{"id":293092,"date":"2023-11-02T12:00:54","date_gmt":"2023-11-02T12:00:54","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=293092"},"modified":"2023-11-02T14:12:43","modified_gmt":"2023-11-02T14:12:43","slug":"faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/","title":{"rendered":"Faktencheck: D\u00ebse Video weist net, dass de Krich t\u00ebscht der Hamas an Israel inzen\u00e9iert ass"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<p>No der Attack vun der radikalislamistescher Hamas op Israel de 7. Oktober 2023 an dem uschl\u00e9issende Beschoss vun der Gazastr\u00e4if duerch d\u00e9i israeelesch Arm\u00e9i goufe sozial Netzwierker intensiv fir d&#8217;Dokumentatioun a Komment\u00e9ierung vum d\u00e9idleche Krich genotzt. Gl\u00e4ichz\u00e4iteg gouf eng Well vu Feelinformatioune lassgetr\u00ebppelt. Sou gouf zum Beispill e Video op TikTok op verschiddene Plattformen an a verschiddene Sprooche mat der falscher Behaaptung gedeelt, dass de Krich t\u00ebscht der Hamas an Israel gestallt wier.<\/p>\n<p>&#8220;ONBED\u00c9NGT KUCKEN: De Video weist, dass de Krich t\u00ebscht Pal\u00e4stina an Israel w\u00e9i e Film inzen\u00e9iert g\u00ebtt&#8221;, heescht et an engem d\u00e4itsche <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ULQ3-LL5F\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-B\u00e4itrag<\/a> vum 9. Oktober 2023.<\/p>\n<p>Notzerinnen an Notzer hunn de Video vu manner w\u00e9i enger Minutt gedeelt. De Clip weist eng Partie M\u00ebnschen, d\u00e9i e Film ze dr\u00e9ie sch\u00e9ngen, dee vun engem jonke Mann handelt. D\u00ebse l\u00e4it um Buedem an huet ee Been ugew\u00e9nkelt op d&#8217;S\u00e4it geluecht. Eng rout Fl\u00ebssegkeet op sengem Kapp souw\u00e9i de Buedem aus Zillen ass ze gesinn. Direkt iwwer dem Mann g\u00ebtt eng Filmkamera vun engem grousse Kran gehalen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/06b6ffc5ccb26cf25e159220d903b8f9.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>S\u00e4it dem 7. Oktober 2023 goufe beim d\u00e9idlechsten <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZXU2-UW3F\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ugr\u00ebff<\/a> z\u00ebnter der Gr\u00ebnnung vum Staat Israel viru 75 Joer op israeelescher S\u00e4it bis elo m\u00e9i w\u00e9i 1400 M\u00ebnschen \u00ebmbruecht. D\u00e9i radikalislamistesch Pal\u00e4stinenserorganisatioun Hamas hat ausserdeem ronn 150 M\u00ebnschen als Geisele geholl. Israel huet mat Vergeltungsschl\u00e9i g\u00e9int d&#8217;Stellunge vun der Hamas an der Gazastr\u00e4if reag\u00e9iert. Pal\u00e4stinenseschen Informatiounen no goufe bis elo ongef\u00e9ier 2750 M\u00ebnschen doutgemaach.<\/p>\n<p>Sozial Netzwierker ginn am Moment vun enger Well u <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.33Y392A\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Falschinformatiounen<\/a> iwwerschwemmt. Och d&#8217;Behaaptung mam Video ass falsch: De Krich ass net inzen\u00e9iert. Den aus dem Zesummenhang gerappte Clip weist e Bl\u00e9ck hannert d&#8217;Kulisse vun engem Film, deen d&#8217;Geschicht vu reellen Erliefnesser aus dem Joer 2015 erzielt.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet op verschidde Plattformen no der selwechter Behaaptung gesicht, d\u00e9i och am aktuelle B\u00e4itrag gedeelt g\u00ebtt, an huet eng Rei Faktenchecke fonnt, d\u00e9i alleguer aus dem Joer 2022 stamen (vu <a href=\"https:\/\/perma.cc\/M9PR-LY54\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">France24<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/A2NB-P5GG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Reuters<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/XD9X-VJSU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Misbar<\/a> a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/SQZ7-D9JP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Knack<\/a>) an d&#8217;Behaaptung bew\u00e4ert hunn. D\u00ebsen Artikel huet der AFP n\u00ebtzlech Informatioune geliwwert, fir ze verstoen, vu wou den urspr\u00e9ngleche Video staamt an \u00ebm wat et goung.