{"id":231956,"date":"2023-01-18T08:39:24","date_gmt":"2023-01-18T08:39:24","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=231956"},"modified":"2023-01-17T14:02:03","modified_gmt":"2023-01-17T14:02:03","slug":"faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Ka B\u00e9ier dr\u00e9nken Alzheimer verh\u00ebnneren?"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Vill Leit g\u00ebnne sech nom Sport oder no engem ustrengenden Dag eng Fl\u00e4sch B\u00e9ier. A grousse Quantit\u00e9iten ass B\u00e9ier, an Alkohol insgesamt, e Risikofacteur fir neurologesch Krankheeten. Och wann eng Rei Internets\u00e4ite B\u00e9ier als L\u00e9isung fir d&#8217;Alzheimer-Krankheet priedegen, ass deem net esou.<\/p>\n<p>&#8220;Alzheimer: B\u00e9ier sch\u00fctzt virun der Krankheet!&#8221;, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/RT28-Y5US\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">titelt d&#8217;Vosges Matin<\/a> den 28. November. &#8220;B\u00e9ier dr\u00e9nke k\u00e9int virun der Alzheimer-Krankheet sch\u00fctzen!&#8221;, huet den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HB8F-JJYZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Est R\u00e9publicain de 5. Dezember annonc\u00e9iert<\/a>. Den Dauphin\u00e9 lib\u00e9r\u00e9 huet op senger <a href=\"https:\/\/www.facebook.com\/ledauphinelibere\/photos\/a.177666332274529\/8538052089569203\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-S\u00e4it<\/a> erkl\u00e4ert, dass d\u00ebst Gedr\u00e9nks &#8220;d&#8217;L\u00e9isung si k\u00e9int, fir der Alzheimer-Krankheet ze entkommen&#8221;.<\/p>\n<p>Zanter Enn Oktober hu vill Medien eng Et\u00fcd, d\u00e9i de 25. Oktober publiz\u00e9iert gouf, opgegraff an Artikele mat Titelen, d\u00e9i an d&#8217;A sprangen, geschriwwen, d\u00e9i dorop hindeiten, dass Happ &#8211; an eben och B\u00e9ier &#8211; d&#8217;Alzheimer-Krankheet verh\u00ebnnere k\u00e9int. Alzheimer ass eng neurodegenerativ Erkrankung, d\u00e9i als eng vun den Haaptursaache fir Demenz g\u00ebllt, d\u00e9i d&#8217;Gediechtnes- an d&#8217;Konzentratiounsf\u00e4egkeet beantr\u00e4chtegt.<\/p>\n<p>&#8220;B\u00e9ier, m\u00e9i genee d&#8217;Bl\u00e9i vum Happ, h\u00e4tt eng net ze neuroprotektiv Wierkung, d\u00e9i een net vernol\u00e9issege k\u00e9int, fir eis virun Alzheimer ze sch\u00fctzen&#8221;, schreift den Est R\u00e9publicain a sengem Artikel.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/679afd126b6b3f64f4d19d64aaca699f.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&amp;#039;\u00e9cran d&amp;#039;un article de l&amp;#039;Est R\u00e9publicain, publi\u00e9 le 5 d\u00e9cembre 2022 (Capture d&amp;#039;\u00e9cran du 9 janvier 2023)<\/p>\n<p>B\u00e9ier, e preventiven Traitement, deen \u00ebnnersicht g\u00ebtt<\/p>\n<p><strong>Awer wat seet d\u00ebs <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6MYQ-NV6F\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd<\/a> wierklech aus, d\u00e9i an der Z\u00e4itschr\u00ebft ACS Chemical Neuroscience ver\u00ebffentlecht gouf? <\/strong>D&#8217;Ekipp vu W\u00ebssenschaftler vun der Universit\u00e9it Mailand-Bicocca \u00ebnner der Leedung vum Alessandro Palmiolo an der Cristina Airoldi huet no natierlechen N\u00e4rstoffer gesicht, d\u00e9i h\u00ebllefe k\u00ebnnen, d&#8217;Haaptmechanisme vun der Alzheimer-Krankheet ze verh\u00ebnneren.