{"id":176344,"date":"2022-10-21T15:12:36","date_gmt":"2022-10-21T15:12:36","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=176344"},"modified":"2022-10-24T13:21:37","modified_gmt":"2022-10-24T13:21:37","slug":"faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Chinesesche Milit\u00e4rkonvoi ass net um Wee un d&#8217;russesch-ukrainesch Grenz"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Am Internet zirkul\u00e9iert z\u00ebnter M\u00ebtt September d&#8217;Falschmeldung, e chinesesche Milit\u00e4rkonvoi w\u00e4r um Wee vu Russland an d&#8217;Ukrain. Dozou hu User e Video gedeelt, dee Milit\u00e4rgefierer mat chineseschem F\u00e4ndel weist.<\/p>\n<p>Honnertdausende vu Leit hunn d\u00e9i angeeblech Opname vum Konvoi um Wee an d&#8217;Ukrain op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9PXN-GAZ8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a> gesinn. Ausserdeem gouf de Video op <a href=\"https:\/\/archive.ph\/nUtUl\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> an <a href=\"https:\/\/archive.ph\/uuoNl\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Twitter<\/a> weider gedeelt.<\/p>\n<p><strong>D&#8217;Behaaptung:<\/strong> An engem Video ass e Milit\u00e4rkonvoi ze gesinn, deen \u00ebnnerwee ass. Un de Gefierer si kleng rout F\u00e4ndelen ze erkennen, op engem vun de Wee sti chineesesch Schr\u00ebftzeechen. &#8220;Chineesesche Milit\u00e4rkonvoi dr\u00e9ngt vu Russland an d&#8217;Ukrain an&#8221;, heescht et zu deem Clip. Angeeblech g\u00e9if de Video vum 18. September 2022 stamen. Am Hannergrond ass eng russesch St\u00ebmm ze h\u00e9ieren, d\u00e9i seet: &#8220;China k\u00ebnnt. Eis Alli\u00e9iert sinn do. D&#8217;Alli\u00e9iert kommen, d\u00e9i richteg Alli\u00e9iert. Dat ass schonn d\u00e9i zweet Kolonn, d\u00e9i mir haut gesinn. Ech w\u00e4ert hinnen d&#8217; &#8216;Z&#8217;-Zeeche weisen.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/5e087832271eb7df2879c137f7200f46.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Facebook-Screenshot der Behauptung: 07.10.2022<\/p>\n<p>Eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=W9JkBkOE0TM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmgedr\u00e9int Billersich<\/a> no deem Video konnt weisen, dass de Clip M\u00ebtt September 2022 och vu russeschsproochege User op der russescher Plattform <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Y3KT-YC9E\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">VKontakte<\/a> gedeelt gouf. Do gouf de Video a verschiddene F\u00e4ll mat der Opschr\u00ebft &#8220;<a href=\"https:\/\/www.rferl.org\/a\/russia-ukraine-letter-z-fascist-symbol\/31758267.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Operation Z<\/a>&#8221; mark\u00e9iert.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/b86dca93fb6c596352ba361581d40d30.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshot der Plattform VKontakte: 04.10.2022<\/p>\n<p>D&#8217;Opnam ersch\u00e9ngt allerd\u00e9ngs och bei enger Sich nom Begr\u00ebff &#8220;<a href=\"https:\/\/www.n-tv.de\/ticker\/Streitkraefte-aus-mehreren-Laendern-zu-gemeinsamen-Militaermanoevern-in-Russland-eingetroffen-article23553906.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Wostok 2022<\/a>&#8221; op Russesch. Dob\u00e4i handelt et sech \u00ebm eng Milit\u00e4r\u00fcbung, d\u00e9i Ufank September 2022 am Oste vu Russland ofgehale gouf an un d\u00e4r eng Rei Staaten deelgeholl haten, dor\u00ebnner zum Beispill och Indien, Belarus a <a href=\"https:\/\/economictimes.indiatimes.com\/news\/defence\/china-to-send-troops-to-russia-for-joint-military-drills\/articleshow\/93628908.cms?from=mdr\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">China<\/a>.