{"id":243760,"date":"2023-03-06T08:00:43","date_gmt":"2023-03-06T08:00:43","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=243760"},"modified":"2023-03-06T15:39:41","modified_gmt":"2023-03-06T15:39:41","slug":"faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/","title":{"rendered":"Faktencheck: \u00c4erdbiewe k\u00ebnnen net virausgesot ginn"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>De 6. Februar 2023 goufen d&#8217;Tierkei a Syrien vun engem \u00c4erdbiewe vun der St\u00e4erkt 7,8 getraff. Den offiziellen Donn\u00e9e\u00eb vum 19. Februar no si bis zu deem Moment 45.000 Doudesaffer ze bekloen an dausende vu Gebaier goufen zerst\u00e9iert. A sozialen Netzwierker g\u00ebtt z\u00ebnterhier doriwwer diskut\u00e9iert, w\u00e9i h\u00e9ich d&#8217;Warscheinlechkeet ass, en \u00c4erdbiewe virauszesoen. D\u00ebs Fro steet am Raum, nodeems en holl\u00e4nnesche User op Twitter d&#8217;\u00c4erdbiewen angeeblech e puer Deeg virdru prognostiz\u00e9iert hat. Expertinnen an Experte si sech awer eens: Bis haut g\u00ebtt et keng w\u00ebssenschaftlech Method, fir \u00c4erdbiewe virauszesoen.<\/p>\n<p>Et loosse sech zwar Risiken asch\u00e4tzen, awer d\u00ebs Warscheinlechkeete bez\u00e9ie sech op en Z\u00e4itraum vun enger Rei Joerhonnerten. Och d&#8217;Fro, ob D\u00e9ieren \u00c4erdbiewe viraussoe k\u00e9inten, g\u00ebtt online diskut\u00e9iert. Expertinnen an Experten hunn awer erkl\u00e4ert, dass D\u00e9iere just d\u00e9i \u00e9ischt Welle vun \u00c4erdbiewe virum M\u00ebnsch spiere k\u00e9inten, wouraus ee keng Virausso schl\u00e9isse k\u00e9int.<\/p>\n<p>A sozialen Netzwierker gouf en Tweet aus Holland e puermol gedeelt. D\u00ebsen Tweet soll d&#8217;\u00c4erdbiewen dr\u00e4i Deeg virdru &#8220;virausgesot&#8221; hunn.<\/p>\n<p>&#8220;Fr\u00e9ier oder sp\u00e9ider w\u00e4ert et en \u00c4erdbiewe vun der St\u00e4erkt 7,5 an d\u00ebser Regioun (s\u00fcdlech Zentraltierkei, Jordanien, Syrien, Libanon) ginn&#8221;, huet den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/TRD3-VFQY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Twitter-User<\/a> den 3. Februar 2023 geschriwwen.<\/p>\n<p>S\u00e4itdeem gouf den Tweet iwwer 50.000 Mol gedeelt a ronn 200.000 Mol mat &#8220;Gef\u00e4lt mir&#8221; mark\u00e9iert.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/8aec9cc26a3a94ea46502d7ce05180b1.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshot eines Twitter-Beitrags, erstellt am 13. Februar 2023 (Chlo\u00e9 Rabs) ( Chlo\u00e9 RABS)<\/p>\n<p>Den Auteur vum Tweet ass de Frank Hoogerbeets, dee sech selwer als &#8220;Fuerscher&#8221; bezeechent. Den Dag \u00e9ier hien den Tweet verfaasst huet, hat hien an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/EP8J-XR7L\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">YouTube-Video<\/a> erkl\u00e4ert, dass d&#8217;\u00c4erdbiewen t\u00ebschent dem &#8220;4. a 6. Februar&#8221; k\u00e9int sinn, woub\u00e4i hie sech bei senge Pronosticken op astronomesch Iwwerleeunge gest\u00e4ipt huet &#8211; de Stand vum Mound, vun der Sonn oder anere Plan\u00e9iten. Seismologinnen a Seismologen, Geologinnen a Geologe si sech awer eens: Et ass g\u00e9igew\u00e4erteg net m\u00e9iglech, en \u00c4erdbiewe virauszesoen.<\/p>\n<p><strong>Wat ass en \u00c4erdbiewen?<\/strong><\/p>\n<p>\u00c4erdbiewen entstinn duerch e pl\u00ebtzleche Spannungsofbau laanscht d&#8217;Br\u00e9ch an der \u00c4erdkrust, w\u00e9i de Schweizerische Erdbebendienst vun der Eidgen\u00f6ssischen Technischen Hochschule (ETH) zu Z\u00fcrich <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/ug5v0?wr=true\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">op senger Internets\u00e4it<\/a> erkl\u00e4ert. D&#8217;Spannung k\u00ebnnt duerch d\u00e9i st\u00e4nneg Beweegung vun den tektonesche Placken zustanen. &#8220;Wann d\u00ebs grouss genuch sinn, entl\u00e9it se sech an enger pl\u00ebtzlecher, ruckaarteger Beweegung. D\u00e9i seismesch Energie, d\u00e9i dob\u00e4i fr\u00e4igelooss g\u00ebtt, breet sech a Form vu Wellen duerch d&#8217;\u00c4erd an op der Uewerfl\u00e4ch aus a verursaacht Vibratiounen, d\u00e9i als Biewe wouergeholl ginn&#8221;, heescht et weider.<\/p>\n<p>D\u00ebs Infografik vun der AFP erkl\u00e4ert, w\u00e9i en \u00c4erdbiewen entsteet.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/b5c8d268f41e4251d167121a8cf393a2.