{"id":277091,"date":"2023-08-01T09:00:43","date_gmt":"2023-08-01T09:00:43","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=277091"},"modified":"2023-07-31T14:26:43","modified_gmt":"2023-07-31T14:26:43","slug":"faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/","title":{"rendered":"Faktencheck: UV-Stralung l\u00e9ist Hautkriibs aus, Sonnecr\u00e8me net"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>UV-Stralung g\u00ebllt noweislech als Haaptrisikofaktor fir Hautkriibs. A Videoen a sozialen Netzwierker behaapt e User, net d&#8217;Sonnenastralung, mee Sonnecr\u00e8me g\u00e9if Hautkriibs ausl\u00e9isen. En plus g\u00e9ifen Antioxidantie souw\u00e9i d&#8217;Areiwe mat best\u00ebmmten Ueleger besser viru Sonnebrand sch\u00fctzen. D\u00ebs Behaaptunge sinn awer falsch.<\/p>\n<p>An zwee Videoe schw\u00e4tzt e User dovun, dass Sonnecr\u00e8me kriibserreegend w\u00e4r an net d&#8217;Sonn dofir suerge g\u00e9if, dass M\u00ebnschen Hautkriibs kr\u00e9ichen. Ausserdeem g\u00e9ifen oxidative Stress, schlecht Ernierung a &#8220;g\u00ebfteg Produkter&#8221; Kriibs ausl\u00e9isen. Par contre g\u00e9ifen Antioxidantie souw\u00e9i d&#8217;Areiwe mat best\u00ebmmten Ueleger Sonnebrand virbeugen.<\/p>\n<p>Notzer hunn d&#8217;Videoen op <a href=\"https:\/\/archive.is\/wpZf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> verbreet, Z\u00e9ngdausenden hu se op Telegram gesinn (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/J874-TWL3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3TTV-LUZ2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). Och op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/L8JC-EB8Y?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Instagram<\/a> krut ee vun de Videoen iwwer Dausend Likes. Och a serbescher Sprooch ass eng \u00e4nlech Behaaptung am \u00cbmlaf. D&#8217;Behaaptungen aus de Videoe sinn allerd\u00e9ngs <a href=\"https:\/\/cinjenice.afp.com\/doc.afp.com.33P46KF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">falsch<\/a><\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/07\/c2b8135919ee29ace2205553b34ad181.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>An de B\u00e4itr\u00e4g ass e Mann ze gesinn, dee virun der Notzung vu Sonnecr\u00e8me warnt an erkl\u00e4ert, dass d\u00ebs kriibserreegend w\u00e4r. D&#8217;Videoe k\u00ebnnen op de User mam Numm &#8220;Ciho.m.a&#8221; zer\u00e9ckverfollegt ginn, deen op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/E786-YS3S\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a> an <a href=\"https:\/\/archive.ph\/qkNvN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Instagram<\/a> aktiv ass, wou hien \u00eb.a. Noriichten a Videoe fir Selbstheelung mat H\u00ebllef vun der Natur, awer och impfkritesch Inhalter post. Op sengem Instagram-Profil verlinkt hien d&#8217;S\u00e4it <a href=\"https:\/\/perma.cc\/DA6T-L9VL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Alpha Akademie&#8221;<\/a>, bei d\u00e4r hie Cours\u00eb fir Angschtreduktioun a m\u00e9i Selbstbewosstsinn g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Sonn ass Haaptrisikofaktor fir Hautkriibs<\/p>\n<p>D&#8217;Behaaptung, dass Sonnenastralung kee Kriibs ausl\u00e9ise g\u00e9if, ass falsch. Ze laang an der Sonn an domat UV-Stralung ausgesat ze sinn, ass e grousse Risikofaktor fir Hautkriibs, schreiwen d&#8217;US Centers for Disease Control and Prevention (CDC) op hirer <a href=\"https:\/\/perma.cc\/MSW8-83GK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a>. &#8220;D\u00e9i meescht Zorte vun Hautkriibs ginn duerch eng ze staark Expositioun g\u00e9intiwwer ultraviolettem (UV) Liicht ausgel\u00e9ist. UV-Strale sinn eng onsiichtbar Stralung, d\u00e9i vun der Sonn, Solarien a Sonneluuchten ausgeet. UV-Strale k\u00ebnnen Hautzelle schiedegen&#8221;, heescht et op der S\u00e4it vun der Agence. D\u00e9i brittesch Wuelt\u00e4tegkeetsorganisatioun &#8220;Cancer Research&#8221; schreift ausserdeem op hirer <a href=\"https:\/\/archive.is\/GeAmE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a>: &#8220;Wann ee just eemol all zwee Joer e Sonnebrand kritt, ka sech de Risiko fir Melanom-Hautkriibs am Verglach dozou, wann een ni e Sonnebrand kritt huet, verdr\u00e4ifachen.