<\/p>\n<p>Aus dem Publikatiounsdatum vun d\u00ebse Faktenchecken, d\u00e9i genee de selwechte Clip weisen, konnt d&#8217;AFP ofleeden, dass de Clip n\u00e4ischt mat den Ereegnesser ze dinn huet, d\u00e9i z\u00ebnter dem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8ZW8-PDTE\">7. Oktober 2023<\/a> t\u00ebscht der Hamas an Israel stattfannen.<\/p>\n<p>Zer\u00e9ckverfollege vum Video<\/p>\n<p>Am gedeelte Videoclip ass d&#8217;Waasserzeeche vum Kont mam Numm @mohammadawawdeh938 ze fannen. D&#8217;AFP huet de Kont \u00ebnner d\u00ebsem Numm net op TikTok fonnt. Eng R\u00ebtsch Persounen haten de Clip awer op der Plattform gedeelt, dor\u00ebnner de Kont <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ULR6-QGEJ\">awawdehproduction<\/a> vun engem gew\u00ebsse Mohammad Awawdeh.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet heifir op d&#8217;Faktenchecken aus dem Joer 2022 iwwer de Video zer\u00e9ckgegraff. Dora sinn archiv\u00e9iert Links vum Originalvideo ze fannen, d\u00e9i een op de Kont\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/ULR6-QGEJ\">awawdehproduction<\/a> weiderleeden. Den TikTok-Notzer huet m\u00e9iglecherweis s\u00e4i Benotzernumm ge\u00e4nnert, och wann d&#8217;AFP dat net mat S\u00e9cherheet feststelle konnt. De Clip op deem Kont staamt vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JRT4-D6VQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">21. Abr\u00ebll 2022<\/a> a seng Beschreiwung heescht op Arabesch: &#8220;Hanner de Kulisse vun den Dr\u00e9iaarbechte fir d&#8217;Zeen, an d\u00e4r Siidler d&#8217;Kand Ahmed Manasra ugr\u00e4ifen&#8221;. De Mohammad Awawdeh huet zwee weider Videoe vun der selwechter Zeen gedeelt, d\u00e9i aus verschidde Bl\u00e9ckw\u00e9nkelen opgeholl goufen (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/J9Z6-MEEL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4W3C-ZH4Q\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>).<\/p>\n<p>E pal\u00e4stinensesche Kuerzfilm<\/p>\n<p>De Kontext zu engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9BDB-M7JB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">englesche B\u00e4itrag<\/a> op X (fr\u00e9ier Twitter), dee vu Lieserinnen a Lieser dob\u00e4igef\u00fc\u00fcgt gouf an an deem \u00e4nlech Falschinformatioune gedeelt goufen, souw\u00e9i de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7K7U-T5XT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Video vum Faktencheck vu France24<\/a> hunn der AFP gehollef, de Link zu engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4A7J-K8JM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">YouTube-Video<\/a> vum ganze Film ze fannen. De Mohammad Awawdeh war doran dem Ofspann no Kameraassistent.<\/p>\n<p>De Kuerzfilm heescht &#8220;Empty Place&#8221; (op L\u00ebtzbuergesch: Eidel Plaz) a gouf vum Pal\u00e4stinenser <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ED3X-C6M4\">Awni Eshtaiwe<\/a> gedr\u00e9int, deen op Facebook och <a href=\"https:\/\/perma.cc\/34R9-9EFV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">iwwer d&#8217;Filmcrew<\/a> geschriwwen huet. An der Beschreiwung \u00ebnner dem Video heescht et: &#8220;D\u00ebse Film ass eng F\u00ebnster, d\u00e9i de Bl\u00e9ck op d\u00e9i eidel Plaze fr\u00e4ig\u00ebtt, d\u00e9i all d\u00e9i zer\u00e9ckgelooss hunn, d\u00e9i w\u00e9inst der Besatzung gaange sinn, net just den Ahmad Manasra, mee 105.000 aner &#8216;eidel Plaze&#8217; vu M\u00e4rtyrer a Bless\u00e9ierten a Pal\u00e4stina.