{"id":235511,"date":"2023-02-03T06:27:55","date_gmt":"2023-02-03T06:27:55","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=235511"},"modified":"2023-02-02T14:57:47","modified_gmt":"2023-02-02T14:57:47","slug":"faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Alen SWR-B\u00e4itrag kee Beweis dofir, dass Infraschall vu Wandrieder schiedlech ass"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>S\u00e4it Joren ass d&#8217;Behaaptung am \u00cbmlaf, dass nidderegfrequent Schallwelle vun Eolienne &#8211; sougenannten Infraschall &#8211; krank maachen.<\/p>\n<p>D&#8217;Et\u00fcd, d\u00e9i an d\u00ebsem B\u00e4itrag zit\u00e9iert g\u00ebtt, gouf vu verschiddenen Experte w\u00e9inst hirer Method kritis\u00e9iert an duerch aner Untersuchunge widderluecht. Weider Et\u00fcden, d\u00e9i s\u00e4it 2018 gemaach goufen, hu keng Indicen op Gesondheetsschied duerch Infraschall vun Eolienne fanne k\u00ebnnen.<\/p>\n<p>Honnerte User hu s\u00e4it Ufank November 2022 e B\u00e4itrag op Facebook gedeelt (<a href=\"https:\/\/archive.ph\/wFECJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/archive.ph\/mYYr8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>), deen d&#8217;Behaaptung verbreet, Wandrieder k\u00e9inten d&#8217;Gesondheet vu Resident\u00eb schiedegen. An de B\u00e4itr\u00e4g ass en SWR-Bericht iwwer eng Et\u00fcd vun der Mainzer Universit\u00e9itsmedezin ze gesinn, d\u00e9i ug\u00ebtt, Infraschall k\u00e9int d&#8217;Funktiounsf\u00e4egkeet vum m\u00ebnschlechen H\u00e4erz beantr\u00e4chtegen.<\/p>\n<p><strong>D&#8217;Behaaptung:<\/strong> Den SWR-B\u00e4itrag schw\u00e4tzt iwwer d\u00e9i vermeintlech Konsequenze vun Infraschall op de m\u00ebnschleche Kierper, d\u00e9i an enger Et\u00fcd eng \u00e9ischt K\u00e9ier nogewise gi w\u00e4ren: &#8220;An enger aktueller, nach net publiz\u00e9ierter Et\u00fcd vun der Mainzer Unimedezin gouf elo nogewisen, dass sech och Infraschall negativ op de Kierper auswierkt&#8221;, heescht et am Bericht.<\/p>\n<p>D&#8217;Analys h\u00e4tt deemno erginn, dass d&#8217;Aktivit\u00e9it vun H\u00e4erzmuskelfaseren ofhuele g\u00e9if, nodeem d\u00ebs Infraschall ausgesat goufen. &#8220;Wat mir als ges\u00e9chert gesinn, ass, dass d&#8217;Applikatioun vu Schallwellen\u00a0[&#8230;] zu enger Hemmung bei der Entw\u00e9cklung vu Kraaft vun H\u00e4erzmuskelpreparater f\u00e9iert&#8221; sot de Chef vun der Fuerschungsgrupp, de Mainzer H\u00e4erzchirurg Christian-Friederich Vahl g\u00e9intiwwer dem SWR. Munch B\u00e4itr\u00e4g verm\u00ebttelen den Androck, de B\u00e4itrag w\u00e4r aktuell: &#8220;Wandturbinne produz\u00e9ieren Infraschall, 30. Oktober 2022. Ech duecht \u00ebmmer, dat w\u00e4r eng Konspiratioun.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/609aba0c025ee2bfd343ab100d6591c2.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshot der Behauptung auf Facebook: 23. November 2022<\/p>\n<p>Zu Wandenergie an hiren angeeblechen Auswierkunge sinn \u00ebmmer m\u00e9i Falschbehaaptungen a sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf. D&#8217;AFP huet an der Vergaangenheet zum Beispill Behaaptungen iwwerpr\u00e9ift, no deene fir d&#8217;<a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.32PM4WB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Constructioun vun engem Wandrad<\/a> 4.000 Tonne Stol n\u00e9ideg w\u00e4ren, <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.32EC6LW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Eoliennen de Klimawandel verst\u00e4erken<\/a> oder a Spuenien B\u00ebsch ofgebrannt w\u00e4ren, fir <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.32GM2EW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bauland fir Wandrieder ze schafen<\/a>. Faktenchecke vun der AFP zum Theema Klima fannt Dir <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/list\/all\/all\/39289\/all\/tid-39289\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>.<\/p>\n<p>Wat ass Infraschall a g\u00ebtt e vun Wandrieder produz\u00e9iert?