&#8221;<\/p>\n<p>Geneetesch Faktoren an ultraviolett Stralung sinn d\u00e9i gr\u00e9isst Risikofaktore fir de Melanom, d\u00e9i <a href=\"https:\/\/www.krebsgesellschaft.de\/onko-internetportal\/basis-informationen-krebs\/krebsarten\/hautkrebs\/malignes-melanom-schwarzer-hautkrebs.html#:~:text=Das%20maligne%20Melanom%20geht%20von,und%20Jugendalter%20eine%20Rolle%20spielt.\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">schw\u00e9ierst Form vun Hautkriibs<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/MR8J-SBDB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert), heescht et op der Internets\u00e4it vun der &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/4ZAM-QR6X\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Deutschen Krebsgesellschaft<\/a>&#8220;. &#8220;Als wichtegst Ursaach g\u00ebllt eng staark, er\u00ebmkommend UV-Belaaschtung mat Sonnebr\u00e4nn, woub\u00e4i virun allem Sonnebestralung am Kands- a Jugendalter eng Roll spillt.&#8221;<\/p>\n<p>Hautkriibs-Inzidenz kl\u00ebmmt<\/p>\n<p>Et g\u00ebtt verschidden Aarte vun Hautkriibs. Net-Melanom-Hautkriibs, sougenannte <a href=\"https:\/\/perma.cc\/84UU-LKZC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">w\u00e4issen Hautkriibs<\/a>, g\u00ebllt der D\u00e4itscher Kriibsgesellschaft no als <a href=\"https:\/\/perma.cc\/978H-JXTE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">besser heelbar<\/a> w\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/VY2U-MBWL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">schwaarzen Hautkriibs<\/a>, d\u00e9i gef\u00e9ierlechst an d\u00e9idlechst Form vun Hautkriibs. Fir b\u00e9id Kriibszorte g\u00ebllt: Sonnenastralung erh\u00e9icht de Risiko vun enger Erkrankung.<\/p>\n<p>An D\u00e4itschland a <a href=\"https:\/\/www.krebsgesellschaft.de\/onko-internetportal\/aktuelle-themen\/news\/schwarzer-hautkrebs-weltweit-immer-haeufiger.html#:~:text=Sie%20stellten%20fest%2C%20dass%20im,32.000%20M%C3%A4nner%20und%2025.000%20Frauen.\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">weltw\u00e4it<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/YTZ3-46WX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) klammen d&#8217;Zuele vun Hautkriibsf\u00e4ll vu Joer zu Joer, sou goufen dem d\u00e4itsche <a href=\"https:\/\/www.destatis.de\/DE\/Presse\/Pressemitteilungen\/2022\/04\/PD22_N018_231.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Statistesche Bundesamt<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/L7Y2-WDJN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) no 2020 81 Prozent m\u00e9i M\u00ebnschen an D\u00e4itschland mat Hautkriibs station\u00e4r am Spidol behandelt w\u00e9i nach am Joer 2000. Och d&#8217;Zuel vun den Doudesf\u00e4ll ass geklommen, 2020 sinn am Verglach zum Joer 2000 53 Prozent m\u00e9i M\u00ebnschen un Hautkriibs gestuerwen (ongef\u00e9ier 4.000 Doudesf\u00e4ll am Joer 2020, 2.600 Doudesf\u00e4ll am Joer 2000). Der D\u00e4itscher Kriibsgesellschaft no sinn d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.krebsgesellschaft.de\/onko-internetportal\/basis-informationen-krebs\/krebsarten\/hautkrebs\/malignes-melanom-schwarzer-hautkrebs\/definition-und-haeufigke\/articles\/onko-internetportal-basis-informationen-krebs-krebsarten-hautkrebs-malignes-melanom-schwarzer-hautkrebs-definition-und-haeufigke.