{"id":279487,"date":"2023-08-10T13:00:47","date_gmt":"2023-08-10T13:00:47","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=279487"},"modified":"2023-08-16T15:31:55","modified_gmt":"2023-08-16T15:31:55","slug":"faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Keng Walen an der Ukrain, well aktuell d&#8217;Krichsrecht g\u00ebllt"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Dat ukrainescht Gesetz \u00ebnnerseet et Walen duerchzef\u00e9ieren, w\u00e4rend sech d&#8217;Land am Krich bef\u00ebnnt. An de sozialen Netzwierker ass awer d&#8217;Behaaptung am \u00cbmlaf, dass den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj e &#8220;faschisteschen Diktator&#8221; w\u00e4r, deen d\u00e9i demokratesch Wale &#8220;verbueden&#8221; h\u00e4tt, fir un der Muecht ze bleiwen.<\/p>\n<p>&#8220;De liberalfaschisteschen Diktator @ZelenskyyUA huet d&#8217;Walen an der faschistescher Ukrain verbueden&#8221;, heescht et an engem tschecheschsproochege <a href=\"https:\/\/archive.ph\/DRiNq\">Facebook-B\u00e4itrag<\/a> vum 18. Mee 2023, deen iwwer 220 Mol gedeelt gouf. &#8220;W\u00e9i wa mir ni d&#8217;Wouerecht doriwwer kr\u00e9ie w\u00e4erten, w\u00e9i vill Ukrainerinnen an Ukrainer wierklech Krich g\u00e9int Russland w\u00ebllen&#8221;, behaapt de Facebook-Notzer weider.<\/p>\n<p>\u00c4nlech Behaaptunge kurs\u00e9ieren och op <a href=\"https:\/\/archive.ph\/nn7xz\">Englesch<\/a> a <a href=\"https:\/\/archive.is\/04o9O\">Frans\u00e9isch<\/a>.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/08\/941d2fd3ce1b8519c560a636533799a2.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Munch vun den englesch- a frans\u00e9ischsproochege B\u00e4itr\u00e4g beinhalten e <a href=\"https:\/\/perma.cc\/GR2X-KJXL?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Videoextrait<\/a> vu 24 Sekonne vun engem Interview mam Selenskyj, deen hien den 22. Juni 2023 g\u00e9intiwwer der brittescher \u00ebffentlech-rechtlecher BBC ginn hat. Eng ukrainesch Transkriptioun vum Interview ass op der Internets\u00e4it vun der BBC ofruffbar (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/L9FT-QRVK\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>Wat huet de Selenskyj gesot?<\/p>\n<p>Am Video s\u00ebtzt de Wolodymyr Selenskyj un engem D\u00ebsch a schw\u00e4tzt op Ukrainesch an d&#8217;Kamera. De Logo vun der BBC g\u00ebtt ageblent, et g\u00ebtt keng \u00cbnnertitelen. En Twitter-Notzer <a href=\"https:\/\/perma.cc\/GR2X-KJXL?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">behaapt<\/a> an de Kommentarer, dass &#8220;de Selenskyj d&#8217;Walen annul\u00e9iert&#8221; h\u00e4tt a &#8220;sech selwer zum President erkl\u00e4ert&#8221; h\u00e4tt.<\/p>\n<p>D&#8217;Parlamentswalen an der Ukrain ware fir Oktober 2023 ugesat, w\u00e4rend d&#8217;Presidentschaftswal am M\u00e4erz 2024 soll sinn.<\/p>\n<p>Aner B\u00e4itr\u00e4g ernimmen en Interview vum ukrainesche President mat der US-amerikanescher Dageszeitung <a href=\"https:\/\/www.washingtonpost.com\/world\/2023\/05\/13\/zelensky-washington-post-interview-transcript\/\">Washington Post<\/a> vum 15. M\u00e4erz 2023 (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/AR3L-BH9A\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>A b\u00e9iden Interviewe sot de Selenskyj, dass et keng Wale gi k\u00e9int, soulaang d&#8217;Krichsrecht am Land g\u00eblle g\u00e9if.<\/p>\n<p>&#8220;Wa mir \u00ebnner Krichsrecht stinn, k\u00ebnne mir keng Walen organis\u00e9ieren. D&#8217;Verfassung \u00ebnnerseet all Walen \u00ebnner Krichsrecht&#8221;, sot hie g\u00e9intiwwer der Washington Post.