<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/perma.cc\/5P48-MZ2J\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Infraschall<\/a> sinn den Donn\u00e9e\u00eb vum d\u00e4itschen <a href=\"https:\/\/perma.cc\/E6VL-KF2W\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Umweltbundesamtes (UBA)<\/a> no &#8220;Ger\u00e4ischer mat enger Frequenz vun 20 Hertz an dr\u00ebnner&#8221;. Domat beweegt sech Infraschall \u00ebnnert dem m\u00ebnschleche Seuil auditif. D\u00ebsen nidderegfrequente Schall ass an der \u00cbmwelt omnipresent a g\u00ebtt vun natierleche Schallquelle w\u00e9i dem Wand oder dem Deferlement vum Mier produz\u00e9iert, awer och vum Stroosseverk\u00e9ier oder techneschen Anlage w\u00e9i Wandrieder.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/399e60c1860894189137fdf04acef801.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Die H\u00f6rbarkeit von Ger\u00e4uschen h\u00e4ngt von der Frequenz ab. Die Frequenz von Infraschall bewegt sich im nicht h\u00f6rbaren Bereich ( Bayerisches Landesamt f\u00fcr Umwelt)<\/p>\n<p>Op der Internets\u00e4it vum d\u00e4itschen \u00cbmweltminist\u00e8re heescht et, Infraschall k\u00e9int als &#8220;Bel\u00e4stegung&#8221; empfonnt ginn, och wann en net ze h\u00e9ieren ass. Vill Et\u00fcde konnte keng Beleeg dofir fannen, dass den Infraschall, dee vun Wandrieder produz\u00e9iert g\u00ebtt, gesondheetsschiedlech ass.<\/p>\n<p>Den interdisziplin\u00e4re Fuerschungsprojet <a href=\"https:\/\/perma.cc\/V2NZ-628A\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Tremac&#8221;<\/a>, an deem verschidden d\u00e4itsch Fuerschungsinstituter an Universit\u00e9iten d&#8217;Schallemissioune vun Eoliennen \u00ebnnersicht goufen, konnt keen Zesummenhang t\u00ebschent Infraschall a gesondheetlechen Doleanc\u00eb feststellen. An enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9BUR-EV8W\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Publikatioun vum Projet<\/a> aus dem Joer 2022 heescht et: &#8220;Et g\u00ebtt am Moment keng epidemiologesch Et\u00fcden, d\u00e9i kausal Zesummenh\u00e4ng t\u00ebschent dem Betrib vun Wandrieder a kierperlechen Doleancen eendeiteg belee\u00eb konnten.&#8221;<\/p>\n<p>Och eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/WU79-996D\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">experimentell Et\u00fcd<\/a> vum d\u00e4itschen \u00cbmweltminist\u00e8re aus dem Joer 2020 huet keng Indicen op kierperlech Schied duerch Infraschall fonnt. D&#8217;Untersuchung huet &#8220;keen Zesummenhang t\u00ebschent Infraschallger\u00e4ischer ronder\u00ebm oder \u00ebnnert der Perceptiounsschwell an akute kierperleche Reaktiounen&#8221;, heescht et an der Zesummefaassung vun der Et\u00fcd. Allerd\u00e9ngs hunn d&#8217;Probanden den Infraschall als &#8220;e b\u00ebsse&#8221; bis &#8220;m\u00ebttelm\u00e9isseg&#8221; l\u00e4steg bew\u00e4ert. Duerch den Design vun der Et\u00fcd k\u00e9inten d&#8217;Resultater zudeem net generalis\u00e9iert ginn, dofir misst eng m\u00e9i \u00ebmfaassend Fuerschung gemaach ginn.<\/p>\n<p>Och eng groussugeluecht Et\u00fcd vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/U9C4-SV4A\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Finneschen Techneschen Fuerschungszentrum (VTT)<\/a> aus dem Joer 2020, d\u00e9i sech op Gebidder konzentr\u00e9iert huet, an deenen Awunner iwwer Symptomer am Zesummenhang mat Infraschall vu Wandparken, d\u00e9i an der G\u00e9igend stinn, geklot haten, konnt keng Indicen op gesondheetlech Auswierkunge vun Infraschall aus den Eolienn\u00eb fannen.<\/p>\n<p>Wat weist de gedeelte Video?<\/p>\n<p>De Clip, deen an de B\u00e4itr\u00e4g gedeelt g\u00ebtt, weist de Logo vun der lokaler Noriichtesendung <a href=\"https:\/\/perma.cc\/83Y2-X8MZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;SWR Aktuell&#8221;<\/a>. Eng Sich no &#8220;SWR Aktuell&#8221; an &#8220;Infraschall&#8221; op Facebook huet zu engem <a href=\"https:\/\/archive.ph\/d8Wyp\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Video<\/a> gefouert, deen de 26. Abr\u00ebll 2018 op der Facebook-S\u00e4it vum Sender eropgeluede gouf. Den urspr\u00e9ngleche B\u00e4itrag op der T\u00eblee gouf dem SWR no den Dag virdrun, de 25. Abr\u00ebll 2018, diffus\u00e9iert. D\u00ebsen ass awer net m\u00e9i an der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/L8P6-QBJN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Mediath\u00e9ik<\/a> vum SWR ze fannen.