{"id":261907,"date":"2023-05-03T09:00:13","date_gmt":"2023-05-03T09:00:13","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=261907"},"modified":"2023-05-02T14:33:38","modified_gmt":"2023-05-02T14:33:38","slug":"faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Klimaskeptiker schleise falsch Fuerschungsresultater a Fachz\u00e4itschr\u00ebften an"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Ierf\u00e9ierend Et\u00fcden, d\u00e9i Zweiwel un der Menace duerch de Klimawandel s\u00e9ien, schl\u00e4iche sech a Fachz\u00e4itschr\u00ebfte mat Peer-Review ein. Do virdru warne W\u00ebssenschaftler a W\u00ebssenschaftlerinnen an nennen en aktuellt Beispill. D&#8217;Auteuren vun d\u00ebser Et\u00fcd hunn en Interessekonflikt bestridden.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">S\u00e4it laangem bestinn Zweiwel un de Gesch\u00e4ftsmodeller vu Z\u00e4itschr\u00ebften, d\u00e9i eng finanziell Entschiedegung vun Akademikerinnen an Akademiker huelen, d\u00e9i op Ver\u00ebffentlechungen ugewise sinn. Elo koum de Virworf op, dass Auteuren an Autorinnen, d\u00e9i virageholl sinn, de System ausnotzen, fir de Klimaschutz ze \u00ebnnergruewen.<\/p>\n<p>Et\u00fcd iwwer peruanesch Gletscheren<\/p>\n<p>An engem vun der AFP \u00ebnnersichte Fall hu Spezialisten a Spezialistinne fir Gletscheren op eng <a href=\"https:\/\/archive.ph\/UQyrA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd<\/a> verwisen, d\u00e9i am November 2022 an der Fachz\u00e4itschr\u00ebft &#8220;Journal of South American Earth Sciences&#8221; ersch\u00e9ngen ass, d\u00e9i vun der grousser holl\u00e4nnescher akademescher Verlagsgrupp Elsevier erausgi g\u00ebtt. D&#8217;Et\u00fcd huet virdrun e Peer-Review-Prozess duerchlaf. Domat ass d&#8217;Qualit\u00e9itss\u00e9cherung vun enger w\u00ebssenschaftlecher Aarbecht duerch onofh\u00e4ngeg Expertinnen an Experten aus dem selwechte Fachgebitt, d\u00e9i d&#8217;Schreiwes duerchginn, gemengt.<\/p>\n<p>D&#8217;Et\u00fcd huet eng aner <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230407125426\/https:\/\/www.nature.com\/articles\/s41561-021-00686-4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Aarbecht<\/a> vu Fuerscher vun der brittescher Oxford University opgegraff, d\u00e9i an der Fachz\u00e4itschr\u00ebft &#8220;Nature Geoscience&#8221; ver\u00ebffentlecht gouf. Se huet d\u00e4r hir Resultater zer\u00e9ckgewisen, no d\u00e4r d\u00e9i vum M\u00ebnsch verursaacht Erwiermung d&#8217;Schm\u00eblze vun engem peruanesche Gletscher ausgel\u00e9ist h\u00e4tt, deen eng no gelee\u00eb Stad iwwerschwemme k\u00e9int.<\/p>\n<p>D&#8217;Et\u00fcd am &#8220;Nature&#8221; ass och dow\u00e9inst wichteg, well se an engem <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230419125940\/https:\/\/www.faz.net\/aktuell\/wirtschaft\/klage-gegen-rwe-warum-richter-nach-peru-reisen-18063337.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Geriichtsprozess<\/a> als Beweis opgel\u00ebscht ass. E peruanesche Bauer verklot mat \u00cbnnerst\u00ebtzung vun enger Netregierungsorganisatioun den d\u00e4itschen Energiekonzern RWE w\u00e9inst der Roll, d\u00e9i deem seng Emissiounen u Kuelestoff bei der \u00c4erderwiermung &#8211; an domat och bei der Menace vu senger Heemechtsstad Huaraz &#8211; gespillt soll hunn.<\/p>\n<p>Zwee vun den Auteure vun der zweeter Et\u00fcd, de Geolog <a href=\"https:\/\/archive.ph\/fF1cm\">Sebastian L\u00fcning<\/a> an de Chemiker a Politiker <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230419130400\/https:\/\/www.desmog.com\/fritz-vahrenholt\/\">Fritz Vahrenholt<\/a>, sinn eemoleg Managere vun RWE. Si si bekannt Klimaskeptiker an hunn 2012 zesummen e\u00a0<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230407130446\/https:\/\/www.amazon.com\/Die-kalte-Sonne\/dp\/3455502504\">Buch<\/a> publiz\u00e9iert, dat den Titel &#8220;Die kalte Sonne: Warum die Klimakatastrophe nicht stattfindet&#8221; huet. B\u00e9id Auteure ware fir eng Reaktioun net disponibel.