{"id":217997,"date":"2022-12-21T08:30:12","date_gmt":"2022-12-21T08:30:12","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=217997"},"modified":"2023-01-16T12:03:49","modified_gmt":"2023-01-16T12:03:49","slug":"faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Waren d&#8217;Affer vu Bommenattacken eng Inzen\u00e9ierung?"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Den 10. Oktober 2022 huet Russland den Zentrum vun der ukrainescher Haaptstad Kiew a weider ukrainesch Stied mat Rak\u00e9iten ugegraff. Dob\u00e4i goufen \u00ebnner anerem d&#8217;B\u00fcrosgebai Tower 101 zerst\u00e9iert an Zivilistinnen an Ziviliste bless\u00e9iert.<\/p>\n<p>E puer Deeg no <a href=\"https:\/\/archive.ph\/7umhV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">russeschen Attacken op Kiew<\/a> den 10. Oktober 2022 hunn eng Rei Useren a sozialen Netzwierker d\u00e9i &#8220;westlech Medien&#8221; f\u00e4lschlecherweis virgeh\u00e4it, d&#8217;Attacken inzen\u00e9iert ze hunn. D\u00ebs Behaaptunge goufen a verschiddene Sprooche lanc\u00e9iert: op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/G6PG-FKT7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Frans\u00e9isch<\/a>, <a href=\"https:\/\/archive.ph\/WXFp\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Spuenesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Q3WF-RX64\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Holl\u00e4nnesch<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/CX4U-BWEL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Englesch<\/a>. D\u00e9i &#8220;falsch Bless\u00e9iert&#8221; w\u00e4re just geschminkt Zivilisten. Den engleschen Tweet vun der russescher Politik-Journalistin Maria Dubovikova hat \u00ebnner anerem den Adjoint vum russeschen UN-Ambassadeur, den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LUC4-8HW5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Dmitri Poljanski<\/a>, gedeelt. An och <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20221103150502\/https:\/\/www.facebook.com\/earthguest\/posts\/pfbid0uMjNdPM5RHa8zkfscokk5ELhbLpg9c2VjBHCLynjXoYvqtvKfxEVTEyMZLMXNUdTl\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">op D\u00e4itsch<\/a> haten Notzerinnen an Notzer d\u00ebs Behaaptung verbreet, bei engem Posting, deen e puer honnertmol gedeelt gouf, gouf den Text m\u00ebttlerweil awer ge\u00e4nnert.<\/p>\n<p><img class=\"aligncenter\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/132a8d1644adf24ecc7b1dac995afcae.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">Facebook-Screenshot des am 03.11.2022 archivierten Postings mit der Behauptung: 08.12.2022<\/p>\n<p>W\u00e4rend de Bommenattacke ware vill Fotoreporteren op der Plaz. Si hunn der Noriichtenagence AFP confirm\u00e9iert, M\u00ebnsche gesinn a fotograf\u00e9iert ze hunn, d\u00e9i bless\u00e9iert waren, geblutt hunn a vun Doktere versuergt goufen. D\u00ebs Rapporte widderlee\u00ebn d&#8217;Bezichtegung vun enger &#8220;Inzen\u00e9ierung&#8221;, d\u00e9i a sozialen Netzwierker gedeelt gouf. Si best\u00e4tegen doriwwer eraus, dass d&#8217;Bombard\u00e9ierunge vum 10. Oktober 2022 Affer gefuerdert a materielle Schued verursaacht hunn. International Medien a Presseagenc\u00eb hunn dozou eng ganz R\u00ebtsch vu Fotoen, Videoen a Reportag\u00eb ver\u00ebffentlecht an hunn domat d&#8217;Evenementer dokument\u00e9iert.