{"id":267491,"date":"2023-06-06T12:00:15","date_gmt":"2023-06-06T12:00:15","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=267491"},"modified":"2023-06-07T08:28:17","modified_gmt":"2023-06-07T08:28:17","slug":"faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/","title":{"rendered":"Faktencheck: De leschten Ausbroch vum \u00c4tna huet net m\u00e9i CO2 emitt\u00e9iert w\u00e9i d&#8217;M\u00ebnschheet jeemools"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>D&#8217;CO2-Emissiounen, d\u00e9i beim j\u00e9ngsten Ausbroch vum \u00c4tna ausgestouss goufen, sinn enorm, leien awer w\u00e4it \u00ebnner den Emissiounen, d\u00e9i duerch m\u00ebnschlech Aktivit\u00e9ite verursaacht goufen. Zanter de Vulkan op Sizilien den 21. Mee w\u00e4rend Stonnen ausgebrach war, heescht et a B\u00e4itr\u00e4g op de sozialen Netzwierker, d\u00ebse Phenomen h\u00e4tt &#8220;m\u00e9i CO2 emitt\u00e9iert, w\u00e9i de M\u00ebnsch jee produz\u00e9iert h\u00e4tt&#8221;. Dat st\u00ebmmt awer net.<\/p>\n<p>Vill Tweets, d\u00e9i e puer dausend Mol an diverse Sprooche gedeelt goufen &#8211; dacks mat engem Video vun engem ausbriechende Vulkan mat Dampwolleken -, si vu Kommentare begleet, d\u00e9i d&#8217;Emissioune vum M\u00ebnsch relativ\u00e9ieren an d&#8217;Klimapolitik uprangeren.<\/p>\n<p>&#8220;<em>Et kann ee Vulkaner net besteieren<\/em>&#8220;, steet mat enger gew\u00ebsser Ironie op Englesch an engem <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230526132809\/https:\/\/twitter.com\/cotupacs\/status\/1661646273361879042\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Tweet<\/a>, deen zanter dem 25. Mee m\u00e9i w\u00e9i 5.000 Mol gedeelt gouf an e &#8220;<em>Kampf g\u00e9int de Klimawandel<\/em>&#8221; uprangert, deen d&#8217;M\u00ebnschen zw\u00e9nge g\u00e9if, &#8220;<em>eis Autoen opzeginn, net ze fl\u00e9ien an Insekten ze iessen<\/em>&#8220;.<\/p>\n<p>D\u00ebsen Tweet gouf de 25. Mee \u00ebnnert anerem vum Silvano Trotta <a href=\"https:\/\/archive.is\/c7gvf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gedeelt<\/a>, dee w\u00e4rend der Covid-19-Pandemie heefeg Konspiratiounstheori\u00eb verbreet hat an an der T\u00ebschenz\u00e4it och zu engem vun de wichtegste frans\u00e9ische Verm\u00ebttler fir klimaschiedlech Argumenter op Twitter ginn ass (z.B. <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.33A76XG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>).<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/d21b3267d0ad4d478d65ec7ab68d9beb.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Aner <a href=\"https:\/\/archive.is\/eGPOI\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Tweets<\/a>, d\u00e9i de selwechten englesche B\u00e4itrag deelen, f\u00fcge b\u00e4i, dass &#8220;<em>een eenzegen Ausbroch w\u00e9i d\u00ebsen an e puer Deeg d\u00e9i jorelaang Bem\u00e9iunge vun der &#8216;Dekarbonis\u00e9ierung&#8217; an Europa zerst\u00e9iert<\/em>&#8220;.<\/p>\n<p>M\u00ebnschlech Emissioune &#8220;<em>40- bis 100-mal m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e9i all vulkanesch Emissioune&#8221;<\/em> pro Joer<\/p>\n<p>Awer d\u00ebs Behaaptunge si falsch: Ofgesi vun der Aktivit\u00e9it vum \u00c4tna, sinn d\u00e9i j\u00e4rlech Kuelendioxidemissioune vun alle Vulkaner effektiv w\u00e4it m\u00e9i ger\u00e9ng, w\u00e9i d\u00e9i anthropogen (d\u00e9i vum M\u00ebnsch gemaach) Emissiounen an engem Joer, w\u00e9i d&#8217;Fuerscher, d\u00e9i vun der AFP befrot goufen, erkl\u00e4ert hunn.