{"id":309538,"date":"2023-12-18T14:51:37","date_gmt":"2023-12-18T14:51:37","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=309538"},"modified":"2023-12-19T13:12:59","modified_gmt":"2023-12-19T13:12:59","slug":"faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Rend\u00e9ieren erleide keng Feelbildungen duerch Wandrieder"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Rend\u00e9iere bleiwe vu Wandkraaftanlagen ewech. Fir Gebuertsfeeler oder Deformatioune bei K\u00e4llefcher, d\u00e9i an engem Lieserbr\u00e9if genannt ginn, deen online vill gedeelt g\u00ebtt, g\u00ebtt et awer keng w\u00ebssenschaftlech Basis. Eng Rei Expertinnen an Experte hunn der AFP confirm\u00e9iert, dass hinnen esou en Effekt net bekannt w\u00e4r.<\/p>\n<p>An enger bayrescher Lokalzeitung bericht e Lieserbr\u00e9if vu vermeintleche Schied bei norwegesche Rend\u00e9ieren, d\u00e9i duerch Wandparken ausgel\u00e9ist solle gi sinn: &#8220;Et huet ee festgestallt, dass duerch d\u00e9i st\u00e4nneg Vibratioune vun der \u00c4erd d&#8217;K\u00e4llefcher vun de Rend\u00e9ieren als M\u00ebssgebuert bez\u00e9iungsweis verschampel\u00e9iert gebuer ginn.&#8221; An Norwegen g\u00e9ifen dow\u00e9inst 151 Wandrieder nees ofgebaut ginn, heescht et an dem Lieserbr\u00e9if. Dorop opbauend schw\u00e4tzt sech den Auteur g\u00e9int Wandrieder am bayresche Markt Essenbach aus.<\/p>\n<p>Dausenden Notzerinnen an Notzer hunn d&#8217;Behaaptung vun den angeeblech duerch Wandrieder geschiedegt Rend\u00e9ieren an Norwegen op Facebook (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/YNR5-LRVK\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/76J5-28CP\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/E95Q-HUFR\">hei<\/a>) oder <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20231017154401\/https:\/\/twitter.com\/ChildYAH77\/status\/1713248006076604696\">X<\/a>, fr\u00e9ier Twitter, gedeelt. Och op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Q3T8-VEM9?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Holl\u00e4nnesch<\/a> huet sech de Lieserbr\u00e9if verbreet.<\/p>\n<p>Ersch\u00e9ngen ass de B\u00e4itrag op der S\u00e4it 47 vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4V7R-MN7Y\">&#8220;Landshuter Zeitung&#8221;<\/a> vum 9. Oktober 2023, w\u00e9i d&#8217;AFP duerch eng R\u00e9ckfro an der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/A59T-JBM7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Maartgemeng Essenbach<\/a> erausfonnt huet.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/12\/3fffabf2ddc0b6cd6843b8d4d9bae402.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Wandenergie ass \u00ebmmer nees Bestanddeel vu Falschinformatiounen. Notzerinnen an Notzer hunn an der Vergaangenheet zum Beispill f\u00e4lschlecherweis Wandkraaftanlage fir <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32EC6LW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Dr\u00e9chent<\/a> oder <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.337E392\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">H\u00e4erzproblemer<\/a> verantwortlech gemaach. Faktenchecke vun der AFP zum Theema Klima sinn <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/list\/all\/all\/39289\/all\/tid-39289\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> ze fannen. Och d&#8217;Behaaptung iwwer verschampel\u00e9iert gebuer K\u00e4llefcher, d\u00e9i aktuell am \u00cbmlaf ass, ass falsch.<\/p>\n<p>Str\u00e4it \u00ebm Wandparken<\/p>\n<p>D&#8217;Vollek vun de Samen \u00ebmfaasst ronn 100.000 M\u00ebnschen, d\u00e9i a Schweden, Finnland, Norwegen a Russland liewen. En Deel vun hinne lieft vun der Rend\u00e9ierzuucht. Am Oktober 2021 huet dat iewescht Geriicht vun Norwegen festgestallt, dass munch Wandparken d\u00e9i vun der UNO garant\u00e9iert Rechter vun der indigeener Bev\u00eblkerung fir d&#8217;Aus\u00fcbung vun hirer Kultur vun der Rend\u00e9ierzuucht verletzen. 