<\/p>\n<p>Am M\u00ebttelpunkt vum Bericht steet eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LA2C-BHCM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd<\/a> vun der Mainzer Universit\u00e9itsmedezin \u00ebnner der Leedung vum H\u00e4erzchirurg <a href=\"https:\/\/perma.cc\/C8S4-8ZAJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Christian-Friedrich Vahl<\/a>, d\u00e9i zu d\u00ebsem Z\u00e4itpunkt nach net ver\u00ebffentlecht war. Am Bericht vum SWR gouf d&#8217;Et\u00fcd mam Resultat zit\u00e9iert, dass d&#8217;Funktioun vun H\u00e4erzfaseren duerch Infraschall beantr\u00e4chtegt g\u00e9if.<\/p>\n<p>De Bericht k\u00ebnnt zur Konklusioun: &#8220;Nach muss d\u00ebs Erkenntnis quantifiz\u00e9iert ginn, dat heescht op d&#8217;Liewensrealit\u00e9it vun de M\u00ebnschen an der \u00cbmg\u00e9igend vun de Wandrieder iwwerdroe ginn. Am schl\u00ebmmste Fall awer bedeit dat, dass d&#8217;Liewen an der G\u00e9igend vun esou Anlagen h\u00e4erzkrank maache kann&#8221;. An deem Bericht g\u00ebtt och eng Koppel interviewt, d\u00e9i f\u00e4ert, dass hir Gesondheetsprobleemer duerch e Wandpark an der G\u00e9igend ausgel\u00e9ist goufen.<\/p>\n<p>An der Reportage schw\u00e4tz de Vahl iwwert d&#8217;Resultater vu sengem Experiment. Deemno g\u00e9if Infraschall d&#8217;F\u00e4egkeet vum \u00ebnnersichte Geweebe vum H\u00e4erzmuskel beantr\u00e4chtegen, sech unzespanen: &#8220;Wat mir als s\u00e9cher ugesinn, ass, dass d&#8217;Uwendung vu Schallwellen [&#8230;] zu enger Hemmung vun der Kraaftentw\u00e9cklung vun H\u00e4erzmuskelpreparater f\u00e9iert&#8221; seet hien an deem Interview.<\/p>\n<p>SWR: &#8220;Bericht g\u00e9if haut net m\u00e9i diffus\u00e9iert ginn&#8221;<\/p>\n<p>Eng SWR-Spriecherin sot den 29. November 2022 g\u00e9intiwwer der AFP, d&#8217;Versioun vum Bericht, d\u00e9i 2018 ver\u00ebffentlecht gouf, g\u00e9if haut net m\u00e9i diffus\u00e9iert ginn. &#8220;Well et entre-temps eng breet Ausenanersetzung mat der Et\u00fcd vum Professer Vahl aus dem Joer 2018 g\u00ebtt, g\u00e9ife mir de B\u00e4itrag, sou w\u00e9i en 2018 produz\u00e9iert gouf, zum aktuellen Z\u00e4itpunkt net m\u00e9i br\u00e9ngen. Hei g\u00e9ife mir m\u00e9i staark op d&#8217;Kritik agoen.&#8221;<\/p>\n<p>Informatioune vum SWR no gouf et zum Z\u00e4itpunkt vun der Ausstralung vum B\u00e4itrag keng Indicen, &#8220;d\u00e9i Zweiwel un der Methodik vun der Et\u00fcd h\u00e4tten opkomme loossen&#8221;. Dem Vahl s\u00e4in Usaz w\u00e4r zu d\u00ebsem Z\u00e4itpunkt &#8220;schl\u00ebsseg an novollz\u00e9ibar&#8221; gewiescht. &#8220;Dow\u00e9inst hu mir dat och an den Noriichtesendunge vum SWR bruecht&#8221;, huet d&#8217;Spriecherin erkl\u00e4ert. Eng kritesch, \u00ebffentlech Debatt iwwer dem Vahl seng Fuerschungsmethoden a -resultater h\u00e4tt et er\u00e9ischt no der Diffusioun ginn, sot d&#8217;Spriecherin.<\/p>\n<p>De Christian-Friedrich Vahl huet op eng Rei Ufroe vun der AFP, seng Fuerschungsresultater ze komment\u00e9ieren, net reag\u00e9iert. An d\u00ebsem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/SDU5-WFW4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Interview<\/a> mam &#8220;Nordkurier&#8221; vum 24. Mee 2022 \u00e4ussert hie ech zwar zer\u00e9ckhalend, wann et dr\u00ebm geet, d&#8217;Resultater aus dem Labo vu senger Et\u00fcd op d&#8217;Funktiounsweis vun engem echte m\u00ebnschlechen H\u00e4erz ze iwwerdroen, h\u00e4lt awer un de gronds\u00e4tzleche Resultater vun der Et\u00fcd fest: &#8220;Do sinn ech gronds\u00e4tzlech ganz virsiichteg. An de Preparater sinn d&#8217;Muskelfaseren anescht ugeuerdent w\u00e9i am wierklechen H\u00e4erz, a si goufen am Laboratoire gl\u00e4ichm\u00e9isseg beschallt. An der Praxis k\u00e9int d&#8217;Wierkung also m\u00e9i ger\u00e9ng sinn&#8221;, sot hien. Hien huet nach b\u00e4igesat: &#8220;Entscheedend ass awer, dass et d\u00ebsen Effekt g\u00ebtt: Infraschall schw\u00e4cht d&#8217;Kraaft vum H\u00e4erz.