{"id":218086,"date":"2022-12-19T09:00:44","date_gmt":"2022-12-19T09:00:44","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=218086"},"modified":"2022-12-19T15:08:22","modified_gmt":"2022-12-19T15:08:22","slug":"faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/","title":{"rendered":"Faktencheck: D&#8217;Droe vu Maske f\u00e9iert net zu Kriibs"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>D&#8217;Droe vu Maske l\u00e9isst kee Kriibs aus. Trotzdeem g\u00ebtt d\u00ebs Behaaptung a B\u00e4itr\u00e4g am Internet mat engem angeeblechen Zitat vum d\u00e4itschen Nobelpr\u00e4isdr\u00e9ier Otto Heinrich Warburg a Verbindung bruecht, fir g\u00e9int d&#8217;Droe vu Masken opzeruffen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/6966d4c67ee71e2babe161f918e0ae7b.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Facebook-Screenshot der Behauptung: 11.08.2022<\/p>\n<p>Z\u00ebnter dem Ufank vun der Corona-Pandemie hu User eng Rei vu Falschbehaaptungen iwwer Maske an \u00cbmlaf bruecht. Dass Maske bei gesonde M\u00ebnsche <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/nein-masken-verursachen-bei-gesunden-menschen-keine-ueberhoehten-co2-werte\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">keng ze h\u00e9ich CO2-W\u00e4erter<\/a> ausl\u00e9isen oder zu <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/das-tragen-von-alltagsmasken-fuehrt-nicht-zum-sauerstoffmangel-und-zur-co2-ueberflutung\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Sauerstoffmangel<\/a> f\u00e9ieren, huet d&#8217;AFP scho <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/nein-masken-beeintraechtigen-bei-kindern-nicht-deren-sauerstoffzufuhr\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">widderluecht<\/a>, genee w\u00e9i eng Et\u00fcd, d\u00e9i vermeintlech en Zesummenhang t\u00ebscht <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/nein-diese-studie-beweist-keinen-moeglichen-zusammenhang-zwischen-masken-und-krebs\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Kriibs a Maske<\/a> belee\u00eb sollt. Och d&#8217;Zitat vum Warburg ass an der Vergaangenheet schonn op Facebook \u00ebmhier gegeeschtert. D&#8217;AFP huet et hei op Serbesch iwwerpr\u00e9ift.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet par conter e puer Mol iwwer den Notze vu Maske bericht (<a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.32FL79W\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.323P22F\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/http%253A%252F%252Fdoc.afp.com%252F9EX229-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>). Se bidde Schutz virun Infektiounen an h\u00ebllefen esou bei der And\u00e4mmung vun der Pandemie.<\/p>\n<p>Otto Warburg an d&#8217;Warburg-Hypothees<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/www.sammlungen.hu-berlin.de\/objekte\/-\/288\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Den Otto Heinrich Warburg<\/a>, gebuer am Joer 1883, war en d\u00e4itsche Physiolog a Biochemiker, deem seng Aarbechten iwwer d&#8217;Zellootmung revolution\u00e4r waren. 1931 krut hien den <a href=\"https:\/\/www.nobelprize.org\/prizes\/medicine\/1931\/summary\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Nobelpr\u00e4is <\/a>&#8220;fir seng Entdeckung vun der Natur an d&#8217;Funktion\u00e9iere vum Enzym fir Ootmung&#8221;.<\/p>\n<p>D&#8217;Warburg-Hypothees war d&#8217;Suppositioun, &#8220;dass de Mangel u Sauerstoff bez\u00e9iungsweis d\u00e9i defekt Ootmung en zentraalt Element fir d&#8217;Entstoe vu Kriibs ass&#8221;, huet d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.researchgate.net\/profile\/Angela-Otto-3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Angela Otto<\/a> den 21. August 2022 an enger E-Mail un d&#8217;AFP erkl\u00e4ert. D&#8217;Otto fuerscht un der Technischen Universit\u00e4t M\u00fcnchen an huet sech intensiv mat der Aarbecht vum Warburg besch\u00e4ftegt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/59b65a98789be0bf8778b4126b3acb2e.