{"id":285679,"date":"2023-09-13T07:00:52","date_gmt":"2023-09-13T07:00:52","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=285679"},"modified":"2023-09-12T08:47:40","modified_gmt":"2023-09-12T08:47:40","slug":"faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Fleesch, M\u00ebllechprodukter a Privatautoe bleiwen och no 2030 erlaabt"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Am Par\u00e4isser Klimaofkommes hu sech d&#8217;Vereenten Natiounen d&#8217;Zil vun 1,5 Grad gesat, fir g\u00e9int d&#8217;Klimaerwiermung virzegoen. A sozialen Netzwierker g\u00ebtt f\u00e4lschlecherweis behaapt, 100 Stied g\u00e9ifen &#8211; \u00ebnnerst\u00ebtzt vum Weltwirtschaftsforum &#8211; de Konsum vu Fleesch a M\u00ebllechprodukter oder och de Bes\u00ebtz vu privaten Autoen ab 2030 verbidden.<\/p>\n<p>&#8220;100 Stied w\u00eblle bis 2030 Fleesch, M\u00ebllechprodukter a privat Autoe verbidden&#8221;, heescht et an der Iwwerschr\u00ebft vun engem online gedeelten Artikel. &#8220;Fir dat &#8216;Zil&#8217; ze erreechen, hu sech d&#8217;C40-Stied verflicht, dass hir Awunner d\u00e9i follgend L\u00ebscht vu verbindleche Reegelen anhale w\u00e4erten: 0 kg Fleeschkonsum, 0 kg M\u00ebllechprodukter, 3 nei Kleedungsst\u00e9cker pro Persoun a Joer, 0 privat Gefierer am Bes\u00ebtz, 1 Kuerzstreckefluch (manner w\u00e9i 1500 km) all 3 Joer pro Persoun&#8221;, g\u00ebtt an d\u00ebsem <a href=\"https:\/\/archive.ph\/d1Jwj\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">B\u00e4itrag<\/a> aus dem Artikel zit\u00e9iert, deen iwwer 200 Mol gedeelt gouf.<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/42KQ-8HZF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a> staamt vum Internetblog &#8220;tkp&#8221;, d&#8217;Behaaptung ass och an Artikelen op den Internets\u00e4ite vu &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/V935-ZWFU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Report24<\/a>&#8220;, &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/9S8D-N786\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Weltwoche<\/a>&#8220;, &#8220;<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230829092551\/https:\/\/www.tichyseinblick.de\/video\/5-vor-12\/keine-wuerstchen-mehr-fuer-frankfurt\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Tichys Einblick<\/a>&#8221; a &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/P745-XKH6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Reitschuster<\/a>&#8221; ze fannen. D&#8217;AFP huet an der Vergaangenheet scho Falschbehaaptungen iwwerpr\u00e9ift, d\u00e9i beispillsweis vu &#8220;tpk&#8221; a &#8220;Report24&#8221; verbreet goufen (<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.33QQ6WT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.33T84QN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>).<\/p>\n<p>Och op <a href=\"https:\/\/archive.ph\/ySCck\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> (fr\u00e9ier Twitter) fanne sech Honnerte vu gedeelte B\u00e4itr\u00e4g mat der Behaaptung, an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5DMU-GJ5W\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram-Kaneel<\/a> goufen Norichten iwwer d\u00ebse Sujet iwwer honnertdausend Mol ugekuckt. En <a href=\"https:\/\/perma.cc\/92U9-JF2H\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Tiktok-Video<\/a>, an deem e Mann iwwer d&#8217;Behaaptung schw\u00e4tzt, gouf och iwwer dausend Mol gedeelt.