{"id":233615,"date":"2023-01-23T13:30:29","date_gmt":"2023-01-23T13:30:29","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=233615"},"modified":"2023-01-24T09:29:21","modified_gmt":"2023-01-24T09:29:21","slug":"faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Huet de Wolodymyr Selenskyj sech w\u00e4rend dem Krich ber\u00e4ichert?"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Eng gef\u00e4lscht Infographik vun der BBC, d\u00e9i an de sozialen Netzwierker verbreet gouf, soll d&#8217;Entw\u00e9cklung vum Patrimoine vum President Wolodymyr Selenskyj a vun anere prominenten ukrainesche Politiker t\u00ebscht Februar an Dezember 2022 weisen.<\/p>\n<p>D&#8217;BBC hat an enger Infographik de finanzielle Verloscht vun ukraineschen Oligarchen t\u00ebscht Februar an Dezember 2022 opgel\u00ebscht. \u00cbnner anerem, w\u00e9i eng ukrainesch ONG fir Anti-Korruptioun erkl\u00e4ert huet, g\u00e9if et &#8220;keng offiziell Sourcen&#8221;, d&#8217;Akommesse vum Wolodymyr Selenskyj an anere Politiker, d\u00e9i op der falscher Graphik gewise ginn, ze erm\u00ebttelen, well d\u00ebs obligatoresch Deklaratiounen er\u00e9ischt am Ufank vum Joer duerno vun ukrainesche Beamte matgedeelt ginn.<\/p>\n<p>&#8220;Dir hutt en Don fir d&#8217;Ukrain gemaach??? D\u00ebs Banditten hu sech 2022 d&#8217;T\u00e4sche voll gemaach&#8230; Kuckt, w\u00e9i hiert Verm\u00e9ige geklommen ass! D\u00ebs Regierung ass d\u00e9i korrupst vun der Welt!!!&#8221;, &#8220;An der Ukrain g\u00ebtt ee s\u00e9ier r\u00e4ich&#8230; Dat ass magesch oder machiavellistesch&#8221;, bekloe sech Internetnotzer op Facebook (<a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/7VjYb\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">1<\/a>, <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/7DqhH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2<\/a>) an Twitter\u00a0(<a href=\"https:\/\/perma.cc\/2ZG4-5V96\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">3<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/V6JD-QPHU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">4<\/a>) iwwer eng Infographik an englescher Sprooch, d\u00e9i &#8220;d&#8217;Verm\u00e9ige&#8221; vu verschiddenen &#8220;ukrainesche Politiker&#8221; weise soll.<\/p>\n<p>D\u00ebst Bild mam Logo vum brittesche Fernseesender BBC, dat och op <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/Rj7gC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Englesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/T4HYw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Italieenesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/UGqQN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Polnesch<\/a> a <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/40JyM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Japanesch<\/a> am \u00cbmlaf ass, soll den Dollarw\u00e4ert vum jeeweilege Patrimoine vum President Wolodymyr Selenskyj, dem Verdeedegungsminister Oleksij Reznikov, vum Ausseminister Dmytro Kuleba, vum Buergermeeschter vu Kiew Vitali Wolodymyr Klitschko a vum Beroder vum Selenkyj, dem Mykhailo Podoljak, weisen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/b53188f1307932f569ea3fc2ebc7c8c3.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&amp;#039;\u00e9cran r\u00e9alis\u00e9e sur Facebook le 10 janvier 2023.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/842c6edbe2c01de4ec101f59f1d8d448.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&amp;#039;\u00e9cran r\u00e9alis\u00e9e sur Twitter le 10 janvier 2023.