{"id":262014,"date":"2023-05-05T08:00:51","date_gmt":"2023-05-05T08:00:51","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=262014"},"modified":"2023-05-05T10:22:21","modified_gmt":"2023-05-05T10:22:21","slug":"rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/","title":{"rendered":"RTL-Faktencheck: Fra vu russeschem Vize-Verdeedegungsminister mat L\u00ebtzebuerger Placken \u00ebnnerwee?"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Eng Foto, d\u00e9i w\u00e9i et sch\u00e9ngt op der frans\u00e9ischer C\u00f4te gemaach gouf, zirkul\u00e9iert den Ament op de soziale Reseauen.<\/p>\n<p>L\u00ebtzebuerger Placken op der frans\u00e9ischer C\u00f4te d\u2018Azur si jo keng Rarit\u00e9it. L\u00ebtzebuerger Touristen: kloer. M\u00e4 och Net-L\u00ebtzebuerger, d\u00e9i eng Residence oder eng Firma am Grand-Duch\u00e9 hunn, k\u00ebnnen hiren Auto hei immatrikul\u00e9iere loossen. Souw\u00e4it keng Nouvelle w\u00e4ert.<\/p>\n<p>Aktuell zirkul\u00e9iert awer eng Foto op de soziale Reseauen, op d\u00e4r d&#8217;Fra vum russesche Vize-Verdeedegungsminister an engem Rolls-Royce mat giele Placke soll ze gesi sinn. Den Timur Ivanov steet op der Sanktiounsl\u00ebscht vun der Europ\u00e4escher Unioun.<\/p>\n<p>Et handelt sech \u00ebm eng Foto, vun d\u00e4r een net mat S\u00e9cherheet weess, w\u00e9ini se geknipst gouf, m\u00e4 d\u00e9i, w\u00e9i et sch\u00e9ngt, op der frans\u00e9ischer C\u00f4te gemaach gouf.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/212e01eb1f5e8991f566b2965541c2a4.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>Virun allem op Twitter liest een eng Rei kritesch Commentairen, an deenen d\u2018Fro opgeworf g\u00ebtt, w\u00e9i dat m\u00e9iglech ass, dass d\u2018Fra vum Timur Ivanov, ee vun de K\u00e4pp hannert der russescher Invasioun an der Ukrain, mat L\u00ebtzebuerger Placken \u00ebnnerwee ass. Oder war?<\/p>\n<p>RTL ass der Saach nogaangen.<\/p>\n<p><b>Wou k\u00ebnnt d&#8217;Foto hir? <\/b><\/p>\n<p>D\u2018Maria Pevchikh huet d&#8217;Foto op <a href=\"\/twitter.com\/pevchikh\/status\/1648678840535752705\/photo\/1%20\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Twitter <\/a> gepost. Zesumme mat villen anere Fotoen a Videoen, d\u00e9i weisen, w\u00e9i d\u2018Svetlana Maniovich (respektiv Ivanova), d&#8217;Fra vum zweete Mann am russeschen Defenseministere, a Groussbritannien, Frankr\u00e4ich an Italien d\u2018Liewe gen\u00e9isst. Och den d\u00e4itsche <a href=\"https:\/\/www.spiegel.de\/ausland\/russland-das-luxurioese-leben-des-russischen-vizeverteidigungsministers-und-seiner-ex-frau-a-d215a11d-c383-416d-9891-c9f15148b671\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Spiegel <\/a>oder nach d\u00e9i US-amerikanesch Cha\u00eene <a href=\"\/edition.cnn.com\/2023\/04\/24\/europe\/russia-svetlana-maniovich-timur-ivanov-sanctions-intl\/index.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">CNN<\/a> hate sech fir d\u2018Recherche vun der Aktivistin interess\u00e9iert.<\/p>\n<p>D\u2018Maria Pevchikh schafft bei der russescher Anti-Korruptiouns-Fondatioun FBK, d\u00e9i 2011 vum russeschen Oppositionellen Alexei Nawalny gegr\u00ebnnt gouf. Do ass si Cheffin vum investigativen Departement. Si huet <a href=\"https:\/\/navalny.com\/p\/6631\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Recherchen <\/a> gemaach iwwer d\u00e9i onbeschw\u00e9iert Reese vun der Fra vun engem rangh\u00e9ije Beamte vum Putin duerch Europa. Op engem Video, deen d\u2018Maria Pevchikh gepost huet, ges\u00e4it een, w\u00e9i d\u2018Svetlana Maniovich Party am frans\u00e9ische Schigebitt Courchevel gemaach huet. Virun net emol dr\u00e4i Woche sollen d\u00e9i Biller gemaach gi sinn. Eppes m\u00e9i w\u00e9i ee Joer nom Ufank vum Krich an der Ukrain.