{"id":221131,"date":"2022-12-23T14:00:29","date_gmt":"2022-12-23T14:00:29","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=221131"},"modified":"2023-01-04T10:09:39","modified_gmt":"2023-01-04T10:09:39","slug":"faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Beweist de Rekordschn\u00e9i op der Nordhallefkugel falsch Klimamodeller?"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p><strong>Op der Nordhallefkugel louch M\u00ebtt November 2022 m\u00e9i Schn\u00e9i w\u00e9i an de Jore virdrun zum selwechten Z\u00e4itpunkt.<\/strong><\/p>\n<p><img class=\"size-full wp-image-225408 aligncenter\" src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/Lux-2.jpg\" alt=\"\" width=\"478\" height=\"607\" \/><\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">Twitter-Screenshot der Behauptung: 19.12.2022<\/p>\n<p>D\u00ebs Ausso gouf e puer Mol op Facebook an op Twitter gedeelt. Fir d&#8217;\u00e9ischt hat de Patrick Moore se op Englesch <a href=\"https:\/\/archive.ph\/Arx4c\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">getwittert<\/a>. De Moore ass en eemolegen \u00cbmweltaktivist, d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/LVF9-84R6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ONG Greenpeace<\/a> huet an der T\u00ebschenz\u00e4it awer seng Verbindungen zur Atomindustrie a seng &#8220;anti-ekologesch&#8221; Haltung <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LVF9-84R6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ugeprangert<\/a>. &#8220;D&#8217;Schn\u00e9idecken op der Nordhallefkugel ass op engem neie Rekordh\u00e9ich z\u00ebnter 56 Joer. An de Wanter k\u00ebnnt er\u00e9ischt an engem gudde Mount. Huet iergendeen den CO2-Gehalt an der Atmosph\u00e4r erofgesat?&#8221;, steet a sengem B\u00e4itrag. Dat sugger\u00e9iert f\u00e4lschlecherweis, dass d\u00ebs Quantit\u00e9it u Schn\u00e9i d&#8217;Roll vun CO2 (Kuelendioxid) bei der globaler Erwiermung a Fro stelle g\u00e9if oder dass d\u00e9i leschtgenannt ganz opgehale h\u00e4tt.<\/p>\n<p>Eng \u00e4nlech Behaaptung, dass de Klimawandel e &#8220;Mythos&#8221; w\u00e4r, well nach Schn\u00e9i fale g\u00e9if an et nach Wanterabr\u00e9ch g\u00e9if, huet d&#8217;AFP scho <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/schneefall-und-kaelte-widersprechen-nicht-der-erderwaermung\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">widderluecht<\/a>.<\/p>\n<p>W\u00e9i e puer Klimaspezialistinnen a -spezialiste g\u00e9intiwwer der AFP ausf\u00e9ierlech erkl\u00e4ert hunn, ass d\u00e9i gedeelt Behaaptung ierf\u00e9ierend. Se vergl\u00e4icht e punktuellt Phenomeen mat engem Trend, deen iwwer e vill m\u00e9i laangen Z\u00e4itraum observ\u00e9iert gouf. Dat ass m\u00ebttlerweil eng \u00fcblech Rhetorik, fir d&#8217;\u00c4erderwiermung ze leegnen.<\/p>\n<p>De Florian Tolle ass Dozent fir Geografie op der Universit\u00e9it Franche-Comt\u00e9 am frans\u00e9ische Besan\u00e7on, d\u00e9i iwwer theoreetesch a quantitativ Geografie fuerscht. Hie sot den 28. November 2022 g\u00e9intiwwer der AFP: &#8220;Et g\u00ebtt keen direkte Kausalzesummenhang t\u00ebscht engem punktuelle Wiederphenomeen w\u00e9i der Schn\u00e9idecken, d\u00e9i am Ufank vun der kaler Joresz\u00e4it gemooss gouf &#8211; och wa se bis zum Fr\u00e9ijoer unhale sollt &#8211; an de grondlee\u00ebnden Trends vun der Klimaentw\u00e9cklung, d\u00e9i sech nees iwwer m\u00e9i Joren erstrecken.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Marie Dumont, Direktesch vum Zenter fir Schn\u00e9iet\u00fcden zu Grenoble, sot der AFP den 29. November 2022: &#8220;D&#8217;Schn\u00e9isituatioun ass vu Joer zu Joer verschidden. E ganz schn\u00e9ir\u00e4icht Joer bedeit net, dass d\u00e9i global Erwiermung zum St\u00ebllstand komm ass: Virum Hannergrond vun der \u00c4erderwiermung kann een duerchaus e schn\u00e9ir\u00e4icht Joer hunn. Awer mir w\u00ebssen aus den Trends, d\u00e9i iwwer Joerz\u00e9ngten observ\u00e9iert goufen, dass et am Duerchschn\u00ebtt zu engem R\u00e9ckgang vun der duerchschn\u00ebttlecher Schn\u00e9iquantit\u00e9it k\u00ebnnt, wat awer net bedeit, dass et all Joer e R\u00e9ckgang g\u00ebtt.