{"id":315124,"date":"2024-01-23T06:00:03","date_gmt":"2024-01-23T06:00:03","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=315124"},"modified":"2024-01-24T10:40:46","modified_gmt":"2024-01-24T10:40:46","slug":"faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Schm\u00eblzen d&#8217;Gletscher am Himalaya &#8220;m\u00e9i lues w\u00e9i virausgesot&#8221;?"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>T\u00ebschent 2011 an 2020 sinn d&#8217;Gletscher am Himalaya \u00ebm 65 Prozent m\u00e9i s\u00e9ier geschmolt w\u00e9i an der Dekad virdrun a k\u00e9inte bis zum Enn vum Joerhonnert bis zu 80 Prozent vun hirem aktuelle Volume verl\u00e9ieren, sou w\u00ebssenschaftlech Sch\u00e4tzungen, d\u00e9i am Summer 2023 publiz\u00e9iert goufen.<\/p>\n<p>D&#8217;Et\u00fcd beschreift e lokaalt Phenomeen vun der Ofkillung am Himalaya, dat en Deel vun de Gletscher sch\u00fctze k\u00e9int, awer och negativ Auswierkungen huet, w\u00e9i eng Rei Spezialisten der AFP matgedeelt hunn. Doriwwer eraus hunn d&#8217;Co-Auteure vun der Et\u00fcd g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass d&#8217;Phenomeen, dat vun hinne beschriwwe g\u00ebtt, eng &#8220;direkt Konsequenz&#8221; vun der Temperaturhausse iwwer de Gletscher ass, wat den Zesummenhang mat der globaler Erwiermung confirm\u00e9iert.<\/p>\n<p>&#8220;Eng mysteri\u00e9is Entdeckung am Himalaya g\u00ebtt Klimatologe R\u00e4tselen op. Eng nei Et\u00fcd vun engem internationale Fuerscherteam, d\u00e9i am Dezember an der renomm\u00e9ierter Fachz\u00e4itschr\u00ebft &#8216;Nature&#8217; publiz\u00e9iert gouf, weist en onerwaarten Trend: D&#8217;Gletscher am Himalaya schm\u00eblze m\u00e9i lues w\u00e9i erwaart&#8221;, schreift de Silvano Trotta den 3. Januar 2024 op <a href=\"https:\/\/twitter.com\/silvano_trotta\/status\/1742475683308118024\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a>, fr\u00e9ier Twitter, deem seng Virw\u00ebrf schonn e puermol vun der AFP opgekl\u00e4ert goufen (<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/http%253A%252F%252Fdoc.afp.com%252F9MH2YK-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">1<\/a>,\u00a0<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.33979Q4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2<\/a>,\u00a0<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.33GA6VW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">3<\/a> , <a href=\"https:\/\/perma.cc\/V8QL-PNYZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">4<\/a>).<\/p>\n<p>&#8220;An der Regioun \u00ebnner de Sommeten, am Himalaya, ass et net m\u00e9i waarm, mee souguer e b\u00ebsse m\u00e9i kal. De Klimaschwindel w\u00e4ert an de kommende Joren un d&#8217;Liicht bruecht ginn&#8221;, sot hien an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/X8AV-X7JW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel vum d\u00e4itsche Mediemagasinn &#8220;Focus&#8221;<\/a>.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/15b83d0f512402edca6d66613fb146a1.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D\u00ebs Behaaptung, d\u00e9i och op Frans\u00e9isch (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/B3HD-DF22\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">1<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/49R4-KPEH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2<\/a>) an D\u00e4itsch (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/N9KE-8ASD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">3<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6WBZ-8CCN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">4<\/a>) op Facebook verbreet gouf, bezitt sech zwar op eng Et\u00fcd, d\u00e9i de 4. Dezember 2023 vum <a href=\"https:\/\/www.nature.com\/articles\/s41561-023-01331-y\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">renomm\u00e9ierte W\u00ebssenschaftsmagasinn &#8220;Nature&#8221; publiz\u00e9iert<\/a> gouf (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/VLD6-372U\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Link archiv\u00e9iert<\/a>), schl\u00e9isst awer f\u00e4lschlecherweis doraus, dass esou e Phenomeen beweise g\u00e9if, dass d&#8217;Gletscher am Himalaya m\u00e9i lues schm\u00eblze w\u00e9i erwaart an dass et keng global Erwiermung g\u00e9if ginn.