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Neierkrankungen u schwaarzem Hautkriibs t\u00ebscht 1970 an 2015 \u00ebm dat F\u00ebnneffacht geklommen<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/6PT6-G9QY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). &#8220;De Risiko un engem maligne Melanom ze erkranke l\u00e4it g\u00e9igew\u00e4erteg bei zirka 2 Prozent, dat heescht, all 50. M\u00ebnsch an D\u00e4itschland erkrankt a sengem Liewen un engem schwaarzen Hautkriibs.&#8221;<\/p>\n<p>Iwwer d&#8217;Ursaach vun der Hausse heescht et op der Webs\u00e4it: &#8220;Eng d\u00e4itlech Hausse vun de F\u00e4ll g\u00ebtt s\u00e4it 2008 observ\u00e9iert. Dat l\u00e4it \u00eb.a. dorunner, dass an deem Joer den Hautkriibsscreening an D\u00e4itschland agefouert gouf&#8221;. Insgesamt w\u00e4r d&#8217;Hausse vun Hautkriibserkrankungen &#8220;enk mat den haut \u00fcbleche m\u00e9i laangen Openthalter vun de M\u00ebnschen an der Sonn verkn\u00ebppt (z.B. duerch Vakanzereesen a s\u00fcdlech L\u00e4nner).&#8221;<\/p>\n<p>Dem European Cancer Information System (ECIS) no ass d&#8217;<a href=\"https:\/\/ecis.jrc.ec.europa.eu\/explorer.php?$0-1$1-DE$2-61,63,64,66,243,70,67,68,69,71$4-1,2$3-27$6-0,85$5-1993,2013$7-2$CAgeSpecificRates$X0_14-$X0_12-$X0_13-$X0_16-N$CTrendsByAge$X1_14-$X1_12-$X1_18-6$X1_16-N$CTrendsByPeriod$X2_14-$X2_12-$X2_10-ASR_EU_NEW$X2_16-N$CTrendsByCohort$X3_17-ByPeriod$X3_16-N\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Hautkriibs-Inzidenz<\/a> t\u00ebscht 1993 an 2013 an D\u00e4itschland geklommen (<a href=\"http:\/\/web.archive.org\/web\/20230720135821\/https:\/\/ecis.jrc.ec.europa.eu\/explorer.php?$0-1$1-DE$2-61,63,64,66,243,70,67,68,69,71$4-1,2$3-27$6-0,85$5-1993,2013$7-2$CAgeSpecificRates$X0_14-$X0_12-$X0_13-$X0_16-N$CTrendsByAge$X1_14-$X1_12-$X1_18-6$X1_16-N$CTrendsByPeriod$X2_14-$X2_12-$X2_10-ASR_EU_NEW$X2_16-N$CTrendsByCohort$X3_17-ByPeriod$X3_16-N\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). Besonnesch M\u00ebnsche vum 60. Liewensjoer u si betraff.<\/p>\n<p>Kee Beweis fir Kriibs duerch Sonnecr\u00e8me<\/p>\n<p>Ee vun de Videoen, d\u00e9i an de sozialen Netzwierker gedeelt goufen, ass eng Reaktioun op d&#8217;Noriicht, dass an Holland an Desinfektiounsspenderen, d\u00e9i w\u00e4rend der Corona-Pandemie opgestallt goufen, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/M7J2-P7DX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gratis Sonnecr\u00e8me<\/a> bereetgestallt gi soll. Doropshi sinn och an D\u00e4itschland Fuerderungen no gratis Sonneschutzm\u00ebttelen haart ginn, beispillsweis zu <a href=\"https:\/\/perma.cc\/L3TT-XEGJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">M\u00fcnchen<\/a>. Op d\u00e4r Plaz zitt de User Ciho.m.a eng Parallel zu enger anerer \u00ebffentlecher Gesondheetsoffer, de Corona-Impfstoffer. D\u00ebs bezeechent hie f\u00e4lschlecherweis als Geentherapie, w\u00e9i d&#8217;<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/nein-mrna-impfungen-veraendern-nicht-die-dna\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP scho widderluecht huet<\/a>. An den Zelle vu geimpfte Persounen ass d&#8217;mRNA just z\u00e4itweileg nozeweisen, erkl\u00e4ert d&#8217;Paul-Ehrlich-Institut (PEI) <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2PGY-QGAL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">online<\/a>.