{"id":185528,"date":"2022-11-01T15:00:44","date_gmt":"2022-11-01T15:00:44","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=185528"},"modified":"2022-11-08T13:58:07","modified_gmt":"2022-11-08T13:58:07","slug":"faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Russesch Invasioun net op enger Linn mat UN-Charta"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>D\u00e9i russesch Invasioun an der Ukrain gouf schonn e puer Mol vum UN-Generalsekret\u00e4r Antonio Guterres verurteelt.<\/p>\n<p>Honnerte User hunn d&#8217;Behaaptungen iwwer d&#8217;UN-Charta op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6MEF-2G85?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> gedeelt. Op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/V32Q-UT7Y\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a> hunn Honnertdausende se gesinn. D&#8217;Behaaptung iwwer d&#8217;UN-Charta ass schonn z\u00ebnter dem 29. September 2022 am russeschen Netzwierk <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20221013142743\/https:\/\/m.vk.com\/wall68856040_4399\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">VKontakte<\/a> am \u00cbmlaf gewiescht. Och a russesche Medien ass d&#8217;Behaaptung opgedaucht.<\/p>\n<p><strong>D&#8217;Behaaptung:<\/strong> Angeeblech g\u00e9if aus den Artikelen 106 an 107 vun der UN-Charta ervirgoen, dass Russland als &#8220;rechtm\u00e9issegen Ierwe vum Gew\u00ebnner am Zweete Weltkrich&#8221; d&#8217;Recht h\u00e4tt, och milit\u00e4resch g\u00e9int de Versuch virzegoen, dass den Nationalsozialismus er\u00ebm zum Liewen erw\u00e4cht. Sou k\u00e9int d&#8217;Land \u00ebnner anerem milit\u00e4resch an D\u00e4itschland, Ungarn, \u00c9istr\u00e4ich, Rum\u00e4nien, Bulgarien, Finnland, Kroatien, Slowenien, Tschechien, Lettland, Estland, Litauen oder der Ukrain agr\u00e4ifen. Domat w\u00e4r d\u00e9i sougenannt &#8220;russesch Spezialoperatioun an der Ukrain&#8221; och rechtens. Russland h\u00e4tt d&#8217;Recht, &#8220;Nazien iwwerall ze bestrofen&#8221;.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/a4cef0d824ab1881170bdd49dc3030ee.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Facebook-Screenshot der Behauptung: 18.10.2022<\/p>\n<p>Erzielung, d\u00e9i \u00ebmmer nees opk\u00ebnnt<\/p>\n<p>Zanter dem Ufank vun der russescher Invasioun an der Ukrain de 24. Februar 2022 verbreede sech \u00ebmmer nees Falschbehaaptungen zu enger Nazi-Ideologie, d\u00e9i angeeblech an der Ukrain herrsche g\u00e9if (<a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.326M9FR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/factual.afp.com\/doc.afp.com.327N9LD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>). D&#8217;AFP huet an der Vergaangenheet zum Beispill <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.32JB2LV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d\u00ebs falsch Foto<\/a> vum Kiewer Policechef oder eng Opnam vun engem <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.32DT2L4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">vermeintlechen ukrainesche Krichsgefaangenen<\/a> mat engem Hakekr\u00e4iz-Tattoo iwwerpr\u00e9ift. Och d\u00e9i <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.324G927\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">v\u00eblkerrechtlech Souver\u00e4nit\u00e9it vun der Ukrain<\/a> hate User virdrun ugezweiwelt. <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/list\/all\/all\/39405\/all\/tid-39405\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Hei<\/a> ginn m\u00e9i Faktenchecke vun der AFP iwwer de Krich an der Ukrain.