&#8221;<\/p>\n<p>Kritik un ze h\u00e9ijen Infraschallw\u00e4erter<\/p>\n<p>Am Kader vun der Et\u00fcd vun 2018, d\u00e9i 2021 an der Fachz\u00e4itschr\u00ebft <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LA2C-BHCM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Noise &amp; Health&#8221;<\/a> ver\u00ebffentlecht gouf, huet dem Vahl seng Fuerschungsekipp prepar\u00e9iert H\u00e4erzmuskelfaseren \u00ebnner Konditiounen am Labo Infraschall ausgesat. D&#8217;Fuerscher hu jee zwou Prouwe vun 18 Probanden \u00ebnnersicht, d\u00e9i d\u00ebse w\u00e4rend enger H\u00e4erzoperatioun entholl gi waren. D&#8217;Prouwe goufe jeeweils eng Stonn laang mat Infraschall an enger St\u00e4erkt vun 100, 110 an 120 Dezibel beschallt. D\u00e9i zweet Prouf huet als Kontrollgrupp ged\u00e9ngt a gouf dem Infraschall net ausgesat.<\/p>\n<p>De Schalldrockpeegel, deen an Dezibel gemooss gouf, beschreift d&#8217;Intensit\u00e9it vun engem Ger\u00e4isch. Fir d&#8217;Audibilit\u00e9it ass awer net just d&#8217;Intensit\u00e9it, mee och d&#8217;Frequenz entscheedend. E Ger\u00e4isch mat 70 Dezibel bei 1.000 Hertz ass esou haart w\u00e9i e Staubsauger, w\u00e4rend en Toun mat 70 Dezibel bei 2 Hertz fir de M\u00ebnsch net ze h\u00e9ieren ass.<\/p>\n<p>D&#8217;Et\u00fcd huet erginn, dass d&#8217;Kraaft vun den H\u00e4erzmuskelfaseren, d\u00e9i beim Zesummenz\u00e9ien duerch d&#8217;Infraschall-Beschallung ofgeholl huet. Bei 110 Dezibel huet hir Kontraktiounsf\u00e4egkeet deemno \u00ebm eelef Prozent ofgeholl, bei 120 Dezibel \u00ebm 18 Prozent am Verglach zur Kontrollgrupp ouni Beschallung. Opgrond vun d\u00ebse Resultater huet d&#8217;Aarbechtsgrupp vum Vahl am Fazit vun der Et\u00fcd konkreet politesch Fuerderungen zum Schutz vun de Resident\u00eb vu Wandkraaftanlage formul\u00e9iert: &#8220;D&#8217;Fuerscher vun d\u00ebsem Artikel recommand\u00e9ieren, de Peegel vum produz\u00e9ierten Infraschall op 80 Dezibel (20 Dezibel \u00ebnner dem kritesche W\u00e4ert vun 100 Dezibel) als maximal toler\u00e9ierbar Grenz fir d\u00e9i chronesch Belaaschtung festzelee\u00ebn&#8221;.<\/p>\n<p>Eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8CB4-V68Z\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Laangz\u00e4itmiessung<\/a> vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/BL3T-ZB9G\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bayerischen Landesamtes f\u00fcr Umwelt (LfU)<\/a> huet awer erginn, dass den Infraschall vu Wandkraaftanlage scho bei enger Distanz vun 200 Meter d\u00e4itlech \u00ebnner 60 Dezibel an domat w\u00e4it \u00ebnner der Perceptiounsgrenz l\u00e4it. Eng \u00e4nlech <a href=\"https:\/\/perma.cc\/NDY5-GGAL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Untersuchung<\/a> vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8TFF-H8PN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Landesanstalt f\u00fcr Umwelt Baden-W\u00fcrttemberg (LUBW)<\/a> koum zum Resultat, dass d&#8217;Intensit\u00e9it vum Infraschall ab enger Distanz vu 700 Meter vun enger Eolienne esou ger\u00e9ng ass, dass sech net m\u00e9i \u00ebnnerscheede l\u00e9isst, ob eng Anlag an- oder ausgeschalt ass.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/fbf1b80bbb449fbe34c71e074e81a7e0.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Infraschall in der Umgebung von Windenergieanlagen liegt deutlich unter der H\u00f6r- und Wahrnehmungsschwelle ( Bayerisches Landesamt f\u00fcr Umwelt)<\/p>\n<p>De Rapport vum LUBW stellt ausserdeem fest, dass vill alldeeglech technesch Sourcen d\u00e4itlech m\u00e9i h\u00e9ich Infraschallpeegele verursaache w\u00e9i Wandkraaftanlagen. &#8220;Sou ginn zum Beispill bei gew\u00e9inlechen Apparater am Stot w\u00e9i W\u00e4schmaschinn oder Masuttsheizung deels m\u00e9i h\u00e9ich Infraschallpeegele gemooss w\u00e9i bei Wandkraaftanlagen an enger Distanz vun 300 Meter&#8221;, heescht et an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LQ74-X43X\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Resum\u00e9 vum Rapport<\/a>.<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9MYE-D7CQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Stefan Holzheu<\/a>, \u00cbmweltw\u00ebssenschaftler op der Universit\u00e9it Bayreuth, besch\u00e4ftegt sech s\u00e4it e puer Jore mat Infraschall vu Wandkraaftanlagen. Hie widderspr\u00e9cht am Gespr\u00e9ich mat der AFP vum 5. Dezember 2022 der Behaaptung, dass Infraschall der m\u00ebnschlecher Gesondheet schuede g\u00e9if. &#8220;Firwat hu mir da kee medezineschen Noutfall, wa mir eis an en Auto setzen?