{"id":191199,"date":"2022-11-08T10:41:13","date_gmt":"2022-11-08T10:41:13","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=191199"},"modified":"2022-11-08T14:05:27","modified_gmt":"2022-11-08T14:05:27","slug":"faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Europ\u00e4esch Natioune klammen aus internationalem Energieofkommes eraus"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Frankr\u00e4ich an Holland hu rezent annonc\u00e9iert, dass si sech aus dem Vertrag iwwer d&#8217;Energiecharta (ECT) zer\u00e9ckz\u00e9ien. D\u00ebs Annonce huet a sozialen Netzwierker fir Opreegung gesuergt, well d\u00ebst Virgoen duergestallt g\u00ebtt, w\u00e9i wa b\u00e9id L\u00e4nner de Klimaschutz net eescht huele g\u00e9ifen.<\/p>\n<p>D\u00e9i ierf\u00e9ierend Behaaptung gouf den 22. Oktober vun <a href=\"https:\/\/perma.cc\/B2XM-465Q\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ice Age Farmer gedeelt<\/a>, engem Kanal op Telegram, deen heefeg Messag\u00eb g\u00e9int Net-Zero-Campagn\u00eb propag\u00e9iert (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/54EL-6LDE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/FB9L-9RX6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>).<\/p>\n<p>Am B\u00e4itrag ass e Screenshot vun Tweets vum <a href=\"https:\/\/www.somo.nl\/person\/bart-jaap-verbeek\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bart-Jaap Verbeek<\/a>, engem Fuerscher um Centre for Research on Multinational Corporations (SOMO) an Holland, <a href=\"https:\/\/twitter.com\/BJVerbeek\/status\/1582404325304725504\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">vum 19. Oktober<\/a> ze gesinn.<\/p>\n<p>Am Post heescht et: &#8220;BREAKING: Den holl\u00e4nnesche Minister Jetten huet grad bekannt ginn, dass Holland decid\u00e9iert huet, aus dem Vertrag iwwer d&#8217;Energiecharta (ECT) erauszeklammen.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/9ef44f8eecc33bb05f2f96b628f96208.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> A screenshot of the misleading post, captured on October 31<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/www.barrons.com\/news\/dutch-to-quit-52-nation-fossil-fuel-deal-over-climate-concerns-01666168507\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ECT<\/a>, un d\u00e4r 52 Staate virun allem aus Zentralasien an Europa bedeelegt sinn, gouf urspr\u00e9nglech am Joer 1994 \u00ebnnerzeechent, fir Energieinvestitiounen an onstabille L\u00e4nner, d\u00e9i virdrun zu der Sowjetunioun geh\u00e9iert hunn, ze sch\u00fctzen.<\/p>\n<p>En erm\u00e9iglecht et Firmen aus dem Energiesecteur, Regierunge w\u00e9inst energiepoliteschen Decisiounen ze verkloen, wat d&#8217;L\u00e4nner Schuedenersatz a Milliardenh\u00e9icht kaschte k\u00e9int.<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/policy.trade.ec.europa.eu\/news\/agreement-principle-reached-modernised-energy-charter-treaty-2022-06-24_en\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">24. Juni 2022 huet sech d&#8217;Europ\u00e4esch Unioun op e Komprom\u00ebss g\u00ebeenegt<\/a>, fir de Vertrag no zweej\u00e4rege Verhandlungen ze aktualis\u00e9ieren. Eng vun den neie Best\u00ebmmunge vum adapt\u00e9ierte Vertrag schl\u00e9isst nei Investitiounen a fossil Brennstoffer vun de Schutzmesuren aus a ges\u00e4it eng Auslafz\u00e4it vun 10 Joer fir Schutzmesur\u00eb fir scho bestoend Investitiounen vir.<\/p>\n<p>De B\u00e4itrag op Telegram gouf t\u00ebschenz\u00e4itlech vun engem<a href=\"https:\/\/perma.cc\/KC8F-M3CG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\"> Telegrammkanal vu QAnon<\/a> weider gedeelt, enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/P25L-7WQH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">net registr\u00e9ierter Partei an Australien<\/a>, d\u00e9i vum <a href=\"https:\/\/www.theage.com.au\/national\/pandemic-linked-to-rise-of-conspiracy-theories-20200904-p55sf6.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Konspiratiounstheoretiker Riccardo Bosi<\/a> gegr\u00ebnnt gouf, souw\u00e9i vu Social-Media-Notzer aus <a href=\"https:\/\/perma.cc\/H3HQ-AY6M\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Holland<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/F493-DM6P\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Schweden<\/a>, den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z7ZE-WCBP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">USA<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JQ3N-XL8G\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Brasilien<\/a> a vun de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/P6UZ-UNUW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Philippinnen<\/a>.