<\/p>\n<p>Videoe vun der \u00dcbung weisen <a href=\"https:\/\/perma.cc\/VLN3-ZYCH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">dee selwechte Video<\/a>, dee schonn den 29. August 2022 op YouTube an een Dag m\u00e9i sp\u00e9it op der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8EH4-3TFM?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">russescher Plattform Pikabu<\/a> gedeelt gouf. An der Beschreiwung heescht et: &#8220;D\u00e9i Chineesesch Volleksbefreiungsarm\u00e9i (PLA) w\u00e4ert un der Gefechts\u00fcbung &#8216;Wostok 2022&#8217; deelhuelen, d\u00e9i vum 30. August bis de 5. September am fernen Oste vu Russland stattf\u00ebnnt.&#8221;<\/p>\n<p>Clip weist net d&#8217;Grenz zur Ukrain<\/p>\n<p>Och dem B\u00e4itrag op VKontakte no staamt de Video net aus der Ukrain. Den Auteur vum B\u00e4itrag schreift: &#8220;Mir hunn d&#8217;Informatiounen iwwerpr\u00e9ift an denken, dass dat h\u00e9chstwarscheinlech op d\u00e9i lescht Milit\u00e4r\u00fcbung &#8216;Wostok 2022&#8217; zer\u00e9ckgeet.&#8221; Bei der Plaz, wou de Video opgeholl gouf, k\u00e9int et ech dohier \u00ebm Wladiwostok, eng russesch <a href=\"https:\/\/goo.gl\/maps\/gX6Zo8ctk8TLjhz18\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Hafenstad um Japanesche Mier<\/a>, handelen. Och op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/T9YH-DJTB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Twitter<\/a> g\u00ebtt zwee Deeg m\u00e9i sp\u00e9it gesot, de Clip g\u00e9if vu Wladiwostok stamen.<\/p>\n<p>M\u00ebtt September hu verschidde User op Twitter (<a href=\"https:\/\/archive.ph\/xjHaS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/FN9E-PN3N?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>) dorop higewisen, dass d&#8217;Gefierer, d\u00e9i am Video ze gesi sinn, Nummeresch\u00eblter mat der Zuel 125 droen, en Hiweis op d\u00e9i russesch Stad Chabarowsk n\u00ebrdlech vu Wladiwostok <a href=\"https:\/\/goo.gl\/maps\/At2bc5iiKcmEyGEw7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">un der Grenz zu China<\/a>. Den Twitter-Konten no &#8220;sot de Russ, deen de Video gefilmt huet, dass d\u00e9i chineesesch Koalitiounstruppe komm sinn an d&#8217;Ukrainer bal fale w\u00e4erten.&#8221; Dass d\u00e9i chineesesch Arm\u00e9i an der Ukrain amarsch\u00e9iert w\u00e4r, gouf awer och hei ni ausdr\u00e9cklech behaapt.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet och versicht, d\u00e9i genee Plaz, wou de Video opgeholl gouf, festzestellen. An de B\u00e4itr\u00e4g zur Milit\u00e4r\u00fcbung, d\u00e9i online ver\u00ebffentlecht goufen, fanne sech eng Rei \u00e4nlech Clips a verschiddene Sproochen (<a href=\"https:\/\/archive.ph\/h9OIW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/R3XN-QV9G?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z7DV-AU27\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/583L-BPZG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>), d\u00e9i d&#8217;Arriv\u00e9e vun engem Zuch vun der chineesescher Arm\u00e9i an der <a href=\"http:\/\/grodekovo.dzvr.ru\/en\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Gare vu Grodekowo<\/a>, no bei der chineesescher Grenz, weisen, wat unhand vun de Gebaier ze erkennen ass. D&#8217;Online-B\u00e4itr\u00e4g hunn <a href=\"https:\/\/archive.ph\/FevdY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d\u00e9i selwecht Biller<\/a> benotzt, d\u00e9i den 29. August 2022 vum<a href=\"https:\/\/eng.mil.ru\/en\/index.htm\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\"> russesche Verdeedegungsminist\u00e8re<\/a> opgeholl a publiz\u00e9iert goufen.