{"id":253608,"date":"2023-03-23T09:00:07","date_gmt":"2023-03-23T09:00:07","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=253608"},"modified":"2023-03-22T13:06:36","modified_gmt":"2023-03-22T13:06:36","slug":"faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Falsch Behaaptung vum Tucker Carlson iwwer d&#8217;Attack op d&#8217;US-Kapitol"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Den Tucker Carlson, Moderator op Fox News, huet a senger Sendung behaapt, dass e Video weise g\u00e9if, dass Polizisten dem sougenannte &#8220;QAnon-Schaman&#8221; bei der Erstiermung vum US-Kapitol de 6. Januar 2021 gehollef an als &#8220;Touristeguide&#8221; fung\u00e9iert h\u00e4tten. D\u00ebs Behaaptung ass awer falsch.<\/p>\n<p>&#8220;<em>Bis haut g\u00ebtt et Str\u00e4it doriwwer, w\u00e9i hien an d&#8217;Gebai vum Kapitol koum<\/em>&#8220;, sot den Tucker Carlson de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4495-EW6N\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">6. M\u00e4erz 2023<\/a> a senger Primetime-Fernseesendung, enger vun den am meeschte gekuckte Sendungen an den USA. <em>&#8220;D&#8217;B\u00e4nner weisen, dass d&#8217;Police vum Kapitol den Jacob Chansley ni gestoppt hunn. Si hunn him gehollef. Si ware seng Touristeguiden.&#8221;<\/em><\/p>\n<p><iframe src=\"https:\/\/archive.org\/embed\/FOXNEWSW_20230307_010000_Tucker_Carlson_Tonight?start=515.7&amp;end=636.3\" width=\"640\" height=\"480\" frameborder=\"0\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\" data-mce-fragment=\"1\"><\/iframe><\/p>\n<p>D&#8217;Videoen, d\u00e9i keen Toun hunn, weisen den Chansley, w\u00e9i hien duerch de Kapitol wandert, w\u00e4rend d&#8217;Police him noleeft. De Carlson sot an der Sendung, hien h\u00e4tt d\u00e9i B\u00e4nner vum House Speaker Kevin McCarthy kritt, deem seng Decisioun, d&#8217;Filmmaterial weiderzeginn, vu ville Leit als Versuch kritis\u00e9iert gi w\u00e4r, d\u00e9i politesch Tensiounen zwee Joer no dem gescheiterten Opstand am Haus vun der US-amerikanescher Politik nees unzef\u00e4nken.<\/p>\n<p>D&#8217;Filmmaterial, dat an de <a href=\"https:\/\/archive.is\/GdxH7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">sozialen Netzwierker<\/a> no der Diffusioun an der Sendung vum Tucker Carlson <a href=\"https:\/\/archive.is\/euThn\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">viral goung<\/a>, gouf <a href=\"https:\/\/archive.is\/PBuOm\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">vu bekannte Vertrieder vun der konservativer Partei gedeelt<\/a>, \u00ebnner anerem vum <a href=\"https:\/\/archive.is\/6ooiu\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Donald Trump Jr<\/a>.<\/p>\n<p>D\u00e9i republikanesch Deput\u00e9iert am Kongress Marjorie Taylor Green huet w\u00e4renddeem eng <a href=\"https:\/\/archive.is\/ct65V\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Revisioun am Chansley sengem Fall gefuerdert<\/a>, obwuel dee sech am September 2021 sch\u00eblleg bekannt huet.<\/p>\n<p>An engem <a href=\"https:\/\/archive.is\/9FTLL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Tweet<\/a>, deen iwwer z\u00e9ngdausend Mol gedeelt an och <a href=\"https:\/\/archive.is\/I5z2G\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">op anere Plattforme<\/a><a href=\"https:\/\/ghostarchive.org\/archive\/Tv4Fj\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">propag\u00e9iert<\/a> gouf, steet: <em>&#8220;Video vum 6. Januar, deen nach kee virdru gesinn huet, weist den Chansley, de QAnon-Schaman, w\u00e9i hie w\u00e4rend der ganzer Z\u00e4it, d\u00e9i hien am Gebai war, vun der Police duerch de Kapitol gef\u00e9iert g\u00ebtt.&#8221;<\/em><\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/bcfd903e4b50c9d380840299632d2b6e.