{"id":265053,"date":"2023-05-18T07:00:31","date_gmt":"2023-05-18T07:00:31","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=265053"},"modified":"2023-05-19T14:27:36","modified_gmt":"2023-05-19T14:27:36","slug":"faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/","title":{"rendered":"Faktencheck: D&#8217;\u00e4gyptesch Pyramide sinn dacks Bestanddeel vu Konspiratiounstheorien"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Z\u00ebnter Joerhonnerte liwweren d&#8217;\u00e4gyptesch Pyramide Material fir d\u00e9i verschiddenst Konspiratiounen: Ausserierdescher h\u00e4tte se wuel gebaut oder se h\u00e4tten an der Antik als Stroumquell ged\u00e9ngt.<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/GMY2-EM4M\">Video<\/a>, deen den 22. M\u00e4erz 2023 op YouTube eropgeluede gouf, hat z\u00ebnterhier m\u00e9i w\u00e9i 570.000 Opriff. De frans\u00e9ischsproochegen, kongoleesesche Rapper <a href=\"https:\/\/perma.cc\/NHL9-85YV\">G\u00eems<\/a> huet an engem Interview, deen iwwer annerhallef Stonnen dauert, um Kanal &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/WK5R-Y5QZ\">Oui Hustle<\/a>&#8221; eng al Konspiratioun opgegraff. D\u00ebs behaapt, dass d&#8217;\u00c4gypterinnen an \u00c4gypter an der Antik w\u00e9inst de Pyramiden w\u00e9i et sch\u00e9ngt Elektricit\u00e9it haten.<\/p>\n<p>Dr\u00e4i Woche m\u00e9i sp\u00e9it, den 13. Abr\u00ebll 2023, huet de S\u00e4nger s\u00e4in neiste Song &#8220;Hern\u00e1n Cort\u00e9s&#8221; op sengem YouTube-Kanal publiz\u00e9iert, benannt nom spueneschen Eruewerer aus dem 16. Joerhonnert. D&#8217;Coverbild vum Lidd weist Pyramide mat enger Sp\u00ebtzt aus Gold, donieft e Stroummast, Kabelen a Stroumk\u00ebschten.<\/p>\n<p>&#8220;An der Z\u00e4it vum Kusch-R\u00e4ich gouf et Elektricit\u00e9it. (&#8230;) D&#8217;Pyramiden, d\u00e9i een hei ges\u00e4it, hunn eng g\u00eblle Sp\u00ebtzt. Gold ass de beschte Leeder fir Elektresch. Dat waren Antennen, kredj\u00ebft! D&#8217;M\u00ebnschen hate Stroum. Dat verstinn d&#8217;Leit net. D&#8217;\u00c4gypter &#8211; d&#8217;W\u00ebssenschaft, d\u00e9i si haten, dat iwwertr\u00ebfft eis Virstellungskraaft, an d&#8217;Historiker w\u00ebssen dat!&#8221;, behaapt de S\u00e4nger. Hien huet knapp 3 Millioune Follower op Instagram, op YouTube a Facebook ronn 11 eelef Milliounen.<\/p>\n<p>D&#8217;Behaaptung &#8211; d\u00e9i onbegr\u00ebnnt ass -, \u00c4gypten h\u00e4tt scho laang virun der Erfindung am 19. Joerhonnert Stroum gehat, ass net nei. Am September 2018 war d&#8217;Behaaptung schonn an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/W45Z-QD5H\">Video<\/a> mam Titel &#8220;Dat wierklecht Geheimnis vun de Pyramide gouf endlech opgedeckt&#8221;, dee m\u00e9i w\u00e9i 2,5 Millioune Mol gekuckt gouf, opgedaucht. Hei goung och vun de &#8220;Kraaftwierker&#8221; rieds.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/6762711f0486242159b5b4e0d3e2c0f8.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>De Video huet guer keng Angabe vun de Quellen, d\u00e9i d\u00ebs Behaaptunge st\u00e4ipe g\u00e9ifen. E k\u00e9int awer vun enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/B7SD-UNXP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd<\/a> inspir\u00e9iert sinn, d\u00e9i ee Mount virdru vun enger Ekipp \u00ebnner der Leedung vu W\u00ebssenschaftlerinnen a W\u00ebssenschaftler vun der <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230511071633\/https:\/\/en.itmo.ru\/\">ITMO-Universit\u00e9it<\/a> zu St. Petersburg a Russland publiz\u00e9iert gouf. D\u00e9i kauscher Et\u00fcd besch\u00e4ftegt sech ausschliisslech op theoreeteschem Niveau mat den elektromagn\u00e9iteschen Eegenschafte vun der Grousser Pyramid vu Gizeh, behaapt awer zu kengem Moment, dass d&#8217;Monument deemools Stroum produz\u00e9iert h\u00e4tt.