{"id":295953,"date":"2023-11-06T09:28:10","date_gmt":"2023-11-06T09:28:10","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=295953"},"modified":"2023-11-08T08:50:03","modified_gmt":"2023-11-08T08:50:03","slug":"faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Kurkuma ass kee &#8220;magescht Gew\u00fcrz&#8221;, dat all d&#8217;Krankheeten heele kann"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p><b>\u00a9 RTL Grafik<\/b><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<p>Egal ob an engem Kraider-T\u00e9i, an enger Anti-Aging-Cr\u00e8me oder a Kapselen: Kurkuma, e Gewierz aus Asien, ass an der Moud. Entreprisen, d\u00e9i et vermaarten, awer och Internetnotzer ginn an de sozialen Netzwierker mat de ville F\u00e4egkeete vun d\u00ebsem &#8220;Gesondheetsliewensm\u00ebttel&#8221; un. Kurkuma g\u00e9if d&#8217;Haut m\u00e9i sch\u00e9i maachen, awer och Diabetes regul\u00e9ieren a souguer Kriibs behandele k\u00ebnnen respektiv virbeugen.<\/p>\n<p>En ass de Star vun de &#8220;Wellness-Liewensm\u00ebttel&#8221;: Kurkuma ass dat Gewierz, dat een doheem am Schaf muss hunn, fir gesond ze sinn, sou heescht et an de sozialen Netzwierker.<\/p>\n<p>Schonn z\u00ebnter enger Rei Jore luewe Publikatiounen d&#8217;Virzich vun d\u00ebsem iessbare &#8220;Gold&#8221;, w\u00e9i d\u00ebse Message aus dem Joer 2018 vun enger Epicerie op\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/FQ9Q-UGLL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> vers\u00e9chert: &#8220;Kurkuma ass exzellent fir d&#8217;Verdauung, en huet och d&#8217;F\u00e4egkeet, Entz\u00fcndungen ze reduz\u00e9ieren, Kriibs virzebeugen an d&#8217;Gehier virun Alzheimer ze sch\u00fctzen.&#8221;<\/p>\n<p>Experteberichter zum Sujet &#8220;Wuelbefannen&#8221; oder &#8220;natierlech Gesondheet&#8221; empfeele seng Virdeeler op\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/RR3A-4HLB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">TikTok<\/a> och als &#8220;gutt a renatierlech&#8221;. De Video zu Kurkuma gouf iwwer 13.000 Mol gekuckt. Eng enregistr\u00e9iert St\u00ebmm l\u00ebscht &#8220;d&#8217;Virdeeler vu Kurkuma&#8221; op, d\u00e9i hirer Meenung no &#8220;de Risiko vun H\u00e4erzkrankheete verr\u00e9ngert&#8221;, &#8220;de Cholesterolspigel senkt&#8221;, &#8220;kriibshemmend Eegenschaften&#8221; huet an &#8220;h\u00eblleft, d&#8217;Auswierkunge vun der Chimio ze reduz\u00e9ieren&#8221;.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/11\/66e9e99ea28f23bd5f14a4bb58ab1559.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>E weidere Kont mam Numm &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/VP8L-QFFR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Vitalixir<\/a>&#8220;, dee ganz \u00ebnnerschiddlech, awer net bewise gesondheetlech Rotschl\u00e9i w\u00e9i &#8220;all Dag Zitrounewaasser dr\u00e9nken&#8221; oder &#8220;all Dag L\u00e9ift maache&#8221; g\u00ebtt, fir d&#8217;Gesondheet ze verbesseren, recommand\u00e9iert &#8220;eng Taass Kurkuma den Dag&#8221;, fir &#8220;H\u00e4erzkrankheeten, Arthritis, all Zorte vu Kriibs ze reduz\u00e9ieren&#8221; an et &#8220;kann [och] h\u00ebllefen, Diabetes ze kontroll\u00e9ieren&#8221;.<\/p>\n<p>Op TikTok luewen och <a href=\"https:\/\/perma.cc\/T783-8PVH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">vill Beauty-Influencer<\/a> d\u00e9i heelend an ophellend Wierkunge vu Kurkuma an deele Rezepter fir Hausmasken. D&#8217;Schlagwuert #curcuminebenefits (d&#8217;Virdeeler vu Kurkuma) hat den 19. Oktober insgesamt zwou Millioune Views am sozialen Netzwierk a #curcumamask 400.000 Views.