{"id":269355,"date":"2023-06-16T09:00:19","date_gmt":"2023-06-16T09:00:19","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=269355"},"modified":"2023-06-16T10:10:01","modified_gmt":"2023-06-16T10:10:01","slug":"faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/","title":{"rendered":"Faktencheck: \u00c4isbuerk\u00e4r op Gr\u00f6nland beweist net, dass d&#8217;\u00c4erderwiermung natierlech ass"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Et besteet z\u00ebnter laangem e w\u00ebssenschaftleche Konsens, dass de Klimawandel vu M\u00ebnsche verursaacht g\u00ebtt. A sozialen Netzwierker sinn awer \u00ebmmer nees falsch Behaaptungen am \u00cbmlaf, dass d&#8217;\u00c4erderwiermung natierlech w\u00e4r.<\/p>\n<p>A sozialen Netzwierker verbreede sech z\u00ebnter M\u00ebtt Mee 2023 <a href=\"https:\/\/archive.ph\/u95pE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">B\u00e4itr\u00e4g<\/a> mat engem Video op Englesch, an deem e Fuerscher vun der Universit\u00e9it Kopenhagen en \u00c4isbuerk\u00e4r op Gr\u00f6nland analys\u00e9iert. Am Video g\u00ebtt doraus de Schluss gezunn, dass de M\u00ebnsch net fir d\u00e9i global Erwiermung responsabel w\u00e4r, well et &#8220;schonn \u00ebmmer wiesselend W\u00e4ermt- a Keeltperiode&#8221; ginn h\u00e4tt, d\u00e9i duerch natierlech Phenomener ausgel\u00e9ist g\u00e9ifen.<\/p>\n<p>Sou w\u00e9i d&#8217;Miessungen duerchgef\u00e9iert goufen, w\u00e4r et &#8220;ganz schwiereg, ze beweisen, ob d&#8217;Hausse vun der Temperatur am 20. Joerhonnert op m\u00ebnschlech Aktivit\u00e9iten zer\u00e9ckzef\u00e9ieren ass oder ob et sech \u00ebm eng natierlech Ofw\u00e4ichung handelt&#8221;, seet de Fuerscher am Video, de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/NZQ4-ZUTS\">J\u00f8rgen Peder Steffensen<\/a> vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2WAY-QP2M\">Niels-Bohr-Institut<\/a> vun der Universit\u00e9it Kopenhagen an D\u00e4nemark.<\/p>\n<p>De Video, deen zesumme mat d\u00e4itschen a frans\u00e9ischen Aussoe gedeelt gouf, gouf e puer Dausend Mol gedeelt an iwwer Z\u00e9ngdausend Mol gekuckt: op Twitter (<a href=\"https:\/\/archive.is\/x97Np\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/archive.is\/G6R1F\">hei<\/a>), Telegram (<a href=\"https:\/\/archive.is\/IJdHY\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/archive.is\/rJUsw\">hei<\/a>), Facebook (<a href=\"https:\/\/archive.is\/qr3jF\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/archive.is\/Uf1LN\">hei<\/a>) a <a href=\"https:\/\/archive.is\/HO2uU\">Video-Sharing-Plattforme<\/a> w\u00e9i <a href=\"https:\/\/archive.is\/DnqQS\">Odysee<\/a>. \u00c4nlech <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Y577-YXVW\">Behaaptunge<\/a> sinn z\u00ebnter <a href=\"https:\/\/archive.is\/GaVlv\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">enger Rei Joren<\/a> och op <a href=\"https:\/\/archive.is\/SO9Tm\">Englesch<\/a> am \u00cbmlaf.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/118b762b398978ec151210dc8c11b41a.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/c5a2e2eca237db3e8b59948a8f910048.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D\u00ebs Aussoe sinn awer ierf\u00e9ierend. Se rappen e Video, dee virun 20 Joer gedr\u00e9int gouf, aus sengem urspr\u00e9ngleche Kontext. D\u00e9i w\u00ebssenschaftlech Erkenntnisser hu sech zanterhier weiderentw\u00e9ckelt an et besteet haut e w\u00ebssenschaftleche Konsens iwwer d\u00e9i global Erwiermung an hire m\u00ebnschlechen Ursprong. En plus ginn d&#8217;Miessunge vun Temperature vun engem gr\u00f6nl\u00e4nneschen \u00c4isbuerk\u00e4r net duer, fir R\u00e9ckschl\u00ebss op d&#8217;Klima am Allgemengen ze z\u00e9ien.<\/p>\n<p>E Video vu virun 20 Joer<\/p>\n<p>Op Ufro vun der AFP huet de Steffensen den 22. Mee 2023 erkl\u00e4ert, dass &#8220;de Video (&#8230;) en Extrait vun enger Dokumentatioun&#8221; vu virun 20 Joer w\u00e4r, &#8220;\u00ebmgesat vum Lars Oxfeldt Mortensen&#8221;.