<\/p>\n<p>Et ass net d\u00e9i \u00e9ischt K\u00e9ier, dass an ierf\u00e9ierende Publikatiounen der ukrainescher Arm\u00e9i an de &#8220;westleche Medien&#8221; eng soi-disant Inzen\u00e9ierung vun den Affer vum Konflikt virgeh\u00e4it g\u00ebtt. D&#8217;AFP huet schonn aner Artikelen zu \u00e4nlechen Usch\u00ebllegunge ver\u00ebffentlecht (<a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.32MC22D\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.327Q4CR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.324Q473\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>). Faktenchecke vun der AFP zum Theema Ukrain sinn\u00a0<a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/list\/all\/all\/39405\/all\/tid-39405\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> ze fannen.<\/p>\n<p><strong>Vu wou kommen d&#8217;Opnamen?<\/strong><\/p>\n<p>Am gedeelte Video mat ukraineschen \u00cbnnertitele stinn eng Fra an e Mann, b\u00e9id bluttverschmiert, nieft engem anere Mann a milit\u00e4rescher Uniform. Hinne vis-\u00e0-vis sti Fotografen a riichten hire Fotoapparat op si, w\u00e4rend eng eeler Fra hire Smartphone no un d&#8217;Gesiicht h\u00e4lt, sou w\u00e9i wa si gl\u00e4ich eng Foto maache g\u00e9if.<\/p>\n<p>&#8220;Wat ass dat? Ech weess et net. Fotograf\u00e9iert Dir mech, Andrej Andrejewitsch. Waart, ech maachen eng Foto a sch\u00e9cke se menger Schw\u00ebster a Russland&#8221;, seet si op Ukrainesch.<\/p>\n<p>Den d\u00e4itsch-russesche private Fernseesender OstWest hat d&#8217;Opnamen den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/KJW9-92E6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">10. Oktober 2022<\/a> online gesat. An der Videobeschreiwung op YouTube steet: &#8220;Ugr\u00ebff op den Zentrum vu Kiew a Bombard\u00e9ierung vun der Ukrain.&#8221;<\/p>\n<p>D\u00e9i frans\u00e9isch Dageszeitung <a href=\"https:\/\/perma.cc\/EFF7-UGE2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Lib\u00e9ration<\/a> hat an hirer Titelgeschicht vum 11. Oktober 2022 iwwer d\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/QU9L-BRWW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">russesch Attacken<\/a> op eng Rei ukrainesch Stied als Revanche fir den Ugr\u00ebff op d&#8217;Krim-Br\u00e9ck bericht. D&#8217;Noriichtes\u00e4it &#8220;Der Spiegel&#8221; huet <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20221205091719\/https:\/\/www.spiegel.de\/ausland\/ukraine-krieg-wladimir-putins-antwort-auf-krim-bruecke-russische-raketenangriffe-auf-staedte-in-der-ukraine-a-8bc8f4f2-e348-4825-bcdd-529508338a51\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">och iwwer d&#8217;Rak\u00e9itenattacke geschriwwen<\/a>.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/9X9Q-944L\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Titelbild<\/a> vun der Lib\u00e9ration hat den ukrainesche Fotograf <a href=\"https:\/\/perma.cc\/F4VX-6XFY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Efrem Lukatksy<\/a> fir d\u00e9i amerikanesch Noriichtenagence Associated Press (AP) geschoss. Et weist d\u00ebs Fra, d\u00e9i voll mat Blutt ass.<\/p>\n<p><img class=\"aligncenter\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/ff504d1129a01608b05c539ed385272d.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">Screenshot vom 27. Oktober 2022 auf der Website von Lib\u00e9ration<\/p>\n<p><img class=\"aligncenter\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/0ef420788e6a93e15cf7052af68e90ce.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">Screenshot vom 27. Oktober auf der Website der Associated Press<\/p>\n<p>Och eng <a href=\"https:\/\/www.stern.de\/politik\/ausland\/wenn-in-kiew-raketen-auf-dem-spielplatz-einschlagen-32801466.