&#8221;<\/p>\n<p>De Karl Rittger, w\u00ebssenschaftleche Mataarbechter um Institut fir Arktis- an Alpenfuerschung zu Colorado an den USA, sot ausserdeem den 28. November 2022: &#8220;W\u00e9i d&#8217;CO2-Miessungen an der Atmosph\u00e4r weisen, ass de W\u00e4ert net erofgaangen: E kl\u00ebmmt z\u00ebnter dem Ufank vun der Miessung vu Joer zu Joer.&#8221;<\/p>\n<p>D\u00ebs Donn\u00e9e\u00eb sinn op der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/T77E-CX56\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Keeling-Courbe<\/a> ze erkennen, d\u00e9i d&#8217;Entw\u00e9cklung vun der CO2-Konzentratioun an der Atmosph\u00e4r z\u00ebnter 1958 beschreift. Benannt ass se no de Miessunge vum US-amerikanesche W\u00ebssenschaftler Charles David Keeling. Hien hat mat de Miessungen op der Mauno-Loa-Miessstatioun op Hawaii ugefaangen.<\/p>\n<p><strong>Ganz staarke Schn\u00e9ifall M\u00ebtt November, s\u00e4itdeem R\u00e9ckgang vum N\u00e9ierschlag<\/strong><\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/FYP2-CK5T\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Grafik<\/a>, op d\u00e9i sech &#8220;Severe Weather Europe&#8221; am Artikel bas\u00e9iert, staamt vum Rutgers Global Snow Lab, dat sech op d&#8217;Untersuchung vun de weltw\u00e4ite Schn\u00e9iverh\u00e4ltnesser spezialis\u00e9iert huet. Den Institut ass mat der US-amerikanescher Rutgers State University of New Jersey gekoppelt. D&#8217;Duerstellung vergl\u00e4icht d\u00e9i w\u00ebchentlech Ausdeenung vun der Schn\u00e9idecken, d\u00e9i s\u00e4it August 2022 an der n\u00ebrdlecher Hemisph\u00e4r observ\u00e9iert gouf, mat den H\u00e9chst- an D\u00e9ifstw\u00e4erter, d\u00e9i z\u00ebnter 1966 gemooss goufen, souw\u00e9i mat der duerchschn\u00ebttlecher Schn\u00e9ih\u00e9icht pro Mount an deem Z\u00e4itraum.<\/p>\n<p><img class=\"size-full wp-image-225414 aligncenter\" src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/lux-3.jpg\" alt=\"\" width=\"859\" height=\"585\" \/><\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">\u00a0Screenshot von der Seite Global Cryosphere Watch, erstellt am 19. Dezember 2022<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>W\u00e9i d\u00ebs Courb\u00eb weisen, l\u00e4it d&#8217;H\u00e9icht vun der Schn\u00e9idecke vum November 2022 (mof), d\u00e9i zulescht gemooss goufen, liicht iwwert dem Maximalw\u00e4ert (blo), dee vum Rutgers Global Snow Lab gemooss gouf.<\/p>\n<p>Awer, w\u00e9i den emerit\u00e9ierte Professer vun der Rutgers-Universit\u00e9it a Chef vum Rutgers Global Snow Lab, den David Robinson, der AFP erkl\u00e4ert huet, mussen d&#8217;Donn\u00e9e\u00eb virun dem Hannergrond vun den neisten Observatiounen op der Nordhallefkugel differenz\u00e9iert betruecht ginn: &#8220;D&#8217;Ausmooss vun der Ausdeenung vum Schn\u00e9i louch M\u00ebtt November an de Gebidder vun der Nordhallefkugel w\u00e4it iwwer dem Normalw\u00e4ert. Enn vum Mount war dat awer net m\u00e9i de Fall. Beispillsweis ass d\u00e9i urspr\u00e9nglech Schn\u00e9idecken, d\u00e9i a w\u00e4iten Deeler vun Nordamerika ze observ\u00e9iere war, sou staark geschmolt, dass d&#8217;Ausdeenung vum Schn\u00e9i Enn November \u00ebnnert den Normalw\u00e4ert gefall ass.&#8221;<\/p>\n<p>Dat l\u00e9isst sech unhand vun den deegleche Schn\u00e9iopzeechnungen op der Nordhallefkugel feststellen, d\u00e9i op der Webs\u00e4it vum Rutgers Global Snow Lab zoug\u00e4nglech sinn. W\u00e4rend sech de Schn\u00e9i de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JCD6-LMNC?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">27. November 2022<\/a> op enger fir d\u00ebs Joresz\u00e4it ongew\u00e9inlecher Plaz ausgebreet (blo) hat, wat do seele virk\u00ebnnt, iwwerweit d&#8217;Feele vum Schn\u00e9i do, wou en normalerweis ze gesi w\u00e4r (rout).