<\/p>\n<p>W\u00e4rend hire Mann, de Vice am russesche Verdeedegungsminist\u00e8re Krich m\u00e9cht, gen\u00e9isst d\u2018Svetlana Maniovich ganz offensichtlech e Liewen am Luxus. Am n\u00e9ngte vun am Ganzen 22 B\u00e4itr\u00e4g op der Plattform Twitter, erkl\u00e4ert d\u2018Maria Pevchikh, dass d\u2018Koppel Ivanov genuch Suen huet, fir zwee iwwer 20 Joer al Rolls-Royce: ee fir doheem zu Moskau an ee fir op der frans\u00e9ischer C\u00f4te ze fueren. Deen op der Riviera huet giel Placken: L-XE7878. Mir hunn Kontakt mat der Maria Pevchikh opgeholl. Si war bereet, RTL iwwer Mail e puer Explikatiounen iwwer hir Recherche ze ginn.<\/p>\n<p>An deenen taucht den Auto mat de giele Placken \u00ebmmer nees op. Sou och op enger Foto d\u00e9i aus dem Summer 2018 staamt. D\u2018Svetlana Maniovich pos\u00e9iert a S\u00fcdfrankr\u00e4ich nieft dem Rolls-Royce.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/85f108be82bdb926fb9c6ee598f821fb.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 navalny.com<\/p>\n<p>2014 soll d\u2018Russin och am Cabrio \u00ebnnerwee gewiescht sinn. Um Steier s\u00ebtzt FBK no hire Mann.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/2ad554872a51d73de893d37a2eeb8907.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 navalny.com<\/p>\n<p>Hei steet den Auto um Pont. D\u2018L\u00ebtzebuerger Placken ganz d\u00e4itlech ze gesinn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/ff65681fd310e5ea79edaa80f9530948.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 navalny.com<\/p>\n<p><b>Sinn et richteg L\u00ebtzebuerger Placken? <\/b><\/p>\n<p>RTL huet bei der <em>Soci\u00e9t\u00e9 Nationale de Circulation Automobile<\/em> nogefrot, ob et d\u00e9i Placken effektiv ginn. D\u2018SNCA confirm\u00e9iert. Den Auto mat der L\u00ebtzebuerger Plackennummer XE7878 w\u00e4r allerd\u00e9ngs zanter dem 27. September 2016 net m\u00e9i zu L\u00ebtzebuerg ugemellt.<\/p>\n<p>\u00cbnnert anerem w\u00e9inst der Foto aus S\u00fcdfrankr\u00e4ich am Joer 2018, kann een dovun ausgoen, dass d\u2018russesch Koppel och nach mat L\u00ebtzebuerger Placken \u00ebnnerwee war, nodeems d\u2018Immatrikulatioun bei der SNCA net m\u00e9i erneiert gouf. An deem Fall w\u00e4r den Rolls-Royce mat deem Nummeresch\u00ebld illegal \u00ebnnerwee.<\/p>\n<p><b>K\u00ebnnen d\u2018L\u00ebtzebuerger Autorit\u00e9iten n\u00e4ischt dog\u00e9int \u00ebnnerhuelen? <\/b><\/p>\n<p>D\u2018SNCA \u00e4ntwert op Nofro hin, dass si u sech net inform\u00e9iert g\u00ebtt, wann en Auto schonn esou laang net m\u00e9i ugemellt ass. Et sief dann, et g\u00e9ing eng grav Infraktioun virleien. Da g\u00e9if d\u2018Coop\u00e9ration polici\u00e8re kontakt\u00e9iert ginn. Warscheinlech misst et dann en Echange t\u00ebscht der L\u00ebtzebuerger an der ausl\u00e4nnescher Police ginn. Wann den Auto mat deenen ale Placken a Frankr\u00e4ich g\u00e9ing kontroll\u00e9iert ginn, g\u00e9if de Chauffer awer protokoll\u00e9iert ginn. M\u00e9i w\u00e4it g\u00e9if et h\u00e9chstens goen, wann de Rolls-Royce op L\u00ebtzebuerger Territoire g\u00e9if ugehale ginn.