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Otto H. Warburg (Bundesarchiv, Bild 102-12525 \/ Georg Pahl \/ CC-BY-SA 3.0)<\/p>\n<p>D\u00ebs Thees gouf an de leschte Joren an der W\u00ebssenschaft awer \u00ebmmer m\u00e9i a Fro gestallt, w\u00e9i d&#8217;Angela Otto erkl\u00e4ert. &#8220;De Konsens vun haut ass, dass Kriibs jee no Geweebetyp multifaktoriell Ursaache kann hunn: Et g\u00ebtt keng &#8216;lescht&#8217; Ursaach &#8211; w\u00e9i e Bakterium oder Virus bei enger Infektiounskrankheet. Domat ass d&#8217;Thees, dass Sauerstoffmangel zum Entstoe vu Kriibs f\u00e9iert, haut iwwerholl.&#8221; Et g\u00e9if vill Tumoren, deenen hir Mitochondrie keng metabolesch oder respiratoresch Defekter opweise g\u00e9ifen.<\/p>\n<p>Dat huet och de <a href=\"https:\/\/www.meduniwien.ac.at\/hp\/n094-malignantdiseases\/research-groupssupervisors\/supervisors-n-p\/preusser-matthias\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Matthias Preusser<\/a>, Professer fir Onkologie op der Medizinischen Universit\u00e4t Wien, den 18. August der AFP matgedeelt: &#8220;D&#8217;Usiicht, d\u00e9i an der Hypothees vum Warburg vertruede g\u00ebtt, dass eng Ver\u00e4nnerung vun der Zeelootmung (aerob Glykolyse amplaz mitochondriale Citratzyklus) den eenzegen Ausl\u00e9iser vu Kriibs ass, g\u00ebllt als iwwerholl.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Warburg-Hypothees zum Entstoe vu Kriibs berout op dem no him benannte Warburg-Effekt. G\u00ebtt et gen\u00fcgend Sauerstoff, f\u00e9ieren normal Zellen d&#8217;Glykolyse, den Ofbau vu Glukos, duerch a leeden den definitive Produit an de Stoffwiesselzyklus. Feelt et u Sauerstoff, \u00e4nnert sech dat an de finale Produit g\u00ebtt amplaz a M\u00ebllechsaier \u00ebmgewandelt. De Warburg huet observ\u00e9iert, dass och Kriibszellen d\u00ebse ver\u00e4nnerte Glukos-Stoffwiessel opweisen an d\u00ebst Verhalen och bei genuch Sauerstoffversuergung weisen.<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Roll vum Warburg-Effekt ass nach \u00ebmmer <a href=\"https:\/\/www.ncbi.nlm.nih.gov\/pmc\/articles\/PMC4783224\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmstridden<\/a>, awer en huet warscheinlech vill Virdeeler fir d&#8217;Wuesstem vun Tumoren&#8221;, huet den <a href=\"http:\/\/www.jlocasale.duke.edu\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Jason Locasale<\/a> den 29. September 2021 iwwer d\u00e9i nach undauerend Fuerschung geschriwwen. De Locasale ass Expert fir Kriibs a Stoffwiessel an ass Professer a Kriibsexpert op der Duke University an den USA. Hien huet och b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt, dass d&#8217;Fuerschung dozou nach net ofgeschloss w\u00e4r.<\/p>\n<p>Ursprong vum Zitat<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet d&#8217;Angela Otto no deem angeeblechen Zitat an de B\u00e4itr\u00e4g befrot, no deenen eng Zell sech no zwee Deeg mat 35 Prozent Sauerstoffmangel an eng Kriibszell verwandele g\u00e9if.<\/p>\n<p>Si huet op en \u00e4nlecht Zitat an enger <a href=\"https:\/\/www.degruyter.com\/document\/doi\/10.1515\/znb-1965-1109\/pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Aarbecht vum Warburg<\/a> aus dem Joer 1965 verwisen. Do heescht et: &#8220;Eng Hemmung vun der Ootmung vun 33 Prozent, ervirgeruff duerch en Erofsetze vum O2-Drock, geet also duer, fir de Stoffwiessel vu Kriibs ze produz\u00e9ieren.