<strong><br \/>\n<\/strong><br \/>\nV\u00e9ier Zorte vun Happ, d\u00e9i a verschiddene B\u00e9ierzorte virkommen, goufe vun de Fuerscher mobilis\u00e9iert, fir hiren Effekt op de Protein Amyloid ze \u00ebnnersichen, deem seng anormal Accumulatioun vun Nervenzellen a Form vu Plaquetten am Gehier bei Patiente mat der Krankheet d&#8217;Ursaach vun der Alzheimer-Krankheet si k\u00e9int, och wann d\u00e9i genee Ursaach vun der Erkrankung nach \u00ebmmer net verstane g\u00ebtt.<\/p>\n<p>De Resultater vu enger Rei vu Versich no souwuel in vitro (un Zellen) w\u00e9i och in vivo (u Wierm), waren d\u00e9i verschidde Molek\u00fclle vun Happ capabel, d&#8217;Form\u00e9ierung vu Molek\u00fclle vu Amyloid ze hemmen, nieft aneren neuroprotektiven Effekter, d\u00e9i observ\u00e9iert goufen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/b65c40c72ef516ef77e0b7f91f2e4470.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Illustration des effets d&amp;#039;Alzheimer sur le cerveau humain ( AFP \/ John SAEKI)<\/p>\n<p>M\u00e4 d&#8217;Et\u00fcd, an d\u00e4r d&#8217;Presenz vun Happ a B\u00e9ier erw\u00e4\u00e4nt g\u00ebtt, <strong>deit op kenger Plaz dorop hin, dass B\u00e9ier als preventiven Traitement a Betruecht komme kann<\/strong>. Ausgoend vun de Resultater, d\u00e9i d\u00e9i neuroprotektiv Wierkung vun Happ belee\u00ebn, erw\u00e4nen d&#8217;Fuerscher just de m\u00e9igleche preventiven Notze vu zuk\u00fcnftege Medikamenter op Basis vun Happ g\u00e9int Alzheimer.<\/p>\n<p>Awer w\u00e9i eng Rei Spezialiste g\u00e9intiwwer der AFP betount hunn, g\u00ebtt et e groussen \u00cbnnerscheed t\u00ebschent enger Effikassit\u00e9it, d\u00e9i am Labo observ\u00e9iert g\u00ebtt, an enger m\u00e9iglecher Effikassit\u00e9it beim M\u00ebnsch.<\/p>\n<p><strong>&#8220;Liichtjoren&#8221; t\u00ebschent Resultater aus dem Labo a Preventioun\u00a0<\/strong><\/p>\n<p>D&#8217;Auteure vun der Et\u00fcd hunn zum Z\u00e4itpunkt vun der Ver\u00ebffentlechung vun d\u00ebsem Artikel net op d&#8217;Demande vun der AFP reag\u00e9iert, awer alleguer d&#8217;Alzheimer-Fachleit, d\u00e9i vun der AFP kontakt\u00e9iert goufen, warne viru vireilege Konklusiounen, d\u00e9i doraus gezu k\u00e9inte ginn.<\/p>\n<p>Alleguer best\u00e4tegen, dass et <strong>onm\u00e9iglech ass, iwwer B\u00e9ier als preventiven Traitement g\u00e9int d&#8217;Alzheimer-Krankheet ze schw\u00e4tzen, n\u00ebmme w\u00e9inst d\u00ebsem Artikel.<\/strong><\/p>\n<p>D\u00e9i befrote Fuerscher appell\u00e9ieren och zu grousser Virsiicht w\u00e9inst den Auswierkunge vun Happ op d&#8217;Alzheimer-Krankheet a weisen dorop hin, dass d\u00ebs Grondlagefuerschung am Moment net op Resultater beim M\u00ebnsch schl\u00e9isse kann.<\/p>\n<p>&#8220;Zu d\u00ebsem Z\u00e4itpunkt ass et onm\u00e9iglech ze behaapten, dass B\u00e9ier oder Happ eng preventiv Wierkung op d&#8217;Alzheimer-Krankheet huet&#8221;, erkl\u00e4ert de Richard L\u00e9vy, Direkter vum Institut de la m\u00e9moire et de la maladie d&#8217;Alzheimer (IM2A) vum neurologeschen Departement vun der Klinick Piti\u00e9-Salp\u00eatri\u00e8re den 9. Januar der AFP. Den Neurolog beschreift eng Et\u00fcd, d\u00e9i nach &#8220;ganz w\u00e4it vu klineschen Et\u00fcden ewech ass. Mir befannen eis bei w\u00e4item nach net an de selwechte preklinesche Phasen, fir et bei Mamend\u00e9ieren nozeweisen, a scho guer net beim M\u00ebnsch.