{"id":256492,"date":"2023-04-07T13:56:38","date_gmt":"2023-04-07T13:56:38","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=256492"},"modified":"2023-04-07T14:35:14","modified_gmt":"2023-04-07T14:35:14","slug":"faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/","title":{"rendered":"Faktencheck: W\u00e9i erkennt ee KI-gener\u00e9iert Biller? Mat vill gesondem M\u00ebnscheverstand!"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Midjourney, DALL-E, Stable Diffusion, Craiyon&#8230; d\u00e9i rasant Fortschr\u00ebtter vun der K\u00ebnschtlecher Intelligenz an de leschte M\u00e9int hunn zu engem neie Phenomen gefouert: Dem massiven Deele vu k\u00ebnschtlech gener\u00e9ierte Biller a sozialen Netzwierker. E puer, ultrarealistesch a politesch aktuell, hunn zu Konfusioune gef\u00e9iert a goufen heiansdo als authentesch duergestallt.<\/p>\n<p>E puer passend Schl\u00ebsselwierder, e Bild. Dat ass de Prinzip vu ville k\u00ebnschtlechen Intelligenze w\u00e9i\u00a0<a href=\"https:\/\/www.midjourney.com\/home\/?callbackUrl=%2Fapp%2F\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Midjourney<\/a>, <a href=\"https:\/\/openai.com\/product\/dall-e-2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">DALL-E<\/a>, <a href=\"https:\/\/www.craiyon.com\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Craiyon<\/a> oder <a href=\"https:\/\/stablediffusionweb.com\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Stable Diffusion<\/a>. D\u00ebs Outile si capabel, aus enger riseger Datebank, d\u00e9i st\u00e4nneg mat Ufroe vu Benotzer gefiddert g\u00ebtt, eng Villzuel vu Fotoen ze gener\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Wourun erkennt ee se? Vill Internetnotzer benotzen d\u00ebs KI fir humoristesch oder k\u00ebnschtleresch Kreatiounen, awer anerer hu sech dofir decid\u00e9iert, d\u00ebs <a href=\"https:\/\/perma.cc\/TK4X-Y7HC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Biller mat aktuelle politeschen Evenementer a Verbindung ze br\u00e9ngen<\/a>.<\/p>\n<p>Eng Flut vu KI-Biller ass beispillsweis op Twitter am \u00cbmlaf, fir reell Evenementer w\u00e9i d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/K8L3-97X3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Treffen t\u00ebscht dem Wladimir Putin an dem Xi Jinping<\/a> den 20. M\u00e4erz 2023 ze illustr\u00e9ieren oder sech fiktiv Situatioune virzestellen, w\u00e9i den Emmanuel Macron als Drecksm\u00e4nnchen oder als CRS, dee g\u00e9int d&#8217;Rentereform protest\u00e9iert.<\/p>\n<blockquote class=\"twitter-tweet\"><p>Hi, I&#8217;m a tech reporter that covers China, cybersecurity, &amp; new media. Hundreds of people are sharing this photo of Xi Jinping &amp; Vladimir Putin as they meet at the Kremlin. The two did meet, but it&#8217;s highly likely this photo was generated by an AI program. Here&#8217;s why: <a href=\"https:\/\/t.co\/6xqsDLxiMa\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">pic.twitter.com\/6xqsDLxiMa<\/a><\/p>\n<p>\u2014 Amanda Florian \u5c0f\u7231 (@Amanda_Florian) <a href=\"https:\/\/twitter.com\/Amanda_Florian\/status\/1637969448958132226?ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">March 21, 2023<\/a><\/p><\/blockquote>\n<p><script charset=\"utf-8\" type=\"text\/javascript\" src=\"https:\/\/platform.twitter.com\/widgets.js\" xml:space=\"preserve\"><\/script><\/p>\n<blockquote class=\"twitter-tweet\"><p>L&#8217;<a href=\"https:\/\/twitter.com\/hashtag\/ia?src=hash&amp;ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">#ia<\/a><a href=\"https:\/\/twitter.com\/hashtag\/photo?src=hash&amp;ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">#photo<\/a> a fait des progr\u00e8s d\u00e9mentiels en tr\u00e8s peu de temps, d\u00e9sormais le <a href=\"https:\/\/twitter.com\/hashtag\/fake?src=hash&amp;ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">#fake<\/a> sera la norme sur les <a href=\"https:\/\/twitter.com\/hashtag\/reseaux?src=hash&amp;ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">#reseaux<\/a>, doutez de ce que vous voyez par d\u00e9faut, plus le choix.