{"id":286072,"date":"2023-09-12T14:17:39","date_gmt":"2023-09-12T14:17:39","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=286072"},"modified":"2023-09-12T14:20:04","modified_gmt":"2023-09-12T14:20:04","slug":"net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/","title":{"rendered":"Net just bei Corona: Impfung: G\u00e9int Krankheet sch\u00fctzen oder eis muttw\u00eblleg \u00ebmbr\u00e9ngen?"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>Grad \u00ebm d&#8217;Impfunge ginn et \u00ebmmer nees d\u00e9i w\u00ebllsten Theorien. An och, wa se quasi all scho widderluecht konnte ginn, hale se sech awer haartn\u00e4ckeg.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>\u00cbmmer nees h\u00e9iert ee vu Leit dobaussen oder liest een am Internet d\u00e9i w\u00ebllsten, kuri\u00e9isten a verschiddensten Theorien. Iwwert de Summer gr\u00e4ife mer bei RTL.lu d\u00e9i bekanntste Verschw\u00f6rungstheorien aus de verschiddenste Ber\u00e4icher op, prob\u00e9ieren z&#8217;erkl\u00e4ren, u wat d&#8217;Supporter vun den eenzelen Theori\u00eb gleewen, a setzen deem w\u00ebssenschaftlech Erkl\u00e4rungen a Fakten entg\u00e9int.<\/p>\n<p class=\"article-title\">Wou k\u00ebnnt d&#8217;Angscht virun der Impfung hier?<\/p>\n<p>1998 huet den Dokter Andrew Jeremy Wakefield am medezinesche Fachmagasinn &#8220;The Lancet&#8221; en Artikel publiz\u00e9iert, deen an der Fachwelt an och beim Public fir vill Opreegung gesuergt huet. A sengem Schreiwes ass hien op 12 F\u00e4ll agaangen, wou hien iwwerzeegt war, datt MMR-Kombinatiounsvaccinen, d\u00e9i \u00ebnner anerem g\u00e9int Mumps oder Riedelen agesat ginn, bei de Kanner zu Autismus gefouert hunn. D\u00ebsen Artikel huet dofir gesuergt, datt a Groussbritannien a sp\u00e9ider och weltw\u00e4it d\u00e4itlech manner Leit sech an hir Kanner impfe gelooss hunn.<\/p>\n<p>No Kritik un der Methodik an dem Widderlee\u00eb vum Wakefield sengen Aussoe gouf den Artikel aus dem Magasinn zer\u00e9ckgezunn, an awer h\u00e4lt sech d\u00ebs Theorie nach \u00ebmmer an de K\u00e4pp vun de Supporter an am Internet. Dow\u00e9inst g\u00ebtt den Andrew Wakefield och nach g\u00e4ren als &#8220;Papp vun allen Impfg\u00e9igner&#8221; bezeechent, och wann et scho virun d\u00ebser Publikatioun Leit gouf, d\u00e9i sech g\u00e9int Impfunge gewiert hunn.<\/p>\n<p class=\"article-title\">Angscht virun der Impfung: E grousst Thema (och w\u00e4rend Corona)<\/p>\n<p>D&#8217;Publikatioun vum Wakefield huet dozou gefouert, datt nach m\u00e9i Leit Angscht virun der Impfung kruten oder reegelrecht zu Impfg\u00e9igner gi sinn. Si hu sech selwer awer och hir Kanner net impfe gelooss an och prob\u00e9iert, mat hirem angeebleche W\u00ebssen iwwert d&#8217;Impfungen hir Matm\u00ebnschen ze iwwerzeegen, sech net impfen ze loossen.