze dinn - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Verongl\u00e9ckte K\u00f6lner Gesch\u00e4ftsmann hat n\u00e4ischt mat der Maintenance vun Nord-Stream-Turbinnen ze dinn\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Verongl\u00e9ckte K\u00f6lner Gesch\u00e4ftsmann hat n\u00e4ischt mat der Maintenance vun Nord-Stream-Turbinnen ze dinn - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Verongl\u00e9ckte K\u00f6lner Gesch\u00e4ftsmann hat n\u00e4ischt mat der Maintenance vun Nord-Stream-Turbinnen ze dinn - EDMO Belux","og_description":"&nbsp; Nodeems Ufank September 2022 e K\u00f6lner Gesch\u00e4ftsmann mat sengem Privatfliger iwwer der Osts\u00e9i erofgefall war, maachen am Internet Verschw\u00f6rungstheorien...","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-10-24T08:24:01+00:00","article_modified_time":"2022-10-24T13:34:50+00:00","og_image":[{"width":620,"height":349,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/dcab1b25b8ee497d2017788b53709677.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"5 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Verongl\u00e9ckte K\u00f6lner Gesch\u00e4ftsmann hat n\u00e4ischt mat der Maintenance vun Nord-Stream-Turbinnen ze dinn","datePublished":"2022-10-24T08:24:01+00:00","dateModified":"2022-10-24T13:34:50+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/"},"wordCount":1111,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/dcab1b25b8ee497d2017788b53709677.jpeg","articleSection":["Politik","Ukraine"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/","name":"Faktencheck: Verongl\u00e9ckte K\u00f6lner Gesch\u00e4ftsmann hat n\u00e4ischt mat der Maintenance vun Nord-Stream-Turbinnen ze dinn - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/dcab1b25b8ee497d2017788b53709677.jpeg","datePublished":"2022-10-24T08:24:01+00:00","dateModified":"2022-10-24T13:34:50+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/dcab1b25b8ee497d2017788b53709677.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/dcab1b25b8ee497d2017788b53709677.jpeg","width":620,"height":349,"caption":"Faktencheck: Verongl\u00e9ckte K\u00f6lner Gesch\u00e4ftsmann hat n\u00e4ischt mat der Maintenance vun Nord-Stream-Turbinnen ze dinn - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-veronglckte-klner-geschftsmann-hat-nischt-mat-der-maintenance-vun-nord-stream-turbinnen-ze-dinn\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Verongl\u00e9ckte K\u00f6lner Gesch\u00e4ftsmann hat n\u00e4ischt mat der Maintenance vun Nord-Stream-Turbinnen ze dinn"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/174772","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=174772"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/174772\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/174767"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=174772"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=174772"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=174772"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}