{"id":261799,"date":"2023-05-02T13:00:59","date_gmt":"2023-05-02T13:00:59","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=261799"},"modified":"2023-05-02T14:29:50","modified_gmt":"2023-05-02T14:29:50","slug":"faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Troll-Profiller: Aus der Anonymit\u00e9it eraus Verwirrung st\u00ebften"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Falsch Profiller a sozialen Netzwierker ginn och Troll-Profiller genannt a verbreede masseg Falschinformatioune bei den Notzer. Virun allem Russland setzt op esou Profiller, fir Verwirrung ze st\u00ebften. Z\u00ebnter dem russeschen Ugr\u00ebff op d&#8217;Ukrain sinn d\u00ebs Konten och eng Waff vun der Desinformatioun am Krich.<\/p>\n<p>Och an anere Sproochen huet d&#8217;AFP verschidde Behaaptungen iwwerpr\u00e9ift, d\u00e9i vun Troll-Profiller verbreet goufen, beispillsweis huet d\u00e9i spuenesch Dageszeitung &#8220;El Pa\u00eds&#8221; keen <a href=\"https:\/\/factual.afp.com\/doc.afp.com.328Q967\">Tweet<\/a> iwwer &#8220;d&#8217;Virdeeler&#8221; vum islamesche Recht fir Frae publiz\u00e9iert; an d\u00e9i stierflech Iwwerreschter vum spueneschen Diktator <a href=\"https:\/\/factual.afp.com\/doc.afp.com.33BU8PN\">Francisco Franco<\/a> goufen net an de &#8220;Valle de los Ca\u00eddos&#8221; oder den Dall vun de Gefalenen, an der G\u00e9igend vun der spuenescher Haaptstad Madrid, iwwerf\u00e9iert. D\u00ebs Behaaptunge ginn och op Profiller vun Trollen zer\u00e9ck.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/990c3d49ee18412af1d9e7365c347211.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Ekipp vum Observatoire fir audiovisuell Contenue vun der Universit\u00e9it Salamanca a Spuenien (<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230426063909\/https:\/\/www.usal.es\/observatorio-de-los-contenidos-audiovisuales-oca\">Ocausal<\/a>) huet an enger \u00c4ntwert un d&#8217;AFP vum 30. M\u00e4erz 2023 zesummegefaasst: <em>&#8220;En Troll-Account versicht aus der Anonymit\u00e9it eraus ze destabilis\u00e9ieren oder Verwirrung ze st\u00ebften.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/archive.ph\/de28o\">Mariluz Congosto<\/a> ass Fuerscherin op der Universit\u00e9it Carlos III. zu Madrid. Si sot den 29. M\u00e4erz 2023 g\u00e9intiwwer der AFP: <em>&#8220;En Troll-Account ass e Profil, dee sech a Konversatiounen am\u00ebscht, fir ze nerven an Tensiounen ze produz\u00e9ieren.&#8221;<\/em> D&#8217;<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230426064428\/https:\/\/www.uma.es\/departamento-de-periodismo\/info\/75474\/natalia-melendez-malave\/\">Natalia Mel\u00e9ndez<\/a> ass Professesch fir Journalismus op der Universit\u00e9it M\u00e1laga. Si huet der AFP den 3. Abr\u00ebll 2023 matgedeelt, dass Troll-Profiller och Profiller aschl\u00e9issen, d\u00e9i <em>&#8220;b\u00e9isw\u00eblleg Informatiounen an Noriichte verbreeden&#8221;<\/em>.<\/p>\n<p>D&#8217;Mel\u00e9ndez sot weider: <em>&#8220;Si prob\u00e9ieren, d&#8217;\u00cbmfeld ze verg\u00ebften, souwuel am sozialen Netzwierk Twitter [wou sech d\u00e9i meescht analys\u00e9iert Persounen ophalen] w\u00e9i och am Allgemengen.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>D&#8217;Ekipp vum Observatoire vun der Universit\u00e9it Salamanca (Usal) huet weider ausgef\u00e9iert: <em>&#8220;Heiansdo gi se sech als eng best\u00ebmmt Persoun oder e best\u00ebmmt Medium aus. M\u00e9i heefeg awer notze se de Profil vun engem best\u00ebmmte Persounentyp (zum Beispill vun enger Persoun, d\u00e9i enger best\u00ebmmter Partei ugeh\u00e9iert), fir best\u00ebmmt Behaaptungen ze verbreeden, d\u00e9i mat d\u00ebser Grupp a Verbindung bruecht k\u00ebnne ginn, fir se ze diskredit\u00e9ieren.