<\/p>\n<p>E groussen an \u00e9ischter trauregen H\u00e9ichpunkt hat d\u00ebs &#8220;Beweegung&#8221; dann 2020 an 2021, wou d&#8217;Covid-Pandemie an d\u00e9i fir vill Leit vill ze vill s\u00e9ier hiergestallte Corona-Impfungen H\u00e9ichkonjunktur haten. Aus dem &#8220;<em>Impfunge k\u00ebnne krank maachen<\/em>&#8221; oder &#8220;<em>Impfunge k\u00ebnne schw\u00e9ier Niewewierkungen hunn<\/em>&#8221; gouf dann an den extreem F\u00e4ll och &#8220;<em>mRNA-Vaccine ver\u00e4nneren eis DNA<\/em>&#8220;, <em>&#8220;Impfunge sollen d&#8217;M\u00ebnschheet \u00ebmbr\u00e9ngen<\/em>&#8221; oder &#8220;<em>mat Impfunge soll d&#8217;Populatioun kontroll\u00e9iert ginn<\/em>&#8220;. \u00cbnner anerem stoung de Bill Gates nieft anere Vertrieder vun den Elitten am Generalverdacht, datt hie mat den Impfunge Leit w\u00e9ilt en Chip aplanzen, fir Muecht iwwer si ze hunn, an dofir de Coronavirus erschaf h\u00e4tt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/db72cba15909ee9f3b161408f9c966f8.jpeg\" alt=\"RTL\" \/>E Plakat op der Manif g\u00e9int d&#8217;Coronamesuren de 4. Dezember 2021 um Glacis. \/ \u00a9 Domingos Oliveira \/ RTL (Archiv)<\/p>\n<p>Fir verschidde M\u00ebnschen, d\u00e9i an deene M\u00e9int op d&#8217;Strooss gaange sinn a protest\u00e9iert oder sech esouguer radikalis\u00e9iert hunn, war och kloer, datt si keng Impfung brauchen, well et de Coronavirus guer net g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Grad an de soziale Medien, a Bloggen an iwwer Video-Plattformen hu sech d\u00ebs Theori\u00eb ganz s\u00e9ier verbreet a selwer ernannten Experten op de Plang geruff. A villen europ\u00e4esche L\u00e4nner hu si dann och zu Protester, zu L\u00ebtzebuerg \u00ebnner anerem d'&#8221;Marche blanchen&#8221;, opgeruff, un deenen nieft de Corona-Leugner och vill Rietsextremer, G\u00e9igner vum Ausbau vun den Handynetzer an aner Verons\u00e9cherter deelgeholl hunn.<\/p>\n<p class=\"article-title\">Mat Impfunge Krankheete mat schw\u00e9ieren an deels d\u00e9idlechem Verlaf an de Gr\u00ebff kr\u00e9ien<\/p>\n<p>W\u00e9i mer schonn opgezielt hunn, ginn et vill verschidde Verschw\u00f6rungstheori\u00eb ronder\u00ebm d\u00e9i eenzel Vaccinen. D\u00ebs Theori\u00eb sinn dann och zum Deel Schold drun, datt duerch de Manktem vun der Bereetschaft, sech impfen ze loossen, an der Populatioun sech d&#8217;Krankheeten net ausrotte loossen oder deels d\u00e9idlech Krankheeten, d\u00e9i ee scho gemengt hat, ausgerott ze hunn, nees optauchen. D\u00ebst confirm\u00e9ieren d&#8217;Dokter Judith H\u00fcbschen an hir Mataarbechterin Lisa Hefele, d\u00e9i am Luxembourg Institute of Health fuerschen. Si ginn e rezent Beispill aus dem Grand-Duch\u00e9: 2019 koum et zu engem Ausbroch vu Riedelen an enger Schoul zu L\u00ebtzebuerg. Ausgangspunkt war deemools e Kand, wat net geimpft war. &#8220;<em>Gl\u00e9cklecherweis konnt den Ausbroch s\u00e9ier op en Enn bruecht an eng Verbreedung vun der Krankheet verh\u00ebnnert ginn<\/em>&#8220;, esou d&#8217;Expertinnen an hirer \u00c4ntwert. D\u00ebst wier awer e gutt Beispill, datt och zu L\u00ebtzebuerg L\u00e4cher am Impfschema dofir suerge k\u00ebnnen, datt Krankheeten, wou ee gemengt huet, se \u00ebnner Kontroll ze hunn, nees optauchen. Wat also den Undeel un ongeimpfte Leit an enger Populatioun m\u00e9i grouss ass, wat de Risiko, datt vis\u00e9iert Krankheeten nees ausbriechen a sech verbreeden, och m\u00e9i grouss g\u00ebtt. Leit, d\u00e9i net geimpft sinn, setzen also net just sech enger Gefor aus, m\u00e4 och aner Leit, w\u00e9i zum Beispill Persounen, d\u00e9i aus medezinesche Gr\u00ebnn net geimpft dierfe ginn.