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Screenshot from Twitter taken March 8, 2023<\/p>\n<p>D&#8217;Behaaptunge kommen op, well Fox News mat enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8WHT-BACV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Klo w\u00e9inst Diffamatioun<\/a> vun Dominion Voting Systems konfront\u00e9iert ass, d\u00e9i dem Netzwierk virgeheien, w\u00ebssentlech falsch Usch\u00ebllegunge vu Walmanipulatioun no de Presidentewalen 2020 diffus\u00e9iert ze hunn. Privat Noriichten an asserment\u00e9iert Erkl\u00e4rungen, d\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LE2C-TK8U\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">an de leschte Woche ver\u00ebffentlecht<\/a> goufen, hu gewisen, dass de Propriet\u00e4r vu Fox News, de Rupert Murdoch, souw\u00e9i verschidde Produzenten a Moderatore vum Sender woussten, dass d&#8217;Reproch\u00eb vu Bedruch falsch waren.<\/p>\n<p>D&#8217;Sendunge waren Deel vun enger Flut vu Feelinformatiounen iwwer d&#8217;Walen, d\u00e9i hiren H\u00e9ichpunkt an der Erstiermung vum Kapitol de 6. Januar 2021, dem Datum vun der Confirmatioun vun de Walen, haten. Z\u00ebnterhier huet de Carlson <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.32CF2ZM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d&#8217;Attack \u00ebmmer nees falsch duergestallt<\/a>. An enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6YWN-C5X2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Serie aus dr\u00e4i Episoden<\/a>, d\u00e9i Enn 2021 diffus\u00e9iert gouf, huet hien ugedeit, et g\u00e9if sech \u00ebm eng &#8220;False-Flag-Operatioun&#8221; handelen, d\u00e9i vum FBI an antifaschisteschen Aktiviste koordin\u00e9iert gouf, fir de Supportere vum fr\u00e9iere President Donald Trump eng Fal ze stellen.<\/p>\n<p>Dem Carlson seng Duerstellung vum Chansley &#8211; an aneren Opst\u00e4nneschen, d\u00e9i hien als &#8220;Touriste&#8221; bezeechent &#8211; stellt weider falsch duer, wat am Kapitol geschitt ass.<\/p>\n<p><iframe title=\"YouTube video player\" src=\"https:\/\/www.youtube.com\/embed\/Hdfqd-K9HR0\" width=\"560\" height=\"315\" frameborder=\"0\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\" data-mce-fragment=\"1\"><\/iframe><\/p>\n<p><em>&#8220;Lescht Nuecht gouf e Kommentar ausgestraalt, dee mat beleidegenden an ierf\u00e9ierende Konklusiounen iwwer d&#8217;Attack vum 6. Januar gef\u00ebllt war&#8221;<\/em>, sot de Policechef vum Kapitol, den J Thomas Manger, an engem <a href=\"https:\/\/archive.is\/jhEOK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">interne Memo<\/a> vum 7. M\u00e4erz, deen d&#8217;AFP onofh\u00e4ngeg verifi\u00e9iert huet. <em>&#8220;Eng falsch Usch\u00ebllegung ass, dass eis Beamten den Opst\u00e4nnesche gehollef an als &#8216;Touristeguid\u00eb&#8217; fung\u00e9iert hunn. Dat ass niddertr\u00e4chteg a falsch.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>De Manger sot weider:<em> &#8220;D&#8217;Material gouf aus de m\u00e9i rouege Momenter vun den 41.000 Stonne Videomaterial erausgepickt. De Kommentar liwwert keen Zesummenhang iwwer de Chaos an d&#8217;Gewalt, d\u00e9i et virun oder w\u00e4rend d\u00ebse Momenter vu manner Tensioune gouf.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>Eng Rei vu republikanesche Kongressmember hunn och e Statement ofginn, an deem si d&#8217;Ausstralung vu Fox News net guttheeschen. De Leader vun der Minorit\u00e9it am Senat, Mitch McConnell, huet de Kader vum Filmmaterial, dat de Carlson gewisen huet, als &#8220;Feeler&#8221; bezeechent a sot, dem Manger seng \u00c4ntwert g\u00e9if <em>&#8220;korrekt beschreiwen, wat d\u00e9i Meescht vun eis de 6. Januar aus \u00e9ischter Hand erlieft hunn.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet sech fir e Kommentar u Fox News adress\u00e9iert, krut awer keng \u00c4ntwert.<\/p>\n<p class=\"article-title\">Opst\u00e4nnesch waren agebrach an hu Polizisten net gefollegt<\/p>\n<p>Den Chansley, en Unh\u00e4nger vun der Konspiratiounsgrupp QAnon, deen duerch seng plakeg Broscht, d&#8217;Faarf a sengem Gesiicht a seng Mutz mat Haren zum Gesiicht vun der Attack op de Kapitol gouf, gouf kuerz nom Opstand w\u00e9inst <a href=\"https:\/\/perma.cc\/S3GT-9AE3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">sechs Verst\u00e9iss<\/a> ugeklot.