{"id":318922,"date":"2024-02-13T11:00:04","date_gmt":"2024-02-13T11:00:04","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=318922"},"modified":"2024-02-13T14:14:03","modified_gmt":"2024-02-13T14:14:03","slug":"faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Foto vum Taylor Swift an Anti-Trump-Shirt ass gef\u00e4lscht"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p><b>\u00a9 RTL-Grafik<\/b><\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>E Bild, dat op de sozialen Netzwierker gedeelt gouf &#8211; \u00ebnnert anerem an Dosende Posts op Facebook, d\u00e9i Reklamm fir Merchandise-Artikele mam selwechten Design maachen &#8211; sch\u00e9ngt d&#8217;Taylor Swift an engem Anti-Donald-Trump-T-Shirt ze weisen. D&#8217;Foto ass awer gef\u00e4lscht.<\/p>\n<p><em>&#8220;Du br\u00e9ngs et op de Punkt, Taylor. Nee. Ni m\u00e9i Trump. Ech hunn d\u00ebsen T-Shirt esou g\u00e4r&#8221;<\/em>, heescht et an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/R3EK-NKM6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-Post<\/a> vum 15. Januar 2024, an deem d&#8217;Bild gedeelt gouf.<\/p>\n<p>D\u00ebse B\u00e4itrag ass <a href=\"https:\/\/perma.cc\/D2LX-F95L\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ee<\/a> vun <a href=\"https:\/\/perma.cc\/QV5J-DJEK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Dosenden<\/a>, an deem d&#8217;Bild vun der Swift zesumme mat <a href=\"https:\/\/perma.cc\/KR33-BWUJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Links op eng Webs\u00e4it<\/a> gedeelt g\u00ebtt, d\u00e9i T-Shirte mam selwechten Design verkeeft. Op dem T-Shirt steet: &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/H9QH-H6SD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Nope. Net nach eng K\u00e9ier<\/a>.&#8221; Den &#8220;o&#8221; an &#8220;Nope&#8221; ass mat enger rouder Krawatt an enger Frisur versinn, d\u00e9i un den eemolege President Trump er\u00ebnnert.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/628e2bf8933a3af1c696755a690676c9.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>E puer Profiller hunn d&#8217;Bild <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8TCA-MU4T\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">e puermol<\/a> gedeelt; anerer hu <a href=\"https:\/\/perma.cc\/E8RD-P2FA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">verschidde Biller<\/a> verbreet, op deenen angeeblech d&#8217;Swift oder aner <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZW2R-29C6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Pers\u00e9inlechkeeten aus dem \u00ebffentleche Liewen<\/a> &#8211; w\u00e9i beispillsweis d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/E57Z-H5GD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Vizepresidentin Kamala Harris<\/a> &#8211; an der selwechter Kleedung ze gesi sinn.<\/p>\n<p>D&#8217;Bild huet sech och op der Plattform\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/RB7X-SZZN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> verbreet, wou eng Rei Notzerinnen an Notzer gegleeft hunn, dass et sech \u00ebm eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3HNC-Y4LJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">echt Foto<\/a> vun der amerikanescher S\u00e4ngerin a Songwriterin handele g\u00e9if, d\u00e9i opgrond vun hirem Afloss reegelm\u00e9isseg Zil vun Online-Desinformatioun a Konspiratiounstheorien ass.<\/p>\n<p>D&#8217;Swift, d\u00e9i vum amerikaneschen &#8220;Time Magazine&#8221; zur <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240207172353\/https:\/\/www.zeit.de\/news\/2023-12\/06\/time-taylor-swift-ist-person-des-jahres\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Persoun vum Joer 2023<\/a> deklar\u00e9iert gouf, huet esou e groussen Afloss op hir Fans, dass Expertinnen an Experte mengen, eng Ausso vun hir, dass si e Kandidat bei den US-Presidentschaftswalen 2024 \u00ebnnerst\u00ebtze g\u00e9if, k\u00e9int duerchaus en \u00cbnnerscheed maachen. Den Trump g\u00ebllt fir d\u00ebs Walen als viraussiichtleche Sp\u00ebtzekandidat vun der Republikanescher Partei.<\/p>\n<p>Am September 2023 hat d\u00e9i iwwerparteilech Internets\u00e4it <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240207172224\/https:\/\/www.vote.org\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">vote.org<\/a> eng spronghaft Hausse vu Visiteurszuele gemellt, nodeems d&#8217;Swift eng Instagram-Story gepost hat, an d\u00e4r si hir Fans dozou opgeruff hat, um <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240207172634\/https:\/\/www.npr.org\/2023\/09\/22\/1201183160\/taylor-swift-instagram-voter-registration\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">National Voter Registration Day<\/a> deelzehuelen. D\u00ebsen Dag ass en iwwerparteileche Feierdag zu \u00c9iere vun der Demokratie an den USA, d\u00e9i op engem D\u00ebnschdeg am September stattf\u00ebnnt.