{"id":266548,"date":"2023-06-02T08:00:44","date_gmt":"2023-06-02T08:00:44","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=266548"},"modified":"2023-06-01T12:10:05","modified_gmt":"2023-06-01T12:10:05","slug":"faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Gi Fligeren um Frankfurter Fluchhafe mat Chemtrails getankt?"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Konspiratiounstheorien iwwer Chemtrails, schiedlech Chemikalien, d\u00e9i angeeblech vu Fligeren an der Loft ofgi ginn, erreegen am Internet \u00ebmmer nees Opmierksamkeet. Z\u00ebnter e puer Joer ass online eng Foto am \u00cbmlaf a soll weisen, dass en Tankgefier um Frankfurter Fluchhafe mat der Opschr\u00ebft &#8220;Chemtrailzusatz&#8221; agesat g\u00ebtt.<\/p>\n<p>D&#8217;Behaaptungen zu der Foto, d\u00e9i online am \u00cbmlaf ass, gouf zu Dosenden op <a href=\"https:\/\/archive.is\/tXkZR\">Facebook<\/a> gedeelt an e puer dausend Mol op <a href=\"https:\/\/archive.is\/8khJh\">TikTok<\/a> ugekuckt. Eeler Versioune vum angeebleche Chemtrail-Tankgefier fanne sech op <a href=\"https:\/\/archive.is\/oriR2\">Twitter<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4ZMB-6PBD\">Telegram<\/a>.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/60db877d569ea1c021af823091ade4c6.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Konspiratiounserzielungen iwwer <a href=\"https:\/\/perma.cc\/82HD-BDQC\">Chemtrails<\/a> ginn am Internet \u00ebmmer nees gedeelt. Dob\u00e4i handelt et ech \u00ebm angeeblech schiedlech Chemikalien, d\u00e9i meeschten mat Fligeren an d&#8217;Loft bruecht ginn. Als Beweis fir d&#8217;Existenz vu Chemtrails gesinn Unh\u00e4ngerinnen an Unh\u00e4nger vu Konspiratiounserzielunge d&#8217;Kondensstr\u00e4ife vu Fligeren um Himmel, an deenen d\u00ebs g\u00ebfteg Chemikalien enthale solle sinn. D&#8217;AFP huet schonn an der Vergaangenheet verschidde Behaaptungen zu Chemtrails iwwerpr\u00e9ift (<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/michael-wendler-verbreitet-erneut-eine-alte-falschbehauptung-ueber-chemtrails\">hei<\/a>, <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/nein-diese-artikel-enthuellen-keinen-skandal-um-chemtrails-und-die-bundeswehr\">hei<\/a>).<\/p>\n<p>Foto gouf beaarbecht<\/p>\n<p>Fir den Ursprong vun der Foto, d\u00e9i online gedeelt g\u00ebtt, ze fannen, huet d&#8217;AFP eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=W9JkBkOE0TM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00ebmgek\u00e9iert Billersich<\/a> genotzt. Dob\u00e4i g\u00ebtt a Sichmaschinnen no eelere Ver\u00ebffentlechunge vun enger Foto gesicht.<\/p>\n<p>Et huet sech gewisen, dass d&#8217;Foto net aktuell ass an och net vum Frankfurter Fluchhafe staamt. Eng Rei Faktenchecken hu sech schonn an der Vergaangenheet mat dem Bild besch\u00e4ftegt, dat uschl\u00e9issend beaarbecht gouf, sou d&#8217;Berichter (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/HJA8-E7XP\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5NYB-XMMZ\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z8DX-TEL6\">hei<\/a>).<\/p>\n<p>D&#8217;Billersich huet d&#8217;AFP och zu engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/PLJ4-FYSL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Upload vun der Foto<\/a> an der Datebank Wikimedia Commons gefouert. Do heescht et, d&#8217;Bild w\u00e4r am Oktober 2008 geschoss ginn a g\u00e9if e Betanken um Fluchhafe Wien-Schwechat weisen. De Fotograf w\u00e4r den Hannes Sallmutter. Op dem Bild feelt awer d&#8217;Opschr\u00ebft &#8220;Chemtrailzusatz&#8221;. Do ass just den Numm vun der Entreprise &#8220;<a href=\"https:\/\/archive.is\/iwL5r\">air bp<\/a>&#8221; ze liesen. D&#8217;Entreprise stellt Kraaftstoff fir Fligeren zur Dispositioun.