<\/p>\n<p><em>&#8220;D&#8217;CO2-Emissioune pro Joer aus fossille Brennstoffer a B\u00ebschbr\u00e4nn si (jee no Joer) 40- bis 100-mol m\u00e9i h\u00e9ich, w\u00e9i all vulkanesch Emissiounen zesummen&#8221;<\/em>, sot d&#8217;Cathy Clervaux, Fuerschungsdirektesch vum CNRS, de 26. Mee 2023 der AFP.<\/p>\n<p>D\u00e9i befrot Chercheure <a href=\"https:\/\/www.cambridge.org\/core\/books\/deep-carbon\/carbon-dioxide-emissions-from-subaerial-volcanic-regions\/F8B4EFAE0DAF5306A8D397C23BF3F0D7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">st\u00ebtze sech op Zuele<\/a> vum Deep Carbon Observatory (DCO), enger Ekipp vu 500 W\u00ebssenschaftler, d\u00e9i sech mat den CO2-Emissiounen op der \u00c4erd befaassen an detaill\u00e9iert \u00ebnnersichen, w\u00e9i Kuelestoff duerch natierlech oder m\u00ebnschlech Prozesser gesp\u00e4ichert, emitt\u00e9iert an nees absorb\u00e9iert g\u00ebtt.<\/p>\n<p>An enger Rei vun Et\u00fcden, d\u00e9i 2019 an der Z\u00e4itschr\u00ebft &#8220;Elements&#8221; ver\u00ebffentlecht goufen, erkl\u00e4ert den DCO, dass Vulkaner zwar e groussen Undeel un de weltw\u00e4iten CO2-Emissiounen hunn, awer dass hir Responsabilit\u00e9it fir d&#8217;St\u00e9ierung vum Klima w\u00e4itaus m\u00e9i ger\u00e9ng ass, w\u00e9i d\u00e9i anthropogen Emissiounen.<\/p>\n<p>D&#8217;CO2-Emissiounen, d\u00e9i all Joer duerch (schlofend oder ausbriechend) Vulkaner fr\u00e4igesat ginn, <a href=\"https:\/\/www.cambridge.org\/core\/books\/deep-carbon\/carbon-dioxide-emissions-from-subaerial-volcanic-regions\/F8B4EFAE0DAF5306A8D397C23BF3F0D7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">leien a Wierklechkeet<\/a> duerchschn\u00ebttlech <strong>t\u00ebscht 0,28 an 0,36 Gigatonne pro Joer.<\/strong> M\u00ebnschlech Aktivit\u00e9iten (Verk\u00e9ier, Industrie, Landwirtschaft, H\u00ebtzen, asw.) hunn hirers\u00e4its am Joer 2022 <strong>40,6 Gigatonnen CO2<\/strong> emitt\u00e9iert, sou de <a href=\"https:\/\/www.globalcarbonproject.org\/carbonbudget\/22\/files\/GCP_CarbonBudget_2022.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Global Carbon Project<\/a> (Link <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/2\/https:\/\/www.globalcarbonproject.org\/carbonbudget\/22\/files\/GCP_CarbonBudget_2022.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei <\/a>archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p><em>&#8220;Klimaskeptiker stierze sech op Vulkaner a betruechte se als m\u00e9iglech gr\u00e9isser CO2-Emittenten, awer dat ass einfach net de Fall&#8221;<\/em>, hat d&#8217;Marie Edmonds, Co-Autorin vun der Et\u00fcd a Fuerschungsdirektesch vum Departement fir Geow\u00ebssenschaften op der University of Cambridge, der AFP bei der Ver\u00ebffentlechung vun der Et\u00fcd vum Deep Carbon Observatory <a href=\"https:\/\/www.liberation.fr\/sciences\/2019\/10\/01\/les-activites-humaines-emettent-chaque-annee-100-fois-plus-de-co2-que-l-activite-volcanique_1754850\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">erkl\u00e4ert<\/a> (<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/2\/https:\/\/www.liberation.fr\/sciences\/2019\/10\/01\/les-activites-humaines-emettent-chaque-annee-100-fois-plus-de-co2-que-l-activite-volcanique_1754850\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>).<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/c121acc389ff7dffac6d51e9906cab0f.