<\/p>\n<p>D\u00e9i elo verbreet Behaaptunge spigelen inhaltlech d&#8217;Haltung vum Kreml er\u00ebm, no d\u00e4r d&#8217;Zil vun der milit\u00e4rescher Interventioun vu Russland &#8220;d&#8217;Entmilitaris\u00e9ierung an d&#8217;Entnazifiz\u00e9ierung vun der Ukrain&#8221; w\u00e4r. D\u00ebs Behaaptung gouf scho vun diversen Expertinnen an Experten, d\u00e9i <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.324Q3AK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">am M\u00e4erz 2022 vun der AFP befrot goufen<\/a>, widderluecht. D\u00ebs waren der Usiicht, dass zwar ultra-nationalistesch Beweegungen am Land souw\u00e9i besonnesch an der Arm\u00e9i aktiv w\u00e4ren, dass se awer op politeschem Niveau &#8220;an der Minorit\u00e9it&#8221; a marginalis\u00e9iert bl\u00e9iwen.<\/p>\n<p>D&#8217;Artikelen 106 an 107 stamen aus der Z\u00e4it vum Zweete Weltkrich<\/p>\n<p>D&#8217;Charta vun de Vereenten Natioune gouf de 26. Juni 1945 zu San Francisco vu ronn 50 Staaten \u00ebnnerzeechent an ass <a href=\"https:\/\/perma.cc\/VYD2-J8J9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">am Internet ze fannen<\/a>. Se sollt <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6N8T-D322\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">der UN no<\/a> &#8220;eng international Organisatioun schafen, d\u00e9i de Krich op en Enn br\u00e9ngt an de Fridde s\u00e9chert&#8221;. D&#8217;Ratifiz\u00e9ierung vun der Charta &#8211; an domat d&#8217;Gr\u00ebnnung vun de Vereenten Natiounen &#8211; ass er\u00e9ischt e puer M\u00e9int m\u00e9i sp\u00e9it, de 24. Oktober 1945, nom Enn vum Zweete Weltkrich erfollegt.<\/p>\n<p>Aus d\u00ebsem Grond enth\u00e4lt d&#8217;Charta, d\u00e9i no der Kapitulatioun vun der d\u00e4itscher Wehrmacht am Mee 1945, awer virun der japanescher Kapitulatioun am September 1945 erstallt gouf, zwou &#8220;Iwwergangsbest\u00ebmmungen zur S\u00e9cherheet&#8221;, d&#8217;Artikelen 106 an 107.<\/p>\n<p>Den Artikel 106 reegelt eng Iwwergangsl\u00e9isung bis zum Akraafttriede vun engem Sonderofkommes am Artikel 43, an deem d&#8217;Parteie vum Accord t\u00ebscht den Alli\u00e9ierten, deen den 30. Oktober 1943 zu Moskau \u00ebnnerzeechent gouf, a Frankr\u00e4ich ausgemaach hunn, erfuerderlech Moossname &#8220;fir d&#8217;Erhale vum Weltfridden an der internationaler S\u00e9cherheet&#8221; am Numm vun der Organisatioun ze treffen.<\/p>\n<p>Am Artikel 107 heescht et: &#8220;Moossnamen, d\u00e9i d\u00e9i heifir verantwortlech Regierungen als Konsequenz vum Zweete Weltkrich a Bezuch op e Staat ergr\u00e4ifen oder geneemegen, dee w\u00e4rend d\u00ebsem Krich Feind vun engem Staat, deen d\u00ebs Charta \u00ebnnerzeechent huet, war, ginn duerch d\u00ebs Charta weder ausser Kraaft gesat nach \u00ebnnersot.&#8221; Den Artikel huet et erlaabt g\u00e9int Staaten, d\u00e9i w\u00e4rend dem Zweete Weltkrich d&#8217;Charta net \u00ebnnerzeechent haten,\u00a0 w\u00e4rend dem weidere Verlaf vum Krich Moossnamen ze ergr\u00e4ifen.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/a14774c2b75119b38a00e3b928478d7f.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> US-Pr\u00e4sident Harry Truman bei seiner Abschlussrede zum Ende der Konferenz der Vereinten Nationen f\u00fcr die internationale Organisation am 26. Juni 1945 in San Francisco (AFP)<\/p>\n<p>W\u00e9i de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9YJF-YBKU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Guillaume Devin<\/a>, Professer fir Politikw\u00ebssenschaften op der Universit\u00e9it Sciences Po zu Par\u00e4is a Member vun enger Fuerschergrupp zu multilateralen Aktivit\u00e9ite mam Numm <a href=\"https:\/\/gram.cnrs.fr\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Gram<\/a>, den 11. Oktober 2022 g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert huet, g\u00e9ifen d&#8217;Moossnamen, d\u00e9i a b\u00e9iden Artikele beschriwwe ginn, als &#8220;Fortsetzung vum Krich&#8221; verstanen, wat d\u00e9i extraordin\u00e4r \u00cbmst\u00e4nn verd\u00e4itlecht, d\u00e9i bei der Interpretatioun vum Text beuecht musse ginn.