{"id":178240,"date":"2022-10-26T08:00:26","date_gmt":"2022-10-26T08:00:26","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=178240"},"modified":"2022-10-26T09:27:55","modified_gmt":"2022-10-26T09:27:55","slug":"faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/","title":{"rendered":"Faktencheck: D&#8217;M\u00ebnsche si fir d&#8217;Schm\u00eblze vun den \u00c4iskappen op Gr\u00f6nland responsabel"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>W\u00e4rend sech d&#8217;W\u00ebssenschaftler doriwwer eeneg sinn, dass d&#8217;Schm\u00eblze vum \u00c4is eng vun de gr\u00e9isste Menac\u00eb vun der globaler \u00c4erderwiermung ass, g\u00ebtt a Publikatiounen a sozialen Netzwierker f\u00e4lschlecherweis behaapt, dass sech d&#8217;\u00c4iskappe vu Gr\u00f6nland &#8220;erhuelen&#8221;.<\/p>\n<p>&#8220;Klimabomm: D&#8217;\u00c4iskappe vu Gr\u00f6nland erhuele sech, obwuel W\u00ebssenschaftler soen, dass de fr\u00e9iere Verloscht op d\u00e9i natierlech Erwiermung an net op CO2-Emissiounen zer\u00e9ckzef\u00e9ieren ass&#8221;, behaapten eng Rei Publikatiounen, d\u00e9i de m\u00ebnschlechen Ursprong vun der \u00c4erderwiermung a Fro stellen.<\/p>\n<p>Se ginn op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/U8B9-A94N\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4Q3P-GBJD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Twitter<\/a> gedeelt a weisen de Screenshot vun engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/48L8-CQ77\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Blogartikel<\/a>, deen den 2. Oktober 2022 op der amerikanescher Webs\u00e4it <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9MS2-QGJJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">The Daily Sceptic<\/a> ver\u00ebffentlecht gouf a mat H\u00ebllef vun engem automateschen Iwwersetzungstool op Frans\u00e9isch iwwersat gouf. D\u00e9i englesch Originalversioun ass hei ze gesinn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/143b49fd80b7d67e417f519ab578ff2b.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&amp;#039;\u00e9cran prise sur le site am\u00e9ricain The Daily Sceptic le 11 octobre 2022<\/p>\n<p>Den Text vun Daily Sceptic gouf och vum \u00ebmstriddene S\u00e4nger Francis Lalanne op der amerikanescher <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6HZZ-KJ2T\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Plattform Gettr<\/a> propag\u00e9iert, d\u00e9i vun engem eemolege Pressespriecher vum Donald Trump gegr\u00ebnnt gouf. Op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7MGZ-JGDZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Twitter<\/a> an op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/YGM2-R42T\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Reddit<\/a> zirkul\u00e9iert d&#8217;Behaaptung och an englescher Sprooch.<\/p>\n<p>Et\u00fcd widderleet net de vum M\u00ebnsch gemaachte Klimawandel<\/p>\n<p>Fir seng Behaaptungen ze \u00ebnnermaueren, berifft sech den Daily Sceptic op eng Rei w\u00ebssenschaftlech Aarbechten, besonnesch op eng Et\u00fcd, d\u00e9i am Dezember 2021 an der <a href=\"https:\/\/www.nature.com\/commsenv\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Communications earth &amp; environment<\/a>, enger Fachz\u00e4itschr\u00ebft vun <a href=\"https:\/\/perma.cc\/GGF8-MJMM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Nature<\/a>, erauskoum.