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;Et ass eng biologesch Analys, d\u00e9i zu kengem Z\u00e4itpunkt weist, dass Molek\u00fclle vun Happ beim M\u00ebnsch wierksam sinn&#8221;, confirm\u00e9iert de Jean-Charles Lambert, Neurow\u00ebssenschaftler um Institut Pasteur zu Lille, der AFP de 6. Januar. Hien er\u00ebnnert besonnesch dorun, dass d&#8217;In-vitro-Et\u00fcd un Zellkulturen duerchgef\u00e9iert gouf, d\u00e9i &#8220;w\u00e4it fort vun d\u00ebsem komplexe Modell&#8221; w\u00e4ren. D&#8217;In-vivo-Et\u00fcd st\u00ebtzt sech op Wierm (Elegans), deenen hire Fonctionnement &#8220;zimmlech w\u00e4it fort vum M\u00ebnsch&#8221; ass.<\/p>\n<p>&#8220;D\u00ebse ganz einfache Modell erm\u00e9iglecht et, eng Virstellung ze kr\u00e9ien, awer et ass s\u00e9cher net m\u00e9iglech, Schlussfollgerungen aus esou enger Et\u00fcd ze z\u00e9ien&#8221;, seet hie weider. &#8220;Dat ass nach \u00ebmmer eng grondlee\u00ebnd Recherche, d\u00e9i am Moment guer kee klineschen Interessi weist.&#8221; E weidere Punkt,\u00a0 deen d&#8217;Carole Dufouil, Epidemiologin a Fuerschungsdirektesch um Inserm, de 4. Januar am Gespr\u00e9ich mat der AFP rappell\u00e9iert huet: &#8220;W\u00e9i oft goufe Resultater vun in-vitro- an in-vivo-Et\u00fcde fonnt, wou den Iwwergang op de M\u00ebnsch net funktion\u00e9iert huet&#8221;.<\/p>\n<p>D&#8217;Fuerscherin wonnert sech doriwwer, dass an der Et\u00fcd mam Titel &#8220;Preventioun vun der Alzheimer-Krankheet duerch natierlech Komponenten&#8221; esou e Preventiounszil erw\u00e4\u00e4nt g\u00ebtt. &#8220;D&#8217;Et\u00fcd befaasst sech iwwerhaapt net mat der Alzheimer-Preventioun, sou muss een d&#8217;Resultater esou analys\u00e9ieren, wat se sinn, awer keng vireileg Konklusiounen z\u00e9ien. T\u00ebschent de Resultater an dem Passage op de M\u00ebnsch an d&#8217;Preventioun leie Liichtjoren.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/a949b2e24f653a6a4ec0054436cf1bc4.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Une b\u00e9n\u00e9vole tient la main d&amp;#039;une patiente atteinte de la maladie d&amp;#039;Alzheimer, \u00e0 Dax, dans le sud de la France. ( AFP \/ PHILIPPE LOPEZ)<\/p>\n<p>D&#8217;Hypothees, d\u00e9i s\u00e4it 1992 besteet, dass de Protein Amyloid d&#8217;Ursaach vun der Krankheet ass, ass an der W\u00ebssenschaft deelweis \u00ebmstridden. &#8220;Et g\u00ebtt zwou Schoulen&#8221;, w\u00e9i de Richard L\u00e9vy et beschreift. &#8220;Fir eng Schoul ass de Protein Amyloid pathogeen. Awer fir anerer ass de Protein just eng Konsequenz vun der Krankheet, d\u00e9i een observ\u00e9iere kann&#8221;.<\/p>\n<p>De 6. Januar gouf de laang erwaarten Traitement g\u00e9int Alzheimer vun den US-amerikanesche Gesondheetsautorit\u00e9ite geneemegt, Lecanemab, deen d&#8217;Oflagerunge vun d\u00ebsem Protein op den Neuronen uvis\u00e9iert. D&#8217;Zouloossung duerch d&#8217;Food and Drug Administration (FDA) bas\u00e9iert op de Resultater vu klineschen Et\u00fcden, d\u00e9i gewisen hunn, dass d&#8217;Medikament d&#8217;Amyloid-Plaquett\u00eb reduz\u00e9iere kann.