<\/p>\n<p>Heib\u00e4i handelt et sech awer \u00ebm e Montage, d\u00e9i d\u00e9i graphesch Identit\u00e9it vun der BBC usurp\u00e9iert, w\u00e9i de brittesche Sender der AFP den 9. Januar 2023 erkl\u00e4ert huet: &#8220;<strong>D\u00ebs Infographik ass gef\u00e4lscht. Se gr\u00e4ift [d&#8217;Ausgesi] vun enger Infographik op, d\u00e9i an engem Artikel vu BBC News Ukraine benotzt gouf, deen d\u00e9i finanziell Verloschter vun ukrainesche Milliard\u00e4re weist.<\/strong>&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Originalbild ass an der ukrainescher Versioun an engem <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/eKa0r\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-B\u00e4itrag vu BBC News Ukraine<\/a> vum 23. Dezember 2022 an an der englescher Versioun an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/U6GU-NVN5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d\u00ebsem Artikel vun der BBC<\/a> ze fannen.<\/p>\n<p>D&#8217;Infographik huet sech net op d&#8217;Verm\u00e9ige vun ukrainesche Politiker bezunn, mee op de Patrimoine vun ukrainesche Milliard\u00e4ren: Rinat Achmetow, Viktor Pintschuk, Wadym Nowynski, Ihor Kolomojski an de fr\u00e9ieren ukrainesche President Petro Poroschenko.<\/p>\n<p>D&#8217;Montanten, d\u00e9i an d\u00ebsem Dokument, dat och op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/B7NS-KAKQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Frans\u00e9isch<\/a> publiz\u00e9iert gouf, genannt ginn, hu sech op Estimatioune bas\u00e9iert, d\u00e9i Forbes de 27. Dezember 2022 a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/CT9G-GMUF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">sengem Klassement vun den &#8220;20 r\u00e4ichsten Ukrainer am Joer 2022&#8221;<\/a> matgedeelt huet.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/e17b961d5d12e9ee34d14be59f449f52.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&amp;#039;\u00e9cran r\u00e9alis\u00e9e sur le site de la BBC le 10 janvier 2023.<\/p>\n<p><iframe style=\"border: none; overflow: hidden;\" src=\"https:\/\/www.facebook.com\/plugins\/post.php?href=https%3A%2F%2Fwww.facebook.com%2FBBCnewsUkrainian%2Fphotos%2Fa.289246041107051%2F6092318247466439%2F%3Ftype%3D3&amp;show_text=true&amp;width=500\" width=\"500\" height=\"610\" frameborder=\"0\" scrolling=\"no\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\"><\/iframe><\/p>\n<p>Eng ukrainesch Versioun vun der gef\u00e4lschter BBC-Infographik iwwer de Wolodymyr Selenskyj an aner ukrainesch Politiker war schonn den 31. Dezember 2022 duerch <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/E7iI7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">en Artikel vum russesche Medium &#8220;Reporter.ru&#8221;<\/a> am \u00cbmlaf. Den Titel war &#8220;Selenskyj an aner prominent ukrainesch Politiker goufen 2022 zu Milliard\u00e4ren&#8221;. D\u00e9i englesch Versioun vum Bild sch\u00e9ngt automatesch mat der visueller Erkennungssoftware Google Lens iwwersat ginn ze sinn, w\u00e9i an d\u00ebsem Verglach ze gesinn ass.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/586dcd35bf9e87e7ee5782b8456effbb.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&amp;#039;\u00e9cran faite le 10 janvier 2023<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/4c822668363ccc155ee686107b1546cd.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&amp;#039;\u00e9cran faite le 10 janvier 2023<\/p>\n<p>Ukrainesch Beamte sinn ugehalen, hiert Akommes public ze maachen<\/p>\n<p>&#8220;D\u00ebs Infographik impliz\u00e9iert, dass d\u00ebs Pers\u00e9inlechkeete sech a Krichsz\u00e4iten op illegalem an onmoraleschem Wee ber\u00e4ichert hunn. Et handelt sech \u00ebm ukrainesch Pers\u00e9inlechkeete vum \u00ebffentleche Liewen, deenen hir berufflech Karri\u00e4r et hinnen erm\u00e9iglecht huet, e m\u00e9i h\u00e9icht Akommes ze hunn, awer d\u00e9i genannt Zuele sinn onbegr\u00ebnnt, well et keng Quell g\u00ebtt, bei d\u00e4r ee sech iwwer de W\u00e4ert vun hirem