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Den CO2, dee beim Ausbroch vum \u00c4tna fr\u00e4igesat gouf, ass w\u00e4it ewech vun de j\u00e4rlechen anthropogenen Emissiounen<\/p>\n<p>Wat ass, wann een n\u00ebmmen d&#8217;Aktivit\u00e9it vum \u00c4tna isol\u00e9iert, ee vun den aktiivste Vulkaner an ee vun de gr\u00e9issten CO2-Emittenten? <em>&#8220;E Vulkan w\u00e9i den \u00c4tna emitt\u00e9iert duerchschn\u00ebttlech ongef\u00e9ier 5.000 Tonnen CO2 pro Dag&#8221;<\/em>, sot de Patrick Allard, Fuerschungsdirekter vum CNRS um Insitut physique du globe zu Par\u00e4is (IPGP) a Co-Auteur vun der DCO-Et\u00fcd vun 2019, de 26. Mee 2023 der AFP g\u00e9igeniwwer. Allerd\u00e9ngs klammen d&#8217;CO2-Emissiounen am Fall vun engem Ausbroch staark.<\/p>\n<p>Bei der leschter Eruptioun am Mee konnt d&#8217;H\u00e9icht vun den CO2-Emissiounen net vum Institut National de G\u00e9ophysique et Volcanologie (INGV), dee fir d&#8217;Observatioun vum \u00c4tna zoust\u00e4nneg ass, best\u00ebmmt ginn. De Grond: schlecht Wieder, huet de Patrick Allard erkl\u00e4ert, dee sech iwwer d&#8217;Behaaptungen an de Publikatiounen am Internet an de leschten Deeg wonnert, obwuel keng Donn\u00e9e\u00eb virleien.<\/p>\n<p>De Fuerscher, deen e puermol am a ronder\u00ebm den \u00c4tna geschafft huet, erkl\u00e4ert awer, dass<em> &#8220;eng Eruptioun vun d\u00ebsem Ausmooss fir e Vulkan mat besonnesch CO2-r\u00e4ichem Magma w\u00e9i dem \u00c4tna ongef\u00e9ier 30.000 Tonne pro Dag produz\u00e9iere kann. Obwuel ee weess, dass d&#8217;Eruptioun net esou laang dauere kann.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>D\u00ebs Zuel ass w\u00e4it ewech vun de 40 Milliarden Tonnen, d\u00e9i pro Joer duerch m\u00ebnschlech Aktivit\u00e9iten emitt\u00e9iert ginn, dat heescht iwwer 110 Milliounen Tonne pro Dag.<\/p>\n<p>E Video vun 2021<\/p>\n<p>Ausserdeem staamt de Video, dee mat dem B\u00e4itrag gedeelt gouf, aus dem Joer 2021. D&#8217;AFP huet n\u00e4mlech <a href=\"https:\/\/factual.afp.com\/doc.afp.com.33GK9YE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">iwwer eng \u00ebmgek\u00e9iert Billersich en identesche Video fonnt<\/a>, deen de 16. Februar 2021 op <a href=\"https:\/\/www.facebook.com\/massimiliano.salfi\/videos\/10221438883954562\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> gepost gouf (Link <a href=\"https:\/\/archive.is\/KtNfn\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>Den Auteur vun der Opnam gouf vun der AFP kontakt\u00e9iert an huet confirm\u00e9iert, dass de Video mat engem Vulkanausbroch aus dem Joer 2021 iwwereneest\u00ebmmt.<\/p>\n<p>Doriwwer eraus huet sech d&#8217;Eruptioun vum 21. Mee 2023 vun d\u00e4r vun 2021 \u00ebnnerscheet, well se m\u00e9i dr\u00e9if war an och \u00c4schen dob\u00e4i waren, an och d&#8217;Lava war manner gutt siichtbar am Verglach zu der Eruptioun am Februar 2021, w\u00e9i aus de Rapporte vum Nationalen Institut fir Geophysik a Vulkanologie vum \u00c4tna-Observatoire ervirgeet (<a href=\"https:\/\/www.ct.ingv.it\/Dati\/informative\/vulcanico\/ComunicatoETNA20230521164728.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">1<\/a>,\u00a0<a href=\"https:\/\/www.ct.ingv.it\/Dati\/informative\/vulcanico\/ComunicatoETNA20230521185835.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2<\/a>).<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/12e1702b31ff3269432a5eca445265cd.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Et ass net d\u00e9i \u00e9ischt K\u00e9ier, dass esou Behaaptungen iwwer vulkanesch Aktivit\u00e9it am \u00cbmlaf sinn. An de leschte Joren huet d&#8217;AFP eng R\u00ebtsch \u00e4nlech Behaaptungen iwwer aner Eruptiounen an <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.33BR6PZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Indonesien<\/a> oder zu\u00a0<a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/http%253A%252F%252Fdoc.afp.com%252F9PL9F9-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">La Palma<\/a> iwwerpr\u00e9ift.