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP-Meldung<\/a> mat der Ausso vun enger Awunnerin beschreift d&#8217;Konsequenze vun de russesche Bommenattacken op Kiew an aner ukrainesch Stied vum 10. Oktober 2022. Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5FNS-BB96\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Originalvideo<\/a>, deen d&#8217;AFP iwwer eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=l2SbfqF-2Rg&amp;list=PL_tN7HuGt39pbSAghdwArQ2Ij1oPzJfHo&amp;index=2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">St\u00e9chwierdersich<\/a> fonnt huet, beleet d&#8217;Evenementer zous\u00e4tzlech.<\/p>\n<p>D&#8217;Noriichtenagence Associated Press huet den Originalvideo den 10. Oktober 2022 publiz\u00e9iert. E weist der Videobeschreiwung no &#8220;eng bless\u00e9iert Fra op der Strooss mat enger Ambulanz, \u00ebmgi vun anere bless\u00e9ierte Persounen, d\u00e4r e Mann an Uniform h\u00eblleft. [&#8230;]\u00a0 Russland huet e M\u00e9indeg eng Rei vun d\u00e9idlechen Attacke g\u00e9int eng R\u00ebtsch ukrainesch Stied lanc\u00e9iert an dob\u00e4i zivil Ziler zerst\u00e9iert, dor\u00ebnner och den Zentrum vu Kiew.&#8221;<\/p>\n<p><iframe title=\"YouTube video player\" src=\"https:\/\/www.youtube.com\/embed\/mFJXoBeavMY\" width=\"560\" height=\"315\" frameborder=\"0\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\" data-mce-fragment=\"1\"><\/iframe><\/p>\n<p>Bei der Foto, d\u00e9i a sozialen Netzwierker verbreet gouf, k\u00ebnnt ee bei enger <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=W9JkBkOE0TM&amp;list=PL_tN7HuGt39pbSAghdwArQ2Ij1oPzJfHo&amp;index=3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmgedr\u00e9inter Sich<\/a> op d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/2SNF-X7B2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Billerdatebank<\/a> vun der AP, wou och den Datum vum 10. Oktober 2022 ze fannen ass.<\/p>\n<p>W\u00e9i schonn d&#8217;Foto vun der Lib\u00e9ration, gouf och d\u00ebs vum Fotograf Efrem Lukatsky opgeholl. Hien huet der AFP de 14. Oktober 2022 per Messenger confirm\u00e9iert, den Auteur vun der Foto a vum Video ze sinn. Och op sengem Facebook-Account huet hien nach eng K\u00e9ier <a href=\"https:\/\/archive.ph\/UkbD3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">selwer \u00ebffentlech Stellung<\/a> zu den Usch\u00ebllegunge bezunn. &#8220;Dir besch\u00ebllegt mech, d&#8217;Welt mat menge Fotoen ze t\u00e4uschen&#8221;, huet hien dozou geschriwwen.<\/p>\n<p><img class=\"aligncenter\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/46291f9a881484120fec84c56da3a5fc.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">Screenshot der Website von Associated Press, aufgenommen am 18. Oktober 2022<\/p>\n<p>Zwee Deeg no der Bombard\u00e9ierung konnt d&#8217;Fra aus dem Video als <a href=\"https:\/\/perma.cc\/DDW4-SBY4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Oleksandra Kiselyova<\/a> identifiz\u00e9iert ginn. Iwwer dat, wat geschitt ass, huet si mam ukrainesche Sender <a href=\"https:\/\/perma.cc\/PEX8-JCNV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">TCH<\/a> geschwat, deen hir Renconter mat dem uniform\u00e9ierte Mann gefilmt hat. Hien hat hir am Moment vun der Attack gehollef.