{"id":236637,"date":"2023-02-07T09:00:38","date_gmt":"2023-02-07T09:00:38","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=236637"},"modified":"2023-02-06T15:13:35","modified_gmt":"2023-02-06T15:13:35","slug":"faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Firwat de Film &#8220;Died Suddenly&#8221; falsch an ierf\u00e9ierend Behaaptungen iwwer Covid-19-Vaccine verst\u00e4erkt"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Internationale Gesondheetsagencen no sch\u00fctze Covid-19-Vaccinen immens effikass g\u00e9int schw\u00e9ier an d\u00e9idlech Krankheetsverleef. E Film, dee weltw\u00e4it m\u00e9i w\u00e9i 10 Millioune Mol gekuckt gouf, behaapt, dass d&#8217;Impfungen Deel vun enger Konspiratioun sinn, d\u00e9i d&#8217;Weltbev\u00eblkerung reduz\u00e9iere soll.<\/p>\n<p>Dosende User hunn de Link fir de Film &#8220;Died Suddenly&#8221; Enn November 2022 op <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/dksu5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> gedeelt. Op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/QQ4C-GU3Y?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a> huet de Film e puer dausend Leit erreecht. De Film gouf vun der AFP schonn op <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/doc.afp.com.32WU8WB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Frans\u00e9isch<\/a>, <a href=\"https:\/\/cinjenice.afp.com\/doc.afp.com.32WZ6E9?fbclid=IwAR2Y21zvwqDANJxukP4sr-pdJmlhowYHrq0kEFLIJbutoX66-GIh_EGwi64\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Serbesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.33389NG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Finnesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/sprawdzam.afp.com\/doc.afp.com.334W4FG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Polnesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/factchecknederland.afp.com\/doc.afp.com.32WZ2ZK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Holl\u00e4nnesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/proveri.afp.com\/doc.afp.com.336272G\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bulgaresch<\/a> an <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.32VB23Q\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Englesch<\/a> gepr\u00e9ift.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/02\/b5342cecf13f3b8f518ee820c3694519.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshot der Video-Plattform Rumble, auf der der Film gezeigt wurde: 27. November 2022<\/p>\n<p>&#8220;Died Suddenly&#8221;\u00a0 gouf den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/52S4-QHAG?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">21. November 2022<\/a> op Rumble mat der follgender Iwwerschr\u00ebft ver\u00ebffentlecht: &#8220;S\u00e4it Joerhonnerte verbreet d\u00e9i global Elitt hir Intentiounen, d&#8217;Welt ze entv\u00eblkeren &#8211; souguer bis op de Punkt, un deem se a Stee gemeesselt ginn. An awer&#8230; sch\u00e9nge mir hinnen ni ze gleewen. The Stew Peters Network ass houfreg, DIED SUDDENLY ze present\u00e9ieren.&#8221;<\/p>\n<p>De Peters, e <a href=\"https:\/\/perma.cc\/D4TF-MKZW?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">rietsextreeme Moderator vun der Talkshow<\/a>, verbreet a senger Sendung &#8220;The Stew Peters Show&#8221; reegelm\u00e9isseg <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/http%253A%252F%252Fdoc.afp.com%252F9NN97X-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Konspiratiounstherorien<\/a> a <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/http%253A%252F%252Fdoc.afp.com%252F9KZ9WM-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">falsch Behaaptungen<\/a> iwwer de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/E5WB-VUHV?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Coronavirus an d&#8217;Impfstoffer dog\u00e9int<\/a>.<\/p>\n<p>De Film geet mat der Milit\u00e4rdoktesch <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2Z99-HP6J?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Theresa M. Long<\/a> op en Enn, d\u00e9i iwwer Covid-19-Vaccine seet: &#8220;Et ass meng professionell medezinesch Meenung, dass et sech \u00ebm eng Biowaff handelt, d\u00e9i g\u00e9int d&#8217;M\u00ebnschheet agesat gouf, fir d&#8217;Weltpopulatioun ze entv\u00eblkeren an ze kontroll\u00e9ieren.&#8221;<\/p>\n<p>Eng Rei <a href=\"https:\/\/perma.cc\/PMG2-8672\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Expertinnen<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/VXL2-PJJQ?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Experten<\/a> hunn awer <a href=\"https:\/\/perma.cc\/CC9W-PFU2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">erkl\u00e4ert<\/a>, dass d&#8217;Behaaptungen am Film &#8220;Died Suddenly&#8221; falsch sinn. D&#8217;AFP huet der schonn eng R\u00ebtsch opgedeckt.