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/11\/36e61f638f5a262bf67c29a00f449647.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D\u00e9i therapeutesch Aussoen iwwer Kurkuma goufen an diverse Sproochen a L\u00e4nner verbreet, z.B. op <a href=\"https:\/\/archive.ph\/UfRB3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Englesch<\/a> a <a href=\"https:\/\/archive.ph\/Skrjx\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Spuenesch<\/a>.<\/p>\n<p>An de leschte Jore gouf et scho Feelinformatiounen iwwer Kurkuma: D&#8217;AFP hat beispillsweis gewisen, dass en net dozou benotzt ka ginn, de <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.33PY73Q\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Spike-Protein a Covid-Impfstoffer ofzebauen<\/a>, oder dass e <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.33VH4DE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">keen effikassen Traitement g\u00e9int Myokarditis<\/a> ass.<\/p>\n<p>Interessant entz\u00fcndungshemmend Eegenschaften<\/p>\n<p>Kurkuma, deen een aus der Kiche w\u00e9inst senger gieler, quasi oranger Faarf kennt, och &#8220;Safran aus Indien&#8221; genannt, ass eng Planz, d\u00e9i majorit\u00e4r a S\u00fcdostasien ugebaut g\u00ebtt an z\u00ebnter Joerhonnerte fir d&#8217;Wierze vu Platen, besonnesch d\u00e9i mat Curry, genotzt g\u00ebtt.<\/p>\n<p>S\u00e4i Rhizom, s\u00e4in \u00ebnnerierdesche Stamm, g\u00ebtt och schonn z\u00ebnter Urz\u00e4ite fir medezinesch Zwecker zu Polver verschafft, fir de Wierkstoff Curcumin mat senger entz\u00fcndungshemmender Wierkung ze extra\u00e9ieren.<\/p>\n<p>D\u00e9i exzellent Reaktivit\u00e9it am Laboratoire vu Curcumin huet d\u00ebse Molek\u00fcll zu engem interessante Fuerschungsobjet gemaach, w\u00e9i an d\u00ebsem Video vu <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=Qnu3LJyM7w4&amp;t=76s\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Quechoisir<\/a> erkl\u00e4ert g\u00ebtt (A<a href=\"https:\/\/perma.cc\/GFF6-GV9A\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">rchiv<\/a>).<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/11\/a498803ed1c44a8e7afa28eab509e978.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Cheemesch gesinn, seet den Dr. St\u00e9phane Korsia-Meffre, D\u00e9ierendokter an Neurobiolog, op dem Site <a href=\"https:\/\/www.vidal.fr\/parapharmacie\/phytotherapie-plantes\/curcuma-longa.html#:~:text=Les%20effets%20ind%C3%A9sirables%20du%20curcuma,des%20naus%C3%A9es%20et%20des%20vomissements.\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">sp\u00e9cialiste des m\u00e9dicaments Vidal.fr<\/a> (A<a href=\"https:\/\/perma.cc\/CF2A-SWYR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">rchiv<\/a>), hunn d&#8217;Curcumioniden am Kurkuma-Rhizom &#8220;ausgepr\u00e4\u00e4gt antioxidant an entz\u00fcndungshemmend Eegenschaften&#8221;.<\/p>\n<p>Hien er\u00ebnnert dorun, dass d&#8217;Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) d&#8217;Benotze vu Kurkuma bei &#8220;Verdauungsschwieregkeete mat Iwwersaierung a Flatulenzen&#8221; als &#8220;klinesch gerechtf\u00e4erdegt&#8221; unerkennt.<\/p>\n<p>Eng <a href=\"http:\/\/press.psprings.co.uk\/ebm\/september\/bmjebm112231.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">rezent Et\u00fcd<\/a> (A<a href=\"https:\/\/perma.cc\/4JQS-N8VD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">rchiv<\/a>), d\u00e9i am Joer 2022 am BMJ Evidence-based medicine publiz\u00e9iert gouf, weist eng \u00e4nlech Effikassit\u00e9it vu Curcumin an Omeprazol (dat de Reflux vum Mo reduz\u00e9iert) bei Patiente mat funktioneller Dyspepsie, enger chronescher Erkrankung vum ieweschte Verdauungstrakt.