<\/p>\n<p>Op d&#8217;Fro vu BBC News, ob et am n\u00e4chste Joer Walen an der Ukrain g\u00e9if ginn, huet hien \u00e4nlech ge\u00e4ntwert: &#8220;Dat ass e globale Problem. Wa mir gewannen, da jo. Dat bedeit, mir w\u00e4erten eis net l\u00e4nger a Krichsz\u00e4ite befannen. A per Gesetz mussen d&#8217;Walen a Friddensz\u00e4iten ofgehale ginn, wa kee Krich ass. Ech h\u00e4tt wierklech g\u00e4r, dass d&#8217;n\u00e4chst Joer Fridden herrscht an d&#8217;Liewen nees sou g\u00ebtt w\u00e9i virum Krich.&#8221;<\/p>\n<p>De Selenskyj huet d&#8217;Walen also net &#8220;ofgesot&#8221;, fir selwer un der Muecht ze bleiwen, w\u00e9i d&#8217;B\u00e4itr\u00e4g a sozialen Netzwierker sugger\u00e9ieren. Hie sot, d&#8217;Wale g\u00e9ife verr\u00e9ckelt, wa sech d&#8217;Ukrain zum eigentlech geplangten Z\u00e4itpunkt nach am Krich befanne g\u00e9if. Dat <a href=\"https:\/\/english.nv.ua\/nation\/ukraine-to-hold-elections-after-war-ends-says-zelenskyy-50333899.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">berichten<\/a> och ukrainesch Medie w\u00e9i d'&#8221;Nei St\u00ebmm vun der Ukrain&#8221; (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/R8HN-2JP9\">h\u00e9i<\/a> archiv\u00e9iert), d\u00e9i en Artikel ver\u00ebffentlecht huet mat der Schlagzeil &#8220;Ukrain w\u00e4ert Walen no Krichsenn ofhalen, seet de Selenskyj&#8221;.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/08\/b633d5f7dd8174ac32a0b88d8390ef95.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D\u00e9i verbreet B\u00e4itr\u00e4g a sozialen Netzwierker behaapten, de Selenskyj w\u00e4r en &#8220;Diktator&#8221; a seng Uk\u00ebnnegung g\u00e9if angeeblech dat ukrainescht Recht verletzen. Expertinnen an Experten hunn awer erkl\u00e4ert, dass dat ukrainescht Gesetz d&#8217;Ofhale vu Walen a Krichsz\u00e4ite verbidde g\u00e9if.<\/p>\n<p>Walen a Krichsz\u00e4ite si verbueden<\/p>\n<p>W\u00e9i Russland de 24. Februar 2022 an d&#8217;Ukrain amarsch\u00e9iert ass, gouf als Reaktioun op d&#8217;Invasioun direkt d&#8217;<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230712152926\/https:\/\/www.president.gov.ua\/en\/news\/prezident-pidpisav-ukaz-pro-zaprovadzhennya-voyennogo-stanu-73109\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Krichsrecht<\/a> verhaangen.<\/p>\n<p>D&#8217;Krichsrecht verbitt m\u00e4nnleche Bierger am Alter t\u00ebscht 18 a 60 Joer, hire feste Wunns\u00ebtz ouni Zoust\u00ebmmung vum zoust\u00e4nnege Milit\u00e4r ze verloossen, a verlaangt d&#8217;Ariichtung vun enger Milit\u00e4rverwaltung an alle Regiounen nieft den Zivilautorit\u00e9iten.<\/p>\n<p>Zanter dem Ugr\u00ebff vu Russland op d&#8217;Ukrain huet dat ukrainescht Parlament siwe Mol <a href=\"https:\/\/kyivindependent.com\/ukraines-parliament-votes-to-extend-martial-law\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">dofir gest\u00ebmmt, d&#8217;Krichsrecht ze verl\u00e4ngeren<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/TVL4-M9NL\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). D\u00e9i j\u00e9ngst Verl\u00e4ngerung leeft den 18. August 2023 aus an d&#8217;Entscheedung fir en op en Enn kommen ze loossen misst vum ukrainesche Parlament an dem President zesumme getraff ginn.<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Werchowna Rada, dat ukrainescht Parlament, st\u00ebmmt fir d&#8217;Krichsrecht (&#8230;) an dann \u00ebnnerschreift et de President, uschl\u00e9issend muss et an der Regierungszeitung ver\u00ebffentlecht ginn an dann tr\u00ebtt d&#8217;Gesetz a Kraaft. Dat ass d&#8217;Prozedur.&#8221;, huet de <a href=\"https:\/\/archive.ph\/DxhwP\">Mykola Davydiuk<\/a> den 11. Juli 2023 g\u00e9intiwwer der AFP gesot. Hien ass Direkter vum <a href=\"https:\/\/archive.ph\/D2YFn\">Think Tank Politics<\/a>, dee s\u00e4i S\u00ebtz zu Kiew huet.