<\/p>\n<p>&#8220;E besseren Numm fir d\u00e9i neist Anti-Impf-&#8216;Schockumentatioun&#8217; &#8216;Died Suddenly&#8217; (Pl\u00ebtzlech dout) w\u00e4r &#8216;Lied Suddenly&#8217; (Pl\u00ebtzlech gelunn), well se besteet aus lauter Ligen&#8221;, sot d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/GV8G-DF3M?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Susan Oliver<\/a>, eng australesch W\u00ebssenschaftlerin mat engem Doktertitel an der Nanomedezin, an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8P8T-B2GF?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Tweet<\/a> vum 27. November 2022.<\/p>\n<p><a>Iwwerstierflechkeet w\u00e4rend der\u00a0<\/a> Corona-Pandemie<\/p>\n<p>&#8220;Died Suddenly&#8221; versicht d\u00e9i iwwerduerchschn\u00ebttlech heefeg Doudesf\u00e4ll w\u00e4rend der Pandemie mat de Covid-Impfstoffer a Verbindung ze br\u00e9ngen.<\/p>\n<p>&#8220;Wann et d&#8217;Zil war, d&#8217;Weltpopulatioun ze reduz\u00e9ieren, dann huet et funktion\u00e9iert&#8221;, sot de Peter McCullough, e Kardiolog, deem seng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/UH5Z-2ADS?type=standard\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Brevete w\u00e9inst der Verbreedung vu falschen an ierf\u00e9ierenden Informatioune vum American Board of Internal Medecine gepr\u00e9ift ginn<\/a>, am Film. De McCullough ass der AFP schonn e puer Mol mat Falschbehaaptungen opgefall (<a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.32474V8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/http%253A%252F%252Fdoc.afp.com%252F9KZ9WM-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>).<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/perma.cc\/QYE4-AWQC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Fuerscher<\/a> hunn allerd\u00e9ngs erkl\u00e4ert, dass d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/XC7L-ET9K\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Donn\u00e9e\u00ebn zu Covid-19-Stierff\u00e4ll<\/a> vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) dorop hiweisen, dass weltw\u00e4it 6,6 Millioune M\u00ebnschen u Covid-19 gestuerwe sinn &#8211; net un Niewewierkunge vun de Covid-Impfungen.<\/p>\n<p>D&#8217;US-Epidemiologin <a href=\"https:\/\/perma.cc\/RWW9-DA49\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Katrine Wallace<\/a> huet de Film als &#8220;Desinformatioun&#8221; bezeechent an huet de 27. November 2022 op Twitter erkl\u00e4ert, dass d&#8217;Impfung g\u00e9int Covid-19 <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6E75-WVF5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Millioune M\u00ebnscheliewe<\/a> gerett h\u00e4tt. D&#8217;Wallace huet de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9XFV-99TL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Cardiac Arrest Registry to Enhance Survival<\/a>, e Reg\u00ebster iwwer H\u00e4erzst\u00ebllst\u00e4nn an den USA, benotzt, fir ze weisen, dass st\u00ebnterlech H\u00e4erzst\u00ebllst\u00e4nn am Joer 2020 an den USA m\u00e9i heefeg opgetruede sinn &#8211; deemools war d&#8217;Pandemie op hirem H\u00e9ichpunkt an d&#8217;Vaccinen nach net disponibel.<\/p>\n<blockquote class=\"twitter-tweet\"><p>A) If the vaccine was supposed to \u201cdepopulate the world\u201d as the doc claims, then it\u2019s doing a bad job. Instead it saved millions of lives. COVID would have done a better job just running unchecked. \/2 <a href=\"https:\/\/t.co\/tlo2RwdNzI\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">pic.twitter.com\/tlo2RwdNzI<\/a><\/p>\n<p>\u2014 Katrine Wallace, PhD (@DrKatEpi) <a href=\"https:\/\/twitter.com\/DrKatEpi\/status\/1596686221710860291?ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">November 27, 2022<\/a><\/p><\/blockquote>\n<p><script charset=\"utf-8\" type=\"text\/javascript\" src=\"https:\/\/platform.twitter.com\/widgets.js\" xml:space=\"preserve\"><\/script><\/p>\n<p>S\u00e4it 2020 ass a bal alle L\u00e4nner vun der Welt eng <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20221126131711\/https:\/www.cdc.gov\/nchs\/nvss\/vsrr\/covid19\/excess_deaths.htm\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gr\u00e9isser Iwwerstierflechkeet<\/a> festzestellen, also d&#8217;Differenz t\u00ebschent den tats\u00e4chlech <a href=\"https:\/\/perma.cc\/QYE4-AWQC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">observ\u00e9ierten<\/a> an den Doudesf\u00e4ll, d\u00e9i statistesch erwaart ginn, a best\u00ebmmten Z\u00e4itraim. Expertinnen an Experte soen awer, dass et <a href=\"https:\/\/perma.cc\/B2LU-YB57\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">keen Hiweis<\/a> dofir g\u00ebtt, dass Impfstoffer doru schold w\u00e4ren.