&#8221;<\/em> D&#8217;Ekipp huet hei d&#8217;Beispill vu &#8220;Feministen-Trolls&#8221; genannt.<\/p>\n<p>Weider Beispiller vun Troll-Konte sinn den Twitter-Profil <a href=\"https:\/\/archive.ph\/0CLSr\">sanchezcasrejon<\/a>, dee sech just duerch de Buschtaf &#8220;r&#8221; vum Benotzernumm vum echte Profil vum spuenesche Ministerpresident <a href=\"https:\/\/archive.ph\/xoPIy\">sanchezcastejon<\/a> \u00ebnnerscheet. Dem Konto ass et gelongen, <a href=\"https:\/\/factual.afp.com\/doc.afp.com.336F3KD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">angeeblech Messagen<\/a> als wouer duerzestellen, d\u00e9i duerno an anere sozialen Netzwierker viral goungen.<\/p>\n<p>E weidert Beispill ass de Kont vun der <a href=\"https:\/\/factual.afp.com\/doc.afp.com.33AR8LA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">angeeblecher<\/a> &#8220;Feministin, Republikanerin, Anti-W\u00ebssenschaftlerin&#8221; hannert dem Numm <a href=\"https:\/\/archive.ph\/Pn5vg\">Jenytrans17<\/a>.<\/p>\n<p>D\u00ebs Konten <em>&#8220;zilen net onbed\u00e9ngt dorop of, dass e gef\u00e4lschten Inhalt viral geet oder dass eng best\u00ebmmt Regierungsmossnam scheitert&#8221;<\/em>, sou d&#8217;Professeren a Professesche vun der Universit\u00e9it Salamanca (Usal).<\/p>\n<p>Si f\u00fcge b\u00e4i: <em>&#8220;Et handelt sech \u00ebm eng \u00e9ischter \u00ebnnerschwelleg Aktivit\u00e9it, d\u00e9i d&#8217;Debatt lues \u00ebnnergrueft an eng negativ Astellung g\u00e9intiwwer der Grupp oder Beweegung produz\u00e9iert, d\u00e9i l\u00e4cherlech gemaach soll ginn.&#8221;<\/em><\/p>\n<p><strong>Troll-Accounts erkennen<\/strong><\/p>\n<p>An der Flut un Informatiounen, d\u00e9i User Dag fir Dag kr\u00e9ien, gi souguer Expertinnen an Experten zou, dass et &#8220;kompliz\u00e9iert ass&#8221;, erauszefannen, ob e Profil Verwirrung st\u00ebfte w\u00ebll. An awer g\u00ebtt et Hiweiser, d\u00e9i h\u00ebllefe k\u00ebnnen.<\/p>\n<p><em>&#8220;Et muss ee sech d&#8217;Biografie [vum Profil] ukucken&#8221;<\/em>, souw\u00e9i <em>&#8220;d&#8217;St\u00ebmmegkeet vun den Tweets&#8221;<\/em>, sot d&#8217;Mel\u00e9ndez an huet dozou geroden, de User- a Profilnumm ze kontroll\u00e9ieren. <em>&#8220;Vl\u00e4icht sinn et Konten, d\u00e9i grad er\u00e9ischt erstallt goufen&#8221;<\/em>, sot si. Dorop huet och d&#8217;Congosto higewisen: <em>&#8220;Munch si scho m\u00e9i al&#8221;<\/em>, w\u00e9i de Profil vum sanchezcasrejon (vun 2018), <em>&#8220;awer d\u00e9i meescht sinn ab 2020 opgedaucht&#8221;.<\/em><\/p>\n<p>D&#8217;Mel\u00e9ndez huet och dorun er\u00ebnnert, dass et heiansdo <em>&#8220;an de Kommentare vun den Tweets&#8221;<\/em> Notzerinnen an Notzer g\u00e9if, d\u00e9i virdru warne g\u00e9ifen, dass de Profil &#8220;<a href=\"https:\/\/archive.ph\/NtlHf\">verd\u00e4chteg<\/a>&#8221; k\u00e9int sinn.<\/p>\n<p>En aneren Hiweis huet den Observatoire vu Salamanca genannt: Den Discours g\u00e9if sech <em>&#8220;ganz staark op een an dee selwechte Sujet&#8221;<\/em> konzentr\u00e9ieren, awer &#8220;<em>bal keen ass esou ee flaachen a karik\u00e9ierte Charakter w\u00e9i deen, deen normalerweis an d\u00ebse Profiller gezeechent g\u00ebtt&#8221;<\/em>.