<\/p>\n<p>Opname vun der Gare vu Grodekowo op <a href=\"https:\/\/www.google.com\/maps\/place\/Vokzal+St.+Grodekovo\/@44.4071688,131.3720903,399m\/data=!3m1!1e3!4m12!1m6!3m5!1s0x0:0xe9a0a2da1ac45230!2sEkonomych!8m2!3d44.407522!4d131.3789419!3m4!1s0x5e4d657088fb2277:0x44f356d60f6187d!8m2!3d44.406492!4d131.3733208\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Google Maps<\/a> an an der russescher Sichmaschinn <a href=\"https:\/\/yandex.com\/maps\/org\/zheleznodorozhny_vokzal_grodekovo\/74362207073\/gallery\/?l=stv%2Csta&amp;ll=131.371864%2C44.406942&amp;photos%5Bbusiness%5D=74362207073&amp;photos%5Bid%5D=urn%3Ayandex%3Asprav%3Aphoto%3Av9nmw9dSGpm-07ixmvRaXPPzoPMJJe4Rp&amp;z=17\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Yandex<\/a> st\u00ebmmen och mam Video vum russesche Verdeedegungsminist\u00e8re iwwerteneen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/c584332c3d3d666485b30f489e78a397.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshots vom russischen Verteidigungsministerium, Yandex und Google Maps: 04.10.2022<\/p>\n<p>D&#8217;Gare vu Grodekowo bef\u00ebnnt sech an der Uertschaft Pogranitschny un der russesch-chineesescher Grenz am Oste vum Land. Se ass ee vun de wichtegste grenziwwerschreidende Punkten am Zuchverk\u00e9ier t\u00ebscht der chineesescher Stad <a href=\"https:\/\/www.google.com\/maps\/place\/Harbin,+Heilongjiang,+Chiny\/@45.7573839,124.4108039,7z\/data=!4m5!3m4!1s0x5e4364f8a6641461:0x5e7c92735aa02cd5!8m2!3d45.7567307!4d126.6424173\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Harbin<\/a> an dem gr\u00e9isste russeschen Hafen am Oste vum Land, <a href=\"https:\/\/goo.gl\/maps\/4VrmuKPqaAhvUziX6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Wladiwostok<\/a>. D&#8217;Gare l\u00e4it allerd\u00e9ngs m\u00e9i w\u00e9i 9000 Kilometer w\u00e4it fort vu Moskau. E Persounenzuch br\u00e4icht fir d\u00ebs Distanz f\u00ebnnef Deeg, e Gidderzuch souguer nach m\u00e9i laang. Fir eng Faart bis an d&#8217;Ukrain w\u00e4r e weideren Dag n\u00e9ideg.<\/p>\n<p><iframe style=\"border: 0;\" src=\"https:\/\/www.google.com\/maps\/embed?pb=!1m14!1m8!1m3!1d91208.1519191963!2d131.383507!3d44.407418!3m2!1i1024!2i768!4f13.1!3m3!1m2!1s0x5e4d656d1b63e7b9%3A0x59307fea33a56e90!2sPogranitchny%2C%20Kra%C3%AF%20du%20Primorie%2C%20Russie!5e0!3m2!1sfr!2sfr!4v1665139762011!5m2!1sfr!2sfr\" width=\"600\" height=\"450\" frameborder=\"1\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\"><\/iframe><\/p>\n<p><iframe style=\"border: 0;\" src=\"https:\/\/www.google.com\/maps\/embed?pb=!1m24!1m8!1m3!1d41750257.1722774!2d87.226155!3d50.306235!3m2!1i1024!2i768!4f13.1!4m13!3e0!4m5!1s0x411fc564844c6285%3A0x16357bbc0644da71!2s91000%2C%20Louhansk%2C%20Ukraine!3m2!1d48.574041!2d39.307815!4m5!1s0x5e4d657088fb2277%3A0x44f356d60f6187d!2sVokzal%20St.%20Grodekovo%2C%20Vokzal'naya%20Ulitsa%2C%207%2C%20Pogranichny%2C%20Primorsky%20Krai%2C%20Russie%2C%20692582!3m2!1d44.406492!2d131.3733208!5e0!3m2!1sfr!2sde!4v1665139831068!5m2!1sfr!2sde\" width=\"600\" height=\"450\" frameborder=\"1\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\"><\/iframe><\/p>\n<p>Och e routbrongt Gebai, dat am Video, deen online gedeelt gouf, ze gesinn ass, ass an der <a href=\"https:\/\/www.google.com\/maps\/dir\/44.406951,131.374851\/44.4064618,131.3795617\/@44.4071506,131.3763934,590m\/data=!3m1!1e3!4m2!4m1!3e0\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">G\u00e9igend vun der Gare<\/a> ze