<a href=\"https:\/\/twitter.com\/hashtag\/midjourney?src=hash&amp;ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">#midjourney<\/a><a href=\"https:\/\/twitter.com\/hashtag\/midjourneyv5?src=hash&amp;ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">#midjourneyv5<\/a><a href=\"https:\/\/t.co\/dJoZXGrbRy\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">pic.twitter.com\/dJoZXGrbRy<\/a><\/p>\n<p>\u2014 Cryptonoo\u20bf From 100K to 0 (@Cryptonoobzzzz) <a href=\"https:\/\/twitter.com\/Cryptonoobzzzz\/status\/1637406600318136321?ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">March 19, 2023<\/a><\/p><\/blockquote>\n<p><script charset=\"utf-8\" type=\"text\/javascript\" src=\"https:\/\/platform.twitter.com\/widgets.js\" xml:space=\"preserve\"><\/script><\/p>\n<p>W\u00e4rend d&#8217;Majorit\u00e9it vun den Auteure vun d\u00ebse Kreatioune prezis\u00e9iert, dass et sech \u00ebm falsch Biller handelt, zirkul\u00e9ieren d\u00ebs Fotoen, d\u00e9i vu ville Leit weider gedeelt ginn, ouni Kontext a ginn zum Deel authentesch duergestallt.<\/p>\n<p>Et goufen Outilen entw\u00e9ckelt oder befanne sech an der Entw\u00e9cklung, fir esou Konstruktiounen ze erkennen, w\u00e9i <a href=\"https:\/\/huggingface.co\/spaces\/umm-maybe\/AI-image-detector\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d\u00ebsen<\/a>, mee hir Resultater sinn nach \u00ebmmer net gutt genuch a k\u00ebnnen heiansdo och feelerhaft sinn, w\u00e9i Tester vun der AFP gewisen hunn.<\/p>\n<p><em>&#8220;Wann eng KI e komplett Bild produz\u00e9iert, ginn an der Reegel keng Deeler vun enger eenzeger Foto erausgeholl. Dausenden oder souguer Millioune vu Fotoe gi benotzt, fir d\u00e9i Milliarde vu Parameteren ze ber\u00e9cksiichtegen&#8221;<\/em>, huet den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/X6YN-HGWS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">David Fischinger<\/a>, Ingenieur um \u00c9istr\u00e4icheschen Institut fir Technologie a KI-Spezialist den 21. M\u00e4erz g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p><em>&#8220;D&#8217;KI m\u00ebscht d\u00ebs Biller aus hirer Datebank, h\u00eblt se auserneen a rekonstru\u00e9iert e Bild Pixel fir Pixel, wat bedeit, dass an der finaler Versioun den \u00cbnnerscheed t\u00ebschent den Originalbiller net m\u00e9i ze erkennen ass&#8221;<\/em>, huet de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4ZSV-WPNG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Vincent Terrasi<\/a>, Matbegr\u00ebnner vun Draft&amp;Goal, engem StartUp, dat \u00ebnner anerem e KI-gener\u00e9ierte Content-Detekter fir Universit\u00e9ite lanc\u00e9iert huet.<\/p>\n<p>Aus d\u00ebsem Grond funktion\u00e9iert Software, d\u00e9i eng Fotomontage erkennen, net oder just ganz schlecht, fir Biller, d\u00e9i vollst\u00e4nneg vu KI hiergestallt goufen, ze erkennen.<\/p>\n<p>D&#8217;Metadate vun enger Foto &#8211; den echten digitalen Ausweis vun engem Fichier, deen heiansdo d&#8217;Hierkonft ka pr\u00e4isginn, vu wou e Bild, dat vun der KI hiergestallt gouf, hierk\u00ebnnt &#8211; sinn och fir viral Biller net n\u00ebtzlech, w\u00e9i d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/9TMA-6BU8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Annalisa Verdoliva<\/a>, Professesch op der Universit\u00e9it Frederico II zu Neapel an Expertin fir K\u00ebnschtlech Intelligenz, der AFP den 23. M\u00e4erz sot: <em>&#8220;Leider k\u00ebnne mir eis net dorop verloossen, well sozial Netzwierker d\u00ebs Informatioune systematesch l\u00e4schen&#8221;.<\/em><\/p>\n<p>Bildquell erausfannen<\/p>\n<p>De beschte Wee, fir d&#8217;Kreatioun vun enger KI ze erkennen, ass dohier no Usiicht vun Experten d<strong>&#8216;Sich no hirem Ursprongskontext<\/strong>, fir ze kucken, ob en Internetnotzer matdeelt, dass hie se fabriz\u00e9iert huet mat w\u00e9i engem Outil. Dat ass ganz dacks de Fall.