<\/p>\n<p>De User Ciho.m.a behaapt ausserdeem, dass d&#8217;Zuel vun Hautkriibsf\u00e4ll klamme g\u00e9if, s\u00e4it et Sonnecr\u00e8me g\u00e9if, a Sonnecr\u00e8me den Ausl\u00e9iser fir Hautkriibs w\u00e4r. En Zesummenhang t\u00ebscht dem Benotze vu Sonnecr\u00e8me an enger Kriibserkrankung huet d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/32LD-KEWE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Carola Berking<\/a>, Direktesch vun der Hautklinick an der Universit\u00e9itsklinick Erlangen an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5RW6-JFRU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">zweet Presidentin<\/a> vun der Arbeitsgemeinschaft Dermatologische Onkologie (ADO) vun der D\u00e4itscher Kriibsgesellschaft, g\u00e9intiwwer der AFP den 18. Juli 2023 dement\u00e9iert: No der aktueller Studielag w\u00e4re &#8220;keng Stoffer a Sonnecr\u00e8men, d\u00e9i direkt kriibserreegend sinn.&#8221;<\/p>\n<p>Dat g\u00e9if och aner Kriibsaarten nieft Hautkriibs mat aschl\u00e9issen, sou d&#8217;Berking. Tester h\u00e4tte just erginn, dass an Ofbaustoffer vun ale Sonnecr\u00e8m\u00eb kriibserreegend Stoffer enthal w\u00e4ren, d\u00e9i Hautkriibs oder aner Kriibszorten ausl\u00e9ise k\u00e9inten. Ausserdeem w\u00e4r d&#8217;Dosis vun de kriibserreegende Stoffer an den Ofbaustoffer onkloer, huet d&#8217;Berking erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>Och d&#8217;Dermatologin <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8TER-XHRS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Elizabeth Buzney<\/a>, Assistenzprofessesch fir Dermatologie op der Harvard Medical School, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7MCX-SW9Z?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hat am Juni 2023 an engem Interview mat der Skin Cancer Foundation erkl\u00e4ert<\/a>, dass Sonneschutzm\u00ebttel am Allgemenge s\u00e9cher w\u00e4ren. &#8220;Et kann een iwwer d\u00e9i angeeblech Risike vu Sonneschutzm\u00ebttel schw\u00e4tzen, sou vill ee w\u00ebll, awer d&#8217;Wouerecht ass, dass se eis virun de potenzielle Risike vun der Sonn sch\u00fctzen&#8221;, sot si an deem Interview.<\/p>\n<p>D&#8217;Benotze vu Sonneschutzm\u00ebttel g\u00ebtt och vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/C693-P4K5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">International Agency for Research on Cancer<\/a> recommand\u00e9iert, engem Gremium vun der Weltgesondheetsorganisatioun, deen Et\u00fcden a Recommandatioune fir Kriibspreventioun erausg\u00ebtt. \u00c4nlech Behaaptungen, dass Sonnecr\u00e8me Hautkriibs ausl\u00e9ise g\u00e9if, huet d&#8217;AFP schonn op <a href=\"https:\/\/factchecknederland.afp.com\/doc.afp.com.32BU3NL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Holl\u00e4nnesch<\/a> widderluecht. Doriwwer eraus g\u00ebtt d&#8217;S\u00e9cherheet an d&#8217;Wierksamkeet vu Sonneschutzm\u00ebttel an der Europ\u00e4escher Unioun duerch d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/3C73-4XRT?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">EU-Kosmetikdirektiv <\/a>gereegelt, an den USA duerch d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/6FCA-5FAJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">U.S. Food and Drug Administration<\/a>.<\/p>\n<p>Schutzkleedung a keng direkt UV-Stralung si gudde Sonneschutz<\/p>\n<p>D&#8217;Jelena Stojkovic-Filipovic, Assistenzprofessesch an der Klinick fir Dermatologie a Venerologie an der Universit\u00e9itsklinick Serbien, huet de 17. Juli 2023 g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass sech de Sonneschutz net just op Sonneschutzm\u00ebttel beschr\u00e4nke sollt. &#8220;An \u00e9ischter Linn ass et unzeroden, sech am Schiet opzehalen, wann \u00ebmmer et m\u00e9iglech ass, awer och Schutzkleedung ze droen. An d\u00ebsem Fall k\u00e9int een d&#8217;Benotze vu Sonneschutzm\u00ebttelen op den Haaptparti\u00eb beschr\u00e4nken, d\u00e9i der Sonn ausgesat sinn an net duerch Kleedung gesch\u00fctzt k\u00ebnne ginn.