<\/p>\n<p>D&#8217;Aarbechte vun dr\u00e4i japanesche Klimafuerscher vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4GCP-YYP2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Universit\u00e9it vun Hokkaido<\/a> huelen un, dass den observ\u00e9ierte Ralentissement vun der Erwiermung a vum \u00c4isverloscht op Gr\u00f6nland an de leschten 10 Joer op den El Nino zer\u00e9ckgeet. Den El Nino ass e <a href=\"https:\/\/perma.cc\/PN95-X8C7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Wiederphenomen<\/a>, dat d\u00e9i global Temperature beaflosst an Dr\u00e9chenten an Iwwerschwemmunge verschl\u00ebmmert.<\/p>\n<p>D&#8217;Auteuren hunn erausfonnt, dass den El Nino niddereg Temperaturen op Gr\u00f6nland verursaacht huet, andeems en duerch d&#8217;Bildung vu Wierbelstierm e m\u00e9i kille Loftstroum a Richtung Norden ausl\u00e9ist.<\/p>\n<p><iframe title=\"YouTube video player\" src=\"https:\/\/www.youtube.com\/embed\/15b6V9cvtoY\" width=\"560\" height=\"315\" frameborder=\"0\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\" data-mce-fragment=\"1\"><\/iframe><\/p>\n<p>Fir den Daily Sceptic ass den Afloss vum Naturphenomen op d&#8217;Temperaturen an d&#8217;\u00c4is op Gr\u00f6nland e Beweis dofir, dass de Klimawandel net vum M\u00ebnsch, mee vun der Natur ausgel\u00e9ist g\u00ebtt:<\/p>\n<p>&#8220;Esou Konklusiounen diskredit\u00e9ieren d\u00e9i haut &#8216;etabl\u00e9iert&#8217; simplistesch w\u00ebssenschaftlech Opfaassung, dass de Kuelendioxid, deen duerch d&#8217;Verbrenne vu fossille Brennstoffer duerch de M\u00ebnsch produz\u00e9iert g\u00ebtt, den Haaptmotor fir d&#8217;Erwiermung an d&#8217;Ofkillung vun eisem Plan\u00e9it ass&#8221;, schreift de Blog.<\/p>\n<p>Allerd\u00e9ngs huet den Haaptauteur vun der w\u00ebssenschaftlecher Publikatioun, de Shinji Matsumura, Fuerscher um <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6TZV-HRBZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Japaneschen Institut fir Geow\u00ebssenschaften a Katastrophenresilienz<\/a>, der AFP vers\u00e9chert, dass d&#8217;Resultater vun der Et\u00fcd falsch interpret\u00e9iert goufen:<\/p>\n<p>&#8220;<strong>Eisen Artikel gouf duerch d\u00ebse Blogartikel verzerrt<\/strong>. Mir sinn net domat averstanen, dass [d&#8217;Resultater vun der Et\u00fcd, Um. v. d. Red.] d&#8217;Tatsaach diskredit\u00e9ieren, dass d&#8217;CO2-Emissiounen, d\u00e9i vum M\u00ebnsch produz\u00e9iert ginn, den Haaptmotor vum Klimawandel sinn&#8221;, huet hien der AFP de 5. Oktober an enger E-Mail matgedeelt an och dorun er\u00ebnnert, dass &#8220;<strong>d\u00e9i global Temperatur opgrond vum anthropogeene Klimawandel kl\u00ebmmt<\/strong>&#8221; (heescht, vum M\u00ebnsch gemaach).<\/p>\n<p>De Shinji Matsumura huet och vers\u00e9chert, dass d\u00e9i <strong>w\u00ebssenschaftlech Publikatioun &#8220;d&#8217;Gravit\u00e9it vum Klimawandel oder d&#8217;Noutwendegkeet, d&#8217;Z\u00e4regasen ze bek\u00e4mpfen, net erofspillt.<\/strong>&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;<strong>D&#8217;\u00c4iskappe <strong>[\u00c4is, dat sech op der \u00c4erd bilt, Um. v. d. Red.] <\/strong>vu Gr\u00f6nland schm\u00eblze laangfristeg opgrond vun der globaler Erwiermung, d\u00e9i duerch d&#8217;Emissioun vun Z\u00e4regasen ausgel\u00e9ist g\u00ebtt, awer den Tempo vum Schm\u00eblzen ass an de leschten z\u00e9ng Joer m\u00e9i lues ginn<\/strong>&#8220;, heescht et an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8LTH-98QL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Pressecommuniqu\u00e9 vun der Universit\u00e9it vun Hokkaido<\/a>, d\u00e9i am Abr\u00ebll 2022 versch\u00e9ckt gouf, fir d&#8217;Et\u00fcd aus dem Dezember 2021 virzestellen.