<\/p>\n<p>&#8220;Et muss een also schonn en extraordin\u00e4r verdr\u00e9inte Geescht hunn, fir d\u00e9i russesch Aggressioun vun 2022 als Fortsetzung vum Zweete Weltkrich ze bew\u00e4erten&#8221;, huet den Devin betount. Et g\u00e9if sech \u00ebm eng &#8220;komplett fantasievoll Interpretatioun&#8221; handelen.<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/U73Q-C9JJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Mathias Forteau<\/a>, Professer fir Droit public op der Universit\u00e9it Paris Nanterre a vun 2023 bis 2027 Member vun der V\u00eblkerrechtskommissioun vun de Vereenten Natiounen, huet den 11. Oktober och confirm\u00e9iert, dass &#8220;d\u00ebs Ausleeung vun den Artikelen 106 an 107 vun der Charta Ons\u00ebnn ass&#8221;.<\/p>\n<p>&#8220;Kee Jurist, deen eenegermoosse seri\u00f6 an \u00e9ierlech ass, g\u00e9if esou eng Ausleeung \u00ebnnerst\u00ebtzen, ugefaangen domat, dass den Artikel 107 sech op Aktioune bezitt, d\u00e9i &#8216;als Konsequenz vun d\u00ebsem Krich&#8217; duerchgef\u00e9iert ginn, andeem hie sech op den Zweete Weltkrich bezitt&#8221;, huet de Fourteau erkl\u00e4ert. Den aktuelle Krich st\u00e9ing natierlech a kenger Weis domat a Verbindung.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/B4BD-ECFZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Alexandra Novosseloff<\/a>, w\u00ebssenschaftlech Mataarbechterin am Ber\u00e4ich Politikw\u00ebssenschaft um Thukydides-Zenter vun der Universit\u00e9it Paris-Panth\u00e9on-Assas an Expertin fir de S\u00e9cherheetsrot vun de Vereenten Natiounen, huet der AFP den 12. Oktober dozou gesot: &#8220;D\u00ebs Artikele schw\u00e4tze vun engem Ofkommes t\u00ebscht Groussmuechten, d\u00e9i et am aktuelle Fall net g\u00ebtt.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Artikele betreffen eng Situatioun, d\u00e9i net m\u00e9i exist\u00e9ieren&#8221;, huet d&#8217;Novosseloff betount. Gemengt w\u00e4r d&#8217;Z\u00e4it t\u00ebscht dem Akraafttriede vun der Charta an der Af\u00e9ierung vu Best\u00ebmmungen iwwer d&#8217;Zesummelee\u00eb vun Arm\u00e9ien, w\u00e9i am Artikel 43 erkl\u00e4ert g\u00ebtt.<\/p>\n<p>D&#8217;Ofkommessen, d\u00e9i am Artikel genannt ginn, w\u00e4ren zwar ni \u00ebnnerzeechent ginn, gesteet d&#8217;Novosseloff an, sech haut op d&#8217;Artikelen 106 an 107 ze bez\u00e9ien, w\u00e4r awer e b\u00ebsse w\u00e4it hiergeholl.<\/p>\n<p>Weider Ofkommessen iwwer Arm\u00e9ie koumen net zustanen<\/p>\n<p>W\u00e9i d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/PR97-UBM8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Catherine Le Bris<\/a>, Fuerscherin um Centre national de la recherche scientifique CNRS an Expertin fir internationaalt Recht, den 11. Oktober 2022 erkl\u00e4ert huet, &#8220;schw\u00e4tzt den Artikel 43 vun der Charta vun Iwwergangsbest\u00ebmmungen, d\u00e9i duerch zuk\u00fcnfteg Ofkommesse prezis\u00e9iert h\u00e4tte solle ginn, d\u00e9i awer net zustane koumen an d\u00e9i eng Aart international Police ariichte sollten&#8221;.<\/p>\n<p>D&#8217;Iddi vun d\u00ebsen Iwwergangsbest\u00ebmmunge w\u00e4r et gewiescht, d&#8217;Z\u00e4it bis zur Installatioun vum S\u00e9cherheetsrot ze iwwerbr\u00e9cken, awer schlussendlech h\u00e4tt sech d&#8217;Praxis vum UN-S\u00e9cherheetsrot anescht entw\u00e9ckelt.