&#8221;, huet den Holzheu gefrot. &#8220;Dob\u00e4i entstinn Intensit\u00e9iten, d\u00e9i dausendmol m\u00e9i h\u00e9ich si w\u00e9i d\u00e9i vu Wandkraaftanlagen&#8221;. Et w\u00e4r iwwerhaapt net kloer, w\u00e9i den angeeblech schiedlechen Infraschall iwwerhaapt an de Kierper komme soll. &#8220;Drock op de Kierper ass w\u00e4itgoend irrelevant an Infraschall ass an d\u00ebsem Zesummenhang komplett harmlos&#8221;, sot hien.<\/p>\n<p>Dat beleet eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/P98N-HGY2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd<\/a> vum d\u00e4itschen Umweltbundesamt iwwer d&#8217;Auswierkunge vun Infraschall, an d\u00e4r et heescht: &#8220;Fir eng negativ Auswierkung vun Infraschall \u00ebnner der Perceptiounsgrenz konnte bis elo keng w\u00ebssenschaftlech ges\u00e9chert Erkenntnesser fonnt ginn, och wann zuelr\u00e4ich Fuerschungsb\u00e4itr\u00e4g entspriechend Hypotheese postul\u00e9ieren.&#8221;<\/p>\n<p>Och an enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/AL2Q-7F32\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Publikatioun<\/a> vum Hesseschen Energieminist\u00e8re heescht et zu Wandenergie an Infraschall: &#8220;An Et\u00fcden, an deenen ausschliisslech Infraschall \u00ebnner der Perceptiounsgrenz virlouch, konnte keng gesondheetsschiedlech Wierkungen op de M\u00ebnsch observ\u00e9iert ginn.&#8221; An der Publikatioun heescht et och, dass Infraschall iwwer der Perceptiounsgrenz \u00ebnner \u00cbmst\u00e4nn negativ Auswierkungen op d\u00e9i m\u00ebnschlech Gesondheet kann hunn.<\/p>\n<p>Schw\u00e9iere Rechefeeler vun enger federaler Agence<\/p>\n<p>D&#8217;Et\u00fcd iwwer Infraschall vum Vahl senger Aarbechtsgrupp gouf zous\u00e4tzlech ugezweiwelt, nodeem sech offiziell Miessdonn\u00e9e\u00eb vun enger federaler Agence zu den Infraschallpeegelen, d\u00e9i vu Wandkraaftanlagen ausginn, als falsch erausgestallt an nodr\u00e9iglech korrig\u00e9iert misste ginn. Eng <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20200221090231\/https:\/\/www.bgr.bund.de\/DE\/Themen\/Erdbeben-Gefaehrdungsanalysen\/Seismologie\/Downloads\/infraschall_WKA.pdf?__blob=publicationFile&amp;v=2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd<\/a> vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/B6SS-NTBM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bundesanstalt f\u00fcr Geowissenschaften und Rohstoffe (BGR)<\/a> aus dem Joer 2005 huet Infraschallw\u00e4erter am \u00cbmfeld vun Eolienn\u00eb mat bis zu 100 Dezibel uginn.<\/p>\n<p>Am Abr\u00ebll 2021 musst d&#8217;BGR no <a href=\"https:\/\/perma.cc\/EA82-Z4JR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Kritik<\/a> aus der W\u00ebssenschaft op en Neits e Rechenfeeler an hirer Et\u00fcd vun 2005 <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3247-XGX3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">zouginn<\/a>. D&#8217;Infraschallw\u00e4erter w\u00e4ren opgrond vun Programm\u00e9ierungsfeeler an der benotzter Software d\u00e4itlech ze h\u00e9ich berechent ginn, housch et.<\/p>\n<blockquote class=\"twitter-tweet\"><p>Die Bundesanstalt f\u00fcr Geowissenschaften BGR hat endlich Fehler bei den Infraschallpegeln von Windenergieanlagen korrigiert. Es hat lange gedauert.<br \/>\nTats\u00e4chlich ist Infraschall harmlos.<br \/>\nHeute in <a href=\"https:\/\/twitter.com\/BR_Presse?ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">@BR_Presse<\/a><a href=\"https:\/\/t.co\/AHbxtWb56Q\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">pic.twitter.com\/AHbxtWb56Q<\/a><\/p>\n<p>\u2014 Martin Hundhausen (@M_Hundhausen) <a href=\"https:\/\/twitter.com\/M_Hundhausen\/status\/1385649277385461762?ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">April 23, 2021<\/a><\/p><\/blockquote>\n<p><script charset=\"utf-8\" type=\"text\/javascript\" src=\"https:\/\/platform.twitter.com\/widgets.js\" xml:space=\"preserve\"><\/script><\/p>\n<p>Den deemolege Bundeswirtschaftsminister Peter Altmaier (CDU), deem sengem Minist\u00e8re d&#8217;BGR \u00ebnnerstallt ass, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/E6V4-H276\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">huet sech fir de Feeler entsch\u00ebllegt<\/a>. Den tats\u00e4chleche W\u00e4ert huet sech deemno op 64 an net 100 Dezibel belaf. D&#8217;Differenz vu 36 Dezibel m\u00e9cht en enormen \u00cbnnerscheed an der Schallintensit\u00e9it, well d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/V3QE-67CF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Dezibelskala<\/a> logarithmesch an net linear kl\u00ebmmt. Eng Hausse \u00ebm 10 Dezibel bedeit eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9XF8-PDSU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Verz\u00e9ngfachung vum Schalldrock<\/a>. Soumat huet d&#8217;Et\u00fcd vun der BGR d&#8217;Infraschallpeegelen an der \u00cbmg\u00e9igend vu Wandkraaftanlagen \u00ebm de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3KJV-DNQG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Faktor 4000<\/a> \u00ebnnerschat.<\/p>\n<p>D&#8217;BGR huet hir urspr\u00e9nglech Et\u00fcd zer\u00e9ckgezunn an am Dezember 2021 eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/99BX-D7EJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Korrektur<\/a> vun hire Berechnunge ver\u00ebffentlecht. An der Korrektur heescht et: &#8220;Als Mooss fir d&#8217;St\u00e4erkt vum Infraschall vun enger Eolienne goufen an der Publikatioun Schalldrockpeegele gewisen. D\u00ebs hunn awer e systematesche Feeler enthalen a ware 36 Dezibel ze h\u00e9ich.&#8221;<\/p>\n<p>De Vahl berifft sech an enger Konferenzserie op der Universit\u00e9it Mainz den 3. Dezember 2019, wou hien der \u00cbffentlechkeet s\u00e4in Infraschall-Experiment virstellt, op d\u00e9i feelerhaft Infraschallw\u00e4erter vun der BGR. Den Infraschallpeegel op engem Kilometer Distanz zu engem Wandrad g\u00e9if 100 Dezibel ausmaachen, &#8220;obwuel een n\u00e4ischt h\u00e9iert&#8221;, seet de Vahl bei Minutt <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6ZB5-D2UT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">34:17<\/a> a weist eng Grafik, d\u00e9i op den Donn\u00e9e\u00eb vun der BGR bas\u00e9iert.<\/p>\n<p><iframe title=\"YouTube video player\" src=\"https:\/\/www.youtube.com\/embed\/P4ox8oKulRs?start=2056\" width=\"560\" height=\"315\" frameborder=\"0\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\" data-mce-fragment=\"1\"><\/iframe><\/p>\n<p>Och d&#8217;Korrektur vun den Donn\u00e9e\u00eb ver\u00e4nnere fir de Vahl n\u00e4ischt u senger Asch\u00e4tzung zu den angeeblech gesondheetsschiedleche Konsequenze vun Infraschall. An engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8THF-YRSK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Interview<\/a> mat der Zeitung &#8220;Die Welt&#8221; vum Mee 2021 sot hien, dass d\u00e9i niddereg Infraschallpeegelen n\u00e4ischt un de &#8220;grondlee\u00ebnde Stresswierkunge&#8221; vun Infraschall \u00e4nnere g\u00e9ifen. D\u00e9i vermeintlech Gesondheetsschied triede scho bei nidderege Schalldrockpeegelen op, behaapt de Vahl: &#8220;No der Korrektur vum BGR ginn d&#8217;Doleanc\u00eb vun de Betraffenen net m\u00e9i am Ber\u00e4ich vu m\u00e9i w\u00e9i 90 Dezibel matgedeelt, mee schonn am Ber\u00e4ich t\u00ebschent 60 a 70 Dezibel.&#8221;<\/p>\n<p>Am <a href=\"https:\/\/perma.cc\/SDU5-WFW4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Interview mam &#8220;Nordkurier&#8221;<\/a> vum Mee 2022 huet hien zous\u00e4tzlech zum SWR-B\u00e4itrag vun 2018 argument\u00e9iert, dass den Infraschall vu Wandkraaftanlage m\u00e9i schiedlech w\u00e4r, well en am G\u00e9igesaz zu anere Forme vun Infraschall net net gl\u00e4ichm\u00e9isseg ofgi g\u00e9if.<\/p>\n<p>Techneschen Opbau vum Vahl sengem Experiment kritis\u00e9iert<\/p>\n<p>Verschidden Expertinnen an Experte kritis\u00e9ieren en plus, dass den techneschen Opbau vum Vahl sengem Experiment d&#8217;Infraschallwierkung vu Wandkraaftanlagen net realistesch nostelle g\u00e9if. Den holl\u00e4nnesche Schallexpert <a href=\"https:\/\/archive.ph\/6fCsy\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Frits van den Berg<\/a> schreift an enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/45LU-RNRJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Replik<\/a> op d&#8217;Et\u00fcd vum Vahl senger Aarbechtsgrupp an der Fachz\u00e4itschr\u00ebft &#8220;Noise &amp; Health&#8221;, d\u00e9i 2022 publiz\u00e9iert gouf: &#8220;\u00c4r Resultater si schlicht net op den Infraschall vun Eoliennen iwwerdrobar. Dat l\u00e4it zum engen dorun, dass d&#8217;Infraschallpeegel vu Wandkraaftanlagen ze niddereg sinn, an zum aneren dorun, dass \u00c4ert Verst\u00e4ndnis vun der Wierkung vum Schall op de m\u00ebnschleche Kierper falsch ass.