{"id":232970,"date":"2023-01-16T09:00:25","date_gmt":"2023-01-16T09:00:25","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=232970"},"modified":"2023-01-17T14:03:30","modified_gmt":"2023-01-17T14:03:30","slug":"faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Andrew Tate net w\u00e9inst Str\u00e4it mam Greta Thunberg op Twitter verhaft ginn"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Den eemolege Kickboxer an \u00ebmstriddenen Influencer Andrew Tate ass den 29. Dezember 2022 w\u00e9inst Virw\u00ebrf vu M\u00ebnschenhandel, Vergewaltegung a Gr\u00ebnnung vun enger krimineller Vereenegung a Rum\u00e4nien festgeholl ginn.<\/p>\n<p>Dat ass allerd\u00e9ngs net ganz richteg. Dem Tate s\u00e4in Haus a Rum\u00e4nien gouf schonn am Abr\u00ebll 2022 duerchsicht. Den zoust\u00e4nnege Parquet huet g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, d&#8217;Enqu\u00eat\u00eb g\u00e9ife schonn z\u00ebnter Ufank 2021 lafen. De Pizzakartong h\u00e4tt n\u00e4ischt mat der Verhaftung ze dinn.<\/p>\n<p>Dosende User hunn d&#8217;Meldung iwwer den Andrew Tate op <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/trZ1J\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> gedeelt. Op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/FLK8-A2H9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Twitter<\/a> hunn Dausenden entspriechend B\u00e4itr\u00e4g gesinn. Eng Rei Medien an \u00c9istr\u00e4ich an an D\u00e4itschland hunn d\u00e9i ierf\u00e9ierend Meldung och weider verbreet, dor\u00ebnner den Online-Medium &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/JLF5-5K4J\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Buzzfeed<\/a>&#8220;, d\u00e9i \u00e9istr\u00e4ichesch Zeitunge &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/DGU9-DNJF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Kurier<\/a>&#8221; an &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/NVP5-2ZUJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Heute<\/a>&#8220;, de rietspopulisteschen Online-Medium &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/W8TU-ZV3T\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Exxpress<\/a>&#8220;, de Sender <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Y5HH-RPK5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Euronews<\/a>, souw\u00e9i de &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/66ZJ-Y858\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">K\u00f6lner Stadt-Anzeiger<\/a>&#8220;. Op Nofro vun der AFP hunn e puer Medie geschriwwen, an der T\u00ebschenz\u00e4it eng aktualis\u00e9iert Versioun vun hire Meldunge mat korrketer Duerstellung publiz\u00e9iert ze hunn, dor\u00ebnner &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/S9BC-VN7N\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Buzzfeed<\/a>&#8220;, de &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/P733-C47S\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">K\u00f6lner Stadt-Anzeiger<\/a>&#8221; an de &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/7SRU-ZP4P\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Kurier<\/a>&#8220;.<\/p>\n<p><strong>D&#8217;Behaaptung:<\/strong> Online heescht et, de rum\u00e4neschen Autorit\u00e9ite w\u00e4r et w\u00e9inst dem Pizzakartong m\u00e9iglech gewiescht, den Andrew Tate ze verhaften. W\u00e4rend enger h\u00ebtzeger Debatt mat der \u00cbmweltaktivistin Greta Thunberg op Twitter, war an engem Video vum Tate e Pizzakartong ze gesi gewiescht, deen angeeblech s\u00e4in Openthaltsuert verroden h\u00e4tt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/251f0e741bc166a412aa90a3a5232b4b.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Facebook-Screenshot der Behauptung: 09.01.2023<\/p>\n<p>De 27. Dezember huet den Tate sech op Twitter eng h\u00ebtzeg Diskussioun mat der \u00cbmweltaktivistin Greta Thunberg geliwwert, d\u00e9i viral goung. De brittesche Kickboxer an eemolege Kandidat bei Big Brother, hat vis-\u00e0-vis vum Thunberg mat enger Foto uginn, op d\u00e4r seng grouss Sammlung vu Sportautoen ze gesi war.