Verm\u00e9igen [am Joer 2022] renseign\u00e9iere kann&#8221;, sot d&#8217;Iulia Shukan, Dozentin fir Slawistik op der Universit\u00e9 Paris Nanterre, den 10. Januar 2023 g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p>&#8220;Zanter den Anti-Korruptiounsreformen am Joer 2016 mussen ukrainesch Staatsbeamten &#8211; Politiker, Riichter an aner Beamten &#8211; hir Steiererkl\u00e4rung bei der Nationaler Agence fir Korruptiounsbek\u00e4mpfung <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230109171614\/https:\/\/nazk.gov.ua\/uk\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Nazk<\/a> areechen. [&#8230;] De S\u00ebnn ass et, Korruptioun an den h\u00e9chsten Etag\u00eb vun der Politik ze verh\u00ebnneren an d\u00ebs Staatsbeamten enger j\u00e4rlecher Deklaratioun ze \u00ebnnerz\u00e9ien, fir ze verh\u00ebnneren, dass si sech w\u00e4rend der Ausf\u00e9ierung vum Mandat ber\u00e4icheren&#8221;, huet d&#8217;Expertin weider erkl\u00e4ert. D&#8217;Ukrain l\u00e4it am <a href=\"https:\/\/perma.cc\/TL8U-FN5K\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Korruptiounsrapport 2021 vun der ONG Transparency International<\/a> op Plaz 122 vun 180 L\u00e4nner.<\/p>\n<p>W\u00e9i eng Porte-parole vum <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/Ag4bf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Anti-Corruption Action Center<\/a>, enger ukrainescher Anti-Korruptiouns-ONG, der AFP den 10. Januar 2023 matgedeelt huet, sinn d\u00ebs Beamten zwar verflicht, hir Steiererkl\u00e4rungen &#8220;all Joer oder no hirem Ausscheeden aus dem Amt&#8221; anzereechen, d\u00ebs sinn awer z\u00ebnter dem Amarsch vu Russland an d&#8217;Ukrain net m\u00e9i op der Webs\u00e4it vun Nazk ofruffbar. &#8220;De 24. Februar 2022 huet d&#8217;Ukrain den <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/btQJH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Zougr\u00ebff op den digitale Reg\u00ebster<\/a> fir Steiererkl\u00e4runge vu Beamte w\u00e9inst dem Krich <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/btQJH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">mussen aschr\u00e4nken<\/a>. Well d\u00ebs Informatiounen h\u00e4tte vun de Russe benotzt k\u00ebnne ginn, fir Drock op Beamten ausze\u00fcben, besonnesch op lokal Beamten.&#8221;<\/p>\n<p>Virun allem sinn d&#8217;Informatiounen iwwer d&#8217;Verm\u00e9ige vun de politesche Pers\u00e9inlechkeeten, d\u00e9i op dem gef\u00e4lschte Bild ze gesi sinn, aus dem Joer 2022 der \u00cbffentlechkeet net bekannt, well d\u00ebs Erkl\u00e4runge vun de Beamten am Ufank vum follgende Joer gemaach musse ginn. <strong>&#8220;Dow\u00e9inst ass keng offiziell Source an der Lag, spezifesch Donn\u00e9e\u00eb fir d&#8217;M\u00e9int Februar bis Dezember 2022 ze liwweren&#8221;, sot d&#8217;Spriecherin vum Anti-Corruption Action Center g\u00e9intiwwer der AFP.<\/strong><\/p>\n<p><strong>Steiererkl\u00e4rungen aus dem Joer 2021 <\/strong><\/p>\n<p>D&#8217;Obligatioun vun der Deklaratioun fir d&#8217;Joer 2021, d\u00e9i &#8220;t\u00ebschent Januar a M\u00e4erz 2022&#8221; ze erf\u00eblle war, gouf ausnamsweis nom Amarsch vu Russland an d&#8217;Ukrain ausgesat, well &#8220;d&#8217;Unzuel vu Beamten, d\u00e9i der Arm\u00e9i b\u00e4igetruede sinn oder sech a besate Gebidder ophalen, an deenen d&#8217;Transmissioun vun der Deklaratioun w\u00e9inst feelender [Internet]Verbindung net m\u00e9iglech war&#8221;.<\/p>\n<p>D\u00e9i j\u00e9ngst Steiererkl\u00e4runge vu v\u00e9ier vu f\u00ebnnef ukrainesche Politiker, d\u00e9i op dem Bild gewise ginn, goufen dohier am Joer 2021 virgeluecht a bez\u00e9ie sech op d&#8217;Joer 2020 &#8211; de Beroder vum President Mykhailo Pdoljak ass net dozou verflicht, well hie kee Beamten ass.