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/F87M-D2F7\">Ioulia Shukan<\/a> fuerscht iwwer politesch Soziologie a l\u00e9iert slawesch Kultur op der Universit\u00e9it Nanterre zu Par\u00e4is a Frankr\u00e4ich. Si sot de 27. Juni 2023 g\u00e9intiwwer der AFP: &#8220;All politesch Grupp\u00e9ierungen, och d\u00e9i, d\u00e9i an der Oppositioun zum Selenskyj stinn, hunn d&#8217;\u00cbmsetzung \u00ebnnerst\u00ebtzt an erneiert.&#8221;<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/59KB-DFGF\">Yurii Kliuchkovskyj<\/a>, promov\u00e9ierte Jurist an eemolege Member vum ukrainesche Parlament, sot den 29. Juni 2023 g\u00e9intiwwer der AFP, dass \u00ebnner dem Krichsrecht dat &#8220;demokratesch gewielt Parlament zesumme mat gewielten Organer vun der lokaler Selbstverwaltung&#8221; funktion\u00e9iere g\u00e9if, &#8220;mat Ausnam vun de besate Gebidder a Gebidder, an deenen aktiv gek\u00e4mpft g\u00ebtt&#8221;.<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/perma.cc\/Y8A5-CYML\">Artikel 64<\/a> vun der ukrainescher Verfassung beseet, dass am Kader vum Krichsrecht fir e best\u00ebmmten Z\u00e4itraum best\u00ebmmt Aschr\u00e4nkunge vun de Rechter a Fr\u00e4iheete verhaange k\u00ebnne ginn. Dat g\u00ebllt fir d&#8217;Walrecht, dat duerch d&#8217;Krichsrecht bis op Weideres ageschr\u00e4nkt ka ginn.<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/perma.cc\/PV8W-7R74\">Artikel 19<\/a> vun der spezieller Krichsgesetzgeebung vun der Ukrain mam Titel &#8220;Iwwer dat rechtlecht Reegelwierk vum Krichsrecht&#8221; verbitt ausdr\u00e9cklech d&#8217;Ofhale vu Presidentschafts-, Parlaments- oder Gemengewale w\u00e4rend engem Krich.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/08\/5a17f29171af6c86233a9b0bc75d78c3.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Weider ges\u00e4it den Artikel 19 vir: &#8220;\u00cbnnert de Konditioune vum Krichsrecht ass Folgendes verbueden: d&#8217;\u00c4nnerung vun der Verfassung vun der Ukrain, d&#8217;\u00c4nnerung vun der Verfassung vun der Autonomer Republik Krim, d&#8217;Duerchf\u00e9ierung vu Wale fir de President vun der Ukrain souw\u00e9i vu Wale fir d&#8217;Werchowna Rada vun der Ukrain, d&#8217;Werchowna Rada vun der Autonomer Republik Krim an d\u00e9i lokal Selbstverwaltungsorganer.&#8221;<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/perma.cc\/8YM2-B8FC\">Artikel 20<\/a> vum Walgesetz schreift vir, dass am Fall, wann d&#8217;Krichsrecht ausgeruff g\u00ebtt, de Walprozess den Dag vum Akraafttriede vum presidialen Arr\u00eat\u00e9 op en Enn k\u00ebnnt. De Walprozess sollt &#8220;nom Enn oder nom Ophiewe vum Krichsrecht oder vum Ausnamezoustand&#8221; nees opgeholl ginn, heescht et.<\/p>\n<p>Den Artikel beseet ausserdeem, dass d&#8217;Entscheedung iwwer d&#8217;Asetze vu Walen, d\u00e9i opgrond vum Verh\u00e4nke vum Krichsrecht ausgesat sinn, &#8220;sp\u00e9itstens ee Mount nom Datum vum Enn oder vum Ophiewe vum Krichsrecht oder vum Ausnamezoustand&#8221; getraff muss ginn.<\/p>\n<p>&#8220;E &#8216;Paus\u00e9iere&#8217; vum Krichsrecht, fir Walen ofzehalen oder aus anere Gr\u00ebnn, ass net m\u00e9iglech oder legal&#8221;, sot de Yurii Kliuchkovskyj g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p>&#8220;Dat d\u00e9ngt dem Schutz virun enger Besetzung oder huet och aner Gr\u00ebnn, z.B. wann eng ausl\u00e4nnesch Arm\u00e9i an d&#8217;Land amarsch\u00e9iert a seet: &#8216;Okay, loosst eis eng Wal organis\u00e9ieren&#8217; an en neie President an en neit Parlament a sou weider wielt. Et ass also en Outil fir de Schutz vun der Verfassung a vun der Regierung&#8221;, sot de Mykola Davydiuk.