{"id":212479,"date":"2022-12-02T06:30:27","date_gmt":"2022-12-02T06:30:27","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=212479"},"modified":"2022-12-02T08:52:19","modified_gmt":"2022-12-02T08:52:19","slug":"rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/","title":{"rendered":"RTL-Faktencheck: K\u00e9int d&#8217;Stroumnetz zu L\u00ebtzebuerg duerch elektresch Heizungen iwwerlaascht ginn?"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p><b>\u00a9 RTL-Grafik<\/b><\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Et ass dat grousst Thema d\u00ebse Wanter: D&#8217;Energie. Nieft de klammende Pr\u00e4isser g\u00ebtt sech och \u00ebmmer nees gefrot, w\u00e9i s\u00e9cher eis Energieversuergung iwwerhaapt ass.<\/p>\n<p>En vue vun d\u00e4r grousser Ons\u00e9cherheet, speziell wat d&#8217;Gasversuergung ugeet, sichen d&#8217;Leit no Alternativen, aus Angscht am Wanter am Kale mussen ze s\u00ebtzen. Elektresch Heizungen, d\u00e9i einfach an d&#8217;Steckdous gestach k\u00ebnne ginn an direkt H\u00ebtzt liwweren, ginn do g\u00e4ren als suppos\u00e9iert L\u00e9isung zu deem Problem gesinn. Deementspriechend bel\u00e9ift waren Heizl\u00ebfter, Heizstraler a Co. an de leschte M\u00e9int dann och an de Baum\u00e4ert \u2013 do ware se plazeweis souguer ausverkaaft. Enger \u00cbmfro vum<a href=\"https:\/\/www.verivox.de\/strom-gas\/nachrichten\/aus-sorge-vor-gasmangel-ein-drittel-der-deutschen-erwaegt-kauf-von-elektroheizung-1119631\/?%3Futm_campaign=twitterfeed&amp;utm_source=twitter&amp;utm_medium=social\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\"> d\u00e4itsche Vergl\u00e4ichsportal Verivox<\/a> no hunn t\u00ebscht Februar an August ronn 10 Prozent vun den iwwer 1.000 befrote Leit eng mobil elektresch Heizung ugeschaaft. Eng weider 11 Prozent g\u00e9ife plangen, sech eng ze kafen, an zous\u00e4tzlech 19 Prozent hunn driwwer nogeduecht, sech eng zouzelee\u00ebn. D&#8217;Keef wiere virun allem doduerch motiv\u00e9iert, datt d&#8217;Clienten d\u2019Angscht hunn, hiren Heizungsbedarf anescht net m\u00e9i decken ze k\u00ebnnen (41%).<\/p>\n<p class=\"article-title\">Vergl\u00e4ichbar Situatioun och zu L\u00ebtzebuerg<\/p>\n<p>Op Nofro vun RTL hunn och eng Rei Baum\u00e4ert, d\u00e9i d\u00e4r Ger\u00e4ter zu L\u00ebtzebuerg verkafen, d\u00ebs Tendenz confirm\u00e9iert. W\u00e4rend ee Betrib just vun enger &#8220;erh\u00e9ichter Nofro&#8221; schw\u00e4tzt, geet een aneren do m\u00e9i an den Detail. An hire M\u00e4ert an D\u00e4itschland h\u00e4tt sech d&#8217;Nofro un elektreschen Heizungen t\u00ebscht Januar an Enn Juni am Verglach zum Joer virdru verduebelt, d&#8217;Situatioun wier zu L\u00ebtzebuerg vergl\u00e4ichbar. Aus de Gespr\u00e9icher mat Client\u00eb g\u00e9if ervirgoen, datt si sech w\u00ebnschen, doduerch m\u00e9i autark an op Noutf\u00e4ll prepar\u00e9iert ze sinn. M\u00e4 net just bei den elektreschen Heizungen, mee och bei Holz, Gas, Pellets a Kuele wier d\u2019Nofro geklommen &#8211; an dat och iwwert de Summer, deen normalerweis als Niewesaison fir d\u00ebs Produite g\u00ebllt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/ff8f2e81f2a678bb2b85e6598344f44a.