<\/p>\n<p>Op den Opnamen ass d&#8217;Gesiicht vum Oleksandra Kiselyova voll mat Blutterg\u00ebss a Spuere vu Schn\u00ebtt. Am Verlaf vum <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=4G9Te_w6MBI&amp;t=195s\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Interview<\/a> erw\u00e4\u00e4nt si, w\u00e9i am Video an de sozialen Netzwierker, hir Schw\u00ebster. &#8220;Hatt weess, wat mir geschitt ass, awer hatt huet net ugeruff&#8221;, sot si.<\/p>\n<p><strong>Bless\u00e9ierter a SAMU op der Plaz<\/strong><\/p>\n<p>M\u00e9i Fotoreporteren, d\u00e9i den 10. Oktober 2022 op der Plaz waren, hunn d&#8217;Evenement aus verschiddene Bl\u00e9ckw\u00e9nkelen opgeholl a ver\u00ebffentlecht. Hir Berichter best\u00e4tegen, dass m\u00e9i Zivilistinnen an Ziviliste bei d\u00ebser Rak\u00e9itenattack bless\u00e9iert goufen an hu musse versuergt ginn.<\/p>\n<p>Den ukrainesche Fotograf <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JL9D-5GQP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Oleksandr Khomenko<\/a> huet beispillsweis op sengem Facebook-Account e <a href=\"https:\/\/www.facebook.com\/oleksandr.khomenko\/posts\/pfbid032UDSGhXH5adB32YfeDP7d9GvQqhSb5VB4bKto7JumKsYSgP8Hkq2QwRDneVTLseRl\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Video<\/a> publiz\u00e9iert, an deem d&#8217;Oleksandra Kiselyova ze gesinn ass, \u00ebm d\u00e9i sech grad e Mann k\u00ebmmert an hiert Gesiicht voller Blutt verb\u00ebnnt. Weider Persounen, d\u00e9i och am Gesiicht bless\u00e9iert sinn, ginn och versuergt.<\/p>\n<p><iframe style=\"border: none; overflow: hidden;\" src=\"https:\/\/www.facebook.com\/plugins\/video.php?height=314&amp;href=https%3A%2F%2Fwww.facebook.com%2Foleksandr.khomenko%2Fvideos%2F836608797355523%2F&amp;show_text=true&amp;width=560&amp;t=0\" width=\"560\" height=\"429\" frameborder=\"0\" scrolling=\"no\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\" data-mce-fragment=\"1\"><\/iframe><\/p>\n<p>&#8220;No enger Rak\u00e9itenattack op B\u00fcrosgebaier an der G\u00e9igend vun der Kiewer Gare den 10. Oktober 2022, leeschten Dokteren d&#8217;\u00c9ischtversuergung vun de Bless\u00e9ierten. Ech hunn eelef Bless\u00e9ierter gesinn, d\u00e9i fortbruecht goufen, zum Gl\u00e9ck g\u00ebtt et keng Doudeger&#8221;, steet an der Videobeschreiwung.<\/p>\n<p>&#8220;Ech goung grad an der G\u00e9igend vun der Gare a Richtung Taras-Schewtschenko-Strooss, wou d\u00e9i \u00e9ischt Rak\u00e9it ageschloen huet, w\u00e9i ech eng Explosioun h\u00e9ieren hunn an Damp an der G\u00e9igend gesinn hunn. Ech sinn direkt dohi gelaf. D&#8217;Rak\u00e9it ass am B\u00fcrosgebai Tower 101 erofkomm, an der G\u00e9igend vun der thermescher Zentral&#8221;, sot de Fotograf de 17. Oktober 2022 g\u00e9intiwwer der AFP via Messenger.<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/www.google.com\/maps\/place\/101+Tower\/@50.4401539,30.4983435,15z\/data=!4m6!3m5!1s0x40d4cef1f07f4a1d:0xc99a2d2ca4ef9d5e!8m2!3d50.4393843!4d30.4964587!16s%2Fg%2F122yyny8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Tower 101<\/a>, deen elo schw\u00e9ier beschiedegt ass, ass am Video vun der Associated Press, deen op YouTube ver\u00ebffentlecht gouf, z&#8217;erkennen, genee w\u00e9i um Facebook-Video vum Oleksandr Khomenko an op Google Street View:<\/p>\n<p><img class=\"aligncenter\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/73d08502730979735c0b4d66b631804d.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">Screenshot von Youtube, erstellt am 26. Oktober 2022<\/p>\n<p><img class=\"aligncenter\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/0cceae3fac8554a50b1f2106f4c15e96.