&#8221;<\/p>\n<p>Si huet op eng <a href=\"https:\/\/www.ncbi.nlm.nih.gov\/pmc\/articles\/PMC9414157\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd<\/a> verwisen (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/H5C2-WBKN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert), no d\u00e4r eng Kombinatioun aus Liichtschutzkleedung a Sonneschutzm\u00ebttele fir Kierperdeeler, d\u00e9i net bedeckt sinn, warscheinlech den optimale Wee fir Sonneschutz mat minimalem Risiko w\u00e4r. Der Et\u00fcd no hunn eng Rei Untersuchunge gewisen, dass ee vun de Problemer beim Benotze vu Sonneschutzm\u00ebttelen dora besteet, dass d&#8217;Benotzer se net konsequent opdroen.<\/p>\n<p>An obwuel verschidden D\u00e9iereversich m\u00e9iglech schiedlech Auswierkunge vun der Laangz\u00e4itbenotzung vu Sonneschutzm\u00ebttele gewisen h\u00e4tten, g\u00e9if et nach u validen Untersuchungen um M\u00ebnsch feelen, sou d&#8217;Stojkovic-Filipovic. &#8220;Trotzdeem ass d&#8217;Vermeide vun direkter Sonnenastralung u sonnegen Deeg, besonnesch an der Joresz\u00e4it an op geographesche Plazen, op deenen d&#8217;Stralung am intensiivsten ass, souw\u00e9i d&#8217;Droe vu Kleedung mat engem Liichtschutzfaktor e ganz wichtege Schutz g\u00e9int UV-Stralung&#8221;, huet si erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>Verschidden Inhaltsstoffer vu Sonnecr\u00e8me schiedegen d&#8217;\u00cbmwelt<\/p>\n<p>Doriwwer eraus ginn eng Rei Sonneschutzm\u00ebttel Ulass zur Suerg, well se duerch verschidde cheemesch Inhaltsstoffer w\u00e9i <a href=\"https:\/\/www.medicalnewstoday.com\/articles\/octocrylene\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Octocrylen<\/a> d&#8217;\u00cbmwelt schiedegen (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/FKS8-JXZR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). D\u00e9i frans\u00e9isch Gesondheetsagence <a href=\"https:\/\/perma.cc\/P773-HAUW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ANSES<\/a> huet e <a href=\"https:\/\/perma.cc\/M5FV-8P26\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Verbuet vun Octocylen<\/a> a Sonneschutzm\u00ebttele gefuerdert.<\/p>\n<p>Cheemesch Filteren, d\u00e9i a verschiddene Sonneschutzm\u00ebttele benotzt ginn, fir UV-Stralen ze block\u00e9ieren, schueden dem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/J35C-JBD9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">US National Ocean Service<\/a> no dem Ekosystem vun de Mierer a besonnesch de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/55K7-E8F8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Koralleriffer<\/a>.<\/p>\n<p>Ausserdeem st\u00e9cht d&#8217;Faarfpigment Titandioxid a munche Sonnecr\u00e8men a bis viru Kuerzem och a Liewensm\u00ebttel (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/TV4R-KCVG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). 2022 huet <a href=\"https:\/\/germany.representation.ec.europa.eu\/news\/titandioxid-lebensmitteln-ab-sommer-2022-verboten-2022-01-14_de\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d&#8217;EU e Verbuet fir d&#8217;Benotze vum Faarfstoff a Liewensm\u00ebttel erlooss<\/a>, well et am Verdacht steet, kriibserreegend ze sinn. D\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/79XF-BC79\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Europ\u00e4esch Agence fir Liewensm\u00ebttels\u00e9cherheet (EFSA)<\/a> koum am <a href=\"https:\/\/www.efsa.europa.eu\/en\/news\/titanium-dioxide-e171-no-longer-considered-safe-when-used-food-additive\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Mee 2021<\/a> zum Schluss (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/EPD6-CVYL?