<\/p>\n<p>Wat d&#8217;Wierkung vu Curcumin op d&#8217;Haut betr\u00ebfft, sou ass et <em>&#8220;en interessante Wierkstoff, deen an der Absorptioun entz\u00fcndungshemmend ass, an enger ingestibler Form&#8221;<\/em>, huet d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/@Dr.MarieJourdan\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Marie Jourdan (<\/a>Archiv<a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/@Dr.MarieJourdan\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">)<\/a>, Dermatologin a Venerologin zu Par\u00e4is, der AFP den 19. Oktober erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>G\u00ebtt et direkt op d&#8217;Haut opgedroen, w\u00e9i et vun den Influencer empfuele g\u00ebtt?<em> &#8220;Mir w\u00ebssen, dass et en ophellend M\u00ebttel ass, also wann et Iech vun \u00c4ren doudegen Zelle befreit, ges\u00e4it et gutt aus&#8221;, huet si b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt. D&#8217;Dermatologin freet sech awer, ob Curcumin a best\u00ebmmte Kosmetika enthalen ass: &#8220;A priori ass et just an enger grousser Dosis wierksam, dohier kann ee sech d&#8217;Fro stellen, ob es an der sougenannter &#8216;Kurkuma-Cr\u00e8me&#8217; genuch dran ass oder ob et stabil genuch ass, fir eng Wierkung ervirzeruffen.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>Opgrond vun de villverspriechende Wierkunge vu Curcumin sinn d&#8217;Et\u00fcden zu d\u00ebsem Gewierz bei anere Krankheeten an de leschte Joren spronghaft geklommen, w\u00e9i d&#8217;ANSES, d\u00e9i frans\u00e9isch Agence nationale de s\u00e9curit\u00e9 sanitaire de l\u2019alimentation, de l\u2019environnement et du travail, an engem <a href=\"https:\/\/www.anses.fr\/en\/system\/files\/NUT2019SA0111.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Rapport<\/a> aus dem Joer 2022 (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/U9TG-ND66\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>) festgestallt huet. Eng Recherche mam Begr\u00ebff Curcumin an der w\u00ebssenschaftlecher Datebank Pubmed hat 1990 73 Artikelen als Resultat, sou d\u00e9i frans\u00e9isch Agence. Am Oktober 2021 waren et 17.885 Artikelen.<\/p>\n<p>Den Dr. St\u00e9phane Korsia-Meffre k\u00ebnnt zur Konklusioun: &#8220;Et goufe m\u00e9i w\u00e9i 120 klinesch Et\u00fcde ver\u00ebffentlecht, awer keng hat genuch Aussokraaft, fir endg\u00fclteg Schlussfolgerungen ze z\u00e9ien. Trotzdeem feelt et net u w\u00ebssenschaftlechen Artikelen, d\u00e9i heefeg vun Entreprisen, d\u00e9i Kurkuma vermaarte w\u00ebllen, ugereegt ginn.&#8221;Fir hien ass <em>&#8220;Kurkuma en typescht Beispill fir d&#8217;Faibless\u00eb vun Et\u00fcden iwwer d&#8217;Effikassit\u00e9it vu Substanze vun natierlechem Ursprong (d.h. net patent\u00e9ierbar)&#8221;.<\/em><\/p>\n<p>Liewerschiedungen a groussem \u00cbmfang<\/p>\n<p>Problem: Mat all senge &#8220;Verspriechen&#8221; zitt Kurkuma vill Consommateuren un, d\u00e9i een oder m\u00e9i vu hire gesondheetleche Problemer l\u00e9ise w\u00ebllen, well si mengen, dass Kurkuma, vue dass et natierlech ass, och ongef\u00e9ierlech ass.<\/p>\n<p>Am Ber\u00e4ich vun de komplementare Liewensm\u00ebttel ass\u00a0 Kurkuma domat zu engem bel\u00e9ifte Produit avanc\u00e9iert. De Maart vu komplementare Liewensm\u00ebttel &#8211; Kapselen, Ueleger, Siropen &#8211; progress\u00e9iert konstant an et ginn, der ANSES no, all Mount m\u00e9i w\u00e9i 1.000 nei Autorisatiounen ugefrot.