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">Screenshot von Facebook erstellt am 25. Oktober 2022<\/p>\n<p><img class=\"aligncenter\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/995b13f53b05ed17c69fa213ce0a9b58.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">Screenshot von Google Street View, erstellt am 25. Oktober 2022<\/p>\n<p>Den Tower 101 bef\u00ebnnt sech am Zentrum vu Kiew, net w\u00e4it vum <a href=\"https:\/\/www.google.com\/maps\/place\/Schewtschenko-Park\/@50.4418575,30.5131072,17z\/data=!3m1!4b1!4m5!3m4!1s0x40d4cef9a90945a1:0x10dd6115b6be3f7c!8m2!3d50.4418575!4d30.5131072\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Schewtschenko-Park<\/a>, deen den 10. Oktober 2022 vun den Attacke getraff gouf. Dat confirm\u00e9iert d\u00ebs <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4UT3-TTST\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP-Meldung<\/a>: &#8220;Am flott arbor\u00e9ierte Schwetschenko-Park huet d&#8217;Rak\u00e9it en d\u00e9iwe Krater geschloen an eng Kannerspillplaz zerst\u00e9iert.&#8221;<\/p>\n<p><iframe style=\"border: 0;\" src=\"https:\/\/www.google.com\/maps\/embed?pb=!1m28!1m12!1m3!1d5081.934492087164!2d30.50039737850509!3d50.4417107507041!2m3!1f0!2f0!3f0!3m2!1i1024!2i768!4f13.1!4m13!3e2!4m5!1s0x40d4cef1f07f4a1d%3A0xc99a2d2ca4ef9d5e!2s101%20Tower%2C%20Lva%20Tolstoho%20Street%2C%20Kiev%2C%20Ukraine!3m2!1d50.4393843!2d30.496458699999998!4m5!1s0x40d4cef9a90945a1%3A0x10dd6115b6be3f7c!2sParc%20Taras%20Shevchenko%2C%20Tarasa%20Shevchenko%20Blvd%2C%20Kyiv%2C%20Ukraine%2C%2002000!3m2!1d50.4418575!2d30.5131072!5e0!3m2!1sfr!2sfr!4v1666875610916!5m2!1sfr!2sfr\" width=\"600\" height=\"450\" frameborder=\"1\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\" data-mce-fragment=\"1\"><\/iframe><\/p>\n<p>&#8220;Dat \u00e9ischt, wat ech gesinn hunn, waren d&#8217;Dokteren, d\u00e9i m\u00e9i Persoune behandelt hunn, deenen hiert Gesiicht a Kierper bluttiwwerstr\u00e9imt waren. M\u00e9i Journalisten hunn op der Plaz geschafft, \u00ebnner anerem den Efrem Lukatsky. Mir hu 15 bis 20 Minutte S\u00e4it u S\u00e4it geschafft&#8221;, sot den Oleksandr Khomenko weider.<\/p>\n<p>Am Video, dee vun him opgeholl gouf, soen d&#8217;Oleksandra Kiselyova an de Mann an Uniform, deen hir h\u00ebllefe k\u00ebnnt:<\/p>\n<p>(Mann): &#8220;Naja, ech g\u00e9if g\u00e4r heemgoen. Do waarde Fr\u00ebnn op mech. Awer maacht Iech keng Suergen, mir br\u00e9ngen alles nees an d&#8217;Rei. Mam Verband sinn ech f\u00e4erdeg.&#8221;<\/p>\n<p>(Oleksandra Kiselyova): &#8220;Iwwerall ass m\u00e4i Blutt, och op mengem Pullover.&#8221;<\/p>\n<p>(Mann): &#8220;Dat ass net schl\u00ebmm, d&#8217;Haaptsaach ass, dass et Iech gutt geet. Meng Box ass voller Blutt an ech weess net, vu wiem et k\u00ebnnt.&#8221;<\/p>\n<p>De Wladyslaw Musljenko, e weidere fr\u00e4ie Fotograf, deen och op der Plaz war, sot der AFP de 25. Oktober 2022 op Ufro hin: &#8220;Ech hunn d\u00e9i Fotoen den 10. Oktober 2022 zu Kiew geschoss, an der G\u00e9igend vun d\u00ebsem Gebai, dat Energie liwwert (thermesch Zentral, Um. v. d. Red.) an an der G\u00e9igend vun der Gare. Net w\u00e4it vun der Plaz fort, op der ech d&#8217;Fotoe gemaach hat, war eng russesch Rak\u00e9it explod\u00e9iert. Dat war e schreckleche Moien &#8211; et gouf zuelr\u00e4ich Explosiounen.&#8221;<\/p>\n<p><img class=\"aligncenter\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/d4040d0c874402b2d88cdb06010d5dea.