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/1cd09dbf109af07d6b2fa45f1cf95384.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>D&#8217;CO2-Emissiounen, d\u00e9i beim j\u00e9ngsten Ausbroch vum \u00c4tna ausgestouss goufen, sinn enorm, leien awer w\u00e4it \u00ebnner den Emissiounen, d\u00e9i duerch m\u00ebnschlech Aktivit\u00e9ite verursaacht goufen. Zanter de Vulkan op Sizilien den 21. Mee w\u00e4rend Stonnen ausgebrach war, heescht et a B\u00e4itr\u00e4g op de sozialen Netzwierker, d\u00ebse Phenomen h\u00e4tt &#8220;m\u00e9i CO2 emitt\u00e9iert, w\u00e9i de M\u00ebnsch jee produz\u00e9iert h\u00e4tt&#8221;. Dat st\u00ebmmt awer net.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":267466,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,181],"tags":[],"class_list":{"0":"post-267491","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-uncategorized-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2069296","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2069296.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/afp_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: De leschten Ausbroch vum \u00c4tna huet net m\u00e9i CO2 emitt\u00e9iert w\u00e9i d&#039;M\u00ebnschheet jeemools - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: De leschten Ausbroch vum \u00c4tna huet net m\u00e9i CO2 emitt\u00e9iert w\u00e9i d&#039;M\u00ebnschheet jeemools - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"D&#039;CO2-Emissiounen, d\u00e9i beim j\u00e9ngsten Ausbroch vum \u00c4tna ausgestouss goufen, sinn enorm, leien awer w\u00e4it \u00ebnner den Emissiounen, d\u00e9i duerch m\u00ebnschlech Aktivit\u00e9ite verursaacht goufen. Zanter de Vulkan op Sizilien den 21. Mee w\u00e4rend Stonnen ausgebrach war, heescht et a B\u00e4itr\u00e4g op de sozialen Netzwierker, d\u00ebse Phenomen h\u00e4tt &quot;m\u00e9i CO2 emitt\u00e9iert, w\u00e9i de M\u00ebnsch jee produz\u00e9iert h\u00e4tt&quot;. Dat st\u00ebmmt awer net.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-06-06T12:00:15+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-06-07T08:28:17+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/0904408ad1a3b8a08f89d4b2d3daf800.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"5 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: De leschten Ausbroch vum \u00c4tna huet net m\u00e9i CO2 emitt\u00e9iert w\u00e9i d&#8217;M\u00ebnschheet jeemools\",\"datePublished\":\"2023-06-06T12:00:15+00:00\",\"dateModified\":\"2023-06-07T08:28:17+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/\"},\"wordCount\":1056,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/0904408ad1a3b8a08f89d4b2d3daf800.jpeg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Uncategorized @lb\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/\",\"name\":\"Faktencheck: De leschten Ausbroch vum \u00c4tna huet net m\u00e9i CO2 emitt\u00e9iert w\u00e9i d'M\u00ebnschheet jeemools - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/0904408ad1a3b8a08f89d4b2d3daf800.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-06-06T12:00:15+00:00\",\"dateModified\":\"2023-06-07T08:28:17+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/0904408ad1a3b8a08f89d4b2d3daf800.