<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZK7Y-GUW3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Frank Yanfeng Han<\/a>, Spezialist fir Kannerkardiologie bei Northwestern Medicine an den USA, huet op eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/B8VB-79PZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd<\/a> opmierksam gemaach, d\u00e9i Doudesf\u00e4ll a Schweden an Norwegen vergl\u00e4icht. Et goufe m\u00e9i Doudesf\u00e4ll am Zesummenhang mat Covid-19-Komplikatiounen a Schweden festgestallt, wou manner Moossnamen, fir d&#8217;Pandemie anzed\u00e4mmen, agef\u00e9iert goufen.<\/p>\n<p>&#8220;Covid ass wierklech e schlechte Schauspiller, a souguer wann de Public Impfunge ferm ofleent, sollten awer Ustrengungen \u00ebnnerholl ginn, fir d&#8217;Ausbreedung vu Covid anzed\u00e4mmen, well en all Organ am Kierper befale kann, souguer bei Patiente mat liichtem Covid&#8221;, sot den Han.<\/p>\n<p>Och dat Statistescht Bundesamt Destatis an D\u00e4itschland huet \u00e4nlech Donn\u00e9e\u00eb publiz\u00e9iert. Enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/AN7Y-NCVT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">sonnerer Ausw\u00e4ertung iwwer d&#8217;Zuel vu Stierff\u00e4ll<\/a> an de Joren 2020 bis 2023 no sinn Enn M\u00e4erz 2020 \u00ebmmer nees Iwwerstierflechkeeten observ\u00e9iert ginn.<\/p>\n<p>Dofir g\u00ebtt et eng Rei Gr\u00ebnn, zum Beispill Corona-Erkrankungen, Welle vun der Gripp, H\u00ebtzt an dat demografescht Altere vun der Bev\u00eblkerung, an awer huet de Spriecher Enrico Becker de 5. Januar 2023 g\u00e9intiwwer der AFP op en <a href=\"https:\/\/perma.cc\/FK9R-JRBZ?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a> am Fachjournal &#8220;Nature&#8221; higewisen. Doran huet de <a href=\"https:\/\/archive.ph\/wip\/YOCVd\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Jonas Sch\u00f6ley<\/a>, Leeder vun der Et\u00fcd, vum Max-Planck-Institut fir Demografie festgestallt, dass m\u00e9i h\u00e9ich Impftauxe mat manner h\u00e9ije Stierwestauxe korrel\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Allerd\u00e9ngs huet de Becker och gesot: &#8220;Um Doudesch\u00e4in g\u00ebtt gronds\u00e4tzlech net erfaasst, ob Verstuerwener geimpft waren oder net. Ausname besti just, wann den Doudesfall am Zesummenhang mat enger Impfung steet an dat vum Dokter oder der Doktesch esou constat\u00e9iert gouf.&#8221;<\/p>\n<p>De Paul-Ehrlich-Institut (PEI) registr\u00e9iert Niewewierkunge vu Covid-Impfungen an D\u00e4itschland. Op senger Internets\u00e4it publiz\u00e9iert de PEI S\u00e9cherheetsrapporten iwwer seng Observatiounen. Den aktuelle S\u00e9cherheetsrapport geet iwwer den Z\u00e4itraum vum 27. Dezember 2020 bis den 30. Juni 2022. Zwar gouf et <a href=\"https:\/\/perma.cc\/UN9Y-KLZ8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">3023 Verdachtsf\u00e4ll<\/a> mat d\u00e9idlechem Ausgank no enger Covid-Impfung, dovu st\u00e9ingen awer just 120 F\u00e4ll warscheinlech domat a Verbindung. Zu d\u00ebsem Z\u00e4itpunkt hunn awer <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3SF4-SKBK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ongef\u00e9ier 64,7 Millioune M\u00ebnschen<\/a> an D\u00e4itschland ***W\u00e9i ass d&#8217;Situatioun zu L\u00ebtzebuerg?*** schonn op d&#8217;mannst eng Impfung kritt. Doudesf\u00e4ll sinn also extreem seelen.<\/p>\n<p>Angeeblech pl\u00ebtzlech Doudesf\u00e4ll<\/p>\n<p>De Film versicht och, pl\u00ebtzlech Doudesf\u00e4ll mat der Covid-19-Impfung a Verbindung ze br\u00e9ngen, liwwert awer keng Beweiser dofir, dass d&#8217;Doudesf\u00e4ll duerch d&#8217;Impfung ausgel\u00e9ist goufen.<\/p>\n<p>&#8220;Een huet erw\u00e4\u00e4nt, et sollt ee bei Google &#8216;pl\u00ebtzlech stierwen&#8217; aginn an d&#8217;Noriichtenartikele fannen, d\u00e9i opdauchen&#8221;, seet den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/NM52-BW2H?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Chad Whisnant<\/a>, en Entrepreneur fir Begriefnisser aus dem US-Bundesstaat Alabama, an deem Video.<\/p>\n<p>Duerno k\u00ebnnt e Montage vu Sichresultater, vun deenen d\u00e9i <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/pN2P0\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">meescht<\/a> net op d&#8217;Covid-19-Impfung <a href=\"https:\/\/archive.ph\/wip\/gERrU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">aginn<\/a>. An enger Schlagzeil geet et \u00ebm e jonke Mann, dee bei engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/A8TG-57ZR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Autosaccident<\/a> \u00ebm d&#8217;Liewe koum, an enger anerer \u00ebm den Niddergang vun der Cloud-Gaming-Plattform <a href=\"https:\/\/archive.ph\/D9zrn\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Stadia<\/a> vu Google.