{"id":214594,"date":"2022-12-12T14:37:14","date_gmt":"2022-12-12T14:37:14","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=214594"},"modified":"2022-12-13T14:04:37","modified_gmt":"2022-12-13T14:04:37","slug":"faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/","title":{"rendered":"Faktencheck: WM 2022: Firwat d&#8217;Unzuel un Doudegen op Schantercher am Katar schw\u00e9ier ze bezifferen ass"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Am Moment leeft d&#8217;Futtball-Weltmeeschterschaft am Katar. Am Virfeld dovu goung vill Rieds vun den Aarbechtskonditiounen am arabesche Golfstaat; \u00ebnner anerem och doriwwer, w\u00e9i vill Leit bei de Bauaarbechte fir d&#8217;WM \u00ebm d&#8217;Liewe koumen.<\/p>\n<p>Katar gouf fir d&#8217;Aarbechtskonditioune vun den Aarbechter, d\u00e9i fir de Bau vun der n\u00e9ideger Infrastruktur fir d&#8217;Futtball-Weltmeeschterschaft an d&#8217;Land komm waren, kritis\u00e9iert. D&#8217;\u00c4ntwert vu Katar op d&#8217;Kritik ass d&#8217;Ausso, dass op de Schantercher t\u00ebscht 2015 an 2021 just dr\u00e4i Aarbechter bei engem Aarbechtsaccident \u00ebm d&#8217;Liewe komm w\u00e4ren. Awer et g\u00ebtt eng aner Zuel, d\u00e9i reegelm\u00e9isseg am \u00ebffentlechen Discours opdaucht: d\u00e9i vu 6.500 Doudegen, an d\u00e4r awer och Doudesf\u00e4ll ouni direkte Bezuch op d&#8217;Bauaarbechte vermierkt sinn. D\u00e9i genee Zuel vun agewanderten Aarbechterinnen an Aarbechter, d\u00e9i bei engem Aarbechtsaccident am WM-\u00cbmfeld \u00ebm d&#8217;Liewe koumen, ass ganz schw\u00e9ier erauszefannen. Den Asch\u00e4tzunge vu verschiddene Spezialistinnen a Spezialisten no beweegt sech d&#8217;Gr\u00e9isstenuerdnung am Ber\u00e4ich vun &#8220;dausenden Doudegen&#8221;.<\/p>\n<p>W\u00e9i vill Gaaschtaarbechter hunn am Katar hiert Liewe verluer, zanter den Emirat viru gutt z\u00e9ng Joer mam Opbau vun den n\u00e9idegen Infrastrukture fir d&#8217;Futtball-Weltmeeschterschaft 2022 ugefaangen huet?<\/p>\n<p>D\u00ebs wichteg Fro verfollegt de Golfstaat. Eng Rei Medien, vun den US-amerikaneschen Dageszeitunge <a href=\"https:\/\/perma.cc\/KH9Y-AC2F\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Washington Post&#8221;<\/a> an <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20221122164407\/https:\/\/www.nytimes.com\/2022\/11\/16\/sports\/soccer\/world-cup-migrant-workers.html?action=click&amp;pgtype=Article&amp;state=default&amp;module=styln-world-cup&amp;variant=show\u00aeion=BELOW_MAIN_CONTENT&amp;block=storyline_flex_guide_recirc\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;New York Times&#8221;<\/a> iwwer d\u00e9i frans\u00e9isch Internetzeitung <a href=\"https:\/\/perma.cc\/GY9J-ZDSL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Mediapart&#8221;,<\/a> d\u00e9i d\u00e4itsch Dageszeitung <a href=\"https:\/\/www.sueddeutsche.de\/politik\/katar-fussball-wm-bauarbeiter-arbeitsschutz-1.5697170?reduced=true\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">S\u00fcddeutsche<\/a> an Netregierungsorganisatioune w\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7SH2-N5HY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Human Rights Watch&#8221;<\/a>, hunn an de vergaangene Joren d\u00e9i extrem Aarbechtskonditioune vun den Aarbechter kritis\u00e9iert, d\u00e9i virun allem aus asiateschen an afrikanesche L\u00e4nner stamen.<\/p>\n<p>Als Konsequenz hunn d\u00e9i kataresch Autorit\u00e9ite mat e vehementen Dementi op d\u00ebs Fro reag\u00e9iert. Dora geet Rieds vun Diffamatioun, Rassismus an der Menace vu Geriichtsaff\u00e4ren. De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/J4RT-WSM3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">WM-Organisatiounskomitee huet betount<\/a> &#8220;onermiddlech doru geschafft ze hunn, dass d&#8217;Rechter vun all Aarbechter, deen u Projete fir d&#8217;Futtball-Weltmeeschterschaft bedeelegt ass, agehale ginn&#8221; an huet vers\u00e9chert, dass &#8220;bedeitend Fortschr\u00ebtter&#8221; an de Ber\u00e4icher \u00cbnnerkonft, Gesondheet a S\u00e9cherheet gemaach goufen.