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/534e9deec400a6de617b58e2611c04ac.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/QNN8-GDX9\">Nathan Stansell<\/a> ass Pal\u00e4oklimatolog op der Northern Illinois University an den USA. Hien ass ee vun de W\u00ebssenschaftler, deenen hir Aarbecht an der Et\u00fcd zit\u00e9iert gouf. Hie sot g\u00e9intiwwer der AFP an enger E-Mail vum 22. M\u00e4erz 2022, d&#8217;Et\u00fcd w\u00e4r &#8220;voll vu Feelinformatiounen, falsche Charakteris\u00e9ierungen a Partialit\u00e9it&#8221;.<\/p>\n<p>Weider sot hien: &#8220;Si f\u00e9ieren \u00ebmmer dat selwecht widderluechtent Argument un: Well et am M\u00ebttelalter waarm war, w\u00e4r d\u00e9i j\u00e9ngst Erwiermung net alarm\u00e9ierend. De Groussdeel vun der Pal\u00e4oklima-Gemeinschaft huet erkannt, dass d\u00e9i Gruppen, d\u00e9i versichen, d\u00ebsen Iertum ze verbreeden, net mat w\u00ebssenschaftlechen Donn\u00e9e\u00eb konkurr\u00e9iere k\u00ebnnen.&#8221;<\/p>\n<p>An anere F\u00e4ll, sot hien, &#8220;ginn d&#8217;Klimaleegner ganz raffin\u00e9iert. Si f\u00fcgen hirer Et\u00fcd eng Geschicht b\u00e4i, d\u00e9i eigentlech n\u00e4ischt domat ze dinn huet, fir dass si sp\u00e9ider dorop verweise k\u00ebnnen. Als Redakter vun e puer Z\u00e4itschr\u00ebften hunn ech dat schonn e puermol erlieft. Dat ass immens iergerlech.&#8221;<\/p>\n<p>Verzerrt Grafik<\/p>\n<p>D&#8217;Haaptgrafik an der Et\u00fcd vum Haaptauteur L\u00fcning nennt als Quell eng Aarbecht vum Gletschergeolog <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6TDW-R2ZC\">Jorge Strelin<\/a> vun der Universit\u00e9it C\u00f3rdoba an Argentinien aus dem Joer 2008. De Strelin huet g\u00e9intiwwer der AFP an enger E-Mail vum 22. M\u00e4erz 2023 erkl\u00e4ert, dass d&#8217;Donn\u00e9e\u00ebn, d\u00e9i a senger Aarbecht zit\u00e9iert goufen, falsch duergestallt goufen, besonnesch duerch d&#8217;Ewechloosse vun Elementer, d\u00e9i de staarke R\u00e9ckgang vum Gletscher am vergaangene Joerhonnert weisen.<\/p>\n<p>En dr\u00ebtten zit\u00e9ierte W\u00ebssenschaftler aus der L\u00fcning-Et\u00fcd ass de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3M6J-7GFA\">Ben Marzeion<\/a>. Hien ass Professer fir Klimageografie op der d\u00e4itscher Universit\u00e4t Bremen. Hien h\u00e4lt d&#8217;Et\u00fcd fir &#8220;feelgeleet&#8221;, well se &#8220;n\u00e4ischtsoend&#8221; Vergl\u00e4icher t\u00ebschent Ver\u00e4nnerungen an \u00ebnnerschiddlechen Z\u00e4itraim mat \u00ebnnerschiddleche Klimavariabelen a Gletschermoossstief amplaz.<\/p>\n<p>&#8220;W\u00e4r ech Expert gewiescht, h\u00e4tt ech vun enger Ver\u00ebffentlechung dr\u00e9ngend ofgeroden&#8221;, sou de Marzeion g\u00e9intiwwer der AFP an enger E-Mail vum 20. M\u00e4erz 2023.<\/p>\n<p>D&#8217;Redaktere vun der Z\u00e4itschr\u00ebft hate virdru Bedenken iwwer d&#8217;Et\u00fcd ge\u00e4ussert, waren allerd\u00e9ngs &#8220;mat der \u00c4ntwert vum Auteur zefridden&#8221;, huet den Andrew Davis, de stellvertriedenden Direkter vum Kommunikatiounsdepartement vun der Entreprise Elseviers an Europa, der AFP de 17. M\u00e4erz 2023 per E-Mail matgedeelt. &#8220;D&#8217;Editeure konnte keen oneethescht Verhale feststellen a sinn der Meenung, dass d\u00e9i zwou Fuerschungsgruppen einfach net mateneen iwwereneest\u00ebmmen&#8221;, sot hien.