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Thorsten Eberding \/ AFP<\/p>\n<p><strong>\u00c4erdbiewe sinn onberechenbar <\/strong><\/p>\n<p>Obwuel vill iwwer \u00c4erdbiewe gewosst ass, &#8220;ass et onm\u00e9iglech, d\u00e9i genee Plaz, den exakten Datum an d&#8217;Intensit\u00e9it vun engem \u00c4erdbiewe virauszesoen&#8221;, sot de <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/Sbfg9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Yann Klinger<\/a> den 13. Februar g\u00e9intiwwer der AFP. De frans\u00e9ische Fuerscher ass Chef vun der Recherche am Centre national de la recherche scientifique (CNRS), enger nationaler frans\u00e9ischer Fuerschungsorganisatioun. Do schafft hien am Tektonik-Team vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7LPC-NRXV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Institut de Physique du Globe<\/a> zu Par\u00e4is. D\u00ebsen Institut setzt sech mat der Physik vun der \u00c4erdkugel auserneen.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/AK35-W4XR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Lucile Bruhat<\/a>, Doktesch an der Geophysik a Spezialistin fir \u00c4erdbiewen, st\u00ebmmt him zou. Si sot der AFP den 10. Februar 2023: &#8220;Ech soen et mat Nodrock: Mir hu keng w\u00ebssenschaftlech Method, mat d\u00e4r een en \u00c4erdbiewe viraussoe k\u00e9int.&#8221;<\/p>\n<p>Den USGS (United States Geological Survey) ass fir d&#8217;Iwwerwaachung vun de weltw\u00e4ite seismeschen Aktivit\u00e9iten zoust\u00e4nneg. Op senger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/989U-PJM3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a> heescht et: &#8220;Weder den USGS nach aner W\u00ebssenschaftler oder W\u00ebssenschaftlerinnen hu jeemools e grousst \u00c4erdbiewe virausgesot. Mir sinn dozou net f\u00e4eg a w\u00e4erten et warscheinlech och an noer Zukunft net sinn. D&#8217;W\u00ebssenschaftlerinnen a W\u00ebssenschaftler vum USGS k\u00ebnne just d&#8217;Warscheinlechkeet berechnen, w\u00e9ini e staarkt \u00c4erdbiewen a wat fir engem Gebitt an a wat fir enger Z\u00e4it optriede w\u00e4ert.&#8221;<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/95Y6-9D3C\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Olivier Fabbri<\/a> ass Geolog a Professer op der frans\u00e9ischer Universit\u00e9 Franche-Comt\u00e9 a sot der AFP den 13. Februar 2023, dass Seismologen a Seismologinne s\u00e4it Joren aktiv Verwerfunge kartograph\u00e9ieren, &#8220;dat heescht, aktiv Verwerfungen, d\u00e9i beonrouegend h\u00e9ich Spannungen opbauen, wou et dohier onweigerlech zu \u00c4erdbiewe komme kann&#8221;.<\/p>\n<p>Hie sot och nach: &#8220;Mir w\u00ebssen awer net, w\u00e9ini d\u00ebs Verwerfunge wierklech nogi w\u00e4erten. Bei d\u00ebsem Sujet si mir nach um Nullpunkt. Scho bei der Identifiz\u00e9ierung an der Lokalis\u00e9ierung vu gef\u00e9ierleche Plackegrenze w\u00e4ert een ni vollst\u00e4nneg sinn, dohier ass eng Virausso haut komplett illusoresch&#8221;.<\/p>\n<p>Unhand vun der Kartografie, de laangfristegen Estimatioune vun der Vitess, w\u00e9i d\u00ebs Placke sech w\u00e4erte verschiben, vun de Spueren, d\u00e9i vireg \u00c4erdbiewen hannerlooss hunn, k\u00ebnne Seismologinnen a Seismologe Prognosen, awer keng Viraussoe maachen. Dat awer am Kader vun e puer Joerz\u00e9ngten an net kuerzfristeg.<\/p>\n<p>Domat besch\u00e4ftegt sech virun allem de Konsortium European Facilities for Earthquake Hazard and Risk (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/8ETB-R9S8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">EFEHR<\/a>). En entw\u00e9ckelt de Modell fir d&#8217;Gefor an de Risiko vun \u00c4erdbiewen an Europa. An D\u00e4itschland schafft d&#8217;Deutsche Geoforschungszentrum zu Potsdam mam EFEHR zesummen, de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/UV2J-T5JD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">R\u00e9sif-Epos<\/a> ass a Frankr\u00e4ich Representant vum Konsortium. D\u00ebs Fuerscherinnen a Fuerscher hunn am Joer 2022 d&#8217;Kaart fir d&#8217;Gefor vun \u00c4erdbiewen an d&#8217;Kaart fir de Risiko vun \u00c4erdbiewen aktualis\u00e9iert. Gefor vun \u00c4erdbiewe bezeechent d\u00e9i potenziell Vibratioune vum Buedem duerch zuk\u00fcnfteg \u00c4erdbiewen. Mat \u00c4erdbiewerisiko sinn d&#8217;Auswierkungen, d\u00e9i vun zuk\u00fcnftegen \u00c4erdbiewen ze erwaarde sinn, gemengt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/2fea21fa349f2e1d4ac90d2173ae2ee6.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Karte der Erdbebengef\u00e4hrdung in ganz Europa, erstellt vom EFEHR.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/abcce1e6fba3b165d39b71dda09c15a3.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Karte zum Erdbebenrisiko, erstellt vom EFEHR.