<\/p>\n<p>Den 20. Oktober huet d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.linkedin.com\/in\/fanny-huret-172a3259\/?originalSubdomain=fr\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Fanny Huret<\/a> (<a href=\"https:\/\/archive.ph\/WZL4H\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>), Charg\u00e9e de projets scientifiques bei der ANSES a Coordinatrice vum Avis aus dem Joer 2022 iwwer Kurkuma, g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert: <em>&#8220;Et ass noutwenneg, dass d&#8217;Gesondheetsberuffler an d&#8217;Consommateuren iwwer d&#8217;Presenz vu Wierkstoffer an de komplementare Liewensm\u00ebttel inform\u00e9iert ginn. Soubal e wierkt, interag\u00e9iert e mat de lafenden Traitementer, mat de biologesche Systemer&#8230;&#8221;<\/em><\/p>\n<p>An hirem Rapport vun 2022 er\u00ebnnert d&#8217;ANSES dorun, dass <em>&#8220;Et\u00fcden dorop hindeiten, dass h\u00e9ich Dosisse vu Kurkuma oder Curcumin bei D\u00e9ieren hepatotoxesch sinn&#8221;<\/em>, a stellt t\u00ebscht 2009 an 2021 e b\u00ebsse manner w\u00e9i eng Dose F\u00e4ll vun Hepatite fest, d\u00e9i warscheinlech op d&#8217;Consommatioun vu Kurkuma a Frankr\u00e4ich zer\u00e9ckzef\u00e9iere sinn. Insgesamt goufen 120 Niewewierkunge registr\u00e9iert, d\u00e9i op Gewierzer zer\u00e9ckzef\u00e9iere waren.<\/p>\n<p>Z\u00ebnter der Publikatioun vun d\u00ebsem Avis huet d&#8217;Ekipp vun der Fanny Huret 55 nei Signalementer am Zesummenhang mat Kurkuma iwwer d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.nutrivigilance-anses.fr\/nutri#!\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Nutrivigilance-Plattform<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/62BX-R228\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>) erfaasst, d\u00e9i et jidderengem erm\u00e9iglecht, Niewewierkungen am Zesummenhang mat Liewensm\u00ebttel oder komplementare Liewensm\u00ebttel online ze mellen. <em>&#8220;Mir stelle virun allem Reaktioune vum Verdauungstrakt fest: Iwwelzegkeet, Duerchfall a souguer Hepatitis&#8221;<\/em>, w\u00e9i si sot.<\/p>\n<p>D\u00ebs Wierkungen triede bei Dos\u00e9ierungen op, d\u00e9i w\u00e4it iwwer deene leien, d\u00e9i mat de Moolzechten ageholl ginn. Komplementar Liewensm\u00ebttel si sou konzip\u00e9iert, dass Curcumin vill m\u00e9i staark vum Kierper opgeholl g\u00ebtt,<em> &#8220;v\u00e9ier- bis 185-mol m\u00e9i w\u00e9i net trait\u00e9ierte Curcumin&#8221;<\/em>, betount d&#8217;ANSES.<\/p>\n<p>Och wa se anscheinend d\u00e9i zoul\u00e4sseg Dagesdosis (180 mg Curcumin pro Dag fir eng Persoun vu 60 kg) net iwwerschreiden, k\u00ebnnen d\u00ebs nei Formelen, d\u00e9i heefeg Piperin (Peffer) enthalen, de Risiko vun Niewewierkunge steigeren.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/11\/a34e84d14774a005e7407bc874b32f15.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;ANSES huet sech och besuergt iwwer d&#8217;Heterogenit\u00e9it vun de Produiten, d\u00e9i op dem frans\u00e9ische Maart ze kr\u00e9ie sinn, ge\u00e4ussert, well d&#8217;Quantit\u00e9it vu Curcuminoiden an d\u00ebse Produite <em>&#8220;ganz \u00ebnnerschiddlech ass a vu 0,075 mg (w\u00e4sseregen Dr\u00e9chenextrakt) bis 7,5 g (w\u00e4sserege Fl\u00ebssegextrakt) geet&#8221;<\/em>.<\/p>\n<p>An Italien oder der Belsch, sou d\u00e9i frans\u00e9isch Agence, hunn d&#8217;Autorit\u00e9iten no de Liewerschied d&#8217;Verwende vu curcuminhaltege komplementare Liewensm\u00ebttel ageschr\u00e4nkt a bei St\u00e9ierunge vun der Liewer- oder Galefunktioun oder bei Galesteng dovun ofgeroden.