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Elektresch Heizungen waren d\u00ebst Joer iwwerduerchschn\u00ebttlech vill gefrot. \/ \u00a9 John MACDOUGALL \/ AFP<\/p>\n<p>W\u00e9inst den h\u00e9ije Verkafszuele vun elektreschen Heizungen hunn d\u00e9i<a href=\"https:\/\/www.vde.com\/de\/presse\/pressemitteilungen\/2022-07-27-boom-bei-heizluefter\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\"> d\u00e4itsch Brancheverb\u00e4nn DVGW a VDE<\/a> schonn am Juli gewarnt, datt et duerch eng Iwwerlaaschtung vum Netz zu Stroumausf\u00e4ll k\u00e9int kommen, wann ze vill d\u00e4r Ger\u00e4ter gl\u00e4ichz\u00e4iteg a Betrib wieren: <em>&#8220;Mir gesinn d\u00e9i aktuell Entw\u00e9cklung mat Suerg, well eis Stroumversuergung fir esou eng gl\u00e4ichz\u00e4iteg Zousazbelaaschtung net ausgeluecht ass&#8221;<\/em>, esou den Dr. Martin Kleimaier, Chef vum Fachber\u00e4ich &#8220;Produktioun a Sp\u00e4icherung vun elektrescher Energie&#8221; bei der VDE. Well d&#8217;Heizger\u00e4ter einfach un d&#8217;Steckdous ugeschloss k\u00e9inte ginn, k\u00e9inte si &#8211; am G\u00e9igesaz zu elektresche W\u00e4ermepompelen oder sougenannten &#8220;Nachtspeicherheizungen&#8221; &#8211; am Fall vun enger bevirstoender Netziwwerlaaschtung net vum Netzbedreiwer ausgeschalt ginn.<\/p>\n<p><strong>M\u00e4 g\u00ebllt d\u00ebs Warnung och fir L\u00ebtzebuerg? W\u00e9i realistesch ass e gr\u00e9issere Stroumausfall duerch eng Iwwerfuerderung vum Netz, zum Beispill duerch d&#8217;Zousazbelaaschtung vun ze villen Elektroheizungen?<\/strong><\/p>\n<p>An der Kommunikatioun vum DVGW a VDE <a href=\"https:\/\/www.vde.com\/de\/presse\/pressemitteilungen\/2022-07-27-boom-bei-heizluefter\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">rechnen d\u00e9i d\u00e4itsch Verb\u00e4nn vir,<\/a> w\u00e9i et sech op d\u00e9i d\u00e4itsch Versuergungss\u00e9cherheet g\u00e9if auswierken, wann d&#8217;Hallschent vun de St\u00e9it, d\u00e9i an der Bundesrepublik den Ament mat Gas heizen, gl\u00e4ichz\u00e4iteg och nach eng elektresch Heizung g\u00e9ifen notzen. Den Zousazverbrauch g\u00e9if doduerch bei ronn 20 Gigawatt leien &#8211; eng Hausse vun der aktueller Joresh\u00e9chstlaascht an D\u00e4itschland \u00ebm ronn ee V\u00e9ierel. D&#8217;Conclusioun: D\u00ebst k\u00e9inten <em>&#8220;weder d&#8217;Stroumnetzer nach d\u00e9i bestoend Kraaftwierker&#8221;<\/em> leeschten.<\/p>\n<p>Op L\u00ebtzebuerg iwwerdroe g\u00e9if d\u00ebs Rechnung esou ausgesinn: Am Grand-Duch\u00e9 h\u00ebtze<a href=\"https:\/\/assets.ilr.lu\/energie\/Documents\/ILRLU-1685561960-999.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\"> ronn 81.000 St\u00e9it<\/a> hiert Doheem mat Gas. G\u00e9ifen heivunner elo d&#8217;Hallschent (also 40.500) dob\u00e4i nach eng mobil elektresch Heizung uschl\u00e9issen, d\u00e9i mat enger\u00a0duerchschn\u00ebttlecher Leeschtung vun 2.000 Watt a Betrib wier, da wier dat een zous\u00e4tzleche Verbrauch vu ronn 81 Megawatt.<strong><br \/>\n<\/strong><br \/>\nFir dat l\u00ebtzebuergescht Netz sollt d\u00ebs Zousazbelaaschtung allerd\u00e9ngs kee Problem sinn, heescht et vum Institut Luxembourgeois de R\u00e9gulation (ILR), dat zu L\u00ebtzebuerg \u00ebnnert anerem de Stroum- a Gasmarch\u00e9 iwwerwaacht. Bei enger Sp\u00ebtzelaascht vun ongef\u00e9ier 800 Megawatt am Netz vu Creos wier dat deen Ament eng Hausse vun 10 Prozent. Zwar k\u00e9int eng Iwwerlaaschtung an D\u00e4itschland och ee Problem fir L\u00ebtzebuerg duerstellen, allerd\u00e9ngs missten dofir wierklech vill Leit gl\u00e4ichz\u00e4iteg hir Ger\u00e4ter un d&#8217;Netz uschl\u00e9issen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/a70dbc6d89c59dfe12d17cdfce02952d.