<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230214115328\/https:\/scholar.google.fr\/citations?user=PbazrF8AAAAJ&amp;hl=fr\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">R\u00e9my Bossu<\/a> ass Seismolog a Generalsekret\u00e4r vum European-Mediterranean Seismological Centre (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/8KHJ-FRAT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">EMSC<\/a>), enger internationaler gemengn\u00ebtzeger Fuerschungsgesellschaft mat S\u00ebtz zu Bruy\u00e8res-le-Ch\u00e2tel a Frankr\u00e4ich. G\u00e9intiwwer der AFP sot hien den 13. Februar 2023: &#8220;Op d\u00ebser Kaart ass d\u00e4itlech ze erkennen, dass sech den Epizenter vum \u00c4erdbiewen, dat d&#8217;Tierkei a Syrien getraff huet, an engem d\u00e9ifroude Ber\u00e4ich bef\u00ebnnt. Dat heescht, et wosst ee warscheinlech, dass op d\u00ebser Plaz en \u00c4erdbiewen entstoe k\u00e9int. An awer si mir net capabel ze soen, ob dat haut, muer, a 50 oder 500 Jore gesch\u00e9ie g\u00e9if.&#8221;<\/p>\n<p>Weider sot de Bossu: &#8220;Beispillsweis g\u00ebtt en \u00c4erdbiewe virun der K\u00fcst vun Istanbul erwaart. Mir k\u00ebnnen et net viraussoen, awer w\u00e9inst der Heefung vu Spannungen an d\u00ebsem Gebitt w\u00ebsse mir, dass an den n\u00e4chste Joerz\u00e9ngten en \u00c4erdbiewen optrieden dierft. Vl\u00e4icht geschitt et an deem Moment, an deem ech mat Iech schw\u00e4tzen oder vl\u00e4icht erliewen ech et net m\u00e9i. Mir k\u00ebnnen net m\u00e9i prezis sinn.&#8221;<\/p>\n<p>Op der S\u00e4it vun &#8220;<a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/QRcnD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ObservaTerre<\/a>&#8221; heescht et: &#8220;Leider ass et Geow\u00ebssenschaftlerinnen a Geow\u00ebssenschaftler a besonnesch Seismologinnen a Seismologen trotz der Fuerschung an engem extreem breede Spektrum vu Gebidder \u00ebmmer nach net m\u00e9iglech, kuerzfristeg (op enger Z\u00e4itskala vu Stonnen, Deeg oder Wochen) virauszesoen, dass en \u00c4erdbiewen antriede w\u00e4ert, andeem si en Uert, en Datum an eng estim\u00e9iert St\u00e4erkt uginn, d\u00e9i prezis genuch ass, fir beispillsweis d&#8217;Bev\u00eblkerung evaku\u00e9ieren ze k\u00ebnnen. Dofir br\u00e4icht et zouverl\u00e4sseg Warnsignaler, also Observatioune vu miessbare Phenomeener, d\u00e9i d&#8217;Optriede vun engem \u00c4erdbiewe systematesch virausginn.&#8221;<\/p>\n<p>De R\u00e9my Bossu sot och: &#8220;Munch Seismologinnen a Seismologen denken, dass mir \u00c4erdbiewen ni viraussoe w\u00e4erte k\u00ebnnen, well se a sech chaotesch sinn. An awer g\u00ebtt \u00ebmmer nach versicht, eng Preparatiounsphas fir en \u00c4erdbiewen ze observ\u00e9ieren. Bis elo huet d&#8217;W\u00ebssenschaft awer nach keng eendeiteg Resultater geliwwert.&#8221;<\/p>\n<p>Den Olivier Fabbri seet dob\u00e4i: &#8220;Virun allem hunn \u00c4erdbiewen d\u00e9i onangeneem Gewunnecht, do opzetrieden, wou ee se net erwaart. D&#8217;Beispill vun der Tierkei ass s\u00ebnnbildlech: S\u00e4it Jore g\u00ebtt d\u00e9i nordanatolesch Verwerfung beobacht, d\u00e9i duerch Istanbul verleeft, well ee sech s\u00e9cher ass, dass do en \u00c4erdbiewe w\u00e4ert sinn. S\u00e4mtlech Seismologinnen a Seismologen haten hir Aen op d\u00ebsen Abschnitt geriicht a schlussendlech ass d&#8217;Biewen op der ostanatolescher Verwerfung opgetrueden, d\u00e9i erof Richtung Syrien f\u00e9iert.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/6f8d29b79fa9824f6a1a7c497cc17909.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Sophie Ramis, Nadine Ehrenberg, Sylvie Husson \/ AFP<\/p>\n<p>Sou bezeechnen alleguer d&#8217;Expertinnen an d&#8217;Experten, d\u00e9i vun der AFP befrot goufen, den &#8220;Uk\u00ebnnegungstweet&#8221; vum Frank Hoogerbeets als &#8220;ongl\u00e9cklechen Zoufall&#8221;.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/53UQ-K3WG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Fran\u00e7oise Courboulex<\/a>, Seismologin a Cheffin vum Departement fir Recherche am CNRS, sot der AFP den 10. Februar 2023: &#8220;Mat all groussem \u00c4erdbiewe sinn halluzinant Viraussoe verbonnen. Mir kr\u00e9ie souguer Post vu Leit, d\u00e9i eis bei Viraussoe berode w\u00ebllen&#8230; &#8216;Fr\u00e9ier oder sp\u00e9ider&#8217; ass tats\u00e4chlech d&#8217;Aart vu Viraussoen, d\u00e9i ee fir alleguer d&#8217;\u00c4erdbiewegebidder op der Welt formul\u00e9iere kann.&#8221;<\/p>\n<p>De R\u00e9my Bossu f\u00fc\u00fcgt dob\u00e4i: &#8220;W\u00e9i ech g\u00e4r widderhuelen: Eng futtis Auer weist zweemol den Dag d\u00e9i korrekt Auerz\u00e4it un. Mir kr\u00e9ien dauernd Viraussoen. Ze soen, dass et an der Tierkei oder a Griicheland en \u00c4erdbiewe w\u00e4ert ginn, dat berout op Tatsaachen. Dat m\u00e9cht et awer nach net zu enger Virausso.