{"id":249067,"date":"2023-03-14T13:00:13","date_gmt":"2023-03-14T13:00:13","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=249067"},"modified":"2023-03-14T13:58:39","modified_gmt":"2023-03-14T13:58:39","slug":"faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Keng offiziell Enqu\u00eate w\u00e9inst Milliounen Doudesf\u00e4ll no Corona-Impfungen a Japan"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Och a Japan hunn d&#8217;Covid-Impfungen dozou b\u00e4igedroen, d&#8217;Stierflechkeet duerch Infektiounen ze senken. A sozialen Netzwierker heescht et dog\u00e9int, d\u00e9i japanesch Regierung h\u00e4tt viru Kuerzem eng offiziell Enqu\u00eate vu &#8220;Milliounen Doudesf\u00e4ll&#8221; an d&#8217;Wee\u00ebr geleet, d\u00e9i an Zesummenhang mat den Impfunge stoe sollen.<\/p>\n<p>Z\u00ebnter Ufank Januar 2023 g\u00ebtt behaapt, dass d\u00e9i japanesch Regierung eng Enqu\u00eate an d&#8217;Wee\u00ebr geleet h\u00e4tt, fir Milliounen Doudesf\u00e4ll ze \u00ebnnersichen, d\u00e9i duerch d&#8217;Corona-Impfung ausgel\u00e9ist gi wieren.<br \/>\nDosende User hunn de B\u00e4itrag op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/K6S4-J6YC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> an <a href=\"https:\/\/archive.is\/10SLU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Twitter<\/a> gedeelt, dor\u00ebnner och den d\u00e4itschen AfD-Politiker <a href=\"https:\/\/archive.is\/UfhlY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Georg Pazderski<\/a>. Op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/T4A5-DZ32\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a> hunn z\u00e9ngdausenden d&#8217;Behaaptung gesinn, d\u00e9i och op <a href=\"https:\/\/archive.is\/rLM87\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Englesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/archive.is\/pFwso\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Frans\u00e9isch<\/a> a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/632N-7NYZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Finnesch<\/a><br \/>\nverbreet gouf.<\/p>\n<p><strong>D&#8217;Behaaptung:<\/strong> &#8220;Japan leet offiziell Enqu\u00eate iwwer Milliounen Doudesf\u00e4ll duerch Covid-Impfstoffer an d&#8217;Wee\u00ebr&#8221;, heescht et am Ufank vun engem B\u00e4itrag. Deemno wiere &#8220;japanesch Fuerscher beoptraagt ginn, d&#8217;Mechanismen ze \u00ebnnersichen, duerch d\u00e9i experimentell Injektioune mat mRNA-Impfstoffer Doudesf\u00e4ll a grav Niewewierkungen ausl\u00e9ise k\u00ebnnen&#8221;. Am Kader vun enger Et\u00fcd h\u00e4tt e japanesche Professer fir Medezin festgestallt, dass et &#8220;signifikant Ver\u00e4nnerungen an der geneetescher Ausstattung vum Immunsystem bei de geimpfte Patiente gouf.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/83d878eda136d7837e8050e46c71053a.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>Z\u00ebnter dem Ufank vun de Covid-Impfungen Enn Dezember 2020 sinn eng Rei vu Falschinformatiounen iwwer d&#8217;Impfstoffer an hir vermeintlech Niewewierkungen am \u00cbmlaf. An d\u00ebsem Zesummenhang goufen \u00ebmmer nees Et\u00fcden an Donn\u00e9e\u00eb vereinfacht, falsch oder ierf\u00e9ierend weiderginn. D&#8217;AFP huet an der Vergaangenheet scho Behaaptunge widderluecht, no deene <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.339D8WV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Boosterimpfungen de Krankheetsrisiko erh\u00e9ije<\/a> g\u00e9ifen, <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.32K87VB-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">mRNA-Impfstoffer zu Feelgebuerte f\u00e9iere g\u00e9ifen<\/a> oder d&#8217;<a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.32GW9BC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Impfstoffer a Relatioun mat den Afepouken<\/a> (elo Mpox genannt) st\u00e9ingen. Faktenchecken zu d\u00ebse Sujeten a weider Recherchen iwwer Covid-Impfunge sinn <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/list\/all\/all\/38601\/all\/tid-38601\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> ze fannen.