<\/p>\n<p>De Verlag huet sech awer och fir d&#8217;Str\u00e4iche vun engem Oppelee\u00eb an der Originalversioun entsch\u00ebllegt. &#8220;Et ass unzemierken, dass SL (L\u00fcning) an FV (Vahrenholt) eemoleg Mataarbechter vun der Firma RWE sinn. D&#8217;Et\u00fcd gouf dovun net beaflosst&#8221;, housch et urspr\u00e9nglech an der Umierkung. Se ass an enger virleefeger Versioun vun der Et\u00fcd ersch\u00e9ngen, gouf awer an der publiz\u00e9ierter Versioun net m\u00e9i ernimmt.<\/p>\n<p>Elsevier huet matgedeelt, dass d&#8217;Oppelee\u00ebn no Zoust\u00ebmmung vun den Auteuren an d&#8217;Et\u00fcd opgeholl g\u00e9if. &#8220;De Verlag g\u00e9if sech g\u00e4r fir d\u00e9i entstanen \u00cbmst\u00e4nn entsch\u00ebllegen&#8221;, heescht et an enger E-Mail vum 4. Abr\u00ebll 2023 un d&#8217;AFP.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/48397c01d07f59ba37aafd9ccf7b0fd6.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Den Auteur vun der Oxford-Et\u00fcd, de <a href=\"https:\/\/archive.ph\/Bx8XP\">Rupert Stuart-Smith<\/a>, huet der Z\u00e4itschr\u00ebft am Abr\u00ebll 2023 eng Widderleeung vum L\u00fcning senger Aarbecht virgeluecht. An enger \u00e9ischter Versioun, d\u00e9i vun der AFP konnt agesi ginn, g\u00ebtt d&#8217;Benotze vun Donn\u00e9e\u00ebn an d\u00ebser G\u00e9igenet\u00fcd ugefecht an opgef\u00e9iert, w\u00e9i eng &#8220;ongenee oder ierf\u00e9ierend Behaaptungen&#8221; opgestallt goufen.<\/p>\n<p>De Stuart-Smith huet der AFP den 23. M\u00e4erz 2023 an enger E-Mail matgedeelt: &#8220;Et ass vill m\u00e9i einfach, dat als einfach Meenungsverschiddenheet ofzedinn an eis ze erlaben, de regul\u00e4re Prozess vun den \u00ebffentleche Kommentarer a Reaktiounen ze duerchlafen, w\u00e9i formal Moossname g\u00e9int e ver\u00ebffentlechten Artikel ze ergr\u00e4ifen.&#8221;<\/p>\n<p>Den Davis vun Elsevier huet der AFP an enger E-Mail vum 31. M\u00e4erz 2023 matgedeelt, dass den &#8220;Journal of South American Earth Sciences&#8221; Autorinnen an Auteuren erlaabt, &#8220;eng Beaarbechtungstax fir den Artikel ze bezuelen a fir d&#8217;Ver\u00ebffentlechung an der Z\u00e4itschr\u00ebft ze bezuelen. Dat ass e ganz normaalt Ofkommes t\u00ebscht allen akademesche Verlager&#8221;. D&#8217;Artikele ginn am Kader vun d\u00ebsem Prozess engem Peer-Verfaren \u00ebnnerzunn.<\/p>\n<p>Entreprise bestreit Finanz\u00e9ierung vun der Et\u00fcd<\/p>\n<p>2021 war e weidere w\u00ebssenschaftlechen <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230407131608\/https:\/\/www.mdpi.com\/2072-4292\/13\/14\/2694\">Artikel<\/a> iwwer de Peru-Gletscher an der Z\u00e4itschr\u00ebft &#8220;Remote Sensing&#8221; vum Verlag MDPI mat S\u00ebtz an der Schw\u00e4iz ersch\u00e9ngen. An der Et\u00fcd, d\u00e9i RWE a sengem Ripostement d&#8217;instance als Beweism\u00ebttel ugef\u00e9iert huet, goufen Donn\u00e9e\u00ebn iwwer d&#8217;Fl\u00e9issgeschwindegkeet vum \u00c4is gepr\u00e9ift an de Risiko vu Lawinen an doraus result\u00e9ierenden Iwwerschwemmunge bew\u00e4ert.<\/p>\n<p>De Stansell sot an enger E-Mail vum 22. M\u00e4erz 2023, de Passage iwwer den Iwwerschwemmungsrisiko h\u00e4tt an engem separaten Artikel sollen trait\u00e9iert ginn, well &#8220;en op der falscher Plaz ze si sch\u00e9ngt an net direkt mat den Haaptresultater an Zesummenhang steet&#8221;.<\/p>\n<p>An engem <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230418061825\/https:\/\/www.source-material.org\/battle-of-science-rages-over-peru-glacier\/\">Artikel<\/a> vun der brittescher investigativer Mediegrupp &#8220;Source Material&#8221; aus dem Joer 2022 heescht et, dass d&#8217;Et\u00fcd zum Deel duerch d&#8217;Finanz\u00e9ierung vun RWE erstallt gouf. An deem Artikel ginn d\u00e9i zwee Haaptauteure vun der Et\u00fcd mat de Wierder zit\u00e9iert, si h\u00e4tten d&#8217;Et\u00fcd gratis an ouni Opfuerderung duerch d&#8217;Entreprise erstallt. B\u00e9id Auteuren hunn net op d&#8217;Ufro fir eng Stellungnam g\u00e9intiwwer der AFP reag\u00e9iert.