151 Wandrieder w\u00e4ren onrechtm\u00e9isseg gebaut ginn. Eng Rei Medien hunn doriwwer bericht (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/U7EP-YALH\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/YDY6-7GDD\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ES98-G5P5\">hei<\/a>), och d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/DEN8-P9CS\">AFP<\/a>.<\/p>\n<p>Am <a href=\"https:\/\/www.domstol.no\/globalassets\/upload\/hret\/decisions-in-english-translation\/hr-2021-1975-s.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Urteel<\/a> vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4GBP-6QSQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Geriicht<\/a> (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/AZF4-KD64\">hei<\/a> archiv\u00e9iert) ass zwar vun Nodeeler fir d&#8217;Rend\u00e9iere rieds, allerd\u00e9ngs net vu M\u00ebssgebuerten. D&#8217;Rend\u00e9iere g\u00e9ifen d&#8217;Gebidder vun de Wandrieder meiden, heescht et am Urteel.<\/p>\n<p>Och ofgerappt goufen d\u00e9i 151 Wandkraaftanlage bis elo net. Den 23. Oktober 2023, zwou Wochen no der Publikatioun vum Lieserbr\u00e9if, hu samesch Aktivisten an international \u00cbmweltsch\u00fctzer, dor\u00ebnner d&#8217;Greta Thunberg, g\u00e9int d&#8217;Wandrieder protest\u00e9iert. Si hunn d&#8217;Ag\u00e4ng vun enger Rei Minist\u00e8ren zu Oslo block\u00e9iert an hunn d&#8217;Ofrappe vun de Wandparke gefuerdert, w\u00e9i d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/X4XZ-JZPA\">AFP<\/a> gemellt hat.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/12\/21acced336b2232f6996ff27bc88068c.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Keng Feelgebuerte bei Rend\u00e9ieren<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet bei enger R\u00ebtsch Rend\u00e9ierexpertinnen an -experten nogefrot. Hinne war keen Effekt vu &#8220;M\u00ebssgebuerten&#8221; an Deformatioun bekannt, w\u00e9i en am Lieserbr\u00e9if beschriwwe g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/X237-E5WQ\">Jonathan Colman<\/a> ass Professer op der norwegescher Universit\u00e9it fir \u00cbmwelt- a Biow\u00ebssenschaften. Op d&#8217;Fro, ob Rend\u00e9ierk\u00e4llefcher duerch konstant Vibratioun beh\u00ebnnert oder deform\u00e9iert op d&#8217;Welt komme g\u00e9ifen, huet hien de 5. Dezember 2023 geschriwwen: &#8220;Dat ass ganz onwarscheinlech. (&#8230;) Ech hunn nach ni vu Vibratiounen an der G\u00e9igend vu Wandkraaftanlagen an Norwegen h\u00e9ieren. Ech hunn och nach ni vu Rend\u00e9ieren h\u00e9ieren, d\u00e9i duerch Vibratioune jeeglecher Aart negativ beaflosst goufen, och net a Bezuch op d&#8217;Entw\u00e9cklung vu F\u00f6tussen oder \u00c4nlechem.&#8221;<\/p>\n<p>Dat selwecht huet och d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/NG47-N9P2\">Eva Sch\u00f6ll<\/a> vum Institut fir W\u00ebldbiologie a Juegdwirtschaft op der Universit\u00e9it fir Buedemkultur zu Wien de 4. Dezember 2023 geschriwwen: &#8220;Ech ka mir net erkl\u00e4ren, op w\u00e9i enge Grondlagen d\u00e9i vun Iech erw\u00e4\u00e4nt Behaaptung am matgesch\u00e9ckten Zeitungsartikel berout. Mir ass keng w\u00ebssenschaftlech Literatur bekannt, an d\u00e4r esou een Effekt gewise g\u00ebtt.&#8221;<\/p>\n<p>De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JY69-EYVU\">Patrick Scherhaufer<\/a> besch\u00e4ftegt sech am Institut fir B\u00ebsch-, \u00cbmwelt- a Ressourc\u00ebpolitik op der Wiener Universit\u00e9it fir Buedemkultur mat <a href=\"https:\/\/perma.cc\/86HJ-F6ZT\">Wandkraaftprojeten<\/a>. Hie faasst den 1. Dezember 2023 g\u00e9intiwwer der AFP zesummen: &#8220;Et g\u00ebtt zum Sujet Beantr\u00e4chtegung gutt Fuerschung, awer Mord a Feelgebuerte k\u00ebnnen doran definitiv net nogewise \/ beluecht ginn.