<\/p>\n<p class=\"article-title\">Keng offiziell Enqu\u00eate<\/p>\n<p>Och d&#8217;Behaaptung, Japan h\u00e4tt eng offiziell Enqu\u00eate w\u00e9inst &#8220;Millioune&#8221; vun Doudesf\u00e4ll duerch d&#8217;Covid-19-Impfung an d&#8217;Wee\u00ebr geleet, geh\u00e9iert an d\u00ebs Kategorie. Donn\u00e9e\u00eb vun der japanescher Regierung weisen, dass d&#8217;Covid-Impfungen net zu Milliounen Doudesf\u00e4ll am ostasiatesche Land gef\u00e9iert hunn. Et g\u00ebtt och kee Beweis dofir, dass Japan eng Enqu\u00eate zu d\u00ebsen Doudesf\u00e4ll ageleet huet.<\/p>\n<p>Eng Sich an de <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230124215419\/https:\/\/www.mhlw.go.jp\/stf\/houdou\/houdou_list_202301.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">j\u00e9ngste Pressecommuniqu\u00e9\u00eb<\/a> vum japanesche Gesondheetsminist\u00e8re huet keng Annonce vun enger offizieller Enqu\u00eate vu &#8220;Milliounen&#8221; Doudesf\u00e4ll am Zesummenhang mat der Covid-19-Impfung gewisen, w\u00e9i an de B\u00e4itr\u00e4g op de sozialen Netzwierker behaapt g\u00ebtt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/6229500b1a6aa135a8d2146d011f253b.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Corona-Impfung in Tokio am 8. Juni 2021 ( AFP \/ CHARLY TRIBALLEAU)<\/p>\n<p>Duerch eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=l2SbfqF-2Rg&amp;list=PL_tN7HuGt39pbSAghdwArQ2Ij1oPzJfHo&amp;index=2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Sich op Google<\/a> ass d&#8217;AFP op eng <a href=\"https:\/\/archive.is\/HHsZF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a> gestouss, op d\u00e4r de Video vun engem parteiiwwergr\u00e4ifende japanesche Kongress fir Recherchen iwwer de &#8220;kausalen Zesummenhang t\u00ebschent Impfung a Mortalit\u00e9it a Gesondheetsrisiken no der Impfung&#8221; beschriwwe g\u00ebtt. Et g\u00ebtt awer keen Hiweis dorop, dass d\u00ebs Konferenz Deel vun enger offizieller Enqu\u00eate s\u00e4itens der Regierung war.<\/p>\n<p>Expertinnen an Experte vu <a href=\"https:\/\/perma.cc\/W3YU-WGTY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Meedan Health Desk<\/a>, enger Organisatioun aus den USA, d\u00e9i g\u00e9int Feelinformatiounen am Gesondheetsber\u00e4ich virgeet, hunn an enger E-Mail vum 10. Februar 2023 g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, et g\u00e9if &#8220;keng Beweiser oder \u00cbnnerlagen dofir ginn, dass et a Japan eng Enqu\u00eate iwwer Doudesf\u00e4ll am Zesummenhang mat der Covid-19-Impfung g\u00ebtt&#8221;, an dob\u00e4igef\u00fc\u00fcgt, dass d\u00e9i japanesch Regierung alle Biergerinnen a Bierger, d\u00e9i dofir a Fro k\u00e9imen, eng Impfung g\u00e9int Covid-19 recommand\u00e9iere g\u00e9if, well den Notze vum Impfstoff m\u00e9i grouss wier w\u00e9i d&#8217;Risiken. Et g\u00e9if och keng Unhaltspunkten dofir, dass et a Japan opgrond vun den Impfungen zu Doudesf\u00e4ll a groussem \u00cbmfang komm w\u00e4r.