<\/p>\n<p>D&#8217;Dokumentatioun koum 2004 \u00ebnner dem Titel &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/YD5X-LH95\">Doomsday called off<\/a>&#8221; (Welt\u00ebnnergang eriwwer) eraus an ass och nach <a href=\"https:\/\/archive.org\/details\/ddcotv2004\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">online ze fannen<\/a>.<\/p>\n<p>De Regisseur <a href=\"https:\/\/perma.cc\/A49F-WP4N\">Lars Oxfeldt Mortensen<\/a> huet doran de m\u00ebnschlechen Ursprong vun der \u00c4erderwiermung hannerfrot. S\u00e4itdeem huet de Mortensen ee weideren Documentaire produz\u00e9iert, dee sech mat der Hypothees besch\u00e4ftegt, dass d&#8217;Sonnenaktivit\u00e9it iwwerweiend fir d&#8217;\u00c4erderwiermung responsabel w\u00e4r &#8211; eng ierf\u00e9ierend Behaaptung, d\u00e9i d&#8217;AFP scho <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32CZ3KN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">widderluecht<\/a> huet.<\/p>\n<p>Ufank den 2000er-Jore koum den dr\u00ebtte Rapport vun der T\u00ebschestaatlecher Kommissioun fir Klima\u00e4nnerungen (IPCC), och <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230606115251\/https:\/\/www.de-ipcc.de\/media\/content\/De-IPCC_Flyer_Der_Weltklimarat_IPCC_BITV.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Weltklimarot<\/a> genannt, d\u00e9i weltw\u00e4it Referenzgr\u00e9isst fir Klimafroen, zur Konklusioun, dass et &#8220;warscheinlech&#8221; w\u00e4r, dass m\u00ebnschlech Aktivit\u00e9iten d\u00e9i global Erwiermung ausl\u00e9ise g\u00e9ifen.<\/p>\n<p>Den IPCC gouf 1988 vun der Weltorganisatioun fir Meteorologie (WMO) an dem \u00cbmweltprogramm vun de Vereenten Natiounen (UNEP) gegr\u00ebnnt a vereenegt Dausende vu W\u00ebssenschaftlerinnen a W\u00ebssenschaftler aus de Ber\u00e4icher vun den Atmosph\u00e4rw\u00ebssenschaften, Ozeanologie, Glaziologie a Wirtschaftsw\u00ebssenschaften. Den IPCC krut 2007 de <a href=\"https:\/\/archive.ph\/yjtIT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Friddensnobelpr\u00e4is<\/a>.<\/p>\n<p>D&#8217;Kommissioun ass an dr\u00e4i Gruppe vun Expertinnen an Experten \u00ebnnerdeelt, d\u00e9i vu verschiddene Regierungen an internationalen Organisatiounen ernannt ginn. D\u00e9i \u00e9ischt Grupp \u00ebnnersicht d\u00e9i w\u00ebssenschaftlech Beweiser fir d&#8217;Erwiermung, d\u00e9i zweet hir Auswierkungen an d\u00e9i dr\u00ebtt weist m\u00e9iglech L\u00e9isunge fir d&#8217;Ofschw\u00e4che vun der Erwiermung op.<\/p>\n<p>Z\u00ebnter 1990 hunn d&#8217;W\u00ebssenschaftlerinnen an d&#8217;W\u00ebssenschaftler vum IPCC sechs Rapporte ver\u00ebffentlecht, an deene si d&#8217;Erkenntnisser iwwer d&#8217;Klima zesummefaassen. D&#8217;W\u00ebssen iwwer d\u00ebse Sujet huet sech am Laf vun de Fuerschunge weiderentw\u00e9ckelt, genee w\u00e9i d&#8217;Konklusioune vun den Expertinnen an den Experten.<\/p>\n<p>Dohier bloufen d&#8217;Expertinnen an d&#8217;Experten am Joer 1990 nach virsiichteg a koumen zur Konklusioun, dass een net soe k\u00e9int, dass m\u00ebnschlech Aktivit\u00e9ite bei der \u00c4erderwiermung eng Roll spille g\u00e9ifen. Er\u00e9ischt 2007 hu si et fir &#8220;ganz warscheinlech&#8221; gehalen, 2013 du fir &#8220;h\u00e9chst warscheinlech&#8221;.<\/p>\n<p>Am <a href=\"https:\/\/perma.cc\/NGB6-9XP8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00e9ischten Deel<\/a> vum aktuelle Rapport, deen am August 2021 ver\u00ebffentlecht gouf, koumen d&#8217;Expertinnen an d&#8217;Experte vum IPCC zur Konklusioun, dass d\u00e9i global Erwiermung &#8220;onm\u00ebssverst\u00e4ndlech&#8221; w\u00e4r an dass et &#8220;net ze bestreiden ass, dass de m\u00ebnschlechen Afloss d&#8217;Atmosph\u00e4r, d&#8217;Ozeaner an d&#8217;Land erwiermt huet&#8221;.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/a31180d228633f0daa3c9a6d5d853a49.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>&#8220;De Film gouf virun iwwer 20 Joer gemaach, an deemools war et ganz schwiereg, d&#8217;Politiker &#8211; vun de Wieler guer net ze schw\u00e4tzen &#8211; dovun ze iwwerzeegen, dass mir mat der \u00c4erderwiermung, d\u00e9i vum M\u00ebnsch gemaach ass, konfront\u00e9iert waren a sinn&#8221;, huet sech de J\u00f8rgen Peder Steffensen g\u00e9intiwwer der AFP den 22. Mee 2023 verdeedegt.