{"id":289510,"date":"2023-10-10T13:00:11","date_gmt":"2023-10-10T13:00:11","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=289510"},"modified":"2023-10-10T14:54:40","modified_gmt":"2023-10-10T14:54:40","slug":"faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Nee, d&#8217;EU plangt kee Verbuet vun traditionellem Toilett\u00ebpabeier"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>D&#8217;Europ\u00e4esch Unioun ergr\u00e4ift Mesur\u00eb fir d&#8217;F\u00ebrderung vun enger nohalteger Pabeierproduktioun, propos\u00e9iert awer net, Toilett\u00ebpabeier ze verbidden.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>E Spriecher vun der Europ\u00e4escher Kommissioun huet awer g\u00e9intiwwer der AFP confirm\u00e9iert, dass d&#8217;EU &#8220;keng Absicht huet, Toilett\u00ebpabeier ze verbidden&#8221;. D&#8217;AFP konnt keng Uk\u00ebnnegung vun esou engem Verbuet fannen, an och Vertriederinnen a Vertrieder vun der Pabeierindustrie soten, si w\u00e9issten n\u00e4ischt vun esou enger Initiativ.<\/p>\n<p>A Polen stinn de <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230918160603\/https:\/\/www.dw.com\/de\/wahlkampfauftakt-in-polen-startschuss-f%C3%BCr-eine-schicksalswahl\/a-66491810\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">15. Oktober 2023 Parlamentswalen<\/a> un. Am Walkampf vun de politesche Parteie goufen d&#8217;\u00cbmweltpl\u00e4ng vun der EU zum G\u00e9igestand vu Kritik an Diskussiounen. D\u00e9i rietsextreem Partei Konfederacja huet an hirem Programm dozou opgeruff, &#8220;den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/C24A-FRVY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Eko-Wansinn<\/a> vun der EU ze stoppen&#8221;, w\u00e4rend d\u00e9i rietspopulistesch Regierungspartei PiS der EU virgeheit, d&#8217;<a href=\"https:\/\/archive.ph\/Ukc6J\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Bewirtschaftung vum B\u00ebsch ze dikt\u00e9ieren<\/a>.<\/p>\n<p>D&#8217;EU an hir angeeblech Versich, an d&#8217;Alldagsliewe vun de M\u00ebnschen anzegr\u00e4ifen, sinn heefeg Theema vu Falschinformatiounen. D&#8217;AFP huet scho Behaaptunge widderluecht, no deene Br\u00e9issel e geheime Plang verfollege g\u00e9if, d&#8217;M\u00ebnschen dozou ze br\u00e9ngen, <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.338G3Y4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Insekten ze iessen<\/a>, souw\u00e9i <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/nein-ursula-von-der-leyen-hat-keinen-lohnverzicht-von-angestellten-gefordert\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Behaaptungen iwwer d&#8217;Presidentin vun der Europ\u00e4escher Kommissioun<\/a>, d&#8217;Ursula von der Leyen.<\/p>\n<p>D\u00ebs K\u00e9ier hunn traditionell Medien a Userinnen a User a sozialen Netzwierker d\u00e9i onbegr\u00ebnnt Behaaptung vun engem angeeblech geplangte Verbuet vun Toilett\u00ebpabeier verbreet.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/1e7633dc0d0fdb7a60c26ffa57e8a14a.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>De polneschsproochege Fernseebericht gouf de selwechten Dag als Deel vun enger l\u00e4ngerer <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LTH6-35NS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Noriichtesendung<\/a> diffus\u00e9iert (vu Minutt 1:08 un). D&#8217;Noriichtesendung, Kurier Opolski, gouf vum Sender TVP3 Opole diffus\u00e9iert, engem regionalen Dr\u00ebttsender vum \u00ebffentlech-rechtleche polnesche Fernseesender TVP. An der nationaler Editioun vun TVP konnt d&#8217;AFP keen Hiweis op de Bericht fannen.<\/p>\n<p>Am TVP3-Bericht ginn &#8220;europ\u00e4esch Medien&#8221; zit\u00e9iert, d\u00e9i iwwer den Toilett\u00ebpabeierersatz op Str\u00e9ibasis an e m\u00e9iglecht Verbuet spekul\u00e9ieren. An enger \u00cbmfro gi Polinnen a Pole befrot, wat si vun dem angeeblechen EU-Plang halen. De Bericht hannerfreet ausserdeem d&#8217;Logik vun enger angeeblecher EU-Initiativ, Toilett\u00ebpabeier duerch Bideten ze ersetzen.