<\/p>\n<p>Net just privat Notzerinnen an Notzer verbreeden d\u00ebs Behaaptung iwwer dat angeeblecht Virgoe vu Stied, och d\u00e9i d\u00e4itsch Querdenker-Partei <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9U6X-ZALB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Die Basis<\/a> (Facebook-B\u00e4itrag <a href=\"https:\/\/archive.ph\/Q8mFo\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert), d&#8217;AfD-Deput\u00e9iert am Bundestag <a href=\"https:\/\/perma.cc\/G776-SMLT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Dirk Spaniel<\/a> und <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6NMU-QJX9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">J\u00f6rn K\u00f6nig<\/a> (B\u00e4itr\u00e4g <a href=\"https:\/\/archive.ph\/fRvRG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/archive.ph\/JFujO\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) souw\u00e9i d\u00e9i nationalkonservativ <a href=\"https:\/\/perma.cc\/UC37-A3YV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Schweizerische Volkspartei<\/a> (B\u00e4itrag <a href=\"https:\/\/archive.ph\/j0orm\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) hu se op Facebook gedeelt.<\/p>\n<p>\u00c4nlech Behaaptungen doriwwer eraus sinn op <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.33NJ8FK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Englesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/factual.afp.com\/doc.afp.com.33BP8V7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Spuenesch<\/a> a <a href=\"https:\/\/archive.ph\/nkijO\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Finnesch<\/a> am \u00cbmlaf.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/1ca9a1c4c111e31d6ab597aa0a5b6f86.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>D&#8217;Behaaptunge sinn awer falsch. D&#8217;B\u00e4itr\u00e4g an den Artikel, dee mat hinne gedeelt g\u00ebtt, beruffe sech op e <a href=\"https:\/\/c40.my.salesforce.com\/sfc\/p\/#36000001Enhz\/a\/1Q000000MdxA\/V3QLW6RLSz3O1N7QGaBkJC_ezIfKteg_zgIe5o57GFI\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bericht<\/a> aus dem Joer 2019 (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2ZZQ-DGN7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert), deen \u00ebnner dem Titel &#8220;The Future of Urban Consumption in a 1.5C World&#8221; (op L\u00ebtzebuergesch &#8220;D&#8217;Zukunft vum st\u00e4ttesche Konsum an enger 1,5-Grad-Welt&#8221;) vum Netzwierk vun den C40-Stied ver\u00ebffentlecht gouf.<\/p>\n<p>Bei d\u00ebsem <a href=\"https:\/\/www.c40.org\/de\/about-c40\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Netzwierk<\/a> handelt et sech \u00ebm eng Grupp vu weltw\u00e4it ronn 100 Buergermeeschteschen a Buergermeeschteren (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/J7ZM-7EW7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert), d\u00e9i sech zesummegedoen hunn, fir zesumme g\u00e9int de Klimawandel virzegoen, andeem se hir Z\u00e4regasemissioune reduz\u00e9iere w\u00ebllen.<\/p>\n<p>Eng R\u00ebtsch vun de B\u00e4itr\u00e4g schw\u00e4tzen net just vun 100, mee vun 1000 Stied, w\u00e9i d\u00ebsen dacks gedeelte B\u00e4itrag op <a href=\"https:\/\/archive.ph\/zW2F7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a>:<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/e1605d731e4e8503987bbc0fa1f740ee.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>Dat k\u00ebnnt dohier, dass d&#8217;Netzwierk vun den C40 zesumme mat weidere Partnere zu der Campagne <a href=\"https:\/\/www.c40.org\/de\/what-we-do\/building-a-movement\/cities-race-to-zero\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;Race to Zero&#8221;<\/a> opgeruff huet (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/PCD4-JS97\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). Dob\u00e4i sollen 1000 Stied zesummeschaffen, fir hir \u00cbnnerst\u00ebtzung fir integrativ Klimaschutzmesuren am Aklang mat den Ziler vum Par\u00e4isser Ofkommes ze demonstr\u00e9ieren.