<\/p>\n<p>Den RWE-Spriecher Guido Steffen huet an enger E-Mail vum 24. M\u00e4erz 2023 un d&#8217;AFP erkl\u00e4ert, dass d&#8217;Et\u00fcd &#8220;onofh\u00e4ngeg vun RWE an dem Geriichtsprozess erstallt an net vun RWE finanz\u00e9iert oder bezuelt gouf. D&#8217;W\u00ebssenschaftler hunn aus fr\u00e4ie St\u00e9cker gehandelt, fir hir w\u00ebssenschaftlech Ziler ze verfollegen&#8221;. Betreffend d&#8217;L\u00fcning-Et\u00fcd sot de Steffen: &#8220;Weder hu mir d&#8217;Et\u00fcd an Optrag ginn nach hu mir iergendeng Roll an der Erstellung gespillt.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/6e77ba182ae54273caecd040ee18bea7.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>MDPI publiz\u00e9iert Open-Access-Artikele g\u00e9int eng <a href=\"https:\/\/archive.ph\/PY9QO\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">finanziell Entschiedegung<\/a>: 2.500 Schw\u00e4izer Frang, ronn 2.540 Euro, am Fall vu &#8220;Remote Sensing&#8221;, der Z\u00e4itschr\u00ebft, d\u00e9i d&#8217;Et\u00fcd iwwer de Gletscher ver\u00ebffentlecht huet. Op der <a href=\"https:\/\/archive.ph\/j4lat\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a> heescht et, dass alleguer d\u00e9i ver\u00ebffentlecht Artikele vun op d&#8217;mannst zwee renomm\u00e9ierten Expertinnen oder Experten op dem jeeweilege Gebitt avis\u00e9iert ginn an d\u00e9i endg\u00fclteg Entscheedung iwwer d&#8217;Publikatioun vun engem Artikel vun engem externe Redakter oder enger Redaktesch getraff g\u00ebtt.<\/p>\n<p>De Verlag kann Aarbechten a F\u00e4ll vu &#8220;w\u00ebssenschaftlechem Feelverhalen&#8221; zer\u00e9ckz\u00e9ien, heescht et op der Internets\u00e4it. &#8220;W\u00ebssenschaftlerinnen oder W\u00ebssenschaftler, d\u00e9i en Artikel an enger vun den Z\u00e4itschr\u00ebfte vun MDPI envisag\u00e9ieren, gi gebieden, e w\u00ebssenschaftlech fund\u00e9ierte Kommentar ze schreiwen an en den Editeure vun der Z\u00e4itschr\u00ebft fir d\u00e9i redaktionell Pr\u00e9iwung virzelee\u00ebn.&#8221;<\/p>\n<p>Probleemer mat Peer-Reviews<\/p>\n<p>Untersuchunge <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230419131918\/https:\/\/www.france24.com\/en\/live-news\/20230131-climate-disinfo-surges-in-denial-conspiracy-comeback\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">weisen<\/a>, dass Feelinformatiounen zum Klima am Internet flor\u00e9ieren, an Z\u00e4iten, an deene verschidde Regierunge Reforme virundreiwen, fir d&#8217;Notzung vu fossille Brennstoffer anzeschr\u00e4nken. D\u00ebs si fir d&#8217;Erwiermung vum Plan\u00e9it duerch d&#8217;Emissioun vu Kuelendioxid verantwortlech.<\/p>\n<p>Och d&#8217;AFP widderleet \u00ebmmer nees Falschbehaaptungen zum Sujet Klima, <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/list\/all\/all\/39289\/all\/tid-39289\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d\u00e9i hei gesammelt sinn<\/a>.<\/p>\n<p>D&#8217;Entw\u00e9cklung a Richtung Elektroautoen an erneierbaren Energien huet bei Skeptikerinnen a Skeptiker Ofleenung ervirgeruff. Si gesinn doran eng Menace vun hirem Liewensstil an hire W\u00e4erter. Analystinnen an Analyste <a href=\"https:\/\/archive.ph\/SbccJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gesinn an der Klimaskepsis<\/a> eng Indikatioun vu politescher oder ideologescher Zougeh\u00e9ieregkeet fir ekonomesch orient\u00e9iert Konservativ.<\/p>\n<p>Observante soen, dass dat akademescht Verlagswiesen an d\u00ebsem R\u00e9ngen eng weider Front duerstellt.