<\/p>\n<p>D&#8217;Verfassung vun der Ukrain gouf 1996 vot\u00e9iert an dat entspriechend Gesetz iwwer d&#8217;Rechtsuerdnung vum Krichsrecht am Joer 2015.<\/p>\n<p>&#8220;De President Selenskyj war zu d\u00ebsem Z\u00e4itpunkt nach net an der Politik aktiv an hat dow\u00e9inst keng M\u00e9iglechkeet, den Inhalt vun d\u00ebsem Gesetz ze beaflossen&#8221;, huet de Yurii Kliuchkovskyj betount.<\/p>\n<p>De Selenskyj gouf 2019 <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230802132327\/https:\/\/www.zeit.de\/zustimmung?url=https%3A%2F%2Fwww.zeit.de%2Fpolitik%2Fausland%2F2019-04%2Fukraine-wahl-komiker-wolodymyr-selenskyj-liegt-laut-prognosen-vorne\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gewielt<\/a> an huet den Informatioune vun der Walkommissioun no am zweete Walgang vun der Presidentschaftswal iwwer 73 Prozent vun de St\u00ebmme kritt, s\u00e4i Kontrahent Petro Poroschenko krut just 24,4 Prozent.<\/p>\n<p>Legitimit\u00e9it vu Walen a Krichsz\u00e4iten<\/p>\n<p>All d&#8217;Expertinnen an Experten, d\u00e9i vun der AFP befrot goufen, hunn unanime betount, dass d&#8217;Duerchf\u00e9iere vu legitimme Walen a Krichsz\u00e4iten op all Fall zimmlech kompliz\u00e9iert w\u00e4r.<\/p>\n<p>&#8220;Net all Wal ka wierklech als demokratesch bezeechent ginn: Rechtm\u00e9isseg Wale musse fr\u00e4i a fair sinn an am Aklang mat dem sougenannten &#8216;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/R9QK-TDLX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">europ\u00e4esche Walierwen<\/a>&#8216; ofgehale ginn, dat vun der Venedeg-Kommissioun vum Europarot formul\u00e9iert gouf&#8221;, huet de Yurii Kluchkovskyj erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>D\u00ebst sinn d&#8217;Haaptproblemer bei der Duerchf\u00e9ierung vu Wale w\u00e4rend engem Krich:<\/p>\n<p><strong>1. Kierperlech S\u00e9cherheet assur\u00e9ieren\u00a0 <\/strong><\/p>\n<p>Den \u00e9ischte Grond, firwat Walen net a Krichsz\u00e4iten ofgehale k\u00ebnne ginn, ass d&#8217;Schwieregkeet, d\u00e9i physesch S\u00e9cherheet souwuel vun der Wielerschaft w\u00e9i och vun den Organisateuren ze assur\u00e9ieren. Zanter dem Ufank vun de russeschen Attacke gouf dat gesamt Gebitt vun der Ukrain mat Rak\u00e9ite beschoss, heefeg goufen och Zivilistinnen an Ziviliste getraff. Wallokaler w\u00e4ren einfach Ziler.<\/p>\n<p>&#8220;Am ganze Land herrscht physesch Ons\u00e9cherheet. Mir gesinn, dass och a westleche Regioune kritesch Infrastruktur bombard\u00e9iert g\u00ebtt, d\u00e9i och Zivilistinnen an Ziviliste betr\u00ebfft. An d\u00ebser Hisiicht g\u00ebtt et och keng s\u00e9cher Gebidder. Dohier bedeit de Versuch, M\u00ebnschen a grousser Zuel fir eng Wal ze versammelen, si der Ons\u00e9cherheet auszesetzen&#8221;, sot d&#8217;Ioulia Shukan g\u00e9intiwwer der AFP, &#8220;besonnesch bei enger Front, d\u00e9i sech beweegt&#8221;.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/08\/8be7460a927564bbfd12ef445346c963.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;S\u00e9cherheet vu Politikerinnen a Politiker ass och e Sujet: &#8220;D&#8217;Presidentschaftswal ass m\u00e9i einfach, well een zu Kiew s\u00ebtzen a Fernsee, Facebook an aner Medien notze kann, awer wann een iwwer Kommunalwale schw\u00e4tzt, ass et wierklech ganz, ganz schwiereg&#8221;, sot den Davydiuk.<\/p>\n<p>&#8220;Mir sollten och d&#8217;Tatsaach ber\u00e9cksiichtegen, dass d\u00e9i befreit Gebidder staark verminnt sinn an et M\u00e9int a Joren dauert, bis d\u00ebs mat grousser S\u00e9cherheet vu Minne ges\u00e9chert goufen&#8221;, huet de Yurii Kliuchkovskyj betount.