<\/p>\n<p>Op AFP-Ufro huet den Direkter vun TVP3 Opole de 7. September 2023 an enger E-Mail ge\u00e4ntwert: &#8220;TVP3 Opole g\u00ebtt zu d\u00ebser Ugelee\u00ebnheet kee Kommentar of.&#8221;<\/p>\n<p>D\u00e9i ierf\u00e9ierend Behaaptung, d&#8217;EU w\u00e9ilt Toilett\u00ebpabeier verbidden oder duerch Pabeier op Str\u00e9ibasis a Bideten ersetzen, gouf a verschiddenen anere polneschsproochegen Artikele verbreet: <a href=\"https:\/\/perma.cc\/MF3G-THFB\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/archive.ph\/RIg38\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/U2LM-ZLCY\">hei<\/a>. Vill polneschsproocheg Notzerinnen an Notzer vu sozialen Netzwierker hunn d&#8217;Behaaptung op X (fr\u00e9ier Twitter, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HM8N-QT99?type=image\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230907135554\/https:\/\/twitter.com\/Slawomir_Ozdyk\/status\/1689359590838644736\">hei<\/a>) a Facebook (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/GAN3-JLVM\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/archive.ph\/N4AZe\">hei<\/a>) gedeelt. E puer vun de Behaaptunge bez\u00e9ie sech op spuenesch Medien als angeeblech Quell vun der Geschicht. och a slowakeschsproochege B\u00e4itr\u00e4g gouf \u00ebnner Beruffung op spuenesch Medie behaapt, dass &#8220;traditionellen Toilett\u00ebpabeier&#8221; angeeblech ofgeschaaft an duerch Pabeier aus Str\u00e9i ersat soll ginn (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/7WZE-NPEK\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/DW7K-GU7Z\">hei<\/a>).<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/6d1ac7c50439890fcbfac687787957e3.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>W\u00e9i koum et zu d\u00ebse Behaaptungen?<\/p>\n<p>Eng Sich no Artikelen a verschiddene Sproochen iwwer e Verbuet vun Toilett\u00ebpabeier hat en\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/7N4L-JWZE\">Artikel<\/a><a href=\"https:\/\/perma.cc\/7N4L-JWZE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">vun der rum\u00e4nescher Medienentreprise Mediafax<\/a>, deen anscheinend als Witz geduecht war, als Resultat. E gouf den 1. Abr\u00ebll 2023, den Dag vum Abr\u00ebllsgeck, publiz\u00e9iert. Den Datum g\u00ebtt a grousser Schr\u00ebft um Ufank\u00a0 vum Artikel genannt an et ginn Zitater vun h\u00e9ichrangege Pers\u00e9inlechkeete w\u00e9i der von der Leyen verwent, d\u00e9i mat der Ausso zit\u00e9iert ginn, dass Toilett\u00ebpabeier an der gesamter EU verbueden a &#8220;japanesch Toiletten&#8221; agef\u00e9iert solle ginn.<\/p>\n<p>E puer M\u00e9int m\u00e9i sp\u00e9it waren a Polen eescht gemengt Behaaptungen am \u00cbmlaf, dass d&#8217;EU Toilett\u00ebpabeier aus Str\u00e9i fuerdere g\u00e9if an dass eng &#8220;komplett Ofschafung vun Toilett\u00ebpabeier net ausgeschloss&#8221; w\u00e4r. D\u00ebs Behaaptunge (zum Beispill <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LP9H-LQGY\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/archive.ph\/ZPJs7\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/A62Y-3S7N\">hei<\/a>) goufen den 9. August 2023 \u00ebnner Beruffung op e Bericht vum Spuenien-Korrespondent vun der Polnescher Presseagence (PAP) a Spuenien ver\u00ebffentlecht. Der AFP l\u00e4it eng Kopie vum PAP-Artikel vum 9. August 2023 mam Titel &#8220;Spuenien\/Medien: Br\u00e9issel f\u00ebrdert Toilett\u00ebpabeier aus Str\u00e9i, fir de Klimawandel ze bew\u00e4ltegen&#8221; vir. Den Artikel zit\u00e9iert en Text aus &#8220;El Economista&#8221;, enger spuenescher Wirtschaftszeitung, d\u00e9i 2006 vun der konservativer spuenescher Dageszeitung &#8220;El Mundo&#8221; gegr\u00ebnnt gouf.