<\/p>\n<p>Fir dat ze erreechen, muss ee versichen, den \u00e9ischte Moment ze fannen, w\u00e9i d&#8217;Foto online ver\u00ebffentlecht gouf.<\/p>\n<p>Et ass m\u00e9iglech, dat duerch eng \u00ebmgek\u00e9iert Billersich ze maachen, andeems d&#8217;Foto an enger oder m\u00e9i Sichmaschinnen eropgeluede g\u00ebtt, fir ze kucken, ob d&#8217;Bild schonn index\u00e9iert ass, an ze versichen, al Occurrencen ze fannen.<\/p>\n<p><iframe title=\"YouTube video player\" src=\"https:\/\/www.youtube.com\/embed\/w6tpIBHhZLw\" width=\"560\" height=\"315\" frameborder=\"0\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\" data-mce-fragment=\"1\"><\/iframe><\/p>\n<p>D\u00ebs Method erlaabt et m\u00e9iglecherweis erauszefannen, vu wou d&#8217;Biller stamen, d\u00e9i an de sozialen Netzwierker dacks am \u00cbmlaf sinn, w\u00e9i zum Beispill e Kampf t\u00ebscht dem amerikaneschen Ex-President Donald Trump a Policebeamten, d\u00e9i hie verhafte w\u00ebllen.<\/p>\n<p>Eng \u00ebmgek\u00e9iert Billersich op Google no enger vun d\u00ebse Fotoe f\u00e9iert zu engem <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230323144436\/https:\/\/twitter.com\/EliotHiggins\/status\/1637927681734987777?ref_src=twsrc%5Etfw%7Ctwcamp%5Etweetembed%7Ctwterm%5E1637927681734987777%7Ctwgr%5Eb18baee87a969658c5aadf40f179fd3317e0f92c%7Ctwcon%5Es1_&amp;ref_url=http%3A%2F%2Ffactuel.afp.com%2Fdoc.afp.com.33BR6P7-27\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Tweet vum Eliot Higgins<\/a>, dem Gr\u00ebnner vun der investigativer Internets\u00e4it Bellingcat, deen hien den 20. M\u00e4erz 2023 ofgesat huet.<\/p>\n<p>Hien erkl\u00e4ert an engem Thread, dass hien d\u00ebs Billerserie mat der neister Versioun vu Midjourney erstallt huet.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/b59088733638e6828d398b51cebebbc6.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&#8217;\u00e9cran prise le 22\/03\/2023 sur Google<\/p>\n<blockquote class=\"twitter-tweet\"><p>Making pictures of Trump getting arrested while waiting for Trump&#8217;s arrest. <a href=\"https:\/\/t.co\/4D2QQfUpLZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">pic.twitter.com\/4D2QQfUpLZ<\/a><\/p>\n<p>\u2014 Eliot Higgins (@EliotHiggins) <a href=\"https:\/\/twitter.com\/EliotHiggins\/status\/1637927681734987777?ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">March 20, 2023<\/a><\/p><\/blockquote>\n<p><script charset=\"utf-8\" type=\"mce-text\/javascript\" src=\"https:\/\/platform.twitter.com\/widgets.js\" xml:space=\"preserve\"><\/script><\/p>\n<p>Wann d&#8217;Originalfoto net fonnt g\u00ebtt, kann eng \u00ebmgek\u00e9iert Billersich zu enger besserer Versioun vum Bild f\u00e9ieren, wann d&#8217;Bild beim Deele geschnidden, ver\u00e4nnert gouf oder u Qualit\u00e9it verluer huet. \u00cbmsou besser d&#8217;Bildqualit\u00e9it ass, desto m\u00e9i einfach ass et, d&#8217;Bild op Feeler ze analys\u00e9ieren, d\u00e9i op eng Montage hindeiten.<\/p>\n<p>Schliisslech huet d\u00e9i \u00ebmgek\u00e9iert Billersich de Virdeel, dass si \u00e4nlech Biller ervirhieft. Dat kann n\u00ebtzlech sinn, fir eng Foto, d\u00e9i\u00a0vermeintlech vun enger KI gener\u00e9iert gouf, mat Biller aus zouverl\u00e4ssege Quellen ze vergl\u00e4ichen.<\/p>\n<p>Am Kader vun der Entrevue t\u00ebscht dem Donald Trump an dem Xi Jinping huet den italieenesche Journalist David Puente drop higewisen, dass d&#8217;Kuliss vum Sall op de\u00a0Fotoe vun d\u00ebsem Evenement, d\u00e9i vun de\u00a0Medie ver\u00ebffentlecht goufen, an d&#8217;Bild vum Wladimir Putin, dee virum Xi Jinping kn\u00e9it, wou d&#8217;Source net bekannt ass, n\u00e4ischt mateneen ze dinn hunn, wat\u00a0Zweiwel un der Authentizit\u00e9it vum Evenement opkomme loosse g\u00e9if.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/f737aade4ba129bbfc71aee17ee8d3dd.