&#8221;<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7YT2-69JL\">Eigil Reimers<\/a> ass emerit\u00e9ierte Professer op der Fakult\u00e9it fir Biow\u00ebssenschaften vun der Universit\u00e9it Oslo. De 7. Dezember 2023 huet hien der AFP geschriwwen: &#8220;Mir hu keng Donn\u00e9e\u00ebn, d\u00e9i belee\u00ebn, dass Rend\u00e9ieren opgrond vu Wandkraaftanlage Feelgebuerten oder Entstellungen erlidden hunn.&#8221; Hien huet weider ausgef\u00e9iert: &#8220;Als Biolog fir W\u00ebld- an Hausd\u00e9ieren, dee s\u00e4it m\u00e9i w\u00e9i 40 Joer mat Rend\u00e9iere schafft, bezweiwelen ech indirekt Schiedegunge vu Wandrieder a Form vu Stierflechkeet oder Flucht.&#8221; W\u00e4re mat de Wandrieder net m\u00e9i Verk\u00e9ier oder aner m\u00ebnschlech Aktivit\u00e9ite verbonnen, g\u00e9ife sech d&#8217;Rend\u00e9ieren an de Joren no der Bauz\u00e4it warscheinlech un d&#8217;Anlagen upassen, sou de Reimers.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/12\/2d06c30fd74bb08bfd16b719132c66e4.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>St\u00e9ierung duerch Wandrieder<\/p>\n<p>Effektiv g\u00ebtt et Diskussiounen iwwer d&#8217;Effekter vu Wandrieder op Rend\u00e9ieren, w\u00e9i och de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8ZCU-J2R4\">Sindre Eftest\u00f8l<\/a> vun der Fakult\u00e9it fir Biow\u00ebssenschaften vun der Universit\u00e9it Oslo geschriwwen huet: &#8220;An der w\u00ebssenschaftlecher Gemeinschaft herrscht Oneenegkeet doriwwer, w\u00e9i eng Auswierkungen e Wandkraaftpark op Rend\u00e9ieren hu kann. Souw\u00e4it ech weess, geet et dob\u00e4i \u00ebm d&#8217;Fro, w\u00e9i an a w\u00e9i engem Ausmooss d&#8217;Beweegungsmusteren an d&#8217;Fl\u00e4chennotzung beantr\u00e4chtegt ginn an ob d&#8217;Beweegung vun den Turbinne selwer d\u00ebs Auswierkungen ausl\u00e9isen (oder ob se duerch verst\u00e4erkt m\u00ebnschlech Aktivit\u00e9iten oder physesch Hindernisser duerch Stroossen a sou weider verursaacht g\u00ebtt), an net dor\u00ebm, ob Vibratiounen zu Feelgebuerten oder Entstellunge f\u00e9iere k\u00ebnnen.&#8221; Fir esou Behaaptunge g\u00e9if et senges W\u00ebssens no keng publiz\u00e9iert Beleeg ginn.<\/p>\n<p>Och d&#8217;Eva Sch\u00f6ll huet geschriwwen: &#8220;Et g\u00ebtt e puer Et\u00fcden, d\u00e9i weisen, dass d&#8217;Beweegungsmustere vu Rend\u00e9ieren am \u00cbmkrees (zirka ee bis f\u00ebnnef Kilometer) \u00ebm d&#8217;Wandkraaftanlage beaflosst waren, dat heescht, et gouf eng Ver\u00e4nnerung an der Wiel an Notzung vum urspr\u00e9ngleche Liewensraum. Virun allem w\u00e4rend der Z\u00e4it vum Opz\u00e9ie vun de Jongd\u00e9ieren am Fr\u00e9ijoer goufe Fl\u00e4chen an der G\u00e9igend vun den Eolienn\u00eb gemidden.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/E96Z-M4DF\">Anna Skarin<\/a> vun der Schweedescher Universit\u00e9it fir Agrarw\u00ebssenschaften huet de 6. Dezember 2023 och op d&#8217;Nodeeler vu Wandrieder verwisen: &#8220;Mir hunn an eisen Et\u00fcde festgestallt, dass Rend\u00e9iere Gebidder meiden, an deene si d&#8217;Wandturbinne gesinn (a warscheinlech och h\u00e9iere) k\u00ebnnen, a Gebidder prefer\u00e9ieren, an deenen d&#8217;Turbinnen net ze gesi sinn.&#8221; Wa Rend\u00e9ieren immens gestresst sinn, zum Beispill wann e Raubd\u00e9ier se jot, k\u00e9inten och Feelgebuerte pass\u00e9ieren. Si f\u00fc\u00fcgt b\u00e4i, dass Wandparken och an d\u00ebsem Kontext schiedlech k\u00e9inte sinn, well se a Schweden op Hiwwelen a Bierger stinn an d\u00ebs Standuerter fir Rend\u00e9iere besonnesch wichteg w\u00e4ren.<\/p>\n<p>Si huet awer och festgehalen, dass de Br\u00e9if d&#8217;Effekter iwwerdriwwen a falsch zesummegestallt h\u00e4tt. Wandparke w\u00e4re &#8220;schlecht fir d&#8217;Rend\u00e9ierzuucht, awer d&#8217;Informatiounen, d\u00e9i am \u00cbmlaf sinn, sch\u00e9nge wierklech Fakenews ze sinn.