<\/p>\n<p>Den Tate hat op d\u00e9i &#8220;enorm Emissioune&#8221; vun den Autoen higewisen, wouropshin d&#8217;Thunberg <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z4T8-ET6E\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gekontert <\/a>huet:<\/p>\n<blockquote class=\"twitter-tweet\"><p>yes, please do enlighten me. email me at <a href=\"mailto:smalldickenergy@getalife.com\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">smalldickenergy@getalife.com<\/a> <a href=\"https:\/\/t.co\/V8geeVvEvg\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">https:\/\/t.co\/V8geeVvEvg<\/a><\/p>\n<p>\u2014 Greta Thunberg (@GretaThunberg) <a href=\"https:\/\/twitter.com\/GretaThunberg\/status\/1608056944501178368?ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">December 28, 2022<\/a><\/p><\/blockquote>\n<p><script charset=\"utf-8\" type=\"text\/javascript\" src=\"https:\/\/platform.twitter.com\/widgets.js\" xml:space=\"preserve\"><\/script><\/p>\n<p>Als Reaktioun dorop huet den Andrew Tate e kuerze Video gepost, an deem hie sech iwwer d&#8217;Thunberg l\u00ebschteg m\u00e9cht. An deem Video sinn och e puer geliwwert Pizzaen &#8220;an net recycl\u00e9ierte Kartongen&#8221; ze gesinn, w\u00e9i den Tate erkl\u00e4ert. Op dem Pizzakartong war d\u00e4itlech de Logo vum Livreur Jerry&#8217;s Pizza souw\u00e9i eng Opschr\u00ebft op Rum\u00e4nesch ze gesinn. B\u00e9id Informatiounen k\u00e9inte R\u00e9ckschl\u00ebss op s\u00e4in Openthaltsuert ginn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/4222c6036fa6049bcd3d123126e22240.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshot aus Andrew Tates Video auf Twitter. Gr\u00fcne Hervorhebung von AFP hinzugef\u00fcgt: 28.12.2022<\/p>\n<p>Een Dag nm Tate senger Verhaftung huet d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/GTE9-G55X\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Thunberg getwittert<\/a>: &#8220;Dat geschitt, wann ee seng Pizzakartongen net recycl\u00e9iert.&#8221; Hire B\u00e4itrag gouf bis M\u00ebtt Januar m\u00e9i w\u00e9i 3,5 Millioune Mol geliked. De B\u00e4itrag vun der Aktivistin gouf och vun \u00e9istr\u00e4icheschen an d\u00e4itsche Medien opgegraff, fir ze behaapten, d&#8217;Pizzak\u00ebschten h\u00e4tten dem Tate seng Verhaftung erm\u00e9iglecht.<\/p>\n<blockquote class=\"twitter-tweet\"><p>this is what happens when you don\u2019t recycle your pizza boxes<\/p>\n<p>\u2014 Greta Thunberg (@GretaThunberg) <a href=\"https:\/\/twitter.com\/GretaThunberg\/status\/1608735970131849217?ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">December 30, 2022<\/a><\/p><\/blockquote>\n<p><script charset=\"utf-8\" type=\"text\/javascript\" src=\"https:\/\/platform.twitter.com\/widgets.js\" xml:space=\"preserve\"><\/script><\/p>\n<p>Pizzakartong huet net zur Verhaftung gefouert<\/p>\n<p>D&#8217;Rumeur \u00ebm d&#8217;Pizzak\u00ebschten huet ugefaange sech den 29. Dezember 2022 am Internet ze verbreeden, nodeem<a href=\"https:\/\/perma.cc\/5X2V-3XGM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\"> eng Affekotin vun der Harvard Law School<\/a>, d&#8217;Alejandra Caraballo, eng <a href=\"https:\/\/archive.ph\/waEQ4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Rei vun Tweets<\/a> mat der Behaaptung gepost hat, an deenen och Screenshots vun engem rum\u00e4neschen Artikel ze gesi waren. W\u00e9i op der Webs\u00e4it vum rum\u00e4neschen Noriichteportal &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/VAU6-2JDM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">G\u00e2ndul<\/a>&#8221; erkl\u00e4ert gouf, h\u00e4tten d&#8217;Autorit\u00e9ite bei den Enqu\u00eaten och dem Andrew Tate seng Social-Media-B\u00e4itr\u00e4g genotzt.<\/p>\n<p>Dozou huet d&#8217;Caraballo geschriwwen: &#8220;D&#8217;Greta Thunberg huet den Andrew Tate net just mat hirem Tweet vernicht, mee hien och esou rose gemaach, dass hie mat engem b\u00ebllege Comeback-Video aus Versinn d\u00e9i rum\u00e4nesch Autorit\u00e9iten op seng Presenz a Rum\u00e4nien opmierksam gemaach huet.&#8221;<\/p>\n<p>Och den Twitter-Account vun Jerry&#8217;s Pizza, dem Livreur vun de Pizzaen, d\u00e9i am Tate sengem Video ze gesi sinn, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/E2J3-RZAM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">huet geschriwwen<\/a>: &#8220;De Grond, firwat mir d\u00e9i bel\u00e9iftst Pizza sinn.