<\/p>\n<p>An den USA huet d&#8217;<a href=\"https:\/\/sciencebasedmedicine.org\/fda-proposes-ban-on-curcumin-and-other-naturopathic-favorites-in-compounded-drugs\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">FDA<\/a> (d\u00e9i US-amerikanesch Medikamentenagence, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/D6DE-KHC5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>) am Joer 2019 nom Doud vun enger Patientin e Verbuet vu Curcumin a medezinesche Pr\u00e4parater gefuerdert. En Heelpraktiker hat hir Curcumin gespr\u00ebtzt, fir en Ekzeema ze behandelen.<\/p>\n<p>Wiesselwierkunge mat Anti-Kriibs-Medikamenter a keng nogewisen Effikassit\u00e9it g\u00e9int Kriibs<\/p>\n<p>Iwwer d&#8217;Niewewierkungen am Zesummenhang mat der Absorptioun vu Curcumin zielen d&#8217;ANSES-Experte Wiesselwierkunge mat Therapien, bei deenen d&#8217;Ger\u00ebnnung vum Blutt gehemmt g\u00ebtt, awer och mat Kriibsmedikamenter, d\u00e9i \u00eb.a. vun enger Ekipp vum Gustave Roussy Institut an enger <a href=\"https:\/\/www.annalsofoncology.org\/article\/S0923-7534(19)35012-4\/fulltext\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd aus dem Joer 2018<\/a> dokument\u00e9iert goufen (<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20231019153151\/https:\/\/www.annalsofoncology.org\/article\/S0923-7534%2819%2935012-4\/fulltext\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>).<\/p>\n<p>Den Donn\u00e9e\u00eb vun der <a href=\"https:\/\/www.cancer.be\/complementsalimentaires\/curcuma\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">belscher St\u00ebftung g\u00e9int Kriibs<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/6S2M-338V\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>) no ass et besser, Kurkuma net a Kombinatioun mat best\u00ebmmte Chemotherapien ze benotzen, well et deenen hir Wierkung reduz\u00e9iere g\u00e9ing. <em>&#8220;Et muss een och oppassen, wa Kurkuma a Kombinatioun mat enger Hormontherapie g\u00e9int Broschtkriibs benotzt g\u00ebtt&#8221;<\/em>, r\u00e9it d&#8217;St\u00ebftung. Dat well d&#8217;Gewierz d&#8217;Empfindlechkeet an d&#8217;Effikassit\u00e9it vum Traitement verr\u00e9ngere kann.<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/www.gustaveroussy.fr\/fr\/nutrition\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Dr Bruno Raynard<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/EN28-SSZS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>), Chef vum Departement &#8220;Ernierung&#8221; beim Gustave Roussy Institut zu Villejuif bei Par\u00e4is, deen op Kriibsbehandlunge spezialis\u00e9iert ass, stellt fest, dass d&#8217;Quantit\u00e9it vu Curcumin, d\u00e9i an de Kapselen enthal ass, <em>&#8220;net deene vu komplementare Liewensm\u00ebttel, mee deene vu Medikamenter entspr\u00e9cht&#8221;<\/em>.<\/p>\n<p>Den Ernierungsberoder ges\u00e4it an der Consultatioun <em>&#8220;d\u00e9i ganzen Z\u00e4it Patienten, d\u00e9i d\u00ebst oder dat komplementaart Liewensm\u00ebttel teste w\u00ebllen, well si mengen, dass et hinnen h\u00ebllefe kann.&#8221;<\/em> Dat Wichtegst, huet hien an engem Interview mat der AFP den 19. Oktober betount, <em>&#8220;ass et, doriwwer ze schw\u00e4tzen an zesummen ze kucken, wat interessant ass a wat net, an ze prob\u00e9ieren, e Konsens am Kader vum gesamte Projet ze fannen.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>Wat e potenziellen Effekt op Kriibs betr\u00ebfft, sou g\u00ebtt et bis elo keng Beweiser. <em>&#8220;Bei Mais g\u00ebtt et positiv an aner negativ Et\u00fcden, a beim M\u00ebnsch sinn d&#8217;Resultater leider am Moment negativ&#8221;<\/em>, seet hien.