<\/p>\n<p>Leider, esou d\u00e9i zwou Expertinnen, huet d&#8217;Corona-Pandemie a ville L\u00e4nner dozou gefouert, datt d&#8217;Zoust\u00ebmmung fir Impfprogrammer nogelooss huet an d\u00ebst schrauft d&#8217;Gefor, datt u sech Krankheeten, d\u00e9i verh\u00ebnnert k\u00ebnne ginn, nees ausbrieche k\u00e9inten, d\u00e4itlech erop.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/6382de28d7e4565212447f85eb616d89.jpeg\" alt=\"RTL\" \/>Eng Persoun bei enger Impfung g\u00e9int de Coronavirus den 18. Januar 2021 am Impfzenter an der Victor Hugo Hal an der Stad. \/ \u00a9 Domingos Oliveira \/ RTL (Archiv)<\/p>\n<p>D&#8217;Fuerscherinnen aus dem LIH confirm\u00e9ieren, datt et bei verschiddene Leit, wa se geimpft ginn, zu Niewewierkunge ka kommen. D\u00ebst sinn awer an der grousser Majorit\u00e9it &#8220;<em>m\u00ebll Verleef<\/em>&#8220;, d\u00e9i och nees s\u00e9ier fortginn. An d\u00ebs Kategorie f\u00e4lt \u00ebnner anerem liicht F\u00e9iwer oder e W\u00e9i op der Plaz, wou een d&#8217;Spr\u00ebtz krut. Si betounen awer och an hirer \u00c4ntwert, datt all medezinesch Interventioun e gew\u00ebssene Risiko mat sech br\u00e9ngt, m\u00e4 bei den Impfungen &#8220;<em>iwwerweien d\u00e9i positiv Effekter d\u00e4itlech<\/em>&#8220;, well se Krankheeten, d\u00e9i e ganz schw\u00e9iere Verlaf k\u00ebnnen hunn, verh\u00ebnneren an d&#8217;Verbreedung vun d\u00ebse Krankheete limit\u00e9ieren. Schw\u00e9ier Niewewierkunge bei Vaccine wieren awer &#8220;<em>enorm seelen<\/em>&#8220;.<\/p>\n<p>Dofir pl\u00e4d\u00e9iere b\u00e9id Expertinnen och dofir, datt ee m\u00e9i iwwert de Succ\u00e8s vu Vaccine soll diskut\u00e9ieren. Als Beispill huele si dofir nees d&#8217;Riedelen, d\u00e9i bei Kanner e ganz schw\u00e9iere Verlaf k\u00ebnnen hunn an eventuell och zum Doud k\u00ebnne f\u00e9ieren. Duerch d&#8217;Impfung ass d\u00ebs Krankheet mat schw\u00e9ieren Auswierkungen n\u00e4mlech ganz rar ginn. Diskussiounen iwwert d\u00e9i positiv Aspekter vun den Impfunge k\u00e9inten n\u00e4mlech e Fundament vum Vertrauen an d&#8217;Impfcampagn\u00eb mat sech br\u00e9ngen an esou &#8220;<em>eng m\u00e9i gesond Zukunft fir jidderee f\u00ebrderen<\/em>&#8220;.<\/p>\n<p class=\"article-title\">Vaccine ginn detaill\u00e9iert getest, \u00e9ier se op de Maart kommen<\/p>\n<p>An der Entw\u00e9cklungsphas ginn d&#8217;Impfungen \u00ebmmer nees getest an am Detail iwwerpr\u00e9ift, \u00e9ier se iwwerhaapt fir de Maart zougelooss ginn. D&#8217;Dokter Judith H\u00fcbschen an d&#8217;Lisa Hefele pr\u00e4zis\u00e9ieren dann och, datt d\u00ebs Vaccinen an de klineschen Et\u00fcden un dausende Leit getest ginn, fir hir S\u00e9cherheet an hir Wierksamkeet ze bew\u00e4erten. Ma nieft de Pharmaentreprisen, d\u00e9i se hierstellen an d&#8217;Et\u00fcden duerchf\u00e9ieren, iwwerwaachen d&#8217;Autorit\u00e9iten an och d&#8217;Weltgesondheetsorganisatioun d&#8217;Vaccinen och nach no hirer Zouloossung genau, fir d&#8217;S\u00e9cherheet ze confirm\u00e9ieren.