fannen. Et steet an der Strooss &#8220;<a href=\"https:\/\/www.google.com\/maps\/place\/44%C2%B024'23.2%22N+131%C2%B022'46.7%22E\/@44.4064444,131.3796389,266m\/data=!3m2!1e3!4b1!4m6!3m5!1s0x0:0x87b295e86e6f8d1!7e2!8m2!3d44.4064366!4d131.3796426\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ulitsa Lenina 60<\/a>&#8220;, ongef\u00e9ier 500 Meter vun der Gare fort. Google Street View ass an der Stad zwar net verf\u00fcgbar, mee d&#8217;Gebai ass op der Webs\u00e4it vum russesche Kaartend\u00e9ngscht <a href=\"https:\/\/2gis.ru\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2gis.ru<\/a> ze fannen. Den Daach vum Gebai, d&#8217;F\u00ebnster mat w\u00e4issem Rand an d&#8217;Parkplaz, d\u00e9i sech riets am <a href=\"https:\/\/perma.cc\/X85E-GX5B\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bild auf 2gis.ru<\/a> bef\u00ebnnt, entspriechen dem Gebai an den Online-B\u00e4itr\u00e4g.<\/p>\n<p>Fir eng weider Iwwerpr\u00e9iwung huet d&#8217;AFP eng Partie Awunner vun der Uertschaft iwwer d&#8217;Plattform VKontakte kontakt\u00e9iert. Ee vun hinnen huet der AFP confirm\u00e9iert, dass de Video an der G\u00e9igend vun der Gare Grodekowo opgeholl gouf: &#8220;Jo, dat ass eis Stad, an d\u00e4r sech d&#8217;Gare bef\u00ebnnt&#8221;, huet den Notzer de 4. Oktober 2022 erkl\u00e4ert, deen zu enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/L568-7PBD?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Grupp vu Bunnmataarbechter vun der Gare zu Grodekowo<\/a> geh\u00e9iert,<\/p>\n<p>Participatioun u Wostok-2022 trotz dem Krich an der Ukrain<\/p>\n<p>Trotz dem Krich an der Ukrain huet Russland z\u00e9ngdausende vun Zaldotinnen an Zaldoten fir d&#8217;Participatioun vun de Milit\u00e4r\u00fcbungen Wostok 2022 bereetgestallt. <a href=\"https:\/\/archive.ph\/bKgzr\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">De 17. August 2022<\/a> hat de chineesesche Verdeedegungsminist\u00e8re matgedeelt, dass och seng eege Participatioun &#8220;w\u00e9i geplangt&#8221; verlafe g\u00e9if.<\/p>\n<p>Nieft de russeschen Truppen hunn och d&#8217;Arm\u00e9ie vun aneren Alli\u00e9ierte w\u00e9i Indien an Aserbaidschan un der \u00dcbung deelgeholl. De russesche President <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=ldMuUBGw9b8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Wladimir Putin<\/a> war bei der Milit\u00e4r\u00fcbung zu Sergejewski, 60 Kilometer n\u00ebrdlech vun der Stad <a href=\"https:\/\/www.google.com\/maps\/place\/Ussuriysk,+Primorsky+Krai,+Russia\/@43.7898235,131.8765121,12z\/data=!3m1!4b1!4m5!3m4!1s0x5fb2e82c7a30123d:0x3ea6992838cb31b3!8m2!3d43.8015045!4d131.9404906\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ussurijsk<\/a>, uwiesend. International Medien, dor\u00ebnner d&#8217;<a href=\"https:\/\/english.alarabiya.net\/News\/world\/2022\/09\/01\/Russia-kicks-off-large-scale-military-drills-in-far-east\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP<\/a>, hunn ausf\u00e9ierlech iwwer d&#8217;Evenement bericht (<a href=\"https:\/\/www.dw.com\/en\/vostok-2022-russian-military-joined-by-allies-in-major-drills\/a-62987000\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/www.ouest-france.fr\/europe\/russie\/russie-en-quoi-consistent-les-exercices-militaires-vostok-2022-diriges-par-vladimir-poutine-32a4beca-2de2-11ed-82ab-ca288831284e\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/MNG6-79V7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>).