<\/p>\n<p>An engem Artikel geet et \u00ebm en 1<a href=\"https:\/\/archive.ph\/wip\/pnPtf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">3-j\u00e4rege Jong aus Michigan<\/a>, deen e puer Deeg no der zweeter Dosis g\u00e9int Covid-19 vu Pfizer-BioNTech gestuerwen ass. <a href=\"https:\/\/archive.ph\/WG8nj\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Lokal Medien hate gemellt<\/a>, dass eng geriichtsmedezinesch Autopsie kee kausalen Zesummenhang mam Impfstoff erginn huet.<\/p>\n<p>W\u00e9i den Doudegriewer Whisnant den onerwaarten Doud vu prominente Pers\u00e9inlechkeeten uschw\u00e4tzt, g\u00ebtt um Bildschierm e Bild vum amerikanesche Baseballspiller Hank Aaron gewisen, dee seng Covid-Impfung krut. E Geriichtsmedezinner an d&#8217;Morehouse School of Medicine, wou den Aaron geimpft gouf, hu <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/hall-famer-hank-aarons-death-unrelated-covid-19-vaccination\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">g\u00e9intiwwer der AFP am Joer 2021 erkl\u00e4ert<\/a>, dass s\u00e4in Doud n\u00e4ischt mat der Impfung ze dinn h\u00e4tt.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP hat virdru bericht, dass Covid-19-Vaccinen net mat <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.32D388Z\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">st\u00ebnterlechem oder onklorem H\u00e4erzdoud<\/a> a Verbindung stinn. Dozou zielen och eng Rei vun H\u00e4erzrhythmusst\u00e9ierungen, d\u00e9i dacks geneetesch bed\u00e9ngt sinn.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet och w\u00e9inst d\u00ebser Behaaptung beim Spriecher vum Destatis nogefrot. Hie sot: &#8220;D&#8217;Ausso, dass d&#8217;Zuel vu &#8216;st\u00ebnterlechen an ongekl\u00e4erten Doudesf\u00e4ll&#8217; s\u00e4it der Disponibilit\u00e9it vu Covid-19-Vaccinen zouhuele g\u00e9if, k\u00ebnne mir fir D\u00e4itschland net confirm\u00e9ieren.&#8221; An der Annex huet Donn\u00e9e\u00eb matgesch\u00e9ckt, no deenen d&#8217;Fallzuel am Joer 2021 mat 33.900 &#8220;ongenee bezeechenten an onbekannten Doudesursaachen&#8221; ongef\u00e9ier esou grouss ass w\u00e9i 2019. De Becker sot weider: &#8220;Et g\u00ebtt also keng Hausse vun d\u00ebse F\u00e4ll a soumat och keen Ulass, d&#8217;Impfung als Ursaach ze vermudden.&#8221;<\/p>\n<p>De PEI huet a senge <a href=\"https:\/\/perma.cc\/UN9Y-KLZ8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">S\u00e9cherheetsrapporten<\/a> iwwer Niewewierkunge vun de Covid-Vaccinen och Auswierkungen op d&#8217;H\u00e4erz beschriwwen. W\u00e9i schonn erw\u00e4\u00e4nt, gouf et am Verh\u00e4ltnis zu der grouss ugeluechter Impfcampagne an D\u00e4itschland, d\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5CWU-3Q4Z?type=standard\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">besonnesch op de Comirnaty-Impfstoff vu BioNTech bas\u00e9iert<\/a> war, insgesamt just ganz w\u00e9ineg Doudesf\u00e4ll. D&#8217;Doudesf\u00e4ll sinn net kategoris\u00e9iert. St\u00ebnterlechen H\u00e4erzdoud ass an de S\u00e9cherheetsrapporten n\u00e9ierens ze fannen.<\/p>\n<p>De PEI huet awer <a href=\"https:\/\/archive.ph\/qS7ha\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">H\u00e4erzrhythmusst\u00e9ierungen<\/a> als m\u00e9iglech Niewewierkung vu Covid-Impfungen opgef\u00e9iert. Statistesch huet d&#8217;H\u00e4erz bei 4,85 vun 100.000 Persounen, d\u00e9i mat Comirnaty geimpft goufen, no der Impfung ze lues, ze s\u00e9ier och och ze onreegelm\u00e9isseg geschloen.<\/p>\n<p>Ongew\u00e9inlech Verklompungen<\/p>\n<p>Am Film &#8220;Died Suddenly&#8221; sinn Aussoe vun Abalsam\u00e9ierer an Doudegriewer enthalen, d\u00e9i beschreiwen, dass si ongew\u00e9inlech Ger\u00ebnnsel an de L\u00e4iche fonnt h\u00e4tten.<\/p>\n<p>Ee vun de Spriecher am Film ass de Richard Hirschman, e <a href=\"https:\/\/perma.cc\/G6MN-EMXF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">lizens\u00e9ierten Abalsam\u00e9ierer<\/a> an Alabama, deen <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.32JG7UE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">der AFP an enger Facebook-Noricht am September 2022<\/a> matgedeelt huet, dass hie &#8220;keen Dokter oder W\u00ebssenschaftler&#8221; w\u00e4r. Am Film kommen och den <a href=\"https:\/\/archive.ph\/wip\/1NH4k\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">John O&#8217;Looney<\/a>, en Doudegriewer aus dem Vereenegte Kinnekr\u00e4ich, deen am Virfeld <a href=\"https:\/\/archive.ph\/rqP1K\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Feelinformatiounen<\/a> iwwer d&#8217;Pandemie verbreet huet, an de Brenton Faithfull, e Doudegriewer aus Neis\u00e9iland, deen den <a href=\"https:\/\/archive.ph\/wip\/ugirp\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Doud vu senge Client\u00eb f\u00e4lschlecherweis mat Covid-19-Impfstoffer a Verbindung bruecht<\/a> huet, zu Wuert.