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/8118d49d5b8475a52ee4b71f5468c1b8.jpeg\" alt=\"RTL\" \/>D\u00ebs Grafik vu Leopoldina weist, w\u00e9i eng Phasen e Vaccin duerchlafe muss, \u00e9ier en op de Maart ka kommen. \/ \u00a9 <a class=\"media-image__copyright-authorurl\" href=\"https:\/\/www.leopoldina.org\/themen\/impfungen\/impfstoffentwicklung-und-impfempfehlung\/\">Leopoldina<\/a><\/p>\n<p>Dacks dauert et Jore bis e Vaccin hiergestallt a getest gouf an op de Maart konnt kommen. Beim Vaccin g\u00e9int de Covid-19 respektiv SARS-CoV-2 ass d\u00ebst d\u00e4itlech m\u00e9i s\u00e9ier gaangen an d\u00ebse war no M\u00e9int respektiv no engem Joer quasi scho prett, fir ausgeliwwert ze ginn. D\u00ebst erkl\u00e4ren d&#8217;Virologe vum LIH domadder, datt w\u00e4rend der Pandemie op engem globalen Niveau zesummegeschafft gouf an d&#8217;Entw\u00e9cklungsprozesser an d&#8217;Resultater vun Et\u00fcden transparent gemaach goufen. Och, datt d&#8217;Technologie an der Fuerschung fir Vaccinen an de leschte Joren e grousse Fortschr\u00ebtt gemaach huet an datt d&#8217;Impfung g\u00e9int de SARS-CoV-2 Priorit\u00e9it hat an dow\u00e9inst och vill Ressourcen an d\u00ebs Fuerschung gefloss sinn, hunn hei eng wichteg Roll gespillt.<\/p>\n<p>Awer och, esou d&#8217;Experte vum LIH, konnten d&#8217;W\u00ebssenschaftler, d\u00e9i un de Vaccine geschafft hunn, &#8220;<em>schonn op Erkenntnisser an Entw\u00e9cklungsprozesser, d\u00e9i et scho ginn, zer\u00e9ckgr\u00e4ifen<\/em>&#8220;. Doduerch konnt de Vaccin m\u00e9i s\u00e9ier entw\u00e9ckelt ginn, well een eben net &#8220;<em>bei Null<\/em>&#8221; huet missten uf\u00e4nken, w\u00e9i dat bei aneren Impfungen de Fall ass. D\u00e9i klinesch Et\u00fcden, w\u00e9i se an der Grafik opgel\u00ebscht ginn, goufen dann zum Deel och zu der selwechter Z\u00e4it duerchgefouert, fir den Z\u00e4itopwand ze reduz\u00e9ieren, ouni awer d&#8217;S\u00e9cherheet vum Vaccin ze beantr\u00e4chtegen.<\/p>\n<p class=\"article-title\">&#8220;Falsch Behaaptunge schueden der Gesondheet an der S\u00e9cherheet&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;A<em>ussoe w\u00e9i d&#8217;Behaaptungen, datt de SARS-CoV-2 a Wierklechkeet net exist\u00e9iert oder datt d&#8217;Pandemie vun iergendengem geplangt gouf, si schlussendlech eng Gefor fir d&#8217;Gesondheet an d&#8217;S\u00e9cherheet vu jidderengem<\/em>&#8220;, esou d&#8217;Judith H\u00fcbschen an d&#8217;Lisa Hefele. &#8220;<em>Et wier wichteg, de Leit zouverl\u00e4sseg Informatiounsquellen ze ginn, fir datt si hir Decisiounen op w\u00ebssenschaftlech fund\u00e9iert Resultater beroue loosse k\u00ebnnen.<\/em>&#8221; An der Fuerschungsgrupp, fir d\u00e9i si um LIH schaffen, komme verschidde Methoden an den Asaz, mat deenen ee Viren net just kann noweisen, m\u00e4 esouguer ka charakteris\u00e9ieren. An esou \u00ebmfangr\u00e4ich Fuerschungen, Daten a Bem\u00e9iunge g\u00ebtt et weltw\u00e4it. Zil dovunner ass et, fir d&#8217;Ausbreedung vu Vire besser ze verstoen an esou d&#8217;Verbreedung dovunner m\u00e9iglechst effektiv anzed\u00e4mmen oder esouguer ze verh\u00ebnneren.