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">Screenshot vom Facebook-Account des freien Fotografen Wladyslaw Musijenko<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Persounen, d\u00e9i ech fotograf\u00e9iert hunn, goufe w\u00e4rend der Explosioun bless\u00e9iert. W\u00e9i sech dat ofgespillt huet, weess ech net. Ech war er\u00e9ischt op der Plaz w\u00e9i d&#8217;Doktere schonn H\u00ebllef geleescht hunn. An der \u00cbmg\u00e9igend goufen nach weider Persoune bless\u00e9iert, et kann ee se iwwregens och op anere Fotoe gesinn&#8221;, sot de Fotograf an huet op Fotografi\u00eb verwisen, d\u00e9i hie fir d\u00e9i international Noriichtenagence Reuters gemaach hat.<\/p>\n<p><img class=\"aligncenter\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/291f880a9a1e11f74ebb200092564665.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">Screenshot der Website von Reuters: 25. Oktober 2022<\/p>\n<p><img class=\"aligncenter\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/4736a23b4e2abd5ea6398ee2967c63b5.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">Screenshot der Website von Reuters: 25. Oktober 2022<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet och Fotoen iwwer d&#8217;Auswierkunge vun d\u00ebser Bombard\u00e9ierung publiz\u00e9iert, w\u00e9i op den n\u00e4chste Biller ze gesinn ass, d\u00e9i den 10. Oktober 2022 vum staatleche Rettungsd\u00e9ngscht vun der Ukrain opgeholl goufen:<\/p>\n<p><img class=\"aligncenter\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/737cf138334616c06243a82be5ee549c.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">Dieses Foto des staatlichen ukrainischen Rettungsdienstes zeigt eine Rettungskraft, die einer verletzten Frau am Ort des Bombardements in Kiew am 10. Oktober 2022 hilft. ( AFP PHOTO \/ UKRAINIAN STATE EMERGENCY SERVICE \/ HANDOUT)<\/p>\n<p>Och aner Initiative fir Faktenchecken hu sech mat deem Theema befaasst an Artikelen dozou ver\u00ebffentlecht (<a href=\"https:\/\/correctiv.org\/faktencheck\/2022\/11\/09\/nein-diese-menschen-in-kiew-sind-keine-schauspieler-sondern-wirklich-verletzt\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/www.mimikama.org\/fotos-verwundete-kiew-keine-inszenierung\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>).<\/p>\n<p><strong>Nei Strategie vu Russland: \u00cbnnerbriechung vum ukrainesche Stroumnetz<\/strong><\/p>\n<p>D&#8217;Bommenattacken, d\u00e9i Russland den 10. Oktober 2022 ver\u00fc\u00fcbt huet, hate virun allem als Zil, d\u00e9i ukrainesch Infrastruktur ze zerst\u00e9ieren an den Zougang vum Land zu sengen Energieressourcen ze beschr\u00e4nken.<\/p>\n<p>No enger Rei vun N\u00e9ierlagen u ville Fronten an der Ukrain, hat sech Russland fir e <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20221205111439\/https:\/\/www.rnd.de\/politik\/krieg-in-der-ukraine-russlands-angriffe-auf-energie-infrastruktur-sorgen-fuer-strom-probleme-Z5SMPFTAMSK4V2FBX6XUMBVZHE.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Strategiewiessel<\/a> decid\u00e9iert, fir d&#8217;Situatioun ze wenden: massiv Attacken op ukrainesch Kraaftwierker am Virlaf vum Wanter.<\/p>\n<p><img class=\"aligncenter\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/3cefce81816b12e3d4c84b0870c2729d.