<\/p>\n<p>Verschidden ukrainesch Medien hunn iwwer d&#8217;Revenue bericht, d\u00e9i d\u00ebs Beamten a Politiker g\u00e9intiwwer dem Nazk gemellt haten. D&#8217;<a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/c3nBA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Akommes vum Wolodymyr Selenskyj<\/a> beleeft sech op 19 Millioune Griwna (UAH), dat entspr\u00e9cht ongef\u00e9ier 670.000 Dollar beim <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/1T1kB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Konversiounstaux<\/a> vum 31. Dezember 2020. Dat vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7TRF-HY3T\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Oleksij Reznikov<\/a> beleeft sech op bal 10,5 Milliounen UAH (zirka 368.000 Dollar), dat vum <a href=\"https:\/\/archive.ph\/vNujO\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Dmytro Kuleba<\/a> op 913.714 UAH (zirka 32.000 Dollar) an de Revenu vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/AC78-8D6X\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Witali Klitschko<\/a> op 1,1 Milliounen UAH (zirka 38.600 Dollar).<\/p>\n<p>D&#8217;Maria Popova, Professesch fir Politikw\u00ebssenschaften op der McGill University zu Montreal a Spezialistin fir Korruptiounsfroen, huet der AFP den 10. Januar 2023 erkl\u00e4ert, dass &#8220;vill Informatioune bekannt sinn&#8221; iwwer de Patrimoine vun ukrainesche Politiker an dass &#8220;den Niveau vun Transparenz an d\u00ebsem Ber\u00e4ich deem vu westleche L\u00e4nner entspr\u00e9cht&#8221;.<\/p>\n<p>&#8220;S\u00e4it 2014 \u00ebnnersicht den Nationalen Anti-Korruptiounsb\u00fcro (NABU) vun der Ukrain Korruptioun am \u00ebffentleche Ber\u00e4ich a ka viru Geriicht goen. Eleng an de leschten Deeg goufen en <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/zyC5J\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Deput\u00e9ierte vum Selenskyj senger Partei<\/a> an e <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/6J4Yp\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Riichter<\/a> vum NABU w\u00e9inst Onreegelm\u00e9issegkeeten an hirer Steiererkl\u00e4rung fir 2021 ugeklot a waren Deel vun enger juristescher Prozedur&#8221;, w\u00e9i d&#8217;Expertin b\u00e4if\u00fc\u00fcgt.<\/p>\n<p>D&#8217;Iulia Shukan betount, dass &#8220;dat ukrainescht Parlament am Hierscht 2021 e Reg\u00ebster vun Oligarchen erstallt huet, d\u00e9i no verschiddene Kritt\u00e4re betruecht ginn: Bes\u00ebtz vun Aktiven am Medieber\u00e4ich, Monopol an engem Wirtschaftssecteur, Bes\u00ebtz vun engem Akommes vun op d&#8217;mannst 2,2 Milliarde Griwna, Participatioun um politesche Liewe vum Land.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;Et g\u00ebtt dovun ausgaangen, dass Persounen, d\u00e9i op Decisioun vum Nationale Verdeedegungs- a S\u00e9cherheetsrot am Reg\u00ebster agedroe sinn, weder d&#8217;Finanz\u00e9ierung vu politesche Parteien nach d&#8217;Bedeelegung un zuk\u00fcnftege Verkeef vun \u00ebffentlechem Verm\u00e9igen duerch d&#8217;Regierung erlaabt ass. W\u00e9inst dem Krich g\u00ebtt d\u00ebse Reg\u00ebster bis op Weideres net appliz\u00e9iert, wat d&#8217;Situatioun an d&#8217;Verm\u00e9ige vun den ukrainesche Gesch\u00e4ftsleit drastesch ver\u00e4nnert huet. De Rinat Achmetow, dee virun 2022 de r\u00e4ichste Mann am Land war, huet beispillsweis enorm Aktien an der Eisen- a Stolindustrie verluer, besonnesch zu Mariupol, an huet de gesamte Medieber\u00e4ich vu sengem Wirtschaftsimperium opginn. Och den Ihor Kolomoiski huet als Konsequenz vum Krich Sue verluer, awer och d\u00e9i ukrainesch Staatsbiergerschaft gouf him entzunn&#8221;, w\u00e9i d&#8217;Iulia Shukan matgedeelt huet.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/12d073c9645fcd5a738b326f43562362.