<\/p>\n<p>Hie verweist och op M\u00e9iglechkeeten, fir d&#8217;Niewewierkunge vu Kriibstherapien ofzefiederen, besonnesch bei Radiodermitis, enger Entz\u00fcndung vum Geweebe, d\u00e9i no der Stralentherapie virun allem bei Broschtkriibs optr\u00ebtt: <em>&#8220;Et huet een erwaart, dass Curcumin-Kapselen eng reell Verr\u00e9ngerung vun der Intensit\u00e9it an der domat verbonnener P\u00e9ng bewierke g\u00e9ifen, awer d\u00ebs Resultater sinn net erreecht ginn&#8221;<\/em>, bedauert hien.<\/p>\n<p><em>&#8220;Et ass net, well d&#8217;Resultater elo entt\u00e4uschend sinn, dass ee sech m\u00e9iglecherweis net virstelle kann, dass et an Zukunft Curcumin-Traitementer w\u00e4ert ginn. Et ass en interessante Wee, awer am Moment g\u00ebtt et n\u00e4ischt, wat verspr\u00e9cht, dass et e Wonnerm\u00ebttel ass&#8221;<\/em>, huet den Expert resum\u00e9iert. <em>&#8220;Et heelt kee Kriibs.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>Keng europ\u00e4esch Allegatioun, Et\u00fcde ginn nach net duer<\/p>\n<p>D&#8217;Wierkunge vu Curcumin ginn och bei anere Krankheeten \u00ebnnersicht, awer och hei si se net genuch beluecht.<\/p>\n<p>D&#8217;Fanny Huret vun der ANSES er\u00ebnnert dorun, dass Curcumin an Europa keng zoul\u00e4sseg <a href=\"https:\/\/www.anses.fr\/fr\/content\/les-all%C3%A9gations\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Allegatioun<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/CZR7-NMTM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>) huet. Eng Allegatioun <em>&#8220;ass e Message, deen op best\u00ebmmte Liewensm\u00ebttelverpackunge steet oder engem Produit b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt ass (Reklamm, Internetsite), an deem d\u00e9i gesondheets- an\/oder ernierungsphysiologesch Eegenschafte vu Liewensm\u00ebttel oder Liewensm\u00ebttelbestanddeeler ugi ginn&#8221;<\/em>, entspriechend enger ganz strenger Reegelung.<\/p>\n<p><em>&#8220;D&#8217;Niewewierkunge vu Curcumin op d&#8217;Gelenkfunktioun gi vun den <a href=\"https:\/\/eur-lex.europa.eu\/legal-content\/FR\/TXT\/PDF\/?uri=CELEX:32018R1556&amp;from=DE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">europ\u00e4eschen Autorit\u00e9iten<\/a> \u00ebnnersicht (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/92UY-H8X6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>), fir eng m\u00e9iglech Allegatioun ze kr\u00e9ien. Dat ass eng Allegatioun, d\u00e9i bis elo nach net zougelooss gouf&#8221;<\/em>, er\u00ebnnert sech d&#8217;Spezialistin.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/11\/4de52622ce79b8cae1098e4f98e2bc24.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Auswierkunge vu Curcumin op d&#8217;Regul\u00e9ierung vum Bluttzocker bei Diabetiker ass och nach net erfuerscht. An d\u00ebser <a href=\"https:\/\/www.sciencedirect.com\/science\/article\/abs\/pii\/S1871402123001224?via%3Dihub\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Analys<\/a> vun enger Rei Et\u00fcden (<a href=\"https:\/\/archive.ph\/fiHV6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>) zu d\u00ebsem Sujet kommen d&#8217;Fuerscher zur Konklusioun, dass Curcumin am Verglach zu Placebo zu enger signifikanter Senkung vum niichtere Bluttzocker b\u00e4idr\u00e9it. D\u00ebst sinn nach virleefeg Resultater, d\u00e9i nach duerch weider Et\u00fcden \u00ebnnermauert musse ginn.