<\/p>\n<p>W\u00e9i d\u00e9i dauerhaft Vertriedung vu Frankr\u00e4ich bei de Vereenten Natiounen <a href=\"https:\/\/perma.cc\/H7HQ-YTGK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">op hirer Webs\u00e4it<\/a> ausf\u00e9ierlech matdeelt, kann de S\u00e9cherheetsrot, &#8220;Resolutioune vot\u00e9ieren, d\u00e9i Verflichtungen oder Sanktioune g\u00e9int eng Rei Staate verh\u00e4nken&#8221;, falls &#8220;eng Situatioun de Fridden eeschthaft a Gefor br\u00e9nge sollt&#8221;. De Rot besteet haut aus 15 Memberen, dor\u00ebnner f\u00ebnnef permanent Memberstaate mat Vetorecht: China, d&#8217;USA, Frankr\u00e4ich, dat Vereent Kinnekr\u00e4ich a Russland. <a href=\"https:\/\/dgvn.de\/un-im-ueberblick\/deutschland-und-die-un\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">D\u00e4itschland<\/a> war zulescht vun 2019 bis 2020 <a href=\"https:\/\/www.auswaertiges-amt.de\/de\/aussenpolitik\/internationale-organisationen\/uno\/07_Sicherheitsrat\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Member vum S\u00e9cherheetsrot<\/a>. (L\u00ebtzebuerg war zulescht vun <a href=\"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/national\/a\/331217.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2013 bis 2014<\/a> net permanente Member vum UN-S\u00e9cherheetsrot a w\u00ebll eng <a href=\"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/international\/a\/1970383.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Kandidatur stellen<\/a>, fir 2031 an 2032 nees Member vum h\u00e9chste Gremium vun der UNO ze ginn (Um. v. d. Red.).)<\/p>\n<p>De S\u00e9cherheetsrot k\u00e9int \u00ebnner anerem &#8220;d&#8217;Appliz\u00e9iere vu Gewalt fir d&#8217;Erhalen oder d&#8217;Er\u00ebmhierstelle vu Fridden a S\u00e9cherheet geneemegen&#8221; oder &#8220;eng friddenserhalend Operatioun asetzen&#8221;.<\/p>\n<p>Russland g\u00e9if dob\u00e4i vu sengem Status als st\u00e4nnege Member vum S\u00e9cherheetsrot profit\u00e9ieren, w\u00e9i d&#8217;Madamm Le Bris ervirgehuewen huet: &#8220;D\u00e9i milit\u00e4resch Interventioun vu Russland an der Ukrain verst\u00e9isst g\u00e9int d&#8217;UN-Charta, awer well Russland permanente Member am S\u00e9cherheetsrot ass, verh\u00ebnnert et deem s\u00e4i Funktion\u00e9ieren duerch s\u00e4i Vetorecht.&#8221;<\/p>\n<p>Dat huet Russland besonnesch de 25. Februar 2022 gemaach, w\u00e9i eng Majorit\u00e9it vun de Membere vum UN-S\u00e9cherheetsrot eng <a href=\"https:\/\/news.un.org\/en\/story\/2022\/02\/1112802\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Resolutioun ugeholl hat<\/a>, d\u00e9i Russland opgefuerdert hat, seng Truppen &#8220;direkt&#8221; aus der Ukrain zer\u00e9ckzez\u00e9ien.<\/p>\n<p>Zulescht huet Russland s\u00e4i Vetorecht den 30. September 2022 genotzt, fir d&#8217;Adoptioun vun enger <a href=\"https:\/\/news.un.org\/en\/story\/2022\/09\/1129102\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Resolutioun vum UN-S\u00e9cherheetsrot<\/a> ze verh\u00ebnneren, an d\u00e4r seng Annexioune vu v\u00e9ier ukrainesche Regioune verurteelt goufen.<\/p>\n<p>Den Artikel 106 g\u00e9if vu gemeinsamen Aktioune schw\u00e4tzen, wat op d&#8217;mannst zwee Staate viraussetze g\u00e9if, wann net souguer f\u00ebnnef, awer net alleguer, huet d&#8217;Le Bris weider erkl\u00e4ert. &#8220;Souguer wann een dovun ausgeet, dass d\u00ebs Artikelen net ausser Kraaft getruede sinn, misst d\u00ebs Aktioun gemeinsam sinn, also sinn d&#8217;Konditiounen am Kader vun der russescher Invasioun an der Ukrain iwwerhaapt net ginn&#8221;, sou d&#8217;Catherine Le Bris.<\/p>\n<p>D&#8217;Ukrain ass kee feindleche Staat am S\u00ebnn vum Artikel 107<\/p>\n<p>D&#8217;Interpretatioun vu b\u00e9iden Artikelen, d\u00e9i online verbreet goufen, bas\u00e9iert op zwee historesche Feelschl\u00ebss, w\u00e9i de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4238-EG9K\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Romuald Sciora<\/a>, Fuerscher um frans\u00e9ischen Institut fir international a strategesch Bez\u00e9iungen (Iris) an UN-Expert, den 10. Oktober 2022 g\u00e9intiwwer der AFP sot: &#8220;Do geet et \u00ebm Kroatien, Slowenien a sou weider, d\u00e9i 1945 net exist\u00e9iert hunn, well et deemools \u00ebm Jugoslawien goung.