<\/p>\n<p class=\"article-title\">Entschiedegung fir 20 Doudesf\u00e4ll am Zesummenhang mat enger Impfung<\/p>\n<p>Am <a href=\"https:\/\/perma.cc\/27LR-BEBB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">japanesche Gesondheetsminist\u00e8re<\/a> g\u00ebtt e <a href=\"https:\/\/archive.is\/fqTEx\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Gremium aus Experten<\/a>, dee sech mat de Covid-19-Impfungen a suppos\u00e9ierten onerw\u00ebnschten Niewewierkunge befaasst. Eng Spriecherin vum Minist\u00e8re huet der AFP den 30. Januar 2023 matgedeelt, dass &#8220;de Minist\u00e8re reegelm\u00e9isseg Diskussiounen iwwer d&#8217;Niewewierkunge vun de Covid-19-Impfstoffer f\u00e9iert&#8221; an dass hir keng Informatiounen oder Noriichtenartikelen iwwer eng grouss Zuel Doudesf\u00e4ll bekannt w\u00e4ren, d\u00e9i duerch Covid-19-Impfstoffer ausgel\u00e9ist gi wieren.<\/p>\n<p>De Minist\u00e8re weist op senger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/W5P6-BEBQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a> dorop hin, dass d\u00e9ij\u00e9ineg, d\u00e9i &#8220;no der Impfung gestuerwe sinn, net um Impfstoff gestuerwe sinn&#8221;. Bei Doudesf\u00e4ll oder Erkrankungen no enger Covid-19-Impfung bitt d\u00e9i japanesch Regierung eng Entschiedegung a Form vun engem eemolege Paiement un, wann &#8220;e kausalen Zesummenhang&#8221; mat der Impfung net widderluecht ka ginn.<\/p>\n<p>Bis den 12. Januar 2023 huet d&#8217;Regierung esou eng Entschiedegung fir den Doud vun 20 Persounen am Alter t\u00ebschent 20 an 90 Joer unerkannt, w\u00e9i de japaneschen \u00ebffentlech-rechtleche Sender NHK matgedeelt huet. Offiziellen Donn\u00e9e\u00ebn no si bis den 2. M\u00e4erz 2023 awer <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HGZ2-WFK6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">72.573 Japanerinnen a Japaner<\/a> u Covid-19 gestuerwen.<\/p>\n<p class=\"article-title\">Et\u00fcd ass kee Beleeg fir d\u00e9idlech Niewewierkungen<\/p>\n<p>D&#8217;B\u00e4itr\u00e4g a sozialen Netzwierker ernimmen och eng Fuerschungsgrupp vun der Universit\u00e9it Hiroshima ronder\u00ebm de Medezinprofesser <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z98L-N5CS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Masataka Nagao<\/a>, d\u00e9i bei der Obduktioun vu verstuerwene Geimpften angeeblech erausfonnt h\u00e4tt, &#8220;dass signifikant Ver\u00e4nnerungen an der geneetescher Ausstattung vum Immunsystem bei geimpfte Patienten,\u00a0bei deenen eng Autopsie gemaach gouf, festgestallt gi wieren.&#8221; Dat heescht, dass sech de Geenom vun den \u00ebnnersichte Persoune ver\u00e4nnert h\u00e4tt. Ob dat um Impfstoff louch, ass allerd\u00e9ngs ongekl\u00e4ert. D&#8217;AFP huet an der Vergaangenheet d&#8217;Behaaptung <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/nein-mrna-impfungen-veraendern-nicht-die-dna\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">widderluecht<\/a>, dass mRNA-Impfstoffer d&#8217;DNA ver\u00e4nnere k\u00ebnnen.<\/p>\n<p>Eng Ekipp vu Fuerscherinnen a Fuerscher vun der Universit\u00e9it Hiroshima huet tats\u00e4chlech am August 2022 eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/76KH-AX7J\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd<\/a> an der Fachz\u00e4itschr\u00ebft <a href=\"https:\/\/perma.cc\/D2HX-M9XW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Frontiers in Immunology&#8221;<\/a> ver\u00ebffentlecht, an d\u00e4r v\u00e9ier Doudesf\u00e4ll no enger Impfung mat engem Covid-19-Impfstoff \u00ebnnersicht goufen. D\u00e9i obduz\u00e9iert Persoune waren no enger zweeter Dosis mat engem mRNA-Impfstoff gestuerwen, woub\u00e4i eng Autopsie bei hinne keng eendeiteg Doudesursaach feststelle konnt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/b452e37b9d14a8c9ac2ea19dc88d06b6.