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&#8217;\u00e9cran prise sur Twitter le 23\/03\/2023<\/p>\n<p>D&#8217;Beschreiwung vun der Foto an d&#8217;Kommentare vun Notzer k\u00ebnnen och ganz h\u00ebllefr\u00e4ich si fir eng Montage ze mellen oder de Stil vun enger KI ze erkennen, woub\u00e4i DALL-E fir seng ultra-realistesch Designs a Midjourney fir seng Promi-Inzen\u00e9ierunge bekannt ass.<\/p>\n<p>Dat kann n\u00ebtzlech sinn, fir den Outil ze fannen, deen d&#8217;Bild fabriz\u00e9iert huet a versicht, d&#8217;Foto er\u00ebmzefannen &#8211; verschidden Outilen, w\u00e9i Midjourney, hannerloosse Spuere vun den erstallte Biller a verschiddene Konversatiounskan\u00e4l &#8211; oder fir ze versichen, \u00e4nlech Biller ze kre\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Wann een d&#8217;Quell vum Bild net fonnt huet a keen Hiweis op s\u00e4i Kontext huet, muss ee sech d&#8217;Bild selwer ukucken.<\/p>\n<p>E Bild analys\u00e9ieren<\/p>\n<ul>\n<li><strong>No engem Waasserzeeche sichen<\/strong><\/li>\n<\/ul>\n<p>Heiansdo verstoppe sech Hiweiser an enger Foto: Verschidden Internets\u00e4ite k\u00ebnnen e Waasserzeechen an hiren erstallte Biller verstoppen. Dat ass de Fall bei DALL-E, dat automatesch e faarwege Balken am \u00ebnneschte rietsen Eck vun alle Biller gener\u00e9iert, oder bei Crayion, dat e klenge roude Bl\u00e4ist\u00ebft op der selwechter Plaz plac\u00e9iert.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/16a28df0b6c1e7a37cf51a9c6d91495a.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Image g\u00e9n\u00e9r\u00e9e sur DALL-E le 22 mars 2023 par l&#8217;AFP en tapant &#8220;a lolipop being held by a kid on a beach&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/22d6b0e40181ed86d7cbdf26bf89c9f7.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Image g\u00e9n\u00e9r\u00e9e sur Craiyon.com par l&#8217;AFP le 22 mars 2023 en tapant &#8220;pen on a table&#8221;<\/p>\n<p>Passt awer op, dass net alleguer d&#8217;KIe Waasserzeechen an hire Biller plac\u00e9ieren, an dass d&#8217;Waasserzeeche m\u00e9iglecherweis beim Export ewechgeholl oder m\u00e9i sp\u00e9it erausgeschnidden oder mask\u00e9iert gouf.<\/p>\n<ul>\n<li><strong>Kuckt Iech de K\u00e4r vum Bild un<br \/>\n<\/strong><\/li>\n<\/ul>\n<p><em>&#8220;Am\u00a0Zweiwelsfall muss ee sech de K\u00e4r vum Bild ukucken, dee sech bei enger Kreatioun duerch eng KI staark vun deem vun enger echter Foto \u00ebnnerscheet&#8221;,<\/em> sot d&#8217;<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230323134715\/https:\/\/ens-paris-saclay.fr\/lecole\/prix-et-distinctions\/prix-etudiants-et-doctorants\/tina-nikoukhah\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Tina Nikoukhah<\/a>, Doktorandin am Ber\u00e4ich Bildbeaarbechtung am Laboratoire de math\u00e9matiques vum ENS Paris-Saclay, den 22. M\u00e4erz g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p>An de gratis Versioune vun der KI, d\u00e9i getest goufen, haten d\u00e9i kre\u00e9iert Biller e Stil, deen den hyperrealistesche Beweegungsbiller ganz \u00e4nlech war, w\u00e9i d&#8217;Beispill \u00ebnne l\u00e9nks vun engem Bild vum &#8220;Brad Pitt zu Par\u00e4is&#8221;, dat mat Stable Diffusion hiergestallt gouf.<\/p>\n<p>Eng weider Kreatioun, d\u00e9i mat DALL-E mat \u00e4nleche Schl\u00ebsselwierder \u00ebnne riets realis\u00e9iert gouf, ass awer m\u00e9i genau, an et ass op den \u00e9ischte Bl\u00e9ck net esou einfach ze soen, dass et sech \u00ebm e KI-Bild handelt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/6dd767eec6dc42bc27a1b8bb5d461bf4.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Image g\u00e9n\u00e9r\u00e9e par l&#8217;AFP sur Stable Diffusion le 22 mars 2023 en tapant &#8220;Brad Pitt, street of Paris, early and sunny morning, holding a croissant, near a bakery and old French car, wearing a white shirt, smiling, realistic, 4K&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/c7f88be866b4cfec1cf53a0c63c7c59f.