&#8221;<\/p>\n<p>De Sciora k\u00e9int sech net virstellen, w\u00e9i een deemools h\u00e4tte viraussoe k\u00ebnnen, dass Slowenien enges Daags en onofh\u00e4ngegt Land mat Nazi-Tendenze si g\u00e9if. Dat w\u00e4r verr\u00e9ckt. &#8220;Kee konnt sech deemools virstellen, dass Jugoslawien v\u00e9ierzeg Joer m\u00e9i sp\u00e9it kee Staat m\u00e9i w\u00e4r.&#8221; Ausserdeem huet den Expert ugemierkt: &#8220;Firwat g\u00ebtt d&#8217;Ukrain als feindleche Staat genannt, obwuel se Deel vun der Sowjetunioun war?&#8221;<\/p>\n<p>Op d\u00ebs Inkoherenz huet den 11. Oktober 2022 och de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6HRN-J263\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Pierre Bodeau-Livinec<\/a>, Professer fir Droit public op der Universit\u00e9it Paris Nanterre, higewisen: &#8220;Et kann een d&#8217;Ukrain net als feindleche Staat am S\u00ebnn vun d\u00ebser Best\u00ebmmung (Artikel 107) betruechten: d&#8217;Ukrain huet deemools zur Sowjetunioun geh\u00e9iert a war de 24. Oktober 1945 souguer Gr\u00ebnnungsmember vun de Vereenten Natiounen.&#8221;<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/BG97-KZ8Z\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Lukas Aubin<\/a>, Fuerschungsdirekter um scho genannten Institut fir international a strategesch Bez\u00e9iungen, sot den 11. Oktober g\u00e9intiwwer der AFP och, dass d&#8217;Regierung vum Wolodymyr Selenskyj net mam Nationalsozialismus verbonne w\u00e4r.<\/p>\n<p>&#8220;Mir befannen eis hei eendeiteg an der Weiderf\u00e9ierung vun der russescher Propaganda, d\u00e9i als Zil huet, d&#8217;Interventioun an der Ukrain ze legitim\u00e9ieren an d&#8217;ukrainesch Regierung ze diskredit\u00e9ieren. Schonn an der M\u00ebtt vun den 2000er Joren, w\u00e9i d\u00e9i baltesch Staaten der NATO b\u00e4igetruede sinn, huet de Putin d&#8217;Nazi-Argument benotzt, fir si ze &#8220;diskredit\u00e9ieren&#8221;, huet den Aubin betount.<\/p>\n<p>Putin huet versicht d&#8217;Invasioun mat der Charta ze rechtf\u00e4erdegen<\/p>\n<p>De 26. Abr\u00ebll 2022 hat de Wladimir Putin bei senger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/FWM2-T9Y9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Entrevue mam Antonio Guterres zu Moskau<\/a> selwer d&#8217;Compatibilit\u00e9it vun der russescher Invasioun an der Ukrain mat der Charta vun de Vereenten Natioune verdeedegt. Dob\u00e4i huet sech de Putin allerd\u00e9ngs op den Artikel 51 fir d&#8217;Selbstverdeedegung beruff. Den Artikel g\u00ebtt all Memberstaat d&#8217;Recht, sech g\u00e9int en Ugr\u00ebff ze verdeedegen.<\/p>\n<p>Den Artikel liwwert eng vun den eenzegen Ausname vum Grondsaz vun den Artikelen zwee bis v\u00e9ier, no deenen d&#8217;Membere vun de Vereenten Natiounen &#8220;an hiren internationale Bez\u00e9iungen all Menace oder Uwendung vu Gewalt g\u00e9int d\u00e9i territorial Integrit\u00e9it oder d\u00e9i politesch Onofh\u00e4ngegkeet vun engem Staat oder Aktiounen, d\u00e9i am Widdersproch zu den Ziler vun de Vereenten Natioune stinn, \u00ebnnerloosse&#8221; sollen.<\/p>\n<p>De Wladimir Putin hat w\u00e4rend senger Entrevue mam UN-Generalsekret\u00e4r erkl\u00e4ert, dass hien d\u00ebs Best\u00ebmmung vun der Charta agehalen h\u00e4tt, andeem hien &#8220;dem Ruff no milit\u00e4rescher H\u00ebllef&#8221; u Russland nokomm w\u00e4r, well d&#8217;Ukrain d&#8217;Regioune Luhansk an Donezk, d\u00e9i de Kreml kuerz virun der Invasioun vum ukraineschen Noper als onofh\u00e4ngeg erkl\u00e4ert hat, &#8220;mat Waffen ugegraff&#8221; h\u00e4tt.