<\/p>\n<p>&#8220;Ech hu mech deemools entscheet &#8211; an dat hunn ech mam Lars [Oxfeldt Mortensen] beschwat &#8211; dass ech als W\u00ebssenschaftler meng Gespr\u00e9ichspartner net op Basis vun hirer politeschen Usiichten erauspicke sollt&#8221;, sot hie weider. &#8220;Ech stinn zu deem, wat ech am Lars Oxfeldt sengem Film virun 20 Joer gesot hunn, awer ech war a si mat sengen Interpretatiounen net averstanen.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;Dee Film, dee virun 20 Joer gedr\u00e9it gouf, spigelt net den haitege Stand vun der W\u00ebssenschaft er\u00ebm. Am Joer 2001 huet den IPCC geschriwwen, dass et &#8216;warscheinlech&#8217; w\u00e4r, dass d&#8217;Erwiermung duerch de M\u00ebnsch ausgel\u00e9ist g\u00ebtt. Fir e W\u00ebssenschaftler konnt et duerchaus Grond zur Virsiicht ginn hunn. Awer d&#8217;W\u00ebssenschaft huet sech s\u00e4itdeem staark weiderentw\u00e9ckelt, haut g\u00ebtt et keen Zweiwel m\u00e9i&#8221;, sot de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JR9G-Q654\">Xavier Fettweiss<\/a>, Klimatolog op der belscher Universit\u00e9 de Li\u00e8ge, g\u00e9intiwwer der AFP den 23. Mee 2023.<\/p>\n<p>Een eenzelen \u00c4isbuerk\u00e4r represent\u00e9iert net d&#8217;Klima vun der \u00c4erd<\/p>\n<p>Am Video erkl\u00e4ert de J\u00f8rgen Peder Steffensen fir d&#8217;\u00e9ischt seng Aarbecht un der Temperaturanalys vun engem \u00c4isbuerk\u00e4r, dat heescht vun engem \u00c4iszylinder, deen an e Gletscher gebuert an duerno \u00ebnnersicht g\u00ebtt, fir Informatiounen iwwer d&#8217;Klima ze kr\u00e9ien.<\/p>\n<p>&#8220;Wann een en \u00c4isbuerk\u00e4r eraush\u00eblt, hannerl\u00e9isst een e Lach. Wa mir en Thermometer an dat Lach stiechen, k\u00ebnne mir d&#8217;Temperaturen duerch d\u00ebs dr\u00e4i Kilometer d\u00e9ck \u00c4isschicht moossen an opzeechnen. Wa mir d\u00ebs Temperatur genee genuch moossen, op den Dausendstel Grad genee, kenne mir d&#8217;Temperatur op der Uewerfl\u00e4ch, w\u00e9i de Schn\u00e9i gefall war, well d&#8217;\u00c4is d\u00ebs Temperatur net vergiess huet. Mat H\u00ebllef vun d\u00ebsen Temperature konnte mir also d&#8217;Temperature vun de vergaangenen 10.000 Jore rekonstru\u00e9ieren&#8221;, huet de Fuerscher erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>D&#8217;Erkl\u00e4rung am Video, deen a sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf ass, g\u00e9if d&#8217;Aart a Weis, w\u00e9i een Temperature rekonstru\u00e9iere k\u00e9int, vereinfachen, sot d&#8217;Glaziologin <a href=\"https:\/\/perma.cc\/P29G-ECSN\">He\u00efdi Sevestre<\/a> g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p>&#8220;Et kann een och d&#8217;Ver\u00e4nnerunge vun den <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230606120053\/https:\/\/www.studysmarter.de\/schule\/chemie\/anorganische-chemie\/isotope\/\">Isotopenverh\u00e4ltnisser<\/a> vu Sauerstoff a Waassermolek\u00fclle moossen, fir d&#8217;Temperatur vu ganz alem \u00c4is ze rekonstru\u00e9ieren&#8221;, sot si. D&#8217;Temperatur g\u00e9if net direkt gemooss, mee aus de Parameteren, d\u00e9i am \u00c4is dra sinn, ofgeleet ginn, d\u00e9i da vu Fuerscherinnen a Fuerscher analys\u00e9iert g\u00e9ifen, erkl\u00e4ert en <a href=\"https:\/\/perma.cc\/G7KL-KKZA\">Artikel<\/a> vun der popul\u00e4rw\u00ebssenschaftlecher Z\u00e4itschr\u00ebft &#8220;Scientific American&#8221;.<\/p>\n<p>Fir d&#8217;Klima op der \u00c4erd aus der Vergaangenheet hierzeleeden, st\u00e4ipe sech d&#8217;Fuerscherinnen a Fuerscher vun der <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230606133714\/https:\/\/www.zeit.de\/wissen\/2022-12\/palaeoklimatologie-klimaforschung-vergangenheit-fs\">Pal\u00e4oklimatologie<\/a>, der L\u00e9ier vum Klima vu vergaangenen Epochen, n\u00e4mlech op sougenannt &#8220;Klimaarchiven&#8221;, natierlech Elementer, d\u00e9i s\u00e4it Dausende vu Joren op der \u00c4erd exist\u00e9ieren. Dozou geh\u00e9ieren \u00c4isbuerk\u00e4ren, awer och d&#8217;R\u00e9ng vu Bamst\u00e4mm, Stalagmitten oder Sedimenter vum Mieresbuedem.