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Image g\u00e9n\u00e9r\u00e9e par l&#8217;AFP sur DALL-E le 22 mars 2023 en tapant &#8220;Brad Pitt in Paris, photo, shops in the background, 4K&#8221;<\/p>\n<ul>\n<li><strong>No visuellen Inkoherenze sichen<\/strong><\/li>\n<\/ul>\n<p>Trotz de rasante Fortschr\u00ebtter vun der k\u00ebnschtlecher Intelligenz g\u00ebtt et \u00ebmmer nach vill Feeler a Biller, d\u00e9i vun enger KI gener\u00e9iert goufen. <strong>D\u00ebs Defiziter w\u00e4ren zum aktuellen Z\u00e4itpunkt d\u00e9i bescht M\u00e9iglechkeet, en hiergestalltent Bild ze erkennen<\/strong>, w\u00e9i Experten, d\u00e9i befrot goufen, erkl\u00e4ert hunn.<\/p>\n<p>&#8220;Verschidde Mierkmoler, dacks d\u00e9i selwecht, si fir KI problematesch. Et sinn d\u00ebs Inkoherenzen an Artefakten, op d\u00e9i een oppasse muss, w\u00e9i an engem Spill mat 7 Differenzen&#8221;, betount de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4ZSV-WPNG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Vincent Terrasi<\/a>.<\/p>\n<p>&#8220;<strong>Allerd\u00e9ngs gi KIe vun Dag zu Dag besser a weisen \u00ebmmer manner Anomalien op, sou dass ee sech net op laangfristeg visuell Hiweiser verloossen d\u00e4erf<\/strong>&#8220;, warnt <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9TMA-6BU8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Annalisa Verdoliva.<\/a><\/p>\n<p>Sou hu KIen am M\u00e4erz 2023 \u00ebmmer nach Schwieregkeeten, <strong>realistesch H\u00e4nn ze kre\u00e9ieren<\/strong>. Dat weist d\u00e9i onverh\u00e4ltnesm\u00e9isseg Gr\u00e9isst vum Brad Pitt um Bild, d\u00e9i uewe l\u00e9nks ze gesinn ass.<\/p>\n<p>An enger Rei vu Fotoen, d\u00e9i angeeblech w\u00e4rend enger Demonstratioun g\u00e9int d&#8217;Rentereform de 7. M\u00e4erz 2023 gemaach goufen an op deenen en CRS [frans\u00e9ische Polizist, Um. v. d. Red.] eng Demonstrantin \u00ebm\u00e4ermelt, huet eng Journalistin vun der AFP dorop higewisen, dass ee Polizist sechs Fangeren h\u00e4tt, wat d&#8217;Bild als Montage entlarvt.<\/p>\n<blockquote class=\"twitter-tweet\"><p>The hand strikes again: these photos allegedly shot at a French protest rally yesterday look almost real &#8211; if it weren&#8217;t for the officer&#8217;s six-fingered glove <a href=\"https:\/\/twitter.com\/hashtag\/disinformation?src=hash&amp;ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">#disinformation<\/a><a href=\"https:\/\/twitter.com\/hashtag\/AI?src=hash&amp;ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">#AI<\/a><a href=\"https:\/\/t.co\/qzi6DxMdOx\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">pic.twitter.com\/qzi6DxMdOx<\/a><\/p>\n<p>\u2014 Nina Lamparski (@ninaism) <a href=\"https:\/\/twitter.com\/ninaism\/status\/1623273497479749632?ref_src=twsrc%5Etfw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" shape=\"rect\">February 8, 2023<\/a><\/p><\/blockquote>\n<p><script charset=\"utf-8\" type=\"text\/javascript\" src=\"https:\/\/platform.twitter.com\/widgets.js\" xml:space=\"preserve\"><\/script><\/p>\n<p><em>&#8220;Haut f\u00e4lt et der KI och immens schw\u00e9ier, Reflexiounen ze produz\u00e9ieren. Eng gutt M\u00e9iglechkeet, eng KI ze erkennen, ass, no Schiet, Spigelen oder Waasser ze sichen, awer och d&#8217;Aen erunzezoomen an d&#8217;Pupillen ze \u00ebnnersichen, well normalerweis g\u00ebtt et eng Reflexioun, wann een eng Foto m\u00e9cht. Dacks stellt een och fest, dass d&#8217;Aen net d\u00e9i selwecht Gr\u00e9isst hunn, heiansdo och \u00ebnnerschiddlech Aefaarwen&#8221;<\/em>, betount de Vincent Terrasi.<\/p>\n<p>Dat ass de Fall bei d\u00ebser Foto vum Emmanuel Macron, d\u00e9i vun enger KI gener\u00e9iert an op Instagram gedeelt gouf. D&#8217;Zoom-Funktioun vum Outil <a href=\"https:\/\/www.invid-project.eu\/tools-and-services\/invid-verification-plugin\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Invid-WeVerify<\/a> hieft en \u00cbnnerscheed an der Faarf vu b\u00e9iden Aen ervir.