<\/p>\n<p>Souwuel den Artikel vun &#8220;El Economista&#8221; w\u00e9i och de PAP-Bericht hunn zwar doriwwer spekul\u00e9iert, dass d&#8217;Deeg vum traditionellen Toilett\u00ebpabeier gezielt k\u00e9inte sinn, an hunn op Alternative w\u00e9i Pabeier op Str\u00e9ibasis oder Bidete verwisen, hunn awer kee m\u00e9iglecht Verbuet duerch d&#8217;EU ernimmt.<\/p>\n<p>De PAP-Bericht sch\u00e9ngt sech op e Bericht vun &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/4ME3-E2MZ?type=image\">El Economista<\/a>&#8221; vum 29. Juli 2023 ze bez\u00e9ien, dee keng Donn\u00e9e\u00ebn iwwer den Auteur enth\u00e4lt an n\u00ebmme ganz w\u00e9ineg Kontext iwwer d&#8217;\u00cbnnermauerung vu sengen Aussoen bitt. Amplaz sch\u00e9ngt et sech \u00ebm e gesponserten Artikel ze handelen, deen d&#8217;Virzich vun engem Bidet nennt, dee vun enger ecuadorianescher Firma hiergestallt g\u00ebtt. Am Artikel ass och e <a href=\"https:\/\/archive.ph\/AwzSU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">B\u00e4itrag op X<\/a> vun der Entreprise dran, an deem se fir hir D\u00e9ngschtleeschtunge Reklamm m\u00e9cht.<\/p>\n<p>Den eenzegen Hiweis op d&#8217;EU ass um Enn vum Artikel vun &#8220;El Economista&#8221; mat der Erw\u00e4nung vun engem Artikel vun engem Artikel vun enger anerer spueneschsproocheger Internets\u00e4it, &#8220;Libre Mercado&#8221;, ze fannen, an deem et iwwer en angeebleche Virstouss vun der EU a Richtung Toilett\u00ebpabeier aus Str\u00e9i geet.<\/p>\n<p>Am Artikel vu &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/9ZT6-NR52\">Libre Mercado<\/a>&#8221; g\u00ebtt och kee Verbuet vun Toilett\u00ebpabeier ernimmt, obwuel en d\u00e9i ierf\u00e9ierend Behaaptung opstellt, dass d&#8217;EU op d&#8217;Af\u00e9ierung vun Toilett\u00ebpabeier aus Str\u00e9i &#8220;dr\u00e4ngt&#8221;.<\/p>\n<p>Obwuel Toilett\u00ebpabeier op Str\u00e9i-Basis vun europ\u00e4esche Banke fir Investitiounen an nohalteg Entw\u00e9cklungsprojete finanz\u00e9iert g\u00ebtt, schl\u00e9it d&#8217;EU net vir, dass en aner Pabeierzorten ersetze sollt.<\/p>\n<p>Europ\u00e4esch Kommissioun huet net w\u00eblles, Toilett\u00ebpabeier ze verbidden<\/p>\n<p>Op AFP-Ufro sot e Spriecher vun der Europ\u00e4escher Kommissioun zu d\u00ebser Behaaptung: &#8220;D&#8217;Europ\u00e4esch Unioun huet net w\u00eblles, Toilett\u00ebpabeier ze verbidden. An et g\u00ebtt kee Virschlag, weeder aktuell nach a Preparatioun, fir en an Zukunft ze verbidden.&#8221;<\/p>\n<p>De Spriecher huet b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt, dass d&#8217;EU-Gesetzgeebung den Hiersteller vun Toilett\u00ebpabeier zwar virschreiwe g\u00e9if, d&#8217;\u00cbmwelt sch\u00fctzen ze missen, andeem se s\u00e9cherstellen, dass fir hir Produkter keng Materialien aus Ofholzungsgebidder verwent g\u00e9ifen, d\u00ebst awer net engem Verbuet vun Toilett\u00ebpabeier gl\u00e4ichk\u00e9im.<\/p>\n<p>&#8220;Toilett\u00ebpabeier f\u00e4lt tats\u00e4chlech an de Geltungsber\u00e4ich vun der Deforestatiounsveruerdnung. Produkter an hir Mati\u00e8re-premi\u00e8ren dierfe just dann op den EU-Maart bruecht a vun do export\u00e9iert ginn, wa se legal hiergestallt goufen an aus deforestatiounsfr\u00e4ie Gebidder stamen&#8221;, huet de Spriecher g\u00e9intiwwer der AFP an enger E-Mail vum 24. August 2023 matgedeelt.<\/p>\n<p>An der <a href=\"https:\/\/eur-lex.europa.eu\/legal-content\/DE\/TXT\/?qid=1687867231461&amp;uri=CELEX%3A32023R1115\">EU-Arr\u00eat\u00e9<\/a> iwwer d&#8217;Deforestatioun (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/XMN9-N2FG\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) heescht et, dass de Verbrauch vun Holz an anere Mati\u00e8re-premi\u00e8r\u00eb w\u00e9i Palmueleg, Sojabounen, Kakao, Kaffi, Rand a Kautschuk zu enger &#8220;weltw\u00e4iter Deforestatioun a Schiedegung vum B\u00ebsch&#8221; f\u00e9iere g\u00e9if. De meeschten Toilett\u00ebpabeier g\u00ebtt aus Holzzellstoff hiergestallt.