<\/p>\n<p><strong>Et handelt sech dob\u00e4i \u00ebm eng Feelinterpretatioun vun der Et\u00fcd, d\u00e9i sech mat engem lokale Phenomeen vun der Ofkillung am Himalaya befaasst an erkl\u00e4ert, dass d\u00ebst op en onerwaarten Effekt vun der globaler Erwiermung zer\u00e9ckzef\u00e9iere w\u00e4r.<\/strong><\/p>\n<p>Den Etienne Berthier, Glaziolog am frans\u00e9ischen CNRS, deen am <a href=\"https:\/\/www.legos.omp.eu\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Obersavtoire<\/a><a href=\"https:\/\/www.legos.omp.eu\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Midi Pyr\u00e9n\u00e9es\/Legos<\/a> schafft, huet de 5. Januar 2024 erkl\u00e4ert: &#8220;[D\u00ebs Et\u00fcd] stellt weeder d\u00e9i global Erwiermung [&#8230;] nach den offensichtleche Verloscht u Gletschermass a Fro. [Se] diskut\u00e9iert e Prozess [&#8230;], deen d&#8217;Erwiermung op engem Niveau vun de Gletscherzongen an de Gebidder an der G\u00e9igend begrenze k\u00e9int.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;De Verloscht u Mass vun den Himalya-Gletscher [&#8230;] ass reell, virun allem an der Everest-Regioun, d\u00e9i G\u00e9igestand vun d\u00ebser Et\u00fcd ass [&#8230;]. Et g\u00ebtt och en acceler\u00e9ierte Masseverloscht, obwuel d&#8217;Verloschter an d\u00ebse Gletscher m\u00e9i lues si w\u00e9i an anere Regiounen an der Welt&#8221;, sot hie weider.<\/p>\n<p>Den Arun Bhakta Shrestha, Spezialist fir Klimawandel am International <a href=\"https:\/\/www.icimod.org\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Centre for Integrated Mountain Development (ICIMOD)<\/a>, enger t\u00ebschestaatlecher Organisatioun mat S\u00ebtz an Nepal, sot der AFP den 8. Januar 2024: &#8220;Den Artikel stellt net explizitt fest, dass d&#8217;Schm\u00eblze vun de Gletscher am Himalaya &#8216;m\u00e9i lues w\u00e9i erwaart&#8217; ofleeft. Villm\u00e9i liwwert en eng \u00ebmfaassend Analys vun der Klimadynamik an der Regioun mat besonneschem Aemierk op e lokaalt Phenomeen vum Ofkillen an der G\u00e9igend vun de Gletscher.&#8221;<\/p>\n<p>D\u00e9i zwee Co-Auteure vun der Et\u00fcd, den Nicolas Guyennon an de Franco Salverno, W\u00ebssenschaftler am italieenesche <a href=\"https:\/\/council.science\/fr\/member\/italy-consiglio-nazionale-delle-ricerche\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Conseil national de la recherche (CNR)<\/a> souw\u00e9i am italieeneschen <a href=\"https:\/\/www.irsa.cnr.it\/wp\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Institut de recherche sur l&#8217;eau (IRSA) <\/a>an am italieeneschen <a href=\"https:\/\/www.isp.cnr.it\/index.php\/en\/\">Institut de sciences polaires (ISP)<\/a>, hu schliisslech den 9. Januar 2024 g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, <strong>&#8220;d&#8217;Hypothees an [hirer] Recherche opzestellen, dass d&#8217;Phenomeen&#8221;, dat do beschriwwe g\u00ebtt, &#8220;(soulaang et aktiv ass) d&#8217;Gletscherzong [de viischten Deel vun engem Gletscher an engem Dall, Um. v. d. Red.] zum Deel sch\u00fctze k\u00e9int, ouni et quantifiz\u00e9ieren ze k\u00ebnnen.