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/02\/90d9437a8942e55f8b334c076e91f533.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Dieser Screenshot vom 27. November 2022 zeigt eine Szene aus &#8220;Died Suddenly&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Abalsam\u00e9ierer am Film &#8220;Died Suddenly&#8221; stellen en Zesummenhang t\u00ebschent der Presenz vu Bluttger\u00ebnnsel am Kierper vu munche Verstuerwene mat den Impfungen hier. Expertinnen an Experten hunn awer <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.32JG7UE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">eng Rei aner M\u00e9iglechkeeten<\/a> dofir genannt, dor\u00ebnner <a href=\"https:\/\/archive.ph\/fxa3f\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Adipositas<\/a>, <a href=\"https:\/\/archive.ph\/fwfmY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">F\u00ebmmen<\/a> oder eng <a href=\"https:\/\/archive.ph\/wip\/KXBr2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Infektioun mat Covid-19<\/a>.<\/p>\n<p>D&#8217;Monica Torres vun der Begriefnisentreprise <a href=\"https:\/\/archive.ph\/R6IMD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">NXT Generation Mortuary Support<\/a> am US-Bundesstaat Arizona huet d&#8217;Bluttger\u00ebnnsel op d&#8217;Killen zer\u00e9ckgef\u00e9iert.<\/p>\n<p>&#8220;Et waren einfach esou vill L\u00e4ichen ze verschaffen, dass vill vun hinne laang Z\u00e4it am Frigo louchen, soudass si Bluttger\u00ebnnsel kruten. Dat ass keng gr\u00e9isser Saach, an d\u00ebs Leit prob\u00e9ieren, doraus eng Saach ze maachen&#8221;, huet si an enger E-Mail vum 19. September 2022 geschriwwen.<\/p>\n<p>Dem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4CN4-GWSP?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">David Dorward<\/a>, engem berodende Patholog an Dozent op der University of Edinburgh, no ass et oft onm\u00e9iglech, d&#8217;Ursaach vun engem Bluttger\u00ebnnsel eleng unhand vu sengem Ausgesinn ze best\u00ebmmen.<\/p>\n<p>&#8220;E Bluttger\u00ebnnsel vun engem Patient, dat duerch eng Covid-Infektioun ausgel\u00e9ist gouf, g\u00e9if am Verglach zu engem Bluttger\u00ebnsel, dat sech no enger l\u00e4ngerer Bettrou no enger gr\u00e9isserer Operatioun form\u00e9iert huet, zimmlech identesch ausgesinn&#8221;, huet hien an enger E-Mail vum 22. September 2022 gemengt.<\/p>\n<p>Ongef\u00e9ier bei Minutt 52 vum Film seet een Abalsam\u00e9ierer: &#8220;Ech mengen, dass en Dokter dat just dann am Kierper gesi k\u00e9int, wann hien tats\u00e4chlech an de Kierper eragoe g\u00e9if.&#8221; Duerno kommen Opnamen, d\u00e9i weisen, w\u00e9i e grousst Ger\u00ebnnsel aus engem H\u00e4erz erausgeholl g\u00ebtt.<\/p>\n<p>A Wierklechkeet weist de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/UPM4-45RW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Video awer eng Longenembolie<\/a>, d\u00e9i aus engem liewege Patient erausgeholl g\u00ebtt. D&#8217;Biller goufen 2019 op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/SVX3-XSED?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">YouTube eropgelueden<\/a> &#8211; virun der Pandemie.<\/p>\n<p>D&#8217;Gesondheetsagence Health Canada f\u00e9iert \u00ebnner den Niewewierkungen, d\u00e9i nom Spr\u00ebtze vu Covid-19-Impfstoffer vun <a href=\"https:\/\/perma.cc\/R55P-DU2X?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Astrazeneca<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HSS7-DDKZ?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Johnson &amp; Johnson<\/a> gemellt goufen, och &#8220;Bluttger\u00ebnnsel mat w\u00e9inege Bluttpl\u00e4ttercher&#8221; op &#8211; och <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/pXiqW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Thrombozytopenie<\/a> genannt. Se sinn awer seelen. D\u00e9i US-amerikanesch <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8JHG-GK49?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Centers for Disease Control and Prevention (CDC)<\/a> hu v\u00e9ier F\u00e4ll vun esou Bluttger\u00ebnnsel pro enger Millioun Dosisse mam Preparat vun Johnson &amp; Johnson best\u00e4tegt.