&#8221; Dozou huet d&#8217;Entreprise eng Foto vun engem Pizzakartong mam Slogan &#8220;We got taste&#8221;, op L\u00ebtzebuergesch &#8220;Mir hu Go\u00fbt&#8221;, gedeelt. Den &#8220;s&#8221; gouf dob\u00e4i allerd\u00e9ngs liicht onkenntlech gemaach, soudass de Saz als &#8220;We got Tate&#8221; ze liesen ass.<\/p>\n<p>Parquet dement\u00e9iert<\/p>\n<p>De rum\u00e4nesche Parquet huet d&#8217;Behaaptung awer zer\u00e9ckgewisen, de Str\u00e4it op Twitter t\u00ebscht dem Tate an der Thunberg h\u00e4tt dob\u00e4i gehollef, den Influencer ze fannen. &#8220;Do g\u00ebtt et keen Zesummenhang&#8221;, huet d&#8217;Spriecherin vum rum\u00e4nesche Parquet fir Bek\u00e4mpfung vun organis\u00e9ierter Kriminalit\u00e9it (DIICOT), d&#8217;Ramona Bolla, den 30. Dezember 2022 g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>&#8220;Fir festzestellen, ob sech eng Persoun am Land oph\u00e4lt, notze mir eng ganz Rei vu M\u00e9iglechkeeten. De Fakt, dass den Tate an d\u00e4r Nuecht e Video mat engem Jerry&#8217;s Pizzarkartong gepost huet, huet just confirm\u00e9iert, wat mir souwisou scho woussten&#8221;, huet d&#8217;Bolla erkl\u00e4ert. D&#8217; &#8220;Arrestatioun an d&#8217;Perquisitioune&#8221; w\u00e4re schonn en vigueur gewiescht.<\/p>\n<p>D&#8217;Enqu\u00eateure waren dem Tate schonn <a href=\"https:\/\/perma.cc\/VAU6-2JDM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">z\u00ebnter Ufank 2021<\/a> op der Spuer. Am <a href=\"https:\/\/archive.ph\/z04GM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Abr\u00ebll 2022<\/a> hate si schonn d&#8217;Villa vum Promi duerchsicht.<\/p>\n<p>Op Ufro vun der AFP huet e Spriecher vum Greta Thunberg den 30. Dezember 2022 erkl\u00e4ert, dass den Tweet vun der Aktivistin iwwer de Pizzakartong e &#8220;Witz&#8221; gewiescht w\u00e4r an dass d&#8217;Klimaaktivistin &#8220;net a Kontakt mat de rum\u00e4neschen Autorit\u00e9ite&#8221; gestanen h\u00e4tt.<\/p>\n<p>D&#8217;Caraballo, d&#8217;Affekotin, d\u00e9i fir d&#8217;\u00e9ischt en Zesummenhang t\u00ebscht der Arrestatioun an de Kartongen hiergestallt hat, huet m\u00ebttlerweil e <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/EcGCM?wr=true\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">weideren Tweet<\/a> ver\u00ebffentlecht, an deem si vu &#8220;berechtegter Kritik&#8221; un hiren Aussoen, d\u00e9i si virdru gemaach huet, schw\u00e4tzt.<\/p>\n<p>Scho virun der Ver\u00ebffentlechung vum Pizza-Video gouf et Hiweiser, dass den Tate sech a Rum\u00e4nien opgehalen huet. Sou huet hie beispillsweis de 25. Dezember 2022 e <a href=\"https:\/\/archive.ph\/MbtD5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Video vun enger Biergstrooss<\/a> mat der Beschreiwung &#8220;Rum\u00e4nien&#8221; getweet.<\/p>\n<p>Obwuel d&#8217;Opnam net dat\u00e9iert ka ginn, konnt d&#8217;AFP d&#8217;Plaz, wou d&#8217;Foto gemaach gouf, er\u00ebmfannen. De Video staamt vun der Transf\u0103g\u0103ra\u0219an-Strooss, d\u00e9i duerch d&#8217;rum\u00e4nesch Karpate f\u00e9iert. D&#8217;Plaz kann duerch <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=FJsvS0f2WG4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Geolokalis\u00e9ierung<\/a> op Google er\u00ebmfonnt ginn, w\u00e9i am follgende Verglach mam Tate sengem Tweet ze gesinn ass:<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/37b70041888581b6e99e3cef127fdd04.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshot von Andrew Tates Twitter-Account: 30.12.2022<\/p>\n<p><iframe style=\"border: 0;\" src=\"https:\/\/www.google.com\/maps\/embed?pb=!4v1672412465680!6m8!1m7!1sOSnlurnCIDVv-ZOHBAoV5Q!2m2!1d45.60564980751142!2d24.61665983086335!3f345.40292535634325!4f-11.739397944980709!5f2.8593541533134528\" width=\"600\" height=\"450\" frameborder=\"1\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\"><\/iframe><\/p>\n<p>Op Google Street View ass en plus eng H\u00fctt ze erkennen, d\u00e9i och am Video vum Tate virk\u00ebnnt:<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/0b3864bfcc4bd94e934df60f8e561d25.