&#8221;<\/p>\n<p>Dass eng Zell Verhale weist, wat de Warburg als Stoffwiessel vu Kriibs beschreift, bedeit allerd\u00e9ngs nach net, dass eng Zell sech an en Tumor verwandelt huet. &#8220;Haut w\u00ebsse mir, dass Zellen iwwer Sauerstoff-Sensore verf\u00fcgen, d\u00e9i hire Stoffwiessel sou regul\u00e9ieren, dass si Z\u00e4ite mat niddregem Sauerstoffgehalt iwwerliewen, ouni sech an Tumorzellen ze verwandelen. Ech hunn an der Vergaangenheet eng Rei Aarbechte mat Tumorzellen an Hypoxie (Sauerstoffmangel, Um. v. d. Red.) duerchgefouert a sinn ni op e Rapport oder eng Bemierkung gestouss, dass eng normal Zell eleng doduerch, dass si e puer Deeg laang enger Hypoxie ausgesat ass, zu enger Kriibszell g\u00ebtt. Och gesond Zelle sinn esou ugepasst, dass si z\u00e4itweileg Periode mat niddregem Sauerstoffgehalt iwwerliewe k\u00ebnnen&#8221;, sot d&#8217;Angela Otto den 30. September 2021. De Stoffwiessel vu Kriibs eleng g\u00e9if nach keng Kriibszell defin\u00e9ieren.<\/p>\n<p>D&#8217;M\u00e9iglechkeet, dass de Warburg d&#8217;Thees formul\u00e9iert huet, no d\u00e4r sech Zelle bei 35 Prozent manner Sauerstoff a Kriibszelle verwandele g\u00e9ifen, h\u00e4lt de <a href=\"https:\/\/www.ladydavis.ca\/en\/slobodandevic\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Slobodan Devic<\/a> fir onwarscheinlech. Hien ass Assistenzprofesser op der McGill University a Kanada an Auteur vun enger <a href=\"https:\/\/www.ncbi.nlm.nih.gov\/pmc\/articles\/PMC4860798\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd iwwer de Warburg-Effekt<\/a>. &#8220;Wann d\u00e9i (aner Hypothees) richteg w\u00e4r, g\u00e9if d\u00e9i komplett w\u00ebssenschaftlech Welt dovu w\u00ebssen, mech ageschloss&#8221;, sot hien.<\/p>\n<p>Am Warburg senge ver\u00ebffentlechten Aarbechten zum <a href=\"https:\/\/www.ncbi.nlm.nih.gov\/pmc\/articles\/PMC2140820\/pdf\/519.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Stoffwiessel aus dem Joer 1926<\/a> an zur <a href=\"https:\/\/matveynator.ru\/f\/79d34fe7164d95daf0e041e94a738ac3.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ursaach vu Kriibszellen aus dem Joer 1956<\/a> k\u00ebnnt d&#8217;Zitat aus de B\u00e4itr\u00e4g am Internet net vir.<\/p>\n<p>Eng Zell g\u00e9if sech awer net an eng Kriibszell verwandelen, wa se fir zwee Deeg \u00ebnner Sauerstoffmangel st\u00e9ing, sou d&#8217;Angela Otto: &#8220;Kriibs entsteet iwwer eng Rei Joren. Dat wosst schonn den Otto Warburg.&#8221; Metabolesch Ver\u00e4nnerunge w\u00e4ren an der Reegel reversibel, well sech Zellen de Konditioune vun hirer \u00cbmg\u00e9igend upassen.<\/p>\n<p>Droe vu Maske f\u00e9iert net zu Sauerstoffmangel<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet sech schonn an der Vergaangenheet <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/fact-checking-search-results?keywords=masken\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">e puer Mol<\/a> mat der Behaaptung vu Sauerstoffmangel duerch Maske besch\u00e4ftegt. Fir esou e <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/das-tragen-von-alltagsmasken-fuehrt-nicht-zum-sauerstoffmangel-und-zur-co2-ueberflutung\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Faktencheck<\/a> huet de Philipp Lepper, Member vun der Deutschen Gesellschaft f\u00fcr Pneumologie und Beatmungsmedizin (DGP) a Chefdokter vum Universit\u00e4tsklinikum Saarland, mat der AFP kooper\u00e9iert. Hien huet de 6. Oktober 2020 an enger E-Mail erkl\u00e4ert: &#8220;Well d&#8217;Loftquantit\u00e9it hannert der Mask ganz ger\u00e9ng ass an d&#8217;Mask beim Anootme \u00ebmmer er\u00ebm mat fr\u00ebscher Loft duerchm\u00ebscht g\u00ebtt, huet dat keen Afloss op d&#8217;W\u00e4erter vu Sauerstoff a Kuelendioxid am Kierper.&#8221;<\/p>\n<p>Den Yves Coppieters, Epidemiolog zu Br\u00e9issel sot am <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/le-port-du-masque-ne-provoque-pas-de-manque-doxygene-ni-dintoxication-au-co2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Juli 2020<\/a> g\u00e9intiwwer der AFP, dass eng Mask fir e gesonde M\u00ebnsch keng Gefor duerstelle g\u00e9if. &#8220;D&#8217;Mask ass keen zouene Kreeslaf, se l\u00e9isst Sauerstoff duerch&#8221;, huet hie betount. Allerd\u00e9ngs k\u00e9int se d&#8217;Ootmung vun enger Persoun mat H\u00e4erz- oder Otemprobleemer oder bei grousser Ustrengung beantr\u00e4chtegen oder en onangeneemt Gefill ausl\u00e9isen.