{"id":311839,"date":"2024-01-16T14:46:50","date_gmt":"2024-01-16T14:46:50","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=311839"},"modified":"2024-01-18T13:08:28","modified_gmt":"2024-01-18T13:08:28","slug":"faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Video vu Mann, deen anscheinend op Schw\u00e9ngefleesch urin\u00e9iert, ass e Geck"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<p>Am Dezember 2023 huet e Spaass-Video a sozialen Netzwierker fir eng Rei rose Kommentare g\u00e9int d\u00e9i muslimesch Communaut\u00e9it gesuergt.<\/p>\n<p>Den Auteur huet och eng Rei weider Videoe mat Spiichten op anere Plaze gedr\u00e9int. D&#8217;Supermarch\u00e9ketten huet der AFP ausserdeem matgedeelt, dass se keng Reklamatiounen iwwer d\u00e4raarteg Virf\u00e4ll an enger vun hire Filiale kritt h\u00e4tt.<\/p>\n<p><em>&#8220;Du bass ze radikal. Just well hie kee Schw\u00e9ngefleesch iesse w\u00ebll? Wow! Mir iesse kee Schw\u00e9ngefleesch&#8221;<\/em>, seet eng St\u00ebmm deels op Holl\u00e4nnesch, deels op Englesch an engem Video mat dem Titel &#8220;Wou bleift d&#8217;S\u00e9cherheet vun Albert Heijn?&#8221;, enger bekannter holl\u00e4nnescher Supermarch\u00e9scha\u00eene. Am <a href=\"https:\/\/perma.cc\/DJC5-L8YX\">Clip<\/a> ass e jonke Mann vun hannen ze gesinn, deen angeeblech an engem holl\u00e4nnesche Supermarch\u00e9 op Schw\u00e9ngefleesch an e Regal urin\u00e9iert.<\/p>\n<p>De Video huet sech M\u00ebtt Dezember 2023 op de sozialen Netzwierker verbreet a gouf milliounefach gekuckt nodeems e puer Internets\u00e4iten, d\u00e9i dacks <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/dieses-video-zeigt-keine-fluechtenden-als-brandstifter-moria\">Falschmeldunge<\/a> verbreeden, de Video op Facebook (z.B. <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7LCC-5GZL\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/U542-RLXJ\">hei<\/a>) oder <a href=\"https:\/\/perma.cc\/AMS5-KDZW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> gedeelt haten. Op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9992-37WT\">Telegram<\/a> gouf de Clip och verbreet. <em>&#8220;Dat kann dach net wouer sinn: Matzen an engem holl\u00e4nnesche Supermarch\u00e9 pisst e Client op d&#8217;Schw\u00e9ngefleesch am Regal, angeeblech aus Protest&#8221;<\/em>, heescht et zum Beispill an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/483B-99EE\">Artikel<\/a> vum 18. Dezember 2023 vum \u00e9istr\u00e4ichesche Boulevard-Magasin &#8220;Exxpress&#8221;. Och den \u00e9istr\u00e4ichesche Regionalsender &#8220;<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32NC3XW\">RTV Privatfernsehen<\/a>&#8221; huet de Video mat der falscher Behaaptung gedeelt.<\/p>\n<p>De Video gouf och vum holl\u00e4nnesche Rietspopulist Geert Wilders, dem President vun der antimuslimescher Partei fir d&#8217;Fr\u00e4iheet (PVV), deen d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/PA9C-E677\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Walen an Holland<\/a> den 22. November 2023 gewonnen hat, gedeelt. Seng Partei huet hir <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LH4V-8GBG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">S\u00ebtz am Verglach zu der leschter Wal op 37 verduebelt<\/a>. En \u00e9istr\u00e4ichesche <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Y7FP-RQWY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Politiker vun der rietspopulistescher FP\u00d6<\/a> an och d\u00e9i d\u00e4itsch <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HQ6Q-GSMT\">AfD Hannover-Stadt<\/a> hunn de Video och propag\u00e9iert.<\/p>\n<p>Dacks gedeelt g\u00ebtt de Clip ausserdeem an anere Sproochen. Vill Notzerinnen an Notzer hunn dob\u00e4i d&#8217;muslimesch Communaut\u00e9it ugegraff, zum Beispill op Holl\u00e4nnesch (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/NJF8-PM7P\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7NPE-9H44\">hei<\/a>), souw\u00e9i och a B\u00e4itr\u00e4g op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2NF5-4ZMZ\">Englesch<\/a> a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LXB6-VJGY\">Frans\u00e9isch<\/a>. Och op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZLV3-8JZY\">Schweedesch<\/a> gouf de Clip gedeelt.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/6e3fbe1798ba83a095c7582986bf6a1f.