<\/p>\n<p>Ausserdeem w\u00e4r <em>&#8220;d&#8217;Foto meeschtens aus enger Datebank fir Biller&#8221;<\/em>. Dat konnt d&#8217;AFP a Profiller w\u00e9i <a href=\"https:\/\/archive.ph\/4ssMT\">Valentinavaliente<\/a> (beschriwwen als &#8220;feministesch Aktivistin, kommunistesch K\u00e4mpferin an \u00f6kosexuell&#8221;) feststellen, deenen hir Profilfotoen op der Plattform fir Stock-Fotoen &#8220;<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230426081141\/https:\/\/www.alamy.com\/portrait-of-woman-holding-illuminated-string-lights-at-home-image445270029.html?irclickid=Rvd0EHVpoxyNR43wQ209ISHVUkATNCVRgwamXg0&amp;irgwc=1\">Alamy<\/a>&#8221; ze fanne sinn. E weidert Beispill ass <a href=\"https:\/\/archive.ph\/Y3W8k\">trinidadMNovo<\/a>, deenen hir Fotoen eigentlech zu der kubanescher Universit\u00e9itsprofessesch <a href=\"https:\/\/archive.ph\/w4la6\">Luc\u00eda Arg\u00fcelles Cort\u00e9s<\/a> geh\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Am Fall vum Jenytrans17 staamt d&#8217;Profilbild vun der US-amerikanescher S\u00e4ngerin <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230426081605\/https:\/\/twitter.com\/ezrafurman\/status\/1632863679057199104\">Ezra Furman<\/a>, d\u00e9i an engem Tweet dorop opmierksam gemaach hat.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/d7f7a50dca6160e42e1b56a02ee0cd1b.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Heiansdo warnen Notzerinnen an Notzer, d\u00e9i hanner d\u00ebse Profiller stinn, selwer an hirer Biografie virun dem Troll- oder Fake-Charakter vum Profil, w\u00e9i am Fall vum Kont, deen dee vum Pedro S\u00e1nchez imit\u00e9iert. <em>&#8220;Vill Troll-Konte ginn an hire Profiller un, dass et sech \u00ebm eng &#8216;Parodie&#8217; handele g\u00e9if, fir net g\u00e9int d&#8217;Konditioune vun den Netzwierker ze verstoussen oder fir net bestrooft ze ginn, obwuel si en anert Zil suiv\u00e9ieren&#8221;<\/em>, huet d&#8217;Ekipp vun der Usal erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>Awer <a href=\"https:\/\/archive.ph\/Y3W8k\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">net an alleguer<\/a> d&#8217;Troll-Konte steet esou eng <a href=\"https:\/\/archive.ph\/P0d8t\">Warnung<\/a>. D\u00e9i g\u00ebtt souwisou net ugewisen, wann Noriichten retweet oder Screenshots erstallt ginn, fir se an anere sozialen Netzwierker ze deelen. An anere F\u00e4ll wenden Notzerinnen an Notzer <a href=\"https:\/\/factual.afp.com\/doc.afp.com.329G77K\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Tricken<\/a> un, d\u00e9i hir Identifiz\u00e9ierung erschw\u00e9ieren: Se f\u00fcgen dat griichescht Wuert fir &#8220;Parodie&#8221; (&#8220;\u03c0\u03b1\u03c1\u03c9\u03b4\u03b9\u03b1&#8221;) an dat chineesescht Wuert fir &#8220;inkorrekt&#8221; (&#8220;\u932f\u8aa4\u7684&#8221;) an, fir eng Verwarnung vun den Netzwierker ze \u00ebmgoen.<\/p>\n<p>De Risiko best\u00e9ing doran, sou d&#8217;Mel\u00e9ndez, <em>&#8220;dass wenn et eppes g\u00ebtt &#8211; a sief et och nach esou iwwerdriwwen &#8211; dat confirm\u00e9iert, wat een denkt, entscheet een, et ze gleewen an et weiderzesch\u00e9cken.&#8221;<\/em> Ausserdeem, sou den Usal-Observatoire, <em>&#8220;passt den Notzer net op an iwwerleet net&#8221;<\/em>, soudass <em>&#8220;mir all Noriicht, d\u00e9i mir gesinn, e puer Momenter ginn&#8221;<\/em> a <em>&#8220;wa mir eppes gesinn, dat eis opreegt, deele mir et, \u00e4ntweren oder reag\u00e9ieren dorop oder soss eppes &#8211; an zwar direkt&#8221;<\/em>.