<\/p>\n<p>D&#8217;Resultater vun der japanescher Et\u00fcd &#8220;weisen, w\u00e9i natierlech Ver\u00e4nnerunge parallel zu der globaler Erwiermung wierken a lokal klimatesch Konditioune ver\u00e4nnere k\u00ebnnen. Mir ginn awer dovun aus, dass\u00a0 d\u00e9i global Erwiermung an d&#8217;Schm\u00eblze vun den \u00c4iskappen op Gr\u00f6nland an am Rescht vun der Arktis opgrond vun den Auswierkungen duerch d\u00e9i anthropogeen Erwiermung an Zukunft nach acceler\u00e9iere w\u00e4ert&#8221;, f\u00fc\u00fcgt de W\u00ebssenschaftler dob\u00e4i.<\/p>\n<p><iframe style=\"border: 0;\" src=\"https:\/\/www.google.com\/maps\/embed?pb=!1m18!1m12!1m3!1d24597149.27150807!2d-73.81837994299133!3d67.89652205792066!2m3!1f0!2f0!3f0!3m2!1i1024!2i768!4f13.1!3m3!1m2!1s0x4ea20dbbe3c07715%3A0x34cf9d830114e218!2sGroenland!5e0!3m2!1sfr!2sfr!4v1666277633797!5m2!1sfr!2sfr\" width=\"600\" height=\"450\" frameborder=\"1\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\" data-mce-fragment=\"1\"><\/iframe><\/p>\n<p>&#8220;<strong>Mir befannen eis iwwerhaapt net an enger Erhuelungsphas vun den \u00c4iskappen op Gr\u00f6nland<\/strong>&#8220;, seet d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/8MR4-Y342\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">He\u00efdi Sevestre<\/a>, Glaziologin a Member vum Iwwerwaachungs- a Bew\u00e4ertungsprogramm vun der Arktis, d\u00e9i den 11. Oktober vun der AFP kontakt\u00e9iert gouf. &#8220;An d\u00ebsem Joer zum Beispill, a Bezuch op den \u00c4isverloscht, war et e b\u00ebsse manner extreem w\u00e9i \u00fcblech. Awer wat op Gr\u00f6nland all Summer an all Joer geschitt, bleift katastrophal.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;Wann et an Europa an eise Breedegraden extreem waarm ass, ass d&#8217;Warscheinlechkeet grouss, dass d&#8217;Arktis e b\u00ebsse m\u00e9i kal a m\u00e9i fiicht ass w\u00e9i soss. Dat hu mir an d\u00ebsem Summer observ\u00e9iert: Frankr\u00e4ich huet gebrannt, w\u00e4rend Gr\u00f6nland net d\u00e9i selwecht H\u00ebtztwell erlieft huet&#8221;, erkl\u00e4ert d&#8217;Fuerscherin, d\u00e9i de Summer op Gr\u00f6nland verbruecht huet, fir de Buedem ze \u00ebnnersichen.<\/p>\n<p>&#8220;Duerch zimmlech komplex Wiederphenomener kann et effektiv hei eng liicht Ofkillung ginn, do e b\u00ebsse m\u00e9i Schn\u00e9i op de Gletscher. <strong>Awer et kann een net widderlee\u00ebn, dass den observ\u00e9ierte Verloscht un \u00c4is an direktem Zesummenhang mat der m\u00ebnschlecher Aktivit\u00e9it steet<\/strong>&#8220;, sou d&#8217;Konklusioun vun der W\u00ebssenschaftlerin.<\/p>\n<p>D&#8217;Kaart vun engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/G3HN-CENT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d\u00e4neschen Arktisfuerschungsinstitut<\/a> weist och den <strong>unhalende Verloscht un \u00c4is op den \u00c4iskappe vu Gr\u00f6nland<\/strong>:<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/1b348521baa2f4d68b1b1911b1a0d552.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&amp;#039;\u00e9cran prise sur le site Polar Portal le 20 octobre 2022<\/p>\n<p>&#8220;Am Z\u00e4itraum vun 2003 bis 2011 huet d&#8217;\u00c4isdecke vu Gr\u00f6nland 234 km3 Waasser pro Joer verluer, wat de Mieresspigel all Joer duerchschn\u00ebttlech \u00ebm 0,65 mm klamme l\u00e9isst&#8221;, heescht et um Internetsite vum Institut.<\/p>\n<p>D&#8217;\u00c4is an der Arktis g\u00ebtt manner<\/p>\n<p>Den Daily Sceptic behaapt och, dass sech d&#8217;\u00c4is an der Arktis, also d&#8217;\u00c4isfl\u00e4ch, d\u00e9i sech un der Uewerfl\u00e4ch vum Ozean bilt, &#8220;erh\u00eblt&#8221;.