<\/p>\n<p>Allerd\u00e9ngs ass d\u00ebs Behaaptung ierf\u00e9ierend, w\u00e9i Droitsexperten der AFP soten.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/www.bu.edu\/law\/profile\/rachel-thrasher\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Rachel Thrasher<\/a>, Dozentin fir Droit op der Boston University, sot g\u00e9intiwwer der AFP, dass d&#8217;Behaaptung &#8220;komplett de G\u00e9igendeel&#8221; vun de Motiver vun de L\u00e4nner fir den Austr\u00ebtt aus der ETC ze si sch\u00e9ngt.<\/p>\n<p>&#8220;Den Austr\u00ebtt aus dem Vertrag iwwer d&#8217;Energiecharta ass e Schratt, fir politesche Spillraum fir m\u00e9i, besser a m\u00e9i effektiv Klimaschutzmesuren ze schafen&#8221;, sot si. &#8220;D\u00e9i frans\u00e9isch an holl\u00e4nnesch Regierungsvertrieder hu festgestallt, dass de Vertrag net mat de Klimaziler iwwerenee st\u00ebmmt (wann hir Politik, keng fossil Brennstoffer m\u00e9i ze \u00ebnnerst\u00ebtzen, virun engem Schiidsgeriicht ugefecht gi kann).&#8221;<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/www.iisd.org\/people\/lukas-schaugg\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Lukas Schaugg<\/a>, Analyst am Droit um International Institute for Sustainable Development (IISD), sot der AFP, dass d\u00e9i europ\u00e4esch Natiounen &#8220;net vu Bord ginn&#8221; a Bezuch op hir Verflichtungen am Kampf g\u00e9int de Klimawandel.<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Erausklammen aus der ECT ass zur Z\u00e4it d\u00e9i praktikabelst Optioun, fir s\u00e9cherzestellen, dass d&#8217;L\u00e4nner bei der Regul\u00e9ierung d\u00e9i n\u00e9ideg Fr\u00e4iheet hunn, fir d\u00e9i energetesch Transitioun an den n\u00e4chste Joerz\u00e9ngte virunzedreiwen&#8221;, sot hien.<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Tatsaach, dass d\u00ebs EU-Memberstaaten d\u00ebsen Austr\u00ebtt elo public gemaach hunn, ass en d\u00e4itlecht Zeechen dofir, dass si d&#8217;Resultat vun de Verhandlunge vun der EU-Kommissioun als net ambition\u00e9iert genuch fir de Klimaschutz ugesinn an dow\u00e9inst ofleenen.&#8221;<\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">Net kompatibel mam Accord vu Par\u00e4is<\/p>\n<p>D&#8217;B\u00e4itr\u00e4g stellen d&#8217;Decisioun vun den EU-Staats- a Regierungscheffen iwwer d&#8217;Gr\u00ebnn fir den Austr\u00ebtt aus dem Vertrag falsch duer.<\/p>\n<p>De Rob Jetten, den holl\u00e4nnesche Minister fir Klima an \u00cbmwelt, huet <a href=\"https:\/\/twitter.com\/BJVerbeek\/status\/1582415504009924613\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">den 18. Oktober virum Parlament gesot<\/a>, dass Holland sech aus dem Vertrag zer\u00e9ckzitt, well den ECT net am Aklang mam Accord vu Par\u00e4is st\u00e9ing.<\/p>\n<p>&#8220;Den Optrag vun der Europ\u00e4escher Kommissioun war et, den ECT mam Par\u00e4isser Klimaaccord an Aklang ze br\u00e9ngen&#8221;, <a href=\"https:\/\/twitter.com\/BJVerbeek\/status\/1582415504009924613\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">sot hien<\/a>. &#8220;Trotz zuelr\u00e4iche Modernis\u00e9ierungen, d\u00e9i elo am Bilan vun de Verhandlunge stinn, gesi mir net, w\u00e9i den ECT ausr\u00e4ichend mam Par\u00e4isser Ofkommes an Aklang bruecht gouf.&#8221;<\/p>\n<p>Nieft dem Austr\u00ebtt vun Holland huet sech <a href=\"https:\/\/www.news24.com\/fin24\/climate_future\/news\/france-exits-fossil-fuel-treaty-to-boost-renewables-drive-20221021\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">och Frankr\u00e4ich den 21. Oktober aus dem Vertrag zer\u00e9ckgezunn<\/a>.<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/twitter.com\/EmmanuelMacron\/status\/1583476955071926272\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">frans\u00e9ische President Emmanuel Macron sot<\/a>, de Schr\u00ebtt w\u00e4r geholl ginn, fir bei der Bek\u00e4mpfung vun der globaler Erwiermung &#8220;m\u00e9i koherent&#8221; mam Par\u00e4isser Klimaaccord ze sinn.