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> mRNA-Impfstoffe liefern genetischen Bauplan f\u00fcr Antigene: Wirkweise des Impfstoffes von Pfizer-Biontech ( JOHN SAEKI, MATTHIAS BOLLMEYER, LAURENCE CHU \/ AFP)<\/p>\n<p>D&#8217;Fuerscher hu mat H\u00ebllef vun der RNA-Sequenz\u00e9ierung de geneetesche Patrimoine vun de v\u00e9ier Testpersounen am Verglach mat enger Kontrollgrupp vu M\u00ebnschen \u00ebnnersicht, d\u00e9i u Bluttverloscht a Strangulatioun gestuerwe waren. Si hu festgestallt, dass verschidde Geenen an der Grupp vun de Geimpften h\u00e9ichregl\u00e9iert an aner Geenen nees erofregl\u00e9iert waren, wat d&#8217;Auteuren op eng Iwwerreaktioun vum Immunsystem, e sougenannten <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2Y2Q-NY4G\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Zytokinstuerm<\/a>, duerch d&#8217;Impfung schl\u00e9isse gelooss huet.<\/p>\n<p>Am Fazit maachen d&#8217;Autorinnen an d&#8217;Auteuren awer keng Ausso iwwer d&#8217;Doudesursaach vun den \u00ebnnersichten Testpersounen. Villm\u00e9i stelle si fest: &#8220;Eis Resultater loossen awer net erkennen, wat d\u00ebs ofw\u00e4ichend Zytokinreaktioun haapts\u00e4chlech ausgel\u00e9ist huet.&#8221; Villm\u00e9i erkl\u00e4re si, dass si d\u00ebs Immunreaktioun bei v\u00e9ier Verstuerwenen observ\u00e9iert hunn, d\u00e9i zouf\u00e4lleg grad och e Covid-19-Impfstoff gespr\u00ebtzt kruten, wat just bedeit, dass d&#8217;Fuerscher d&#8217;Corona-Impfung als m\u00e9iglech Ursaach a Betruecht gezunn hunn.<\/p>\n<p class=\"article-title\">Lafend Fuerschung iwwer d&#8217;Ursaach<\/p>\n<p>Weder d&#8217;Universit\u00e9it Hiroshima nach de Masataka Naga hunn op AFP-Ufroen zu der ernimmter Et\u00fcd reag\u00e9iert. Allerd\u00e9ngs huet den Nagao g\u00e9intiwwer der australescher Norichtenagence AAP fir e <a href=\"https:\/\/perma.cc\/T6NE-E67G\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Faktencheck<\/a> zum selwechten Theema gesot, dass et e presum\u00e9ierte kausalen Zesummenhang t\u00ebscht den Impfungen an der Immunreaktioun k\u00e9int ginn, d\u00ebsen awer nach net bewise w\u00e4r, well d&#8217;Fuerschungen dozou nach net ofgeschloss sinn.<\/p>\n<p>An enger weider E-Mail un d&#8217;AFP vum 1. M\u00e4erz 2023 huet eng Expertin vum Meedan Health Desk erkl\u00e4ert, dass den Opbau vun der Et\u00fcd net g\u00ebeegent w\u00e4r, fir allgemeng Aussoen iwwer m\u00e9iglech Niewewierkunge vun Impfstoffer ze treffen: &#8220;De Probleem bei d\u00ebser Et\u00fcd ass, dass et sech just \u00ebm eng\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/XZW8-M998\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Fallstudie<\/a> ouni strengen Design handelt an d&#8217;Gr\u00e9isst vun de St\u00e9chprouwe ganz, ganz kleng ass.&#8221;<\/p>\n<p>Et w\u00e4r net m\u00e9iglech, doraus ze schl\u00e9issen, dass d&#8217;Impfungen d&#8217;Ierfgutt vun den Testpersoune ver\u00e4nnert huet. &#8220;Mir k\u00ebnnen aus d\u00ebser Et\u00fcd oder d\u00ebser Aart vun Et\u00fcd (Fallstudie) keng endg\u00fclteg Schlussfollgerungen z\u00e9ien, se liwwert eis just weider Informatiounen, op deene mir m\u00e9i staark Konzepter fir Et\u00fcden opbaue k\u00ebnnen. An de strengen, randomis\u00e9ierte Kontrollet\u00fcden, d\u00e9i zu Impfstoffer an onerw\u00ebnschte Resultater (Doudesf\u00e4ll abegraff) duerchgef\u00e9iert goufen, g\u00ebtt et keng Hiweiser dorop, dass Covid-19-Impfstoffer en Zytokinstuerm ausl\u00e9isen.