<\/p>\n<p>D&#8217;Behaaptungen, datt eenzel Persounen, w\u00e9i de Bill Gates, eng Pandemie plangen oder datt M\u00ebnsche bei enger Impfung gechippt ginn<em>, &#8220;bas\u00e9ieren net op w\u00ebssenschaftlech Beweiser oder glafwierdeg Quellen<\/em>,&#8221; esou b\u00e9id Expertinnen, d\u00e9i nach eng K\u00e9ier widderhuelen, datt d&#8217;Vaccinen dorobber ausgeluecht sinn, fir d&#8217;M\u00ebnsche viru best\u00ebmmten an deelweis d\u00e9idleche Krankheeten ze sch\u00fctzen.<\/p>\n<p class=\"article-title\">Transparenz zu L\u00ebtzebuerg bei Corona<\/p>\n<p>Wat d&#8217;Niewewierkunge vun de f\u00ebnnef Vaccinen, d\u00e9i g\u00e9int de Coronavirus zu L\u00ebtzebuerg am Asaz sinn, ugeet, publiz\u00e9iert de Gesondheetsminist\u00e8re reegelm\u00e9isseg e Rapport, wou een all d&#8217;Niewewierkungen, d\u00e9i no enger Impfung bei Persounen agetruede sinn an d\u00e9i ee gemellt krut, not\u00e9iert. De Minist\u00e8re prezis\u00e9iert awer am Rapport, datt net all Fall, deen an hirer Statistik opgel\u00ebscht och forcement op d&#8217;Impfung zer\u00e9ckzef\u00e9ieren ass, m\u00e4 agetrueden ass, nodeem d&#8217;Persoun geimpft gouf.<\/p>\n<p>Esou goufe bis den 12. Juni 2023, w\u00e9i dee leschte Rapport erauskoum, 1.403.058 Dose Vaccin zu L\u00ebtzebuerg genotzt, dat bei 509.231 Persounen. Bei all d\u00ebsen Impfunge goufen der Sant\u00e9 2.537 F\u00e4ll vun Niewewierkunge gemellt, wouvun der 660 als &#8220;<em>schw\u00e9ier<\/em>&#8221; deklar\u00e9iert goufen. A 426 F\u00e4ll hunn d&#8217;Leit misste behandelt ginn, konnten och eventuell kuerz Z\u00e4it net schaffe goen oder d&#8217;Haus verloossen, hunn awer net missten hospitalis\u00e9iert ginn. D&#8217;Sant\u00e9 beschreift den Zoustand vun d\u00ebse Patienten als &#8220;<em>grippen\u00e4nlech Symptomer<\/em>&#8220;. An 188 F\u00e4ll koumen d&#8217;Leit an d&#8217;Spidol an a weideren 28 F\u00e4ll waren d&#8217;Leit hospitalis\u00e9iert an et huet Liewensgefor bestanen. An 18 vun de gemellte F\u00e4ll si Leit gestuerwen.<\/p>\n<p>Zitt een de Verglach Impfung par rapport vu gemellter Niewewierkung, esou k\u00ebnnt een an d\u00ebsem Fall op 0,18 Prozent. Eng grouss Majorit\u00e9it vun de Leit, d\u00e9i ee vun de Corona-Vaccine kruten, haten als keng m\u00e9iglech Niewewierkung respektiv goufe se der Sant\u00e9 net gemellt.<\/p>\n<p class=\"article-title\">Fazit<\/p>\n<p>&#8220;<em>Keng Verschw\u00f6rungstheorie weist esou d\u00e4itlech, datt Debunking n\u00e4ischt br\u00e9ngt, w\u00e9i d&#8217;Impf-Ligen. D\u00e9i medezinesch Communaut\u00e9it huet ant\u00ebscht mat 99,9999-prozenteger S\u00e9cherheet bewisen, datt Impfen n\u00e4ischt mat Autismus ze dinn huet<\/em>&#8220;, schreiwen de Christian Alt an de Christian Schiffer an hirem Buch, wat sech mat diverse Verschw\u00f6rungstheorien ausenanersetzt. An trotzdeem tauchen d\u00e9i oder \u00e4nlech &#8220;<em>Ligen<\/em>&#8221; an Theorien \u00ebmmer nees an diverse Blogs am Internet oder de soziale Medien op.