<\/p>\n<p>W\u00e9i de Guillaume Devin de 15. M\u00e4erz 2022 an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/KC4L-CM6B\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">B\u00e4itrag an der belscher Zeitung Le Soir<\/a> erkl\u00e4ert huet, &#8220;sinn d\u00e9i angeeblech attack\u00e9iert Objeten (&#8216;d&#8217;Volleksrepublicken am Donbass&#8217;) awer net just guer net &#8216;Member vun de Vereenten Natiounen'&#8221;, mee d\u00e9i &#8220;d&#8217;Moossnamen, d\u00e9i beim Appliz\u00e9iere vum Selbstverdeedegungsrecht benotzt goufen&#8221;, g\u00e9ifen och just g\u00ebllen, &#8220;bis de S\u00e9cherheetsrot d\u00e9i noutwenneg Moossnamen fir d&#8217;Erhale vum Weltfridden a vun der internationaler S\u00e9cherheet ergraff huet&#8221;. Dat w\u00e4r awer hypotheetesch onm\u00e9iglech, well Russland mat sengem Vetorecht d\u00e9i normal Funktiounsweis vum Rot block\u00e9iere g\u00e9if.<\/p>\n<p>&#8220;Fir d\u00ebst Recht ausze\u00fcben, muss ee fir d&#8217;\u00e9ischt ugegraff gi sinn &#8211; d&#8217;USA hate sech no den Attacke vum 11. September dorop beruff, wat bei Russland net de Fall ass&#8221;, huet och d&#8217;Alexandra Novosseloff betount.<\/p>\n<p>Den UN-Generalsekret\u00e4r Antonio Guterres huet d\u00e9i russesch Invasioun an der Ukrain schonn den \u00e9ischten Dag als &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/H7K6-NT2L\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Verstouss g\u00e9int d&#8217;Charta<\/a>&#8221; vun de Vereenten Natioune bezeechent. D&#8217;Milit\u00e4roperatioun w\u00e4r &#8220;onzoul\u00e4sseg&#8221;, awer &#8220;net irreversibel&#8221;, housch et deemools. De Guterres huet de russesche President Wladimir Putin dozou opgefuerdert, d&#8217;Invasioun ofzebriechen a seng Truppen zer\u00e9ck a Russland ze sch\u00e9cken.<\/p>\n<p>&#8220;Russland versicht wierklech, seng Interventioun rechtlech ze rechtf\u00e4erdegen, awer et g\u00ebtt net vill M\u00e9iglechkeeten, eng milit\u00e4resch Interventioun vun d\u00ebser Aart ze rechtf\u00e4erdegen, ouni dass se als arm\u00e9iert Aggressioun agestuuft g\u00ebtt&#8221;, huet d&#8217;Catherine Le Bris erkl\u00e4ert. D\u00e9i eenzeg Elementer, op d\u00e9i ee sech theoreetesch bas\u00e9iere k\u00e9int, w\u00e4ren d&#8217;Geneemegung vum S\u00e9cherheetsrot an d&#8217;Selbstverdeedegung.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> D&#8217;Expertinnen an d&#8217;Experte fir d&#8217;UNO an international Bez\u00e9iungen, d\u00e9i vun der AFP befrot goufen, hunn erkl\u00e4ert, d&#8217;Auslee\u00eb vum Artikel 106 an 107 vun der UN-Charta w\u00e4r falsch. D&#8217;Artikele w\u00e4ren Iwwergangsbest\u00ebmmungen aus dem Joer 1945, w\u00e9i den Zweete Weltkrich op en Enn goung, d\u00e9i ni an der Praxis appliz\u00e9iert goufen. D\u00ebs k\u00ebnnen am Zesummenhang mat dem aktuelle Konflikt net revendiqu\u00e9iert ginn. D&#8217;Vereenten Natiounen hunn d\u00e9i russesch Invasioun an der Ukrain am G\u00e9igendeel als e Verstouss g\u00e9int d&#8217;UN-Charta bezeechent.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&nbsp; D\u00e9i russesch Invasioun an der Ukrain gouf schonn e puer Mol vum UN-Generalsekret\u00e4r Antonio Guterres verurteelt. Honnerte User hunn&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":185523,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[191,217],"tags":[],"class_list":{"0":"post-185528","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-politik","8":"category-ukraine-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"1984810","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/1984810.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Russesch Invasioun net op enger Linn mat UN-Charta - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Russesch Invasioun net op enger Linn mat UN-Charta - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"&nbsp; D\u00e9i russesch Invasioun an der Ukrain gouf schonn e puer Mol vum UN-Generalsekret\u00e4r Antonio Guterres verurteelt. Honnerte User hunn...