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Covid-19-Impfstoffer, d\u00e9i vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/XY49-MLGP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Weltgesondheetsorganisatioun WHO<\/a> zougelooss goufen, goufen a <a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/tXe2C\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">kontroll\u00e9ierten Et\u00fcden<\/a> an och an der geimpfter Bev\u00eblkerung gr\u00ebndlech op hir S\u00e9cherheet an Effikassit\u00e9it beim M\u00ebnsch getest. D\u00ebs Et\u00fcden hu keng Beweiser dofir erbruecht, dass Covid-19-Impfstoffer de Grond fir iwwerm\u00e9isseg Doudesf\u00e4ll sinn.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> Japan huet keng offiziell Enqu\u00eate vu Milliounen Doudesf\u00e4ll als Konsequenz vun de Covid-19-Impfstoffer an d&#8217;Wee\u00ebr geleet. Bis elo huet d\u00e9i japanesch Regierung an 20 Doudesf\u00e4ll Entschiedegunge bezuelt, an deenen en Zesummenhang mat enger Impfung net ausgeschloss konnt ginn. D\u00e9i zit\u00e9iert Et\u00fcd beweist net, dass d&#8217;Impfungen zu d\u00e9idlechen Iwwerreaktioune vum Immunsystem f\u00e9ieren.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Och a Japan hunn d&#8217;Covid-Impfungen dozou b\u00e4igedroen, d&#8217;Stierflechkeet duerch Infektiounen ze senken. A sozialen Netzwierker heescht et dog\u00e9int, d\u00e9i japanesch Regierung h\u00e4tt viru Kuerzem eng offiziell Enqu\u00eate vu &#8220;Milliounen Doudesf\u00e4ll&#8221; an d&#8217;Wee\u00ebr geleet, d\u00e9i an Zesummenhang mat den Impfunge stoe sollen.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":249047,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[184,190,181],"tags":[],"class_list":{"0":"post-249067","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-covid-19-lb","8":"category-gesondheet","9":"category-uncategorized-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2037645","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2037645.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Keng offiziell Enqu\u00eate w\u00e9inst Milliounen Doudesf\u00e4ll no Corona-Impfungen a Japan - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Keng offiziell Enqu\u00eate w\u00e9inst Milliounen Doudesf\u00e4ll no Corona-Impfungen a Japan - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Och a Japan hunn d&#039;Covid-Impfungen dozou b\u00e4igedroen, d&#039;Stierflechkeet duerch Infektiounen ze senken. A sozialen Netzwierker heescht et dog\u00e9int, d\u00e9i japanesch Regierung h\u00e4tt viru Kuerzem eng offiziell Enqu\u00eate vu &quot;Milliounen Doudesf\u00e4ll&quot; an d&#039;Wee\u00ebr geleet, d\u00e9i an Zesummenhang mat den Impfunge stoe sollen.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-03-14T13:00:13+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-03-14T13:58:39+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/3b181e99446e7f942d160eebb98b43a3.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"620\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"349\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Keng offiziell Enqu\u00eate w\u00e9inst Milliounen Doudesf\u00e4ll no Corona-Impfungen a Japan\",\"datePublished\":\"2023-03-14T13:00:13+00:00\",\"dateModified\":\"2023-03-14T13:58:39+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/\"},\"wordCount\":1557,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/3b181e99446e7f942d160eebb98b43a3.jpeg\",\"articleSection\":[\"COVID-19\",\"Gesondheet\",\"Uncategorized @lb\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/\",\"name\":\"Faktencheck: Keng offiziell Enqu\u00eate w\u00e9inst Milliounen Doudesf\u00e4ll no Corona-Impfungen a Japan - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/3b181e99446e7f942d160eebb98b43a3.