<\/p>\n<p>De sougenannte &#8220;QAnon-Schaman&#8221; huet sech am September 2021 w\u00e9inst Beh\u00ebnnerung vun der Staatsgewalt <a href=\"https:\/\/perma.cc\/R5VQ-PNL6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">sch\u00eblleg bekannt<\/a>, wat eng H\u00e9chststrof vun 20 Joer nosechz\u00e9ie kann. Am November vum selwechte Joer gouf hien <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6JZ3-WHB3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">zu 41 M\u00e9int Prisong verurteelt<\/a>.<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/perma.cc\/94JX-Q3TR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">W\u00e9i den amerikanesche Parqut matdeelt<\/a>, wier de Chansley eng Konstruktioun fir T\u00ebleescha\u00eenen eropgeklommen, d\u00e9i scho fir dem Joe Biden seng Inauguratioun do stoung, duerno wier hie laanscht d&#8217;Poliziste an duerch eng Dier gaangen, d\u00e9i aner Leit w\u00e4rend dem Opstand opgebrach haten an esou an de Kapitol agedrongen. Hie war ee vun den \u00e9ischten 30 Leit, d\u00e9i an d&#8217;Gebai eragoungen.<\/p>\n<p>Den Chansley war <em>&#8220;net gesetzlech autoris\u00e9iert, d&#8217;Gebai ze betrieden oder do ze bleiwen&#8221;<\/em>, steet an der Erkl\u00e4rung vum Parquet. Mat senger \u00cbnnerschr\u00ebft huet hien <em>&#8220;zougest\u00ebmmt, dass dat wouer a richteg ass&#8221;<\/em>.<\/p>\n<p>Am Pl\u00e4doyer heescht et, dass den Chansley, w\u00e9i hie vun der Capitol Police instru\u00e9iert gouf, fortzegoen, de Polizist Keith Robishaw <em>&#8220;erausgefuerdert huet&#8221;<\/em>, &#8220;si laanscht ze loossen, andeems hie seng Mutz mat den Hare benotzt huet, fir d&#8217;M\u00ebnschegrupp unzestachelen an opzefuerderen, dass d&#8217;Deput\u00e9iert erausbruecht ginn. Duerno w\u00e4r den Chansley op en anere Stack gaangen, <em>&#8220;amplaz op d&#8217;Uweisunge vun der Capitol Police ze lauschteren, d&#8217;Gebai ze verloossen&#8221;<\/em> an <em>&#8220;ass eleng an d&#8217;Galerie vum Senat eragaangen&#8221;, wou hien &#8220;Obsz\u00f6nit\u00e9ite vu sech ginn huet&#8221;<\/em>.<\/p>\n<p>W\u00e9i den Chansley an de S\u00ebtzungssall vum Senat eragoe wollt, huet de Robishaw hien op en Neits opgefuerdert ze goen. W\u00e9i den Chansley et gepackt hat eranzegoen, ass de Robishaw him nogaangen an huet hie gebieden, sech net op d&#8217;Senatstrib\u00fcn ze setzen, wou den deemolege Vize-President Mike Pence manner w\u00e9i eng Stonn virdrun nach gesiess hat.<\/p>\n<p>Den Chansley sot, de Pence w\u00e4r e &#8220;Verr\u00e9ider&#8221;, w\u00e9i et an de Geriichts\u00ebnnerlage steet, an huet eng Notiz op den D\u00ebsch geschmiert: <em>&#8220;Justice is coming! (Gerechtegkeet k\u00ebnnt!)&#8221;.<\/em><\/p>\n<p class=\"article-title\">Filmmaterial weist dem Chansley seng Aktiounen<\/p>\n<p>D&#8217;Betriede vum Kapitol duerch den Chansley gouf <a href=\"https:\/\/ia902307.us.archive.org\/10\/items\/Cwxj9RMtddritN4Ds\/Cwxj9RMtddritN4Ds.mpeg4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">opgeholl<\/a>. Den Tucker Carlson huet de Clip Sekonne virdru gewisen, \u00e9ier hie behaapt huet: <em>&#8220;Et ass onkloer, w\u00e9i hien erakomm ass&#8221;<\/em>. Aner Opname weisen den Chansley <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6D6M-ZB2R\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">um Medientuerm virum Gebai<\/a> a <a href=\"https:\/\/archive.is\/LclI8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">matten am Trawolt<\/a> virun enger Linn vu Polizisten.<\/p>\n<p>D&#8217;Interaktiounen t\u00ebscht dem Chansley an dem Robishaw goufen och <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5CWA-ZV86\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">op Video festgehalen<\/a>, vun deenen e puer an der Dokumentatioun mam Titel &#8220;Four Hours at the Capitol&#8221; vum Sender HBO ze gesi sinn.<\/p>\n<p><iframe title=\"YouTube video player\" src=\"https:\/\/www.youtube.com\/embed\/270F8s5TEKY?start=354\" width=\"560\" height=\"315\" frameborder=\"0\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\" data-mce-fragment=\"1\"><\/iframe><\/p>\n<p><em>&#8220;Si hu sech just missen duerchk\u00e4mpfen&#8221;<\/em>, sot de Robishaw w\u00e4rend engem Interview an der Dokumentatioun. <em>&#8220;Si hu Saache gejaut w\u00e9i &#8216;Mir kommen dech huelen, Pence. Du kanns dech net verstoppen. Mir w\u00e4erten dech fannen.