<\/p>\n<p>En Account mam Numm &#8220;Violeta Izquierdo&#8221; vereent d\u00e9i feministesch Faarf Mof mat enger politescher Ideologie. Mat d\u00ebsem Profil gi beispillsweis Behaaptungen iwwer de <a href=\"https:\/\/archive.ph\/Gu7go\">Jesus<\/a> oder eng angeeblech <a href=\"https:\/\/archive.ph\/vajWo\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Manipulatioun vun Informatioune<\/a> verbreet. Dat versetzt d\u00ebs angeeblech Persoun hannert dem Profil an eben d\u00ebs karikatur\u00e9iert Iwwerdreiwung, vun d\u00e4r Expertinnen an Experte schw\u00e4tzen. De Profil Valentinavaliente huet en Tweet ver\u00ebffentlecht, an deem d&#8217;Recht op <a href=\"https:\/\/archive.ph\/jmyhj\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ofdreiwung<\/a> ouni Schwangerschaft gefuerdert g\u00ebtt an de Penis als <em>&#8220;Instrument vun de faschisteschen extreeme Rietse&#8221;<\/em><a href=\"https:\/\/archive.ph\/xdSuG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">bezeechent<\/a> g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Net all Parodie ass en Troll, w\u00e4rend munch Trolle w\u00e9i eng Parodie wierke k\u00ebnnen<\/p>\n<p>Den \u00cbnnerscheed t\u00ebscht engem Troll-Account an engem parodisteschen oder satireschen Account ass Expertinnen an Experten no ger\u00e9ng, awer en exist\u00e9iert.<\/p>\n<p><em>&#8220;E parodistesche Profil w\u00ebll keng Verwirrung st\u00ebften a m\u00e9cht an der Reegel d\u00e4itlech, dass et sech \u00ebm Satir oder Parodie handelt (&#8230;) en ass op der Sich no Humor a ka vill m\u00e9i staark iwwerdreiwen, well en net op Glafwierdegkeet aus ass&#8221;<\/em>, sou den Observatoire vun der Usal.<\/p>\n<p>Anerers\u00e4its <em>&#8220;versicht den Troll-Kont als dat Profil duerchzegoen, fir dat e sech ausg\u00ebtt. (&#8230;) S\u00e4in Zil ass, Onrou an Instabilit\u00e9it ze produz\u00e9ieren, a wann d\u00ebs Noriichten net minimal glafwierdeg sinn, g\u00ebtt dat Zil net erreecht&#8221;<\/em>, sou d&#8217;Ekipp vu Salamanca.<\/p>\n<p>D&#8217;Mel\u00e9ndez huet ugemierkt, dass et Konte ginn, d\u00e9i un der Grenz t\u00ebscht Parodie an Troll ag\u00e9ieren, <em>&#8220;vun normale Bierger, d\u00e9i sech zum Beispill als Stereotyppen ausginn.&#8221;<\/em> Dozou g\u00e9inge M\u00ebnsche geh\u00e9ieren, d\u00e9i enger Ideologie ganz no st\u00e9ingen oder <em>&#8220;ganz feministesch Fraen&#8221;<\/em>. Weider huet d&#8217;Professesch erkl\u00e4ert:<\/p>\n<p>Zum Beispill: En Tweet vu rosadozuruta <a href=\"https:\/\/archive.ph\/vrhxE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">kritis\u00e9iert<\/a> eng spuenesch Regioun. Oder en aneren Tweet, vun deem selwechten Notzer &#8211; deen de Reebouf\u00e4ndel nieft sengem Numm stoen huet &#8211; soll <a href=\"https:\/\/archive.ph\/kzuiy\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">fir Opreegung g\u00e9intiwwer der homosexueller Communaut\u00e9it suergen<\/a>. E weidert Beispill fir widderspr\u00e9chlech Aussoe f\u00ebnnt een am Profil vun der &#8220;kommunistescher K\u00e4mpferin&#8221; Valentinavaliente: An d\u00ebsem Tweet sch\u00e9ngt d\u00e9i angeeblech &#8220;Valentina&#8221; Kuba ze <a href=\"https:\/\/archive.ph\/WRcT2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">luewen<\/a> a schw\u00e4tzt vun engem Erfollegsmodell, dee <em>&#8220;just opgrond vun der Blockad Aarmut kre\u00e9iert&#8221;<\/em>. An engem aneren Tweet rifft d&#8217;Userin allerd\u00e9ngs dozou op, d&#8217;Geschichtsbicher <a href=\"https:\/\/archive.ph\/zjcv4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmzeschreiwen<\/a>, fir ze verstoppen,<em> &#8220;dass de Kommunismus \u00ebmmer gescheitert ass&#8221;<\/em>.