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/90d7589032949ca8fb17a817208d8922.jpeg\" alt=\"RTL\" \/>\u00a9 DIGICOMPHOTO\/SCIENCE PHOTO LIBRA \/ FCA \/ Science Photo Library via AFP<\/p>\n<p>Dat Schl\u00ebmmst bei d\u00ebser Rei u Verschw\u00f6rungstheorien ass awer, datt d&#8217;Leit, d\u00e9i se verbreeden an \u00ebmsetzen, net just sech an eventuell hir Kanner enger Gefor aussetzen, m\u00e4 och eng Rei aner onbedeelegt M\u00ebnschen. Well wa sech Krankheeten, d\u00e9i d&#8217;Medezin u sech duerch Impfungen schonn \u00ebnner Kontroll huet, nees verbreeden, well d\u00e9i sougenannt Herdenimmunit\u00e9it feelt, kann dat schw\u00e9ier Konsequenze mat sech br\u00e9ngen.<\/p>\n<p>Dofir sinn eis zwou Expertinne vum LIH och net midd ginn am Interview, \u00ebmmer nees ze widderhuelen, datt sech Persounen, d\u00e9i sech ons\u00e9cher sinn, op zouverl\u00e4sseg Sourc\u00eb sollen zer\u00e9ckgr\u00e4ifen, fir sech ze inform\u00e9ieren. D\u00ebst vu seri\u00e9ise Gesondheetsorganisatiounen, medezinesche Fachleit oder w\u00ebssenschaftleche Quellen. Als Beispill hu se do d\u00e9i europ\u00e4esch Gesondheetsautorit\u00e9it <a href=\"https:\/\/www.ecdc.europa.eu\/en\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ECDC<\/a>, d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.who.int\/news-room\/questions-and-answers\/item\/vaccines-and-immunization-vaccine-safety\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">WHO<\/a>, d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.rki.de\/DE\/Content\/Kommissionen\/STIKO\/Impfsicherheit\/sicherheit_impfungen_node.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Robert Koch Institut<\/a> oder och divers Gesondheetsminist\u00e8ren uginn. Well d&#8217;Zil vun engem Vaccin ass et, d&#8217;Persoun, d\u00e9i geimpft ass, virun enger best\u00ebmmter Krankheet ze sch\u00fctzen.<\/p>\n<p class=\"article-title\">Sourcen<\/p>\n<ul>\n<li><a href=\"https:\/\/www.mdr.de\/geschichte\/zeitgeschichte-gegenwart\/politik-gesellschaft\/impfgegner-impfen-zwangsimpfungen-100.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">MDR: Geschichte der Impfgegner<\/a><\/li>\n<li><a href=\"https:\/\/www.leopoldina.org\/themen\/impfungen\/impfstoffentwicklung-und-impfempfehlung\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Leopoldina.org<\/a><\/li>\n<li><a href=\"https:\/\/www.planet-wissen.de\/gesellschaft\/psychologie\/verschwoerungstheorien\/bekannte-verschwoerungstheorien-100.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Planet Wissen<\/a><\/li>\n<li><a href=\"https:\/\/www.chop.edu\/centers-programs\/vaccine-education-center\/vaccines-and-other-conditions\/vaccines-autism\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Children&#8217;s Hospital of Philadelphia<\/a><\/li>\n<li><a href=\"https:\/\/www.bpb.de\/lernen\/medienpaedagogik\/309843\/verschwoerungstheorien-ums-coronavirus\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bundeszentrale f\u00fcr politische Bildung<\/a><\/li>\n<li><a href=\"https:\/\/covid19.public.lu\/dam-assets\/covid-19\/vaccinations\/pharmacovigilance\/17me-rapport-du-suivi-des-effets-indsirables-des-vaccins-12062023.