<\/p>\n<p>Och hei behaapt de Blog, sech op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8CXB-QCTV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">w\u00ebssenschaftlech Aarbechten<\/a> ze st\u00ebtzen, an zwar d\u00e9i vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/K53Q-Y6SV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Nationalen Zenter fir Schn\u00e9i- an \u00c4isdonn\u00e9e\u00ebn<\/a> (NSIDC) aus den USA, dat d&#8217;Donn\u00e9e\u00ebn iwwer d&#8217;arktescht \u00c4is sammelt.<\/p>\n<p>Bei senge Recherchen huet den NSIDC festgestallt, dass d&#8217;\u00c4is am September 2022 m\u00e9i grouss war w\u00e9i am September 2012.<\/p>\n<p>Fir den Daily Sceptic ass d\u00ebs Observatioun e Beweis dofir, dass &#8220;d&#8217;Erhuelung vum arktesche Mier\u00e4is am Summer a leschter Z\u00e4it spektakul\u00e4r war&#8221;. Dat ass awer eng Feelinterpretatioun vun den NSIDC-Donn\u00e9e\u00ebn.<\/p>\n<p>Am September 2022 gouf et zwar eng m\u00e9i grouss \u00c4isfl\u00e4ch w\u00e9i 2012, mee dat bedeit net, dass sech dat arktescht \u00c4is am Laf vun der Z\u00e4it &#8220;erh\u00eblt&#8221;.<\/p>\n<p>Den NSIDC erkl\u00e4ert a sengen Aarbechten, dass d\u00e9i <strong>aktuell Fl\u00e4ch vum arktesche Mier\u00e4is 1,54 Millioune Quadratkilometer \u00ebnnert dem Duerchschn\u00ebtt vun de Joren 1981-2010 l\u00e4it.<\/strong><\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/41632a0985edaea12de962a2ad40ae35.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Des icebergs flottent dans la baie de Baffin pr\u00e8s de Pituffik au Groenland, lors d&amp;#039;une mission a\u00e9rienne visant \u00e0 mesurer la fonte de la glace de mer arctique, le 20 juillet 2022. ( AFP \/ KEREM YUCEL)<\/p>\n<p>A senger Et\u00fcd huet den NSIDC och festgestallt, dass d&#8217;<strong>\u00c4is an der Arktis am September 2022 am Verglach zum Duerchschn\u00ebtt vun de Joren 1981-2010 zanter dem Ufank vun de Miessunge pro Joerz\u00e9ngt \u00ebm 12,3 % zer\u00e9ckgaangen ass<\/strong>.<\/p>\n<p>&#8220;S\u00e4it 1979 huet de Mount September en \u00c4isverloscht vun 3,59 Quadratkilometer verzeechent&#8221;, stellt de Fuerschungszenter fest, &#8220;dat ass ongef\u00e9ier duebel esou grouss w\u00e9i Alaska.&#8221;<\/p>\n<p>An d\u00ebsem Zesummenhang schreift den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/83CM-TMD7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">intergouvernementale Grupp vun Experten fir d&#8217;Klimaentw\u00e9cklung<\/a> (IPCC) an der Zesummefaassung vun engem vun de wichtegste Rapporten: &#8220;<strong>T\u00ebscht 2011 an 2020 huet d\u00e9i duerchschn\u00ebttlech Fl\u00e4ch vum arktesche Mier\u00e4is hiren niddregste Stand s\u00e4it op d&#8217;mannst 1850 erreecht<\/strong>.&#8221;<\/p>\n<p>W\u00ebssenschaftleche Konsens doriwwer, dass d&#8217;Klimaerwiermung duerch de M\u00ebnsch ausgel\u00e9ist g\u00ebtt<\/p>\n<p>A sengem Blog behaapt den Daily Sceptic och, dass &#8220;vill W\u00ebssenschaftler&#8221; scho &#8220;grouss Temperaturschwankungen an der Vergaangenheet&#8221; observ\u00e9iert hunn, w\u00e9i se an de leschten annerhallwe Joerhonnerten observ\u00e9iert goufen.<\/p>\n<p>D&#8217;Behaaptung, dass d\u00e9i j\u00e9ngst Erwiermung normal w\u00e4r, well d&#8217;Temperature scho virdru geschwankt hunn, w\u00e4r &#8220;einfach eng domm Logik&#8221;, sot de Mike Lockwood, Professer fir Weltraumphysik op der Reading University, der AFP schonn an engem fr\u00e9iere Faktencheck.