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;H\u00e4erzmuskelpreparat bef\u00ebnnt sech am <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HV5X-4LGE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Opbau vum Vahl senger Et\u00fcd<\/a> an enger Kummer aus Plexiglas. Un der ieweschter Ofdeckung vum Plexiglas ass e Lautsprecher ubruecht, deen den nidderegfrequente Schall produz\u00e9iert. Den \u00cbmweltw\u00ebssenschaftler Stefan Holzheu huet g\u00e9intiwwer der AFP argument\u00e9iert, dass eleng d&#8217;Beweegunge vum Lautsprecher d&#8217;Resultater k\u00e9inte beaflosst hunn.<\/p>\n<p>Zesumme mat dr\u00e4i anere W\u00ebssenschaftler, <a href=\"https:\/\/archive.is\/tFbQy\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">zwee Physiker<\/a> an <a href=\"https:\/\/archive.is\/tFbQy\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">enger Medezinerin<\/a>, huet den Holzheu an der Z\u00e4itschr\u00ebft &#8220;Noise &amp; Health&#8221; eng weider <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3T35-2PUF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Replik<\/a> op dem Vahl seng Et\u00fcd ver\u00ebffentlecht. Doran heescht et, Resultater vum Vahl senger Et\u00fcd w\u00e4ren ong\u00eblteg, well d&#8217;Organisatioun vum Versuch net g\u00ebeegent w\u00e4r a sech net op reell Konditioune iwwerdroe loosse g\u00e9if. D&#8217;Resultater vu senger Fuerschungsekipp g\u00e9ifen &#8220;duerch eng physikalesch ong\u00ebeegent Versuchsorganisatioun widderluecht, d\u00e9i eng iwwerm\u00e9isseg Loftbeweegung produz\u00e9iert, d\u00e9i bei enger normaler Schallwell mat dem selwechte Loftdrock am Rayonnement net optr\u00ebtt. D\u00ebs staark Loftbeweegung br\u00e9ngt d&#8217;Sp\u00ebtzt vun der Pincette zum Vibr\u00e9ieren a setzt d\u00e9i befestegt Muskelgeweebeprouwen enger lokaler mechanescher Reizung aus, d\u00e9i am H\u00e4erz in vivo net virk\u00ebnnt&#8221;, heescht et an der Publikatioun.<\/p>\n<p>Dat heescht, de Loftstroum, deen duerch d&#8217;Beweegung vum Lautsprecher produz\u00e9iert g\u00ebtt, w\u00e9i och d&#8217;Vibratioun vum Lautsprecher verf\u00e4lschen no der Opfaassung vun de W\u00ebssenschaftler dem Vahl seng Miessresultater.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> Den SWR-Bericht, deen aktuell am \u00cbmlaf ass, staamt aus dem Joer 2018 an net aus dem Joer 2022, w\u00e9i d&#8217;B\u00e4itr\u00e4g menge loossen. Den SWR huet g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass de B\u00e4itrag vereelzt w\u00e4r an diffus\u00e9iert gouf, \u00e9ier Froen zum Vahl senge Resultater opkoumen. Zuelr\u00e4ich Et\u00fcden, d\u00e9i s\u00e4itdeem publiz\u00e9iert goufen, hu keng Beweiser dofir fonnt, dass Infraschall vu Wandkraaftanlage physesch Schied am m\u00ebnschleche Kierper ausl\u00e9ist. De Vahl h\u00e4lt weiderhin u senge Fuerschungsresultater fest.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>S\u00e4it Joren ass d&#8217;Behaaptung am \u00cbmlaf, dass nidderegfrequent Schallwelle vun Eolienne &#8211; sougenannten Infraschall &#8211; krank maachen.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":235491,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,190,181,192],"tags":[],"class_list":{"0":"post-235511","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-gesondheet","9":"category-uncategorized-lb","10":"category-wessenschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2022597","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2022597.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Alen SWR-B\u00e4itrag kee Beweis dofir, dass Infraschall vu Wandrieder schiedlech ass - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Alen SWR-B\u00e4itrag kee Beweis dofir, dass Infraschall vu Wandrieder schiedlech ass - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"S\u00e4it Joren ass d&#039;Behaaptung am \u00cbmlaf, dass nidderegfrequent Schallwelle vun Eolienne - sougenannten Infraschall - krank maachen.