<\/p>\n<p>Den \u00c4gyptolog <a href=\"https:\/\/perma.cc\/MX92-JGEX\">Claude Traunecker<\/a>, emerit\u00e9ierte Professer op der frans\u00e9ischer Universit\u00e9it Stroossbuerg, gouf zu de Behaaptunge vum S\u00e4nger G\u00eems befrot. Hie sot den 23. Abr\u00ebll 2023 g\u00e9intiwwer der AFP, dass d\u00ebs \u00c4usserungen, d\u00e9i am Joer 2023 d&#8217;Erzielung vun elektresche Pyramiden nees opgegraff hunn, &#8220;op kenger w\u00ebssenschaftlecher Basis&#8221; beroue g\u00e9ifen.<\/p>\n<p>&#8220;Mir hunn ausserdeem keen Noweis doriwwer, dass d&#8217;Pyramidia [de Pyramidion ass de pyramidef\u00ebrmege Schlusssteen op der Sp\u00ebtzt vun der Pyramid, Um. v. d. Red.] aus Gold war. Mir w\u00ebssen aus Schr\u00ebftst\u00e9cker, dass d&#8217;Sp\u00ebtzte vun Obelisken aus Gold waren, awer vun de Pyramidia w\u00ebsse mir dat net&#8221;, sot den Traunecker.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230511084850\/https:\/\/www.orient-mediterranee.com\/member\/andreu-lanoe-guillemette\/\">Guillemette Andreu-Lano\u00eb<\/a> ass Vizepresidentin vun der frans\u00e9ischer Association de l&#8217;Egyptologie. Och si sot der AFP den 13. Abr\u00ebll 2023, dass d&#8217;Behaaptunge vum Rapper &#8220;absolutt onbegr\u00ebnnt&#8221; w\u00e4ren. Et h\u00e4tt deemools kee Stroum ginn, &#8220;net emol no dem anticken \u00c4gypten, net a Griicheland oder am ale Roum, net am M\u00ebttelalter. [De frans\u00e9ischen \u00c4gyptolog Jean-Fran\u00e7ois] Champollion [, dee 1790 gebuer gouf] konnt am Ufank vum 19. Joerhonnert just mat enger Uelegluucht oder enger K\u00e4erz liichten.&#8221;<\/p>\n<p>Iwwer d&#8217;Aart a Weis, w\u00e9i d&#8217;\u00c4gypterinnen an \u00c4gypter deemools Luucht gemaach hunn, sot d&#8217;Vizepresidentin: &#8220;Schr\u00ebftquelle schw\u00e4tze vu Liwwerunge vun zwou Wicke pro Dag un d&#8217;Aarbechter am Dall vun de Kinneken&#8221;. D&#8217;Andreu-Lano\u00eb sot weider: &#8220;D\u00ebs Wicke goufen a Schuele mat Ueleg geluecht. Et huet ee se ugez\u00fcnt a se si bannent v\u00e9ier Stonnen ofgebrannt, wat [bei zwou Wicken] en Aarbechtsdag vun aacht Stonnen erg\u00ebtt.&#8221;<\/p>\n<p>Wat d&#8217;Presenz vu Gold op der Sp\u00ebtzt vun de Pyramiden betreffe g\u00e9if, d\u00e9i vum G\u00eems ernimmt ginn, sou g\u00e9if et &#8220;keng archeologesch oder textuell Beweiser doriwwer&#8221;. D&#8217;Andreu-Lano\u00eb huet erkl\u00e4ert, dass d&#8217;Pyramide vu spatz zoulafende Pyramidia gekr\u00e9int gi w\u00e4ren, vun deenen Archeologen heiansdo Fragmenter fonnt h\u00e4tten.<\/p>\n<p>De Relief am Tempel Hathor zu Dendera dog\u00e9int w\u00e4r eng Duerstellung &#8220;vun der Gebuert vun der Welt. Se ass e puermol un de Mauere vun d\u00ebsem Tempel an an deem vum Isis, direkt niewendrun, ze gesinn.&#8221; D&#8217;Entsteeung w\u00e4r op d\u00ebs Man\u00e9ier duergestallt: &#8220;Am Ufank daucht e Lotus aus engem fl\u00ebssegen Element op. Eng Schlaang ersch\u00e9ngt a riicht sech am H\u00e4erz vun der Planz op &#8211; dat ass d\u00e9i angeeblech Luucht. D\u00ebs Planz ass als Plazenta unzegesinn, d\u00e9i den zuk\u00fcnftege Gott Harsomtus dr\u00e9it.&#8221; Harsomtus w\u00e4r de Gott vun den Urspr\u00e9ng, dat universellt Wiesen, dat &#8220;fir d&#8217;\u00e9ischt K\u00e9ier aus der Lotusblumm entspr\u00e9ngt.