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>A Bezuch op d&#8217;Thema Migratioun dauchen op de sozialen Netzwierker generell \u00ebmmer nees Falschaussoen op. All d&#8217;Faktenchecken dozou sammelt d&#8217;AFP <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/list\/all\/all\/38607\/all\/tid-38607\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>.<\/p>\n<p>Och d\u00e9i aktuell gedeelt B\u00e4itr\u00e4g si falsch. Den Auteur vum Video huet den 20. Dezember 2023 an enger privater Noriicht un d&#8217;AFP op Instagram, souw\u00e9i och an engem YouTube-Video, deen de selwechten Dag ver\u00ebffentlecht gouf, erkl\u00e4ert, dass de Mann an dem Clip net wierklech op dat verpaakt Fleesch urin\u00e9iert h\u00e4tt. D\u00ebst w\u00e4r Deel vun enger Rei vu Spiichte gewiescht, d\u00e9i den Auteur gemaach h\u00e4tt. E Spriecher vun Albert Heijn huet der AFP den 20. Dezember 2023 per E-Mail matgedeelt, dass d&#8217;Entreprise zwar vun dem Video gewosst h\u00e4tt an e gesinn h\u00e4tt, mee keng Reklamatiounen doriwwer kritt h\u00e4tt, dass et effektiv an engem vu hirer Butteker geschitt w\u00e4r.<\/p>\n<p>Video ass gestallt<\/p>\n<p>An dem Video ass d&#8217;Ger\u00e4isch vun enger Fl\u00ebssegkeet ze h\u00e9ieren. Et ass d\u00e4itlech m\u00e9i haart w\u00e9i de Rescht vun der Tounspuer. An awer ass keng Fl\u00ebssegkeet op de Fleeschproduiten ze gesinn &#8211; obwuel de Mann am Clip sou m\u00e9cht, w\u00e9i wann hien urin\u00e9iere g\u00e9if.<\/p>\n<p>De Logo, deen an den Opnamen op verschiddene Produiten ze gesinn ass, deit dorop hin, dass de Video an engem <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20231225051859\/https:\/\/www.ah.nl\/\">Albert Heijn-Supermarch\u00e9<\/a> gedr\u00e9int gouf. Et ass net d\u00e9i \u00e9ischt K\u00e9ier, dass d&#8217;<a href=\"https:\/\/factchecknederland.afp.com\/doc.afp.com.33CK836\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Liewensm\u00ebttelkette fir d&#8217;Inzen\u00e9ierung vu Fakenews-Videoe genotzt gouf<\/a>.<\/p>\n<p>Eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=l2SbfqF-2Rg&amp;list=PL_tN7HuGt39pbSAghdwArQ2Ij1oPzJfHo&amp;index=2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">St\u00e9chwierdersich<\/a> ergouf, dass d\u00e9i fr\u00e9ist Versioun vum Video, d\u00e9i d&#8217;AFP fanne konnt, de 15. Dezember 2023 vun engem 22-j\u00e4rege User, dee sech Danny Derix nennt, op dem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8324-Y3HX\">Instagram-<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Y6BQ-S7JN\">Tiktok<\/a><a href=\"https:\/\/perma.cc\/Y6BQ-S7JN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">-Profil<\/a> vun dem holl\u00e4nnesche Kont &#8220;Buurtwacht&#8221; (Nachbarschaftswache) ver\u00ebffentlecht gouf. D&#8217;AFP konnt net erausfannen, ob den Danny Derix de richtegen Numm vum Notzer ass.<\/p>\n<p>Auteur huet Inzen\u00e9ierung vum Clip confirm\u00e9iert<\/p>\n<p>A sengen Instagram-Stories huet de User den 19. Dezember 2023 eng kuerz Opnam gepost, an d\u00e4r hien de virale Video komment\u00e9iert huet: <em>&#8220;W\u00ebsst dir, w\u00e9i vill M\u00e9i et kascht, d&#8217;Motivatioun ze hunn, all Dag ze erw\u00e4chen an op eng gutt Iddi ze kommen, w\u00e9i op Schw\u00e9ngefleesch ze pissen? W\u00ebsst dir, w\u00e9i vill M\u00e9i et kascht? Ech hunn den h\u00e4ertsten Job vun der Welt&#8221;<\/em>. An engem anere Live-Video war hien zu <a href=\"https:\/\/perma.cc\/23VX-ZL7B\">Zaandam<\/a>, enger holl\u00e4nnescher Stad n\u00ebrdlech vun Amsterdam, ze gesinn. B\u00e9id Instagram-Stories waren no 24 Stonne verschwonnen &#8211; \u00e9ier se archiv\u00e9iert konnte ginn.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet op dem Instagram-Account vu &#8220;Buurtwacht&#8221; eng Rei aner Videoe fonnt, an deenen e Mann ze gesinn ass, deen der Persoun an dem aktuell gedeelte Video \u00e4nelt an angeeblech op verschidde Plazen urin\u00e9iert, zum Beispill an engem Fitnessstudio (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/S48A-WHEF\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/XD67-G9JT\">hei<\/a>).