&#8217; Wann ech soe g\u00e9if, dass ech keng Angscht gehat h\u00e4tt, g\u00e9if ech l\u00e9ien. Ech hat Angscht. Ech wosst net, wat ech maache sollt.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>De Policebeamten huet den Chansley ausdr\u00e9cklech ernimmt a festgestallt, dass den Ugr\u00e4ifer e Speer mat engem amerikanesche F\u00e4ndel drop an der Hand hat.<\/p>\n<p><em>&#8220;An d\u00ebser Situatioun Gewalt mat Gewalt ze beg\u00e9inen, war fir mech a meng Kolleegen net s\u00e9cher. D\u00e9i onvirstellbar Unzuel vun hinnen am Verglach zu eis, ech wousst a mengem Kapp, dass et keng M\u00e9iglechkeet gouf, dass mir hinne kierperlech eppes entg\u00e9intsetze konnten, also hunn ech decid\u00e9iert, ze prob\u00e9ieren, mat hinnen ze schw\u00e4tzen<\/em>&#8220;, sot de Robishaw.<\/p>\n<p><em>&#8220;Ech hunn de Schaman bemierkt an ech sinn hannert him eragaangen an du war mir kloer, dass ech elo eleng war. Ech war eleng&#8221;<\/em>, sot hien. <em>&#8220;Hie geet de Podium erop&#8230; an a mengem Kapp duecht ech: &#8216;Ech kann n\u00e4ischt maachen&#8217;, w\u00ebsst Dir. Alles, wat ech maache kann, ass Uerderen ze ginn a wa si nolauschteren, wonnerbar. Wa si et net maachen, kann ech si net zw\u00e9ngen.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>D&#8217;Police vum Kapitol huet dem Robishaw seng Kommentaren an enger Erkl\u00e4rung fir d&#8217;AFP zit\u00e9iert an huet b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt, dass hien <em>&#8220;den Opst\u00e4nneschen zuelem\u00e9isseg \u00ebnnerlee\u00eb&#8221; war, awer \u00ebmmer nach &#8220;versicht huet, jiddereen aus dem Sall ze kr\u00e9ien&#8221;<\/em>.<\/p>\n<p>De Manger sot a engem interne Memo, d&#8217;Police w\u00e4r gezwonge gewiescht, &#8220;Deeskalatiounstaktiken ze notzen, fir d\u00e9i Opst\u00e4nnesch dozou ze br\u00e9ngen, d&#8217;Gebai ze verloossen.&#8221;<\/p>\n<p>Op d&#8217;mannst 1.000 Persoune goufen den Donn\u00e9e\u00eb vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/XZT7-356Y\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">US-amerikanesche Justizminist\u00e8re<\/a> no am Zesummenhang mam Opstand am Kapitol festgeholl. 326 Persoune goufe w\u00e9inst Aggressioun, Widderstand oder Beh\u00ebnnerung vu Policebeamten ugeklot. Ongef\u00e9ier 140 Poliziste goufen attack\u00e9iert, w\u00e4rend si d&#8217;Gebai verdeedegt hunn.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet schonn <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.32LN3YT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">an der Vergaangenheet<\/a> Feelinformatiounen iwwer de 6. Januar opgedeckt (<a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.32LN3YT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.32CF2ZM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>).<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Den Tucker Carlson, Moderator op Fox News, huet a senger Sendung behaapt, dass e Video weise g\u00e9if, dass Polizisten dem sougenannte &#8220;QAnon-Schaman&#8221; bei der Erstiermung vum US-Kapitol de 6. Januar 2021 gehollef an als &#8220;Touristeguide&#8221; fung\u00e9iert h\u00e4tten. D\u00ebs Behaaptung ass awer falsch.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":253598,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[191,181],"tags":[],"class_list":{"0":"post-253608","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-politik","8":"category-uncategorized-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2040746","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2040746.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Falsch Behaaptung vum Tucker Carlson iwwer d&#039;Attack op d&#039;US-Kapitol - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Falsch Behaaptung vum Tucker Carlson iwwer d&#039;Attack op d&#039;US-Kapitol - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Den Tucker Carlson, Moderator op Fox News, huet a senger Sendung behaapt, dass e Video weise g\u00e9if, dass Polizisten dem sougenannte &quot;QAnon-Schaman&quot; bei der Erstiermung vum US-Kapitol de 6. Januar 2021 gehollef an als &quot;Touristeguide&quot; fung\u00e9iert h\u00e4tten. D\u00ebs Behaaptung ass awer falsch.