<\/p>\n<p>Op der medezinescher Informatiounss\u00e4it <a href=\"https:\/\/francais.medscape.com\/voirarticle\/3610259?ecd=mkm_ret_231018_mscpmrk-FR_2AngDiscussions_etid5962591&amp;uac=470219FT&amp;impID=5962591#vp_2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Medscape<\/a>\u00a0(<a href=\"https:\/\/perma.cc\/7FXQ-R9M9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Archiv<\/a>) mengt den Dr Boris Hansel, Diabetolog an Ernierungsw\u00ebssenschaftler, dass <em>&#8220;et menger Meenung no eng gutt Noriicht ass, se a Form vu Gewierzer an den Alldag ze integr\u00e9ieren. Iwwregens ass et dacks h\u00ebllefr\u00e4ich, fir eppes Aneres w\u00e9i Salz oder Zocker ze reduz\u00e9ieren&#8221;<\/em>. Gl\u00e4ichz\u00e4iteg warnt hien awer viru komplementare Liewensm\u00ebttel: <em>&#8220;Ech sinn net dofir. Et feelt un zouverl\u00e4ssege Referenzen, fir se de Patienten ouni Bedenken ze verschreiwen.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>Dat empfeelt och den Dr Raynard, dee seet, dass <em>&#8220;de Ples\u00e9ier, e schaarfe Plat ze iessen, Endorphiner fr\u00e4isetzt an den Appetit ureegt.&#8221;<\/em><\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Egal ob an engem Kraider-T\u00e9i, an enger Anti-Aging-Cr\u00e8me oder a Kapselen: Kurkuma, e Gewierz aus Asien, ass an der Moud. Entreprisen, d\u00e9i et vermaarten, awer och Internetnotzer ginn an de sozialen Netzwierker mat de ville F\u00e4egkeete vun d\u00ebsem &#8220;Gesondheetsliewensm\u00ebttel&#8221; un. Kurkuma g\u00e9if d&#8217;Haut m\u00e9i sch\u00e9i maachen, awer och Diabetes regul\u00e9ieren a souguer Kriibs behandele k\u00ebnnen respektiv virbeugen.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":295923,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[190],"tags":[],"class_list":{"0":"post-295953","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-gesondheet"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2129537","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2129537.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Kurkuma ass kee &quot;magescht Gew\u00fcrz&quot;, dat all d&#039;Krankheeten heele kann - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Kurkuma ass kee &quot;magescht Gew\u00fcrz&quot;, dat all d&#039;Krankheeten heele kann - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Egal ob an engem Kraider-T\u00e9i, an enger Anti-Aging-Cr\u00e8me oder a Kapselen: Kurkuma, e Gewierz aus Asien, ass an der Moud. Entreprisen, d\u00e9i et vermaarten, awer och Internetnotzer ginn an de sozialen Netzwierker mat de ville F\u00e4egkeete vun d\u00ebsem &quot;Gesondheetsliewensm\u00ebttel&quot; un. Kurkuma g\u00e9if d&#039;Haut m\u00e9i sch\u00e9i maachen, awer och Diabetes regul\u00e9ieren a souguer Kriibs behandele k\u00ebnnen respektiv virbeugen.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-11-06T09:28:10+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-11-08T08:50:03+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/11\/61475c41bbc95499bcf8946a1ab0abb7.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1024\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"576\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"10 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Kurkuma ass kee &#8220;magescht Gew\u00fcrz&#8221;, dat all d&#8217;Krankheeten heele kann\",\"datePublished\":\"2023-11-06T09:28:10+00:00\",\"dateModified\":\"2023-11-08T08:50:03+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/\"},\"wordCount\":2176,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/11\/61475c41bbc95499bcf8946a1ab0abb7.jpeg\",\"articleSection\":[\"Gesondheet\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/\",\"name\":\"Faktencheck: Kurkuma ass kee \\\"magescht Gew\u00fcrz\\\", dat all d'Krankheeten heele kann - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/11\/61475c41bbc95499bcf8946a1ab0abb7.