<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet den User op Instagram kontakt\u00e9iert, fir m\u00e9i iwwer de Video erauszekr\u00e9ien. An enger Instagram-Noriicht vum 20. Dezember 2023 huet hien der AFP confirm\u00e9iert, dass hien den Auteur vum Video w\u00e4r: <em>&#8220;D&#8217;Persoun, d\u00e9i an dem Video ze gesinn ass, ass m\u00e4i Fr\u00ebnd. De Video gouf den 13. Dezember 2023 opgeholl. E gouf an Holland an engem Liewensm\u00ebttelbuttek (Albert Heijn XL) an der Stad Zaandam opgeholl. De Video ass eng absolutt F\u00e4lschung. Hien huet ni op Fleesch gepisst oder sou eppes, ech hunn e Soundeffekt mat engem Urin\u00e9ierger\u00e4isch benotzt an iwwer den Originalvideo geluecht. D&#8217;Absicht war, der Welt ze weisen, w\u00e9i einfach et ass, Fakenews ze produz\u00e9ieren an als Wourecht ze verbreeden.&#8221;<\/em> Hie sot: <em>&#8220;All d&#8217;Beweiser ginn op mengem YouTube-Kanal &#8216;Buurtwacht&#8217; ver\u00ebffentlecht.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>Den 20. Dezember 2023 um 17.30 Auer huet de User e Video, dee virdrun opgeholl gouf, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/AWY6-TG76\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">bei YouTube eropgelueden<\/a>, deen hien duerno och op sengem Kanal publiz\u00e9iert huet. An ongef\u00e9ier 15 Minutten huet hien erkl\u00e4ert, w\u00e9i hien d&#8217;Serie vu v\u00e9ier Videoen erstallt huet a w\u00e9i hien den Toun b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt huet, andeem hie beispillsweis eng verstoppt Waasserfl\u00e4sch benotzt oder Waasser op verschidden Objete geschott huet. Hien huet behaapt, hien h\u00e4tt eng Spiicht spillen a kucke w\u00ebllen, w\u00e9i sech d&#8217;Falschinformatioun verbreede g\u00e9if.<\/p>\n<p>Op YouTube huet hie weider erkl\u00e4ert: <em>&#8220;Mir hunn an d\u00ebsem Video net emol eng Waasserfl\u00e4sch benotzt. Et ass f\u00ebrmlech e Soundeffekt, deen ech op menger Toilette mat mengem iPhone opgeholl an \u00ebnner den Originalvideo geluecht hunn, dee mir bei Albert Heijn opgeholl hunn.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>Der Liewensm\u00ebttelketten ass keen d\u00e4raartege Virfall bekannt<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet och d&#8217;Liewensm\u00ebttelketten Albert Heijn kontakt\u00e9iert, fir erauszefannen, ob d\u00ebs de Virfall an enger vun hire Filiale confirm\u00e9iere kann oder net. D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/2PY3-3N34\">Angela Stoelinga<\/a> vum Departement Presse huet der AFP den 20. Dezember 2023 per E-Mail geschriwwen: <em>&#8220;Mir hunn de Video gesinn. Mir hunn doropshin intern Nofuerschunge gemaach. Mir hu keng Rapporten iwwer Bel\u00e4stegungen aus eise Butteker kritt.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>De Supermarch\u00e9 huet sech net dozou ge\u00e4ussert, ob d&#8217;Fleeschverkeef duerch d&#8217;Verbreedung vum Video beantr\u00e4chtegt goufen.<\/p>\n<p><strong>Fazit<\/strong>: Op de sozialen Netzwierker ass e Video am \u00cbmlaf, an deem e Mann angeeblech op Schw\u00e9ngefleesch an engem holl\u00e4nnesche Supermarch\u00e9 urin\u00e9iert. De Clip ass awer inzen\u00e9iert. Den Auteur vum Video huet g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass et sech \u00ebm e Geck gehandelt h\u00e4tt. Et g\u00e9if och eng Rei Videoe mat \u00e4nleche Spiichten op anere Plazen ginn. Och d&#8217;Liewensm\u00ebttelketten huet confirm\u00e9iert, dass se keng Reklamatiounen iwwer esou Virf\u00e4ll an enger vun hire Filiale kritt h\u00e4tt.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Am Dezember 2023 huet e Spaass-Video a sozialen Netzwierker fir eng Rei rose Kommentare g\u00e9int d\u00e9i muslimesch Communaut\u00e9it gesuergt.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":311829,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[183,193],"tags":[],"class_list":{"0":"post-311839","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-fact-check-lb","8":"category-gesellschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2153918","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2153918.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Video vu Mann, deen anscheinend op Schw\u00e9ngefleesch urin\u00e9iert, ass e Geck - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Video vu Mann, deen anscheinend op Schw\u00e9ngefleesch urin\u00e9iert, ass e Geck - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Am Dezember 2023 huet e Spaass-Video a sozialen Netzwierker fir eng Rei rose Kommentare g\u00e9int d\u00e9i muslimesch Communaut\u00e9it gesuergt.