<\/p>\n<p>D\u00e9i wichtegst Berechnungen zu d\u00ebsem Thema \u00ebnnerscheede sech deels d\u00e4itlech. Dat l\u00e4it u feelenden Donn\u00e9e\u00ebn, wat eng genee Statistik vun d\u00ebser makaberer Bilanz m\u00e9i schw\u00e9iert m\u00e9cht. Dat huet och de Quentin M\u00fcller g\u00e9intiwwer der Noriichtenagence AFP betount. Hien ass fr\u00e4ie Journalist, spezialis\u00e9iert op d\u00e9i arabesch Hallefinsel a Co-Auteur vun engem Buch zu deem Theema a sot: &#8220;Souguer d\u00e9i International Aarbechtsorganisatioun (IAO), d\u00e9i Hand an Hand mat Katar zesummeschafft, huet unerkannt, dass et schwiereg war, fund\u00e9iert Statistiken iwwer Aarbechtsaccidenter op de Schantercher ze kr\u00e9ien.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/04f41acd4c4a78fa4933c6e23c3cea19.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Bild einf\u00fcgen: Arbeiter im Khalifa-Stadion in Doha am 18. November 2018. ( AFP \/ -)<\/p>\n<p>Diametral entg\u00e9intgesat Zuelen<\/p>\n<p>D\u00e9i englesch Dageszeitung &#8220;The Guardian&#8221; bas\u00e9iert hir Rechnung an engem <a href=\"https:\/\/archive.ph\/6stMO\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel vum Februar 2021<\/a> op d&#8217;Unzuel vu M\u00ebnschen aus Indien, Nepal, Bangladesch a Sri Lanka, d\u00e9i t\u00ebscht 2011 an 2020 verstuerwe sinn, an och op d&#8217;Zuel vu Leit aus Pakistan, d\u00e9i t\u00ebscht 2010 an 2020 am Katar \u00ebm d&#8217;Liewe koumen. D&#8217;Donn\u00e9e\u00eb ware vu Gesondheetsagencen am Katar souw\u00e9i vu verschiddenen Institutiounen an d\u00ebse f\u00ebnnef L\u00e4nner, haapts\u00e4chlech vun hiren Ambassadeuren op der Plaz, gesammelt ginn.<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Gesamtzuel vun den Doudegen ass vill m\u00e9i h\u00e9ich, well d\u00ebs Zuelen net d&#8217;Doudesf\u00e4ll aus m\u00e9i L\u00e4nner \u00ebmfaasst, d\u00e9i Katar wichteg Aarbechtskr\u00e4ften zur Verf\u00fcgung stellen, dor\u00ebnner d&#8217;Philippinnen a Kenia&#8221;, heescht et am Artikel. Migrante stelle m\u00e9i w\u00e9i 80 Prozent vun den 2,8 Milliounen Awunner vu Katar.<\/p>\n<p>Zu d\u00ebse 6.571 Doudegen zielen all d&#8217;Staatsbierger vun Indien, Nepal, Bangladesch, Sri Lanka a Pakistan, d\u00e9i an d\u00ebsem Z\u00e4itraum am Katar gestuerwe sinn. Et handelt sech dob\u00e4i net \u00ebm d\u00e9i spezifesch Unzuel un Aarbechter, d\u00e9i op de Schantercher gestuerwe sinn. &#8220;D\u00ebs Statistiken iwwer d&#8217;Stierflechkeet sinn allgemeng: E Sri Lankaner, deen op der Strooss vun engem Auto iwwerrannt gouf, kann och dozou zielen&#8221;, sot de Quentin M\u00fcller.<\/p>\n<p>De WM-Organisatiounskomitee publiz\u00e9iert sengers\u00e4its zanter 2015 <a href=\"https:\/\/perma.cc\/UG87-DH3X\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">all Joer e Rapport<\/a> iwwer d'&#8221;Gesondheet vun den Aarbechter&#8221;. D\u00ebser Zielung no sollen dr\u00e4i Aarbechter bei Aarbechtsaccidenter op WM-Schantercher \u00ebm d&#8217;Liewe komm sinn: Zwee beim Al-Janoub-Stadion am Oktober 2016 an August 2018 an een Dr\u00ebtte beim Khalifa-Stadion am Januar 2017.<\/p>\n<p>Zwar zielen d&#8217;Rapporte 37 weider Doudesf\u00e4ll t\u00ebscht 2015 an Dezember 2021, mee all d\u00ebs Doudesf\u00e4ll ginn als &#8220;Doudesf\u00e4ll ouni Relatioun mat der Schaff&#8221; kategoris\u00e9iert.<\/p>\n<p>Si betreffen an der Reegel Aarbechter, d\u00e9i dout an hirem Doheem opfonnt gi waren oder an der Klinick w\u00e9inst engem gesondheetleche Probleem gestuerwe waren, dee baussent den Aarbechtsz\u00e4iten opgetruede war.