<\/p>\n<p>Am Artikel 3 vum Gesetz heescht et, dass all d\u00ebs Wueren net an de Verk\u00e9ier bruecht, bereetgestallt oder export\u00e9iert dierfte ginn, wa se net deforestatiounsfr\u00e4i w\u00e4ren an de Gesetzer vum Produktiounsland entspr\u00e9ichen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/210e8ceac847d8ed2178c85af8e05123.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Gesetz ges\u00e4it kee Verbuet vun Toilett\u00ebpabeier aus Zellstoff oder Toilett\u00ebpabeier am Allgemenge vir.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP konnt op der <a href=\"https:\/\/archive.ph\/JBzo0\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it vun der EU<\/a> keen Hiweis op e Verbuet vun Toilett\u00ebpabeierproduite vun all Zort oder eng \u00ebffentlech Uk\u00ebnnegung vun esou enger Initiativ fannen.<\/p>\n<p>Keng Pl\u00e4ng, Toilett\u00ebpabeier op Str\u00e9ibasis an der gesamter EU anzef\u00e9ieren<\/p>\n<p>D&#8217;Europ\u00e4esch Investitiounsbank (EIB), d&#8217;Finanz\u00e9ierungsinstitutioun vun der EU, an aner Finanzinstituter an Europa hunn enger Entreprise, d\u00e9i \u00ebmweltfr\u00ebndlechen Toilett\u00ebpabeier entw\u00e9ckelt, Finanzm\u00ebttel zur Verf\u00fcgung gestallt. Dat ass awer just ee vu ville Projete vun der Kreeslafwirtschaft, d\u00e9i op d\u00ebs Man\u00e9ier \u00ebnnerst\u00ebtzt goufen. Entg\u00e9int s\u00ebllegen Online-Meldungen huet Br\u00e9issel kee Verbuet fir d&#8217;Verwende vun aneren Toilett\u00ebpabeierzorte propos\u00e9iert.<\/p>\n<p>De schweedesche Konzern Essity produz\u00e9iert Toilett\u00ebpabeier aus Str\u00e9i an enger vu senge Fabricken zu Mannheim, D\u00e4itschland, w\u00e9i en 2019 <a href=\"https:\/\/archive.ph\/YaKXz\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">bekanntgouf<\/a>. An engem Pressecommuniqu\u00e9 vun der <a href=\"https:\/\/www.eib.org\/en\/press\/all\/2023-292-the-joint-initiative-on-circular-economy-jice-reaches-eur8-9-billion-and-continues-its-efforts\">EIB<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/EV2K-ZSAC\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) aus dem Juli 2023 g\u00ebtt Essity als eng vun den Entreprisen ernimmt, d\u00e9i vun enger Grupp vu Banken an Institutiounen am Kader vun der Joint Initiative on Circular Economy (JICE), d\u00e4r och d&#8217;EIB ugeh\u00e9iert, \u00ebnnerst\u00ebtzt goufen.<\/p>\n<p>Essity w\u00ebll an enger Fabrick zu Mannheim Toilett\u00ebpabeier hierstellen. D&#8217;JICE-Finanz\u00e9ierung fir de Projet staamt, den Informatioune vun der EIB an Essity no, vun der d\u00e4itscher Bank Kreditanstalt f\u00fcr Wiederaufbau (<a href=\"https:\/\/www.ikb-blog.de\/roger-schiliing-werksleiter-mannheim-von-essity-ueber-toilettenpapier-aus-stroh\/\">KfW<\/a>) (<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20230920055123\/https:\/\/www.ikb-blog.de\/roger-schiliing-werksleiter-mannheim-von-essity-ueber-toilettenpapier-aus-stroh\/\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). Onofh\u00e4ngeg dovun hat d&#8217;EIB am Dezember 2021 en <a href=\"https:\/\/www.eib.org\/en\/press\/all\/2021-443-eib-backs-essity-s-rdi-in-comfort-and-sustainability-of-hygiene-and-health-products\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Emprunt<\/a> vun 300 Millounen Euro fir &#8220;Fuerschung, Entw\u00e9cklung an Innovatioun&#8221; un Essity ugek\u00ebnnegt (<a href=\"https:\/\/archive.ph\/pI97A\">h<\/a><a href=\"https:\/\/archive.ph\/pI97A\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>D&#8217;Vanessa Paul, Spriecherin vun der EIB, huet den 31. August g\u00e9intiwwer der AFP ze verstoe ginn, dass den Emprunt an H\u00e9icht vun 300 Milliounen Euro fir ronn 115 Fuerschungs-, Entw\u00e9cklungs- an Innovatiounsprojete virgesi w\u00e4r, vun deene kee mat engem angeebleche Verbuet vun Toilett\u00ebpabeier a Verbindung st\u00e9ing.