<\/p>\n<p>CO2-Emissiounen duerch Konsumverhalen<\/p>\n<p>Am Rapport vun den C40-Stied aus dem Joer 2019 heescht zu den Z\u00e4regasen, d\u00e9i duerch Konsumverhalen entstinn: &#8220;Am Joer 2017 hunn d&#8217;Emissiounen, d\u00e9i a Relatioun mat Liewensm\u00ebttel stinn, sch\u00e4tzungsweis 13 Prozent vun de gesamte verbrauchsbed\u00e9ngten Emissiounen an den C40-Stied ausgemaach.&#8221; D&#8217;Zil vum Rapport w\u00e4r et, &#8220;praktesch Moossnamen unzereegen&#8221;.<\/p>\n<p>&#8220;Ongef\u00e9ier dr\u00e4i V\u00e9ierel vun d\u00ebsen Emissioune stamen aus der Consommatioun vun d\u00e9ieresche Liewensm\u00ebttel, d\u00e9i aner 25 Prozent aus der Consommatioun vu planzleche Liewensm\u00ebttel&#8221; heescht et.<\/p>\n<p>Et\u00fcd formul\u00e9iert Ziler fir CO2-Reduktioun<\/p>\n<p>Fir de Bericht huet d&#8217;Netzwierk vun den C40-Stied mat der Universit\u00e9it Leeds an der global t\u00e4teger Firma <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5B84-UHA5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Arup,<\/a> d\u00e9i op nohalteg Entw\u00e9cklung spezialis\u00e9iert ass, zesummegeschafft. Dora goufe Modeller ausgeschafft, w\u00e9i f\u00ebnnef verschidde liewensm\u00ebttelbezu Moossnamen d&#8217;Evolutioun vun der globaler Erwiermung beaflosse g\u00e9ifen. De Bericht enth\u00e4lt souwuel &#8220;progressiv&#8221; w\u00e9i och &#8220;\u00e9ierg\u00e4izeg&#8221; Ziler fir 2030.<\/p>\n<p>D\u00e9i &#8220;\u00e9ierg\u00e4izeg&#8221; Ziler gi vun engem Null-Kilogramm-Konsum vu Fleesch a M\u00ebllechprodukter, enger Uewergrenz vun 2500 Kalorien den Dag a kenge Liewensm\u00ebtteloff\u00e4ll an engem Stot aus.<\/p>\n<p>&#8220;Wann d&#8217;C40-Stied hir Gewunnechte vum Liewensm\u00ebttelkonsum am Aklang mat de festgeluechte progressiven Ziler \u00e4nneren, k\u00e9inten d&#8217;Emissiounen an d\u00ebser Kategorie t\u00ebscht 2017 an 2050 \u00ebm 51 Prozent gesenkt ginn&#8221;, heescht et an deem Bericht. &#8220;D&#8217;Unhuele vun \u00e9ierg\u00e4izegen Ziler g\u00e9if eng weider Reduz\u00e9ierung \u00ebm 9 Prozent erm\u00e9iglechen.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/cdcd7210697b07f61e83b1cf2c113075.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/b0b92d10f3ebc6db851e3d9dfbb6aa8a.jpeg\" alt=\"RTL\" \/><\/p>\n<p>De Bericht enth\u00e4lt och dat \u00e9ierg\u00e4izegt Zil, den Neikaf vu Kleedung pro Persoun a Joer op dr\u00e4i Kleedungsst\u00e9cker ze reduz\u00e9iere souw\u00e9i d&#8217;Reduktioun op keng Persounegefierer am Privatbes\u00ebtz ab dem Joer 2030.<\/p>\n<p>Keent vun d\u00ebsen Ziler ass dob\u00e4i eng Recommandatioun fir politesch Entscheedungen. &#8220;An d\u00ebsem Bericht g\u00ebtt net dofir pl\u00e4d\u00e9iert, d\u00ebs \u00e9ierg\u00e4izeg Ziler an allen C40-Stied ze iwwerhuelen. Villm\u00e9i solle se eng Rei vu Bezuchspunkte bidden, iwwer d\u00e9i Stied an aner Acteuren nodenke k\u00ebnnen, wa se verschidden Alternative fir d&#8217;Emissiounsreduz\u00e9ierung a laangfristeg st\u00e4ttesch Visiounen a Betruecht z\u00e9ien&#8221; heescht et am Dokument.<\/p>\n<p>D&#8217;Netzwierk huet best\u00e4tegt, dass de Bericht &#8220;eng Analys vun op Konsum bas\u00e9ierenden Emissiounen an den C40-Stied ass an et sech net \u00ebm e Plang fir Stied handelt, dee si iwwerhuele sollen&#8221;, huet e Spriecher an enger E-Mail vum 10. Juli 2023 g\u00e9intiwwer der AFP matgedeelt. &#8220;Et ass un all Eenzelem, seng eegen Entscheedunge fir s\u00e4i Liewensstil ze treffen, inklusiv de Liewensm\u00ebttel, d\u00e9i hien zou sech h\u00eblt, an der Kleedung, d\u00e9i hie bevirdeelegt.