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">Angestellte eines Caf\u00e9s bedienen ihre Kundinnen und Kunden im stromlosen Lwiw, im Westen der Ukraine, nachdem drei russische Raketen am 11. Oktober die Energieinfrastruktur angegriffen hatten. ( AFP \/ YURIY DYACHYSHYN)<\/p>\n<p>S\u00e4it Ufank Oktober huet d\u00e9i russesch Arm\u00e9i zeg Missilen an honnerte vu Kamikaze-Dronen aus iranescher Produktioun op Produktiounssitte fir Energie an der gesamter Ukrain, besonnesch op d&#8217;Haaptstad Kiew, geschoss. Domat ass et Russland gelongen, ronn 40 Prozent vum ukrainesche Stroumnetz lamzelee\u00ebn.<\/p>\n<p>Den 23. Oktober 2022 huet de staatlechen Energieversuerger Ukrenergo an Deeler vu Kiew de <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20221205111739\/https:\/\/www.mdr.de\/nachrichten\/welt\/osteuropa\/politik\/liveblog-ukraine-russland-krieg-stromabschaltung-energieversorgung100.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Stroum ofgestallt<\/a>, fir d&#8217;Stroumversuergung no weidere russesche Loftattacken op d&#8217;Infrastruktur vum Land ze &#8220;stabilis\u00e9ieren&#8221;, w\u00e9i d&#8217;AFP vun enger Privatentreprise matgedeelt krut.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> De Video, deen a sozialen Netzwierker gewise gouf, an d&#8217;Foto, d\u00e9i dob\u00e4i geh\u00e9iert, weise keng ukrainesch Schauspillerinnen a Schauspiller zu Kiew, d\u00e9i sech als Bommenaffer verkleet hunn. Et sinn Zivilistinnen an Zivilisten ze gesinn, d\u00e9i bei de russesche Rak\u00e9itenattacken op d&#8217;Haaptstad, den 10. Oktober 2022, bless\u00e9iert goufen. Dat hu verschidde Fotoreportere g\u00e9intiwwer der AFP confirm\u00e9iert, d\u00e9i op der Plaz waren. Iwwer d&#8217;Konsequenze vun der Bombard\u00e9ierung hunn och verschidden international Medie bericht.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Den 10. Oktober 2022 huet Russland den Zentrum vun der ukrainescher Haaptstad Kiew a weider ukrainesch Stied mat Rak\u00e9iten ugegraff. Dob\u00e4i goufen \u00ebnner anerem d&#8217;B\u00fcrosgebai Tower 101 zerst\u00e9iert an Zivilistinnen an Ziviliste bless\u00e9iert.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":232603,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[183,191,217],"tags":[],"class_list":{"0":"post-217997","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-fact-check-lb","8":"category-politik","9":"category-ukraine-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2004447","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2004447.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Waren d&#039;Affer vu Bommenattacken eng Inzen\u00e9ierung? - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Waren d&#039;Affer vu Bommenattacken eng Inzen\u00e9ierung? - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Den 10. Oktober 2022 huet Russland den Zentrum vun der ukrainescher Haaptstad Kiew a weider ukrainesch Stied mat Rak\u00e9iten ugegraff. Dob\u00e4i goufen \u00ebnner anerem d&#039;B\u00fcrosgebai Tower 101 zerst\u00e9iert an Zivilistinnen an Ziviliste bless\u00e9iert.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-12-21T08:30:12+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-01-16T12:03:49+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/81c5e3c4b594273dbed59f4d409873d3.jpg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"620\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"348\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"9 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Waren d&#8217;Affer vu Bommenattacken eng Inzen\u00e9ierung?