<\/p>\n<p><strong>Ze vill Alkohol ze dr\u00e9nken, ass e Risikofacteur fir Alzheimer <\/strong><\/p>\n<p>Doriwwer eraus ass dorop hinzeweisen, dass Alkohol haut am Allgemengen an \u00e9ischter Linn als Risikofacteur fir Alzheimer an Demenz ugesi g\u00ebtt, d\u00e9i neurologesch als Beantr\u00e4chtegung vun de kognitive Funktiounen defin\u00e9iert g\u00ebtt, d\u00e9i de chronesche Verloscht vun der Autonomie als Konsequenz huet.<\/p>\n<p>&#8220;Alkohol g\u00ebtt allgemeng als Risikofacteur ugesinn, wann et sech \u00ebm grouss oder reegelm\u00e9isseg Quantit\u00e9iten handelt&#8221;, betount d&#8217;Carole Dufouil. Hir epidemiologesch Fuerschungsaarbechten u m\u00e9i w\u00e9i enger Millioun M\u00ebnschen a Frankr\u00e4ich t\u00ebschent 2008 an 2013 hu gewisen, dass &#8220;alkoholbed\u00e9ngt St\u00e9ierungen en Haaptrisikofacteur fir d&#8217;Optriede vun allen Demenzformen duerstellen, besonnesch vun der fr\u00e9ier Demenz&#8221;.<\/p>\n<p>Awer Alkohol ass net deen eenzege Risikofacteur. Insgesamt k\u00e9inten doduerch ongef\u00e9ier 40 Prozent vun den Demenzerkrankunge verh\u00ebnnert oder verz\u00f6gert ginn, andeem zum Beispill eng Dose Risikofacteure w\u00e9i iwwerm\u00e9issegen Alkoholkonsum, F\u00ebmmen, Kappst\u00e9iss, Depressiounen a Loftverschmotzung reduz\u00e9iert ginn, esou eng Et\u00fcd, d\u00e9i 2020 vun der Kommissioun &#8220;Pr\u00e9vention, intervention et soin de la d\u00e9mence&#8221; vun der Fachz\u00e4itschr\u00ebft The Lancet ver\u00ebffentlecht gouf.<\/p>\n<p>Risikofacteuren, d\u00e9i vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LF4B-ZSXN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) an hir Preventiounspolitik opgeholl goufen<\/a>. D&#8217;Vereenten Natioune weisen och dorop hin, dass weltw\u00e4it m\u00e9i w\u00e9i 55 Millioune M\u00ebnschen un Demenz erkrankt sinn. Opgrond vum M\u00e9i al gi vun der Populatioun dierft d\u00ebs Zuel bis 2030 op 78 Milliounen a bis 2050 op 139 Millioune klammen.<\/p>\n<p>Demenzerkrankungen, vun deene 60 bis 70 Prozent op d&#8217;Alzheimer-Krankheet zer\u00e9ckzef\u00e9iere sinn, &#8220;beantr\u00e4chtegen d&#8217;Gediechtnes, d&#8217;Denken, d&#8217;Orient\u00e9ierung, d&#8217;Verstoen, d&#8217;Rechnen, d&#8217;F\u00e4egkeet ze l\u00e9ieren, d&#8217;Sprooch an d&#8217;Urteelsverm\u00e9igen&#8221;, sou d&#8217;WHO op hirer Internets\u00e4it.<\/p>\n<p>Reegelm\u00e9isseg observ\u00e9iert w\u00ebssenschaftlech Verkn\u00e4ppungen<\/p>\n<p>Dat gewotent Iwwerhuele vun d\u00ebser italieenescher Et\u00fcd a ville Medien huet op alle Fall vill W\u00ebssenschaftsjournalisten opgeschreckt. D&#8217;Presidentin vun der Associatioun vun de w\u00ebssenschaftleche Journaliste vun der Informatiounspress (AJSPI), Agn\u00e8s Vernet, huet op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8EV3-G4BE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Twitter<\/a> Beispiller fir &#8220;onverantwortleche Gesondheetsjournalismus&#8221; genannt.<\/p>\n<p>De Conseil de d\u00e9ontologie journalistique et de m\u00e9diation (CDJM), e Gremium fir journalistesch Deontologiefroen, deen am Joer 2019 ageriicht gouf, huet och reegelm\u00e9isseg op best\u00ebmmte journalistesch Praktike bei der Behandlung vu w\u00ebssenschaftleche Froen higewisen.