<\/p>\n<p>D&#8217;\u00cbnnersiche vun engem eenzelen \u00c4isbuerk\u00e4r erm\u00e9iglecht et soumat, R\u00e9ckschl\u00ebss op d&#8217;Klima op d\u00ebser spezieller Plaz ze z\u00e9ien, op d\u00e4r en erausgeholl gouf, w\u00e9i d&#8217;AFP schonn an engem fr\u00e9ieren <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.336924Z\">Artikel<\/a> beschriwwen huet, dee sech mat weidere falsch interpret\u00e9ierten Date besch\u00e4ftegt. Awer fir op dat vergaangent Klima op der \u00c4erd am Ganze k\u00ebnnen ze schl\u00e9issen, st\u00e4ipe sech Fuerscherinnen a Fuerscher op Miessungen, d\u00e9i a verschiddenen Deeler vun der Welt gemaach g\u00e9ifen, sot de Xavier Fettweiss.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/45a880f2cffb5b4562d9fea7826459e5.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>An d\u00ebsem Fall goufen d&#8217;Donn\u00e9e\u00ebn, d\u00e9i am Video gewise goufen, am Kader vum &#8220;Greenland Ice Core Project&#8221; (<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230606134332\/http:\/\/www.nerc-bas.ac.uk\/icd\/grip\/griplist.html\">GRIP<\/a>) gesammelt, deenen hir Buerungen Enn vun den 1990er-Joren ugefaangen haten an dee sech op d&#8217;\u00cbnnersiche vun den Temperaturen um Standuert &#8220;Dye 3&#8221; op Gr\u00f6ndland konzentr\u00e9iert hunn. De J\u00f8rgen Peder Steffensen huet g\u00e9intiwwer der AFP ausserdeem erkl\u00e4ert, dass d&#8217;Miessunge vun \u00c4isbuerk\u00e4ren, d\u00e9i op d\u00ebser Plaz gemaach goufen, vun de Fuerscher analys\u00e9iert a mat aneren Temperature verglach goufen, d\u00e9i op enger anerer Plaz an der Antarktis, dem &#8220;Law Dome&#8221;, entholl goufen. Dat g\u00ebtt am Videoextrait net duergestallt. Sou huet hien op den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/S9YV-E4GZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Datesaz<\/a> verwisen, deen all d&#8217;Miessungen, d\u00e9i op b\u00e9ide Plaze gemaach goufen, enth\u00e4lt.<\/p>\n<p>&#8220;De Lars Oxfeldt huet m\u00e4i Kommentar, dee Gr\u00f6nland mat der Antarktis vergl\u00e4icht, net a s\u00e4i Film mat erageholl. D&#8217;Courb\u00eb vum Law Dome a vu Gr\u00f6nland weise b\u00e9id e globalen Ofkillungstrend, dee vu viru 5000 Jore bis zum Enn vum 20. Joerhonnert reecht; duerno w\u00e4iche se awer vuneneen of. Ech hat awer dorop higewisen, dass, wann d&#8217;Temperaturen am Law Dome gl\u00e4ichz\u00e4iteg mat deenen op Gr\u00f6nland an d&#8217;Luucht goe g\u00e9ifen, dat e staarken Indice dofir w\u00e4r, dass de M\u00ebnsch fir de Klimawandel responsabel ass. An natierlech weisen d&#8217;Donn\u00e9e\u00ebn, d\u00e9i mir haut hunn, dass se dat maachen&#8221;, sot de Fuerscher.<\/p>\n<p>Lokal Spezifissit\u00e9ite vun den Temperaturen<\/p>\n<p>Zwar huet sech d&#8217;Klima, w\u00e9i am Video behaapt, am Laf vun der Z\u00e4it \u00ebmmer nees ver\u00e4nnert. Dat ass vun der W\u00ebssenschaft gutt dokument\u00e9iert a g\u00ebtt och vun den Experten, d\u00e9i vun der AFP befrot goufen, best\u00e4tegt. Mee dat stellt net d&#8217;Tatsaach a Fro, dass d\u00e9i aktuell Klimaver\u00e4nnerung vum M\u00ebnsch mat verursaacht g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Klimaschwankunge sinn \u00ebmmer nees am Laf vun der Z\u00e4it entstanen, och scho viru Joerdausenden, \u00e9ier de M\u00ebnsch op der \u00c4erd opgedaucht ass. D\u00ebs Schwankunge koumen duerch den natierleche Klimazyklus, d&#8217;Position\u00e9ierung vun der \u00c4erd par rapport zur Sonn an der \u00c4erd\u00ebmlafbunn zustanen. Dat huet d&#8217;AFP schonn an d\u00ebsem Artikel vum <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.33396Q2\">Dezember 2022<\/a> an d\u00ebsem vum <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.32GX2YQ\">August 2022<\/a> erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;\u00c4erd huet eng ganz Rei vun <a href=\"https:\/\/archive.ph\/dmFFB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00c4isz\u00e4iten<\/a> an T\u00ebschen\u00e4isz\u00e4iten erlieft&#8221;, resum\u00e9iert d&#8217;He\u00efdi Sevestre. D&#8217;Sonnestralung beaflosst och d&#8217;Klima a wierkt sech ausserdeem op all atmosph\u00e4resch Schichten aus: d&#8217;Atmosph\u00e4r, d&#8217;Troposph\u00e4r an d&#8217;Stratosph\u00e4r.