<\/p>\n<p><iframe title=\"YouTube video player\" src=\"https:\/\/www.youtube.com\/embed\/baUaHEDwHwU\" width=\"560\" height=\"315\" frameborder=\"0\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\" data-mce-fragment=\"1\"><\/iframe><\/p>\n<p>D&#8217;Gefierer waren am Oste vu Russland<\/p>\n<p>D&#8217;Opname vun de Gefierer aus de B\u00e4itr\u00e4g, d\u00e9i online gedeelt goufen, an d\u00e9i Biller, d\u00e9i vum russesche Verdeedegungsminist\u00e8re publiz\u00e9iert goufen, si bal zum selwechten Z\u00e4itpunkt ersch\u00e9ngen. Den op YouTube ver\u00ebffentlechte Clip ass op den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/VLN3-ZYCH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">30. August 2022<\/a> dat\u00e9iert. De Video vum <a href=\"https:\/\/eng.mil.ru\/en\/index.htm\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Verdeedegungsminist\u00e8re zu Moskau<\/a> gouf den 29. August 2022 um 7.30 Auer publiz\u00e9iert.<\/p>\n<p>Well d&#8217;Z\u00e4it zu Wladiwostok (VLAT), wou d&#8217;Gare vu Grodekowo ze fannen ass, der Moskauer Z\u00e4it (MSK) siwe Stonne viraus ass, bedeit dat, dass b\u00e9id Videoen ongef\u00e9ier zum selwechten Z\u00e4itpunkt ver\u00ebffentlecht goufen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/2f3e1933bbd1bead00ac855ca5112ffa.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshots des Youtube-Videos (rechts) und des russischen Verteidigungsministeriums (links): 07.10.2022<\/p>\n<p>Fir ze iwwerpr\u00e9iwen, ob et sech bei de chineesesche Milit\u00e4rgefierer tats\u00e4chlech \u00ebm d&#8217;Gefierer handelt, d\u00e9i un der \u00dcbung &#8220;Wostok 2022&#8221; deelgeholl hunn, huet d&#8217;AFP d&#8217;Kennzeechen am <a href=\"https:\/\/archive.ph\/FevdY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Video vum Verdeedegungsminist\u00e8re<\/a> a vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/VLN3-ZYCH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">YouTube-Video<\/a> verglach.<\/p>\n<p>Opgrond vun der schlechter Bildqualit\u00e9it vum YouTube-Video musst d&#8217;AFP fir d&#8217;\u00e9ischt d&#8217;Opnam mat engem <a href=\"https:\/\/ssyoutube.com\/fr1\/youtube-video-downloader\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Online-Tool<\/a>, dee fr\u00e4i zoug\u00e4nglech ass, verbesseren, fir d&#8217;Kennzeeche besser siichtbar ze maachen. Hei e Verglach vun de Kennzeeche vun de Gefierer:<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/0eaf44fa70a2555b8dff1a96786c849c.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshots von der Aufnahme eines Lastwagens im Video (1:58) des russischen Verteidigungsministeriums (links) und einem Lastwagen im Video (0:17) auf Youtube (rechts): 05.10.2022<\/p>\n<p>A b\u00e9iden Opnamen daucht dee selwechte Camion mam Kennzeechen &#8220;1-020&#8221; op. D&#8217;AFP konnt den Auteur vun den Opnamen net fannen. M\u00e9iglecherweis gouf de Clip vun Observateuren aus der Uertschaft bei der Duerchfaart vun de Gefierer zu Grodekowo nom Entlueden op der Gare gefilmt.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP konnt och een zweete Camion identifiz\u00e9ieren. Och d&#8217;Gefier mam Kennzeechen &#8220;1-057&#8221; daucht a b\u00e9iden Opnamen op:<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/f9595ac4ba7ad9cb75d0b1b81e8af249.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshots der Aufnahme eines Lastwagens im Video (1:43) des russischen Verteidigungsministeriums (links) und einem Lastwagen im Video (0:10) auf Youtube: 05.10.2022<\/p>\n<p>Nieft de Milit\u00e4rgefierer sinn am YouTube-Video och weider Autoen ze erkennen, d\u00e9i an d&#8217;G\u00e9igerichtung vun de Camione fueren. Op d\u00ebse si russesch a keng ukrainesch Kennzeechen ze erkennen. V\u00e9ier vun de f\u00ebnnef Gefierer, d\u00e9i duerch d&#8217;Bild fueren, hunn d&#8217;Nummer &#8220;125&#8221;, d\u00e9i an der Regioun Primorje, no vu Wladiwostok, benotzt ginn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/f0a2fbb83552188bfa18f728fd834d5d.