&#8221; Just bei falschem Benotze oder schw\u00e9iere medezinesche Beantr\u00e4chtegunge w\u00e4r vu Masken ofzeroden. Am Juni 2020 huet zum Beispill d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.dlsph.utoronto.ca\/faculty-profile\/dubey-vinita\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Vinita Dubey<\/a> vun der School of Public Health am kanadeschen Toronto virdru <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/misleading-social-media-posts-claim-adverse-health-effects-face-masks\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gewarnt<\/a>, dass\u00a0 Hyperventil\u00e9ieren, dat duerch eng Panik ausgel\u00e9ist g\u00ebtt, beim Droe vu Masken zu Schwindel f\u00e9iere k\u00e9int.<\/p>\n<p>Och d&#8217;WHO schreift op hirer &#8220;<a href=\"https:\/\/www.who.int\/emergencies\/diseases\/novel-coronavirus-2019\/advice-for-public\/myth-busters#oxygen:~:text=FACT%3A%20The%20prolonged%20use%20of%20medical,with%20straps%20or%20have%20ear%20loops\">Mythbusters&#8221;-Webs\u00e4it:<\/a> &#8220;E m\u00e9i laangt Benotze vu medezinesche Maske kann onangeneem sinn. Et f\u00e9iert awer weder zu enger CO2-Verg\u00ebftung nach zu engem Sauerstoffmangel.&#8221;<\/p>\n<p>D\u00e9i US-amerikanesch Gesondheetsagence CDC faasst op hirer <a href=\"https:\/\/www.cdc.gov\/coronavirus\/2019-ncov\/science\/science-briefs\/masking-science-sars-cov2.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Webs\u00e4it<\/a> de Fuerschungsstand fir d&#8217;Droe vu Masken zesummen. Obwuel nach weider Fuerschung n\u00e9ideg w\u00e4r, h\u00e4tten Et\u00fcde keng oder just ganz ger\u00e9ng Auswierkungen duerch Maske gewisen. Och eng aarbechtsmedezinesch <a href=\"https:\/\/www.medizin.uni-tuebingen.de\/de\/das-klinikum\/pressemeldungen\/471\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd<\/a> aus D\u00e4itschland weist dat.<\/p>\n<p>Keng Opf\u00e4llegkeete bei Diagnos vu Kriibs duerch Masken<\/p>\n<p>D&#8217;B\u00e4itr\u00e4g schw\u00e4tzen deelweis ausserdeem vun angeeblech staarken Hauss\u00eb vu Kriibserkrankungen z\u00ebnter 2021. Behaaptungen zu m\u00e9iglechen Zesummenh\u00e4ng t\u00ebscht Masken a verschiddene <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/diese-medizinische-information-zu-covid-19-lv-gibt-falsche-hinweise-zu-den-risiken-von-masken\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Krankheeten<\/a>, dor\u00ebnner <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/nein-diese-studie-beweist-keinen-moeglichen-zusammenhang-zwischen-masken-und-krebs\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Kriibs<\/a>, huet d&#8217;AFP an der Vergaangenheet schonn iwwerpr\u00e9ift.<\/p>\n<p>Den Jason Locasale huet dozou geschriwwen: &#8220;Et g\u00ebtt kee Beweis dofir, dass d&#8217;Droe vu Masken d&#8217;Erkranken u Kriibs beaflosse k\u00e9int, zemol se beim richtegen Droen d&#8217;Ootmung bal net beantr\u00e4chtegen dierft. Beweegung a Ver\u00e4nnerunge vun der Ootmung k\u00e9inte sech op Kriibs auswierken, an dat ass e Gebitt, dat am Moment intensiv \u00ebnnersicht g\u00ebtt.&#8221;<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/www.meduniwien.ac.at\/hp\/n094-malignantdiseases\/research-groupssupervisors\/supervisors-n-p\/preusser-matthias\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Matthias Preusser<\/a> huet den 18. August 2022 g\u00e9intiwwer der AFP ausgeschloss, dass d&#8217;Droe vu Masken oder den doduerch bed\u00e9ngte Sauerstoffmangel m\u00e9iglecherweis Kriibs ausl\u00e9ise k\u00e9int. &#8220;Sauerstoffmangel ass net \u00ebnnert de Risike vun der <a href=\"https:\/\/monographs.iarc.who.int\/agents-classified-by-the-iarc\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">International Agency for Research on Cancer<\/a> (IARC) vun der WHO gel\u00ebscht, d\u00e9i Kriibs ausl\u00e9isen.