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert), dass et als Zousazstoff fir Liewensm\u00ebttel potenziell kriibserreegend an domat m\u00e9i s\u00e9cher w\u00e4r. An der Benotzung vu Kosmeetik g\u00ebllt et an den zoul\u00e4ssege Konzentratiounen fir d&#8217;Uwendung op der Haut als s\u00e9cher, w\u00e9i de Wirtschaftlechen Ausschoss fir Verbrauchers\u00e9cherheet vun der Europ\u00e4escher Kommissioun an engem <a href=\"https:\/\/health.ec.europa.eu\/system\/files\/2021-11\/sccs_o_238.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Statement<\/a> aus dem Joer 2020\u00a0(<a href=\"https:\/\/perma.cc\/7CHE-FT5F\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) matdeele gelooss huet.<\/p>\n<p>Oxidative Stress f\u00e9iert net direkt zu Hautkriibs<\/p>\n<p>De Videoen no g\u00e9if d&#8217;Acr\u00e8me mat Sonneschutzm\u00ebttelen zu oxidativem Stress f\u00e9ieren, deen Hautkriibs ausl\u00e9ise g\u00e9if: &#8220;Wa mir eis mat Sonnecr\u00e8me aschmieren, produz\u00e9iert eis Haut a Kombinatioun mat der Sonn oxidative Stress&#8221;, seet de Ciho.m.a. <a href=\"https:\/\/www.imd-berlin.de\/fileadmin\/user_upload\/patienteninformationen\/de\/allgemeine_patienteninformationen\/SI_Oxidativer_Stress.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Oxidative Stress<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/UV62-9JDA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) kann am Kierper entstoen, wa sech beispillsweis duerch Schuedstoffbelaaschtungen, UV-Stralung, Ozon an aner \u00cbmweltafl\u00ebss oder och kierpereege Virg\u00e4ng w\u00e9i Immunofwier fr\u00e4i Radikaler bilden. Ass d&#8217;Belaaschtung m\u00e9i grouss w\u00e9i d&#8217;Schutzreaktioun vum Kierper, d\u00e9i sougenannt antioxidativ Kapazit\u00e9it, entsteet oxidative Stress. &#8220;Dee f\u00e9iert zu Hautkriibs&#8221;, schlussfollgert de User a sengem Video. An d\u00ebser Form w\u00e4r den Zesummenhang verf\u00e4lscht duergestallt, huet d&#8217;Carola Berking vun der Hautklinick an der Universit\u00e9itsklinick Erlangen erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>D&#8217;UV-A-Stralung vun der Sonnenastralung k\u00e9int fr\u00e4i Radikaler ervirruffen, d\u00e9i er\u00ebm &#8220;u Krankheete bedeelegt k\u00ebnne sinn&#8221;, sot d&#8217;Berking g\u00e9intiwwer der AFP. &#8220;Wie sech mat Sonnecr\u00e8me aschmiert, denkt, e ka m\u00e9i laang an der Sonn bleiwen, well hien net sou s\u00e9ier e Sonnebrand kritt&#8221;, sot si weider. &#8220;Doduerch k\u00ebnnt m\u00e9i UV-A-Stralung op eis Haut, d\u00e9i d&#8217;Sonnecr\u00e8me net komplett filtere kann. Sou kann exodative Stress entstoen.&#8221; Soumat w\u00e4r um Enn dat individuellt Verhalen ausschlaggeebend dofir, ob eng Persoun trotz Benotze vu Sonnecr\u00e8me engem m\u00e9i h\u00e9ijen Hautkriibsrisiko ausgesat ass.<\/p>\n<p>Antioxidantien a Liewensm\u00ebttel vermeide kee Sonnebrand<\/p>\n<p>Amplaz vu Sonnecr\u00e8me, sou heescht et an de Videoen, sollt ee sech l\u00e9iwer mat Antioxidantie viru Sonnebrand sch\u00fctzen a sou s\u00e4in Hautkriibsrisiko minim\u00e9ieren. <a href=\"https:\/\/medlineplus.gov\/antioxidants.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Antioxidantie<\/a> si k\u00ebnschtlech hiergestallt oder natierlech Substanzen, d\u00e9i verschidden Aarte vun Zellschiedegunge verh\u00ebnnere k\u00ebnnen (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/GK3H-52P8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert), heescht et op der S\u00e4it vu &#8220;Medline Plus&#8221;, engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/RQD9-KXL8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Service vun der National Library of Medicine<\/a>. Antioxidantie sinn a ville Liewensm\u00ebttel, Uebst a Gem\u00e9is inklusiv, enthalen. Se sinn och als Narungserg\u00e4nzungsm\u00ebttel ze kr\u00e9ien.