&#8221;<\/strong><\/p>\n<p>D&#8217;Acceleratioun vum Schm\u00eblzprozess ass &#8220;net ze bestreiden&#8221;<\/p>\n<p>Am eenzele bas\u00e9iert d&#8217;Et\u00fcd op enger Method, d\u00e9i dora bestoung, &#8220;d&#8217;Donn\u00e9e\u00eb vun der Wiederstatioun Pyramid um Mount Everest iwwer d\u00e9i glazial H\u00e9icht, d\u00e9i z\u00ebnter 1994 all Stonn gesammelt ginn, auszew\u00e4erten an zous\u00e4tzlech Buedemobservatiounen an eng Klima-Reanalys b\u00e4izef\u00fcgen.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;D\u00e9i global Erwiermung f\u00e9iert net zu m\u00e9i kaler Loft am Himalaya, mee zu m\u00e9i kale Stierm. D\u00ebs Stierm si scho bekannt, awer se kommen haapts\u00e4chlech an der Nuecht, wann d&#8217;Monsunstierm, d\u00e9i d&#8217;Pent\u00eb vum Himalaya eropz\u00e9ien, m\u00e9i schwaach sinn&#8221;, hunn den Nicolas Guyennon an de Franco Salverno g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>An hiren Aarbechte gi si dovun aus, dass &#8220;als Reaktioun op d\u00e9i klammend Temperature w\u00e4rend de m\u00e9i waarmen Dagesstonnen d&#8217;Gletscher a gew\u00ebsser Hisiicht iwwersch\u00ebsseg Energie verbrauchen, fir ze versichen, d&#8217;Lofttemperatur op der Gletscheruewerfl\u00e4ch bei Null Grad ze halen&#8221;, wat dozou f\u00e9iert, dass &#8220;kill Loftmassen un de Gletscher an enger m\u00e9i waarmer \u00cbmg\u00e9igend entstinn, d\u00e9i m\u00e9i dacks a m\u00e9i intensiv katabatesch Stierm [offalend Loftstr\u00e9imungen, Um. v. d. Red.] entstoe loossen&#8221;.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/a251776094cc08798747a3f82da5a238.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>&#8220;Wat d&#8217;Auteure wierklech ervirhiewen, ass, dass d&#8217;Klamme vum Schm\u00eblzvirgang m\u00e9iglecherweis nach m\u00e9i grouss gewiescht w\u00e4r, wann et net zu enger Verst\u00e4erkung vun de katabatesche Stierm komm w\u00e4r, d\u00e9i normalerweis &#8220;lokal vun de Gletscher produz\u00e9iert ginn&#8221;, huet de Patrick Wagnon, Glaziolog am <a href=\"https:\/\/www.ige-grenoble.fr\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Institut des G\u00e9osciences de l&#8217;environnement zu Grenoble<\/a> a Spezialist fir de Suivi vu Gletscher am Himalaya, der AFP den 8. Januar 2024.<\/p>\n<p>&#8220;Mir si s\u00e9cher, dass et an allen h\u00e9ije Biergregioune vun Asien t\u00ebscht 2000 an 2020 zu enger Acceleratioun vum Schm\u00eblzvirgang komm ass, d\u00e9i w\u00e4itverbreet ass&#8221;, sot den Expert weider an huet prezis\u00e9iert: &#8220;Wa mir den Z\u00e4itraum 2000-2020 a v\u00e9ier F\u00ebnnefjoresz\u00e4itraim \u00ebnnerdeelen, ass den Z\u00e4itraum 2015-2020 deen Z\u00e4itraum, an deem onofh\u00e4ngeg vun der Regioun vum Himalaya e m\u00e9i s\u00e9iere Schm\u00eblzvirgang stattfonnt huet w\u00e9i am Ufanksz\u00e4itraum 2000-2005. Insgesamt g\u00ebtt et eng Acceleratioun vum Schm\u00eblzen, och wann een zougi muss, dass et sech \u00ebm e kuerzen Z\u00e4itraum handelt: Et ass mat Virsiicht ze gen\u00e9issen, wann een Trends aus engem m\u00e9i kuerzen Z\u00e4itraum erauszeliest.&#8221;<\/p>\n<p>E lokaalt Phenomeen, dat och negativ Auswierkungen op d&#8217;Gletscher h\u00e4tt<\/p>\n<p>W\u00e9i den Arun Bhakta Shrestha weider an Er\u00ebnnerung rifft, huet eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5LYA-276B\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd, d\u00e9i am Juni 2023 vun der ICIMOD publiz\u00e9iert<\/a> gouf (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/5LYA-276B\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Link archiv\u00e9iert<\/a>), <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2UHT-77FT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">gewisen<\/a>, dass d&#8217;Gletscher vum Himalaya t\u00ebscht 2011 an 202 65 Prozent m\u00e9i s\u00e9ier geschmolt si w\u00e9i an de leschten z\u00e9ng Joer.