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Le pr\u00e9sident ukrainien Volodymyr Zelensky le 11 janvier 2023 \u00e0 Lviv, en Ukraine ( AFP \/ YURIY DYACHYSHYN)<\/p>\n<p>De Wolodymyr Selenskyj an d&#8217;Pandora Papers<\/p>\n<p>Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, dee schonn am Summer 2022 vu verschiddene Leit am Internet besch\u00ebllegt gouf, en &#8220;N\u00e4ischnotz&#8221; um <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/doc.afp.com.32EA2MA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Cover vun engem gef\u00e4lschte Magasinn<\/a> ze sinn, gouf an den Revelatioune vun de Pandora Papers, enger \u00ebmfaassender Enqu\u00eate vum International Consortium of Investigative Journalists, d\u00e9i 2021 publiz\u00e9iert gouf a sech op ronn 11,9 Milliounen Dokumenter vu 14 Finanzd\u00e9ngschtleeschter bas\u00e9iert huet, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9GCK-M3DC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">a Fro gestallt<\/a>.<\/p>\n<p>An der Enqu\u00eate gouf him virgeh\u00e4it, ab 2012 en Netzwierk vun Offshore-Firmen opgebaut ze hunn, dat \u00ebnner anerem dozou ged\u00e9ngt huet, dr\u00e4i Immobilien zu London ze kafen. Der selwechter Quell no huet de Selenskyj kuerz viru senger Wal zum ukrainesche President am Joer 2019 seng Undeeler un enger vun d\u00ebsen Offshore-Firmen, Maltex Multicapital, u s\u00e4in deemolegen Associ\u00e9 Sergej Chefir, dee sp\u00e9ider s\u00e4in ieweschte Beroder gouf, verkaf.<\/p>\n<p>D&#8217;Administratioun vum ukrainesche President hat deemools argument\u00e9iert, dass de Wolodymyr Selenskyj, deen deemools e ber\u00fc\u00fcmte Komiker war, a seng Mataarbechter versicht hunn, sech virun den &#8220;aggressiven Aktioune&#8221; vum Regime vum deemolege pro-russesche President Viktor Janukowitsch ze &#8220;sch\u00fctzen&#8221;.<\/p>\n<p>Sch\u00e4tzungen no, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/VJ2E-FS5Y\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d\u00e9i Forbes am Abr\u00ebll 2022<\/a> op Basis vun Investitiounen an anere bekannten Immobilie vum Wolodymyr Selenskyj ver\u00ebffentlecht huet, w\u00e4ert s\u00e4i Verm\u00e9igen t\u00ebscht 20 an 29 Milliounen Dollar leien.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Eng gef\u00e4lscht Infographik vun der BBC, d\u00e9i an de sozialen Netzwierker verbreet gouf, soll d&#8217;Entw\u00e9cklung vum Patrimoine vum President Wolodymyr Selenskyj a vun anere prominenten ukrainesche Politiker t\u00ebscht Februar an Dezember 2022 weisen.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":233580,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[191,217,181],"tags":[],"class_list":{"0":"post-233615","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-politik","8":"category-ukraine-lb","9":"category-uncategorized-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2017065","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2017065.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Huet de Wolodymyr Selenskyj sech w\u00e4rend dem Krich ber\u00e4ichert? - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Huet de Wolodymyr Selenskyj sech w\u00e4rend dem Krich ber\u00e4ichert? - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Eng gef\u00e4lscht Infographik vun der BBC, d\u00e9i an de sozialen Netzwierker verbreet gouf, soll d&#039;Entw\u00e9cklung vum Patrimoine vum President Wolodymyr Selenskyj a vun anere prominenten ukrainesche Politiker t\u00ebscht Februar an Dezember 2022 weisen.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-01-23T13:30:29+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-01-24T09:29:21+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/3fff90fda671f018e30766afec47815c.