<\/p>\n<p><img class=\"size-full wp-image-225419 aligncenter\" src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/lux-4.jpg\" alt=\"\" width=\"525\" height=\"528\" \/><\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">\u00a0Screenshot auf der Seite von Global Snow Lab, erstellt am 19. Dezember 2022<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Geet ee beispillsweis op de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/S4YR-DEGK?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">16. November 2022<\/a> zer\u00e9ck, ges\u00e4it een eng \u00ebmgedr\u00e9int Tendenz.<\/p>\n<p><img class=\"size-full wp-image-225424 aligncenter\" src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/lux-5.jpg\" alt=\"\" width=\"509\" height=\"530\" \/><\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">\u00a0Screenshot auf der Seite von Global Snow Lab, erstellt am 19. Dezember 2022.<\/p>\n<p>&#8220;Wa mir d&#8217;Donn\u00e9e\u00eb fir all Mount zesummestellen, w\u00e4ert d\u00ebse Mount [November 2022] ouni Zweiwel iwwert dem Duerchschn\u00ebtt leien. An d\u00ebsem Stadium sinn ech net an der Lag anzesch\u00e4tzen, op w\u00e9i engem Niveau dat w\u00e4ert sinn, awer et kann een elo scho soen, dass d&#8217;Ausdeenung vum Schn\u00e9i vun Enn November [2022] net iwwert dem Normalw\u00e4ert leie w\u00e4ert, well se m\u00e9i no um euraseschen an \u00ebnnert dem nordamerikaneschen Normalw\u00e4ert l\u00e4it&#8221;, sot den David Robinson.<\/p>\n<p><strong>R\u00e9ckleefegen Trend bei Ausdeenung a Mass vu Schn\u00e9idecken<\/strong><\/p>\n<p>De Karl Rittger, deen d&#8217;Tracking-S\u00e4it &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/B5SQ-4S7H\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Snow Today&#8221;<\/a> vum National Snow and Ice Data Center, d\u00e9i all Dag aktualis\u00e9iert g\u00ebtt, bereit, huet best\u00e4tegt, dass &#8220;d\u00e9i aktuell Ausdeenung vum Schn\u00e9i haut am Verglach zu fr\u00e9iere Joren zum selwechten Z\u00e4itpunkt op engem Rekordniveau l\u00e4it.&#8221;<\/p>\n<p>De Spezialist huet awer differenz\u00e9iert: &#8220;Best\u00ebmmt Plaze si mat m\u00e9i Schn\u00e9i w\u00e9i \u00fcblech bedeckt, w\u00e4rend aner Plaze manner w\u00e9i am Normalfall opweisen.&#8221; Hien huet gl\u00e4ichz\u00e4iteg u verschidden Auswierkunge vun der globaler Erwiermung er\u00ebnnert, dor\u00ebnner &#8220;m\u00e9i extreem Wiederphenomeener&#8221;, w\u00e9i zum Beispill staarke Schn\u00e9ifall.<\/p>\n<p>D&#8217;World Weather Attribution ass e weltw\u00e4it Netzwierk vu W\u00ebssenschaftlerinnen a W\u00ebssenschaftler, dat fir seng F\u00e4egkeet bekannt ass, a kuerzer Z\u00e4it d&#8217;Verbindung t\u00ebscht extreeme Wiederphenomeener an dem Klimawandel hierzestellen. An enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/GB4R-HG3X\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd<\/a>, d\u00e9i de 16. November 2022 publiz\u00e9iert gouf, huet d&#8217;Netzwierk ageschat, dass d\u00ebst Phenomeen d&#8217;Warscheinlechkeet vu staarkem Reen, w\u00e9i en an de vergaangene M\u00e9int ze observ\u00e9iere waren, \u00ebm de Faktor 80 erh\u00e9icht hat. D\u00ebs N\u00e9ierschl\u00e9i h\u00e4tten an Nigeria zu schl\u00ebmmen Iwwerschwemmunge gef\u00e9iert, d\u00e9i iwwer 600 M\u00ebnscheliewe kascht hunn an d&#8217;Landwirtschaft vum bev\u00eblkerungsr\u00e4ichste Land an Afrika zerst\u00e9iert huet.<\/p>\n<p><img class=\"size-full wp-image-225429 aligncenter\" src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/lux6-1.jpg\" alt=\"\" width=\"768\" height=\"567\" \/><\/p>\n<p><img class=\"size-full wp-image-225434 aligncenter\" src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/lux6-2.jpg\" alt=\"\" width=\"782\" height=\"535\" \/><\/p>\n<p style=\"text-align: center;\">\u00a0Stand der Erderw\u00e4rmung, Entwicklung der Temperatur, des Meeresspiegels, der CO2-Konzentration und des arktischen Eisverlustes anl\u00e4sslich der Klimakonferenz 2021 ( LAURENCE SAUBADU, THORSTEN EBERDING, MARINE LEDOUX)<\/p>\n<p>D&#8217;Marie Dumont sot: &#8220;Souguer wann ee bis elo eng m\u00e9i grouss Schn\u00e9idecken op der n\u00ebrdlecher Hemisph\u00e4r bemierkt, ka sech dat an e puer Wochen er\u00ebm \u00e4nneren.