<\/p>\n<p>De PEI huet an D\u00e4itschland och F\u00e4ll vun Thrombozytopenie als Niewewierkung vu Covid-Impfungen observ\u00e9iert, zu d\u00e4r et awer keen eendeitegen Hiweis op e Risiko g\u00e9if. Op all Impfstoffer verdeelt goufen t\u00ebschent dem 27. Dezember 2020 an dem 30. Juli 2022 930 F\u00e4ll constat\u00e9iert. De PEI huet entdeckt, dass d\u00ebs Niewewierkung besonnesch beim Vaccin vun Astrazeneca opgetrueden ass, huet se awer als &#8220;<a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/XyJC7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ganz seelen<\/a>&#8221; bezeechent. Den Impfstoff gouf s\u00e4it dem 1. Dezember 2021 <a href=\"https:\/\/archive.ph\/wip\/nTZko\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">net m\u00e9i an D\u00e4itschland gespr\u00ebtzt<\/a>.<\/p>\n<p>Keng Doutgebuerten duerch Impfstoffer<\/p>\n<p>&#8220;Died Suddenly&#8221; br\u00e9ngt d&#8217;Covid-19-Impfstoffer ausserdeem ouni Begr\u00ebnnung mat Doutgebuerten a Verbindung.<\/p>\n<p>Am Film kommen d&#8217;Michelle Gershon, eng examin\u00e9iert Krankeschw\u00ebster aus <a href=\"https:\/\/archive.ph\/6S51Q\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Fresno<\/a> a Kalifornien, an den <a href=\"https:\/\/archive.ph\/wip\/DOR53\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">James Thorp<\/a>, e Gynekolog aus Florida, zu Wuert. Den Thorp ass Member vum <a href=\"https:\/\/archive.ph\/wip\/Ynnfz\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">World Council for Health<\/a>, eng Grupp, d\u00e9i d\u00e9i scho fr\u00e9ier Feelinformatiounen iwwer Vaccine verbreet huet.<\/p>\n<p>De Thorp present\u00e9iert eng statistesch Analys, an d\u00e4r hie behaapt, dass et am kanadesche Waterloo bannent engem kuerzen Z\u00e4itraum 83 Doutgebuerte ginn h\u00e4tt.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet scho Behaaptungen iwwer eng angeeblech ongew\u00e9inlech <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/http%253A%252F%252Fdoc.afp.com%252F9TD998-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Hausse vun Doutgebuerten<\/a> a Kanada am Joer 2021 \u00ebnnersicht. D&#8217;Agencen op der Plaz hunn deemools erkl\u00e4ert, un der Behaaptung w\u00e4r &#8220;n\u00e4ischt drun&#8221;. Dat beleet och eng <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/http%253A%252F%252Fdoc.afp.com%252F9F37U7-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">grouss ugeluecht Et\u00fcd vun de CDC<\/a>, bei d\u00e4r iwwer z\u00e9ngdausend schwanger Fraen observ\u00e9iert goufen &#8211; iwwer d&#8217;Resultater vun der Et\u00fcd gouf et \u00e4nlech Behaaptunge.<\/p>\n<blockquote class=\"twitter-tweet\"><p>Die Zahl der <a href=\"https:\/\/twitter.com\/hashtag\/Fehlgeburten?src=hash&amp;ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">#Fehlgeburten<\/a> hat sich durch die <a href=\"https:\/\/twitter.com\/hashtag\/CoronaSchutzimpfung?src=hash&amp;ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">#CoronaSchutzimpfung<\/a> nicht erh\u00f6ht. Sie liegt im Durchschnitt. Elf deutsche gyn\u00e4kologische Fachgesellschaften best\u00e4tigen: die Impfung f\u00fchrt nicht zu mehr Komplikationen in der Schwangerschaft: <a href=\"https:\/\/t.co\/XSlvOnAaiE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">https:\/\/t.co\/XSlvOnAaiE<\/a><a href=\"https:\/\/t.co\/YHLevSDIi6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">pic.twitter.com\/YHLevSDIi6<\/a><\/p>\n<p>\u2014 Bundesgesundheitsministerium (@BMG_Bund) <a href=\"https:\/\/twitter.com\/BMG_Bund\/status\/1425789188671164416?ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">August 12, 2021<\/a><\/p><\/blockquote>\n<p><script charset=\"utf-8\" type=\"text\/javascript\" src=\"https:\/\/platform.twitter.com\/widgets.js\" xml:space=\"preserve\"><\/script><\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/perma.cc\/XMK8-4RCC?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">D&#8217;Victoria Male<\/a>, Dozentin fir Reproduktiounsimmunologie um Imperial College London, huet 30 Et\u00fcden aus aacht L\u00e4nner ausgew\u00e4ert, d\u00e9i sech mat der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8UJP-7LNV?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">S\u00e9cherheet vun der Impfung g\u00e9int Covid-19 an der Schwangerschaft<\/a> befaassen. A kenger gouf e m\u00e9i h\u00e9ije Risiko fir Doutgebuerte festgestallt.<\/p>\n<p>Och op Nofro nom aktuelle Stand vun den Donn\u00e9e\u00ebn an D\u00e4itschland, mat Bl\u00e9ck op d\u00ebs Behaaptung, huet d&#8217;Spriecherin vum PEI, Susanne St\u00f6cker, den 3. Januar 2023 g\u00e9intiwwer der AFP matgedeelt, dass de PEI mam <a href=\"https:\/\/archive.ph\/wip\/atwq9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Pharmakovigilance- a Berodungszenter PVZ fir Embryonaltoxikologie vun der Charit\u00e9 zu Berlin<\/a> eng <a href=\"https:\/\/archive.ph\/wip\/sWHzh\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Observatiounset\u00fcd zu Covid-19-Impfungen an der Schwangerschaft<\/a> duerchf\u00e9iere g\u00e9if. Bei d\u00ebser ginn iwwer 4000 schwanger Fraen observ\u00e9iert. Se leeft nach bis den 30. September 2023.