<\/p>\n<p>D\u00ebs L\u00ebscht schl\u00e9isst awer och Doudesf\u00e4ll an de Stadien an, ouni se als aarbechtsbed\u00e9ngt Doudesf\u00e4ll ze zielen. E Beispill ass <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HP9L-YRKS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">de Fall vum 27. April 2016<\/a>, bei deem en &#8220;48 Joer alen Inder am Spillertunnel vun enger Anlag, d\u00e9i nach net f\u00e4erdeg war, bei Stolaarbechten zesummegebrach ass&#8221;, fir duerno an der Klinick un engem &#8220;H\u00e4erzst\u00ebllstand, ausgel\u00e9ist duerch schw\u00e9ier Otemnout&#8221; ze stierwen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/8063cef6990209902bea532fce1d221f.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshot des Berichts des WM-Organisationskomitees zur &#8220;Arbeitergesundheit&#8221; im Zeitraum Januar bis Dezember 2021 (Seite 41). Erstellt am 22. November 2022<\/p>\n<p>Doudesf\u00e4ll duerch &#8220;natierlech Ursaachen&#8221;<\/p>\n<p>Eng Ursaach, d\u00e9i an d\u00ebse Rapporten zu net aarbechtsbed\u00e9ngten Doudesf\u00e4ll ganz dacks erw\u00e4\u00e4nt g\u00ebtt a sech als problematesch erweist, ass de Fall vum &#8220;H\u00e4erzst\u00ebllstand, ausgel\u00e9ist duerch schw\u00e9ier Otemnout&#8221;, w\u00e9i d&#8217;Lola Schulmann, M\u00ebnscherechtsaktivistin bei Amnesty International France betount huet: &#8220;Eisen deemolegen Observatiounen no gouf et bei 18 vun 33 erfaassten Doudesf\u00e4ll keng Informatiounen iwwer d&#8217;Doudesursaach. Amplaz gouf e Probleem mat der Ootmung oder eng &#8216;natierlech Ursaach&#8217; erw\u00e4\u00e4nt, wat d\u00e4itlech weist, dass et keng \u00cbnnersichung g\u00ebtt, d\u00e9i korrekt vun den Agencen duerchgef\u00e9iert g\u00ebtt, fir d&#8217;Doudesursaachen an domat de potenziellen Zesummenhang t\u00ebscht den Aarbechtskonditiounen an d\u00ebsen Doudesf\u00e4ll erauszefannen.&#8221;<\/p>\n<p>W\u00e9i den David Bailey, Patholog a Member vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/WW2X-3PTH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Rapport vun Amnesty International<\/a> vum August 2021 ugemierkt huet, sollten esou Vermierker &#8220;op engem Doudesch\u00e4in net ouni zous\u00e4tzlech Erkl\u00e4rung vun der Ursaach stoen, d\u00e9i virl\u00e4it. Jidderee stierft um Enn un Otem- oder H\u00e4erzversoen an d\u00ebs Formul\u00e9ierungen hunn ouni zous\u00e4tzlech Informatioune guer keng Bedeitung. &#8216;Natierlech Ursaach&#8217; ass keng ausr\u00e4ichend Erkl\u00e4rung&#8221;, huet hie kritesch drop higewisen.<\/p>\n<p>Hien huet un de &#8220;Risiko, deen extrem H\u00ebtzt a Fiichtegkeet fir d&#8217;Aarbechter duerstellen&#8221; er\u00ebnnert. Eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/T4YF-Y7VQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd vun der Fachz\u00e4itschr\u00ebft &#8220;Cardiology&#8221;<\/a> aus dem Juni 2019 huet och op de staarken Zesummenhang t\u00ebschent den h\u00e9ijen Temperature vum Land an den H\u00e4erz-Kreeslaf-Erkrankunge vun nepaleeseschen Aarbechter higewisen, d\u00e9i warscheinlech op erhiefleche Stress duerch H\u00ebtzt zer\u00e9ckginn.<\/p>\n<p>Am Rapport huet Amnesty International och kritis\u00e9iert, dass Katar d&#8217;Unzuel vun \u00cbnnersichungen net liwwere konnt, d\u00e9i u Gaaschtaarbechter, d\u00e9i z\u00ebnter 2010 verstuerwe waren, net virgeholl goufen. Katar huet dat domat begr\u00ebnnt, mat verschiddenen Hindernisser konfront\u00e9iert gewiescht ze sinn, dor\u00ebnner Widdersproch vu munche Famillje vu Verm\u00ebssten, d\u00e9i sech aus &#8220;kulturelle Gr\u00ebnn&#8221; g\u00e9int eng Autopsie decid\u00e9iert h\u00e4tten. &#8220;Allerd\u00e9ngs gouf kenger vun de Familljen, mat deenen Amnesty geschwat huet, eng Autopsie vun hire Familljememberen ugebueden, fir d&#8217;Doudesursaach erauszefannen&#8221;, huet d&#8217;ONG ageschr\u00e4nkt.<\/p>\n<p>Dat bleift net ouni Konsequenze fir d&#8217;Famill, w\u00e9i d&#8217;Lola Schulmann betount huet: &#8220;An deem Moment, an deem keng Responsabilit\u00e9it festgestallt g\u00ebtt, g\u00ebtt et och keng Entschiedegung fir d&#8217;Familljen. Munch si souguer gezwongen, sech fir d&#8217;Iwwerf\u00e9iere vun der L\u00e4ich vum Verstuerwenen ze versch\u00eblden.