<\/p>\n<p>Ausgoend vun den aktuellen Emissiounsverleef k\u00e9inten d&#8217;Gletscher bis zum Enn vum Joerhonnert bis zu 80 Prozent vun hirem j\u00ebtzege Volume verl\u00e9ieren, sch\u00e4tzt d&#8217;ICIMOD, woub\u00e4i d&#8217;Gletscher vum Himalaya 10 vun de gr\u00e9isste Fl\u00ebssanzuchsgebidder vun der Welt versuergen &#8211; dor\u00ebnner de Ganges, den Indus, de Giele Floss, de Mekong an den Irrawaddy &#8211; an direkt oder indirekt Milliarde vu M\u00ebnsche mat Narung, Energie an Akommes versuergen.<\/p>\n<p>Laut enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/H7Z3-EL8E\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd, d\u00e9i am Abr\u00ebll 2021 an der Fachz\u00e4itschr\u00ebft &#8220;Nature&#8221; publiz\u00e9iert<\/a> gouf (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/KAA9-PBFA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Link archiv\u00e9iert<\/a>) an &#8220;d\u00e9i \u00e9ischt vollst\u00e4nneg Kart\u00e9ierung vun der Ausd\u00ebnnung vun de Gletscher op der Welt&#8221; bitt, w\u00e9i hiren Auteur Romain Hugonnet der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/H7Z3-EL8E\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AFP<\/a> erkl\u00e4ert huet, huet sech de Schm\u00eblzvirgang vun de Gletscher op der \u00c4erd opgrond vun der globaler Erwiermung an de leschten 20 Joer nach m\u00e9i beschleunegt.<\/p>\n<p>Der Et\u00fcd no hunn d&#8217;Gletscher vun der \u00c4erd t\u00ebscht 2000 an 2019 pro Joer duerchschn\u00ebttlech 267 Milliarden Tonnen \u00c4is verluer, an d&#8217;Schm\u00eblzen ass erhieflech m\u00e9i s\u00e9ier ginn: vun duerchschn\u00ebttlech 227 Milliarden Tonne pro Joer t\u00ebscht 2000 an 2004 op duerchschn\u00ebttlech 298 Milliarden Tonne pro Joer t\u00ebscht 2015 an 2019.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/c8d165948494737b6d1116a1837458f9.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>W\u00e9i den Nicolas an de Franco Salverno g\u00e9intiwwer der AFP betount hunn, f\u00e9iert d&#8217;Phenomeen, dat an hirer Et\u00fcd beschriwwe g\u00ebtt, zwar zu enger \u00ebmmer m\u00e9i staarker Ofkillung vun der Loft un der Basis vun de Gletscher, awer \u00ebmgek\u00e9iert w\u00e4erten d\u00ebs Loftmassen, d\u00e9i vun de Gletscher erofkommen, de Monsunstierm (mat Fiichtegkeet belueden), d\u00e9i d&#8217;H\u00e4ng vum Himalaya erofz\u00e9ien, entg\u00e9intwierken an doduerch d&#8217;Nidderschl\u00e9i a ganz h\u00e9ijen H\u00e9ichte reduz\u00e9ieren, d\u00e9i d&#8217;Gletscher &#8216;oplueden&#8217;.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;D\u00ebsen zweeten Effekt, eng Konsequenz vum \u00e9ischten, wierkt sech negativ op d&#8217;Gletscher aus&#8221;, sou d&#8217;Fuerscher weider. Och den Arun Bhakta Shrestha huet betount: &#8220;Obwuel de lokalen Ofkillungseffekt, deen an der Et\u00fcd identifiz\u00e9iert gouf, eng Form vu Schutz virun der onm\u00ebttelbarer Erwiermung vun den d\u00e9ifste Gletscherregioune bitt, huet en och negativ Auswierkungen. D&#8217;Reduz\u00e9ierung vun den Nidderschl\u00e9i an d\u00e9i negativ Auswierkungen op d&#8217;Bilanz vu de Gletschermasse sinn och problematesch. D&#8217;Et\u00fcd k\u00ebnnt zur Konklusioun, dass d\u00ebsen Ofkillungseffekt staark genuch ass, fir den allgemengen Trend vum Schm\u00eblze vun de Gletscher am Himalaya entg\u00e9intzewierken.&#8221;<\/p>\n<p>De Patrick Wagnon raumt zwar an, dass d\u00ebs &#8220;Pion\u00e9ieret\u00fcd&#8221; an d\u00ebsem Ber\u00e4ich &#8220;konzeptionell ganz interessant&#8221; w\u00e4r an &#8220;e potentiellen negative R\u00e9ckkopplungsprozess opweist, deen d&#8217;Auswierkunge vun der Klimaerwiermung op gefruere Gebidder ofschw\u00e4che k\u00e9int&#8221;, mengt awer, dass seng Resultater nach &#8220;valid\u00e9iert&#8221; gi missten an dass verschidden Aspekter vun d\u00ebser Aarbecht &#8211; d&#8217;Donn\u00e9e\u00ebn, op deene se berout, abegraff &#8211; duerch weider w\u00ebssenschaftlech \u00cbnnersichungen zu d\u00ebsem Sujet confirm\u00e9iert oder widderluecht gi missten.