<\/p>\n<p><b>Den Timur Ivanov steet op der L\u00ebscht vun den EU-Sanktioune g\u00e9int Russland. An huet awer en Auto mat L\u00ebtzebuerger Placken? <\/b><\/p>\n<p>Generell ass et jo esou, dass jiddereen, dee seng Residenz oder seng Firma zu L\u00ebtzebuerg ugemellt huet, och een Auto hei kann immatrikul\u00e9iere loossen. FBK w\u00ebll a senge Recherchen och op d\u2018gro Kaart vum Rolls-Royce gestouss sinn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/dcd82e7febf7d8d3024fcc66cfc01372.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 navalny.com<\/p>\n<p>Beim Auto handelt et sech \u00ebm e Rolls-Royce Corniche. D\u2018Koppel soll den Auto 2011 kaaft hunn an en bei hirer L\u00ebtzebuerger Gesellschaft registr\u00e9iert hunn: Elenco S.A mat S\u00ebtz op 54, Avenue de la Libert\u00e9 an der Stad.<\/p>\n<p>RTL-Informatiounen no exist\u00e9iert d\u00e9i Firma zanter 2017 net m\u00e9i.<\/p>\n<p>2014 huet Russland d\u2018ukrainesch Hallefinsel Krim mat Gewalt annex\u00e9iert an domat s\u00ebllege v\u00eblkerrechtlech Vertr\u00e4g viol\u00e9iert. Den Timur Ivanov war deemools Vice-Premier vun der Oblast Moskau.<\/p>\n<p>An t\u00ebscht ass hie Stellvertrieder vum russesche Verdeedegungsminister Sergei Schoigu a steet w\u00e9inst senger Bedeelegung un der russescher Invasioun an der Ukrain op der EU-Sanktiounsl\u00ebscht.<\/p>\n<p>Haut k\u00e9int hie sou einfach keen Auto m\u00e9i zu L\u00ebtzebuerg immatrikul\u00e9iere loossen. M\u00e4 de besote Rolls-Royce krut 2011 seng Placken: dr\u00e4i Joer virun der russescher Annexioun vun der Krim, an nach vill m\u00e9i laang virum Krich an der Ukrain.<\/p>\n<p>Et misst een den Auto scho mat eegenen Aen a S\u00fcdfrankr\u00e4ich gesinn, fir iwwerpr\u00e9iwen ze k\u00ebnnen, ob d\u2018Svetlana Maniovich nach \u00ebmmer mam Youngtimer mat de L\u00ebtzebuerger Placken um Stroosseverk\u00e9ier deel h\u00eblt oder net. D\u00e9i lescht Foto vum Auto, d\u00e9i een dat\u00e9iere kann, ass d\u00e9i vun 2018. Op der Foto, d\u00e9i d\u2018Russin selwer op der Plattform Instagram gedeelt huet, ges\u00e4it een d\u2018Placken net. Deemools w\u00e4ren d\u2018Placken awer schonn ofgelaf gewiescht. Am Abr\u00ebll 2020 huet d\u2018Svetlana Maniovich d\u00e9i lescht Foto op hirem Instagram-Profil gepost.<\/p>\n<p><b>W\u00e9i ass et iwwerhaapt m\u00e9iglech, dass d\u2018Svetlana Maniovich hir Frankophilie sou fr\u00e4i ausliewe kann?<\/b><\/p>\n<p>\u00cbmmerhi huet d\u2018Europ\u00e4esch Unioun zejoert och Sanktioune g\u00e9int den Timur Ivanov decid\u00e9iert.<\/p>\n<p>D\u2018Koppel huet wuel getrickst: der Recherche vun der Anti-Korruptiouns-Fondatioun no huet d\u2018Svetlana Maniovich sech vum Ivanov scheede gelooss, fir d\u2018Sanktiounen z\u2018evit\u00e9ieren. FBK, d\u00e9i 8.000 Noriichten aus der Maniovich hirer Mailbox analys\u00e9iert huet, geet dovun aus, dass d\u2018Koppel nach zesummen ass.<\/p>\n<p>D\u2018St\u00ebftung vum emprison\u00e9ierten Putin-G\u00e9igner Nawalny w\u00ebll och erausfonnt hunn, dass d\u2018Koppel Ivanov sech dat Luxusliewen n\u00ebmmen duerch Korruptioun leeschte kann. A sengem offiziellen Amt g\u00e9if den Ivanov \u00ebmgerechent ronn 280.000 Euro am Joer verd\u00e9ngen. En zolitte Salaire, m\u00e4 geet dat duer, fir e Luxus-Liewen mat Villen, Yachten, mat Luxus ouni Enn tout court? Eleng an enger Par\u00e4isser Bijouterie soll seng (Ex-)Fra iwwer 100.000 Euro ausginn hunn. A Reparature fir de Rolls-Royce mat de L\u00ebtzebuerger Placke solle sech op 75.000 Euro chiffr\u00e9iert hunn. Op d&#8217;mannst sch\u00e9ngt d\u2018Koppel den Auto gutt ze versuergen.