<\/p>\n<p>D&#8217;Responsabilit\u00e9it vun den Z\u00e4regasemissioune fir de Klimawandel ass dokument\u00e9iert a g\u00ebtt vun der w\u00ebssenschaftlecher Gemeinschaft <a href=\"https:\/\/perma.cc\/83CM-TMD7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">duerch den IPCC best\u00e4tegt<\/a>, w\u00e9i d&#8217;Grafik aus engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z3HV-RVXH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bericht vum August 2021<\/a> weist.<\/p>\n<p>\u00cbnne l\u00e9nks ass ze gesinn, dass d&#8217;Temperaturen an de leschten 150 Joer staark geklomme sinn. Op der rietser S\u00e4it \u00ebnne weist d\u00e9i blo Linn, w\u00e9i d\u00e9if d&#8217;Temperaturen op der \u00c4erd w\u00e4ren, wann d&#8217;M\u00ebnsche keng Z\u00e4regasen aus fossille Brennstoffer produz\u00e9iere g\u00e9ifen:<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/243d4465c573c8f822794b5112a7750f.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&amp;#039;\u00e9cran prise sur le site de l&amp;#039;IPCC le 20 octobre 2022<\/p>\n<p>&#8220;Et ass onbestridden, dass den Afloss vum M\u00ebnsch d&#8217;Atmosph\u00e4r, d&#8217;Ozeanen an d&#8217;Land erwiermt huet&#8221;, schreift den IPCC am \u00e9ischten Deel vum selwechte Rapport.<\/p>\n<p>D&#8217;Faktenchecke vun der AFP zum Sujet Energie a Klima sinn <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/list\/all\/all\/39289\/all\/2535\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> ze fannen.<\/p>\n<p><em>D\u00ebse Artikel vun der AFP gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&nbsp; W\u00e4rend sech d&#8217;W\u00ebssenschaftler doriwwer eeneg sinn, dass d&#8217;Schm\u00eblze vum \u00c4is eng vun de gr\u00e9isste Menac\u00eb vun der globaler \u00c4erderwiermung&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":178235,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,192],"tags":[],"class_list":{"0":"post-178240","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-wessenschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"1982143","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"http:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/1982143.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/afp_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: D&#039;M\u00ebnsche si fir d&#039;Schm\u00eblze vun den \u00c4iskappen op Gr\u00f6nland responsabel - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: D&#039;M\u00ebnsche si fir d&#039;Schm\u00eblze vun den \u00c4iskappen op Gr\u00f6nland responsabel - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"&nbsp; W\u00e4rend sech d&#8217;W\u00ebssenschaftler doriwwer eeneg sinn, dass d&#8217;Schm\u00eblze vum \u00c4is eng vun de gr\u00e9isste Menac\u00eb vun der globaler \u00c4erderwiermung...\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-10-26T08:00:26+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2022-10-26T09:27:55+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/9732f84f2f0ccd9dde89bb03428fd2c1.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"800\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"450\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: D&#8217;M\u00ebnsche si fir d&#8217;Schm\u00eblze vun den \u00c4iskappen op Gr\u00f6nland responsabel\",\"datePublished\":\"2022-10-26T08:00:26+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-26T09:27:55+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/\"},\"wordCount\":1591,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/9732f84f2f0ccd9dde89bb03428fd2c1.jpeg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/\",\"name\":\"Faktencheck: D'M\u00ebnsche si fir d'Schm\u00eblze vun den \u00c4iskappen op Gr\u00f6nland responsabel - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/9732f84f2f0ccd9dde89bb03428fd2c1.jpeg\",\"datePublished\":\"2022-10-26T08:00:26+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-26T09:27:55+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/9732f84f2f0ccd9dde89bb03428fd2c1.