<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6ZH4-2ZK8\">Gerhard Krinner<\/a> ass Fuerschungsdirekter beim frans\u00e9ischen CNRS a Fuerscher um Institut fir \u00cbmweltgeow\u00ebssenschaften zu Grenoble a Frankr\u00e4ich. Hien huet erkl\u00e4ert, dass d&#8217;Tatsaach, dass d&#8217;Erwiermung, d\u00e9i z\u00ebnter ongef\u00e9ier 150 Joer undauert, duerch de M\u00ebnsch verursaacht g\u00ebtt, net am Widdersproch zu natierleche Klimaschwankunge st\u00e9ing.<\/p>\n<p>Ausserdeem waren d&#8217;Temperaturen op Gr\u00f6nland lokale Klimaphenomener \u00ebnnerworf, d\u00e9i net representativ fir d&#8217;Temperaturen op der ganzer \u00c4erd sinn. Gr\u00f6nland h\u00e4tt beispillsweis &#8220;ganz abrupt a lokal Erwiermungsepisoden&#8221; erlieft. Dat huet de Xavier Fa\u00efn, Fuerscher um Insitut fir Geow\u00ebssenschaften zu Grenoble, detaill\u00e9iert an d\u00ebsem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5475-PQM8\">Artikel<\/a>, deen online disponibel ass, erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>Eng Episod, d\u00e9i als &#8220;m\u00ebttelalterleche Klimaoptimum&#8221; bezeechent g\u00ebtt, ernimmt de J\u00f8rgen Peder Steffensen an dem verbreete Video. &#8220;Mir mengen, dass op Gr\u00f6nland d\u00e9i &#8216;waarm&#8217; m\u00ebttelalterlech Period \u00ebm ongef\u00e9ier 1,5 Grad m\u00e9i waarm war w\u00e9i haut&#8221;, sot hien.<\/p>\n<p>De Gerhard Krinner huet weider erkl\u00e4ert: &#8220;Et handelt sech \u00ebm e bekannt a gutt dokument\u00e9iert lokaalt Phenomen, dat op Gr\u00f6nland besonnesch ausgepr\u00e4\u00e4gt war, awer op ierf\u00e9ierend Aart a Weis op de globalen Niveau iwwerdroe g\u00ebtt.&#8221;<\/p>\n<p>An der US-amerikanescher Fachz\u00e4itschr\u00ebft &#8220;Science&#8221; war 2009 en Artikel iwwer eng <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230606140807\/https:\/\/www.science.org\/doi\/abs\/10.1126\/science.1177303?sid=2a18a8be-ec17-46f6-bb46-ebf827ea17f9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd<\/a> publiz\u00e9iert ginn, an d\u00e4r Fuerscher weise konnten, dass d\u00ebs m\u00e9i waarm Period just an engem Deel vun der Welt, dem Nordatlantik, stattfonnt an deelweis duerch regional Klimaphenomener ausgel\u00e9ist gi si k\u00e9inten. Dat huet och e\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/F5WX-AV4J\">Faktencheck<\/a> aus dem Joer 2015 vun der frans\u00e9ischer Dageszeitung &#8220;Le Monde&#8221; erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>Ausserdeem g\u00e9ifen d&#8217;Temperaturen op Gr\u00f6nland haut, 20 Joer no der Videoopnam, dozou tend\u00e9ieren, d&#8217;Temperature vun d\u00ebser m\u00ebttelalterlecher Period ze iwwertreffen, hunn d&#8217;Fuerscher, d\u00e9i vun der AFP befrot goufen, betount.<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/archive.ph\/OEWoy\">Jean Jouzel<\/a>, Klimatolog an eemolege Vizepresident vum IPCC, huet den 23. Mee 2023 g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert: &#8220;Wat Gr\u00f6nland betr\u00ebfft, ass d\u00e9i j\u00e9ngst Erwiermung elo komplett kloer a gutt dokument\u00e9iert.&#8221;<\/p>\n<p>Hien huet op eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LD3D-KAQB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd<\/a> verwisen, d\u00e9i am Januar 2023 an der Z\u00e4itschr\u00ebft &#8220;Nature&#8221; ver\u00ebffentlecht gouf an d&#8217;Rekonstruktioune vun den Temperaturen op Gr\u00f6nland vum Joer 1000 bis 2011 analys\u00e9iert huet. Op der \u00e9ischter Ofbildung ass d\u00e4itlech ze gesinn, dass d\u00e9i gemoossen Temperature geklomme sinn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/d780600f930a1a3f11ec40df3ac4558b.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Erwiermung vum leschte Joerz\u00e9ngt, d\u00e9i an eiser Et\u00fcd ber\u00e9cksiichtegt gouf, iwwertr\u00ebfft d\u00e9i virindustriell Temperaturvariabilit\u00e9it vum vergaangene Joerdausend&#8221;, heescht et an der Et\u00fcd an d&#8217;Fuerscher kommen zur Konklusioun, dass den &#8220;anthropogenen Afloss&#8221; op d&#8217;Erwiermung &#8220;elo an Zentral- an Nordgr\u00f6nland noweisbar ass&#8221;.