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/66b4cfbd1a2cdac1c5f667b080d18d49.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&#8217;\u00e9cran d&amp;#039;une image g\u00e9n\u00e9r\u00e9e par IA cr\u00e9\u00e9e par le compte Instagram Joannsfar<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/93209ab8fba78206b4d03c96c631f0ba.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Zoom r\u00e9alis\u00e9 avec l&#8217;outil Invid-WeVerify sur les yeux d&#8217;Emmanuel Macron \u00e0 partir de la capture d&#8217;\u00e9cran d&#8217;une image g\u00e9n\u00e9r\u00e9e par IA cr\u00e9\u00e9e par le compte Instagram Joannsfar<\/p>\n<p>D&#8217;KIe kre\u00e9ieren och dacks Asymmetrien: Dat kann um Niveau vum Gesiicht gesch\u00e9ien, dat onverh\u00e4ltnesm\u00e9isseg ka sinn, oder best\u00ebmmt Mierkmoler, w\u00e9i z.B. Oueren, d\u00e9i net d\u00e9i selwecht H\u00e9icht oder just een Ouerrank hunn.<\/p>\n<p>Z\u00e4nn an Hoer sinn och dacks schwiereg fir d&#8217;KI ze imit\u00e9ieren a k\u00ebnnen um Niveau vun hirer Ofgrenzung oder Textur weisen, dass d&#8217;Bild net reell ass.<\/p>\n<p>Verschidden Elementer k\u00ebnnen och schlecht integr\u00e9iert ginn, w\u00e9i Sonnebr\u00ebller, d\u00e9i mat engem Gesiicht verschmolt sinn.<\/p>\n<p>Schlussendlech k\u00e9int d&#8217;M\u00ebsche vu m\u00e9i Biller duerch d&#8217;KI zu Liichtprobleemer am Bild f\u00e9ieren, weisen d&#8217;Experten drop hin.<\/p>\n<ul>\n<li><strong>Den Hannergrond vum Bild \u00ebnnersichen<br \/>\n<\/strong><\/li>\n<\/ul>\n<p>De beschte Wee, esou Anomalien ze erkennen, ass dacks, den Hannergrond vum Bild ze \u00ebnnersichen. Obwuel et op den \u00e9ischte Bl\u00e9ck normal ersch\u00e9ngt, weist eng Foto, d\u00e9i vun enger KI gener\u00e9iert gouf, eng grouss Unzuel u Feeler am Hannergrond op, d\u00e9i heiansdo och inkoherent ass.<\/p>\n<p>Bei <a href=\"https:\/\/www.instagram.com\/julian_ai_art\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Fotoen, d\u00e9i op den \u00e9ischte Bl\u00e9ck extreem onrealistesch wierken<\/a>, z.B. de Barack Obama an d&#8217;Angela Merkel op der Plage, an an de sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf waren, verr\u00e9it den Hannergrond eng Montage: Eng vun de Persounen am Hannergrond huet ofgetrennt Been an d\u00e9i aner Persoun sch\u00e9ngt net richteg an den Dekor ze passen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/d7f144dfde161bd8fede356d23f45498.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&#8217;\u00e9cran d&#8217;une image g\u00e9n\u00e9r\u00e9e par IA et partag\u00e9e sur le compte Instagram @joannsfar<\/p>\n<p><em>&#8220;\u00cbmsou m\u00e9i w\u00e4it en Element ewech ass, desto m\u00e9i verschwommen, verzerrt an inkorrekt ass d&#8217;Perspektiv&#8221;<\/em>, seet de Vincent Terrasi weider.<\/p>\n<p>Op der gef\u00e4lschter Foto vun der Entrevue t\u00ebscht dem Xi Jinping an dem Wladimir Putin ass eng Linn am Hannergrond net riicht. En Indice, deen och beim Putin sengem Kapp ze fannen ass, deen am Verglach zum Rescht vu sengem Kierper m\u00e9i grouss ze si sch\u00e9ngt an domat e Bild, dat vun enger KI hiergestallt gouf, verr\u00e9it, w\u00e9i den David Fischinger der AFP matgedeelt huet.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/046a98e23b9f451d44dc9cfcff781bbf.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Les incoh\u00e9rences relev\u00e9es sur la fausse photo de la rencontre de Xi Jinping et Vladimir Poutine<\/p>\n<ul>\n<li><strong>Un de gesonde M\u00ebnscheverstand appell\u00e9ieren <\/strong><\/li>\n<\/ul>\n<p>Och wa verschidden Elementer net onbed\u00e9ngt verzerrt sinn, k\u00ebnne se awer e logeschen Denkfeeler ausschl\u00e9issen, an &#8220;et ass gutt, sech op de gesondem M\u00ebnscheverstand ze verloossen&#8221;, seet den Expert weider.