&#8221;<\/p>\n<p>Och aner Et\u00fcde (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/R4FB-A3XQ\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2GMR-77VQ\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/T6DG-N6XH\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HY32-FNXR\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/F2JQ-KVWZ\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/B487-E9DG\">hei<\/a>) befaasse sech mat den Effekter vu Wandrieder op W\u00ebll D\u00e9ieren a stelle fest, dass Rend\u00e9ieren d&#8217;Wandrieder meiden. D&#8217;Auswierkunge si jee no Joresz\u00e4it \u00ebnnerschiddlech. Vu Feelgebuerten duerch Vibratioun ass allerd\u00e9ngs keng Ried.<\/p>\n<p>Am Lieserbr\u00e9if ass ausserdeem vun Iwwerpr\u00e9iwunge vu Wandparken um Mier op F\u00ebsch rieds. Mat \u00e4nleche Behaaptungen iwwer <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.33BY7PJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Walstrandungen opgrond vun Offshore-Wandparken huet sech d&#8217;AFP scho besch\u00e4ftegt<\/a>. W\u00e4rend L\u00e4rmverschmotzung och duerch Wandparke schiedlech fir d&#8217;D\u00e9ieren ass, konnt keen Zesummenhang zu Walen, d\u00e9i un der US-Atlantikk\u00fcst gestrant waren, fonnt ginn.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> Dat iewescht Geriicht vun Norwegen huet am Oktober 2021 entscheet, dass 151 Wandrieder onrechtm\u00e9isseg gebaut gi waren. Se g\u00e9ifen d\u00e9i indigeen Bev\u00eblkerung bei der Aus\u00fcbung vun hirer Kultur beh\u00ebnneren. Anescht w\u00e9i an engem Lieserbr\u00e9if behaapt, gouf dob\u00e4i allerd\u00e9ngs net festgestallt, dass Vibratioune vu Wandkraaftanlage bei Rend\u00e9ieren zu beh\u00ebnnerte K\u00e4llefcher f\u00e9iere g\u00e9ifen. Eng Rei Expertinnen an Experten hunn de Behaaptungen am Lieserbr\u00e9if widdersprach. De Bau vu Wandkraaftanlage ka fir W\u00ebll D\u00e9ieren awer och de Verloscht vu Liewensraum bedeiten.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Rend\u00e9iere bleiwe vu Wandkraaftanlagen ewech. Fir Gebuertsfeeler oder Deformatioune bei K\u00e4llefcher, d\u00e9i an engem Lieserbr\u00e9if genannt ginn, deen online vill gedeelt g\u00ebtt, g\u00ebtt et awer keng w\u00ebssenschaftlech Basis. Eng Rei Expertinnen an Experte hunn der AFP confirm\u00e9iert, dass hinnen esou en Effekt net bekannt w\u00e4r.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":309518,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,391],"tags":[],"class_list":{"0":"post-309538","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-technologie"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2148600","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2148600.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Rend\u00e9ieren erleide keng Feelbildungen duerch Wandrieder - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Rend\u00e9ieren erleide keng Feelbildungen duerch Wandrieder - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Rend\u00e9iere bleiwe vu Wandkraaftanlagen ewech. Fir Gebuertsfeeler oder Deformatioune bei K\u00e4llefcher, d\u00e9i an engem Lieserbr\u00e9if genannt ginn, deen online vill gedeelt g\u00ebtt, g\u00ebtt et awer keng w\u00ebssenschaftlech Basis. Eng Rei Expertinnen an Experte hunn der AFP confirm\u00e9iert, dass hinnen esou en Effekt net bekannt w\u00e4r.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2023-12-18T14:51:37+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-12-19T13:12:59+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/12\/5c09ad39744f43443e78f5e79d0875b9.