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshot von Andrew Tates Twitter-Account: 30.12.2022<\/p>\n<p><iframe style=\"border: 0;\" src=\"https:\/\/www.google.com\/maps\/embed?pb=!4v1672412514569!6m8!1m7!1sOSnlurnCIDVv-ZOHBAoV5Q!2m2!1d45.60564980751142!2d24.61665983086335!3f242.48865104272795!4f10.941377164513241!5f2.881638266592027\" width=\"600\" height=\"450\" frameborder=\"1\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\"><\/iframe><\/p>\n<p>Virw\u00ebrf vu M\u00ebnschenhandel<\/p>\n<p>Den Andrew Tate w\u00e9i och s\u00e4i Brudder Tristan Tate, deen och verhaft gouf, w\u00e4ren no der Arrestatioun fir d&#8217;\u00e9ischt fir 24 Stonne a Arrest geholl ginn, huet d&#8217;Spriecherin vum rum\u00e4nesche Parquet fir Bek\u00e4mpfung vun organis\u00e9ierter Kriminalit\u00e9it g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert. Den 30. Dezember 2022 huet e rum\u00e4nescht Geriicht decid\u00e9iert, den Tate a s\u00e4i Brudder <a href=\"https:\/\/perma.cc\/VVA3-DLET\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">fir 30 Deeg ze inhaft\u00e9ieren<\/a>.<\/p>\n<p>Enger <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/hnxlI\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Erkl\u00e4rung vum Parquet vum 29. Dezember 2022<\/a> no ginn de britteschen Influencer a s\u00e4i Brudder der organis\u00e9ierter Kriminalit\u00e9it, Vergewaltegung a M\u00ebnschenhandel an diverse L\u00e4nner verd\u00e4chtegt. Zum aktuellen Z\u00e4itpunkt goufe sechs potenziell Affer identifiz\u00e9iert.<\/p>\n<p>D&#8217;Affer goufen angeeblech mat engem Trick erageluecht, mat deem hinne Gefiller virget\u00e4uscht goufen, si dann agespaart a mat Gewalt zur Prostitutioun an zur Participatioun u pornografesche Filmer gezwonge goufen.<\/p>\n<p>De Parquet huet och <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/hnxlI\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Opname vun der Perquisitioun<\/a> vum 29. Dezember 2022 ver\u00ebffentlecht, d\u00e9i Schosswaffen, Boergeld a Sportween weisen, d\u00e9i op verschiddene Plazen a Rum\u00e4nien beschlagnaamt goufen. Rum\u00e4nesche Medien no ware schonn am Abr\u00ebll zwou Fraen, dor\u00ebnner eng Fra aus den USA, vun der Police aus enger Bukarester Villa <a href=\"https:\/\/www.stern.de\/news\/ex-kickboxer-tate-in-rumaenien-wegen-verdachts-auf-menschenhandel-inhaftiert-33055946.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">befreit ginn<\/a>. D&#8217;Fraen hu behaapt, vun den Tate-Bridder festgehale ginn ze sinn.<\/p>\n<p>Den Tate, deen och d\u00e9i US-amerikanesch Nationalit\u00e9it huet, war 2016 an der T\u00ebleessendung &#8220;Big Brother&#8221; opgetrueden. Hie gouf awer aus der Sendung ausgeschloss, nodeem e Video opgedaucht war, an deem hien eng Fra schl\u00e9it. Och op Twitter war hien opgrond vu misogynnen \u00c4usserunge bis viru Kuerzem gespaart.<\/p>\n<p>Fazit: Dem rum\u00e4nesche Parquet no huet dem Andrew Tate seng Arrestatioun n\u00e4ischt mat de Pizzakartongen ze dinn, d\u00e9i an engem Twitter-Video vum Influencer ze gesi sinn. D&#8217;Autorit\u00e9iten enqu\u00eat\u00e9iere schonn z\u00ebnter Laangem g\u00e9int den eemolege Kickboxer. Am Abr\u00ebll 2022 gouf dem Tate seng Villa a Rum\u00e4nien schonn eng K\u00e9ier duerchsicht.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Den eemolege Kickboxer an \u00ebmstriddenen Influencer Andrew Tate ass den 29. Dezember 2022 w\u00e9inst Virw\u00ebrf vu M\u00ebnschenhandel, Vergewaltegung a Gr\u00ebnnung vun enger krimineller Vereenegung a Rum\u00e4nien festgeholl ginn.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":232945,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[183,193,195],"tags":[],"class_list":{"0":"post-232970","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-fact-check-lb","8":"category-gesellschaft","9":"category-noriichten"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2017064","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2017064.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Andrew Tate net w\u00e9inst Str\u00e4it mam Greta Thunberg op Twitter verhaft ginn - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Andrew Tate net w\u00e9inst Str\u00e4it mam Greta Thunberg op Twitter verhaft ginn - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Den eemolege Kickboxer an \u00ebmstriddenen Influencer Andrew Tate ass den 29. Dezember 2022 w\u00e9inst Virw\u00ebrf vu M\u00ebnschenhandel, Vergewaltegung a Gr\u00ebnnung vun enger krimineller Vereenegung a Rum\u00e4nien festgeholl ginn.