<\/p>\n<p>Essity huet an engem Pressecommuniqu\u00e9 <a href=\"https:\/\/perma.cc\/TM5C-T7HL?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">matgedeelt<\/a>, dass den Emprunt dozou geduecht w\u00e4r, &#8220;innovativ Produkter an Innovatiounen an eng nohalteg Entw\u00e9cklung an alle Gesch\u00e4ftsber\u00e4icher a Produktsegmenter bis 2024&#8221; ze \u00ebnnerst\u00ebtzen.<\/p>\n<p>Den Essity-Spriecher Karl Stoltz huet der AFP an enger E-Mail vum 1. September 2023 matgedeelt, dass en Deel vun de M\u00ebttel fir d&#8217;Entw\u00e9cklung vun der Produktioun vu Pabeierproduiten op Str\u00e9i- oder alternativer Faserbasis verwent g\u00e9if.<\/p>\n<p>Grupp vun der Pabeierindustrie: nohalteg Pabeierproduite bleiwe fr\u00e4iw\u00eblleg<\/p>\n<p>Den europ\u00e4esche Verband vun der Pabeierindustrie (<a href=\"https:\/\/archive.ph\/qamZz\">Cepi<\/a>) huet g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass him &#8220;kee Verbuet oder Projet fir e Verbuet oder fir d&#8217;Ofschafung vun Toilett\u00ebpabeier&#8221; bekannt w\u00e4r.<\/p>\n<p>&#8220;Keng Rechtsvirschr\u00ebft, d\u00e9i scho gest\u00ebmmt oder bevirsteet, \u00ebnner dem Daach vum &#8216;<a href=\"https:\/\/archive.ph\/ighL0\">EU-Green Deal<\/a>&#8216; (Fit-for-55, EU-Deforestatiounsarr\u00eat\u00e9, etc.) enth\u00e4lt sou e Grondsaz&#8221;, huet d&#8217;Margherita Miceli, Forest Policy Manager vu Cepi, den 23. August 2023 an enger E-Mail un d&#8217;AFP erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>&#8220;Bei dem ernimmte Projet, deen am EIB-Pressecommuniqu\u00e9 ernimmt gouf, geet et effektiv \u00ebm d&#8217;F\u00ebrderung vu Projete vun der Kreeslafwirtschaft, dor\u00ebnner och d&#8217;Verwendung vu sekund\u00e4re Produiten a Reschtstoffer als Mati\u00e8re-premi\u00e8ren, awer d&#8217;Participatioun u sou Projeten ass fr\u00e4iw\u00eblleg&#8221;, huet si matgedeelt.<\/p>\n<p><strong>Fazit<\/strong>: D&#8217;EU plangt kee Verbuet vun Toilett\u00ebpabeier an huet och net w\u00eblles, traditionellen Toilett\u00ebpabeier duerch Imitater aus Str\u00e9i ze ersetzen. Dat hu souwuel Spriecherinnen a Spriecher vun der Europ\u00e4escher Kommissioun w\u00e9i och vun der Pabeierindustrie confirm\u00e9iert. Toilett\u00ebpabeier aus Str\u00e9i amplaz vun Zellstoff ass m\u00ebttlerweil um Maart.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>D&#8217;Europ\u00e4esch Unioun ergr\u00e4ift Mesur\u00eb fir d&#8217;F\u00ebrderung vun enger nohalteger Pabeierproduktioun, propos\u00e9iert awer net, Toilett\u00ebpabeier ze verbidden.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":289490,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,191],"tags":[],"class_list":{"0":"post-289510","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-politik"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2119376","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2119376.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Nee, d&#039;EU plangt kee Verbuet vun traditionellem Toilett\u00ebpabeier - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Nee, d&#039;EU plangt kee Verbuet vun traditionellem Toilett\u00ebpabeier - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"D&#039;Europ\u00e4esch Unioun ergr\u00e4ift Mesur\u00eb fir d&#039;F\u00ebrderung vun enger nohalteger Pabeierproduktioun, propos\u00e9iert awer net, Toilett\u00ebpabeier ze verbidden.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-10-10T13:00:11+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-10-10T14:54:40+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/5548e091f1ab676eb8f2eb8c6529b1f9.