<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/C3V9-CEUT\">Carl Schleussner<\/a> ass W\u00ebssenschaftler bei der Netregierungsorganisatioun &#8220;Climate Analytics&#8221;, d\u00e9i zu Berlin hire S\u00ebtz huet. Hie sot g\u00e9intiwwer der AFP an enger E-Mail vum 22. M\u00e4erz 2023: &#8220;D\u00e9i j\u00e9ngst Explosioun vun de sougenannte &#8216;raibereschen Z\u00e4itschr\u00ebfte&#8217; schaaft Probleemer, d\u00e9i vu Klimaskeptiker aktiv entdeckt ginn.&#8221; Ausserdeem sot hien an engem Telefonsgespr\u00e9ich mat der AFP den 23. M\u00e4erz 2023: &#8220;Dat m\u00e9cht deej\u00e9inegen alleguer d&#8217;Dier op, d\u00e9i bereetw\u00eblleg zweiwelhaft Fuerschungsresultater an \u00cbmlaf br\u00e9nge w\u00ebllen.&#8221;<\/p>\n<p>MDPI, den Editeur vun der Et\u00fcd iwwer \u00c4isstr\u00e9imungen an den Anden, gouf fir d\u00e9i s\u00e9ier Ofw\u00e9cklung vu senger Peer-Review-Procedure <a href=\"https:\/\/perma.cc\/P6R3-R3T8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">kritis\u00e9iert<\/a>.<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/archive.ph\/63pXH\">Brian Nosek<\/a> ass Psycholog a Matbegr\u00ebnner vum <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230419132528\/https:\/\/www.cos.io\/\">Center for Open Science<\/a>, enger US-Organisatioun, d\u00e9i sech fir Transparenz an der W\u00ebssenschaft asetzt. Hie sot den 9. Abr\u00ebll 2023 g\u00e9intiwwer der AFP, dass am Allgemengen &#8220;d&#8217;Qualit\u00e9it vun de Peer-Reviews ganz \u00ebnnerschiddlech&#8221; w\u00e4r. &#8220;Ausserdeem ass W\u00ebssenschaft komplex. Sou kann et virkommen, dass eng Expertin oder en Expert just fir een Deel vum Contenu vun enger Aarbecht qualifiz\u00e9iert ass an dohier kritesch Detailer iwwers\u00e4it.&#8221;<\/p>\n<p>De Stansell, dee selwer eng Z\u00e4itschr\u00ebft fir MDPI erausg\u00ebtt, verdeedegt de System. &#8220;Just well ee m\u00e9intlaang un enger Aarbecht souz, heescht dat net, dass de Peer-Review-Prozess besser war&#8221;, sot hien<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/65463dce81c8bcfeaeefabbf4fdaf9e8.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Interessekonflikt<\/p>\n<p>Dausende vu w\u00ebssenschaftlechen Aarbechte gi pro Joer vun der Ver\u00ebffentlechung zer\u00e9ckgezunn. D\u00ebse Phenomeen war w\u00e4rend der Corona-Pandemie ze <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230419133152\/https:\/\/www.france24.com\/en\/live-news\/20210621-science-under-scrutiny-covid-crisis-throws-spotlight-on-scientific-research\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">observ\u00e9ieren<\/a>, d\u00e9i en Ustuerm op d&#8217;Ver\u00ebffentlechung vun Et\u00fcden iwwer de Virus an Impfstoffer ausgel\u00e9ist hat.<\/p>\n<p>&#8220;<a href=\"https:\/\/archive.ph\/MBC8I\">Retraction Watch<\/a>&#8221; ass e Blog, dee F\u00e4ll vun zer\u00e9ckgezunnen akademeschen Aarbechte verfollegt. S\u00e4i Matbegr\u00ebnner <a href=\"https:\/\/perma.cc\/KDV8-2ZKN\">Ivan Oransky<\/a> sot de 6. Abr\u00ebll 2023 g\u00e9intiwwer der AFP, dass am Joer 2022 &#8220;Retraction Watch&#8221; 5.000 esou F\u00e4ll gezielt huet. Dat w\u00e4r just een Z\u00e9ngtel Prozent vun der Gesamtzuel vun de ver\u00ebffentlechten Et\u00fcden. &#8220;D&#8217;Zuel sollt m\u00e9i h\u00e9ich ausfalen. Et g\u00ebtt vill problematesch Aarbechten, d\u00e9i aus verschiddene Gr\u00ebnn net zer\u00e9ckgezu ginn&#8221;, sot hien.<\/p>\n<p>Vu dass Autorinnen an Auteuren op der Sich no enger Bef\u00ebrderung oder engem CDI w\u00e4ren an dofir bezuele g\u00e9ifen, ver\u00ebffentlecht ze ginn, &#8220;ass dat e Probleem vum Ureiz, ze publiz\u00e9ieren oder \u00ebnnerzegoen, kombin\u00e9iert mat engem Gesch\u00e4ftsmodell fir Z\u00e4itschr\u00ebften, dee beseet, dass et fir si besser ass, m\u00e9i ze publiz\u00e9ieren&#8221;, sou den Oransky.