<\/p>\n<p>D&#8217;Ausgesi vun der Passerelle an de Fliger a vum Gebai am Hannergrond passen och zu weidere Fotoe vum Fluchhafe Wien, hei am Verglach mat enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/685D-R3WV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Opnam<\/a> vun der \u00e9istr\u00e4ichescher Zeitung &#8220;Kurier&#8221;. Dob\u00e4i f\u00e4lt dat ronnt Gebai op.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/89f24f6bdc291668caa39b004b955b47.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Am Internet fanne sech an de Billerdatebanken eng R\u00ebtsch vu weideren Opname vun Tankgefierer vun &#8220;air bp&#8221;. Op kengem vun d\u00ebse Biller ass allerd\u00e9ngs d&#8217;Bezeechnung &#8220;Chemtrailzusatz&#8221; ze liesen (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/TNP8-X6YE\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4S75-YAF2\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/SE6K-WJRQ\">hei<\/a>).<\/p>\n<p>De Schr\u00ebftzuch, dee b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt gouf, ass ausserdeem an enger anerer Schr\u00ebftaart w\u00e9i d\u00e9i, d\u00e9i \u00fcblecherweis vun &#8220;air bp&#8221; benotzt g\u00ebtt, an och liicht schif opgedroen.<\/p>\n<p>Eng AFP-Ufro un den Hannes Sallmutter, de Fotograf vum Bild, blouf bis zur Ver\u00ebffentlechung vun d\u00ebsem Faktencheck ouni \u00c4ntwert.<\/p>\n<p>De Peter Kleemann, Spriecher vum Fluchhafe Wien, huet de 24. Mee 2023 g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass et sech bei dem Bild \u00ebm eng F\u00e4lschung handele g\u00e9if. &#8220;D&#8217;Foto selwer ass iwwer 15 Joer al an net m\u00e9i aktuell&#8221;. Den Text &#8220;Chemtrailzusatz&#8221; w\u00e4r k\u00ebnschtlech b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt ginn, sou de Spriecher.<\/p>\n<p>Kee Beweis fir Chemtrails<\/p>\n<p>De Begr\u00ebff &#8220;Chemtrails&#8221; fir &#8220;chemical trails&#8221; (cheemesch Spueren) bezitt sech op eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/EHC2-BGW3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Konspiratiounserzielung<\/a>, no d\u00e4r Regierungen an net genannt Muechten Piloten uweisen, gef\u00e9ierlech Chemikalien zu verschiddenen Zwecker an den Himmel ze spr\u00ebtzen.<\/p>\n<p>Unh\u00e4ngerinnen an Unh\u00e4nger vun der Konspiratiounserzielung behaapten, d\u00e9i w\u00e4iss Linnen, d\u00e9i verschidde Fligeren am Himmel hannerloossen, w\u00e4ren e Beweis fir d&#8217;Verspr\u00e9ie vu Chemikalien. Pilotinnen a Piloten souw\u00e9i W\u00ebssenschaftlerinnen a W\u00ebssenschaftler hunn awer \u00ebmmer nees erkl\u00e4ert, dass et sech bei d\u00ebse Linnen \u00ebm Kondensstr\u00e4ifen handelt.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZN57-ACGS\">Ella Gilbert<\/a>, Meteorologin beim brittesche Polarfuerschungsprogramm British Antarctic Survey, huet den 30. November 2022 <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.32XK3PR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">g\u00e9intiwwer der AFP<\/a> an enger E-Mail erkl\u00e4ert, dass Kondensstr\u00e4ifen entst\u00e9ingen, wann &#8220;d&#8217;H\u00ebtzt vun de Fligertribwierker Waasserdamp an der Atmosph\u00e4r zu Waasser kondens\u00e9ieren an dann zu \u00c4iskristaller gefr\u00e9iere l\u00e9isst, d\u00e9i sech zu laangen d\u00ebnne Wolleken zesummendinn an dem Wee vum Fliger noginn.&#8221;<\/p>\n<p>Weider huet d&#8217;Gilbert erkl\u00e4ert: &#8220;Hir Motore setzen och winzeg Ruusspartikelen an aner Schuedstoffer fr\u00e4i, d\u00e9i als Keimzelle fir d&#8217;Bildung vu Wolleken d\u00e9nge k\u00ebnnen.&#8221;<\/p>\n<p>An enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/H5AE-BBXW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd<\/a> aus dem Joer 2016 haten ausserdeem 77 Fuerscher a Fuerscherinnen aus dem Ber\u00e4ich Geochimie an Atmosph\u00e4rchimie uginn, ob hinnen iergend Beweiser fir geheim, grouss ugeluechte Programmer fir d&#8217;Ver\u00e4nnerung vun der Atmosph\u00e4r bekannt w\u00e4ren. De Fazit vun der Et\u00fcd: &#8220;Mir hunn e breede w\u00ebssenschaftleche Konsens g\u00e9int d&#8217;Existenz vun engem geheimen, grouss ugeluechten atmosph\u00e4resche Spr\u00ebtzprogramm fonnt.