<\/p>\n<p><i>Fir komplett ze sinn: de Gr\u00ebnner vun der Anti-Korruptiouns-Fondatioun FBK Alexei Nawalny souz an Russland scho 14 Mol isol\u00e9iert am Prisong. \u00cbmmer nees gi seng Prisongsstrofe verl\u00e4ngert. Rezent gouf gemellt, hie g\u00e9if op en neits w\u00e9inst Extremismus ugeklot ginn. De Kreml w\u00ebll den Oppositionelle fir bis zu 30 Joer asp\u00e4ren. Och d\u2018Personal vun FKB si Regimmg\u00e9igner. Hir Recherche si gutt dokument\u00e9iert. Onofh\u00e4ngeg iwwerpr\u00e9iwe loossen all d\u2018Faite sech net.<\/i><\/p>\n<blockquote class=\"instagram-media\" style=\"background: #FFF; border: 0; border-radius: 3px; box-shadow: 0 0 1px 0 rgba(0,0,0,0.5),0 1px 10px 0 rgba(0,0,0,0.15); margin: 1px; max-width: 540px; min-width: 326px; padding: 0; width: calc(100% - 2px);\" data-instgrm-captioned=\"\" data-instgrm-permalink=\"https:\/\/www.instagram.com\/p\/CnzsqHHoiFQ\/?utm_source=ig_embed&amp;utm_campaign=loading\" data-instgrm-version=\"14\">\n<div style=\"padding: 16px;\">\n<p>&nbsp;<\/p>\n<div style=\"display: flex; flex-direction: row; align-items: center;\">\n<div style=\"background-color: #f4f4f4; border-radius: 50%; flex-grow: 0; height: 40px; margin-right: 14px; width: 40px;\"><\/div>\n<div style=\"display: flex; flex-direction: column; flex-grow: 1; justify-content: center;\">\n<div style=\"background-color: #f4f4f4; border-radius: 4px; flex-grow: 0; height: 14px; margin-bottom: 6px; width: 100px;\"><\/div>\n<div style=\"background-color: #f4f4f4; border-radius: 4px; flex-grow: 0; height: 14px; width: 60px;\"><\/div>\n<\/div>\n<\/div>\n<div style=\"padding: 19% 0;\"><\/div>\n<div style=\"display: block; height: 50px; margin: 0 auto 12px; width: 50px;\"><\/div>\n<div style=\"padding-top: 8px;\">\n<div style=\"color: #3897f0; font-family: Arial,sans-serif; font-size: 14px; font-style: normal; font-weight: 550; line-height: 18px;\">Sieh dir diesen Beitrag auf Instagram an<\/div>\n<\/div>\n<div style=\"padding: 12.5% 0;\"><\/div>\n<div style=\"display: flex; flex-direction: row; margin-bottom: 14px; align-items: center;\">\n<div>\n<div style=\"background-color: #f4f4f4; border-radius: 50%; height: 12.5px; width: 12.5px; transform: translateX(0px) translateY(7px);\"><\/div>\n<div style=\"background-color: #f4f4f4; height: 12.5px; transform: rotate(-45deg) translateX(3px) translateY(1px); width: 12.5px; flex-grow: 0; margin-right: 14px; margin-left: 2px;\"><\/div>\n<div style=\"background-color: #f4f4f4; border-radius: 50%; height: 12.5px; width: 12.5px; transform: translateX(9px) translateY(-18px);\"><\/div>\n<\/div>\n<div style=\"margin-left: 8px;\">\n<div style=\"background-color: #f4f4f4; border-radius: 50%; flex-grow: 0; height: 20px; width: 20px;\"><\/div>\n<div style=\"width: 0; height: 0; border-top: 2px solid transparent; border-left: 6px solid #f4f4f4; border-bottom: 2px solid transparent; transform: translateX(16px) translateY(-4px) rotate(30deg);\"><\/div>\n<\/div>\n<div style=\"margin-left: auto;\">\n<div style=\"width: 0px; border-top: 8px solid #F4F4F4; border-right: 8px solid transparent; transform: translateY(16px);\"><\/div>\n<div style=\"background-color: #f4f4f4; flex-grow: 0; height: 12px; width: 16px; transform: translateY(-4px);\"><\/div>\n<div style=\"width: 0; height: 0; border-top: 8px solid #F4F4F4; border-left: 8px solid transparent; transform: translateY(-4px) translateX(8px);\"><\/div>\n<\/div>\n<\/div>\n<div