&#8221;<\/p>\n<p>Bezunn op dem G\u00eems seng Interpretatioun vun der angeeblecher &#8220;Bier&#8221; sot de Claude Traunecker: &#8220;Dat ass e mythologescht Bild vun der Kreatioun vun der Welt aus enger Planz, et ass einfach en ikonographeschen Zoufall, dass d\u00ebs oval Form ausges\u00e4it w\u00e9i eng Bier.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/cd26ea38f5c069a4c283d2c3bfd38964.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Behaaptung iwwer &#8220;Kraaftwierkpyramiden&#8221; reit sech an eng laang L\u00ebscht vun Erzielunge ronder\u00ebm de Bau an den urspr\u00e9nglechen Zweck vun d\u00ebse Monumenter an. Se goufe virun iwwer 4.500 Joren zu Gizeh, engem Viruert vu Kairo fir dr\u00e4i Pharaoe gebaut: Cheops, Chephren a Mykerinos.<\/p>\n<p>D\u00ebs Faszinatioun w\u00e4r net zulescht domat ze erkl\u00e4ren, dass d&#8217;Cheops-Pyramid dat eenzegt nach bestoend Weltwonner w\u00e4r, huet d&#8217;Guillemette Andreu-Lano\u00eb erkl\u00e4ert. D&#8217;Wierkung vun d\u00ebse Pyramide w\u00e4r &#8220;ergr\u00e4ifend a beandrockend&#8221;. Et k\u00e9int ee sech bal net virstellen, dass just e puer Gruppe vu M\u00ebnschen d\u00ebs aussergew\u00e9inlech Monumenter geschaaft h\u00e4tten. Dob\u00e4i k\u00e9im d&#8217;Pyramideform, d\u00e9i heefeg Fantasievirstellungen ausl\u00e9isen an als Zeeche vun enger Fabelwelt ugesi g\u00e9if.<\/p>\n<p>Zu den Erzielungen, d\u00e9i am w\u00e4itste verbreet a bekannt sinn, geh\u00e9iert d\u00e9i sougenannt &#8220;Alien-Theorie&#8221;. D\u00ebs Erzielung schreift de Bau vun de Pyramiden enger fortgeschr\u00ebttener ausserierdescher Zivilisatioun zou. A Frankr\u00e4ich gouf d\u00ebs Erzielung virun allem duerch de <a href=\"https:\/\/archive.org\/details\/la-revelation-des-pyramides-hd\">Film<\/a> &#8220;La R\u00e9v\u00e9lation des Pyramides&#8221; vum <a href=\"https:\/\/archive.ph\/HH5om\">Jacques Grimault<\/a> aus dem Joer 2010 m\u00e9i bekannt. Et ass eng haartn\u00e4ckeg Erzielung: Iwwer z\u00e9ng Joer m\u00e9i sp\u00e9it erkl\u00e4ren 20 Prozent vun der amerikanescher Bev\u00eblkerung an n\u00e9ng Prozent vun de Fransousen a Frans\u00e9isinnen, dass si der Behaaptung zoust\u00ebmmen, dass &#8220;d&#8217;\u00e4gyptesch Pyramiden an der Antik vun Ausserierdesche gebaut goufen&#8221;. Dat ass d&#8217;Resultat vun enger \u00cbmfro vun <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8VKZ-L4NF\">Ifop<\/a>, d\u00e9i am Abr\u00ebll 2023 publiz\u00e9iert gouf.<\/p>\n<p>D\u00ebs Erzielung gouf an der Vergaangenheet schonn e puermol widderluecht. &#8220;Et war d&#8217;Kraaft vun de M\u00ebnschen, d\u00e9i alleguer dem Rum vum Pharao \u00ebnnerworf waren, d\u00e9i et hinnen erm\u00e9iglecht huet, d\u00ebs Steebl\u00e9ck ze beweegen&#8221;, huet d&#8217;Guillemette Andreu-Lano\u00eb betount. &#8220;Deemools gouf et weder Rad nach P\u00e4erd als H\u00ebllefsm\u00ebttel. Den Afallsr\u00e4ichtum vun de Bauh\u00e4ren, haart Aarbecht an d&#8217;Unzuel vun den Aarbechter waren d\u00e9i bescht M\u00ebttelen, fir d\u00ebs Wonner ze bauen.&#8221;<\/p>\n<p>Si huet b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt: &#8220;Bei aktuellen archeologeschen Aarbechten hunn d&#8217;Kolleege <a href=\"https:\/\/perma.cc\/524H-NLDD\">Pierre Tallet<\/a> zu <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230511085337\/https:\/\/www.spektrum.de\/news\/der-bautrupp-von-koenig-cheops\/2043238\">Wadi al-Dscharf<\/a> a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LKR6-8AYC\">Yannis Gourdon<\/a> zu <a href=\"https:\/\/archive.ph\/RtIqo\">Hatnub<\/a> sensationell Entdeckunge gemaach, d\u00e9i en Abl\u00e9ck an d&#8217;Virgoensweisen, d\u00e9i genotzt goufen, erlaben.