<\/p>\n<p>D&#8217;St\u00f6cker huet awer elo schonn erkl\u00e4ert: &#8220;Aus den Donn\u00e9e\u00eb vun der Observatiounset\u00fcd, d\u00e9i bis elo erhuewe goufen, erg\u00ebtt sech keen Hiweis op e Risikosignal, weder am Hibl\u00e9ck op Feelgebuerten nach am Hibl\u00e9ck op m\u00e9iglech Probleemer mat der Fruchtbarkeet. Dohier huet et zu d\u00ebsem Sujet och keng Informatiounen an de S\u00e9cherheetsrapporte vum Paul-Ehrlich-Institut ginn.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet och bei der <a href=\"https:\/\/archive.ph\/wip\/ygIXh\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Brigitte Strizek<\/a>, Direktesch vun der Gebuertsh\u00ebllef a prenataler Medezin an der Universit\u00e9itsklinick Bonn (UKB), w\u00e9inst der Behaaptung nogefrot. De 17. Januar 2023 huet si erkl\u00e4ert: Et g\u00ebtt an D\u00e4itschland keng Statistik, op d\u00e9i ee sech verloosse kann, d\u00e9i d&#8217;Gr\u00ebnn fir Feelgebuerten erfaasst. Dow\u00e9inst ass et immens schw\u00e9ier, d&#8217;Behaaptung, et g\u00e9if m\u00e9i Feelgebuerte w\u00e9inst Corona-Impfungen, ze widderlee\u00ebn oder ze belee\u00ebn, awer mir gesi selwer kee Beweis fir d&#8217;Behaaptung, d\u00e9i am Internet virgedroe gouf.&#8221; Hir w\u00e4r keen eenzege Fall bekannt, bei deem eng Impfung g\u00e9int Covid zu enger Feelgebuert gef\u00e9iert h\u00e4tt.<\/p>\n<p>Am G\u00e9igendeel: &#8220;D&#8217;Impfung huet vill schwanger Frae viru grave Verleef vun enger Corona-Infektioun gerett. S\u00e4itdeem immens vill schwanger Frae geimpft oder nees gesond sinn, hu mir d\u00e4itlech manner grav Verleef an der Schwangerschaft gesinn&#8221;, sot d&#8217;Strizek.<\/p>\n<p>Expertinnen an Experten hunn am September 2022 <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.32K87VB-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">g\u00e9intiwwer der AFP<\/a> dorop higewisen, dass sech schwanger Fraen impfe loosse sollten. De <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/mmgDi\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Robert-Koch-Institut (RKI)<\/a> recommand\u00e9iert d&#8217;Covid-19-Impfung zum Schutz viru schw\u00e9ieren Erkrankungen an Hospitalisatiounen, w\u00e9i och <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20220831143108\/https:\/www.canada.ca\/en\/public-health\/services\/diseases\/coronavirus-disease-covid-19\/vaccines\/safety-side-effects.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Health Canada<\/a> an d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/H7WW-DB6K\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">CDC<\/a>.<\/p>\n<p>Weider Faktenchecke vun der AFP iwwer Feelinformatiounen zu Impfstoffer fannt Dir <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/list\/all\/all\/38601\/all\/tid-38601\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> De Film &#8220;Died Suddenly&#8221; stellt eng ganz Rei falsch an ierf\u00e9ierend Behaaptungen op. Expertinnen an Experte souw\u00e9i international Donn\u00e9e\u00eb belee\u00ebn, dass Covid-Impfungen net zu enger Iwwerstierflechkeet w\u00e4rend der Corona-Pandemie gef\u00e9iert hunn. Genee esou w\u00e9ineg zu m\u00e9i Feelgebuerten oder heefege Bluttger\u00ebnnsel.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Internationale Gesondheetsagencen no sch\u00fctze Covid-19-Vaccinen immens effikass g\u00e9int schw\u00e9ier an d\u00e9idlech Krankheetsverleef. E Film, dee weltw\u00e4it m\u00e9i w\u00e9i 10 Millioune Mol gekuckt gouf, behaapt, dass d&#8217;Impfungen Deel vun enger Konspiratioun sinn, d\u00e9i d&#8217;Weltbev\u00eblkerung reduz\u00e9iere soll.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":236622,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[184,234,190,181],"tags":[],"class_list":{"0":"post-236637","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-covid-19-lb","8":"category-fuerschung-studien","9":"category-gesondheet","10":"category-uncategorized-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2025523","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2025523.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Firwat de Film &quot;Died Suddenly&quot; falsch an ierf\u00e9ierend Behaaptungen iwwer Covid-19-Vaccine verst\u00e4erkt - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Firwat de Film &quot;Died Suddenly&quot; falsch an ierf\u00e9ierend Behaaptungen iwwer Covid-19-Vaccine verst\u00e4erkt - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Internationale Gesondheetsagencen no sch\u00fctze Covid-19-Vaccinen immens effikass g\u00e9int schw\u00e9ier an d\u00e9idlech Krankheetsverleef. E Film, dee weltw\u00e4it m\u00e9i w\u00e9i 10 Millioune Mol gekuckt gouf, behaapt, dass d&#039;Impfungen Deel vun enger Konspiratioun sinn, d\u00e9i d&#039;Weltbev\u00eblkerung reduz\u00e9iere soll.