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> De Simeon Hagspiel, Regierungskommiss\u00e4r fir Energie. \/ \u00a9 RTL-Archiv<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>De <strong>Simeon Hagspiel<\/strong>, Regierungskommiss\u00e4r fir Energie, warnt derfir, elektresch Heizungen als realistesch Heizalternativ ze gesinn \u2013 virun allem w\u00e9inst de K\u00e4schten an dem h\u00e9ijen Energieverbrauch, d\u00e9i d\u00ebs Ger\u00e4ter hunn. Gl\u00e4ichz\u00e4iteg betount hien awer och, datt d&#8217;Versuergungss\u00e9cherheet zu L\u00ebtzebuerg nach \u00ebmmer h\u00e9ich ass. Fir d&#8217;Stroumnetz wier de Risiko vun enger Iwwerlaaschtung duerch d\u00ebs Ger\u00e4ter<em> &#8220;iwwerschaubar&#8221;<\/em> an och allgemeng wier de Risk vun engem groussfl\u00e4chege Stroumausfall duerch Iwwerlaaschtung den Ament <em>&#8220;net m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e9i sos&#8221;, <\/em>och wann een d\u00ebst natierlech ni ganz ausschl\u00e9isse k\u00e9int.<\/p>\n<p>Deem st\u00ebmmt och de<strong> Camille Hierzig<\/strong>, Deputy Director vum Institut Luxembourgeois de R\u00e9gulation (ILR), zou. Doriwwer eraus g\u00e9if et awer och einfach kee S\u00ebnn erginn, seng Gasheizung doheem duerch eng mobil elektresch Heizung ze ersetzen. Stroum g\u00ebtt net n\u00ebmmen iwwer Wand-, Sonnen- a Atomenergie produz\u00e9iert, mee a ville F\u00e4ll och mat Gas. D\u00ebs Zort Stroum wier duerch den aktuelle geopolitesche Kontext den Ament am deiersten an der Produktioun. Wann ee seng Wunneng w\u00e9ilt mat engem Heizl\u00ebfter wiermen, misst fir d&#8217;\u00e9ischt emol aus dem Gas Stroum gemaach ginn, fir d&#8217;Maschinn ze aliment\u00e9ieren. Do wieren esou vill Perten dert\u00ebscht, datt et vill m\u00e9i effizient wier, direkt iwwer d&#8217;Gasheizung ze fueren. Bei\u00a0W\u00e4ermepompele g\u00ebllen nach emol aner Iwwerleeungen w\u00e9i beispillsweis bei Heizl\u00ebfter, w\u00ebll d\u00ebs Heizsystemer ronn zwee- bis f\u00ebnnefmol manner Energie verbrauchen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/54150339c9f4b16104dc5e7f2911f574.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> De Camille Hierzig vum ILR. \/ \u00a9 RTL-Archiv<\/p>\n<p>D\u00ebse Gedanke kann een awer och \u00ebmdr\u00e9ien. Wann ee bis am Fall wier, datt de Gas an de Privatst\u00e9it duerch ee Manktem g\u00e9if ausfalen, da wier dem Camille Hierzig no d&#8217;Situatioun um March\u00e9 och esou, datt Gaskraaftwierker kee Stroum m\u00e9i g\u00e9ife produz\u00e9ieren. An deem Fall wier eng elektresch Heizung dann och keng Alternativ m\u00e9i.<\/p>\n<p>Och wat d&#8217;Neeseropfuere vun der Stroumversuergung ugeet, gesinn de Simeon Hagspiel an de Camille Hierzig kee gr\u00e9issere Problem duerch d&#8217;Presenz vun elektreschen Heizkierper. Wann elo all Haushalt esou Ger\u00e4ter gl\u00e4ichz\u00e4iteg um Netz h\u00e4tt, k\u00e9int et scho lokal zu enger Iwwerlaaschtung kommen an duerch eng punktuell Iwwerh\u00ebtzung am System k\u00e9int en Deel vum Netz nom Neeseropfueren theoretesch er\u00ebm zesummebriechen. D\u00ebs Situatioun wier awer <em>&#8220;extreem onwarscheinlech&#8221;<\/em>, esou de Camille Hierzig, well dat deen Ament da wierklech all M\u00ebnsch gl\u00e4ichz\u00e4iteg maache misst. Et wier dann och h\u00e9chstens ee lokale Problem.