<\/p>\n<p><strong>2. Walkampf f\u00e9ieren\u00a0<\/strong><\/p>\n<p>&#8220;Wann d&#8217;Existenz vun engem Staat selwer \u00ebnner Beschoss steet, k\u00e9int et e gef\u00e9ierleche Ples\u00e9ier sinn, politesche Walkampf am Krichszoustand ze f\u00e9ieren&#8221;, sot de Kliuchkovskyj.<\/p>\n<p>\u00cbffentlech Versammlungen a Manifestatioune w\u00e4ren am Ausnamezoustand gesetzlech verbueden, dohier k\u00e9int et keen nennensw\u00e4erte Walkampf ginn, sou d&#8217;Ioulia Shukan. D&#8217;Duerchf\u00e9ierung vun enger Wal \u00ebnnert esou \u00cbmst\u00e4nn w\u00e4r &#8220;onvirstellbar&#8221;.<\/p>\n<p>&#8220;Demokratesch Wale k\u00ebnnen natierlech er\u00e9ischt ofgehale ginn, wa mir de Krich gewonnen hunn an d&#8217;Autorit\u00e9iten an de verluerene Gebidder nees d&#8217;Kontroll iwwerholl hunn. Awer er\u00e9ischt, wa mir d\u00e9i fr\u00e4i Medien, politesch Parteien an Aktivistinnen an Aktivisten an d&#8217;Gebidder zer\u00e9ckbruecht hunn&#8221;, sot de Mykola Davydiuk.<\/p>\n<p><strong>3. Ber\u00e9cksiichtegung vun internen an externe Fl\u00fcchtlingen<\/strong><\/p>\n<p>De Krich huet <a href=\"https:\/\/perma.cc\/MY6L-DQ45\">Millioune<\/a> vun Ukrainerinnen an Ukrainer verdriwwen, souwuel am Banneland w\u00e9i och an d&#8217;Ausland. D&#8217;Expertinnen an Experten hunn drop higewisen, dass d&#8217;Wieler-Registr\u00e9ierung \u00ebnnert d\u00ebsen \u00cbmst\u00e4nn ganz schwiereg w\u00e4r.<\/p>\n<p>Fir d&#8217;Gerechtegkeet vun de Walen ze assur\u00e9ieren, &#8220;ass et noutwenneg, eng zouverl\u00e4sseg Erfaassung vun de Biergerinnen a Bierger duerchzef\u00e9ieren, wat e w\u00e4itreechende Problem duerstellt an d&#8217;L\u00e9isung dovun erhieflech Ressourcen erfuerdert. D\u00e9i sinn \u00ebnner Krich-Konditioune knapp&#8221;, sot de Yurii Kliuchkovsky g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p>Virun deem Hannergrond, dass den UN-Fl\u00fcchtlingskommissariat UNHCR <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230802132726\/https:\/\/www.unhcr.org\/emergencies\/ukraine-emergency\">sch\u00e4tzt<\/a>, dass m\u00e9i w\u00e9i f\u00ebnnef Millioune M\u00ebnschen an der Ukrain intern verdriwwe sinn an aacht Milliounen d&#8217;Land a Richtung vun aneren europ\u00e4esche L\u00e4nner verlooss hunn, huet d&#8217;Ioulia Shukan d&#8217;Fro opgeworf: &#8220;W\u00e9i k\u00ebnnen d&#8217;Wale bei enger sou grousser Zuel vu verdriwwene M\u00ebnsche grondlee\u00ebnd organis\u00e9iert ginn?&#8221;<\/p>\n<p><strong>4. Besat Gebidder <\/strong><\/p>\n<p>Schliisslech bleift nach d&#8217;Fro vun de besate Gebidder, d\u00e9i no russeschem Recht ag\u00e9ieren a mat deenen d&#8217;Kommunikatioun \u00ebnnerbrach ass. Well et am Moment onm\u00e9iglech w\u00e4r, do ukrainesch Walen ofzehalen, w\u00e4ren d\u00ebs Gebidder vum demokratesche Prozess ausgeschloss, sot de Kliuchkovskyj.<\/p>\n<p>An de Joren 2014 bis 2021 w\u00e4r d&#8217;Ukrain scho gezwonge gewiescht, Walen ofzehalen, ouni best\u00ebmmt Gebidder anzebez\u00e9ien, an deenen d&#8217;S\u00e9cherheet net h\u00e4tt k\u00ebnnen assur\u00e9iert ginn. Dozou hunn och dat besat Gebitt vun der Krim, best\u00ebmmt Deeler vun de Gebidder Donezk a Luhansk souw\u00e9i weider ugrenzend Gebidder geh\u00e9iert, huet de Kliuchkovskyj erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>&#8220;Dat gouf vun der Gesellschaft net als positiv opgeholl. Schliisslech sollte souwuel d&#8217;Parlament w\u00e9i och de Staatspresident nom W\u00eblle vum ganze Vollek gewielt ginn, w\u00e9i et am Artikel 3 vum Protokoll Nr. 1 zu der Europ\u00e4escher M\u00ebnscherechtskonventioun festgeluecht ass&#8221;, sou den Expert weider.