<\/p>\n<p>D\u00e9i j\u00e9ngst Joren net ber\u00e9cksiichtegt<\/p>\n<p>Op dem Grapheen, deen am Video, deen an de sozialen Netzwierker am \u00cbmlaf ass, gewise g\u00ebtt, sinn d&#8217;Joren op der x-Achs net uginn. An d\u00e9i j\u00e9ngst vum J\u00f8rgen Peder Steffensen komment\u00e9iert Donn\u00e9e\u00eb stamen aus dem Joer 1875. Hien erkl\u00e4ert, dass d\u00ebsen Datum &#8220;deem Z\u00e4itpunkt entspr\u00e9cht, op deem d&#8217;Wiederobservatiounen ugefaangen hunn&#8221;.<\/p>\n<p>&#8220;Seng Klimaserie ber\u00e9cksiichtegt net d\u00e9i j\u00e9ngst Jore vun der Erwiermung&#8221;, huet de Xavier Fettweiss festgestallt. An der Reegel &#8220;ennegen d&#8217;Temperaturen, d\u00e9i aus \u00c4isbuerk\u00e4re rekonstru\u00e9iert ginn, an den 1950er-Joren&#8221;, also e puer Joer oder Joerz\u00e9ngte virum Ufank vun de Buerungen duerch d&#8217;W\u00ebssenschaft, well &#8220;fir d&#8217;Eegenschafte moossen ze k\u00ebnnen, muss sech de Schn\u00e9i setzen an dohier ginn d\u00e9i j\u00e9ngst Schichten net ber\u00e9cksiichtegt&#8221; huet de Klimatolog erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>An de vergaangene Joren huet sech d&#8217;\u00c4erderwiermung beschleunegt, w\u00e9i d\u00ebs Grafik aus engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z3HV-RVXH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Rapport vum IPCC<\/a> vum August 2021 weist. Aus der Ofbildung geet ervir, dass d&#8217;Temperaturen an de vergaangenen 150 Joer staark geklomm sinn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/aaa68ae004b974aaeadcf07131869c25.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>De J\u00f8rgen Peder Steffensen sot, dass de Klimawandel &#8220;u sech neutral&#8221; w\u00e4r a &#8220;souwuel gutt w\u00e9i och schlecht Auswierkungen&#8221; h\u00e4tt. Trotzdeem w\u00e4r &#8220;d&#8217;Vitesse, mat d\u00e4r d\u00ebse Wandel antr\u00ebtt, net (neutral)&#8221;, huet hie weider erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>&#8220;\u00cbmsou m\u00e9i s\u00e9ier d\u00ebs Ver\u00e4nnerung viru ginn, desto m\u00e9i w\u00e4ert se eis schueden, well mir sinn all &#8216;Baueren&#8217;, mir sinn all vun der \u00c4erd ofh\u00e4ngeg a brauchen e stabilt Klima, fir eppes unzebauen&#8221;, sou de \u00f8rgen Peder Steffensen.<\/p>\n<p>&#8220;Am schl\u00ebmmste Fall: Stelle mir eis vir, dass mir elo all eis Emissioune reduz\u00e9ieren an d&#8217;W\u00ebssenschaftler an 200 Joer feststellen, dass d\u00ebs Reduz\u00e9ierung net noutwenneg gewiescht w\u00e4r, fir d&#8217;Klima stabil ze halen. Denkt dir, d&#8217;Leit g\u00e9ife soen: &#8216;Wat fir e schreckleche Feeler&#8217;? Neen, d&#8217;M\u00ebnsche w\u00e4erten am G\u00e9igendeel immens gl\u00e9cklech sinn, well een hinne w\u00e4ertvoll Ressourcen an eng manner verschmotzt Welt hannerlooss huet. D&#8217;Reduz\u00e9ierung vun den Emissiounen ass op jiddwer Fall eng gew\u00ebnnbr\u00e9ngend L\u00e9isung&#8221;, huet de Fuerscher weider illustr\u00e9iert.<\/p>\n<p>Konsens iwwer de vum M\u00ebnsch gemaache Klimawandel<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/perma.cc\/WW34-9RMK\">D&#8217;Naomi Oreskes<\/a>, Professesch fir W\u00ebssenschaftsgeschicht op der US-amerikanescher Harvard University, war d\u00e9i \u00e9ischt, d\u00e9i de w\u00ebssenschaftleche Konsens iwwer de vum M\u00ebnsch gemaache Klimawandel quantifiz\u00e9iert huet. Am Joer 2004 huet si eng Et\u00fcd iwwer 928 w\u00ebssenschaftlech Artikelen iwwer de Klimawandel, d\u00e9i vu Fachleit evalu\u00e9iert goufen, duerchgefouert, d\u00e9i t\u00ebschent 1993 an 2003 ver\u00ebffentlecht goufen.<\/p>\n<p>D\u00ebsen Auswalprozess ass onerl\u00e4sslech, fir ausschliisslech Klimaexpertinnen an -experten anzebez\u00e9ien, d\u00e9i soumat iwwer en entspriechenden Hannergrond verf\u00fcgen, an d&#8217;Meenung vu Persounen, d\u00e9i net an d\u00ebsem Ber\u00e4ich geschafft hunn, auszeschl\u00e9issen.