&#8221; Ofgesi vum punktuelle Phenomeen huet d&#8217;Cheffin vum Zenter fir Schn\u00e9iet\u00fcden dorun er\u00ebnnert, dass et &#8220;iwwer all <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Q456-YYQA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Dates\u00e4tz<\/a> ewech an de leschte Joerz\u00e9ngte bei der Ausdeenung an der Mass vu Schn\u00e9i en Trend no \u00ebnne g\u00ebtt, och am Hierscht&#8221;.<\/p>\n<p>Am Summer 2022 stoung d\u00e4itlech op der <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20221216185737\/https:\/\/www.ipcc.ch\/report\/ar6\/wg1\/downloads\/report\/IPCC_AR6_WGI_SPM_final.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00e9ischter S\u00e4it vum aktuelle Rapport<\/a> vum Weltklimarot IPCC, engem intergouvernementale Comit\u00e9 fir Klimachangementer, an deem Dausende vun Atmosph\u00e4rw\u00ebssenschaftlerinnen a -w\u00ebssenschaftler, Ozeanographinnen an Ozeanographen a Glaziologinnen a Glaziologen zesummeschaffen: &#8220;Et ass net ofzestreiden, dass den Afloss vum M\u00ebnsch d&#8217;Atmosph\u00e4r, d&#8217;Ozeaner an d&#8217;Land erwiermt huet.&#8221;<\/p>\n<p>An hirem \u00e9ischte j\u00e4rleche <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20221219075055\/https:\/\/public.wmo.int\/en\/media\/press-release\/state-of-global-water-resources-report-informs-rivers-land-water-storage-and\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Rapport<\/a> zum Zoustand vun de weltw\u00e4ite Waasserressourcen, deen den 29. November 2022 publiz\u00e9iert gouf, huet d&#8217;Weltorganisatioun fir Meteorologie (WMO) hirers\u00e4its festgestallt, dass d&#8217;Schm\u00eblze vun de Gletscher am Joer 2021 weidergaangen ass a sech beschleunegt huet.<\/p>\n<p>&#8220;Wat och an d\u00ebsem Wanter k\u00ebnnt, ob e rau g\u00ebtt oder net, et w\u00e4ert net duergoen, fir d\u00e9i grondlee\u00ebnd Tendenze vun eisem Klima ze deiten. Just d&#8217;\u00cbnnersiche vum Klima iwwer e m\u00e9i laangen Z\u00e4itraum verschaaft eis e kloert Bild vum aktuellen Trend. A wann et d\u00ebse Wanter tats\u00e4chlech m\u00e9i Schn\u00e9i a m\u00e9i kal sollt ginn, w\u00e4ert dat just eng kleng Otempaus an engem Trend vu klammenden Temperature sinn, deen an de leschte Joerz\u00e9ngten ongebrach war&#8221;, sot de Florian Tolle.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> Just well d&#8217;Schn\u00e9ivirkommes M\u00ebtt November 2022 op der Nordhallefkugel iwwert dem Normalw\u00e4ert louch, bedeit dat net, dass d&#8217;\u00c4erderwiermung net exist\u00e9iert. Eng R\u00ebtsch W\u00ebssenschaftlerinnen a W\u00ebssenschaftler hu g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass et sech dob\u00e4i \u00ebm e punktuellt Wiederphenomeen handelt, net \u00ebm e laangfristegen Trend. Laangfristeg Miessunge belee\u00ebn, dass et an de leschte Joerz\u00e9ngte bei der Ausdeenung an der Mass u Schn\u00e9i en Trend no \u00ebnne gouf an d&#8217;Temperature gl\u00e4ichz\u00e4iteg eropgoungen.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Op der Nordhallefkugel louch M\u00ebtt November 2022 m\u00e9i Schn\u00e9i w\u00e9i an de Jore virdrun zum selwechten Z\u00e4itpunkt.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":225403,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,183,192],"tags":[],"class_list":{"0":"post-221131","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-fact-check-lb","9":"category-wessenschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2007938","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2007938.