<\/p>\n<p>&#8220;An haut gesinn ech mat Suerg, dass mir net just op d&#8217;Iwwergangsenergien zer\u00e9ckgr\u00e4ifen, mee och op Kuelewaasserstoff an \u00ebmweltschiedlech fossil Brennstoffer&#8221;, sot hien op enger Pressekonferenz. &#8220;De Krich op europ\u00e4eschem Buedem dierf eis dohier net dozou br\u00e9ngen, eis Verflichtunge fir de Klimaschutz an eisen Imperativ, eis CO2-Emissiounen ze reduz\u00e9ieren, ze vergiessen. De R\u00e9cktr\u00ebtt vun d\u00ebsem Vertrag ass Deel vun d\u00ebser Strategie.&#8221;<\/p>\n<p>Frankr\u00e4ich huet sech verflicht, bis 2050 d&#8217;Zil vun Netto-Null-Emissiounen ze erreechen.<\/p>\n<p>Am Oktober vun d\u00ebsem Joer hunn d&#8217;Vereenten Natioune gewarnt, d&#8217;Welt w\u00e4r w\u00e4it fort vum Zil vum Par\u00e4isser Accord, d&#8217;Erwiermung op 1,5 Grad Celsius iwwer dem virindustriellen Niveau ze limit\u00e9ieren, <a href=\"https:\/\/www.rfi.fr\/en\/science-environment\/20221103-un-calls-on-nations-to-urgently-boost-climate-funds\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">w\u00e9i d&#8217;AFP matgedeelt hat<\/a>.<\/p>\n<p>Schonn am Februar hu Klimaexperte vun der UNO an engem Rapport, deen als &#8220;Atlas vum m\u00ebnschleche Leed&#8221; bezeechent g\u00ebtt, gewarnt, dass d\u00e9i global Erwiermung eis Virbereedunge fir eng Welt, d\u00e9i vum Klimawandel ver\u00e4nnert g\u00ebtt, nach iwwertreffe w\u00e4ert.<\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">Den Drock g\u00ebtt \u00ebmmer m\u00e9i grouss<\/p>\n<p>Den aktualis\u00e9ierten ECT sollt am November a Kraaft trieden, wa kee vun de Signatairen Aw\u00e4nn gehat h\u00e4tt. D&#8217;Ofkommes muss op EU-S\u00e4it awer nach vum Europ\u00e4esche Parlament a vun de Memberstaaten accord\u00e9iert ginn, <a href=\"https:\/\/www.ndtv.com\/world-news\/climate-activists-slam-eu-renegotiation-of-fossil-fuel-deal-3098673\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">w\u00e9i d&#8217;AFP matgedeelt hat<\/a>.<\/p>\n<p>D&#8217;Madamm Trasher sot, wann d&#8217;Parteien net mam modernis\u00e9ierten Text averstane w\u00e4ren, g\u00e9if de Vertrag a senger aktueller Fassung bleiwen.<\/p>\n<p>Si sot: &#8220;Et ass onkloer, ob d&#8217;EU iwwerhaapt d&#8217;Kompetenz huet, de Vertrag ze \u00ebnnerschreiwen an hir Memberstaaten un d\u00ebs Verflichtungen ze bannen, wa si sech individuell dog\u00e9int ausgeschwat hunn.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;\u00cbmsou m\u00e9i EU-Memberstaaten uk\u00ebnnegen, aus dem Vertrag auszetrieden, \u00ebmsou m\u00e9i grouss g\u00ebtt den Drock op d&#8217;EU-Kommissioun, hir Haltung ze \u00e4nneren an e Plang fir d&#8217;\u00cbmsetzung, dass d&#8217;EU aus dem ECT austr\u00ebtt, auszeschaffen&#8221;, sot de Schaugg.<\/p>\n<p>M\u00e4 och wann d&#8217;L\u00e4nner ausgetruede sinn, bleiwe si un eng &#8220;Sunset clause&#8221; gebonnen, wat bedeit, dass si och nom Austr\u00ebtt aus dem Vertrag vun Energieentrepris\u00eb verklot k\u00ebnne ginn.<\/p>\n<p>D&#8217;Trasher sot dozou, dass d&#8217;EU-L\u00e4nner \u00ebmmer nach d&#8217;M\u00e9iglechkeet h\u00e4tten, d&#8217;Klausel ze neutralis\u00e9ieren, wann en neit Ofkommes zustane k\u00e9im.<\/p>\n<p>&#8220;Wa L\u00e4nner net verklot w\u00eblle ginn (vun Entrepris\u00eb fir fossil Energien oder soss engem aneren), k\u00ebnne si \u00ebnnereneen en nodr\u00e9iglecht Ofkommes treffen, dat d&#8217;Sunset-Klausel ophieft&#8221;, sot si.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&nbsp; Frankr\u00e4ich an Holland hu rezent annonc\u00e9iert, dass si sech aus dem Vertrag iwwer d&#8217;Energiecharta (ECT) zer\u00e9ckz\u00e9ien. D\u00ebs Annonce huet&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":191194,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,191],"tags":[],"class_list":{"0":"post-191199","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-politik"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"1988938","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/1988938.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Europ\u00e4esch Natioune klammen aus internationalem Energieofkommes eraus - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Europ\u00e4esch Natioune klammen aus internationalem Energieofkommes eraus - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"&nbsp; Frankr\u00e4ich an Holland hu rezent annonc\u00e9iert, dass si sech aus dem Vertrag iwwer d&#8217;Energiecharta (ECT) zer\u00e9ckz\u00e9ien. D\u00ebs Annonce huet...