<\/p>\n<p class=\"article-title\">W\u00e9i heefeg si Stroumausf\u00e4ll zu L\u00ebtzebuerg a wat sinn d&#8217;Gr\u00ebnn derfir?<\/p>\n<p><em>&#8220;An de Stroumnetzer, w\u00e9i an all techneschem System, kann emol eppes schifgoen, eppes futtigoen an da k\u00ebnnt et zum Stroumausfall, w\u00e9i mir dee kennen&#8221;,<\/em> erkl\u00e4ert de Camille Hierzig vum ILR. Esou wier dat zum Beispill och M\u00ebtt September zu Diddeleng gewiescht, wou de Stroum duerch eng Kabelpann zweemol bannent just dr\u00e4i Deeg ausgefall war. W\u00e9i aus enger <a href=\"https:\/\/download.rtl.lu\/2022\/11\/17\/677879884004121c67ba91d8f3af8ab3.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">parlamentarescher \u00c4ntwert vum Energieminister un den CSV-Deput\u00e9ierte Marc Spautz<\/a> ervirgeet, war den Ersatz vum Kabel aus den 80er Joren u sech fir 2023 programm\u00e9iert, g\u00ebtt elo awer virgezunn.<\/p>\n<p>Groussfl\u00e4cheg Stroumausf\u00e4ll kommen \u00e9ischter seele vir. Meeschtens wieren et lokal Ausf\u00e4ll, entweder duerch ee futtist Element oder duerch eng lokal Iwwerlaaschtung ausgel\u00e9ist g\u00e9ife ginn, erkl\u00e4ert de Camille Hierzig. En ale Kabel \u2013 w\u00e9i deen zu Diddeleng &#8211; k\u00e9int duerch eng h\u00e9ich Belaaschtung s\u00e9ier ze waarm ginn, wat em dann de leschte Coup g\u00e9if ginn. Dat h\u00e4tt et schonn \u00ebmmer ginn a g\u00e9if och an Zukunft nach virkommen. Heizl\u00ebfter h\u00e4tten hei allgemeng awer just e <em>&#8220;marginalen Effekt&#8221;<\/em>. \u00cbmmerhi g\u00e9ifen et zu L\u00ebtzebuerg jo och eng 10.000 Elektroautoe ginn \u2013 trotzdeem wier et doduerch nach ni zu enger Iwwerlaaschtung vum Netz komm.<em> [Umierkung vun der Redaktioun: Op den 1. November 2022 waren dem STATEC no zu L\u00ebtzebuerg souguer schonn eng 13.000 elektresch Autoen immatrikul\u00e9iert]<strong><br \/>\n<\/strong><\/em><br \/>\nTats\u00e4chlech sinn \u00cbnnerbriechunge vun der Energieversuergung duerch eng Surcharge vum Netz, d\u00e9i esou och kloer identifiz\u00e9iert ka ginn, verh\u00e4ltnesm\u00e9isseg seelen. Op Nofro erkl\u00e4ert Creos, datt am Joer 2020 just 13 Pannen eendeiteg op eng Iwwerlaaschtung konnten zer\u00e9ckgefouert ginn. Am Joer 2021 ware 15 Pannen duerch eng Surchage bed\u00e9ngt.<strong><br \/>\n<\/strong><br \/>\nKuckt ee sech d\u00e9i m\u00e9i detaill\u00e9iert Joresiwwersiicht am <a href=\"https:\/\/download.rtl.lu\/2022\/11\/17\/56bf92ed8b78990cd30542df8ff07304.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Rapport iwwer d&#8217;Versuergungss\u00e9cherheet am Stroumber\u00e4ich zu L\u00ebtzebuerg<\/a> un, st\u00e9cht bei den ongeplangte Stroum\u00ebnnerbriechunge virun allem d&#8217;Joer 2021 an d&#8217;An. Goufen et am Joer 2020 nach 541 ongeplangte Stroum\u00ebnnerbriechungen, waren et der 2021 am ganzen 888.