&#8221;<\/p>\n<p>Beim Verglach vun enger Opnam aus dem aktuell gedeelten TikTok-Video an dem Film ass ze gesinn, dass b\u00e9id Clips bei <a href=\"https:\/\/perma.cc\/U5SZ-CBEQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Minutt 1:19<\/a> d\u00e9i selwecht Zeen mat deem selwechte jonke Schauspiller um Buedem weisen.<\/p>\n<p>Den 12. Oktober 2023 huet den Awni Eshtaiwe op Ufro vun der AFP an enger Noricht confirm\u00e9iert, dass de Clip hanner d&#8217;Kulisse vum Film &#8220;Empty Place&#8221; bl\u00e9ckt, bei deem hie Regie gef\u00e9iert huet: &#8220;D\u00ebse Video weist e Making Off vun &#8216;Empty Place&#8217;.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/6546179c8626e9abd6a8ccc2947e2d8c.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Geschicht vum Ahmad Manasra<\/p>\n<p>W\u00e9i vu Regisseur a Kameraassistenten ernimmt, handelt de Film vum Ahmad Manasra, engem pal\u00e4stinensesche Jong, deen 2017 am Alter vu 15 Joer vun engem israeelesche Geriicht zu zwielef Joer Prisong verurteelt gouf. Hie gouf w\u00e9inst versichtem Mord un zwee Israeeli, engem 20-J\u00e4regen an engem 12-J\u00e4regen, bei enger Messerattack mat sengem Koseng an enger jiddescher Siidlung zu Ostjerusalem sch\u00eblleg gesprach. Zwee Joer m\u00e9i sp\u00e9it gouf <a href=\"https:\/\/perma.cc\/896R-QTV8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">dem Manasra seng Strof<\/a> op 9,5 Jore reduz\u00e9iert.<\/p>\n<p>De Manasra war zum Z\u00e4itpunkt vun den Ereegnesser er\u00e9ischt 13 Joer al. Deemools hunn Opname bei ville Pal\u00e4stinenser Roserei ausgel\u00e9ist. Se hu gewisen, w\u00e9i de Manasra bluddeg um Buedem louch, nodeem hie vun engem Auto ugestouss gi war, w\u00e9i hie versicht huet fortzelafen &#8211; a w\u00e9i d&#8217;Israeeli hien no der Attack insult\u00e9iert hunn. D\u00ebse Moment gouf am Film &#8220;Empty Place&#8221; nogestallt, deen och am Making Off ze gesinn ass. D\u00ebs Zeen g\u00ebtt elo als aktuell Momentopnam gedeelt.<\/p>\n<p>De pal\u00e4stinenseschen Teenager gouf zum <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20231012085828\/https:\/\/tribune.com.pk\/story\/973870\/video-of-bleeding-palestinian-teen-intensifies-online-image-war\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Symbol<\/a> fir eng Well vun israeelesch-pal\u00e4stinensescher Gewalt am Joer 2015.<\/p>\n<p>Attack vun der Hamas op Israel<\/p>\n<p>De 7. Oktober 2023 huet d\u00e9i radikalislamesch Pal\u00e4stinenserorganisatioun Hamas eng grouss Attack op Israel lanc\u00e9iert an ongef\u00e9ier 150 Persounen als Geisele geholl. Offiziellen Informatiounen no goufen op israeelescher s\u00e4it an de K\u00e4mpf bis elo m\u00e9i w\u00e9i 1400 M\u00ebnschen \u00ebmbruecht. Als Reaktioun dorop huet d\u00e9i israeelesch Arm\u00e9i d&#8217;Gazastr\u00e4if, d\u00e9i vun der Hamas kontroll\u00e9iert g\u00ebtt, \u00ebnner Beschoss geholl. Pal\u00e4stinenseschen Donn\u00e9e\u00ebn no goufen an d\u00ebsem Zesummenhang bis elo m\u00e9i w\u00e9i 2750 M\u00ebnschen doutgemaach, housch et de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZXU2-UW3F\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">16. Oktober 2023<\/a>.<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4D8R-GUX6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">13. Oktober 2023<\/a> huet d\u00e9i israeelesch Arm\u00e9i all Zivilistinnen an Zivilisten a Gaza opgefuerdert, d&#8217;Stad a Richtung S\u00fcden ze verloossen. Virdrun hat d\u00e9i israeelesch Regierung d\u00e9i komplett Block\u00e9iere vun der Gazastr\u00e4if ugeuerdent, den Import vu Bensinn, Liewensm\u00ebttel an Dr\u00e9nkwaasser gouf agestallt.