\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-11-08T10:41:13+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2022-11-08T14:05:27+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/075b879dd1dc55d938ea6bce39f4bbde.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"720\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"6 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Europ\u00e4esch Natioune klammen aus internationalem Energieofkommes eraus\",\"datePublished\":\"2022-11-08T10:41:13+00:00\",\"dateModified\":\"2022-11-08T14:05:27+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/\"},\"wordCount\":1167,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/075b879dd1dc55d938ea6bce39f4bbde.jpeg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Politik\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/\",\"name\":\"Faktencheck: Europ\u00e4esch Natioune klammen aus internationalem Energieofkommes eraus - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/075b879dd1dc55d938ea6bce39f4bbde.jpeg\",\"datePublished\":\"2022-11-08T10:41:13+00:00\",\"dateModified\":\"2022-11-08T14:05:27+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/075b879dd1dc55d938ea6bce39f4bbde.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/075b879dd1dc55d938ea6bce39f4bbde.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":720,\"caption\":\"Faktencheck: Europ\u00e4esch Natioune klammen aus internationalem Energieofkommes eraus - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Europ\u00e4esch Natioune klammen aus internationalem Energieofkommes eraus\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Europ\u00e4esch Natioune klammen aus internationalem Energieofkommes eraus - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Europ\u00e4esch Natioune klammen aus internationalem Energieofkommes eraus - EDMO Belux","og_description":"&nbsp; Frankr\u00e4ich an Holland hu rezent annonc\u00e9iert, dass si sech aus dem Vertrag iwwer d&#8217;Energiecharta (ECT) zer\u00e9ckz\u00e9ien. D\u00ebs Annonce huet...","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-11-08T10:41:13+00:00","article_modified_time":"2022-11-08T14:05:27+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":720,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/075b879dd1dc55d938ea6bce39f4bbde.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"6 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Europ\u00e4esch Natioune klammen aus internationalem Energieofkommes eraus","datePublished":"2022-11-08T10:41:13+00:00","dateModified":"2022-11-08T14:05:27+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/"},"wordCount":1167,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/075b879dd1dc55d938ea6bce39f4bbde.jpeg","articleSection":["\u00cbmwelt","Politik"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/","name":"Faktencheck: Europ\u00e4esch Natioune klammen aus internationalem Energieofkommes eraus - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/075b879dd1dc55d938ea6bce39f4bbde.jpeg","datePublished":"2022-11-08T10:41:13+00:00","dateModified":"2022-11-08T14:05:27+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/075b879dd1dc55d938ea6bce39f4bbde.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/11\/075b879dd1dc55d938ea6bce39f4bbde.jpeg","width":1080,"height":720,"caption":"Faktencheck: Europ\u00e4esch Natioune klammen aus internationalem Energieofkommes eraus - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-europesch-natioune-klammen-aus-internationalem-energieofkommes-eraus\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Europ\u00e4esch Natioune klammen aus internationalem Energieofkommes eraus"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/191199","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=191199"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/191199\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/191194"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=191199"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=191199"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=191199"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}