<\/p>\n<p>Op d\u00ebser Foto, d\u00e9i vun der AFP mat Midjourney gener\u00e9iert gouf a Par\u00e4is weise soll, ass z.B. e blot Sch\u00ebld vun engem Sens interdit ze erkennen. Eng Signalisatioun, d\u00e9i et Frankr\u00e4ich guer net g\u00ebtt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/14f80b4e6d9294124f2b60db259fb16f.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Photo g\u00e9n\u00e9r\u00e9e par l&#8217;AFP sur Midjourney le 22 mars 2023 avec les mots-cl\u00e9s &#8220;Brad Pitt, street of Paris, early and sunny morning, holding a croissant, near a bakery and old French car, wearing a white shirt, smiling, realistic, 4K&#8221;<\/p>\n<p>D\u00ebsen Hiweis, zesumme mat den ofgeschniddene Fangeren un den Extremit\u00e9ite vun der Haaptfigur, engem plastik\u00e4nlechen Hallefmound an enger \u00ebnnerschiddlecher Beliichtung a verschiddene F\u00ebnsteren, si genuch Pisten, dass et sech bei deem Bild \u00ebm eng k\u00ebnschtlech Kreatioun handelt. D&#8217;Waasserzeechen \u00ebnne riets um Bild schl\u00e9isst all Zweiwel aus a weist, dass d&#8217;Bild mat DALL-E hiergestallt gouf.<\/p>\n<p>A schlussendlech, wann e Bild behaapt, en Evenement ze weisen, awer Zweiwel u sengem Ursprong bestinn, ass et am beschten, no Informatiounen ze sichen, fir festzestellen, ob d\u00ebst Evenement wierklech geschitt ass an a vertrauleche Quellen ernimmt g\u00ebtt. A wa jo, da soll ee sech op dat st\u00ebtzen, wat an den Noriichte gesot gouf, an op exist\u00e9ierend Biller, fir m\u00e9igleche Widderspr\u00e9ch virzekommen.<\/p>\n<p>Bei engem Treffen t\u00ebscht zwee politesche Leadere kann dat beispillsweis de Fall sinn, w\u00e9i d&#8217;Staatscheffen ugedoe waren, d&#8217;\u00cbmst\u00e4nn vun hirer Entrevue, d&#8217;Wieder zu deem Z\u00e4itpunkt, den Dekor vun hirer Entrevue oder den Hannergrond.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Midjourney, DALL-E, Stable Diffusion, Craiyon&#8230; d\u00e9i rasant Fortschr\u00ebtter vun der K\u00ebnschtlecher Intelligenz an de leschte M\u00e9int hunn zu engem neie Phenomen gefouert: Dem massiven Deele vu k\u00ebnschtlech gener\u00e9ierte Biller a sozialen Netzwierker. E puer, ultrarealistesch a politesch aktuell, hunn zu Konfusioune gef\u00e9iert a goufen heiansdo als authentesch duergestallt.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":256432,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[193,181],"tags":[],"class_list":{"0":"post-256492","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-gesellschaft","8":"category-uncategorized-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2044802","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2044802.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/afp_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: W\u00e9i erkennt ee KI-gener\u00e9iert Biller? Mat vill gesondem M\u00ebnscheverstand! - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: W\u00e9i erkennt ee KI-gener\u00e9iert Biller? Mat vill gesondem M\u00ebnscheverstand! - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Midjourney, DALL-E, Stable Diffusion, Craiyon... d\u00e9i rasant Fortschr\u00ebtter vun der K\u00ebnschtlecher Intelligenz an de leschte M\u00e9int hunn zu engem neie Phenomen gefouert: Dem massiven Deele vu k\u00ebnschtlech gener\u00e9ierte Biller a sozialen Netzwierker. E puer, ultrarealistesch a politesch aktuell, hunn zu Konfusioune gef\u00e9iert a goufen heiansdo als authentesch duergestallt.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-04-07T13:56:38+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-04-07T14:35:14+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/ecad7ef0da995fbf7b86c95afb275b0d.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"13 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: W\u00e9i erkennt ee KI-gener\u00e9iert Biller? Mat vill gesondem M\u00ebnscheverstand!