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/9732f84f2f0ccd9dde89bb03428fd2c1.jpeg\",\"width\":800,\"height\":450,\"caption\":\"Faktencheck: D'M\u00ebnsche si fir d'Schm\u00eblze vun den \u00c4iskappen op Gr\u00f6nland responsabel - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: D&#8217;M\u00ebnsche si fir d&#8217;Schm\u00eblze vun den \u00c4iskappen op Gr\u00f6nland responsabel\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: D'M\u00ebnsche si fir d'Schm\u00eblze vun den \u00c4iskappen op Gr\u00f6nland responsabel - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: D'M\u00ebnsche si fir d'Schm\u00eblze vun den \u00c4iskappen op Gr\u00f6nland responsabel - EDMO Belux","og_description":"&nbsp; W\u00e4rend sech d&#8217;W\u00ebssenschaftler doriwwer eeneg sinn, dass d&#8217;Schm\u00eblze vum \u00c4is eng vun de gr\u00e9isste Menac\u00eb vun der globaler \u00c4erderwiermung...","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-10-26T08:00:26+00:00","article_modified_time":"2022-10-26T09:27:55+00:00","og_image":[{"width":800,"height":450,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/9732f84f2f0ccd9dde89bb03428fd2c1.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"8 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: D&#8217;M\u00ebnsche si fir d&#8217;Schm\u00eblze vun den \u00c4iskappen op Gr\u00f6nland responsabel","datePublished":"2022-10-26T08:00:26+00:00","dateModified":"2022-10-26T09:27:55+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/"},"wordCount":1591,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/9732f84f2f0ccd9dde89bb03428fd2c1.jpeg","articleSection":["\u00cbmwelt","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/","name":"Faktencheck: D'M\u00ebnsche si fir d'Schm\u00eblze vun den \u00c4iskappen op Gr\u00f6nland responsabel - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/9732f84f2f0ccd9dde89bb03428fd2c1.jpeg","datePublished":"2022-10-26T08:00:26+00:00","dateModified":"2022-10-26T09:27:55+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/9732f84f2f0ccd9dde89bb03428fd2c1.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/9732f84f2f0ccd9dde89bb03428fd2c1.jpeg","width":800,"height":450,"caption":"Faktencheck: D'M\u00ebnsche si fir d'Schm\u00eblze vun den \u00c4iskappen op Gr\u00f6nland responsabel - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dmnsche-si-fir-dschmlze-vun-den-iskappen-op-grnland-responsabel\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: D&#8217;M\u00ebnsche si fir d&#8217;Schm\u00eblze vun den \u00c4iskappen op Gr\u00f6nland responsabel"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/178240","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=178240"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/178240\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/178235"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=178240"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=178240"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=178240"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}