<\/p>\n<p><strong>Organisatioun an Typpe vun Trollen<\/strong><\/p>\n<p>Och wann d\u00ebs Zorte vu Konte <em>&#8220;sech g\u00e9iges\u00e4iteg followen an \u00ebnnereneen interag\u00e9ieren, heescht dat net, dass \u00ebmmer eng Organisatioun dohannert st\u00e9cht&#8221;<\/em>, huet d&#8217;Congosto op AFP-Ufro ge\u00e4ntwert. Si huet weiderhi follgendermoossen ageuerdent: <em>&#8220;A verschiddene F\u00e4ll sch\u00e9ngt et beim Consult\u00e9iere vum Erstellungsdatum vun de Profiller, vum Stil, an deem hir Avataren erstallt goufen, an de Sujeten, mat deene se sech befaassen, eng gew\u00ebss Koordinatioun ze ginn.&#8221;<\/em><\/p>\n<p><em>&#8220;Et g\u00ebtt Gruppen, d\u00e9i best\u00ebmmt Interessien hunn a sech vl\u00e4icht iergendwann koordin\u00e9ieren&#8221;<\/em>, huet d&#8217;Ekipp vu Salamanca b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt, h\u00e4lt et awer fir <em>&#8220;schwiereg&#8221;<\/em>, ze w\u00ebssen, ob et sech wierklech \u00ebm organis\u00e9iert Gruppen handelt. <em>&#8220;Et handelt sech \u00ebm eng knaschteg Aktivit\u00e9it, d\u00e9i Glafwierdegkeet a Koexistenz st\u00e4nneg \u00ebnnergrueft, an dat kann och ouni Koordin\u00e9ierung erreecht ginn, andeem een einfach liicht Tensiounen ausl\u00e9ist&#8221;<\/em>, sot d&#8217;Ekipp weider.<\/p>\n<p>D&#8217;Mel\u00e9ndez huet vun zwou Zorte vu Profiller geschwat: <em>&#8220;Een, dee fir sech geholl en anonymme K\u00e4mpfer ass&#8221;<\/em>, deen decid\u00e9iert h\u00e4tt, e Konto anzeriichten, <em>&#8220;fir ze trollen, fir d\u00e9i g\u00e9igneresch Ideologie ze verdeedegen&#8221;<\/em> an op der anerer S\u00e4it een, deen <em>&#8220;a groussem Moossstaf mat sougenannte Bot-Farmen orchestr\u00e9iert Campagnen lasstr\u00ebppelt.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>D&#8217;Ekipp vun der Universit\u00e9it Salamanca huet d\u00ebser Anuerdnung zougest\u00ebmmt an den zweete Fall als <em>&#8220;m\u00e9i problematesch&#8221;<\/em> bezeechent.<\/p>\n<p>&#8220;Bot-Farmen&#8221; oder &#8220;Troll-Farmen&#8221;, w\u00e9i d\u00e9i organis\u00e9iert Campagn\u00eb vun den Experten an Expertinnen dacks bezeechent ginn, goufen an <a href=\"https:\/\/archive.ph\/kDlUd\">Nicaragua<\/a> (2021), <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230426082400\/https:\/\/latina-press.com\/news\/309411-facebook-blockiert-trollfarmen-auf-kuba-und-bolivien\/\">Kuba a Bolivien<\/a> (2023) zerschloen. D&#8217;Versich vu <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230426083249\/https:\/\/www.zdf.de\/nachrichten\/politik\/fake-webseiten-desinformation-facebook-instagram-ukraine-krieg-russland-100.html\">Russland<\/a>, d\u00e9i \u00ebffentlech Meenung duerch gef\u00e4lscht Konten ze beaflossen, sinn och allgemeng bekannt. A Brasilien waren d&#8217;Walen 2018 d\u00e9i vum &#8220;<a href=\"https:\/\/archive.ph\/JkJDp\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">knaschtege Krich an den Netzwierker<\/a>&#8220;.<\/p>\n<p>Internationaalt Muster<\/p>\n<p>D\u00ebse Phenomen <em>&#8220;ass international&#8221;<\/em>, sot d&#8217;Ekipp vun der Usal a seet weider, <em>&#8220;et ass net onbed\u00e9ngt koordin\u00e9iert, awer d&#8217;Muster widderh\u00eblt sech an anere L\u00e4nner&#8221;<\/em>.<\/p>\n<p>D&#8217;Mel\u00e9ndez huet op d&#8217;<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230426092833\/https:\/\/www.deutschlandfunk.de\/facebook-und-instagram-politiker-duerfen-mit-influencern-100.