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-01-16T09:00:25+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-01-17T14:03:30+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/cee4d55e5f08e23c2ac3ef4e1a3fa073.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"7 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Andrew Tate net w\u00e9inst Str\u00e4it mam Greta Thunberg op Twitter verhaft ginn\",\"datePublished\":\"2023-01-16T09:00:25+00:00\",\"dateModified\":\"2023-01-17T14:03:30+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/\"},\"wordCount\":1440,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/cee4d55e5f08e23c2ac3ef4e1a3fa073.jpeg\",\"articleSection\":[\"Fact Check\",\"Gesellschaft\",\"Noriichten\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/\",\"name\":\"Faktencheck: Andrew Tate net w\u00e9inst Str\u00e4it mam Greta Thunberg op Twitter verhaft ginn - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/cee4d55e5f08e23c2ac3ef4e1a3fa073.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-01-16T09:00:25+00:00\",\"dateModified\":\"2023-01-17T14:03:30+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/cee4d55e5f08e23c2ac3ef4e1a3fa073.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/cee4d55e5f08e23c2ac3ef4e1a3fa073.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Andrew Tate net w\u00e9inst Str\u00e4it mam Greta Thunberg op Twitter verhaft ginn - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Andrew Tate net w\u00e9inst Str\u00e4it mam Greta Thunberg op Twitter verhaft ginn\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Andrew Tate net w\u00e9inst Str\u00e4it mam Greta Thunberg op Twitter verhaft ginn - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Andrew Tate net w\u00e9inst Str\u00e4it mam Greta Thunberg op Twitter verhaft ginn - EDMO Belux","og_description":"Den eemolege Kickboxer an \u00ebmstriddenen Influencer Andrew Tate ass den 29. Dezember 2022 w\u00e9inst Virw\u00ebrf vu M\u00ebnschenhandel, Vergewaltegung a Gr\u00ebnnung vun enger krimineller Vereenegung a Rum\u00e4nien festgeholl ginn.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-01-16T09:00:25+00:00","article_modified_time":"2023-01-17T14:03:30+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/cee4d55e5f08e23c2ac3ef4e1a3fa073.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"7 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Andrew Tate net w\u00e9inst Str\u00e4it mam Greta Thunberg op Twitter verhaft ginn","datePublished":"2023-01-16T09:00:25+00:00","dateModified":"2023-01-17T14:03:30+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/"},"wordCount":1440,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/cee4d55e5f08e23c2ac3ef4e1a3fa073.jpeg","articleSection":["Fact Check","Gesellschaft","Noriichten"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/","name":"Faktencheck: Andrew Tate net w\u00e9inst Str\u00e4it mam Greta Thunberg op Twitter verhaft ginn - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/cee4d55e5f08e23c2ac3ef4e1a3fa073.jpeg","datePublished":"2023-01-16T09:00:25+00:00","dateModified":"2023-01-17T14:03:30+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/cee4d55e5f08e23c2ac3ef4e1a3fa073.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/cee4d55e5f08e23c2ac3ef4e1a3fa073.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Andrew Tate net w\u00e9inst Str\u00e4it mam Greta Thunberg op Twitter verhaft ginn - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-andrew-tate-net-winst-strit-mam-greta-thunberg-op-twitter-verhaft-ginn\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Andrew Tate net w\u00e9inst Str\u00e4it mam Greta Thunberg op Twitter verhaft ginn"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/232970","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=232970"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/232970\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/232945"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=232970"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=232970"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=232970"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}