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/08\/821af63090912a18b4a574da4c0886ee.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Z\u00e4itweileg Uwendung vum Krichsrecht<\/p>\n<p>Obwuel sech d&#8217;Expertinnen an Experten eens sinn, dass d&#8217;Ukrain a Krichsz\u00e4iten net an der Lag w\u00e4r, demokratesch Walen ofzehalen, er\u00ebnnere si och dr\u00e9nglech dorun, dass d&#8217;Krichsrecht wierklech n\u00ebmmen a Krichsz\u00e4iten ugewannt sollt ginn.<\/p>\n<p>Den 28. November 2018 huet d&#8217;Regierung vum deemolege President <a href=\"https:\/\/perma.cc\/688J-T4M2\">Petro Poroschenko<\/a> an z\u00e9ng Regioune vun der Ukrain fir en Z\u00e4itraum vun 30 Deeg d&#8217;<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230802134733\/https:\/\/www.spiegel.de\/politik\/ausland\/ukraine-petro-poroschenko-verhaengt-kriegsrecht-was-ueber-den-erlass-bekannt-ist-a-1240522.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Krichsrecht<\/a> verhaangen, wat zu grousser Kritik aus ville Reien um Poroschenko senge Beweeggr\u00ebnn gefouert huet.<\/p>\n<p>&#8220;Zu d\u00ebser Z\u00e4it war de Petro Poroschenko President vun der Ukrain an d\u00ebse Schratt war op d&#8217;Aggressioun vu Grenz-Sch\u00ebffer vun der Russescher Federatioun an der Strooss vu Kertsch zer\u00e9ckzef\u00e9ieren. Et g\u00ebtt awer d&#8217;Meenung, dass d\u00ebs Aktioun vum Petro Poroschenko politesch motiv\u00e9iert war, well d&#8217;Presidentschaftswalen 2019 sollten ofgehale ginn&#8221;, huet den Zenter fir Politik a Rechtsform, eng ukrainesch <a href=\"https:\/\/archive.is\/ORXNO\">Organisatioun<\/a>, d\u00e9i sech op Froen zu Demokratie, Rechtsstaatlechkeet a gudder Regierungsf\u00e9ierung spezialis\u00e9iert huet, den 21. Juli 2023 g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>Trotzdeem w\u00e4r d\u00ebs Situatioun &#8220;net vergl\u00e4ichbar mat dem 24. Februar 2022&#8221;.<\/p>\n<p>Onfaire politesche Virdeel fir de Selenskyj?<\/p>\n<p>E puer Expertinnen an Experte warnen, dass eng verl\u00e4ngert Uwendung vum Krichsrecht dem Selenskyj e Virdeel g\u00e9intiwwer senge politesche G\u00e9ignerinnen a G\u00e9igner verschafe k\u00e9int.<\/p>\n<p>&#8220;Hien ass en eenzegaartegen Typ am Feld vun de Kandidaten, w\u00e9i e Superleader. Hie kann Entrevu\u00eb mam Biden, dem Kinnek Charles, mam Macron, mam Orban a mat wiem och \u00ebmmer organis\u00e9ieren. An der T\u00ebschenz\u00e4it k\u00ebnnen d\u00e9i aner Politikerinnen a Politiker net emol d&#8217;Land verloossen&#8221;, sot den Davydiuk. &#8220;De Wettbewerb ass net fair.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/08\/549a66be58f846ad454f85986a775df3.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Den anere Problem w\u00e4r, dass d&#8217;Medien an der Ukrain w\u00e4rend dem Krich net fr\u00e4i w\u00e4ren, sot den Expert. Den eenzege groussen offizielle Fernseesender st\u00e9ing \u00ebnnert der Kontroll vun der Regierung, &#8220;dohier ass de President bei w\u00e4item d\u00e9i st\u00e4erkst Figur&#8221;, sot hien.<\/p>\n<p>Dem Davydiuk no w\u00e4ren aner Kandidatinnen a Kandidate w\u00e9i de Selenskyj och nom Ophiewe vum Krichsrecht weiderhin extreem benodeelegt, wann d&#8217;Walen ze s\u00e9ier ofgehale g\u00e9ife ginn, well si net dee selwechten Zougang zu Medie gehat h\u00e4tten, ze s\u00e9ier domat besch\u00e4ftegt gewiescht w\u00e4ren, am Krich ze k\u00e4mpfen a keng Z\u00e4it gehat h\u00e4tten, en uerdentleche politesche Walkampf ze organis\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Den <a href=\"http:\/\/www.democracyhouse.com.ua\/en\/nasha-komanda\/\">Anatoliy Oktysiuk<\/a> ass Politikanalyst beim Think Tank Democracy House zu Kiew (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/2VXP-3G3T\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). Hie sot de 14. Juli 2023 g\u00e9intiwwer der AFP: &#8220;A Krichsz\u00e4ite brauch de Staat s\u00e9ier Decisiounen a Moossnamen, wat Institutiounen net \u00ebmmer leeschte k\u00ebnnen. Dat ass gutt fir d&#8217;Krichsz\u00e4it, awer schlecht fir de Fridden.