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Lucile Bruhat sot dozou: &#8220;Wann een all Dag Viraussoe m\u00e9cht, ass et warscheinlech, dass een iergendwa richteg l\u00e4it. Awer dat ass just een ongl\u00e9cklechen Zoufall. Et ass n\u00e4ischt W\u00ebssenschaftleches dob\u00e4i.&#8221;<\/p>\n<p>De Frank Hoogerbeets gouf scho vu Faktenchecks\u00e4ite w\u00e9i der der frans\u00e9ischer &#8220;<a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/Kd8BU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">CheckNews<\/a>&#8221; iwwerpr\u00e9ift, well hien iwwer d&#8217;Joren \u00ebmmer m\u00e9i vermeintlech Viraussoe publiz\u00e9iert huet. &#8220;CheckNews&#8221; huet <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/ZKCxu\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">am Joer 2019 festgestallt<\/a>, dass hie fir 28 Deeg an dr\u00e4i M\u00e9int \u00c4erdbiewe prognostiz\u00e9iert hat.<\/p>\n<p><strong>Gez\u00e4ite vun der \u00c4erd k\u00ebnne just marginal Auswierkungen hunn<br \/>\n<\/strong><br \/>\nAusserdeem st\u00e4ipt den Hoogerbeets seng angeeblech &#8220;Viraussoen&#8221; haapts\u00e4chlech op d&#8217;Unz\u00e9iungskr\u00e4ften t\u00ebschent der \u00c4erd an anere Plan\u00e9iten, virun allem op d&#8217;Kr\u00e4fte vun den \u00c4erdgez\u00e4iten, d\u00e9i zum groussen Deel dem Mound zouzeschreiwe sinn. D&#8217;\u00c4erdgez\u00e4ite sinn d&#8217;Welle vun der \u00c4erdkrust. Se entstinn duerch d&#8217;Kr\u00e4fte vun de Gez\u00e4ite vun der Gravitatioun vum Mound a vun der sonn op d&#8217;\u00c4erd. D\u00ebs k\u00ebnnen awer just e marginalen Effekt op \u00c4erdbiewen hunn, soten eng Rei Expertinnen an Experten der AFP.<\/p>\n<p>Dem USGS no hunn eng Rei nei Et\u00fcden an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6A2T-S6C9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a> mam Titel &#8220;Kann die Position des Mondes Auswirkungen auf die Seismizit\u00e4t haben?&#8221; eng &#8220;Korrelatioun t\u00ebschent den \u00c4erdgez\u00e4iten (ausgel\u00e9ist duerch d&#8217;Positioun vum Mound zur \u00c4erd) a best\u00ebmmten Zorte vun \u00c4erdbiewen fonnt&#8221;. Eng Et\u00fcd k\u00ebnnt zum Beispill zur Konklusioun, dass &#8220;an Z\u00e4iten, an deenen d&#8217;Gez\u00e4iten u Land an am Ozean m\u00e9i staark sinn, w\u00e9i bei Voll- oder Neimound, \u00c4erdbiewen op flaachen Iwwerschibungsverwerfungen no vu Kontinenter an a (\u00cbnnerwaasser-)Subduktiounszone warscheinlech sinn.&#8221;<\/p>\n<p>M\u00e4 souguer wann d\u00ebs Gez\u00e4iten um Land oder am Waasser den Drock op d\u00ebs Verwerfungen erh\u00e9ijen oder verr\u00e9ngeren, bleift d&#8217;USGS virsiichteg a weist dorop hin, dass d\u00ebs Auswierkunge ganz kleng bleiwen:<\/p>\n<p>&#8220;Wann den Drock op d&#8217;\u00c4erdplacken ofh\u00eblt, ginn d&#8217;Verwerfunge m\u00e9i labber a k\u00ebnne sech \u00e9ischter beweegen. D&#8217;Warscheinlechkeet kl\u00ebmmt w\u00e4rend der Flut \u00ebm de Faktor dr\u00e4i. Et muss een awer drun denken, dass d&#8217;Grondwarscheinlechkeet op enger best\u00ebmmter Plaz an an engem best\u00ebmmte Joer am Allgemenge ganz ger\u00e9ng ass. Et schw\u00e4tzt ee vu Brochdeeler vun engem Prozent. Esou erg\u00ebtt d&#8217;Erh\u00e9ijung vun d\u00ebser ger\u00e9nger Warscheinlechkeet \u00ebm de Faktor dr\u00e4i w\u00e4rend der Flut \u00ebmmer nach eng minimal Warscheinlechkeet.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/6a84e97079c2da3511b5061ec2438687.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Die Gravitationskraft des Mondes verformt die Ozeane der Erde zu einem Rugby-\u00e4hnlichen Oval. ( AFP, eye \/ AFP)<\/p>\n<p>D&#8217;Unz\u00e9iungskraaft vun de Gez\u00e4iten ass also ganz ger\u00e9ng an &#8220;net genuch, fir eleng en \u00c4erdbiewen auszel\u00e9isen&#8221;, sot de Yann Klinger an huet dorop higewisen, dass eng Virausso op d\u00ebser Grondlag &#8220;op kenger w\u00ebssenschaftlecher Method&#8221; bas\u00e9iert w\u00e4r.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/EEL2-M9RL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Anne Replumaz<\/a> ass Geologin a Professesch op der frans\u00e9ischer Universit\u00e9 Joseph Fourier zu Grenoble a sot der AFP den 13. Februar 2023: &#8220;Bei engem groussen \u00c4erdbiewen, w\u00e9i et grad an der Tierkei a Syrien geschitt ass, kann d&#8217;Unz\u00e9iungskraaft vun den \u00c4erdgez\u00e4iten net den Ausl\u00e9iser sinn. A souguer wann d&#8217;\u00c4erdgez\u00e4iten tats\u00e4chlech e puer kleng Verwerfungen destabilis\u00e9ieren,kann een net w\u00ebssen, wat fir eng Flut wat fir Verwerfungen zum Astierze br\u00e9nge k\u00e9int, also br\u00e9ngt eis dat an enger vermeintlecher Virausso net weider.