&#8221;<\/p>\n<p>Dat d\u00e4itsch <a href=\"https:\/\/perma.cc\/KM5T-TM78\">Umweltbundesamt<\/a> huet schonn 2011 <a href=\"https:\/\/perma.cc\/KM5T-TM78\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">erkl\u00e4ert<\/a>, et g\u00e9if keng w\u00ebssenschaftlech Beleeger fir d&#8217;Existenz vu Chemtrails. Weider housch et: &#8220;Och am Deutschen Zentrum f\u00fcr Luft- und Raumfahrt (DLR) sinn d\u00e9i beschriwwe Phenomener net bekannt. Den Institut fir Physik vun der Atmosph\u00e4r vum DLR \u00ebnnersicht s\u00e4it ville Joren d&#8217;Wierkung vun dem Emissioune vum Loftverk\u00e9ier op d&#8217;Atmosph\u00e4r &#8211; inklusiv zuelr\u00e4iche Miessunge vu gas- a partikelf\u00ebrmegen Emissioune vu Verk\u00e9iersfligeren.&#8221;<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/A78C-PJQH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">D\u00e4itsche Wiederd\u00e9ngscht<\/a> (DWD) schreift, d&#8217;Chemtrail-Theorie k\u00e9int net vum DWD best\u00e4tegt ginn. Et g\u00e9if sech bei de Wolleken, d\u00e9i um Himmel ze gesi sinn, just \u00ebm Kondensstr\u00e4ifen duerch Fligeren handelen.<\/p>\n<p>Iwwer d&#8217;Konsequenz vun der Chemtrailerzielung schreift d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/2KBD-N6C6\">Bundeszentrale f\u00fcr politische Bildung<\/a> (bpb), et g\u00e9if \u00ebnner den Unh\u00e4ngerinnen an Unh\u00e4nger vun der Theorie Verbindungen zum Rietsextremismus. &#8220;Iwwer d\u00ebs Theorie hu rietsradikal Konspiratiounstheoreetiker an -theoreetikerinnen versicht, d&#8217;\u00cbmwelt- a Friddensbeweegung un d\u00e9i riets Zeen ze bannen.&#8221; Dat h\u00e4tt sech beispillsweis bei de &#8220;sougenannte Friddensdemonstratioune m\u00e9indes virum Reichstag zu Berlin, wou Reichsbiergerinnen a Reichsbierger gemeinsam mat Chemtrail-Unh\u00e4ngerinnen an -Unh\u00e4nger protest\u00e9iere&#8221; gewisen.<\/p>\n<p><strong>Fazit<\/strong>: D\u00e9i angeeblech Foto vun engem Transporter fir Chemtrailzousaz gouf beaarbecht. Eng \u00ebmgek\u00e9iert Billersich huet gewisen, dass d&#8217;Original schonn 2008 um Wiener Fluchhafen entstoung. Dorop ass keng Opschr\u00ebft zu engem &#8220;Chemtrailzousaz&#8221; ze gesinn. De Fluchhafe Wien huet och d&#8217;Existenz vun esou engem Gefier dement\u00e9iert.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Konspiratiounstheorien iwwer Chemtrails, schiedlech Chemikalien, d\u00e9i angeeblech vu Fligeren an der Loft ofgi ginn, erreegen am Internet \u00ebmmer nees Opmierksamkeet. Z\u00ebnter e puer Joer ass online eng Foto am \u00cbmlaf a soll weisen, dass en Tankgefier um Frankfurter Fluchhafe mat der Opschr\u00ebft &#8220;Chemtrailzusatz&#8221; agesat g\u00ebtt.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":266533,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,181],"tags":[],"class_list":{"0":"post-266548","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-uncategorized-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2067309","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2067309.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Gi Fligeren um Frankfurter Fluchhafe mat Chemtrails getankt? - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Gi Fligeren um Frankfurter Fluchhafe mat Chemtrails getankt? - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Konspiratiounstheorien iwwer Chemtrails, schiedlech Chemikalien, d\u00e9i angeeblech vu Fligeren an der Loft ofgi ginn, erreegen am Internet \u00ebmmer nees Opmierksamkeet. Z\u00ebnter e puer Joer ass online eng Foto am \u00cbmlaf a soll weisen, dass en Tankgefier um Frankfurter Fluchhafe mat der Opschr\u00ebft &quot;Chemtrailzusatz&quot; agesat g\u00ebtt.