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;Onbekannt Ursaach&#8221; an &#8220;H\u00e4erz-Kreeslaf-Erkrankungen&#8221;<\/p>\n<p>D\u00ebs Ongenauegkeet vun den Doudesursaache f\u00ebnnt sech allgemeng a<a href=\"https:\/\/perma.cc\/EE24-RKGQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">n den offizielle Statistike vu Katar<\/a> iwwer d&#8217;Doudesf\u00e4ll, d\u00e9i w\u00e4rend engem Joer am Land gezielt ginn. W\u00e4rend d&#8217;Zuel vu Migranten, d\u00e9i un enger &#8220;onbekannter Ursaach&#8221; gestuerwe sinn, z\u00ebnter 2016 drastesch erof gaangen ass, ass parallel dozou d&#8217;Zuel vun Doudesf\u00e4ll duerch &#8220;H\u00e4erz-Kreeslaf-Erkrankungen&#8221; staark geklommen. Dat stellt Vital Signs, en Zesummeschloss vun ONGen, d\u00e9i sech fir d&#8217;Rechter vu Migranten asetzen, an engem <a href=\"https:\/\/fairsq.org\/wp-content\/uploads\/2022\/06\/Vital_signs-report-1.pdf#page=8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Rapport vum M\u00e4erz 2022 <\/a>fest.<\/p>\n<p>&#8220;2015 waren 376 Net-Katarer vun all Alter \u00ebnnert den Doudesf\u00e4ll mat onbekannter Ursaach opgel\u00ebscht. D\u00ebs Zuel ass 2016 op 82 erofgaangen. Am G\u00e9igesaz dozou ass d&#8217;Zuel un Doudesf\u00e4ll duerch H\u00e4erz-Kreeslaf-Erkrankunge vun 221 am Joer 2015 op 464 am Joer 2016 eropgaangen&#8221;, heescht et am Dokument, fir duerno b\u00e4izef\u00fcgen: &#8220;Souw\u00e4it d&#8217;Agencen am Katar hir Aart a Weis, den Doud vu Migranten ze \u00ebnnersichen, net erhieflech ge\u00e4nnert hunn &#8211; an n\u00e4ischt deit dorop hin &#8211; sch\u00e9ngt et warscheinlech, dass d&#8217;Hausse bei der Zuel vu Gaaschtaarbechter, d\u00e9i no engem Doudesfall an der Kategorie &#8216;H\u00e4erz-Kreeslaf-Erkrankungen&#8217; klass\u00e9iert goufen, d&#8217;Tatsaach verschleiert, dass d&#8217;Doudesursaach an de meeschte F\u00e4ll onbekannt blouf.&#8221;<\/p>\n<p>De &#8220;Guardian&#8221; huet sengers\u00e4its festgestallt, dass 69 Prozent vun den Doudesf\u00e4ll vun Inder, Nepaleesen a Bangladescher, d\u00e9i a senger Enqu\u00eate opgel\u00ebscht waren, op eng natierlech Ursaach zer\u00e9ckzef\u00e9iere sinn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/6fd83ca4e277d069d829e24c46a97a92.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Bauarbeiter auf einem Ger\u00fcst des Khalifa-Stadions in Doha am 18. November 2018. ( AFP \/ -)<\/p>\n<p>50 Doudeger a 500 schw\u00e9ier Aarbechtsaccidenter am Joer 2020, seet d&#8217;IAO<\/p>\n<p>D\u00e9i International Aarbechtsorganisatioun huet <a href=\"https:\/\/archive.ph\/DmDn7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">am Joer 2021 e Bilan ver\u00ebffentlecht<\/a>, dee fir d&#8217;Joer 2020 50 Doudesf\u00e4ll a 500 schw\u00e9ier Blessure vun Aarbechter am Kader vun der Aarbecht erfaasst. D&#8217;Majorit\u00e9it vun den Affer k\u00e9im &#8220;aus Bangladesch, Indien an Nepal&#8221; an huet haapts\u00e4chlech am Bausecteur geschafft, wou &#8220;Chutten aus grousser H\u00e9icht an Accidenter am Stroosseverk\u00e9ier d&#8217;Haaptursaache fir schw\u00e9ier Blessure sinn, op Plaz zwee komme G\u00e9igest\u00e4nn op Schantercher, d\u00e9i erofgefall sinn.&#8221;<\/p>\n<p>D\u00ebs Zuele relativ\u00e9iert d&#8217;IAO selwer an hirem Rapport a weist op d'&#8221;L\u00fccke bei der Erhiewung vun d\u00ebsen Donn\u00e9e\u00ebn an \u00cbnnerscheeder an der Man\u00e9ier, w\u00e9i d&#8217;Minist\u00e8ren an Institutiounen aarbechtsbed\u00e9ngt Verletzungen an Doudesf\u00e4ll kategoris\u00e9ieren&#8221; hin. Dohier w\u00e4r et &#8220;\u00ebmmer nach net m\u00e9iglech, eng kloer Zuel vun d\u00e9idlechen Aarbechtsaccidenter am Land ze present\u00e9ieren&#8221;. Zum H\u00e9ichpunkt vun de Bauaarbechte geet d&#8217;IAO vu ronn 32.000 Aarbechter aus, wat manner w\u00e9i zwee Prozent vun der gesamter Main d&#8217;oeuvre vum Land entsprieche g\u00e9if. D\u00ebs Argumentatioun deelen och d\u00e9i kataresch Agencen, deenen hir Statistike sech op d&#8217;Aarbechter konzentr\u00e9ieren, d\u00e9i an den aacht WM-Stadien agesat goufen. Siwe goufen aus dem N\u00e4ischt opgeriicht, en aacht gouf fir d&#8217;Weltmeeschterschaft renov\u00e9iert.