&#8221;<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/S942-REYZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Michel Campillo<\/a> ass Geophysiker, Seismolog a Professer op der Universit\u00e9it vu Grenoble a Member vun der Acad\u00e9mie des sciences zu Par\u00e4is. Hie sot den 10. Februar g\u00e9intiwwer der AFP: Kleng \u00c4erdbiewe g\u00ebtt et \u00ebmmer nees a se sinn net simil\u00e4r mam H\u00e9chststand vun de Gez\u00e4iten. E klengen Deel k\u00e9int domat zesummenh\u00e4nken, awer dat si kleng \u00c4erdbiewen mat ganz ger\u00e9nger St\u00e4erkt, d\u00e9i een net spiert.&#8221;<\/p>\n<p>De Michel Campillo huet d&#8217;Beispill vum Fall vum Iben Browning virbruecht, engem Amateur, dee fir den 3. Dezember 1990 Datum an Auerz\u00e4it vun engem groussen \u00c4erdbiewen am Zentrum vun de Vereenegte Staaten virausgesot hat.<\/p>\n<p>&#8220;Den Iben Browning huet geneesou argument\u00e9iert &#8211; hien huet sech mat de selwechten Argumenter op d&#8217;Mechanik vum Himmel beruff. D\u00ebs Argumentatioun goung duerch d&#8217;Press a gouf esou grouss, dass et op e puer Plazen zu Noutriff koum. Schlussendlech ass n\u00e4ischt geschitt.&#8221;<\/p>\n<p><strong>K\u00ebnne Vullen \u00c4erdbiewe viraussoen?<\/strong><\/p>\n<p>De Yann Klinger vum CNRS huet ausserdeem erkl\u00e4ert, dass sech d\u00ebs Viraussoen dacks ganz s\u00e9ier verbreeden, wann Unzeechen observ\u00e9iert ginn, d\u00e9i als &#8220;Prodrom&#8221; oder &#8220;Warnsignaler&#8221; vun engem \u00c4erdbiewe g\u00ebllen.<\/p>\n<p>&#8220;Eng Heefung vu m\u00e9i klengen \u00c4erdbiewen, D\u00e9ieren, d\u00e9i sech komesch verhalen, Quellen, d\u00e9i angeeblech hir Peegelen \u00e4nneren, Emissioune vu Radongas &#8211; eng Systematik t\u00ebschent d\u00ebse Beobachtungen an \u00c4erdbiewe gouf ni fonnt. Dohier muss ee bei d\u00ebsen &#8216;Zeeche&#8217; ganz virsiichteg sinn.&#8221;<\/p>\n<p>S\u00e4it dem 6. Februar 2023 goufe Videoen a sozialen Netzwierker verbreet, d\u00e9i angeeblech Vulle gewisen hunn, d\u00e9i sech e puer Stonne virum \u00c4erdbiewen an der Tierkei an a Syrien &#8220;komesch&#8221; verhalen hunn. Dat sollt angeeblech beweisen, dass een duerch Vullen esou Evenementer viraussoe k\u00e9int.<\/p>\n<p>&#8220;An der Tierkei konnt kuerz virum \u00c4erdbiewen e komescht Verhale bei Vulle beobacht ginn&#8221;, behaapt eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4HHZ-BUZS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Userin op Twitter<\/a>. &#8220;Honnerte Vulle kommen op ongew\u00e9inlech Man\u00e9ier zesummen a spieren eng onm\u00ebttelbar Menace, d\u00e9i bevirsteet. Si hunn eng Zort Detekter fir anormal elektromagn\u00e9itesch Aktivit\u00e9it&#8221;, behaapt een aneren an deelt e Video, deen op\u00a0<a href=\"https:\/\/archive.is\/iTnjN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/V9MX-N33J\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Twitter<\/a> an <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/eKlOU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Tiktok<\/a> e puer dausend Mol gedeelt gouf.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/aef95d8e569f35ee8d2b1b4aefcf93d9.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshot eines Twitter-Beitrags erstellt am 9. Februar 2023<\/p>\n<p>Expertinnen an Experten, d\u00e9i d&#8217;AFP befrot huet, soten awer, dass d&#8217;Verhale vun de Vullen an d\u00ebsem Video absolut normal w\u00e4r.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/NXL4-YRFR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Agatha Li\u00e9vin-Bazin<\/a> ass Ethologin a Spezialistin fir d&#8217;Verhale vun D\u00e9ieren. Si sot den 13. Februar 2023 g\u00e9intiwwer der AFP: &#8220;D&#8217;Verhalen an d\u00ebsem Video ersch\u00e9ngt mir op kengem Fall anormal. Et ges\u00e4it een eng Usammlung vu Vullen, Steekueben (coleus monedula), Vullen aus der Famill vun de Kueben, d\u00e9i een unhand vun hirem Kr\u00e4chzen identifiz\u00e9iere kann. D&#8217;Zeen spillt sech h\u00e9chstwarscheinlech an der Owendd\u00e4mmerung of, wann d&#8217;D\u00e9ieren zesummekommen, fir d&#8217;Nuecht ze prepar\u00e9ieren. Et ass normal, dass sech Vullen treffen an alleguer zesummen op enger Plaz schlofen.