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-02-03T06:27:55+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/da125c3427591b29393c002a1304e6cb.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"620\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"349\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"14 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Alen SWR-B\u00e4itrag kee Beweis dofir, dass Infraschall vu Wandrieder schiedlech ass\",\"datePublished\":\"2023-02-03T06:27:55+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/\"},\"wordCount\":2962,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/da125c3427591b29393c002a1304e6cb.jpeg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Gesondheet\",\"Uncategorized @lb\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/\",\"name\":\"Faktencheck: Alen SWR-B\u00e4itrag kee Beweis dofir, dass Infraschall vu Wandrieder schiedlech ass - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/da125c3427591b29393c002a1304e6cb.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-02-03T06:27:55+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/da125c3427591b29393c002a1304e6cb.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/da125c3427591b29393c002a1304e6cb.jpeg\",\"width\":620,\"height\":349,\"caption\":\"Faktencheck: Alen SWR-B\u00e4itrag kee Beweis dofir, dass Infraschall vu Wandrieder schiedlech ass - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Alen SWR-B\u00e4itrag kee Beweis dofir, dass Infraschall vu Wandrieder schiedlech ass\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Alen SWR-B\u00e4itrag kee Beweis dofir, dass Infraschall vu Wandrieder schiedlech ass - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Alen SWR-B\u00e4itrag kee Beweis dofir, dass Infraschall vu Wandrieder schiedlech ass - EDMO Belux","og_description":"S\u00e4it Joren ass d'Behaaptung am \u00cbmlaf, dass nidderegfrequent Schallwelle vun Eolienne - sougenannten Infraschall - krank maachen.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-02-03T06:27:55+00:00","og_image":[{"width":620,"height":349,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/da125c3427591b29393c002a1304e6cb.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"14 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Alen SWR-B\u00e4itrag kee Beweis dofir, dass Infraschall vu Wandrieder schiedlech ass","datePublished":"2023-02-03T06:27:55+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/"},"wordCount":2962,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/da125c3427591b29393c002a1304e6cb.jpeg","articleSection":["\u00cbmwelt","Gesondheet","Uncategorized @lb","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/","name":"Faktencheck: Alen SWR-B\u00e4itrag kee Beweis dofir, dass Infraschall vu Wandrieder schiedlech ass - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/da125c3427591b29393c002a1304e6cb.jpeg","datePublished":"2023-02-03T06:27:55+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/da125c3427591b29393c002a1304e6cb.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/01\/da125c3427591b29393c002a1304e6cb.jpeg","width":620,"height":349,"caption":"Faktencheck: Alen SWR-B\u00e4itrag kee Beweis dofir, dass Infraschall vu Wandrieder schiedlech ass - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-alen-swr-bitrag-kee-beweis-dofir-dass-infraschall-vu-wandrieder-schiedlech-ass\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Alen SWR-B\u00e4itrag kee Beweis dofir, dass Infraschall vu Wandrieder schiedlech ass"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/235511","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=235511"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/235511\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/235491"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=235511"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=235511"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=235511"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}