&#8221;<\/p>\n<p>Eng weider, och onbegr\u00ebnnt Virstellung ass d\u00e9i, dass d&#8217;Pyramide wuel fir d&#8217;Lagerung vu <a href=\"https:\/\/archive.ph\/N1eQR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">K\u00e4re<\/a> gebaut gi w\u00e4ren an net als Begriefnisplaz fir Pharaoe ged\u00e9ngt h\u00e4tten.<\/p>\n<p>D\u00ebs Theorie w\u00e4r immens al a g\u00e9ing op d&#8217;M\u00ebttelalter zer\u00e9ck, sot de Claude Traunecker. Hien huet ongef\u00e9ier 15 Joer an \u00c4gypten gelieft an u villen Ausgruewungen an Et\u00fcden iwwer dat aalt \u00c4gypten deelgeholl. &#8220;Et g\u00ebtt souguer e Mosaik zu Venedeg an Italien, dat d&#8217;Pyramiden duerstellt. Dorop leet [d\u00e9i biblesch Figur] de Jousef K\u00e4ren an d&#8217;Pyramiden. Dat war de reli\u00e9ise Glawen, deen derhannert stoung. Et weess een zimmlech s\u00e9cher, dass et sech bei de Pyramiden \u00ebm Griewer handelt.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Iddi vu &#8220;Sp\u00e4icher fir K\u00e4re&#8221; w\u00e4r &#8220;op kee Fall&#8221; fund\u00e9iert, huet d&#8217;Andreu-Lano\u00eb betount. &#8220;Et huet een dora kinneklech Sarkophagen a Sch\u00e4tz vu Begriefnisser fonnt an an der f\u00ebnnefter Dynastie sinn d&#8217;W\u00e4nn vun de Pyramide mat reli\u00e9isen Texter bedeckt, d\u00e9i dem Pharao h\u00ebllefe sollten, d&#8217;\u00c9iwegkeet ze erreechen.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/c717e037c6a5174af726958f3c263670.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/archive.ph\/lX5SF\">Tristan Mend\u00e8s France<\/a> ass Member vun der Organisatioun &#8220;<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230511081823\/https:\/\/www.conspiracywatch.info\/\">Observatoire du conspirationnisme<\/a>&#8220;, d\u00e9i sech a Frankr\u00e4ich g\u00e9int Diskriminatioun, Rietsextremismus a Konspiratiounstheorien engag\u00e9iert. De Fransous ass Spezialist fir Digitalkulturen an Online-Extremismus. Hie sot den 13. Abr\u00ebll 2023 g\u00e9intiwwer der AFP, dass et schonn \u00ebmmer Fantasi\u00eb ginn h\u00e4tt, d\u00e9i duerch d&#8217;Pyramiden erw\u00e4cht gi w\u00e4ren.<\/p>\n<p>&#8220;Et g\u00ebtt e Virdrun an en Duerno beim Internet a virun allem bei YouTube&#8221;, sot de Mend\u00e8s France. &#8220;YouTube huet d\u00ebs Narrativen er\u00ebm belieft a se zoug\u00e4nglech a verf\u00fcgbar gemaach. An \u00e4nlecher Man\u00e9ier hunn och Streaming-Plattformen dozou b\u00e4igedroen, s\u00ebllege pseudow\u00ebssenschaftlech Seri\u00eb ronder\u00ebm verschidde Geheimnisser eng gew\u00ebss Siichtbarkeet ze ginn.&#8221; Dozou g\u00e9ifen och d&#8217;Pyramiden an \u00c4gypten zielen.<\/p>\n<p>&#8220;D\u00ebs Erzielunge geh\u00e9ieren zu deem, wat ech als \u00cbnnerhalungsverschwierung bezeechne g\u00e9if, eng Form vu &#8216;Binge-Watching&#8217; vu Konspiratiounserzielungen&#8221;, huet de Mend\u00e8s France weider erkl\u00e4ert. &#8220;D\u00ebsen \u00cbnnerhalungsaspekt gouf \u00ebmmer als manner gef\u00e9ierlech oder beonrouegend w\u00e9i exotesch ugesinn. Virun allem duerch d&#8217;Spill vun den Algorithme sinn d\u00ebs Erzielungen awer och M\u00e9iglechkeeten, an e ganze Kanon vu Konspiratiounserzielungen eranzegeroden, d\u00e9i hirers\u00e4its w\u00e4itaus m\u00e9i gef\u00e9ierlech sinn.