&#8221;<\/p>\n<p>Weider sot si: &#8220;Och wann d&#8217;Unzuel vun de Vullen beandrockend ersch\u00e9ngt, spigelt n\u00e4ischt an hirem Verhale Panik er\u00ebm. Et h\u00e9iert ee se oft kr\u00e4chzen, well dat hir Man\u00e9ier ass, Informatiounen auszetauschen. A wann d&#8217;Vullen d&#8217;\u00c4erdbiewe spiere g\u00e9ifen, g\u00e9if een \u00e9ischter domat rechnen, dass si m\u00e9i h\u00e9ich fl\u00e9ien, fir aus der Geforenzon ze fl\u00fcchten. D&#8217;Steekueben, d\u00e9i am Video ze gesi sinn, versammele sech a form\u00e9ieren eng Famill.&#8221;<\/p>\n<p>Et g\u00ebtt keng w\u00ebssenschaftlech Et\u00fcden, d\u00e9i belee\u00ebn, dass D\u00e9ieren allgemeng d&#8217;F\u00e4egkeet bes\u00ebtzen, \u00c4erdbiewe virauszesoen.<\/p>\n<p>Den USGS stellt ausser deem an d\u00ebsem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/V59Q-AJXA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a> fest: &#8220;Et g\u00ebtt zuelr\u00e4ich anekdotesch Beleeg dofir, dass sech D\u00e9ieren, F\u00ebsch, Vullen, Reptilien oder Insekten e puer Wochen oder Sekonne virun engem \u00c4erdbiewe komesch verhal h\u00e4tten. E koherent an zouverl\u00e4ssegt Verhalen, dat viru seismeschen Evenementer erkannt gouf, oder e Mechanismus, deen erkl\u00e4ert, w\u00e9i dat funktion\u00e9iere k\u00e9int, ass eis awer nach net bekannt.&#8221;<\/p>\n<p>Am Joer 2018 hunn eng Rei Fuerscher a Fuerscherinne vum Fuerschungszentrum f\u00fcr Geowissenschaften an D\u00e4itschland eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3JRY-HH4Q\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Meta-Analys<\/a> vun 180 w\u00ebssenschaftlechen Et\u00fcden zu d\u00ebsem Theema duerchgef\u00e9iert, an d\u00e4r si iwwer 700 Observatioune vu m\u00e9i w\u00e9i 130 verschiddenen Aarte bei 160 \u00c4erdbiewen zesummegefaasst hunn. Hire Fazit ass kloer: &#8220;Mir hu keng w\u00ebssenschaftlech Beweiser dofir, dass D\u00e9ieren et spieren, wann en \u00c4erdbiewe k\u00ebnnt.&#8221; Dat sot de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2TX5-ETVJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Sebastian<\/a><a href=\"https:\/\/perma.cc\/2TX5-ETVJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\"> Hainzel<\/a>, Co-Auteur vun der Et\u00fcd, den 9. Februar 2023 g\u00e9intiwwer der AFP. &#8220;Allerd\u00e9ngs k\u00e9inte se vl\u00e4icht op Biewen, d\u00e9i am Virlaf optrieden, reag\u00e9ieren.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Fran\u00e7oise Courboulex huet ausserdeem erkl\u00e4ert, dass best\u00ebmmt D\u00e9iere s\u00e9cherlech m\u00e9i empf\u00e4nglech fir Wellen, d\u00e9i vun \u00c4erdbiewen ausgestouss ginn, w\u00e4ren, &#8220;dat heescht awer nach laang net, dass si [d&#8217;\u00c4erdbiewen] och viraussoe k\u00ebnnen&#8221;.<\/p>\n<p>&#8220;Heefeg gouf iwwer dat ongew\u00e9inlecht Verhale vu H\u00ebnn, d\u00e9i Billen, Schofsh\u00e4erden an Usammlunge vu Vulle kuerz virun engem staarke Biewe bericht. Mir denken, dass best\u00ebmmt D\u00e9iere schonn op d\u00e9i \u00e9ischt Welle reag\u00e9ieren (Prim\u00e4r-Wellen, och P-Welle genannt), d\u00e9i eng m\u00e9i ger\u00e9ng Amplitude hu w\u00e9i d\u00e9i zweet Wellen (Sekund\u00e4r-Wellen, och S-Welle genannt), d\u00e9i dacks de gr\u00e9issere Schued uriichten. Et geet also virun allem \u00ebm d&#8217;Fro vun der Finess. An alle F\u00e4ll bedeit et awer, dass d&#8217;\u00c4erdbiewe schonn ugefaangen huet, wann d&#8217;D\u00e9ieren d&#8217;Welle vum \u00c4erdbiewe spieren. Et ass also keng Virausso&#8221;, sou d&#8217;Courboulex.<\/p>\n<p>&#8220;Just ganz w\u00e9ineg M\u00ebnsche spieren d\u00e9i klengst P-Well, d\u00e9i sech am s\u00e9ierste vun der Quell vum \u00c4erdbiewen aus beweegt a virun der gr\u00e9isster S-Well uk\u00ebnnt. Vill D\u00e9iere mat m\u00e9i schaarfe S\u00ebnner sinn dog\u00e9int an der Lag, d&#8217;P-Well e puer Sekonne virum Antreffe vun der S-Well wouerzehuelen. Awer en \u00c4erdbiewe scho Wochen oder Deeg viru sengem Optrieden ze erkennen, ass eng aner Geschicht&#8221;, heescht et och an d\u00ebsem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/A2AQ-8FEC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">USGS-Artikel<\/a>.<\/p>\n<p><strong>Fr\u00e9iwarnsystem<\/strong><\/p>\n<p>Seismologinnen a Seismologen ass et mat der H\u00ebllef vu seismesche Sensore m\u00e9iglech, d\u00ebs P-Wellen ze erkennen. Op munche Plaze g\u00ebtt et och Warnsystemer, d\u00e9i e puer Sekonne virun den zerst\u00e9ieresche Vibratioune ausgel\u00e9ist ginn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/686600cb1e94ef707fbd94251a455e7e.