<\/p>\n<p><strong>Fazit<\/strong>: Am Internet g\u00ebtt e Video mat der falscher Behaaptung gedeelt, dass de Krich t\u00ebscht der Hamas an Israel inzen\u00e9iert w\u00e4r. De Clip weist awer Zeenen hanner de Kulisse vun engem pal\u00e4stinensesche Kuerzfilm aus dem Joer 2022, w\u00e9i de Regisseur vum Film confirm\u00e9iert huet. De Video gouf vun engem Member vun der Filmcrew w\u00e4rend der Produktioun a sozialen Netzwierker eropgelueden.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>No der Attack vun der radikalislamistescher Hamas op Israel de 7. Oktober 2023 an dem uschl\u00e9issende Beschoss vun der Gazastr\u00e4if duerch d\u00e9i israeelesch Arm\u00e9i goufe sozial Netzwierker intensiv fir d&#8217;Dokumentatioun a Komment\u00e9ierung vum d\u00e9idleche Krich genotzt. Gl\u00e4ichz\u00e4iteg gouf eng Well vu Feelinformatioune lassgetr\u00ebppelt. Sou gouf zum Beispill e Video op TikTok op verschiddene Plattformen an a verschiddene Sprooche mat der falscher Behaaptung gedeelt, dass de Krich t\u00ebscht der Hamas an Israel gestallt wier.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":293077,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[402,191],"tags":[],"class_list":{"0":"post-293092","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-noen-osten","8":"category-politik"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2127182","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2127182.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: D\u00ebse Video weist net, dass de Krich t\u00ebscht der Hamas an Israel inzen\u00e9iert ass - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: D\u00ebse Video weist net, dass de Krich t\u00ebscht der Hamas an Israel inzen\u00e9iert ass - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"No der Attack vun der radikalislamistescher Hamas op Israel de 7. Oktober 2023 an dem uschl\u00e9issende Beschoss vun der Gazastr\u00e4if duerch d\u00e9i israeelesch Arm\u00e9i goufe sozial Netzwierker intensiv fir d&#039;Dokumentatioun a Komment\u00e9ierung vum d\u00e9idleche Krich genotzt. Gl\u00e4ichz\u00e4iteg gouf eng Well vu Feelinformatioune lassgetr\u00ebppelt. Sou gouf zum Beispill e Video op TikTok op verschiddene Plattformen an a verschiddene Sprooche mat der falscher Behaaptung gedeelt, dass de Krich t\u00ebscht der Hamas an Israel gestallt wier.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-11-02T12:00:54+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-11-02T14:12:43+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/8021d492d04f1f20fe6b737c453fb45b.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1024\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"576\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"6 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: D\u00ebse Video weist net, dass de Krich t\u00ebscht der Hamas an Israel inzen\u00e9iert ass\",\"datePublished\":\"2023-11-02T12:00:54+00:00\",\"dateModified\":\"2023-11-02T14:12:43+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/\"},\"wordCount\":1266,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/8021d492d04f1f20fe6b737c453fb45b.jpeg\",\"articleSection\":[\"Noen Osten\",\"Politik\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/\",\"name\":\"Faktencheck: D\u00ebse Video weist net, dass de Krich t\u00ebscht der Hamas an Israel inzen\u00e9iert ass - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/8021d492d04f1f20fe6b737c453fb45b.