<\/p>\n<p>D\u00e9i US-amerikanesch Fachz\u00e4itschr\u00ebft &#8220;Proceedings of the National Academy of Sciences&#8221; huet 2012 eng <a href=\"https:\/\/archive.ph\/avsYj\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00cbmfro<\/a> publiz\u00e9iert. Se huet erginn, dass zwee Dr\u00ebttel vun den Zer\u00e9ckz\u00e9iunge vun Aarbechten op Feelverhale w\u00e9i Bedruch an net op fachlech Feeler zer\u00e9ckzef\u00e9iere waren.<\/p>\n<p>&#8220;Et g\u00ebtt vill F\u00e4ll, an deene M\u00ebnschen et verpassen, Interessekonflikter oppenzelee\u00ebn&#8221;, sot den Oransky. &#8220;Meeschtens z\u00e9ien d&#8217;Z\u00e4itschr\u00ebften hir Artikelen net aus d\u00ebsem Grond zer\u00e9ck&#8221;, mee se g\u00e9ifen amplaz eng Korrektur eraus.<\/p>\n<p>On\u00e9ierlech Autorinnen an Auteuren hu versicht, onseri\u00e9is Aarbechten an Z\u00e4itschr\u00ebfte mat engem laxe Peer-Review-System ze ver\u00ebffentlechen, deen dacks op onqualifiz\u00e9iert Expertinnen an Experten zer\u00e9ckgr\u00e4ife g\u00e9if, huet hie b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt. &#8220;Ganz vill Schrott k\u00ebnnt duerch d&#8217;Peer-Review&#8221;, sot hien. &#8220;Et ass wierklech un der Z\u00e4it, dass jiddereen et zoug\u00ebtt, fir dass mir versiche k\u00ebnnen, et besser ze maachen.&#8221;<\/p>\n<p>De Schleussner, den Nosek an den Oransky hu sech weder zu den Et\u00fcden, d\u00e9i an d\u00ebsem Artikel ernimmt ginn, nach zu eenzele Verlager ge\u00e4ussert.<\/p>\n<p>Et\u00fcd iwwer extreem Wiederkonditiounen an der Kritik<\/p>\n<p>Am September 2022 hu f\u00e9ierend Klimaw\u00ebssenschaftler a -w\u00ebssenschaftlerinnen d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/542D-AVXX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Zer\u00e9ckz\u00e9ie vun enger <\/a><a href=\"https:\/\/perma.cc\/542D-AVXX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd<\/a><a href=\"https:\/\/archive.ph\/ZZY00\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gefuerdert<\/a>, an d\u00e4r \u00ebnner Beruffung op Daten iwwer extreem Wiederphenomeener w\u00e9i Reen, Wierbelstierm, Tornadoen an Dr\u00e9chente behaapt gouf, et g\u00e9if keng w\u00ebssenschaftlech Beweiser fir eng Klimakris.<\/p>\n<p>Zwee vun den Auteure waren \u00cbnnerzeechner vun der &#8220;World Climate Declaration&#8221;. D\u00ebs Weltklimadeklaratioun ass en Text, dee verschidde scho widderluecht Behaaptungen iwwer de Klimawandel widderh\u00eblt. <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32JF7QJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">D&#8217;AFP huet d\u00ebs och widderluecht<\/a>. Weider \u00cbnnerzeechner sinn de Vahrenholt, Matverfaasser vun der Gletscher-Et\u00fcd, an eng Rei aner Persoune mat Verbindungen an d&#8217;Industrie fir fossil Brennstoffer.<\/p>\n<p>V\u00e9ier prominent Klimafuerschender hunn erkl\u00e4ert, d&#8217;Et\u00fcd h\u00e4tt Date manipul\u00e9iert, Fakten erausgepickt a Material ignor\u00e9iert, dat de Behaaptunge widdersprieche g\u00e9if.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/ccbf4dd0ddd02d5456970f850f5e0241.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Aarbecht, d\u00e9i vu v\u00e9ier italieenesche W\u00ebssenschaftler, dr\u00e4i Physiker an engem Meteorolog an der Peer-Review \u00ebnnersicht gouf, ass am Januar 2022 am &#8220;European Physical Journal Plus&#8221; erauskomm. D\u00e9i allgemeng inform\u00e9ierend Physikz\u00e4itschr\u00ebft g\u00ebtt vu &#8220;Springer Nature&#8221;, engem vun de renomm\u00e9iertste W\u00ebssenschaftsverlager op der Welt, publiz\u00e9iert. D&#8217;Aarbecht gouf an etabl\u00e9ierte Medien zit\u00e9iert souw\u00e9i an Online-B\u00e4itr\u00e4g, d\u00e9i d&#8217;AFP op hir Richtegkeet <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.32K66UE-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">iwwerpr\u00e9ift<\/a> huet.