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-03-23T09:00:07+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/73d6ccdaacc9cafc69748e98c9df52a9.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Falsch Behaaptung vum Tucker Carlson iwwer d&#8217;Attack op d&#8217;US-Kapitol\",\"datePublished\":\"2023-03-23T09:00:07+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/\"},\"wordCount\":1549,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/73d6ccdaacc9cafc69748e98c9df52a9.jpeg\",\"articleSection\":[\"Politik\",\"Uncategorized @lb\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/\",\"name\":\"Faktencheck: Falsch Behaaptung vum Tucker Carlson iwwer d'Attack op d'US-Kapitol - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/73d6ccdaacc9cafc69748e98c9df52a9.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-03-23T09:00:07+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/73d6ccdaacc9cafc69748e98c9df52a9.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/73d6ccdaacc9cafc69748e98c9df52a9.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Falsch Behaaptung vum Tucker Carlson iwwer d'Attack op d'US-Kapitol - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Falsch Behaaptung vum Tucker Carlson iwwer d&#8217;Attack op d&#8217;US-Kapitol\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Falsch Behaaptung vum Tucker Carlson iwwer d'Attack op d'US-Kapitol - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Falsch Behaaptung vum Tucker Carlson iwwer d'Attack op d'US-Kapitol - EDMO Belux","og_description":"Den Tucker Carlson, Moderator op Fox News, huet a senger Sendung behaapt, dass e Video weise g\u00e9if, dass Polizisten dem sougenannte \"QAnon-Schaman\" bei der Erstiermung vum US-Kapitol de 6. Januar 2021 gehollef an als \"Touristeguide\" fung\u00e9iert h\u00e4tten. D\u00ebs Behaaptung ass awer falsch.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-03-23T09:00:07+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/73d6ccdaacc9cafc69748e98c9df52a9.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"8 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Falsch Behaaptung vum Tucker Carlson iwwer d&#8217;Attack op d&#8217;US-Kapitol","datePublished":"2023-03-23T09:00:07+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/"},"wordCount":1549,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/73d6ccdaacc9cafc69748e98c9df52a9.jpeg","articleSection":["Politik","Uncategorized @lb"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/","name":"Faktencheck: Falsch Behaaptung vum Tucker Carlson iwwer d'Attack op d'US-Kapitol - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/73d6ccdaacc9cafc69748e98c9df52a9.jpeg","datePublished":"2023-03-23T09:00:07+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/73d6ccdaacc9cafc69748e98c9df52a9.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/03\/73d6ccdaacc9cafc69748e98c9df52a9.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Falsch Behaaptung vum Tucker Carlson iwwer d'Attack op d'US-Kapitol - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-falsch-behaaptung-vum-tucker-carlson-iwwer-dattack-op-dus-kapitol\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Falsch Behaaptung vum Tucker Carlson iwwer d&#8217;Attack op d&#8217;US-Kapitol"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/253608","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=253608"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/253608\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/253598"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=253608"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=253608"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=253608"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}