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-11-06T09:28:10+00:00\",\"dateModified\":\"2023-11-08T08:50:03+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/11\/61475c41bbc95499bcf8946a1ab0abb7.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/11\/61475c41bbc95499bcf8946a1ab0abb7.jpeg\",\"width\":1024,\"height\":576,\"caption\":\"Faktencheck: Kurkuma ass kee \\\"magescht Gew\u00fcrz\\\", dat all d'Krankheeten heele kann - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Kurkuma ass kee &#8220;magescht Gew\u00fcrz&#8221;, dat all d&#8217;Krankheeten heele kann\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Kurkuma ass kee \"magescht Gew\u00fcrz\", dat all d'Krankheeten heele kann - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Kurkuma ass kee \"magescht Gew\u00fcrz\", dat all d'Krankheeten heele kann - EDMO Belux","og_description":"Egal ob an engem Kraider-T\u00e9i, an enger Anti-Aging-Cr\u00e8me oder a Kapselen: Kurkuma, e Gewierz aus Asien, ass an der Moud. Entreprisen, d\u00e9i et vermaarten, awer och Internetnotzer ginn an de sozialen Netzwierker mat de ville F\u00e4egkeete vun d\u00ebsem \"Gesondheetsliewensm\u00ebttel\" un. Kurkuma g\u00e9if d'Haut m\u00e9i sch\u00e9i maachen, awer och Diabetes regul\u00e9ieren a souguer Kriibs behandele k\u00ebnnen respektiv virbeugen.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-11-06T09:28:10+00:00","article_modified_time":"2023-11-08T08:50:03+00:00","og_image":[{"width":1024,"height":576,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/11\/61475c41bbc95499bcf8946a1ab0abb7.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"10 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Kurkuma ass kee &#8220;magescht Gew\u00fcrz&#8221;, dat all d&#8217;Krankheeten heele kann","datePublished":"2023-11-06T09:28:10+00:00","dateModified":"2023-11-08T08:50:03+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/"},"wordCount":2176,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/11\/61475c41bbc95499bcf8946a1ab0abb7.jpeg","articleSection":["Gesondheet"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/","name":"Faktencheck: Kurkuma ass kee \"magescht Gew\u00fcrz\", dat all d'Krankheeten heele kann - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/11\/61475c41bbc95499bcf8946a1ab0abb7.jpeg","datePublished":"2023-11-06T09:28:10+00:00","dateModified":"2023-11-08T08:50:03+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/11\/61475c41bbc95499bcf8946a1ab0abb7.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/11\/61475c41bbc95499bcf8946a1ab0abb7.jpeg","width":1024,"height":576,"caption":"Faktencheck: Kurkuma ass kee \"magescht Gew\u00fcrz\", dat all d'Krankheeten heele kann - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-kurkuma-ass-kee-magescht-gewrz-dat-all-dkrankheeten-heele-kann\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Kurkuma ass kee &#8220;magescht Gew\u00fcrz&#8221;, dat all d&#8217;Krankheeten heele kann"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/295953","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=295953"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/295953\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/295923"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=295953"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=295953"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=295953"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}