<\/p>\n<p>&#8220;Et ass wichteg ze verstoen, dass iwwer dat ongew\u00ebsst Schicksal vun de Gletscher am Himalaya eraus, dass d&#8217;Konsequenze vun der s\u00e9ierer globaler Erwiermung, d\u00e9i mir erliewen, net wierklech ze prognostiz\u00e9iere sinn, opgrond vun engem komplexe Klimasystem, dee konstant interdependent ass&#8221;, schl\u00e9issen de Franco Salverno an den Nicolas Guyennon, d\u00e9i an de kommende Joren doru schaffe w\u00ebllen, d&#8217;Hypothees, d\u00e9i si an hirer Et\u00fcd opgestallt hunn, &#8220;ze iwwerpr\u00e9iwen&#8221;.<\/p>\n<p>An den 2000er-Joren war den <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.34769AN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">IPCC<\/a> (Intergovernmental Panel on Climate Change) w\u00e9inst engem sachlechen Iertum an d&#8217;Schlagzeile geroden. Et war behaapt ginn, dass d&#8217;Himalaya-Gletscher warscheinlech &#8220;bis 2035&#8221; verschwanne g\u00e9ifen. En Ons\u00ebnn, dee Waasser op d&#8217;Mille vu Klimaskeptiker war.<\/p>\n<p>D\u00ebsen Datum hat sech op onzouverl\u00e4sseg Quelle gest\u00e4ipt, an den IPCC huet e &#8220;<a href=\"https:\/\/www.france24.com\/fr\/20100123-le-giec-admet-une-erreur-regrettable-fonte-glaciers-lhimalaya\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">bedauerlechen Iertum<\/a>&#8221; araumen a gl\u00e4ichz\u00e4iteg betoune mussen, dass en d&#8217;G\u00fcltegkeet vu senge Konklusiounen iwwer d&#8217;Acceleratioun vum Schm\u00eblzvirgang vun de Gletscher net a Fro stelle g\u00e9if.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>T\u00ebschent 2011 an 2020 sinn d&#8217;Gletscher am Himalaya \u00ebm 65 Prozent m\u00e9i s\u00e9ier geschmolt w\u00e9i an der Dekad virdrun a k\u00e9inte bis zum Enn vum Joerhonnert bis zu 80 Prozent vun hirem aktuelle Volume verl\u00e9ieren, sou w\u00ebssenschaftlech Sch\u00e4tzungen, d\u00e9i am Summer 2023 publiz\u00e9iert goufen.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":315104,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[189,183,192],"tags":[],"class_list":{"0":"post-315124","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-emwelt","8":"category-fact-check-lb","9":"category-wessenschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2156297","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2156297.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Schm\u00eblzen d&#039;Gletscher am Himalaya &quot;m\u00e9i lues w\u00e9i virausgesot&quot;? - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Schm\u00eblzen d&#039;Gletscher am Himalaya &quot;m\u00e9i lues w\u00e9i virausgesot&quot;? - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"T\u00ebschent 2011 an 2020 sinn d&#039;Gletscher am Himalaya \u00ebm 65 Prozent m\u00e9i s\u00e9ier geschmolt w\u00e9i an der Dekad virdrun a k\u00e9inte bis zum Enn vum Joerhonnert bis zu 80 Prozent vun hirem aktuelle Volume verl\u00e9ieren, sou w\u00ebssenschaftlech Sch\u00e4tzungen, d\u00e9i am Summer 2023 publiz\u00e9iert goufen.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-01-23T06:00:03+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-01-24T10:40:46+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/5d37aa4153af5592e5029a379b38c05d.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1024\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"576\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Schm\u00eblzen d&#8217;Gletscher am Himalaya &#8220;m\u00e9i lues w\u00e9i virausgesot&#8221;?