&#8221;<\/p>\n<p>WEF widderspr\u00e9cht Behaaptungen<\/p>\n<p>An den Artikelen a B\u00e4itr\u00e4g g\u00ebtt ausserdeem de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9DJZ-6DSZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Weltwirtschaftsforum<\/a> (Englesch: World Economic Forum, WEF) genannt, deen deemno mat de Pl\u00e4ng vun de Stied a Verbindung stoe soll. Effektiv hunn d&#8217;C40-Stied eng <a href=\"https:\/\/www.weforum.org\/organizations\/c40-cities-climate-leadership-group\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">S\u00e4it<\/a> op der Internets\u00e4it vum WEF (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7442-DTTA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). Op der L\u00ebscht vun hire <a href=\"https:\/\/www.c40.org\/de\/funders-partners\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Partner a Donateure<\/a> f\u00e9ieren d&#8217;C40-Stied de Forum net op (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/NEQ8-SA6Z\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert), par conter gi se als <a href=\"https:\/\/www.weforum.org\/impact\/net-zero-carbon-future-for-cities\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Partner<\/a> fir den Equivalent vum WEF, d'&#8221;Net Zero Carbon Cities&#8221; opgef\u00e9iert (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/WG2Y-FA4M\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>De WEF, eng international Netregierungsorganisatioun, d\u00e9i all Joer zu Davos an der Schw\u00e4iz zesummek\u00ebnnt, ass heefeg Zil vun Desinformatiounen. D&#8217;AFP huet an der Vergaangenheet scho Falschbehaaptungen iwwer de WEF widderluecht, zum Beispill iwwer eng <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.33MU7MZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">KI-gener\u00e9iert Bibel<\/a> oder <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.33R39F4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Klima-Lockdowns<\/a>.<\/p>\n<p>Och de WEF huet de Rumeure ronder\u00ebm d&#8217;Beschr\u00e4nkunge fir Fleesch a M\u00ebllechprodukter widdersprach, w\u00e9i de Spriecher vum WEF, de Yann Zopf, g\u00e9intiwwer der AFP an enger E-Mail vum 7. Juli 2023 erkl\u00e4ert an och d&#8217;Behaaptungen als &#8220;komplett falsch&#8221; bezeechent huet. Doriwwer eraus h\u00e4tt d&#8217;Organisatioun guer keen Afloss op Regierungen oder d&#8217;Politik.<\/p>\n<p>&#8220;W\u00e4rend de Weltwirtschaftsforum dozou b\u00e4idr\u00e9it, doriwwer nozedenken, w\u00e9i eng wuessend Weltbev\u00eblkerung nohalteg an narhaft ern\u00e4ert k\u00e9int ginn, huet eis Organisatioun net d&#8217;Absicht, d&#8217;Ernierung vun de M\u00ebnschen anzeschr\u00e4nken&#8221;, huet den Zopf erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>Kee Bezuch zu &#8220;Smart Cities&#8221;<\/p>\n<p>De WEF dirig\u00e9iert d&#8217;G20 Global Smart Cities Alliance on Technology Governance, eng <a href=\"https:\/\/www.weforum.org\/impact\/smart-cities-governance-alliance\/#:~:text=The%20G20%20Global%20Smart%20Cities,36%20cities%20around%20the%20world.\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Initiativ<\/a>, d\u00e9i eng verantwortungsvoll an eethesch Notzung vu Smart-City-Technologi\u00eb s\u00e9cherstelle w\u00ebll (Link <a href=\"https:\/\/archive.ph\/sfCSh\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). A <a href=\"https:\/\/perma.cc\/NW62-4ZRX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Smart Cities<\/a> soll intelligent Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologie d&#8217;Bedeelegung an d&#8217;Liewensqualit\u00e9it erh\u00e9ijen souw\u00e9i d\u00e9i nohalteg Entw\u00e9cklung f\u00ebrderen. Och bei d\u00ebsem Projet ass Arup <a href=\"https:\/\/www.weforum.org\/organizations\/arup-group-ltd\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Partner<\/a> (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3QUA-69MK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>An d\u00ebsem vum WEF dirig\u00e9ierten Zesummeschloss setze 36 Stied Pion\u00e9ierprojeten \u00ebm a w\u00eblle sou den Zougang zu Infrastruktur an Ariichtunge verbesseren an zuk\u00fcnfteg Technologien, w\u00e9i autonom Gefierer, plangen. Am Bericht vun den C40-Stied aus dem Joer 2019 gi Smart Cities awer net ernimmt.