\",\"datePublished\":\"2023-04-07T13:56:38+00:00\",\"dateModified\":\"2023-04-07T14:35:14+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/\"},\"wordCount\":2637,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/ecad7ef0da995fbf7b86c95afb275b0d.jpeg\",\"articleSection\":[\"Gesellschaft\",\"Uncategorized @lb\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/\",\"name\":\"Faktencheck: W\u00e9i erkennt ee KI-gener\u00e9iert Biller? Mat vill gesondem M\u00ebnscheverstand! - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/ecad7ef0da995fbf7b86c95afb275b0d.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-04-07T13:56:38+00:00\",\"dateModified\":\"2023-04-07T14:35:14+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/ecad7ef0da995fbf7b86c95afb275b0d.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/ecad7ef0da995fbf7b86c95afb275b0d.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: W\u00e9i erkennt ee KI-gener\u00e9iert Biller? Mat vill gesondem M\u00ebnscheverstand! - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: W\u00e9i erkennt ee KI-gener\u00e9iert Biller? Mat vill gesondem M\u00ebnscheverstand!\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: W\u00e9i erkennt ee KI-gener\u00e9iert Biller? Mat vill gesondem M\u00ebnscheverstand! - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: W\u00e9i erkennt ee KI-gener\u00e9iert Biller? Mat vill gesondem M\u00ebnscheverstand! - EDMO Belux","og_description":"Midjourney, DALL-E, Stable Diffusion, Craiyon... d\u00e9i rasant Fortschr\u00ebtter vun der K\u00ebnschtlecher Intelligenz an de leschte M\u00e9int hunn zu engem neie Phenomen gefouert: Dem massiven Deele vu k\u00ebnschtlech gener\u00e9ierte Biller a sozialen Netzwierker. E puer, ultrarealistesch a politesch aktuell, hunn zu Konfusioune gef\u00e9iert a goufen heiansdo als authentesch duergestallt.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-04-07T13:56:38+00:00","article_modified_time":"2023-04-07T14:35:14+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/ecad7ef0da995fbf7b86c95afb275b0d.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"13 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: W\u00e9i erkennt ee KI-gener\u00e9iert Biller? Mat vill gesondem M\u00ebnscheverstand!","datePublished":"2023-04-07T13:56:38+00:00","dateModified":"2023-04-07T14:35:14+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/"},"wordCount":2637,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/ecad7ef0da995fbf7b86c95afb275b0d.jpeg","articleSection":["Gesellschaft","Uncategorized @lb"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/","name":"Faktencheck: W\u00e9i erkennt ee KI-gener\u00e9iert Biller? Mat vill gesondem M\u00ebnscheverstand! - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/ecad7ef0da995fbf7b86c95afb275b0d.jpeg","datePublished":"2023-04-07T13:56:38+00:00","dateModified":"2023-04-07T14:35:14+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/ecad7ef0da995fbf7b86c95afb275b0d.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/ecad7ef0da995fbf7b86c95afb275b0d.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: W\u00e9i erkennt ee KI-gener\u00e9iert Biller? Mat vill gesondem M\u00ebnscheverstand! - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-wi-erkennt-ee-ki-generiert-biller-mat-vill-gesondem-mnscheverstand\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: W\u00e9i erkennt ee KI-gener\u00e9iert Biller? Mat vill gesondem M\u00ebnscheverstand!"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/256492","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=256492"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/256492\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/256432"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=256492"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=256492"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=256492"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}