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1024\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"576\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"6 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Rend\u00e9ieren erleide keng Feelbildungen duerch Wandrieder\",\"datePublished\":\"2023-12-18T14:51:37+00:00\",\"dateModified\":\"2023-12-19T13:12:59+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/\"},\"wordCount\":1425,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/12\/5c09ad39744f43443e78f5e79d0875b9.jpeg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Technologie\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/\",\"name\":\"Faktencheck: Rend\u00e9ieren erleide keng Feelbildungen duerch Wandrieder - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/12\/5c09ad39744f43443e78f5e79d0875b9.jpeg\",\"datePublished\":\"2023-12-18T14:51:37+00:00\",\"dateModified\":\"2023-12-19T13:12:59+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/12\/5c09ad39744f43443e78f5e79d0875b9.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/12\/5c09ad39744f43443e78f5e79d0875b9.jpeg\",\"width\":1024,\"height\":576,\"caption\":\"Faktencheck: Rend\u00e9ieren erleide keng Feelbildungen duerch Wandrieder - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Rend\u00e9ieren erleide keng Feelbildungen duerch Wandrieder\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Rend\u00e9ieren erleide keng Feelbildungen duerch Wandrieder - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Rend\u00e9ieren erleide keng Feelbildungen duerch Wandrieder - EDMO Belux","og_description":"Rend\u00e9iere bleiwe vu Wandkraaftanlagen ewech. Fir Gebuertsfeeler oder Deformatioune bei K\u00e4llefcher, d\u00e9i an engem Lieserbr\u00e9if genannt ginn, deen online vill gedeelt g\u00ebtt, g\u00ebtt et awer keng w\u00ebssenschaftlech Basis. Eng Rei Expertinnen an Experte hunn der AFP confirm\u00e9iert, dass hinnen esou en Effekt net bekannt w\u00e4r.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2023-12-18T14:51:37+00:00","article_modified_time":"2023-12-19T13:12:59+00:00","og_image":[{"width":1024,"height":576,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/12\/5c09ad39744f43443e78f5e79d0875b9.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"6 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Rend\u00e9ieren erleide keng Feelbildungen duerch Wandrieder","datePublished":"2023-12-18T14:51:37+00:00","dateModified":"2023-12-19T13:12:59+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/"},"wordCount":1425,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/12\/5c09ad39744f43443e78f5e79d0875b9.jpeg","articleSection":["\u00cbmwelt","Technologie"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/","name":"Faktencheck: Rend\u00e9ieren erleide keng Feelbildungen duerch Wandrieder - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/12\/5c09ad39744f43443e78f5e79d0875b9.jpeg","datePublished":"2023-12-18T14:51:37+00:00","dateModified":"2023-12-19T13:12:59+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/12\/5c09ad39744f43443e78f5e79d0875b9.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2023\/12\/5c09ad39744f43443e78f5e79d0875b9.jpeg","width":1024,"height":576,"caption":"Faktencheck: Rend\u00e9ieren erleide keng Feelbildungen duerch Wandrieder - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-rendieren-erleide-keng-feelbildungen-duerch-wandrieder\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Rend\u00e9ieren erleide keng Feelbildungen duerch Wandrieder"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/309538","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=309538"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/309538\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/309518"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=309538"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=309538"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=309538"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}