<\/p>\n<p>An enger Rei vu <a href=\"https:\/\/perma.cc\/B6PF-X2PM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Recommandatiounen<\/a>, d\u00e9i am November 2022 publiz\u00e9iert goufen, bedauert de Rot, dass &#8220;d&#8217;Oflenkunge bei der Behandlung vu w\u00ebssenschaftlechen a medezinesche Froen an de Medien net nei sinn an a best\u00ebmmte beruffleche Praktike verankert ze si sch\u00e9ngen&#8221;.<\/p>\n<p>Fir esou Situatiounen ze verh\u00ebnneren, huet de CDJM eng Rei Rotschl\u00e9i ginn, fir esou Widderhuelungen ze evit\u00e9ieren. De Gremium recommand\u00e9iert beispillsweis &#8220;d&#8217;Erkenntnisser, d\u00e9i vu Fuerscher oder pharmazeutesche Laboratoiren ugek\u00ebnnegt ginn a seelen onm\u00ebttelbar Auswierkungen op eng Verbesserung vun Traitementsmethoden hunn, mat Virsiicht ze annonc\u00e9ieren&#8221;, awer och &#8220;net mat de Risiken ze iwwerdreiwen oder net bewise gesondheetlech Virdeeler duerch ver\u00e4nnert Gewunnechte bei der Ernierung oder bei Medikamenter ze iwwerdreiwen&#8221;.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Vill Leit g\u00ebnne sech nom Sport oder no engem ustrengenden Dag eng Fl\u00e4sch B\u00e9ier. A grousse Quantit\u00e9iten ass B\u00e9ier, an Alkohol insgesamt, e Risikofacteur fir neurologesch Krankheeten. Och wann eng Rei Internets\u00e4ite B\u00e9ier als L\u00e9isung fir d&#8217;Alzheimer-Krankheet priedegen, ass deem net esou.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":231936,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[183,234,193,190],"tags":[],"class_list":{"0":"post-231956","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-fact-check-lb","8":"category-fuerschung-studien","9":"category-gesellschaft","10":"category-gesondheet"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2015027","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2015027.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Ka B\u00e9ier dr\u00e9nken Alzheimer verh\u00ebnneren? - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Ka B\u00e9ier dr\u00e9nken Alzheimer verh\u00ebnneren? - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Vill Leit g\u00ebnne sech nom Sport oder no engem ustrengenden Dag eng Fl\u00e4sch B\u00e9ier. A grousse Quantit\u00e9iten ass B\u00e9ier, an Alkohol insgesamt, e Risikofacteur fir neurologesch Krankheeten. Och wann eng Rei Internets\u00e4ite B\u00e9ier als L\u00e9isung fir d&#039;Alzheimer-Krankheet priedegen, ass deem net esou.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-01-18T08:39:24+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/6401a7a8f129e58a863ac5e5db62e62b.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"719\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Ka B\u00e9ier dr\u00e9nken Alzheimer verh\u00ebnneren?\",\"datePublished\":\"2023-01-18T08:39:24+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/\"},\"wordCount\":1705,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/6401a7a8f129e58a863ac5e5db62e62b.jpeg\",\"articleSection\":[\"Fact Check\",\"Fuerschung &amp; Studien\",\"Gesellschaft\",\"Gesondheet\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/\",\"name\":\"Faktencheck: Ka B\u00e9ier dr\u00e9nken Alzheimer verh\u00ebnneren? - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/6401a7a8f129e58a863ac5e5db62e62b.