<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4WSH-ZBS8\">Stefan Rahmstorf<\/a> ass Direkter vun der Erdsystem-Analys um Postdamer Institut f\u00fcr Klimaforschung. Hie sot <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.32K66UE-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">g\u00e9intiwer der AFP<\/a>, dass d&#8217;Aarbecht &#8220;vu Leit ver\u00ebffentlech gouf, d\u00e9i net an der Klimatologie schaffen an offensichtlech net mat deem Theema an de relevanten Donn\u00e9e\u00eb vertraut sinn&#8221;. Weider sot hien: &#8220;Et gouf net an engem Klimajournal ver\u00ebffentlecht. En \u00fcbleche Wee vun de Klimaskeptiker a -skeptikerinnen, fir eng Iwwerpr\u00e9iwung duerch richteg Expertinnen an Experten op d\u00ebsem Gebitt ze vermeiden.&#8221;<\/p>\n<p>Am September 2022 huet &#8220;Springer Nature&#8221; en Hiweis an den Artikel b\u00e4igesat, dee virdru warnt, dass &#8220;d&#8217;Konklusiounen an d\u00ebsem Manuskript am Ament \u00ebmstridde&#8221; w\u00e4ren an huet erkl\u00e4ert, dass d&#8217;Entreprise eng Enqu\u00eate duerchf\u00e9iere g\u00e9if.<\/p>\n<p>Am M\u00e4erz 2023 huet de Christian Caron, gesch\u00e4ftsf\u00e9ierenden Editeur vu &#8220;Springer Nature&#8221;, g\u00e9intiwwer der AFP, dass d&#8217;Enqu\u00eate &#8220;weider geet, awer nach net ofgeschloss ass. Zous\u00e4tzlecht Material, dat am Kader vun der Enqu\u00eate agaangen ass, duerchleeft d\u00e4rz\u00e4it d\u00e9i \u00fcblech Prozedure vun engem \u00ebmfaassende Peer-Review-Prozess, dee m\u00e9i Z\u00e4it, w\u00e9i erwaart, an Usproch huele kann.&#8221;<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Ierf\u00e9ierend Et\u00fcden, d\u00e9i Zweiwel un der Menace duerch de Klimawandel s\u00e9ien, schl\u00e4iche sech a Fachz\u00e4itschr\u00ebfte mat Peer-Review ein. Do virdru warne W\u00ebssenschaftler a W\u00ebssenschaftlerinnen an nennen en aktuellt Beispill. D&#8217;Auteuren vun d\u00ebser Et\u00fcd hunn en Interessekonflikt bestridden.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":261877,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,193,181],"tags":[],"class_list":{"0":"post-261907","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-gesellschaft","9":"category-uncategorized-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2056908","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2056908.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Klimaskeptiker schleise falsch Fuerschungsresultater a Fachz\u00e4itschr\u00ebften an - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Klimaskeptiker schleise falsch Fuerschungsresultater a Fachz\u00e4itschr\u00ebften an - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Ierf\u00e9ierend Et\u00fcden, d\u00e9i Zweiwel un der Menace duerch de Klimawandel s\u00e9ien, schl\u00e4iche sech a Fachz\u00e4itschr\u00ebfte mat Peer-Review ein. Do virdru warne W\u00ebssenschaftler a W\u00ebssenschaftlerinnen an nennen en aktuellt Beispill. D&#039;Auteuren vun d\u00ebser Et\u00fcd hunn en Interessekonflikt bestridden.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-05-03T09:00:13+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/a15d2e50620101acafc55f744b2a2832.