&#8221; D&#8217;Algorithme vu sozialen Netzwierker a Videoplattforme bewierken, dass d&#8217;Notzerin oder den Notzer automatesch aner, awer \u00e4nlech Inhalter virgeschloe kritt.<\/p>\n<p>Beim G\u00eems sengen \u00c4usserunge l\u00e9ich den Haaptproblem an der spezifescher Floskel &#8220;Historiker w\u00ebssen&#8221;, sou den Tristan Mend\u00e8s France. &#8220;Et ass d\u00ebsen Aspekt vu sengem Narrativ, deen zud\u00e9ifst verschwierungserzieleresch ass.&#8221;<\/p>\n<p>Weider huet den Expert opgeschl\u00ebsselt: &#8220;Wann een den Implicatioune gleeft, d\u00e9i hannert d\u00ebser Iwwerzeegung stinn, g\u00e9if dat bedeiten, dass dat, wat am Fach Geschicht am Secondaire gel\u00e9iert g\u00ebtt, eng Lige w\u00e4r. Dat g\u00e9if bedeiten, dass de L\u00e9ierplang vum Educatiounsminist\u00e8re d&#8217;Wouerecht verschleiere g\u00e9if. Dass d&#8217;Regierung d&#8217;Wouerecht verstoppe g\u00e9if. D\u00e9i frans\u00e9isch, awer och weider Regierungen. Dat g\u00e9if nees bedeiten, dass et eng Zesummenaarbecht vu s\u00e4mtleche Regierungen op der Welt g\u00e9if, fir d&#8217;Realit\u00e9it dovun, wat geschitt ass, ze verstoppen. Dat g\u00e9if bedeiten, dass et weltw\u00e4it Verschwierung g\u00e9if.&#8221;<\/p>\n<p>De Claude Traunecker deelt d\u00ebs Besuergnes: &#8220;Et st\u00e9iert mech immens, dass de G\u00eems seet, &#8216;d&#8217;Historiker w\u00ebssen dat an halen et geheim&#8217;. Dat ersch\u00e9ngt mir besuergneserreegend, zemools hie Millioune vu M\u00ebnschen als Follower a sozialen Netzwierker huet.&#8221;<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Z\u00ebnter Joerhonnerte liwweren d&#8217;\u00e4gyptesch Pyramide Material fir d\u00e9i verschiddenst Konspiratiounen: Ausserierdescher h\u00e4tte se wuel gebaut oder se h\u00e4tten an der Antik als Stroumquell ged\u00e9ngt.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":265033,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[193,381,181],"tags":[],"class_list":{"0":"post-265053","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-gesellschaft","8":"category-leieren-iwwer-desinformatioun-a-fakt-iwwerpreiwen","9":"category-uncategorized-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2063310","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2063310.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: D&#039;\u00e4gyptesch Pyramide sinn dacks Bestanddeel vu Konspiratiounstheorien - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: D&#039;\u00e4gyptesch Pyramide sinn dacks Bestanddeel vu Konspiratiounstheorien - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Z\u00ebnter Joerhonnerte liwweren d&#039;\u00e4gyptesch Pyramide Material fir d\u00e9i verschiddenst Konspiratiounen: Ausserierdescher h\u00e4tte se wuel gebaut oder se h\u00e4tten an der Antik als Stroumquell ged\u00e9ngt.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-05-18T07:00:31+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-05-19T14:27:36+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/200702a262be227714a1346785233802.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"9 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: D&#8217;\u00e4gyptesch Pyramide sinn dacks Bestanddeel vu Konspiratiounstheorien\",\"datePublished\":\"2023-05-18T07:00:31+00:00\",\"dateModified\":\"2023-05-19T14:27:36+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/\"},\"wordCount\":1886,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/200702a262be227714a1346785233802.jpeg\",\"articleSection\":[\"Gesellschaft\",\"L\u00e9ieren iwwer Desinformatioun a Fakt iwwerpr\u00e9iwen\",\"Uncategorized @lb\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/\",\"name\":\"Faktencheck: D'\u00e4gyptesch Pyramide sinn dacks Bestanddeel vu Konspiratiounstheorien - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/200702a262be227714a1346785233802.