<\/p>\n<p>Am Zesummenhang mat der Falschbehaaptung iwwer d&#8217;Consommatiounsaschr\u00e4nkunge g\u00ebtt an de B\u00e4itr\u00e4g an Artikelen och de &#8220;Great Reset&#8221; genannt. Dob\u00e4i handelt et sech \u00ebm den Titel vun engem\u00a0<a href=\"https:\/\/www.weforum.org\/press\/2020\/07\/klaus-schwab-and-thierry-malleret-release-covid-19-the-great-reset-the-first-policy-book-on-the-covid-crisis-globally\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Buch<\/a> vum Klaus Schwab aus dem Joer 2020 (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6TRS-DTV7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) iwwer d&#8217;Auswierkunge vun der Corona-Pandemie souw\u00e9i \u00ebm eng <a href=\"https:\/\/www.weforum.org\/focus\/the-great-reset\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Initiativ<\/a> vum WEF fir d&#8217;\u00cbmgestaltung vun der Ekonomie, fir global Erausfuerderunge meeschteren ze k\u00ebnnen (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/GEU3-QM6W\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). D&#8217;Initiativ ger\u00e9it \u00ebmmer nees an de Fokus vu Konspiratiounstheorien, w\u00e9i d&#8217;AFP beispillsweis <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32932M3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> beliicht huet.<\/p>\n<p><strong>Fazit<\/strong>: Behaaptungen, no deenen 100 resp. 1000 Stied ab 2030 Fleesch, M\u00ebllechprodukter an an de Bes\u00ebtz vu Privatautoe verbidde w\u00ebllen, si falsch. Se berouen op dem Bericht vum Netzwierk vun den C40-Stied, dee Stied Denkust\u00e9iss fir d&#8217;Reduktioun vun den Z\u00e4regasemissioune soll liwweren. Och e Spriecher vum Netzwierk souw\u00e9i de WEF-Spriecher Yann Zopf hunn der Behaaptung widdersprach.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Am Par\u00e4isser Klimaofkommes hu sech d&#8217;Vereenten Natiounen d&#8217;Zil vun 1,5 Grad gesat, fir g\u00e9int d&#8217;Klimaerwiermung virzegoen. A sozialen Netzwierker g\u00ebtt f\u00e4lschlecherweis behaapt, 100 Stied g\u00e9ifen &#8211; \u00ebnnerst\u00ebtzt vum Weltwirtschaftsforum &#8211; de Konsum vu Fleesch a M\u00ebllechprodukter oder och de Bes\u00ebtz vu privaten Autoen ab 2030 verbidden.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":285654,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,183,193],"tags":[],"class_list":{"0":"post-285679","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-fact-check-lb","9":"category-gesellschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2111215","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2111215.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Fleesch, M\u00ebllechprodukter a Privatautoe bleiwen och no 2030 erlaabt - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Fleesch, M\u00ebllechprodukter a Privatautoe bleiwen och no 2030 erlaabt - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Am Par\u00e4isser Klimaofkommes hu sech d&#039;Vereenten Natiounen d&#039;Zil vun 1,5 Grad gesat, fir g\u00e9int d&#039;Klimaerwiermung virzegoen. A sozialen Netzwierker g\u00ebtt f\u00e4lschlecherweis behaapt, 100 Stied g\u00e9ifen - \u00ebnnerst\u00ebtzt vum Weltwirtschaftsforum - de Konsum vu Fleesch a M\u00ebllechprodukter oder och de Bes\u00ebtz vu privaten Autoen ab 2030 verbidden.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-09-13T07:00:52+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/9078d07698912c2b0616f5abfd01844d.