style=\"display: flex; flex-direction: column; flex-grow: 1; justify-content: center; margin-bottom: 24px;\">\n<div style=\"background-color: #f4f4f4; border-radius: 4px; flex-grow: 0; height: 14px; margin-bottom: 6px; width: 224px;\"><\/div>\n<div style=\"background-color: #f4f4f4; border-radius: 4px; flex-grow: 0; height: 14px; width: 144px;\"><\/div>\n<\/div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p style=\"color: #c9c8cd; font-family: Arial,sans-serif; font-size: 14px; line-height: 17px; margin-bottom: 0; margin-top: 8px; overflow: hidden; padding: 8px 0 7px; text-align: center; text-overflow: ellipsis; white-space: nowrap;\"><a style=\"color: #c9c8cd; font-family: Arial,sans-serif; font-size: 14px; font-style: normal; font-weight: normal; line-height: 17px; text-decoration: none;\" href=\"https:\/\/www.instagram.com\/p\/CnzsqHHoiFQ\/?utm_source=ig_embed&amp;utm_campaign=loading\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ein Beitrag geteilt von Maria Pevchikh (@maria_pevchikh)<\/a><\/p>\n<\/div>\n<\/blockquote>\n<p><script async src=\"\/\/www.instagram.com\/embed.js\"><\/script><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Eng Foto, d\u00e9i w\u00e9i et sch\u00e9ngt op der frans\u00e9ischer C\u00f4te gemaach gouf, zirkul\u00e9iert den Ament op de soziale Reseauen.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":261984,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[193,191,217,181],"tags":[],"class_list":{"0":"post-262014","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-gesellschaft","8":"category-politik","9":"category-ukraine-lb","10":"category-uncategorized-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2056367","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2056367.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>RTL-Faktencheck: Fra vu russeschem Vize-Verdeedegungsminister mat L\u00ebtzebuerger Placken \u00ebnnerwee? - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"RTL-Faktencheck: Fra vu russeschem Vize-Verdeedegungsminister mat L\u00ebtzebuerger Placken \u00ebnnerwee? - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Eng Foto, d\u00e9i w\u00e9i et sch\u00e9ngt op der frans\u00e9ischer C\u00f4te gemaach gouf, zirkul\u00e9iert den Ament op de soziale Reseauen.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-05-05T08:00:51+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-05-05T10:22:21+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/f41b8ea08085c260a3e0dfe9298b62f8.png\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1024\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"576\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/png\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"7 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"RTL-Faktencheck: Fra vu russeschem Vize-Verdeedegungsminister mat L\u00ebtzebuerger Placken \u00ebnnerwee?