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Vereenegt Staaten<\/a> als Plaz higewisen, wou <em>&#8220;verschidde Saache fir d&#8217;\u00e9ischt ausprob\u00e9iert an dann a Spuenien&#8221;<\/em> an anere L\u00e4nner imit\u00e9iert g\u00e9ifen. D&#8217;Professesch huet un de <a href=\"https:\/\/archive.ph\/jkNFE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Walkampf<\/a> vum Donald Trump am Joer 2016 an d&#8217;Brexit-Campagne a Groussbritannien als Schl\u00ebsselmoment vun d\u00ebser Zort vu Falschinformatiounen, wat d&#8217;Quantit\u00e9it an den Afloss bei d\u00ebsen Evenementer ubelaangt, er\u00ebnnert. Z\u00ebnter 2019 w\u00e4ren awer Versich vun der Desinformatioun an <a href=\"https:\/\/archive.ph\/qrp0G\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">op d&#8217;mannst 70 L\u00e4nner<\/a> nogewise ginn.<\/p>\n<p><em>&#8220;Et g\u00ebtt Beweiser fir den Asaz vu Bot-Farmen (&#8230;) am Kampf, fir a sozialen Netzwierker mat enger best\u00ebmmter Iddi Fouss ze faassen&#8221;<\/em>, sou d&#8217;Expertin. <em>&#8220;Op verschiddene Plaze goufe se getest a leider och perfektion\u00e9iert&#8221;<\/em>, war hire Fazit.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Falsch Profiller a sozialen Netzwierker ginn och Troll-Profiller genannt a verbreede masseg Falschinformatioune bei den Notzer. Virun allem Russland setzt op esou Profiller, fir Verwirrung ze st\u00ebften. Z\u00ebnter dem russeschen Ugr\u00ebff op d&#8217;Ukrain sinn d\u00ebs Konten och eng Waff vun der Desinformatioun am Krich.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":261784,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[193,191,217,181],"tags":[],"class_list":{"0":"post-261799","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-gesellschaft","8":"category-politik","9":"category-ukraine-lb","10":"category-uncategorized-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2056907","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2056907.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Troll-Profiller: Aus der Anonymit\u00e9it eraus Verwirrung st\u00ebften - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Troll-Profiller: Aus der Anonymit\u00e9it eraus Verwirrung st\u00ebften - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Falsch Profiller a sozialen Netzwierker ginn och Troll-Profiller genannt a verbreede masseg Falschinformatioune bei den Notzer. Virun allem Russland setzt op esou Profiller, fir Verwirrung ze st\u00ebften. Z\u00ebnter dem russeschen Ugr\u00ebff op d&#039;Ukrain sinn d\u00ebs Konten och eng Waff vun der Desinformatioun am Krich.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-05-02T13:00:59+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-05-02T14:29:50+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/d67ad98060413c93fc8919ce5713c21f.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"720\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"9 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Troll-Profiller: Aus der Anonymit\u00e9it eraus Verwirrung st\u00ebften\",\"datePublished\":\"2023-05-02T13:00:59+00:00\",\"dateModified\":\"2023-05-02T14:29:50+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/\"},\"wordCount\":1910,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/d67ad98060413c93fc8919ce5713c21f.jpeg\",\"articleSection\":[\"Gesellschaft\",\"Politik\",\"Ukraine\",\"Uncategorized @lb\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/\",\"name\":\"Faktencheck: Troll-Profiller: Aus der Anonymit\u00e9it eraus Verwirrung st\u00ebften - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/d67ad98060413c93fc8919ce5713c21f.