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshots der Kennzeichen aus dem Youtube-Video: 05.10.2022<\/p>\n<p>D\u00e9i zwee Gefierer dauchen am Video bei Sekonn 14 (l\u00e9nks) a 24 (riets) op. Op der jeeweils rietser S\u00e4it vun de Sch\u00eblter ass d&#8217;Nummer 125 ze erkennen. D&#8217;\u00dcbung &#8220;Wostok 2022&#8221; gouf och an der G\u00e9igend ronder\u00ebm Primorje organis\u00e9iert.<\/p>\n<p>E weideren Auto mam <a href=\"https:\/\/www.rbth.com\/lifestyle\/334097-russian-license-plates#:~:text=121%20Chuvash%20Republic-,22%2C%20122%20Altai%20Krai,-23%2C%2093%2C%20123\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Zeechen 122<\/a>, dat bei Minutt 1:11 am Video ze gesinn ass, staamt aus der <a href=\"https:\/\/goo.gl\/maps\/KWSTXV2ct6sHnDhC8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Regioun Altai Krai<\/a> an der s\u00fcdlecher Zentralregioun vu Russland an der G\u00e9igend vu Kasachstan.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> Nee, d\u00ebse Video weist keng chineesesch Milit\u00e4rgefierer, d\u00e9i um Wee an d&#8217;Ukrain sinn. De Clip ass w\u00e4rend enger Milit\u00e4r\u00fcbung am Oste vu Russland entstanen, bei der \u00ebnner anerem chineesesch Truppen deelgeholl hunn. D&#8217;Plaz vum Video l\u00e9isst sech iwwer Mierkmoler am Bild an d\u00e9i siichtbar Kennzeeche vun de Gefierer feststellen.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen Artikel vun AFP gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&nbsp; Am Internet zirkul\u00e9iert z\u00ebnter M\u00ebtt September d&#8217;Falschmeldung, e chinesesche Milit\u00e4rkonvoi w\u00e4r um Wee vu Russland an d&#8217;Ukrain. Dozou hu&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":176339,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[191,217],"tags":[],"class_list":{"0":"post-176344","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-politik","8":"category-ukraine-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"1976414","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"http:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/1976414.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Chinesesche Milit\u00e4rkonvoi ass net um Wee un d&#039;russesch-ukrainesch Grenz - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Chinesesche Milit\u00e4rkonvoi ass net um Wee un d&#039;russesch-ukrainesch Grenz - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"&nbsp; Am Internet zirkul\u00e9iert z\u00ebnter M\u00ebtt September d&#8217;Falschmeldung, e chinesesche Milit\u00e4rkonvoi w\u00e4r um Wee vu Russland an d&#8217;Ukrain. Dozou hu...\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-10-21T15:12:36+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2022-10-24T13:21:37+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/ac9f81d4817f1f31c22ee8e24a3073e3-1.