<\/p>\n<div class=\"infogram-embed\" data-id=\"cd4b2fe4-8ab7-47a0-92a9-da732a7f1e67\" data-type=\"interactive\" data-title=\"Ongeplangt Stroumausf\u00e4ll 2013-2021\"><\/div>\n<p><script>!function(e,i,n,s){var t=\"InfogramEmbeds\",d=e.getElementsByTagName(\"script\")[0];if(window[t]&&window[t].initialized)window[t].process&&window[t].process();else if(!e.getElementById(n)){var o=e.createElement(\"script\");o.async=1,o.id=n,o.src=\"https:\/\/e.infogram.com\/js\/dist\/embed-loader-min.js\",d.parentNode.insertBefore(o,d)}}(document,0,\"infogram-async\");<\/script><\/p>\n<p>Eng Erkl\u00e4rung fir de Peak am vergaangene Joer liwwert de Rapport allerd\u00e9ngs och direkt mat. Duerch d\u00e9i schw\u00e9ier Iwwerschwemmungen am Joer 2021 sinn &#8211; trotz preventive Mesuren, w\u00e9i zum Beispill der kontroll\u00e9ierter \u00cbnnerbriechung vun der Stroumversuergung &#8211; eng Rei Statiounen um Niveau vum M\u00ebttelspaanungsnetz ausgefall. Tats\u00e4chlech louch den Taux vun den ongeplangten \u00cbnnerbriechungen duerch d&#8217;Wiederverh\u00e4ltn\u00ebsser oder Force Majeure am Joer 2021 bei 15,5 Prozent, vis-\u00e0-vis vu just 4 Prozent am Joer 2020 (2019 2,2%, 2018 5,2%).<\/p>\n<p>Kuckt ee sech den Z\u00e4itraum t\u00ebscht Januar an August 2022 am Netz vu Creos un, goufen et nees w\u00e9ineger Stroumausf\u00e4ll, <a href=\"https:\/\/download.rtl.lu\/2022\/11\/17\/677879884004121c67ba91d8f3af8ab3.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">w\u00e9i an deenen n\u00e4mmlechte M\u00e9int am Joer virdrun. <\/a>Waren et an den \u00e9ischten aacht M\u00e9int vum Joer 2021, an d\u00e9i och d&#8217;Iwwerschwemmunge vum 15. Juli falen, insgesamt 446 Stroumpannen am Creos-Netz zu L\u00ebtzebuerg, d\u00e9i am Schn\u00ebtt 167,33 Minutte gedauert hunn, esou waren et der 2022 just 416, d\u00e9i am Schn\u00ebtt no 153,76 Minutten nees behuewe waren.<\/p>\n<p class=\"article-title\">Suergen net virun Iwwerlaaschtung, mee viru Penurie an der Stroumproduktioun<\/p>\n<p>Souwuel de Camille Hierzig um ILR, w\u00e9i och de Regierungskommiss\u00e4r fir Energie, Simeon Hagspiel, maache sech w\u00e9ineger Gedanken iwwert <a>iwwer eng Iwwerlaaschtung vum Netz duerch en ze h\u00e9ije Stroumverbrauch<\/a>, w\u00e9i \u00ebm eng ze niddreg Stroumproduktioun. De Grand-Duch\u00e9 produz\u00e9iert just eng 20 Prozent vum eegene Bedarf. L\u00ebtzebuerg kann een a Saache Stroumnetz net isol\u00e9iert betruechten: <em>&#8220;Europa insgesamt ass u sech ee grousst Stroumnetz, obwuel et regional organis\u00e9iert ass. L\u00ebtzebuerg ass mat D\u00e4itschland\u00a0ee March\u00e9sgebitt&#8221;<\/em>, erkl\u00e4ert de Camille Hierzig.<\/p>\n<p>Op der Produktiouss\u00e4it feelt et den Ament engers\u00e4its u Gas, mat deem Stroum gemaach ka ginn. Op der anerer S\u00e4it g\u00ebtt den Ament awer och w\u00e9ineger Stroum duerch Atomenergie produz\u00e9iert. W\u00e9inst Maintenanceaarbechten an Inspektioune sinn aktuell ronn d&#8217;Hallschent vun den 56 frans\u00e9ische Reakteren ausser Betrib a liwwere kee Stroum. Frankr\u00e4ich ass domat vum Stroum-Export-Land zum Stroumimporteur ginn, an dat zu engem denkbar schlechten Z\u00e4itpunkt. D\u00ebse Manktem dr\u00e9ckt da sengers\u00e4its nees de Pr\u00e4is vum Gas an d&#8217;Luucht.<\/p>\n<p>Allgemeng wier d&#8217;Situatioun an deem Ber\u00e4ich m\u00e9i ugespaant, mee och net esou, datt ee se misst dramatis\u00e9ieren, betount de Camille Hierzig. <em>&#8220;Vum Prinzip hier ass de March\u00e9 esou organis\u00e9iert, datt sech \u00ebmmer een Equiliber bitt. Entweder doduerch, datt m\u00e9i Produktioun ass oder m\u00e9i Gas import\u00e9iert g\u00ebtt, a wann do iergendwann d&#8217;Limitt erreecht ass, geet de Pr\u00e4is virun an d&#8217;Luucht, bis et de Clienten ze deier g\u00ebtt.