\",\"datePublished\":\"2023-05-05T08:00:51+00:00\",\"dateModified\":\"2023-05-05T10:22:21+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/\"},\"wordCount\":1385,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/f41b8ea08085c260a3e0dfe9298b62f8.png\",\"articleSection\":[\"Gesellschaft\",\"Politik\",\"Ukraine\",\"Uncategorized @lb\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/\",\"name\":\"RTL-Faktencheck: Fra vu russeschem Vize-Verdeedegungsminister mat L\u00ebtzebuerger Placken \u00ebnnerwee? - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/f41b8ea08085c260a3e0dfe9298b62f8.png\",\"datePublished\":\"2023-05-05T08:00:51+00:00\",\"dateModified\":\"2023-05-05T10:22:21+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/f41b8ea08085c260a3e0dfe9298b62f8.png\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/f41b8ea08085c260a3e0dfe9298b62f8.png\",\"width\":1024,\"height\":576,\"caption\":\"RTL-Faktencheck: Fra vu russeschem Vize-Verdeedegungsminister mat L\u00ebtzebuerger Placken \u00ebnnerwee? - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"RTL-Faktencheck: Fra vu russeschem Vize-Verdeedegungsminister mat L\u00ebtzebuerger Placken \u00ebnnerwee?\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"RTL-Faktencheck: Fra vu russeschem Vize-Verdeedegungsminister mat L\u00ebtzebuerger Placken \u00ebnnerwee? - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"RTL-Faktencheck: Fra vu russeschem Vize-Verdeedegungsminister mat L\u00ebtzebuerger Placken \u00ebnnerwee? - EDMO Belux","og_description":"Eng Foto, d\u00e9i w\u00e9i et sch\u00e9ngt op der frans\u00e9ischer C\u00f4te gemaach gouf, zirkul\u00e9iert den Ament op de soziale Reseauen.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-05-05T08:00:51+00:00","article_modified_time":"2023-05-05T10:22:21+00:00","og_image":[{"width":1024,"height":576,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/f41b8ea08085c260a3e0dfe9298b62f8.png","type":"image\/png"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"7 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"RTL-Faktencheck: Fra vu russeschem Vize-Verdeedegungsminister mat L\u00ebtzebuerger Placken \u00ebnnerwee?","datePublished":"2023-05-05T08:00:51+00:00","dateModified":"2023-05-05T10:22:21+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/"},"wordCount":1385,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/f41b8ea08085c260a3e0dfe9298b62f8.png","articleSection":["Gesellschaft","Politik","Ukraine","Uncategorized @lb"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/","name":"RTL-Faktencheck: Fra vu russeschem Vize-Verdeedegungsminister mat L\u00ebtzebuerger Placken \u00ebnnerwee? - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/f41b8ea08085c260a3e0dfe9298b62f8.png","datePublished":"2023-05-05T08:00:51+00:00","dateModified":"2023-05-05T10:22:21+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/f41b8ea08085c260a3e0dfe9298b62f8.png","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/f41b8ea08085c260a3e0dfe9298b62f8.png","width":1024,"height":576,"caption":"RTL-Faktencheck: Fra vu russeschem Vize-Verdeedegungsminister mat L\u00ebtzebuerger Placken \u00ebnnerwee? - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-fra-vu-russeschem-vize-verdeedegungsminister-mat-ltzebuerger-placken-nnerwee\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"RTL-Faktencheck: Fra vu russeschem Vize-Verdeedegungsminister mat L\u00ebtzebuerger Placken \u00ebnnerwee?"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/262014","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=262014"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/262014\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/261984"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=262014"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=262014"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=262014"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}