&#8221; Hien huet ausserdeem op eng Rei Et\u00fcde verwisen, d\u00e9i weisen, dass d&#8217;Sauerstoffs\u00e4ttegung duerch d&#8217;Droe vu Maske bal net beaflosst g\u00ebtt (<a href=\"https:\/\/pubmed.ncbi.nlm.nih.gov\/35838203\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/pubmed.ncbi.nlm.nih.gov\/35162420\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/pubmed.ncbi.nlm.nih.gov\/34897560\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>). Eng Hausse bei der Inzidenz vu Kriibs s\u00e4it dem Joer 2021 ass him net bekannt.<\/p>\n<p>D&#8217;Angela Otto huet allerd\u00e9ngs drop higewisen, dass d&#8217;<a href=\"https:\/\/pubmed.ncbi.nlm.nih.gov\/34915408\/#:~:text=As%20of%20October%202020%2C%20the,stage%20distribution%20and%20CRC%20mortality.\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Nohanneverr\u00e9ckele vun den Checkuppe<\/a> w\u00e4rend der Pandemie duerno zu enger Hausse bei der Erkennung vu best\u00ebmmte Kriibserkrankungen ausl\u00e9ise kann.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet ausserdeem beim Alexander Katalinic, dem President vun der <a href=\"https:\/\/www.gekid.de\/vorstand\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">esellschaft der epidemiologischen Krebsregister in Deutschland<\/a> (Gekid) nogefrot. Hien huet den 30. August 2022 geschriwwen, dass d\u00e9i exakt Donn\u00e9e\u00eb vun 2021 zwar nach ausgew\u00e4ert g\u00e9ifen, soudass en exakt Matdeele fir d\u00e9i d\u00e4itsch Kriibszuele schw\u00e9ier w\u00e4r, awer: &#8220;Bas\u00e9ierend op d\u00e9i virleefeg Zuele k\u00ebnne mir awer mat h\u00e9ijer S\u00e9cherheet soen, dass mir keng &#8216;massiv&#8217; Hausse vun de Fallzuele gesinn. Ganz s\u00e9cher keng exponentiell Hausse. War d&#8217;Hausse massiv, da g\u00e9ife mir schonn eppes gesinn. Mir gesinn och an de groussen Ariichtungen, d\u00e9i mir betreien, keng d\u00e4itlech Ver\u00e4nnerunge vun den Traitementszuelen aus dem Joer 2021 am Verglach zu de Jore virdrun.&#8221; En anert Verhale w\u00e4rend der Pandemie k\u00e9int sech awer och op d&#8217;Fallzuele vu Kriibs auswierken.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> Wa Maske richteg benotzt ginn, si se fir gesond M\u00ebnschen onbedenklech. Se f\u00e9ieren net zu Sauerstoffmangel oder Kriibs. Et g\u00ebtt ausserdeem keng Beweiser dofir, dass Kriibs duerch Sauerstoffmangel ausgel\u00e9ist g\u00e9if.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>D&#8217;Droe vu Maske l\u00e9isst kee Kriibs aus. Trotzdeem g\u00ebtt d\u00ebs Behaaptung a B\u00e4itr\u00e4g am Internet mat engem angeeblechen Zitat vum d\u00e4itschen Nobelpr\u00e4isdr\u00e9ier Otto Heinrich Warburg a Verbindung bruecht, fir g\u00e9int d&#8217;Droe vu Masken opzeruffen.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":218071,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[184,183,190],"tags":[],"class_list":{"0":"post-218086","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-covid-19-lb","8":"category-fact-check-lb","9":"category-gesondheet"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2005430","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2005430.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: D&#039;Droe vu Maske f\u00e9iert net zu Kriibs - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: D&#039;Droe vu Maske f\u00e9iert net zu Kriibs - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"D&#039;Droe vu Maske l\u00e9isst kee Kriibs aus. Trotzdeem g\u00ebtt d\u00ebs Behaaptung a B\u00e4itr\u00e4g am Internet mat engem angeeblechen Zitat vum d\u00e4itschen Nobelpr\u00e4isdr\u00e9ier Otto Heinrich Warburg a Verbindung bruecht, fir g\u00e9int d&#039;Droe vu Masken opzeruffen.