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-11-02T12:00:54+00:00\",\"dateModified\":\"2023-11-02T14:12:43+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/8021d492d04f1f20fe6b737c453fb45b.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/8021d492d04f1f20fe6b737c453fb45b.jpeg\",\"width\":1024,\"height\":576,\"caption\":\"Faktencheck: D\u00ebse Video weist net, dass de Krich t\u00ebscht der Hamas an Israel inzen\u00e9iert ass - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: D\u00ebse Video weist net, dass de Krich t\u00ebscht der Hamas an Israel inzen\u00e9iert ass\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: D\u00ebse Video weist net, dass de Krich t\u00ebscht der Hamas an Israel inzen\u00e9iert ass - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: D\u00ebse Video weist net, dass de Krich t\u00ebscht der Hamas an Israel inzen\u00e9iert ass - EDMO Belux","og_description":"No der Attack vun der radikalislamistescher Hamas op Israel de 7. Oktober 2023 an dem uschl\u00e9issende Beschoss vun der Gazastr\u00e4if duerch d\u00e9i israeelesch Arm\u00e9i goufe sozial Netzwierker intensiv fir d'Dokumentatioun a Komment\u00e9ierung vum d\u00e9idleche Krich genotzt. Gl\u00e4ichz\u00e4iteg gouf eng Well vu Feelinformatioune lassgetr\u00ebppelt. Sou gouf zum Beispill e Video op TikTok op verschiddene Plattformen an a verschiddene Sprooche mat der falscher Behaaptung gedeelt, dass de Krich t\u00ebscht der Hamas an Israel gestallt wier.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-11-02T12:00:54+00:00","article_modified_time":"2023-11-02T14:12:43+00:00","og_image":[{"width":1024,"height":576,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/8021d492d04f1f20fe6b737c453fb45b.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"6 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: D\u00ebse Video weist net, dass de Krich t\u00ebscht der Hamas an Israel inzen\u00e9iert ass","datePublished":"2023-11-02T12:00:54+00:00","dateModified":"2023-11-02T14:12:43+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/"},"wordCount":1266,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/8021d492d04f1f20fe6b737c453fb45b.jpeg","articleSection":["Noen Osten","Politik"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/","name":"Faktencheck: D\u00ebse Video weist net, dass de Krich t\u00ebscht der Hamas an Israel inzen\u00e9iert ass - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/8021d492d04f1f20fe6b737c453fb45b.jpeg","datePublished":"2023-11-02T12:00:54+00:00","dateModified":"2023-11-02T14:12:43+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/8021d492d04f1f20fe6b737c453fb45b.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/10\/8021d492d04f1f20fe6b737c453fb45b.jpeg","width":1024,"height":576,"caption":"Faktencheck: D\u00ebse Video weist net, dass de Krich t\u00ebscht der Hamas an Israel inzen\u00e9iert ass - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dse-video-weist-net-dass-de-krich-tscht-der-hamas-an-israel-inzeniert-ass\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: D\u00ebse Video weist net, dass de Krich t\u00ebscht der Hamas an Israel inzen\u00e9iert ass"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/293092","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=293092"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/293092\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/293077"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=293092"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=293092"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=293092"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}