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Huet de Wolodymyr Selenskyj sech w\u00e4rend dem Krich ber\u00e4ichert?\",\"datePublished\":\"2023-01-23T13:30:29+00:00\",\"dateModified\":\"2023-01-24T09:29:21+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/\"},\"wordCount\":1687,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/3fff90fda671f018e30766afec47815c.jpeg\",\"articleSection\":[\"Politik\",\"Ukraine\",\"Uncategorized @lb\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/\",\"name\":\"Faktencheck: Huet de Wolodymyr Selenskyj sech w\u00e4rend dem Krich ber\u00e4ichert? - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/3fff90fda671f018e30766afec47815c.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-01-23T13:30:29+00:00\",\"dateModified\":\"2023-01-24T09:29:21+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/3fff90fda671f018e30766afec47815c.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/3fff90fda671f018e30766afec47815c.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Huet de Wolodymyr Selenskyj sech w\u00e4rend dem Krich ber\u00e4ichert? - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Huet de Wolodymyr Selenskyj sech w\u00e4rend dem Krich ber\u00e4ichert?\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Huet de Wolodymyr Selenskyj sech w\u00e4rend dem Krich ber\u00e4ichert? - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Huet de Wolodymyr Selenskyj sech w\u00e4rend dem Krich ber\u00e4ichert? - EDMO Belux","og_description":"Eng gef\u00e4lscht Infographik vun der BBC, d\u00e9i an de sozialen Netzwierker verbreet gouf, soll d'Entw\u00e9cklung vum Patrimoine vum President Wolodymyr Selenskyj a vun anere prominenten ukrainesche Politiker t\u00ebscht Februar an Dezember 2022 weisen.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-01-23T13:30:29+00:00","article_modified_time":"2023-01-24T09:29:21+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/3fff90fda671f018e30766afec47815c.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"8 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Huet de Wolodymyr Selenskyj sech w\u00e4rend dem Krich ber\u00e4ichert?","datePublished":"2023-01-23T13:30:29+00:00","dateModified":"2023-01-24T09:29:21+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/"},"wordCount":1687,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/3fff90fda671f018e30766afec47815c.jpeg","articleSection":["Politik","Ukraine","Uncategorized @lb"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/","name":"Faktencheck: Huet de Wolodymyr Selenskyj sech w\u00e4rend dem Krich ber\u00e4ichert? - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/3fff90fda671f018e30766afec47815c.jpeg","datePublished":"2023-01-23T13:30:29+00:00","dateModified":"2023-01-24T09:29:21+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/3fff90fda671f018e30766afec47815c.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/3fff90fda671f018e30766afec47815c.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Huet de Wolodymyr Selenskyj sech w\u00e4rend dem Krich ber\u00e4ichert? - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-huet-de-wolodymyr-selenskyj-sech-wrend-dem-krich-berichert\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Huet de Wolodymyr Selenskyj sech w\u00e4rend dem Krich ber\u00e4ichert?"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/233615","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=233615"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/233615\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/233580"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=233615"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=233615"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=233615"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}