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-05-02T13:00:59+00:00\",\"dateModified\":\"2023-05-02T14:29:50+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/d67ad98060413c93fc8919ce5713c21f.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/d67ad98060413c93fc8919ce5713c21f.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":720,\"caption\":\"Faktencheck: Troll-Profiller: Aus der Anonymit\u00e9it eraus Verwirrung st\u00ebften - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Troll-Profiller: Aus der Anonymit\u00e9it eraus Verwirrung st\u00ebften\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Troll-Profiller: Aus der Anonymit\u00e9it eraus Verwirrung st\u00ebften - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Troll-Profiller: Aus der Anonymit\u00e9it eraus Verwirrung st\u00ebften - EDMO Belux","og_description":"Falsch Profiller a sozialen Netzwierker ginn och Troll-Profiller genannt a verbreede masseg Falschinformatioune bei den Notzer. Virun allem Russland setzt op esou Profiller, fir Verwirrung ze st\u00ebften. Z\u00ebnter dem russeschen Ugr\u00ebff op d'Ukrain sinn d\u00ebs Konten och eng Waff vun der Desinformatioun am Krich.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-05-02T13:00:59+00:00","article_modified_time":"2023-05-02T14:29:50+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":720,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/d67ad98060413c93fc8919ce5713c21f.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"9 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Troll-Profiller: Aus der Anonymit\u00e9it eraus Verwirrung st\u00ebften","datePublished":"2023-05-02T13:00:59+00:00","dateModified":"2023-05-02T14:29:50+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/"},"wordCount":1910,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/d67ad98060413c93fc8919ce5713c21f.jpeg","articleSection":["Gesellschaft","Politik","Ukraine","Uncategorized @lb"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/","name":"Faktencheck: Troll-Profiller: Aus der Anonymit\u00e9it eraus Verwirrung st\u00ebften - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/d67ad98060413c93fc8919ce5713c21f.jpeg","datePublished":"2023-05-02T13:00:59+00:00","dateModified":"2023-05-02T14:29:50+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/d67ad98060413c93fc8919ce5713c21f.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/d67ad98060413c93fc8919ce5713c21f.jpeg","width":1080,"height":720,"caption":"Faktencheck: Troll-Profiller: Aus der Anonymit\u00e9it eraus Verwirrung st\u00ebften - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-troll-profiller-aus-der-anonymitit-eraus-verwirrung-stften\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Troll-Profiller: Aus der Anonymit\u00e9it eraus Verwirrung st\u00ebften"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/261799","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=261799"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/261799\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/261784"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=261799"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=261799"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=261799"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}