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Beweist de Rekordschn\u00e9i op der Nordhallefkugel falsch Klimamodeller? - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Beweist de Rekordschn\u00e9i op der Nordhallefkugel falsch Klimamodeller? - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Op der Nordhallefkugel louch M\u00ebtt November 2022 m\u00e9i Schn\u00e9i w\u00e9i an de Jore virdrun zum selwechten Z\u00e4itpunkt.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-12-23T14:00:29+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-01-04T10:09:39+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/lux-1.jpg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"801\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"422\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Beweist de Rekordschn\u00e9i op der Nordhallefkugel falsch Klimamodeller?\",\"datePublished\":\"2022-12-23T14:00:29+00:00\",\"dateModified\":\"2023-01-04T10:09:39+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/\"},\"wordCount\":1647,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/lux-1.jpg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Fact Check\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/\",\"name\":\"Faktencheck: Beweist de Rekordschn\u00e9i op der Nordhallefkugel falsch Klimamodeller? - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/lux-1.jpg\",\"datePublished\":\"2022-12-23T14:00:29+00:00\",\"dateModified\":\"2023-01-04T10:09:39+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/lux-1.jpg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/lux-1.jpg\",\"width\":801,\"height\":422},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Beweist de Rekordschn\u00e9i op der Nordhallefkugel falsch Klimamodeller?\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Beweist de Rekordschn\u00e9i op der Nordhallefkugel falsch Klimamodeller? - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Beweist de Rekordschn\u00e9i op der Nordhallefkugel falsch Klimamodeller? - EDMO Belux","og_description":"Op der Nordhallefkugel louch M\u00ebtt November 2022 m\u00e9i Schn\u00e9i w\u00e9i an de Jore virdrun zum selwechten Z\u00e4itpunkt.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-12-23T14:00:29+00:00","article_modified_time":"2023-01-04T10:09:39+00:00","og_image":[{"width":801,"height":422,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/lux-1.jpg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"8 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Beweist de Rekordschn\u00e9i op der Nordhallefkugel falsch Klimamodeller?","datePublished":"2022-12-23T14:00:29+00:00","dateModified":"2023-01-04T10:09:39+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/"},"wordCount":1647,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/lux-1.jpg","articleSection":["\u00cbmwelt","Fact Check","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/","name":"Faktencheck: Beweist de Rekordschn\u00e9i op der Nordhallefkugel falsch Klimamodeller? - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/lux-1.jpg","datePublished":"2022-12-23T14:00:29+00:00","dateModified":"2023-01-04T10:09:39+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/lux-1.jpg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/12\/lux-1.jpg","width":801,"height":422},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-beweist-de-rekordschni-op-der-nordhallefkugel-falsch-klimamodeller\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Beweist de Rekordschn\u00e9i op der Nordhallefkugel falsch Klimamodeller?"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/221131","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=221131"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/221131\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/225403"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=221131"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=221131"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=221131"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}