<\/p>\n<p>D&#8217;Swift, d\u00e9i sech normalerweis net zu \u00ebffentlechen Theeme position\u00e9iert, hat sech w\u00e4rend dem Trump senger Walcampagne 2016 bedeckt gehalen, huet hien awer sp\u00e9ider <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20240206144931\/https:\/\/twitter.com\/taylorswift13\/status\/1540382753677627393?s=20\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">kritis\u00e9iert<\/a> an de j\u00ebtzege President Joe Biden am Joer 2020 \u00ebnnerst\u00ebtzt. Viru kuerzem huet si sech g\u00e9int d&#8217;Entscheedung vum ieweschte Geriichtshaff ausgeschwat, d&#8217;Ofdreiwungsrecht ze kippen, an huet Concertsvisiteuren opgefuerdert, ze recherch\u00e9ieren, wien LGBTQ-Communaut\u00e9iten \u00ebnnerst\u00ebtze g\u00e9if, a g\u00e9int Gesetzer st\u00ebmme g\u00e9if, d\u00e9i fir si <em>&#8220;schiedlech&#8221;<\/em> w\u00e4ren.<\/p>\n<p>D&#8217;Bild vun der S\u00e4ngerin, dat am Internet am \u00cbmlaf ass an op deem si en Anti-Trump-T-Shirt unhuet, ass awer eng digital F\u00e4lschung. D&#8217;Bild vum Swift hirem Kapp sch\u00e9ngt <a href=\"http:\/\/www.filmmagic.com\/photos\/Taylor-Swift-attends-the-2019-Time-100-Gala-at-Frederick-P-Rose-Hall\/1138982941?r=1138985083,1138985084,1138985082,1138985076,1138985068,1138984633,1138985085,1138985086,1138985087,1138985074,1138985071,1138985069,1138983175,1138982941,1138985090,1138985075,1138985077,1138985073,1138985072,1138985079,1138985078,1138985070&amp;st=Search\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">mat enger Foto iwwereneenzest\u00ebmmen<\/a>, d\u00e9i de Fotograf Taylor Hill w\u00e4rend der &#8220;Time 100 Gala&#8221; den 23. Abr\u00ebll 2019 zu New York City geschoss huet &#8211; engem j\u00e4rlechen Evenement zu \u00c9iere vun den 100 aflossr\u00e4ichste M\u00ebnschen, organis\u00e9iert vum amerikaneschen &#8220;Time Magazine&#8221; (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/L5MQ-FBJ7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>Dem Hill s\u00e4in Originalportrait, dat d&#8217;AFP mat enger \u00ebmgek\u00e9ierter Billersich fonnt huet, weist d&#8217;Swift mat deem selwechte Gesiichtsausdrock, Make-up, Frisur a geblummelegten Hoerreef. Allerd\u00e9ngs hat si e rosa-gielt Kleed un an hat fir d&#8217;Fotoe virun engem rouden Time-Hannergrond pos\u00e9iert.<\/p>\n<p>Fotoen a <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=ou2AnsrgUQs\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Videoe<\/a> vum Evenement, d\u00e9i d&#8217;AFP fonnt huet, weisen och der Swift hiert Outfit, Make-up, Frisur an Accessoiren.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/191ec6528dd3e322df8bc3629e4c22c1.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/9801d90c856902e070a6ca1116db5d27.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p><iframe title=\"YouTube video player\" src=\"https:\/\/www.youtube.com\/embed\/ou2AnsrgUQs?si=PYkfQjXiz9rz6PA1\" width=\"560\" height=\"315\" frameborder=\"0\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\"><\/iframe><\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet an der Vergaangenheet <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.32HV38Z\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">eng Rei vu B\u00e4itr\u00e4g opgedeckt<\/a>, d\u00e9i fir &#8220;Keep America Trumpless&#8221;-T-Shirte Reklamm gemaach hunn a f\u00e4lschlecherweis behaapt hunn, de Ben Affleck an aner Prominenter ze weisen, d\u00e9i mat d\u00ebsem politesche Statement pos\u00e9iere g\u00e9ifen.<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet weider Feelinformatiounen iwwer d&#8217;Swift iwwerpr\u00e9ift (<a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.34EF34Q\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.33WU9Y2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.349G9EV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.33W83ZR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>).<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> Am Internet heescht et, d&#8217;Taylor Swift h\u00e4tt en Anti-Trump-Shirt gedroen. D&#8217;Foto ass awer eng Montage a bas\u00e9iert op engem Bild vun 2019.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>E Bild, dat op de sozialen Netzwierker gedeelt gouf &#8211; \u00ebnnert anerem an Dosende Posts op Facebook, d\u00e9i Reklamm fir Merchandise-Artikele mam selwechten Design maachen &#8211; sch\u00e9ngt d&#8217;Taylor Swift an engem Anti-Donald-Trump-T-Shirt ze weisen. D&#8217;Foto ass awer gef\u00e4lscht.