<\/p>\n<p>Och d\u00ebs Behaaptung aus de Videoen huet d&#8217;Carola Berking net confirm\u00e9iert. Si w\u00e9isst vu kenger Et\u00fcd, &#8220;d\u00e9i beleet, dass Antioxidantien, d\u00e9i iwwer d&#8217;Narung opgeholl ginn, g\u00e9int Sonnebrand bzw. Hautkriibs h\u00ebllefen&#8221;, huet si erkl\u00e4ert. Antioxidantien, d\u00e9i duerch d&#8217;Narung opgeholl ginn, g\u00e9ifen net an d&#8217;Haut kommen. Zwar k\u00e9int &#8220;d\u00e9i reegelm\u00e9isseg Consommatioun vu best\u00ebmmtem Gem\u00e9is w\u00e9i Muerten, S\u00e9issgromperen, oder Tomaten Carotinoiden duerch antioxidativ Effekter an der Haut e gew\u00ebsse Liichtschutz produz\u00e9ieren&#8221;, huet d&#8217;Berking erkl\u00e4ert. &#8220;D\u00ebse photoprotektiven Effekt vu Carotinoiden ass awer vergl\u00e4ichsweis ger\u00e9ng an et konnt a kenger Et\u00fcd iwwerzeegend gewise ginn, dass dat dann och g\u00e9int Hautkriibs sch\u00fctzt.&#8221; Gl\u00e4ichz\u00e4iteg g\u00e9if et och keen Narungsm\u00ebttel ginn, dat noweislech Hautkriibs ausl\u00e9ise g\u00e9if.<\/p>\n<p>Schliisslech g\u00ebtt an de Videoen an de sozialen Netzwierker recommand\u00e9iert, sech mat Ueleg aus Muertesom, Hambierueleg, Sesamueleg oder Kokosueleg amplaz vu Sonneschutzm\u00ebttelen anzecr\u00e8men, fir sech virun engem Sonnebrand ze sch\u00fctzen. &#8220;D\u00e9i genannt Ueleger hu keen UV-Filter&#8221;, huet d&#8217;Carola Berking erkl\u00e4ert. Villm\u00e9i w\u00e4r d&#8217;Areiwe mat d\u00ebsen Ueleger kontraproduktiv, wann ee schweesse g\u00e9if, well se d&#8217;Pore verstoppen an een nach m\u00e9i schweesse g\u00e9if.<\/p>\n<p>Fazit: UV-Stralung a soumat Sonnenastralung ass en Haaptrisikofaktor fir Hautkriibs, w\u00e9i verschidde w\u00ebssenschaftlech Quelle confirm\u00e9ieren. En plus ass Sonnecr\u00e8me keen Ausl\u00e9iser fir Kriibs. Aktuell si keng Inhaltsstoffer a Sonneschutzm\u00ebttele bekannt, d\u00e9i beim Opdroen Haut- oder eng aner Zort vu Kriibs ausl\u00e9isen.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>UV-Stralung g\u00ebllt noweislech als Haaptrisikofaktor fir Hautkriibs. A Videoen a sozialen Netzwierker behaapt e User, net d&#8217;Sonnenastralung, mee Sonnecr\u00e8me g\u00e9if Hautkriibs ausl\u00e9isen. En plus g\u00e9ifen Antioxidantie souw\u00e9i d&#8217;Areiwe mat best\u00ebmmten Ueleger besser viru Sonnebrand sch\u00fctzen. D\u00ebs Behaaptunge sinn awer falsch.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":277081,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[190,192],"tags":[],"class_list":{"0":"post-277091","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-gesondheet","8":"category-wessenschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2089761","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2089761.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: UV-Stralung l\u00e9ist Hautkriibs aus, Sonnecr\u00e8me net - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: UV-Stralung l\u00e9ist Hautkriibs aus, Sonnecr\u00e8me net - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"UV-Stralung g\u00ebllt noweislech als Haaptrisikofaktor fir Hautkriibs. A Videoen a sozialen Netzwierker behaapt e User, net d&#039;Sonnenastralung, mee Sonnecr\u00e8me g\u00e9if Hautkriibs ausl\u00e9isen. En plus g\u00e9ifen Antioxidantie souw\u00e9i d&#039;Areiwe mat best\u00ebmmten Ueleger besser viru Sonnebrand sch\u00fctzen. D\u00ebs Behaaptunge sinn awer falsch.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-08-01T09:00:43+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/07\/73cf45b5ea489d84cdd16060a9a05277.