<\/p>\n<p>Et g\u00ebtt allerd\u00e9ngs och aner Berechnungsus\u00e4tz. D&#8217;IAO nennt d&#8217;M\u00e9iglechkeet, d&#8217;Zuele vun allen Infrastrukturprojeten anzebez\u00e9ien, d\u00e9i a Verbindung mat der WM stinn. Dat g\u00e9if e m\u00e9i kloert Gesamtbild erginn, huet de Quentin M\u00fcller gemengt: &#8220;D&#8217;Stadie si l\u00e4ngst net d\u00e9i eenzeg Schantercher, d\u00e9i w\u00e9inst der WM entstane sinn. Et kann een och den Ausbau vum Fluchhafen oder d&#8217;Konstruktioun vun enger Metro nennen.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/b892b185a5824784453371d01f43b8fb.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Eine Stra\u00dfe in Doha, der Hauptstadt Katars, am 3. September 2019. ( AFP \/ -)<\/p>\n<p>Schwiereg Aarbechtskonditiounen<\/p>\n<p>&#8220;Mir mussen ophalen, dovun auszegoen, dass d&#8217;Metro, Hoteller a sou weider net fir d&#8217;WM gebaut goufen, sou w\u00e9i Katar et m\u00e9cht&#8221;, sot d&#8217;Marie-Laure Guislain g\u00e9intiwwer der AFP. Si huet 2015 an 2018 mat der Vereenegung Sherpa u <a href=\"https:\/\/www.asso-sherpa.org\/vinci-case-qatar\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Kloe g\u00e9int d&#8217;Vinci-Grupp<\/a> geschafft, d\u00e9i grouss Deeler vun der Infrastruktur fir d&#8217;Futtball-Weltmeeschterschaft gebaut huet.<\/p>\n<p>Den 9. November 2022 hat d\u00e9i frans\u00e9isch Justiz eng Enqu\u00eate g\u00e9int eng Duechterentreprise vun der frans\u00e9ischer Grupp BTP Vinci lanc\u00e9iert. Grondlag war eng \u00cbnnersichung vun den Aarbechtskonditiounen op best\u00ebmmte Schantercher, d\u00e9i mat der WM am Katar am Zesummenhang stinn.<\/p>\n<p>En Untersuchungsriichter zu Nanterre hat g\u00e9int Vinci Constructions Grands Projets (VCGP) Uklo erhuewen. D&#8217;Grupp g\u00ebtt follgende Saache besch\u00ebllegt: Aarbechtskonditiounen an \u00cbnnerdaach, d\u00e9i net mat der Dignit\u00e9it vum M\u00ebnsch am Aklang stinn, Acquisitioun vun D\u00e9ngschtleeschtunge vun enger Persoun an enger schutzbedierfteger oder ofh\u00e4ngeger Situatioun mat engem net verh\u00e4ltnesm\u00e9issege Salaire an Deconsideratioun a Servitude.<\/p>\n<p>Am Kader vun hirer \u00cbnnersichung am Katar am Joer 2014 war et der Guislain m\u00e9iglech, d&#8217;Schantercher kucken ze goen an Aussoe vun Aarbechter anzehuelen. Do huet si sech och enger Delegatioun vum Gewerkschaftsbond <a href=\"https:\/\/www.bwint.org\/de_DE\/cms\/uber-die-bhi-2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bau- und Holzarbeiter Internationale<\/a> (BHI) ugeschloss. D&#8217;Marie-Laure Guislain huet vun hiren Entrevuen erzielt: &#8220;Mir ware bei Ambassadeuren, d\u00e9i eis &#8211; ouni et esou ze formul\u00e9ieren &#8211; gesot hunn, dass et hinne w\u00e9i deet, quasi zu Doudegriewer ze ginn. Well si d&#8217;L\u00e4iche vu jonke M\u00ebnschen an hir Heemechtsl\u00e4nner zer\u00e9ckf\u00e9iere mussen.&#8221;<\/p>\n<p>Weider sot d&#8217;Guislain: &#8220;Ech hunn Aarbechter gesinn, d\u00e9i hiert Moiesiessen an der Sonn zou sech geholl hunn. Si waren all Dag dr\u00e4i Stonne vun hirem \u00cbnnerdaach op d&#8217;Schantercher \u00ebnnerwee, stounge moies um 4.30 Auer op a koumen no 19 Auer nees zer\u00e9ck.&#8221; Dob\u00e4i k\u00e9ime Konditiounen, d\u00e9i et bal onm\u00e9iglech gemaach hunn, sech auszerouen: Si w\u00e4ren dacks zu aacht an engem Z\u00ebmmer gewiescht, op Etagenbetter an \u00ebnner Konditiounen, d\u00e9i net am Aklang mat Dignit\u00e9it an de kataresche Standarde gewiescht w\u00e4ren. &#8220;D&#8217;Aarbechter hunn eis uvertraut, dass si Angscht h\u00e4tten, sou w\u00e9i hir Kolleegen ze endegen, d\u00e9i &#8216;ronder\u00ebm si \u00ebmgefall sinn&#8217; an net woussten, firwat&#8221;, sot si weider.