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-12-19T09:00:44+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2022-12-19T15:08:22+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/b91da8d4a6052a92a2709c29e4d866f2.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"540\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: D&#8217;Droe vu Maske f\u00e9iert net zu Kriibs\",\"datePublished\":\"2022-12-19T09:00:44+00:00\",\"dateModified\":\"2022-12-19T15:08:22+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/\"},\"wordCount\":1706,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/b91da8d4a6052a92a2709c29e4d866f2.jpeg\",\"articleSection\":[\"COVID-19\",\"Fact Check\",\"Gesondheet\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/\",\"name\":\"Faktencheck: D'Droe vu Maske f\u00e9iert net zu Kriibs - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/b91da8d4a6052a92a2709c29e4d866f2.jpeg\",\"datePublished\":\"2022-12-19T09:00:44+00:00\",\"dateModified\":\"2022-12-19T15:08:22+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/b91da8d4a6052a92a2709c29e4d866f2.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/b91da8d4a6052a92a2709c29e4d866f2.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":540,\"caption\":\"Faktencheck: D'Droe vu Maske f\u00e9iert net zu Kriibs - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: D&#8217;Droe vu Maske f\u00e9iert net zu Kriibs\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: D'Droe vu Maske f\u00e9iert net zu Kriibs - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: D'Droe vu Maske f\u00e9iert net zu Kriibs - EDMO Belux","og_description":"D'Droe vu Maske l\u00e9isst kee Kriibs aus. Trotzdeem g\u00ebtt d\u00ebs Behaaptung a B\u00e4itr\u00e4g am Internet mat engem angeeblechen Zitat vum d\u00e4itschen Nobelpr\u00e4isdr\u00e9ier Otto Heinrich Warburg a Verbindung bruecht, fir g\u00e9int d'Droe vu Masken opzeruffen.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-12-19T09:00:44+00:00","article_modified_time":"2022-12-19T15:08:22+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":540,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/b91da8d4a6052a92a2709c29e4d866f2.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"8 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: D&#8217;Droe vu Maske f\u00e9iert net zu Kriibs","datePublished":"2022-12-19T09:00:44+00:00","dateModified":"2022-12-19T15:08:22+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/"},"wordCount":1706,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/b91da8d4a6052a92a2709c29e4d866f2.jpeg","articleSection":["COVID-19","Fact Check","Gesondheet"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/","name":"Faktencheck: D'Droe vu Maske f\u00e9iert net zu Kriibs - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/b91da8d4a6052a92a2709c29e4d866f2.jpeg","datePublished":"2022-12-19T09:00:44+00:00","dateModified":"2022-12-19T15:08:22+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/b91da8d4a6052a92a2709c29e4d866f2.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/b91da8d4a6052a92a2709c29e4d866f2.jpeg","width":1080,"height":540,"caption":"Faktencheck: D'Droe vu Maske f\u00e9iert net zu Kriibs - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ddroe-vu-maske-fiert-net-zu-kriibs\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: D&#8217;Droe vu Maske f\u00e9iert net zu Kriibs"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/218086","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=218086"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/218086\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/218071"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=218086"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=218086"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=218086"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}