\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-11-01T15:00:44+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2022-11-08T13:58:07+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/cb47185563df0567bc66dbcba0a172ab.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"719\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"12 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Russesch Invasioun net op enger Linn mat UN-Charta\",\"datePublished\":\"2022-11-01T15:00:44+00:00\",\"dateModified\":\"2022-11-08T13:58:07+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/\"},\"wordCount\":2394,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/cb47185563df0567bc66dbcba0a172ab.jpeg\",\"articleSection\":[\"Politik\",\"Ukraine\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/\",\"name\":\"Faktencheck: Russesch Invasioun net op enger Linn mat UN-Charta - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/cb47185563df0567bc66dbcba0a172ab.jpeg\",\"datePublished\":\"2022-11-01T15:00:44+00:00\",\"dateModified\":\"2022-11-08T13:58:07+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/cb47185563df0567bc66dbcba0a172ab.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/cb47185563df0567bc66dbcba0a172ab.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":719,\"caption\":\"Faktencheck: Russesch Invasioun net op enger Linn mat UN-Charta - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Russesch Invasioun net op enger Linn mat UN-Charta\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Russesch Invasioun net op enger Linn mat UN-Charta - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Russesch Invasioun net op enger Linn mat UN-Charta - EDMO Belux","og_description":"&nbsp; D\u00e9i russesch Invasioun an der Ukrain gouf schonn e puer Mol vum UN-Generalsekret\u00e4r Antonio Guterres verurteelt. Honnerte User hunn...","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-11-01T15:00:44+00:00","article_modified_time":"2022-11-08T13:58:07+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":719,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/cb47185563df0567bc66dbcba0a172ab.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"12 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Russesch Invasioun net op enger Linn mat UN-Charta","datePublished":"2022-11-01T15:00:44+00:00","dateModified":"2022-11-08T13:58:07+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/"},"wordCount":2394,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/cb47185563df0567bc66dbcba0a172ab.jpeg","articleSection":["Politik","Ukraine"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/","name":"Faktencheck: Russesch Invasioun net op enger Linn mat UN-Charta - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/cb47185563df0567bc66dbcba0a172ab.jpeg","datePublished":"2022-11-01T15:00:44+00:00","dateModified":"2022-11-08T13:58:07+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/cb47185563df0567bc66dbcba0a172ab.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/cb47185563df0567bc66dbcba0a172ab.jpeg","width":1080,"height":719,"caption":"Faktencheck: Russesch Invasioun net op enger Linn mat UN-Charta - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-russesch-invasioun-net-op-enger-linn-mat-un-charta\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Russesch Invasioun net op enger Linn mat UN-Charta"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/185528","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=185528"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/185528\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/185523"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=185528"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=185528"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=185528"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}