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-05-18T07:00:31+00:00\",\"dateModified\":\"2023-05-19T14:27:36+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/200702a262be227714a1346785233802.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/200702a262be227714a1346785233802.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: D'\u00e4gyptesch Pyramide sinn dacks Bestanddeel vu Konspiratiounstheorien - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: D&#8217;\u00e4gyptesch Pyramide sinn dacks Bestanddeel vu Konspiratiounstheorien\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: D'\u00e4gyptesch Pyramide sinn dacks Bestanddeel vu Konspiratiounstheorien - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: D'\u00e4gyptesch Pyramide sinn dacks Bestanddeel vu Konspiratiounstheorien - EDMO Belux","og_description":"Z\u00ebnter Joerhonnerte liwweren d'\u00e4gyptesch Pyramide Material fir d\u00e9i verschiddenst Konspiratiounen: Ausserierdescher h\u00e4tte se wuel gebaut oder se h\u00e4tten an der Antik als Stroumquell ged\u00e9ngt.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-05-18T07:00:31+00:00","article_modified_time":"2023-05-19T14:27:36+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/200702a262be227714a1346785233802.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"9 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: D&#8217;\u00e4gyptesch Pyramide sinn dacks Bestanddeel vu Konspiratiounstheorien","datePublished":"2023-05-18T07:00:31+00:00","dateModified":"2023-05-19T14:27:36+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/"},"wordCount":1886,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/200702a262be227714a1346785233802.jpeg","articleSection":["Gesellschaft","L\u00e9ieren iwwer Desinformatioun a Fakt iwwerpr\u00e9iwen","Uncategorized @lb"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/","name":"Faktencheck: D'\u00e4gyptesch Pyramide sinn dacks Bestanddeel vu Konspiratiounstheorien - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/200702a262be227714a1346785233802.jpeg","datePublished":"2023-05-18T07:00:31+00:00","dateModified":"2023-05-19T14:27:36+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/200702a262be227714a1346785233802.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/200702a262be227714a1346785233802.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: D'\u00e4gyptesch Pyramide sinn dacks Bestanddeel vu Konspiratiounstheorien - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dgyptesch-pyramide-sinn-dacks-bestanddeel-vu-konspiratiounstheorien\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: D&#8217;\u00e4gyptesch Pyramide sinn dacks Bestanddeel vu Konspiratiounstheorien"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/265053","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=265053"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/265053\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/265033"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=265053"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=265053"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=265053"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}