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Rapport Pharmacovigilance vum L\u00ebtzebuerger Gesondheetsminist\u00e8re<\/a><\/li>\n<li>Interview mat de Virologe <a href=\"https:\/\/researchportal.lih.lu\/en\/persons\/judith-h%C3%BCbschen\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Judith H\u00fcbschen<\/a>, PhD a <a href=\"https:\/\/researchportal.lih.lu\/en\/persons\/lisa-hefele\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Lisa Hefele<\/a>, M.S. vum <a href=\"https:\/\/www.lih.lu\/en\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Luxembourg Institute of Health<\/a><\/li>\n<li>&#8220;Angela Merkel ist Hitlers Tochter: Im Land der Verschw\u00f6rungstheorien&#8221; &#8211; Christian Alt \/ Christian Schiffer &#8211; Hanser Verlag<\/li>\n<\/ul>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Grad \u00ebm d&#8217;Impfunge ginn et \u00ebmmer nees d\u00e9i w\u00ebllsten Theorien. An och, wa se quasi all scho widderluecht konnte ginn, hale se sech awer haartn\u00e4ckeg.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":286047,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[184,234,190],"tags":[],"class_list":{"0":"post-286072","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-covid-19-lb","8":"category-fuerschung-studien","9":"category-gesondheet"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2098313","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"E Protestmarsch g\u00e9int d'Coronaimpfungen den 22. Januar 2022 zu Par\u00e4is. Photo by Amaury Cornu \/ Hans Lucas via AFP","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2098313.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Net just bei Corona: Impfung: G\u00e9int Krankheet sch\u00fctzen oder eis muttw\u00eblleg \u00ebmbr\u00e9ngen? - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Net just bei Corona: Impfung: G\u00e9int Krankheet sch\u00fctzen oder eis muttw\u00eblleg \u00ebmbr\u00e9ngen? - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Grad \u00ebm d&#039;Impfunge ginn et \u00ebmmer nees d\u00e9i w\u00ebllsten Theorien. An och, wa se quasi all scho widderluecht konnte ginn, hale se sech awer haartn\u00e4ckeg.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-09-12T14:17:39+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-09-12T14:20:04+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/9e1590b6f8d3456a6a67fb121e0fe45a.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"11 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Net just bei Corona: Impfung: G\u00e9int Krankheet sch\u00fctzen oder eis muttw\u00eblleg \u00ebmbr\u00e9ngen?\",\"datePublished\":\"2023-09-12T14:17:39+00:00\",\"dateModified\":\"2023-09-12T14:20:04+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/\"},\"wordCount\":2307,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/9e1590b6f8d3456a6a67fb121e0fe45a.jpeg\",\"articleSection\":[\"COVID-19\",\"Fuerschung &amp; Studien\",\"Gesondheet\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/\",\"name\":\"Net just bei Corona: Impfung: G\u00e9int Krankheet sch\u00fctzen oder eis muttw\u00eblleg \u00ebmbr\u00e9ngen? - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/9e1590b6f8d3456a6a67fb121e0fe45a.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-09-12T14:17:39+00:00\",\"dateModified\":\"2023-09-12T14:20:04+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/9e1590b6f8d3456a6a67fb121e0fe45a.