<\/p>\n<p>D&#8217;Marie-Laure Guislain huet rappell\u00e9iert, dass Moossname fir d&#8217;S\u00e9cherheet vun den Aarbechter ergraff h\u00e4tte k\u00ebnne ginn: &#8220;De Minimum w\u00e4re Pausen am Schiet. En Dispositif, dee Schiet m\u00e9cht, fir dass d&#8217;Aarbechter net an der praller Sonn schaffen. Anst\u00e4nneg \u00cbnnerdiech, d\u00e9i net annerhallef Stonne vum Schantje fort sinn an d\u00e9i den Numm verd\u00e9ngen. Genuch Zougang zu Waasser an Dokteren. D&#8217;M\u00e9iglechkeet, sech bei den Entreprisen ze beschw\u00e9ieren. A grondlee\u00ebnd Fr\u00e4iheetsrechter, d\u00e9i agehale ginn.&#8221;<\/p>\n<p>Netber\u00e9cksiichtege vun Doudesf\u00e4ll an den Hierkonftsl\u00e4nner vun den Aarbechter<\/p>\n<p>Fir de Quentin M\u00fcller huet d\u00e9i vum &#8220;Guardian&#8221; genannt Zuel vu 6.500 Doudegen zwar &#8220;de Verd\u00e9ngscht, e Bewosstsinn ze schafen&#8221;, si bleift awer a sengen Aen w\u00e4it hannert der tats\u00e4chlecher Zuel. Zous\u00e4tzlech Donn\u00e9e\u00eb g\u00e9ifen doran net ber\u00e9cksiichtegt, besonnesch d&#8217;Doudesf\u00e4ll vun den Aarbechter nom Retour an d&#8217;Heemecht. Besonnesch an Nepal hu vill Leit un Nierenerkrankunge gelidden.<\/p>\n<p>An engem Artikel vum amerikaneschen Noriichtemagasinn <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZL9Z-FV3F\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Times Magazine&#8221;<\/a> sch\u00e4tzt den Nierespezialist Rishi Kumar Kafle vum Nationalen Nieren-Zenter a Kathmandu, der Haaptstad vun Nepal, dass Aarbechter, d\u00e9i an d&#8217;Golfstaaten ausgewandert waren, 10 Prozent vu senge Patienten zum Moment vum Interview ausgemaach hunn.<\/p>\n<p>&#8220;D\u00ebs jonk M\u00e4nner leide weder un Diabetis nach u Blutth\u00e9ichdrock. Si si bei gudder Gesondheet. An dann entw\u00e9ckele si st\u00ebnterlech en Niereversoen, wat bedeit, dass et an deene L\u00e4nner eppes g\u00ebtt, dat verschidde vun d\u00ebse jonke M\u00e4nner krank m\u00e9cht&#8221;, sot de Fachdokter an huet dob\u00e4i zuelr\u00e4ich m\u00e9iglech Ursaache genannt, dor\u00ebnner st\u00e4nneg Deshydratatioun, iwwerm\u00e9issege Konsum vu Medikamenter oder och H\u00ebtzt.<\/p>\n<p>De Journalist Quentin M\u00fcller ass dohier der Usiicht, dass d\u00e9i representativ Zuel vu Gaaschtaarbechter, d\u00e9i am Katar gestuerwe sinn, \u00e9ischter an de Statistike vun &#8220;asiatesche Mataarbechter, d\u00e9i all Joer an de Golfstaate verschwannen&#8221; ze sichen ass.<\/p>\n<p>D&#8217;ONG-Allianz Vital Signs sch\u00e4tzt an hirem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/YX2U-YNM5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Rapport vum M\u00e4erz 2022<\/a>, dass &#8220;bis zu 10.000 Gaaschtaarbechter aus S\u00fcdasien a S\u00fcdostasien&#8221; all Joer an d\u00ebser Regioun vum Plan\u00e9it stierwen an d&#8217;Doudesursaach a m\u00e9i w\u00e9i all zweetem Fall &#8220;ongekl\u00e4ert bleift&#8221;.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/1fb0c0e7c37501ab7c0173f5919775dd.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Das Khalifa-Stadion in Doha, 18. November 2018 ( AFP \/ -)<\/p>\n<p>En neit Gesetz, dat &#8220;net w\u00e4it genuch geet&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;T\u00ebschent den offiziellen Zuelen aus Katar an deem, wat mir bei eisen Enqu\u00eaten op der Plaz an eise Recherch\u00eb festgestallt hunn, leie Welten&#8221;, huet d&#8217;Lola Schulmann vun Amnesty International France gemengt, d\u00e9i hirers\u00e4its vun enger Gr\u00e9isstenuerdnung vun &#8220;Dausende vun Doudege&#8221; schw\u00e4tzt.<\/p>\n<p>E Regierungsspriecher aus Katar huet <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9XP2-9VNU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">g\u00e9intiwwer der AFP<\/a> d\u00e9i &#8220;breet Palette u Moossnamen&#8221;, d\u00e9i ergraff goufen, fir &#8220;d&#8217;Liewe vun allen Aarbechter am Land ze verbesseren&#8221;, verdeedegt. Hien huet gemengt, dass &#8220;kee mat Recht bestreide kann, dass d&#8217;Weltmeeschterschaft de Fortschr\u00ebtt an eisem Land beschleunegt huet&#8221;, och wann &#8220;nach vill Aarbecht ze maache&#8221; w\u00e4r.