&#8221;<\/p>\n<p>An awer g\u00e9if dem Selenskyj s\u00e4i staarkt Ofschneide bei der Wal 2019 him eng staark Legitimit\u00e9it am Entscheedungsprozess ginn an hie w\u00e4r ganz gesch\u00e9ckt doran, d&#8217;Bev\u00eblkerung ze mobilis\u00e9ieren, huet den Oktysiuk b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt.<\/p>\n<p><strong>Fazit<\/strong>: Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet keng Walen an der Ukrain verbueden a sech net iwwer d&#8217;ukrainescht Gesetz ewechgesat. Am G\u00e9igendeel: Well d&#8217;Krichsrecht am Moment an der Ukrain a Kraaft ass, k\u00ebnne keng Walen ofgehale ginn. Expertinnen an Experten hunn der AFP ausserdeem erkl\u00e4ert, dass et immens schwiereg w\u00e4r, a Krichsz\u00e4ite gerecht Walen ze organis\u00e9ieren. \u00cbnnert anerem w\u00e4r dob\u00e4i d&#8217;S\u00e9cherheet vun der Wielerschaft a vun den Organisateuren a Gefor.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Dat ukrainescht Gesetz \u00ebnnerseet et Walen duerchzef\u00e9ieren, w\u00e4rend sech d&#8217;Land am Krich bef\u00ebnnt. An de sozialen Netzwierker ass awer d&#8217;Behaaptung am \u00cbmlaf, dass den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj e &#8220;faschisteschen Diktator&#8221; w\u00e4r, deen d\u00e9i demokratesch Wale &#8220;verbueden&#8221; h\u00e4tt, fir un der Muecht ze bleiwen.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":279452,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[191,217,181],"tags":[],"class_list":{"0":"post-279487","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-politik","8":"category-ukraine-lb","9":"category-uncategorized-lb"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2101692","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2101692.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Keng Walen an der Ukrain, well aktuell d&#039;Krichsrecht g\u00ebllt - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Keng Walen an der Ukrain, well aktuell d&#039;Krichsrecht g\u00ebllt - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Dat ukrainescht Gesetz \u00ebnnerseet et Walen duerchzef\u00e9ieren, w\u00e4rend sech d&#039;Land am Krich bef\u00ebnnt. An de sozialen Netzwierker ass awer d&#039;Behaaptung am \u00cbmlaf, dass den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj e &quot;faschisteschen Diktator&quot; w\u00e4r, deen d\u00e9i demokratesch Wale &quot;verbueden&quot; h\u00e4tt, fir un der Muecht ze bleiwen.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-08-10T13:00:47+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-08-16T15:31:55+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/08\/319d0ef9f388a4909731faaf70628450.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"540\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"13 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Keng Walen an der Ukrain, well aktuell d&#8217;Krichsrecht g\u00ebllt\",\"datePublished\":\"2023-08-10T13:00:47+00:00\",\"dateModified\":\"2023-08-16T15:31:55+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/\"},\"wordCount\":2632,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/08\/319d0ef9f388a4909731faaf70628450.jpeg\",\"articleSection\":[\"Politik\",\"Ukraine\",\"Uncategorized @lb\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/\",\"name\":\"Faktencheck: Keng Walen an der Ukrain, well aktuell d'Krichsrecht g\u00ebllt - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/08\/319d0ef9f388a4909731faaf70628450.