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":318902,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[183,193,191],"tags":[],"class_list":{"0":"post-318922","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-fact-check-lb","8":"category-gesellschaft","9":"category-politik"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2167541","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2167541.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Foto vum Taylor Swift an Anti-Trump-Shirt ass gef\u00e4lscht - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Foto vum Taylor Swift an Anti-Trump-Shirt ass gef\u00e4lscht - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"E Bild, dat op de sozialen Netzwierker gedeelt gouf - \u00ebnnert anerem an Dosende Posts op Facebook, d\u00e9i Reklamm fir Merchandise-Artikele mam selwechten Design maachen - sch\u00e9ngt d&#039;Taylor Swift an engem Anti-Donald-Trump-T-Shirt ze weisen. D&#039;Foto ass awer gef\u00e4lscht.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-02-13T11:00:04+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-02-13T14:14:03+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/fa6684e4f6e2d4f0691a9ee50f274001.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"4 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Foto vum Taylor Swift an Anti-Trump-Shirt ass gef\u00e4lscht\",\"datePublished\":\"2024-02-13T11:00:04+00:00\",\"dateModified\":\"2024-02-13T14:14:03+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/\"},\"wordCount\":706,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/fa6684e4f6e2d4f0691a9ee50f274001.jpeg\",\"articleSection\":[\"Fact Check\",\"Gesellschaft\",\"Politik\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/\",\"name\":\"Faktencheck: Foto vum Taylor Swift an Anti-Trump-Shirt ass gef\u00e4lscht - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/fa6684e4f6e2d4f0691a9ee50f274001.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-02-13T11:00:04+00:00\",\"dateModified\":\"2024-02-13T14:14:03+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/fa6684e4f6e2d4f0691a9ee50f274001.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/fa6684e4f6e2d4f0691a9ee50f274001.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Foto vum Taylor Swift an Anti-Trump-Shirt ass gef\u00e4lscht - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Foto vum Taylor Swift an Anti-Trump-Shirt ass gef\u00e4lscht\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Foto vum Taylor Swift an Anti-Trump-Shirt ass gef\u00e4lscht - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Foto vum Taylor Swift an Anti-Trump-Shirt ass gef\u00e4lscht - EDMO Belux","og_description":"E Bild, dat op de sozialen Netzwierker gedeelt gouf - \u00ebnnert anerem an Dosende Posts op Facebook, d\u00e9i Reklamm fir Merchandise-Artikele mam selwechten Design maachen - sch\u00e9ngt d'Taylor Swift an engem Anti-Donald-Trump-T-Shirt ze weisen. D'Foto ass awer gef\u00e4lscht.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-02-13T11:00:04+00:00","article_modified_time":"2024-02-13T14:14:03+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/fa6684e4f6e2d4f0691a9ee50f274001.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"4 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Foto vum Taylor Swift an Anti-Trump-Shirt ass gef\u00e4lscht","datePublished":"2024-02-13T11:00:04+00:00","dateModified":"2024-02-13T14:14:03+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/"},"wordCount":706,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/fa6684e4f6e2d4f0691a9ee50f274001.jpeg","articleSection":["Fact Check","Gesellschaft","Politik"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/","name":"Faktencheck: Foto vum Taylor Swift an Anti-Trump-Shirt ass gef\u00e4lscht - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/fa6684e4f6e2d4f0691a9ee50f274001.jpeg","datePublished":"2024-02-13T11:00:04+00:00","dateModified":"2024-02-13T14:14:03+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/fa6684e4f6e2d4f0691a9ee50f274001.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/fa6684e4f6e2d4f0691a9ee50f274001.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Foto vum Taylor Swift an Anti-Trump-Shirt ass gef\u00e4lscht - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-foto-vum-taylor-swift-an-anti-trump-shirt-ass-geflscht\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Foto vum Taylor Swift an Anti-Trump-Shirt ass gef\u00e4lscht"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/318922","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=318922"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/318922\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/318902"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=318922"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=318922"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=318922"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}