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/0904408ad1a3b8a08f89d4b2d3daf800.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: De leschten Ausbroch vum \u00c4tna huet net m\u00e9i CO2 emitt\u00e9iert w\u00e9i d'M\u00ebnschheet jeemools - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: De leschten Ausbroch vum \u00c4tna huet net m\u00e9i CO2 emitt\u00e9iert w\u00e9i d&#8217;M\u00ebnschheet jeemools\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: De leschten Ausbroch vum \u00c4tna huet net m\u00e9i CO2 emitt\u00e9iert w\u00e9i d'M\u00ebnschheet jeemools - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: De leschten Ausbroch vum \u00c4tna huet net m\u00e9i CO2 emitt\u00e9iert w\u00e9i d'M\u00ebnschheet jeemools - EDMO Belux","og_description":"D'CO2-Emissiounen, d\u00e9i beim j\u00e9ngsten Ausbroch vum \u00c4tna ausgestouss goufen, sinn enorm, leien awer w\u00e4it \u00ebnner den Emissiounen, d\u00e9i duerch m\u00ebnschlech Aktivit\u00e9ite verursaacht goufen. Zanter de Vulkan op Sizilien den 21. Mee w\u00e4rend Stonnen ausgebrach war, heescht et a B\u00e4itr\u00e4g op de sozialen Netzwierker, d\u00ebse Phenomen h\u00e4tt \"m\u00e9i CO2 emitt\u00e9iert, w\u00e9i de M\u00ebnsch jee produz\u00e9iert h\u00e4tt\". Dat st\u00ebmmt awer net.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-06-06T12:00:15+00:00","article_modified_time":"2023-06-07T08:28:17+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/0904408ad1a3b8a08f89d4b2d3daf800.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"5 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: De leschten Ausbroch vum \u00c4tna huet net m\u00e9i CO2 emitt\u00e9iert w\u00e9i d&#8217;M\u00ebnschheet jeemools","datePublished":"2023-06-06T12:00:15+00:00","dateModified":"2023-06-07T08:28:17+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/"},"wordCount":1056,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/0904408ad1a3b8a08f89d4b2d3daf800.jpeg","articleSection":["\u00cbmwelt","Uncategorized @lb"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/","name":"Faktencheck: De leschten Ausbroch vum \u00c4tna huet net m\u00e9i CO2 emitt\u00e9iert w\u00e9i d'M\u00ebnschheet jeemools - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/0904408ad1a3b8a08f89d4b2d3daf800.jpeg","datePublished":"2023-06-06T12:00:15+00:00","dateModified":"2023-06-07T08:28:17+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/0904408ad1a3b8a08f89d4b2d3daf800.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/0904408ad1a3b8a08f89d4b2d3daf800.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: De leschten Ausbroch vum \u00c4tna huet net m\u00e9i CO2 emitt\u00e9iert w\u00e9i d'M\u00ebnschheet jeemools - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-leschten-ausbroch-vum-tna-huet-net-mi-co2-emittiert-wi-dmnschheet-jeemools\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: De leschten Ausbroch vum \u00c4tna huet net m\u00e9i CO2 emitt\u00e9iert w\u00e9i d&#8217;M\u00ebnschheet jeemools"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/267491","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=267491"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/267491\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/267466"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=267491"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=267491"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=267491"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}