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-06-02T08:00:44+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/ff050c4514cb355da36a5765fd514ec3.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1024\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"576\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"5 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Gi Fligeren um Frankfurter Fluchhafe mat Chemtrails getankt?\",\"datePublished\":\"2023-06-02T08:00:44+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/\"},\"wordCount\":1032,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/ff050c4514cb355da36a5765fd514ec3.jpeg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Uncategorized @lb\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/\",\"name\":\"Faktencheck: Gi Fligeren um Frankfurter Fluchhafe mat Chemtrails getankt? - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/ff050c4514cb355da36a5765fd514ec3.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-06-02T08:00:44+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/ff050c4514cb355da36a5765fd514ec3.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/ff050c4514cb355da36a5765fd514ec3.jpeg\",\"width\":1024,\"height\":576,\"caption\":\"Faktencheck: Gi Fligeren um Frankfurter Fluchhafe mat Chemtrails getankt? - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Gi Fligeren um Frankfurter Fluchhafe mat Chemtrails getankt?\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Gi Fligeren um Frankfurter Fluchhafe mat Chemtrails getankt? - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Gi Fligeren um Frankfurter Fluchhafe mat Chemtrails getankt? - EDMO Belux","og_description":"Konspiratiounstheorien iwwer Chemtrails, schiedlech Chemikalien, d\u00e9i angeeblech vu Fligeren an der Loft ofgi ginn, erreegen am Internet \u00ebmmer nees Opmierksamkeet. Z\u00ebnter e puer Joer ass online eng Foto am \u00cbmlaf a soll weisen, dass en Tankgefier um Frankfurter Fluchhafe mat der Opschr\u00ebft \"Chemtrailzusatz\" agesat g\u00ebtt.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-06-02T08:00:44+00:00","og_image":[{"width":1024,"height":576,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/ff050c4514cb355da36a5765fd514ec3.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"5 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Gi Fligeren um Frankfurter Fluchhafe mat Chemtrails getankt?","datePublished":"2023-06-02T08:00:44+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/"},"wordCount":1032,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/ff050c4514cb355da36a5765fd514ec3.jpeg","articleSection":["\u00cbmwelt","Uncategorized @lb"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/","name":"Faktencheck: Gi Fligeren um Frankfurter Fluchhafe mat Chemtrails getankt? - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/ff050c4514cb355da36a5765fd514ec3.jpeg","datePublished":"2023-06-02T08:00:44+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/ff050c4514cb355da36a5765fd514ec3.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/05\/ff050c4514cb355da36a5765fd514ec3.jpeg","width":1024,"height":576,"caption":"Faktencheck: Gi Fligeren um Frankfurter Fluchhafe mat Chemtrails getankt? - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-gi-fligeren-um-frankfurter-fluchhafe-mat-chemtrails-getankt\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Gi Fligeren um Frankfurter Fluchhafe mat Chemtrails getankt?"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/266548","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=266548"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/266548\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/266533"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=266548"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=266548"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=266548"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}