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Kalifornien f\u00fchrte am 17. Oktober 2019 eine Fr\u00fchwarnapp f\u00fcr Erdbeben ein. ( AFP \/ CHRIS DELMAS)<\/p>\n<p>&#8220;Mir verf\u00fcgen iwwer ganz dicht Netzwierker, fir \u00c4erdbiewen ze erkennen. D\u00e9i \u00e9ischt Statioune ronder\u00ebm den Epizenter k\u00ebnnen d&#8217;Biewe bannent v\u00e9ier bis f\u00ebnnef Sekonnen erkennen a lokalis\u00e9ieren. De Fr\u00e9iwarnsystem sch\u00e9ckt d\u00ebs Informatiounen iwwer gr\u00e9isser Distanzen, e puer Sekonnen \u00e9ier d&#8217;Biewen d&#8217;Plaz erreecht&#8221;, huet de R\u00e9my Bossu erkl\u00e4ert. Hien huet dob\u00e4igef\u00fc\u00fcgt, dass den EMSC un der Publikatioun vum \u00e9ischte gemeinschaftleche Fr\u00e9iwarnsystem bedeelegt war, dee vum Francesco Finazzi op der Universit\u00e9it Bergamo an Italien entw\u00e9ckelt gouf.<\/p>\n<p>&#8220;Eng App, d\u00e9i \u00c4ren Telefon no der Installatioun an e seismesche Sensor verwandelt. A wa vill Telefonen op der selwechter Plaz Alarm schloen, ginn d&#8217;Notzer an de Regiounen, d\u00e9i ronder\u00ebm leien, duerch e Message inform\u00e9iert, dee si virum bevirstoenden \u00c4erdbiewe warnt&#8221;, sot de Bossu.<\/p>\n<p>&#8220;Et sief dann, den Epizenter l\u00e4it \u00ebnner enger Stad, dann ass et schonn ze sp\u00e9it&#8221;, sot d&#8217;Lucile Bruhat.<\/p>\n<p>&#8220;Op alle Fall sinn d&#8217;Z\u00e4itraim esou kuerz, dass de M\u00ebnsch keng Z\u00e4it huet, eng Decisioun ze huelen. D\u00ebse System ass virun allem dofir n\u00ebtzlech, Stroum a Gas direkt ofzeschalten oder Verk\u00e9iersluuchten op Rout ze schalten an esou nieft de Schied duerch d&#8217;Vibratiounen zous\u00e4tzlech Accidenter ze vermeiden&#8221;, sot de Yann Klinger.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/bc3f197a30f334d486353f8d982df04d.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Such- und Rettungsteams bergen am 13. Februar 2023 eine Leiche, die in den Tr\u00fcmmern eingest\u00fcrzter Geb\u00e4ude in Kahramanmaras gefunden wurde. (AFP \/ Ozan Kose) ( AFP \/ OZAN KOSE)<\/p>\n<p>Den tierkesche Katastropheschutz huet den 19. Februar 2023 40.689 Doudeger gezielt, a Syrien huet ee vun ongef\u00e9ier 5.900 Doudege geschwat, w\u00e9i <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/nWfHo?wr=true\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">tagesschau.de<\/a> matgedeelt hat.<\/p>\n<p>Den Informatioune vun der tierkescher Regierung no goufen ongef\u00e9ier 1,2 Millioune M\u00ebnschen a Studentewunnengen \u00ebnnerbruecht, m\u00e9i w\u00e9i 206.000 Zelter an z\u00e9ng Prov\u00ebnzen opgestallt a 400.000 Betraffener aus den zerst\u00e9ierte Gebidder evaku\u00e9iert.<\/p>\n<p>Der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) no ass domat &#8220;d\u00e9i gr\u00e9isst Naturkatastroph an engem Joerhonnert&#8221; fir Europa ze bekloen.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>De 6. Februar 2023 goufen d&#8217;Tierkei a Syrien vun engem \u00c4erdbiewe vun der St\u00e4erkt 7,8 getraff. Den offiziellen Donn\u00e9e\u00eb vum 19. Februar no si bis zu deem Moment 45.000 Doudesaffer ze bekloen an dausende vu Gebaier goufen zerst\u00e9iert. A sozialen Netzwierker g\u00ebtt z\u00ebnterhier doriwwer diskut\u00e9iert, w\u00e9i h\u00e9ich d&#8217;Warscheinlechkeet ass, en \u00c4erdbiewe virauszesoen. D\u00ebs Fro steet am Raum, nodeems en holl\u00e4nnesche User op Twitter d&#8217;\u00c4erdbiewen angeeblech e puer Deeg virdru prognostiz\u00e9iert hat. Expertinnen an Experte si sech awer eens: Bis haut g\u00ebtt et keng w\u00ebssenschaftlech Method, fir \u00c4erdbiewe virauszesoen.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":243705,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,234,181,192],"tags":[],"class_list":{"0":"post-243760","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-fuerschung-studien","9":"category-uncategorized-lb","10":"category-wessenschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2033872","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2033872.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: \u00c4erdbiewe k\u00ebnnen net virausgesot ginn - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: \u00c4erdbiewe k\u00ebnnen net virausgesot ginn - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"De 6. Februar 2023 goufen d&#039;Tierkei a Syrien vun engem \u00c4erdbiewe vun der St\u00e4erkt 7,8 getraff. Den offiziellen Donn\u00e9e\u00eb vum 19. Februar no si bis zu deem Moment 45.000 Doudesaffer ze bekloen an dausende vu Gebaier goufen zerst\u00e9iert. A sozialen Netzwierker g\u00ebtt z\u00ebnterhier doriwwer diskut\u00e9iert, w\u00e9i h\u00e9ich d&#039;Warscheinlechkeet ass, en \u00c4erdbiewe virauszesoen. D\u00ebs Fro steet am Raum, nodeems en holl\u00e4nnesche User op Twitter d&#039;\u00c4erdbiewen angeeblech e puer Deeg virdru prognostiz\u00e9iert hat. Expertinnen an Experte si sech awer eens: Bis haut g\u00ebtt et keng w\u00ebssenschaftlech Method, fir \u00c4erdbiewe virauszesoen.