<\/p>\n<p>D&#8217;Oreskes huet <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z5GM-7565\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">geschriwwen<\/a>, dass &#8220;bemierkensw\u00e4erterweis kee vun den Artikelen&#8221; eng aner Meenung w\u00e9i d&#8217;Konsenspositioun vertrueden h\u00e4tt, d\u00e9i beseet, dass d&#8217;\u00c4erderwiermung vun de vergaangenen 150 Joer haapts\u00e4chlech vum M\u00ebnsch ausgel\u00e9ist gouf.<\/p>\n<p>S\u00e4itdeem hunn och vill aner Et\u00fcden d\u00ebs Erkenntnisser \u00ebnnermauert, w\u00e9i an d\u00ebsem <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/doc.afp.com.32GB76A\">Faktencheck<\/a> ze liesen ass.<\/p>\n<p>An awer g\u00ebtt de <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32ZR9KE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">vum M\u00ebnsch gemaache Klimawandel<\/a> a sozialen Netzwierker reegelm\u00e9isseg a Fro gestallt. An de vergaangene M\u00e9int huet d&#8217;AFP verschidde Behaaptungen a Faktenchecke widderluecht: iwwer <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.334X9EX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Klimamodeller<\/a>, iwwer d&#8217;<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.33CM3WZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">arktescht Mier\u00e4is<\/a>, iwwer eng <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.33D77LL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">NASA-Et\u00fcd<\/a> iwwer d&#8217;\u00cbmweltbelaaschtung duerch K\u00e9i oder iwwer d&#8217;<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32JF7QJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Leegne vun der Klimanoutlag<\/a>. Faktenchecken zum Theema Klima sammelt d&#8217;AFP <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/list\/all\/all\/39289\/all\/tid-39289\">hei<\/a>.<\/p>\n<p><strong>Fazit<\/strong>: Een eenzelen \u00c4isbuerk\u00e4r vu Gr\u00f6nland beweist net, dass d\u00e9i aktuell \u00c4erderwiermung net op de M\u00ebnsch zer\u00e9ckgeet. De Video, dee verbreet gouf a g\u00ebtt, ass ausserdeem 20 Joer al a s\u00e4itdeem huet sech de W\u00ebssensstand iwwer de Klimawandel bedeitend weiderentw\u00e9ckelt. Expertinnen an Experten hu g\u00e9intiwwer der AFP confirm\u00e9iert, dass et w\u00ebssenschaftleche Konsens ass, dass haapts\u00e4chlech m\u00ebnschlech Aktivit\u00e9ite fir d&#8217;\u00c4erderwiermung responsabel sinn.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Et besteet z\u00ebnter laangem e w\u00ebssenschaftleche Konsens, dass de Klimawandel vu M\u00ebnsche verursaacht g\u00ebtt. A sozialen Netzwierker sinn awer \u00ebmmer nees falsch Behaaptungen am \u00cbmlaf, dass d&#8217;\u00c4erderwiermung natierlech w\u00e4r.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":269320,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,193,181,192],"tags":[],"class_list":{"0":"post-269355","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-gesellschaft","9":"category-uncategorized-lb","10":"category-wessenschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2073118","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2073118.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: \u00c4isbuerk\u00e4r op Gr\u00f6nland beweist net, dass d&#039;\u00c4erderwiermung natierlech ass - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: \u00c4isbuerk\u00e4r op Gr\u00f6nland beweist net, dass d&#039;\u00c4erderwiermung natierlech ass - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Et besteet z\u00ebnter laangem e w\u00ebssenschaftleche Konsens, dass de Klimawandel vu M\u00ebnsche verursaacht g\u00ebtt. A sozialen Netzwierker sinn awer \u00ebmmer nees falsch Behaaptungen am \u00cbmlaf, dass d&#039;\u00c4erderwiermung natierlech w\u00e4r.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-06-16T09:00:19+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-06-16T10:10:01+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/48d9b54b21b8d19cefb1ca410cda7099.