<\/p>\n<p>Amnesty International erkennt zwar, <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20221201115740\/https:\/\/www.ilo.org\/infostories\/en-GB\/Stories\/Country-Focus\/world-cup-qatar\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">w\u00e9i d&#8217;IAO<\/a>, d&#8217;Fortschr\u00ebtter un, d\u00e9i Katar kierzlech am Ber\u00e4ich vum Aarbechtsrecht gemaach huet: Schluss mam System, an deem Salari\u00e9en d&#8217;Erlabnis vum Employeur froe mussten, fir hir Aarbechtsplaz ze wiesselen souw\u00e9i d&#8217;Af\u00e9iere vu Moossnamen, fir d&#8217;Aarbechtsz\u00e4it am Summer ze kierzen, an eng Temperaturgrenz, d\u00e9i all Aarbecht verbitt. An awer h\u00e4lt d&#8217;M\u00ebnscherechtsorganisatioun d\u00ebs Fortschr\u00ebtter nach net fir genuch.<\/p>\n<p>&#8220;No eisem Ermiesse geet dat neit Gesetz iwwer Aarbecht bei grousser H\u00ebtzt net w\u00e4it genuch, virun allem bei der Fro vun den n\u00e9idege Pausen. Nach ass et un den Aarbechter, hir Virgesetzter no enger Paus ze froen, obwuel d&#8217;Paus obligatoresch sollt sinn an net zu Laaschte vun de Salari\u00e9\u00eb goen d\u00e4erf&#8221;, sou d&#8217;Lola Schulmann vun Amnesty.<\/p>\n<p>D&#8217;IAO \u00ebnnerstr\u00e4icht: &#8220;Vill Salari\u00e9\u00eb stousse weiderhin op Schwieregkeeten, wa si hir Aarbechtsplaz verloossen an eng nei Aarbecht fanne w\u00ebllen. Dozou geh\u00e9iere Vergeltungsmoossname vum Employeur, dee beispillsweis d&#8217;Openthaltsgeneemegung ophiewen oder falsch Usch\u00ebllegunge w\u00e9inst &#8216;Flucht&#8217; g\u00e9int si virbr\u00e9nge kann.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;Dat katarescht Recht muss fir d&#8217;M\u00ebnscherechtsverletzunge vun den Entreprisen hierhalen. Si sinn d\u00e9i \u00e9ischt, d\u00e9i vun d\u00ebsem moderne Sklavereisystem profit\u00e9ieren. Wann d&#8217;Gesetzer sou ugepasst g\u00e9ifen, dass d&#8217;Multinationalen och am Ausland d&#8217;M\u00ebnscherechter anhale missten an domat Prezedenzurteeler gesprach g\u00e9ifen, k\u00e9int een en neien Desaster fir M\u00ebnsch an \u00cbmwelt verh\u00ebnneren&#8221;, sot d&#8217;Marie-Laure Guislain um Enn vum Gespr\u00e9ich.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&nbsp; Am Moment leeft d&#8217;Futtball-Weltmeeschterschaft am Katar. Am Virfeld dovu goung vill Rieds vun den Aarbechtskonditiounen am arabesche Golfstaat; \u00ebnner&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":214589,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[193,191,250],"tags":[],"class_list":{"0":"post-214594","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-gesellschaft","8":"category-politik","9":"category-weltmeeschterschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2001970","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2001970.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: WM 2022: Firwat d&#039;Unzuel un Doudegen op Schantercher am Katar schw\u00e9ier ze bezifferen ass - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: WM 2022: Firwat d&#039;Unzuel un Doudegen op Schantercher am Katar schw\u00e9ier ze bezifferen ass - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"&nbsp; Am Moment leeft d&#8217;Futtball-Weltmeeschterschaft am Katar. Am Virfeld dovu goung vill Rieds vun den Aarbechtskonditiounen am arabesche Golfstaat; \u00ebnner...\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-12-12T14:37:14+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2022-12-13T14:04:37+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/279bbc2da6e93101b9dbe9e7d4089fbf.