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-03-06T08:00:43+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-03-06T15:39:41+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/af25eea939ba8da46527046a3e6004fd.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"607\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"17 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: \u00c4erdbiewe k\u00ebnnen net virausgesot ginn\",\"datePublished\":\"2023-03-06T08:00:43+00:00\",\"dateModified\":\"2023-03-06T15:39:41+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/\"},\"wordCount\":3510,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/af25eea939ba8da46527046a3e6004fd.jpeg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Fuerschung &amp; Studien\",\"Uncategorized @lb\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/\",\"name\":\"Faktencheck: \u00c4erdbiewe k\u00ebnnen net virausgesot ginn - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/af25eea939ba8da46527046a3e6004fd.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-03-06T08:00:43+00:00\",\"dateModified\":\"2023-03-06T15:39:41+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/af25eea939ba8da46527046a3e6004fd.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/af25eea939ba8da46527046a3e6004fd.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":607,\"caption\":\"Faktencheck: \u00c4erdbiewe k\u00ebnnen net virausgesot ginn - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: \u00c4erdbiewe k\u00ebnnen net virausgesot ginn\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: \u00c4erdbiewe k\u00ebnnen net virausgesot ginn - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: \u00c4erdbiewe k\u00ebnnen net virausgesot ginn - EDMO Belux","og_description":"De 6. Februar 2023 goufen d'Tierkei a Syrien vun engem \u00c4erdbiewe vun der St\u00e4erkt 7,8 getraff. Den offiziellen Donn\u00e9e\u00eb vum 19. Februar no si bis zu deem Moment 45.000 Doudesaffer ze bekloen an dausende vu Gebaier goufen zerst\u00e9iert. A sozialen Netzwierker g\u00ebtt z\u00ebnterhier doriwwer diskut\u00e9iert, w\u00e9i h\u00e9ich d'Warscheinlechkeet ass, en \u00c4erdbiewe virauszesoen. D\u00ebs Fro steet am Raum, nodeems en holl\u00e4nnesche User op Twitter d'\u00c4erdbiewen angeeblech e puer Deeg virdru prognostiz\u00e9iert hat. Expertinnen an Experte si sech awer eens: Bis haut g\u00ebtt et keng w\u00ebssenschaftlech Method, fir \u00c4erdbiewe virauszesoen.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-03-06T08:00:43+00:00","article_modified_time":"2023-03-06T15:39:41+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":607,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/af25eea939ba8da46527046a3e6004fd.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"17 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: \u00c4erdbiewe k\u00ebnnen net virausgesot ginn","datePublished":"2023-03-06T08:00:43+00:00","dateModified":"2023-03-06T15:39:41+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/"},"wordCount":3510,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/af25eea939ba8da46527046a3e6004fd.jpeg","articleSection":["\u00cbmwelt","Fuerschung &amp; Studien","Uncategorized @lb","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/","name":"Faktencheck: \u00c4erdbiewe k\u00ebnnen net virausgesot ginn - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/af25eea939ba8da46527046a3e6004fd.jpeg","datePublished":"2023-03-06T08:00:43+00:00","dateModified":"2023-03-06T15:39:41+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/af25eea939ba8da46527046a3e6004fd.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/af25eea939ba8da46527046a3e6004fd.jpeg","width":1080,"height":607,"caption":"Faktencheck: \u00c4erdbiewe k\u00ebnnen net virausgesot ginn - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-erdbiewe-knnen-net-virausgesot-ginn\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: \u00c4erdbiewe k\u00ebnnen net virausgesot ginn"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/243760","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=243760"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/243760\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/243705"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=243760"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=243760"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=243760"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}