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"14 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: \u00c4isbuerk\u00e4r op Gr\u00f6nland beweist net, dass d&#8217;\u00c4erderwiermung natierlech ass\",\"datePublished\":\"2023-06-16T09:00:19+00:00\",\"dateModified\":\"2023-06-16T10:10:01+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/\"},\"wordCount\":2944,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/48d9b54b21b8d19cefb1ca410cda7099.jpeg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Gesellschaft\",\"Uncategorized @lb\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/\",\"name\":\"Faktencheck: \u00c4isbuerk\u00e4r op Gr\u00f6nland beweist net, dass d'\u00c4erderwiermung natierlech ass - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/48d9b54b21b8d19cefb1ca410cda7099.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-06-16T09:00:19+00:00\",\"dateModified\":\"2023-06-16T10:10:01+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/48d9b54b21b8d19cefb1ca410cda7099.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/48d9b54b21b8d19cefb1ca410cda7099.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: \u00c4isbuerk\u00e4r op Gr\u00f6nland beweist net, dass d'\u00c4erderwiermung natierlech ass - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: \u00c4isbuerk\u00e4r op Gr\u00f6nland beweist net, dass d&#8217;\u00c4erderwiermung natierlech ass\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: \u00c4isbuerk\u00e4r op Gr\u00f6nland beweist net, dass d'\u00c4erderwiermung natierlech ass - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: \u00c4isbuerk\u00e4r op Gr\u00f6nland beweist net, dass d'\u00c4erderwiermung natierlech ass - EDMO Belux","og_description":"Et besteet z\u00ebnter laangem e w\u00ebssenschaftleche Konsens, dass de Klimawandel vu M\u00ebnsche verursaacht g\u00ebtt. A sozialen Netzwierker sinn awer \u00ebmmer nees falsch Behaaptungen am \u00cbmlaf, dass d'\u00c4erderwiermung natierlech w\u00e4r.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-06-16T09:00:19+00:00","article_modified_time":"2023-06-16T10:10:01+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/48d9b54b21b8d19cefb1ca410cda7099.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"14 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: \u00c4isbuerk\u00e4r op Gr\u00f6nland beweist net, dass d&#8217;\u00c4erderwiermung natierlech ass","datePublished":"2023-06-16T09:00:19+00:00","dateModified":"2023-06-16T10:10:01+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/"},"wordCount":2944,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/48d9b54b21b8d19cefb1ca410cda7099.jpeg","articleSection":["\u00cbmwelt","Gesellschaft","Uncategorized @lb","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/","name":"Faktencheck: \u00c4isbuerk\u00e4r op Gr\u00f6nland beweist net, dass d'\u00c4erderwiermung natierlech ass - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/48d9b54b21b8d19cefb1ca410cda7099.jpeg","datePublished":"2023-06-16T09:00:19+00:00","dateModified":"2023-06-16T10:10:01+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/48d9b54b21b8d19cefb1ca410cda7099.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/06\/48d9b54b21b8d19cefb1ca410cda7099.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: \u00c4isbuerk\u00e4r op Gr\u00f6nland beweist net, dass d'\u00c4erderwiermung natierlech ass - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-isbuerkr-op-grnland-beweist-net-dass-derderwiermung-natierlech-ass\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: \u00c4isbuerk\u00e4r op Gr\u00f6nland beweist net, dass d&#8217;\u00c4erderwiermung natierlech ass"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/269355","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=269355"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/269355\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/269320"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=269355"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=269355"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=269355"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}