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-02-07T09:00:38+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/02\/8e7911d1c41a02f7067923f0929c963a.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"13 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Firwat de Film &#8220;Died Suddenly&#8221; falsch an ierf\u00e9ierend Behaaptungen iwwer Covid-19-Vaccine verst\u00e4erkt\",\"datePublished\":\"2023-02-07T09:00:38+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/\"},\"wordCount\":2721,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/02\/8e7911d1c41a02f7067923f0929c963a.jpeg\",\"articleSection\":[\"COVID-19\",\"Fuerschung &amp; Studien\",\"Gesondheet\",\"Uncategorized @lb\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/\",\"name\":\"Faktencheck: Firwat de Film \\\"Died Suddenly\\\" falsch an ierf\u00e9ierend Behaaptungen iwwer Covid-19-Vaccine verst\u00e4erkt - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/02\/8e7911d1c41a02f7067923f0929c963a.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-02-07T09:00:38+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/02\/8e7911d1c41a02f7067923f0929c963a.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/02\/8e7911d1c41a02f7067923f0929c963a.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Firwat de Film \\\"Died Suddenly\\\" falsch an ierf\u00e9ierend Behaaptungen iwwer Covid-19-Vaccine verst\u00e4erkt - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Firwat de Film &#8220;Died Suddenly&#8221; falsch an ierf\u00e9ierend Behaaptungen iwwer Covid-19-Vaccine verst\u00e4erkt\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Firwat de Film \"Died Suddenly\" falsch an ierf\u00e9ierend Behaaptungen iwwer Covid-19-Vaccine verst\u00e4erkt - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Firwat de Film \"Died Suddenly\" falsch an ierf\u00e9ierend Behaaptungen iwwer Covid-19-Vaccine verst\u00e4erkt - EDMO Belux","og_description":"Internationale Gesondheetsagencen no sch\u00fctze Covid-19-Vaccinen immens effikass g\u00e9int schw\u00e9ier an d\u00e9idlech Krankheetsverleef. E Film, dee weltw\u00e4it m\u00e9i w\u00e9i 10 Millioune Mol gekuckt gouf, behaapt, dass d'Impfungen Deel vun enger Konspiratioun sinn, d\u00e9i d'Weltbev\u00eblkerung reduz\u00e9iere soll.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-02-07T09:00:38+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/02\/8e7911d1c41a02f7067923f0929c963a.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"13 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Firwat de Film &#8220;Died Suddenly&#8221; falsch an ierf\u00e9ierend Behaaptungen iwwer Covid-19-Vaccine verst\u00e4erkt","datePublished":"2023-02-07T09:00:38+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/"},"wordCount":2721,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/02\/8e7911d1c41a02f7067923f0929c963a.jpeg","articleSection":["COVID-19","Fuerschung &amp; Studien","Gesondheet","Uncategorized @lb"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/","name":"Faktencheck: Firwat de Film \"Died Suddenly\" falsch an ierf\u00e9ierend Behaaptungen iwwer Covid-19-Vaccine verst\u00e4erkt - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/02\/8e7911d1c41a02f7067923f0929c963a.jpeg","datePublished":"2023-02-07T09:00:38+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/02\/8e7911d1c41a02f7067923f0929c963a.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/02\/8e7911d1c41a02f7067923f0929c963a.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Firwat de Film \"Died Suddenly\" falsch an ierf\u00e9ierend Behaaptungen iwwer Covid-19-Vaccine verst\u00e4erkt - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-firwat-de-film-died-suddenly-falsch-an-ierfierend-behaaptungen-iwwer-covid-19-vaccine-versterkt\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Firwat de Film &#8220;Died Suddenly&#8221; falsch an ierf\u00e9ierend Behaaptungen iwwer Covid-19-Vaccine verst\u00e4erkt"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/236637","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=236637"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/236637\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/236622"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=236637"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=236637"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=236637"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}