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>D\u00ebst g\u00ebllt \u00ebnner anerem fir Produktiounsbetriber, d\u00e9i besonnesch energieintensiv schaffen: &#8220;<em>Fir e Betrib, deen Aluminium schm\u00eblzt, ass et da vill\u00e4icht m\u00e9i g\u00ebnschteg, den Aluminium sossanzwousch aus der Welt ze import\u00e9ieren, w\u00e9i datt en an Europa mam deieren europ\u00e4esche Stroum geschmolt g\u00ebtt&#8221;, <\/em>erkl\u00e4ert de Camille Hierzig.<\/p>\n<p><em>Hutt Dir Froen oder Ureegunge fir aner Themen? Da mellt Iech \u00ebnnert d\u00ebser E-Mail-Adress bei der RTL-Faktencheckredaktioun: <a href=\"mailto:faktencheck@rtl.lu\">faktencheck@rtl.lu<\/a><\/em><\/p>\n<p>Links<\/p>\n<ul>\n<li>\n<p class=\"link\"><a class=\"link__action\" href=\"https:\/\/download.rtl.lu\/2022\/11\/17\/677879884004121c67ba91d8f3af8ab3.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">PDF: \u00c4ntwert op parlamentaresch Fro iwwert &#8220;elektresch Pannen&#8221;<\/a><\/p>\n<\/li>\n<li>\n<p class=\"link\"><a class=\"link__action\" href=\"https:\/\/download.rtl.lu\/2022\/11\/17\/56bf92ed8b78990cd30542df8ff07304.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">PDF: Rapport iwwer d&#8217;Versuergungss\u00e9cherheet am Stroumber\u00e4ich zu L\u00ebtzebuerg (28.07.2022)<\/a><\/p>\n<\/li>\n<\/ul>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>\u00a9 RTL-Grafik Et ass dat grousst Thema d\u00ebse Wanter: D&#8217;Energie. Nieft de klammende Pr\u00e4isser g\u00ebtt sech och \u00ebmmer nees gefrot,&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":212474,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[193,191,185],"tags":[],"class_list":{"0":"post-212479","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-gesellschaft","8":"category-politik","9":"category-wirtschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"1993220","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/1993220.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>RTL-Faktencheck: K\u00e9int d&#039;Stroumnetz zu L\u00ebtzebuerg duerch elektresch Heizungen iwwerlaascht ginn? - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"RTL-Faktencheck: K\u00e9int d&#039;Stroumnetz zu L\u00ebtzebuerg duerch elektresch Heizungen iwwerlaascht ginn? - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"\u00a9 RTL-Grafik Et ass dat grousst Thema d\u00ebse Wanter: D&#8217;Energie. Nieft de klammende Pr\u00e4isser g\u00ebtt sech och \u00ebmmer nees gefrot,...\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-12-02T06:30:27+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2022-12-02T08:52:19+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/31455b666c22a7da42385282382ced28.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"10 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"RTL-Faktencheck: K\u00e9int d&#8217;Stroumnetz zu L\u00ebtzebuerg duerch elektresch Heizungen iwwerlaascht ginn?\",\"datePublished\":\"2022-12-02T06:30:27+00:00\",\"dateModified\":\"2022-12-02T08:52:19+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/\"},\"wordCount\":2082,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/31455b666c22a7da42385282382ced28.jpeg\",\"articleSection\":[\"Gesellschaft\",\"Politik\",\"Wirtschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/\",\"name\":\"RTL-Faktencheck: K\u00e9int d'Stroumnetz zu L\u00ebtzebuerg duerch elektresch Heizungen iwwerlaascht ginn? - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/31455b666c22a7da42385282382ced28.jpeg\",\"datePublished\":\"2022-12-02T06:30:27+00:00\",\"dateModified\":\"2022-12-02T08:52:19+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/31455b666c22a7da42385282382ced28.