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-03-14T13:00:13+00:00\",\"dateModified\":\"2023-03-14T13:58:39+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/3b181e99446e7f942d160eebb98b43a3.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/3b181e99446e7f942d160eebb98b43a3.jpeg\",\"width\":620,\"height\":349,\"caption\":\"Faktencheck: Keng offiziell Enqu\u00eate w\u00e9inst Milliounen Doudesf\u00e4ll no Corona-Impfungen a Japan - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Keng offiziell Enqu\u00eate w\u00e9inst Milliounen Doudesf\u00e4ll no Corona-Impfungen a Japan\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Keng offiziell Enqu\u00eate w\u00e9inst Milliounen Doudesf\u00e4ll no Corona-Impfungen a Japan - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Keng offiziell Enqu\u00eate w\u00e9inst Milliounen Doudesf\u00e4ll no Corona-Impfungen a Japan - EDMO Belux","og_description":"Och a Japan hunn d'Covid-Impfungen dozou b\u00e4igedroen, d'Stierflechkeet duerch Infektiounen ze senken. A sozialen Netzwierker heescht et dog\u00e9int, d\u00e9i japanesch Regierung h\u00e4tt viru Kuerzem eng offiziell Enqu\u00eate vu \"Milliounen Doudesf\u00e4ll\" an d'Wee\u00ebr geleet, d\u00e9i an Zesummenhang mat den Impfunge stoe sollen.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-03-14T13:00:13+00:00","article_modified_time":"2023-03-14T13:58:39+00:00","og_image":[{"width":620,"height":349,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/3b181e99446e7f942d160eebb98b43a3.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"8 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Keng offiziell Enqu\u00eate w\u00e9inst Milliounen Doudesf\u00e4ll no Corona-Impfungen a Japan","datePublished":"2023-03-14T13:00:13+00:00","dateModified":"2023-03-14T13:58:39+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/"},"wordCount":1557,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/3b181e99446e7f942d160eebb98b43a3.jpeg","articleSection":["COVID-19","Gesondheet","Uncategorized @lb"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/","name":"Faktencheck: Keng offiziell Enqu\u00eate w\u00e9inst Milliounen Doudesf\u00e4ll no Corona-Impfungen a Japan - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/3b181e99446e7f942d160eebb98b43a3.jpeg","datePublished":"2023-03-14T13:00:13+00:00","dateModified":"2023-03-14T13:58:39+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/3b181e99446e7f942d160eebb98b43a3.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/3b181e99446e7f942d160eebb98b43a3.jpeg","width":620,"height":349,"caption":"Faktencheck: Keng offiziell Enqu\u00eate w\u00e9inst Milliounen Doudesf\u00e4ll no Corona-Impfungen a Japan - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-offiziell-enqute-winst-milliounen-doudesfll-no-corona-impfungen-a-japan\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Keng offiziell Enqu\u00eate w\u00e9inst Milliounen Doudesf\u00e4ll no Corona-Impfungen a Japan"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/249067","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=249067"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/249067\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/249047"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=249067"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=249067"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=249067"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}