\",\"datePublished\":\"2024-01-23T06:00:03+00:00\",\"dateModified\":\"2024-01-24T10:40:46+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/\"},\"wordCount\":1812,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/5d37aa4153af5592e5029a379b38c05d.jpeg\",\"articleSection\":[\"\u00cbmwelt\",\"Fact Check\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/\",\"name\":\"Faktencheck: Schm\u00eblzen d'Gletscher am Himalaya \\\"m\u00e9i lues w\u00e9i virausgesot\\\"? - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/5d37aa4153af5592e5029a379b38c05d.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-01-23T06:00:03+00:00\",\"dateModified\":\"2024-01-24T10:40:46+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/5d37aa4153af5592e5029a379b38c05d.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/5d37aa4153af5592e5029a379b38c05d.jpeg\",\"width\":1024,\"height\":576,\"caption\":\"Faktencheck: Schm\u00eblzen d'Gletscher am Himalaya \\\"m\u00e9i lues w\u00e9i virausgesot\\\"? - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Schm\u00eblzen d&#8217;Gletscher am Himalaya &#8220;m\u00e9i lues w\u00e9i virausgesot&#8221;?\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Schm\u00eblzen d'Gletscher am Himalaya \"m\u00e9i lues w\u00e9i virausgesot\"? - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Schm\u00eblzen d'Gletscher am Himalaya \"m\u00e9i lues w\u00e9i virausgesot\"? - EDMO Belux","og_description":"T\u00ebschent 2011 an 2020 sinn d'Gletscher am Himalaya \u00ebm 65 Prozent m\u00e9i s\u00e9ier geschmolt w\u00e9i an der Dekad virdrun a k\u00e9inte bis zum Enn vum Joerhonnert bis zu 80 Prozent vun hirem aktuelle Volume verl\u00e9ieren, sou w\u00ebssenschaftlech Sch\u00e4tzungen, d\u00e9i am Summer 2023 publiz\u00e9iert goufen.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-01-23T06:00:03+00:00","article_modified_time":"2024-01-24T10:40:46+00:00","og_image":[{"width":1024,"height":576,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/5d37aa4153af5592e5029a379b38c05d.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"8 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Schm\u00eblzen d&#8217;Gletscher am Himalaya &#8220;m\u00e9i lues w\u00e9i virausgesot&#8221;?","datePublished":"2024-01-23T06:00:03+00:00","dateModified":"2024-01-24T10:40:46+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/"},"wordCount":1812,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/5d37aa4153af5592e5029a379b38c05d.jpeg","articleSection":["\u00cbmwelt","Fact Check","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/","name":"Faktencheck: Schm\u00eblzen d'Gletscher am Himalaya \"m\u00e9i lues w\u00e9i virausgesot\"? - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/5d37aa4153af5592e5029a379b38c05d.jpeg","datePublished":"2024-01-23T06:00:03+00:00","dateModified":"2024-01-24T10:40:46+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/5d37aa4153af5592e5029a379b38c05d.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/01\/5d37aa4153af5592e5029a379b38c05d.jpeg","width":1024,"height":576,"caption":"Faktencheck: Schm\u00eblzen d'Gletscher am Himalaya \"m\u00e9i lues w\u00e9i virausgesot\"? - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-schmlzen-dgletscher-am-himalaya-mi-lues-wi-virausgesot\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Schm\u00eblzen d&#8217;Gletscher am Himalaya &#8220;m\u00e9i lues w\u00e9i virausgesot&#8221;?"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/315124","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=315124"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/315124\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/315104"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=315124"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=315124"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=315124"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}