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-08-10T13:00:47+00:00\",\"dateModified\":\"2023-08-16T15:31:55+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/08\/319d0ef9f388a4909731faaf70628450.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/08\/319d0ef9f388a4909731faaf70628450.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":540,\"caption\":\"Faktencheck: Keng Walen an der Ukrain, well aktuell d'Krichsrecht g\u00ebllt - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Keng Walen an der Ukrain, well aktuell d&#8217;Krichsrecht g\u00ebllt\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Keng Walen an der Ukrain, well aktuell d'Krichsrecht g\u00ebllt - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Keng Walen an der Ukrain, well aktuell d'Krichsrecht g\u00ebllt - EDMO Belux","og_description":"Dat ukrainescht Gesetz \u00ebnnerseet et Walen duerchzef\u00e9ieren, w\u00e4rend sech d'Land am Krich bef\u00ebnnt. An de sozialen Netzwierker ass awer d'Behaaptung am \u00cbmlaf, dass den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj e \"faschisteschen Diktator\" w\u00e4r, deen d\u00e9i demokratesch Wale \"verbueden\" h\u00e4tt, fir un der Muecht ze bleiwen.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-08-10T13:00:47+00:00","article_modified_time":"2023-08-16T15:31:55+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":540,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/08\/319d0ef9f388a4909731faaf70628450.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"13 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Keng Walen an der Ukrain, well aktuell d&#8217;Krichsrecht g\u00ebllt","datePublished":"2023-08-10T13:00:47+00:00","dateModified":"2023-08-16T15:31:55+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/"},"wordCount":2632,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/08\/319d0ef9f388a4909731faaf70628450.jpeg","articleSection":["Politik","Ukraine","Uncategorized @lb"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/","name":"Faktencheck: Keng Walen an der Ukrain, well aktuell d'Krichsrecht g\u00ebllt - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/08\/319d0ef9f388a4909731faaf70628450.jpeg","datePublished":"2023-08-10T13:00:47+00:00","dateModified":"2023-08-16T15:31:55+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/08\/319d0ef9f388a4909731faaf70628450.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/08\/319d0ef9f388a4909731faaf70628450.jpeg","width":1080,"height":540,"caption":"Faktencheck: Keng Walen an der Ukrain, well aktuell d'Krichsrecht g\u00ebllt - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-walen-an-der-ukrain-well-aktuell-dkrichsrecht-gllt\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Keng Walen an der Ukrain, well aktuell d&#8217;Krichsrecht g\u00ebllt"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/279487","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=279487"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/279487\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/279452"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=279487"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=279487"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=279487"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}