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-01-18T08:39:24+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/6401a7a8f129e58a863ac5e5db62e62b.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/6401a7a8f129e58a863ac5e5db62e62b.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":719,\"caption\":\"Faktencheck: Ka B\u00e9ier dr\u00e9nken Alzheimer verh\u00ebnneren? - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Ka B\u00e9ier dr\u00e9nken Alzheimer verh\u00ebnneren?\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Ka B\u00e9ier dr\u00e9nken Alzheimer verh\u00ebnneren? - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Ka B\u00e9ier dr\u00e9nken Alzheimer verh\u00ebnneren? - EDMO Belux","og_description":"Vill Leit g\u00ebnne sech nom Sport oder no engem ustrengenden Dag eng Fl\u00e4sch B\u00e9ier. A grousse Quantit\u00e9iten ass B\u00e9ier, an Alkohol insgesamt, e Risikofacteur fir neurologesch Krankheeten. Och wann eng Rei Internets\u00e4ite B\u00e9ier als L\u00e9isung fir d'Alzheimer-Krankheet priedegen, ass deem net esou.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-01-18T08:39:24+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":719,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/6401a7a8f129e58a863ac5e5db62e62b.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"8 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Ka B\u00e9ier dr\u00e9nken Alzheimer verh\u00ebnneren?","datePublished":"2023-01-18T08:39:24+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/"},"wordCount":1705,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/6401a7a8f129e58a863ac5e5db62e62b.jpeg","articleSection":["Fact Check","Fuerschung &amp; Studien","Gesellschaft","Gesondheet"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/","name":"Faktencheck: Ka B\u00e9ier dr\u00e9nken Alzheimer verh\u00ebnneren? - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/6401a7a8f129e58a863ac5e5db62e62b.jpeg","datePublished":"2023-01-18T08:39:24+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/6401a7a8f129e58a863ac5e5db62e62b.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/6401a7a8f129e58a863ac5e5db62e62b.jpeg","width":1080,"height":719,"caption":"Faktencheck: Ka B\u00e9ier dr\u00e9nken Alzheimer verh\u00ebnneren? - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ka-bier-drnken-alzheimer-verhnneren\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Ka B\u00e9ier dr\u00e9nken Alzheimer verh\u00ebnneren?"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/231956","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=231956"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/231956\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/231936"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=231956"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=231956"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=231956"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}