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1023\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"576\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Nee, d&#8217;EU plangt kee Verbuet vun traditionellem Toilett\u00ebpabeier\",\"datePublished\":\"2023-10-10T13:00:11+00:00\",\"dateModified\":\"2023-10-10T14:54:40+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/\"},\"wordCount\":1821,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/5548e091f1ab676eb8f2eb8c6529b1f9.jpeg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Politik\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/\",\"name\":\"Faktencheck: Nee, d'EU plangt kee Verbuet vun traditionellem Toilett\u00ebpabeier - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/5548e091f1ab676eb8f2eb8c6529b1f9.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-10-10T13:00:11+00:00\",\"dateModified\":\"2023-10-10T14:54:40+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/5548e091f1ab676eb8f2eb8c6529b1f9.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/5548e091f1ab676eb8f2eb8c6529b1f9.jpeg\",\"width\":1023,\"height\":576,\"caption\":\"Faktencheck: Nee, d'EU plangt kee Verbuet vun traditionellem Toilett\u00ebpabeier - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Nee, d&#8217;EU plangt kee Verbuet vun traditionellem Toilett\u00ebpabeier\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Nee, d'EU plangt kee Verbuet vun traditionellem Toilett\u00ebpabeier - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Nee, d'EU plangt kee Verbuet vun traditionellem Toilett\u00ebpabeier - EDMO Belux","og_description":"D'Europ\u00e4esch Unioun ergr\u00e4ift Mesur\u00eb fir d'F\u00ebrderung vun enger nohalteger Pabeierproduktioun, propos\u00e9iert awer net, Toilett\u00ebpabeier ze verbidden.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-10-10T13:00:11+00:00","article_modified_time":"2023-10-10T14:54:40+00:00","og_image":[{"width":1023,"height":576,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/5548e091f1ab676eb8f2eb8c6529b1f9.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"8 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Nee, d&#8217;EU plangt kee Verbuet vun traditionellem Toilett\u00ebpabeier","datePublished":"2023-10-10T13:00:11+00:00","dateModified":"2023-10-10T14:54:40+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/"},"wordCount":1821,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/5548e091f1ab676eb8f2eb8c6529b1f9.jpeg","articleSection":["\u00cbmwelt","Politik"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/","name":"Faktencheck: Nee, d'EU plangt kee Verbuet vun traditionellem Toilett\u00ebpabeier - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/5548e091f1ab676eb8f2eb8c6529b1f9.jpeg","datePublished":"2023-10-10T13:00:11+00:00","dateModified":"2023-10-10T14:54:40+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/5548e091f1ab676eb8f2eb8c6529b1f9.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/5548e091f1ab676eb8f2eb8c6529b1f9.jpeg","width":1023,"height":576,"caption":"Faktencheck: Nee, d'EU plangt kee Verbuet vun traditionellem Toilett\u00ebpabeier - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-nee-deu-plangt-kee-verbuet-vun-traditionellem-toilettpabeier\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Nee, d&#8217;EU plangt kee Verbuet vun traditionellem Toilett\u00ebpabeier"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/289510","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=289510"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/289510\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/289490"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=289510"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=289510"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=289510"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}