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"607\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"15 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: WM 2022: Firwat d&#8217;Unzuel un Doudegen op Schantercher am Katar schw\u00e9ier ze bezifferen ass\",\"datePublished\":\"2022-12-12T14:37:14+00:00\",\"dateModified\":\"2022-12-13T14:04:37+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/\"},\"wordCount\":3031,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/279bbc2da6e93101b9dbe9e7d4089fbf.jpeg\",\"articleSection\":[\"Gesellschaft\",\"Politik\",\"Weltmeeschterschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/\",\"name\":\"Faktencheck: WM 2022: Firwat d'Unzuel un Doudegen op Schantercher am Katar schw\u00e9ier ze bezifferen ass - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/279bbc2da6e93101b9dbe9e7d4089fbf.jpeg\",\"datePublished\":\"2022-12-12T14:37:14+00:00\",\"dateModified\":\"2022-12-13T14:04:37+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/279bbc2da6e93101b9dbe9e7d4089fbf.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/279bbc2da6e93101b9dbe9e7d4089fbf.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":607,\"caption\":\"Faktencheck: WM 2022: Firwat d'Unzuel un Doudegen op Schantercher am Katar schw\u00e9ier ze bezifferen ass - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: WM 2022: Firwat d&#8217;Unzuel un Doudegen op Schantercher am Katar schw\u00e9ier ze bezifferen ass\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: WM 2022: Firwat d'Unzuel un Doudegen op Schantercher am Katar schw\u00e9ier ze bezifferen ass - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: WM 2022: Firwat d'Unzuel un Doudegen op Schantercher am Katar schw\u00e9ier ze bezifferen ass - EDMO Belux","og_description":"&nbsp; Am Moment leeft d&#8217;Futtball-Weltmeeschterschaft am Katar. Am Virfeld dovu goung vill Rieds vun den Aarbechtskonditiounen am arabesche Golfstaat; \u00ebnner...","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-12-12T14:37:14+00:00","article_modified_time":"2022-12-13T14:04:37+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":607,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/279bbc2da6e93101b9dbe9e7d4089fbf.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"15 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: WM 2022: Firwat d&#8217;Unzuel un Doudegen op Schantercher am Katar schw\u00e9ier ze bezifferen ass","datePublished":"2022-12-12T14:37:14+00:00","dateModified":"2022-12-13T14:04:37+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/"},"wordCount":3031,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/279bbc2da6e93101b9dbe9e7d4089fbf.jpeg","articleSection":["Gesellschaft","Politik","Weltmeeschterschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/","name":"Faktencheck: WM 2022: Firwat d'Unzuel un Doudegen op Schantercher am Katar schw\u00e9ier ze bezifferen ass - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/279bbc2da6e93101b9dbe9e7d4089fbf.jpeg","datePublished":"2022-12-12T14:37:14+00:00","dateModified":"2022-12-13T14:04:37+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/279bbc2da6e93101b9dbe9e7d4089fbf.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/279bbc2da6e93101b9dbe9e7d4089fbf.jpeg","width":1080,"height":607,"caption":"Faktencheck: WM 2022: Firwat d'Unzuel un Doudegen op Schantercher am Katar schw\u00e9ier ze bezifferen ass - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wm-2022-firwat-dunzuel-un-doudegen-op-schantercher-am-katar-schwier-ze-bezifferen-ass\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: WM 2022: Firwat d&#8217;Unzuel un Doudegen op Schantercher am Katar schw\u00e9ier ze bezifferen ass"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/214594","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=214594"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/214594\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/214589"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=214594"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=214594"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=214594"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}