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-01-16T14:46:50+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-01-18T13:08:28+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/fc82cac6cb5b0bc3251bbceeecf44184.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1023\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"576\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"6 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Video vu Mann, deen anscheinend op Schw\u00e9ngefleesch urin\u00e9iert, ass e Geck\",\"datePublished\":\"2024-01-16T14:46:50+00:00\",\"dateModified\":\"2024-01-18T13:08:28+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/\"},\"wordCount\":1301,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/fc82cac6cb5b0bc3251bbceeecf44184.jpeg\",\"articleSection\":[\"Fact Check\",\"Gesellschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/\",\"name\":\"Faktencheck: Video vu Mann, deen anscheinend op Schw\u00e9ngefleesch urin\u00e9iert, ass e Geck - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/fc82cac6cb5b0bc3251bbceeecf44184.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-01-16T14:46:50+00:00\",\"dateModified\":\"2024-01-18T13:08:28+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/fc82cac6cb5b0bc3251bbceeecf44184.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/fc82cac6cb5b0bc3251bbceeecf44184.jpeg\",\"width\":1023,\"height\":576,\"caption\":\"Faktencheck: Video vu Mann, deen anscheinend op Schw\u00e9ngefleesch urin\u00e9iert, ass e Geck - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Video vu Mann, deen anscheinend op Schw\u00e9ngefleesch urin\u00e9iert, ass e Geck\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Video vu Mann, deen anscheinend op Schw\u00e9ngefleesch urin\u00e9iert, ass e Geck - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Video vu Mann, deen anscheinend op Schw\u00e9ngefleesch urin\u00e9iert, ass e Geck - EDMO Belux","og_description":"Am Dezember 2023 huet e Spaass-Video a sozialen Netzwierker fir eng Rei rose Kommentare g\u00e9int d\u00e9i muslimesch Communaut\u00e9it gesuergt.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-01-16T14:46:50+00:00","article_modified_time":"2024-01-18T13:08:28+00:00","og_image":[{"width":1023,"height":576,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/fc82cac6cb5b0bc3251bbceeecf44184.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"6 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Video vu Mann, deen anscheinend op Schw\u00e9ngefleesch urin\u00e9iert, ass e Geck","datePublished":"2024-01-16T14:46:50+00:00","dateModified":"2024-01-18T13:08:28+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/"},"wordCount":1301,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/fc82cac6cb5b0bc3251bbceeecf44184.jpeg","articleSection":["Fact Check","Gesellschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/","name":"Faktencheck: Video vu Mann, deen anscheinend op Schw\u00e9ngefleesch urin\u00e9iert, ass e Geck - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/fc82cac6cb5b0bc3251bbceeecf44184.jpeg","datePublished":"2024-01-16T14:46:50+00:00","dateModified":"2024-01-18T13:08:28+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/fc82cac6cb5b0bc3251bbceeecf44184.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/fc82cac6cb5b0bc3251bbceeecf44184.jpeg","width":1023,"height":576,"caption":"Faktencheck: Video vu Mann, deen anscheinend op Schw\u00e9ngefleesch urin\u00e9iert, ass e Geck - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vu-mann-deen-anscheinend-op-schwngefleesch-uriniert-ass-e-geck\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Video vu Mann, deen anscheinend op Schw\u00e9ngefleesch urin\u00e9iert, ass e Geck"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/311839","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=311839"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/311839\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/311829"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=311839"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=311839"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=311839"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}