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/31455b666c22a7da42385282382ced28.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"RTL-Faktencheck: K\u00e9int d'Stroumnetz zu L\u00ebtzebuerg duerch elektresch Heizungen iwwerlaascht ginn? - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"RTL-Faktencheck: K\u00e9int d&#8217;Stroumnetz zu L\u00ebtzebuerg duerch elektresch Heizungen iwwerlaascht ginn?\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"RTL-Faktencheck: K\u00e9int d'Stroumnetz zu L\u00ebtzebuerg duerch elektresch Heizungen iwwerlaascht ginn? - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"RTL-Faktencheck: K\u00e9int d'Stroumnetz zu L\u00ebtzebuerg duerch elektresch Heizungen iwwerlaascht ginn? - EDMO Belux","og_description":"\u00a9 RTL-Grafik Et ass dat grousst Thema d\u00ebse Wanter: D&#8217;Energie. Nieft de klammende Pr\u00e4isser g\u00ebtt sech och \u00ebmmer nees gefrot,...","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-12-02T06:30:27+00:00","article_modified_time":"2022-12-02T08:52:19+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/31455b666c22a7da42385282382ced28.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"10 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"RTL-Faktencheck: K\u00e9int d&#8217;Stroumnetz zu L\u00ebtzebuerg duerch elektresch Heizungen iwwerlaascht ginn?","datePublished":"2022-12-02T06:30:27+00:00","dateModified":"2022-12-02T08:52:19+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/"},"wordCount":2082,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/31455b666c22a7da42385282382ced28.jpeg","articleSection":["Gesellschaft","Politik","Wirtschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/","name":"RTL-Faktencheck: K\u00e9int d'Stroumnetz zu L\u00ebtzebuerg duerch elektresch Heizungen iwwerlaascht ginn? - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/31455b666c22a7da42385282382ced28.jpeg","datePublished":"2022-12-02T06:30:27+00:00","dateModified":"2022-12-02T08:52:19+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/31455b666c22a7da42385282382ced28.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/31455b666c22a7da42385282382ced28.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"RTL-Faktencheck: K\u00e9int d'Stroumnetz zu L\u00ebtzebuerg duerch elektresch Heizungen iwwerlaascht ginn? - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-kint-dstroumnetz-zu-ltzebuerg-duerch-elektresch-heizungen-iwwerlaascht-ginn\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"RTL-Faktencheck: K\u00e9int d&#8217;Stroumnetz zu L\u00ebtzebuerg duerch elektresch Heizungen iwwerlaascht ginn?"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/212479","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=212479"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/212479\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/212474"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=212479"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=212479"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=212479"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}