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"720\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"13 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Klimaskeptiker schleise falsch Fuerschungsresultater a Fachz\u00e4itschr\u00ebften an\",\"datePublished\":\"2023-05-03T09:00:13+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/\"},\"wordCount\":2680,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/a15d2e50620101acafc55f744b2a2832.jpeg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Gesellschaft\",\"Uncategorized @lb\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/\",\"name\":\"Faktencheck: Klimaskeptiker schleise falsch Fuerschungsresultater a Fachz\u00e4itschr\u00ebften an - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/a15d2e50620101acafc55f744b2a2832.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-05-03T09:00:13+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/a15d2e50620101acafc55f744b2a2832.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/a15d2e50620101acafc55f744b2a2832.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":720,\"caption\":\"Faktencheck: Klimaskeptiker schleise falsch Fuerschungsresultater a Fachz\u00e4itschr\u00ebften an - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Klimaskeptiker schleise falsch Fuerschungsresultater a Fachz\u00e4itschr\u00ebften an\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Klimaskeptiker schleise falsch Fuerschungsresultater a Fachz\u00e4itschr\u00ebften an - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Klimaskeptiker schleise falsch Fuerschungsresultater a Fachz\u00e4itschr\u00ebften an - EDMO Belux","og_description":"Ierf\u00e9ierend Et\u00fcden, d\u00e9i Zweiwel un der Menace duerch de Klimawandel s\u00e9ien, schl\u00e4iche sech a Fachz\u00e4itschr\u00ebfte mat Peer-Review ein. Do virdru warne W\u00ebssenschaftler a W\u00ebssenschaftlerinnen an nennen en aktuellt Beispill. D'Auteuren vun d\u00ebser Et\u00fcd hunn en Interessekonflikt bestridden.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-05-03T09:00:13+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":720,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/a15d2e50620101acafc55f744b2a2832.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"13 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Klimaskeptiker schleise falsch Fuerschungsresultater a Fachz\u00e4itschr\u00ebften an","datePublished":"2023-05-03T09:00:13+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/"},"wordCount":2680,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/a15d2e50620101acafc55f744b2a2832.jpeg","articleSection":["\u00cbmwelt","Gesellschaft","Uncategorized @lb"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/","name":"Faktencheck: Klimaskeptiker schleise falsch Fuerschungsresultater a Fachz\u00e4itschr\u00ebften an - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/a15d2e50620101acafc55f744b2a2832.jpeg","datePublished":"2023-05-03T09:00:13+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/a15d2e50620101acafc55f744b2a2832.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/04\/a15d2e50620101acafc55f744b2a2832.jpeg","width":1080,"height":720,"caption":"Faktencheck: Klimaskeptiker schleise falsch Fuerschungsresultater a Fachz\u00e4itschr\u00ebften an - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-klimaskeptiker-schleise-falsch-fuerschungsresultater-a-fachzitschrften-an\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Klimaskeptiker schleise falsch Fuerschungsresultater a Fachz\u00e4itschr\u00ebften an"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/261907","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=261907"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/261907\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/261877"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=261907"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=261907"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=261907"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}