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"620\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"349\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Chinesesche Milit\u00e4rkonvoi ass net um Wee un d&#8217;russesch-ukrainesch Grenz\",\"datePublished\":\"2022-10-21T15:12:36+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-24T13:21:37+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/\"},\"wordCount\":1557,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/ac9f81d4817f1f31c22ee8e24a3073e3-1.jpeg\",\"articleSection\":[\"Politik\",\"Ukraine\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/\",\"name\":\"Faktencheck: Chinesesche Milit\u00e4rkonvoi ass net um Wee un d'russesch-ukrainesch Grenz - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/ac9f81d4817f1f31c22ee8e24a3073e3-1.jpeg\",\"datePublished\":\"2022-10-21T15:12:36+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-24T13:21:37+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/ac9f81d4817f1f31c22ee8e24a3073e3-1.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/ac9f81d4817f1f31c22ee8e24a3073e3-1.jpeg\",\"width\":620,\"height\":349,\"caption\":\"Faktencheck: Chinesesche Milit\u00e4rkonvoi ass net um Wee un d'russesch-ukrainesch Grenz - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Chinesesche Milit\u00e4rkonvoi ass net um Wee un d&#8217;russesch-ukrainesch Grenz\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Chinesesche Milit\u00e4rkonvoi ass net um Wee un d'russesch-ukrainesch Grenz - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Chinesesche Milit\u00e4rkonvoi ass net um Wee un d'russesch-ukrainesch Grenz - EDMO Belux","og_description":"&nbsp; Am Internet zirkul\u00e9iert z\u00ebnter M\u00ebtt September d&#8217;Falschmeldung, e chinesesche Milit\u00e4rkonvoi w\u00e4r um Wee vu Russland an d&#8217;Ukrain. Dozou hu...","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-10-21T15:12:36+00:00","article_modified_time":"2022-10-24T13:21:37+00:00","og_image":[{"width":620,"height":349,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/ac9f81d4817f1f31c22ee8e24a3073e3-1.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"8 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Chinesesche Milit\u00e4rkonvoi ass net um Wee un d&#8217;russesch-ukrainesch Grenz","datePublished":"2022-10-21T15:12:36+00:00","dateModified":"2022-10-24T13:21:37+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/"},"wordCount":1557,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/ac9f81d4817f1f31c22ee8e24a3073e3-1.jpeg","articleSection":["Politik","Ukraine"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/","name":"Faktencheck: Chinesesche Milit\u00e4rkonvoi ass net um Wee un d'russesch-ukrainesch Grenz - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/ac9f81d4817f1f31c22ee8e24a3073e3-1.jpeg","datePublished":"2022-10-21T15:12:36+00:00","dateModified":"2022-10-24T13:21:37+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/ac9f81d4817f1f31c22ee8e24a3073e3-1.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/ac9f81d4817f1f31c22ee8e24a3073e3-1.jpeg","width":620,"height":349,"caption":"Faktencheck: Chinesesche Milit\u00e4rkonvoi ass net um Wee un d'russesch-ukrainesch Grenz - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-chinesesche-militrkonvoi-ass-net-um-wee-un-drussesch-ukrainesch-grenz\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Chinesesche Milit\u00e4rkonvoi ass net um Wee un d&#8217;russesch-ukrainesch Grenz"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/176344","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=176344"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/176344\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/176339"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=176344"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=176344"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=176344"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}