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/9e1590b6f8d3456a6a67fb121e0fe45a.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Net just bei Corona: Impfung: G\u00e9int Krankheet sch\u00fctzen oder eis muttw\u00eblleg \u00ebmbr\u00e9ngen? - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Net just bei Corona: Impfung: G\u00e9int Krankheet sch\u00fctzen oder eis muttw\u00eblleg \u00ebmbr\u00e9ngen?\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Net just bei Corona: Impfung: G\u00e9int Krankheet sch\u00fctzen oder eis muttw\u00eblleg \u00ebmbr\u00e9ngen? - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Net just bei Corona: Impfung: G\u00e9int Krankheet sch\u00fctzen oder eis muttw\u00eblleg \u00ebmbr\u00e9ngen? - EDMO Belux","og_description":"Grad \u00ebm d'Impfunge ginn et \u00ebmmer nees d\u00e9i w\u00ebllsten Theorien. An och, wa se quasi all scho widderluecht konnte ginn, hale se sech awer haartn\u00e4ckeg.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-09-12T14:17:39+00:00","article_modified_time":"2023-09-12T14:20:04+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/9e1590b6f8d3456a6a67fb121e0fe45a.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"11 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Net just bei Corona: Impfung: G\u00e9int Krankheet sch\u00fctzen oder eis muttw\u00eblleg \u00ebmbr\u00e9ngen?","datePublished":"2023-09-12T14:17:39+00:00","dateModified":"2023-09-12T14:20:04+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/"},"wordCount":2307,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/9e1590b6f8d3456a6a67fb121e0fe45a.jpeg","articleSection":["COVID-19","Fuerschung &amp; Studien","Gesondheet"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/","name":"Net just bei Corona: Impfung: G\u00e9int Krankheet sch\u00fctzen oder eis muttw\u00eblleg \u00ebmbr\u00e9ngen? - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/9e1590b6f8d3456a6a67fb121e0fe45a.jpeg","datePublished":"2023-09-12T14:17:39+00:00","dateModified":"2023-09-12T14:20:04+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/9e1590b6f8d3456a6a67fb121e0fe45a.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/09\/9e1590b6f8d3456a6a67fb121e0fe45a.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Net just bei Corona: Impfung: G\u00e9int Krankheet sch\u00fctzen oder eis muttw\u00eblleg \u00ebmbr\u00e9ngen? - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/net-just-bei-corona-impfung-gint-krankheet-schtzen-oder-eis-muttwlleg-mbrngen\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Net just bei Corona: Impfung: G\u00e9int Krankheet sch\u00fctzen oder eis muttw\u00eblleg \u00ebmbr\u00e9ngen?"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/286072","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=286072"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/286072\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/286047"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=286072"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=286072"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=286072"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}