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"540\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"7 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Fleesch, M\u00ebllechprodukter a Privatautoe bleiwen och no 2030 erlaabt\",\"datePublished\":\"2023-09-13T07:00:52+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/\"},\"wordCount\":1478,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/9078d07698912c2b0616f5abfd01844d.jpeg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Fact Check\",\"Gesellschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/\",\"name\":\"Faktencheck: Fleesch, M\u00ebllechprodukter a Privatautoe bleiwen och no 2030 erlaabt - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/9078d07698912c2b0616f5abfd01844d.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-09-13T07:00:52+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/9078d07698912c2b0616f5abfd01844d.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/9078d07698912c2b0616f5abfd01844d.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":540,\"caption\":\"Faktencheck: Fleesch, M\u00ebllechprodukter a Privatautoe bleiwen och no 2030 erlaabt - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Fleesch, M\u00ebllechprodukter a Privatautoe bleiwen och no 2030 erlaabt\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Fleesch, M\u00ebllechprodukter a Privatautoe bleiwen och no 2030 erlaabt - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Fleesch, M\u00ebllechprodukter a Privatautoe bleiwen och no 2030 erlaabt - EDMO Belux","og_description":"Am Par\u00e4isser Klimaofkommes hu sech d'Vereenten Natiounen d'Zil vun 1,5 Grad gesat, fir g\u00e9int d'Klimaerwiermung virzegoen. A sozialen Netzwierker g\u00ebtt f\u00e4lschlecherweis behaapt, 100 Stied g\u00e9ifen - \u00ebnnerst\u00ebtzt vum Weltwirtschaftsforum - de Konsum vu Fleesch a M\u00ebllechprodukter oder och de Bes\u00ebtz vu privaten Autoen ab 2030 verbidden.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-09-13T07:00:52+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":540,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/9078d07698912c2b0616f5abfd01844d.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"7 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Fleesch, M\u00ebllechprodukter a Privatautoe bleiwen och no 2030 erlaabt","datePublished":"2023-09-13T07:00:52+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/"},"wordCount":1478,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/9078d07698912c2b0616f5abfd01844d.jpeg","articleSection":["\u00cbmwelt","Fact Check","Gesellschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/","name":"Faktencheck: Fleesch, M\u00ebllechprodukter a Privatautoe bleiwen och no 2030 erlaabt - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/9078d07698912c2b0616f5abfd01844d.jpeg","datePublished":"2023-09-13T07:00:52+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/9078d07698912c2b0616f5abfd01844d.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/9078d07698912c2b0616f5abfd01844d.jpeg","width":1080,"height":540,"caption":"Faktencheck: Fleesch, M\u00ebllechprodukter a Privatautoe bleiwen och no 2030 erlaabt - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-fleesch-mllechprodukter-a-privatautoe-bleiwen-och-no-2030-erlaabt\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Fleesch, M\u00ebllechprodukter a Privatautoe bleiwen och no 2030 erlaabt"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/285679","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=285679"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/285679\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/285654"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=285679"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=285679"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=285679"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}