\",\"datePublished\":\"2022-12-21T08:30:12+00:00\",\"dateModified\":\"2023-01-16T12:03:49+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/\"},\"wordCount\":1898,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/81c5e3c4b594273dbed59f4d409873d3.jpg\",\"articleSection\":[\"Fact Check\",\"Politik\",\"Ukraine\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/\",\"name\":\"Faktencheck: Waren d'Affer vu Bommenattacken eng Inzen\u00e9ierung? - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/81c5e3c4b594273dbed59f4d409873d3.jpg\",\"datePublished\":\"2022-12-21T08:30:12+00:00\",\"dateModified\":\"2023-01-16T12:03:49+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/81c5e3c4b594273dbed59f4d409873d3.jpg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/81c5e3c4b594273dbed59f4d409873d3.jpg\",\"width\":620,\"height\":348,\"caption\":\"Faktencheck: Waren d'Affer vu Bommenattacken eng Inzen\u00e9ierung? - Featured Image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Waren d&#8217;Affer vu Bommenattacken eng Inzen\u00e9ierung?\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Waren d'Affer vu Bommenattacken eng Inzen\u00e9ierung? - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Waren d'Affer vu Bommenattacken eng Inzen\u00e9ierung? - EDMO Belux","og_description":"Den 10. Oktober 2022 huet Russland den Zentrum vun der ukrainescher Haaptstad Kiew a weider ukrainesch Stied mat Rak\u00e9iten ugegraff. Dob\u00e4i goufen \u00ebnner anerem d'B\u00fcrosgebai Tower 101 zerst\u00e9iert an Zivilistinnen an Ziviliste bless\u00e9iert.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-12-21T08:30:12+00:00","article_modified_time":"2023-01-16T12:03:49+00:00","og_image":[{"width":620,"height":348,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/81c5e3c4b594273dbed59f4d409873d3.jpg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"9 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Waren d&#8217;Affer vu Bommenattacken eng Inzen\u00e9ierung?","datePublished":"2022-12-21T08:30:12+00:00","dateModified":"2023-01-16T12:03:49+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/"},"wordCount":1898,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/81c5e3c4b594273dbed59f4d409873d3.jpg","articleSection":["Fact Check","Politik","Ukraine"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/","name":"Faktencheck: Waren d'Affer vu Bommenattacken eng Inzen\u00e9ierung? - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/81c5e3c4b594273dbed59f4d409873d3.jpg","datePublished":"2022-12-21T08:30:12+00:00","dateModified":"2023-01-16T12:03:49+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/81c5e3c4b594273dbed59f4d409873d3.jpg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/81c5e3c4b594273dbed59f4d409873d3.jpg","width":620,"height":348,"caption":"Faktencheck: Waren d'Affer vu Bommenattacken eng Inzen\u00e9ierung? - Featured Image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-waren-daffer-vu-bommenattacken-eng-inzenierung-2\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Waren d&#8217;Affer vu Bommenattacken eng Inzen\u00e9ierung?"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/217997","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=217997"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/217997\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/232603"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=217997"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=217997"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=217997"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}