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1024\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"576\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"11 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: UV-Stralung l\u00e9ist Hautkriibs aus, Sonnecr\u00e8me net\",\"datePublished\":\"2023-08-01T09:00:43+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/\"},\"wordCount\":2244,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/07\/73cf45b5ea489d84cdd16060a9a05277.jpeg\",\"articleSection\":[\"Gesondheet\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/\",\"name\":\"Faktencheck: UV-Stralung l\u00e9ist Hautkriibs aus, Sonnecr\u00e8me net - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/07\/73cf45b5ea489d84cdd16060a9a05277.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-08-01T09:00:43+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/07\/73cf45b5ea489d84cdd16060a9a05277.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/07\/73cf45b5ea489d84cdd16060a9a05277.jpeg\",\"width\":1024,\"height\":576,\"caption\":\"Faktencheck: UV-Stralung l\u00e9ist Hautkriibs aus, Sonnecr\u00e8me net - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: UV-Stralung l\u00e9ist Hautkriibs aus, Sonnecr\u00e8me net\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: UV-Stralung l\u00e9ist Hautkriibs aus, Sonnecr\u00e8me net - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: UV-Stralung l\u00e9ist Hautkriibs aus, Sonnecr\u00e8me net - EDMO Belux","og_description":"UV-Stralung g\u00ebllt noweislech als Haaptrisikofaktor fir Hautkriibs. A Videoen a sozialen Netzwierker behaapt e User, net d'Sonnenastralung, mee Sonnecr\u00e8me g\u00e9if Hautkriibs ausl\u00e9isen. En plus g\u00e9ifen Antioxidantie souw\u00e9i d'Areiwe mat best\u00ebmmten Ueleger besser viru Sonnebrand sch\u00fctzen. D\u00ebs Behaaptunge sinn awer falsch.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-08-01T09:00:43+00:00","og_image":[{"width":1024,"height":576,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/07\/73cf45b5ea489d84cdd16060a9a05277.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"11 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: UV-Stralung l\u00e9ist Hautkriibs aus, Sonnecr\u00e8me net","datePublished":"2023-08-01T09:00:43+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/"},"wordCount":2244,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/07\/73cf45b5ea489d84cdd16060a9a05277.jpeg","articleSection":["Gesondheet","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/","name":"Faktencheck: UV-Stralung l\u00e9ist Hautkriibs aus, Sonnecr\u00e8me net - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/07\/73cf45b5ea489d84cdd16060a9a05277.jpeg","datePublished":"2023-08-01T09:00:43+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/07\/73cf45b5ea489d84cdd16060a9a05277.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/07\/73cf45b5ea489d84cdd16060a9a05277.jpeg","width":1024,"height":576,"caption":"Faktencheck: UV-Stralung l\u00e9ist Hautkriibs aus, Sonnecr\u00e8me net - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-uv-stralung-list-hautkriibs-aus-sonnecrme-net\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: UV-Stralung l\u00e9ist Hautkriibs aus, Sonnecr\u00e8me net"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/277091","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=277091"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/277091\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/277081"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=277091"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=277091"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=277091"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}