{"id":319002,"date":"2024-02-13T09:48:23","date_gmt":"2024-02-13T09:48:23","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=319002"},"modified":"2024-02-13T14:15:17","modified_gmt":"2024-02-13T14:15:17","slug":"faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Dokument iwwer KZ-Doudesaffer fir Holocaust-Leugnung m\u00ebssbraucht"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>D&#8217;Nationalsozialisten an Nationalsozialistinnen hu w\u00e4rend dem Holocaust ronn sechs Millioune Judden a J\u00fcddinnen \u00ebmbruecht. D\u00ebs Zuel g\u00ebtt \u00ebmmer nees ugezweiwelt. Am Internet g\u00ebtt fir d\u00ebs Kontestatioun en Dokument vun Doudeszertifikater benotzt, dat fir d&#8217;Gesamtzuel un Affer awer net aussokr\u00e4fteg ass, w\u00e9i d\u00e9i ausstellend Autorit\u00e9it selwer confirm\u00e9iert huet. Just fir en Deel vun den Affer w\u00e4r esou eng Zertifikatioun ausgestallt ginn, well vill Morden och ausserhalb vu Lagere stattfonnt oder Nationalsozialiste wichteg Dokumenter vernicht hunn.<\/p>\n<p>&#8220;D\u00e9i \u00e9ischt Holocaust-Lige gouf duerch d&#8217;Rout Kr\u00e4iz confirm\u00e9iert. Et ware keng 6.000.000!!!&#8221;, heescht et an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/EVY8-88WQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-Post<\/a> vum Juni 2018. Doran enthalen ass en Dokument mat Doudesaffer aus NS-Konzentratiounslagere vum Sonderstandesamt Arolsen.<\/p>\n<p>B\u00e4itr\u00e4g w\u00e9i d\u00ebs sinn och op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Q52A-3YV9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a> souw\u00e9i op anere Sprooche w\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/PVD8-RPGP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ungaresch<\/a> oder op engleschen <a href=\"https:\/\/perma.cc\/759T-CGFF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">antisemittesche Internets\u00e4iten<\/a> am \u00cbmlaf, op der Plattform\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/8J8Q-2J84\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> am Zesummenhang mat Holocaust-Kontestatiounen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/34a44ce1a6256f8beeff8e8d92fcb634.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>An den Dokumenter g\u00ebtt d&#8217;Wuert &#8220;beurkundet&#8221; (act\u00e9iert) awer just am Zesummenhang mat den attest\u00e9ierten Doudesf\u00e4ll benotzt, net a Bezuch op d&#8217;Gesamtzuel vun den Doudesf\u00e4ll. Och d&#8217;Dokument vun 1984 benotzt d\u00ebs Formul\u00e9ierung. An d\u00ebsem Fall schl\u00e9isst sech allerd\u00e9ngs follgend Formul\u00e9ierung un: &#8220;D&#8217;Zertifikatiounszuele vum Sonderstandesamt loosse keng R\u00e9ckschl\u00ebss op d\u00e9i tats\u00e4chlech Zuel un Doudegen an de Konzentratiounslageren zou.&#8221; (&#8220;Die Beurkundungszahlen des Sonderstandesamtes la\u00dfen keine R\u00fcckschl\u00fcsse auf die tats\u00e4chliche Zahl der Toten in den Konzentrationslagern zu.&#8221;)<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/4f353c23f5d6f1b356f627e834a356c2.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Heike Rummel-Stracke, Beamtin fir den \u00c9tat civil am Sonderstandesamt, huet an enger E-Mail vum 29. Januar 2024 matgedeelt: &#8220;Mir ginn dacks no der Zuel vun zertifiz\u00e9ierte Stierff\u00e4ll vum Sonderstandesamt gefrot, deelweis well een unhand vun eisen \u00cbnnerlagen op d&#8217;Zuel vun de Stierff\u00e4ll an den eemolege Konzentratiounslageren insgesamt schl\u00e9isse w\u00ebll.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;D\u00ebs Konklusioune loossen eis Zuelen net zou&#8221;, huet d&#8217;Rummel-Stracke erkl\u00e4ert a b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt, dass d&#8217;Amt just Stierff\u00e4ll attest\u00e9iere g\u00e9if, &#8220;d\u00e9i, w\u00e9i et d&#8217;Personenstandsgesetz fuerdert, ouni Zweiwel feststinn&#8221;. D\u00e9i blouss Vermuddung vum Doud g\u00e9if net duergoen.<\/p>\n<p>&#8220;Beweiskr\u00e4fteg \u00cbnnerlage fir d&#8217;Zertifiz\u00e9ierung vu Stierff\u00e4ll ze kr\u00e9ien ass awer schw\u00e9ier, well an de leschte Krichsdeeg vill dovu vernicht goufen&#8221;, huet si w\u00ebsse gelooss. Ausserdeem w\u00e4ren eng Rei Stierff\u00e4ll &#8220;sengerz\u00e4it vum \u00c9tat civil vun der Doudesplaz zertifi\u00e9iert&#8221; ginn. Och Doudesf\u00e4ll aus de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/H3YT-DUFL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ghettoen<\/a>, an deene J\u00fcddinnen a Judde liewe missten, sinn der Madamm Rummel-Stracke no net an den Zoust\u00e4nnegkeetsber\u00e4ich vum Sonderstandesamt gefall.<\/p>\n<p>D&#8217;Hessenschau [Emissioun vum Hessesche Rundfunk, Um. v. d. Red.] hat am M\u00e4erz 2023 an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/QV9T-S4LC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a> iwwer d&#8217;Sonderstandesamt geschriwwen, dass et sech opgrond vun der enker Zesummenaarbecht mat den &#8220;Arolsen Archives&#8221; zu Bad Arolsen befanne g\u00e9if. Dem Artikel no h\u00e4tt d&#8217;Amt bis elo insgesamt 350.000 Stierff\u00e4ll attest\u00e9iert.<\/p>\n<p>Aufgab warscheinlech ni ofgeschloss<\/p>\n<p>D&#8217;Arolsen Archives bezeechne sech op hirer <a href=\"https:\/\/perma.cc\/DN6P-L3N3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a> als &#8220;den internationalen Zenter fir NS-Poursuitte mat dem weltw\u00e4it \u00ebmfaassendsten Archiv iwwer Affer an Iwwerliewender vum Nationalsozialismus&#8221;, deen Informatiounen &#8220;iwwer ronn 17,5 Millioune M\u00ebnschen&#8221; enth\u00e4lt.<\/p>\n<p>D&#8217;Organisatioun huet an enger E-Mail vum 24. Januar g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass &#8220;d&#8217;Sonderstandesamt bis haut haapts\u00e4chlech, awer net exklusiv, op d&#8217;Sammlunge vun den Arolsen Archives zer\u00e9ckgr\u00e4ift&#8221;, fir Doudesattestatiounen auszestellen.<\/p>\n<p>D&#8217;Arolsen Archives hunn ausserdeem d&#8217;Ausso vum Sonderstandesamt bekr\u00e4ftegt, dass &#8220;d&#8217;Ausstellung vun engem f\u00ebrmleche Stierfakt fir Affer vun den nationalsozialistesche Konzentratiounslagere just da m\u00e9iglech war an ass, wann individuell \u00cbnnerlagen zu eenzelen Affer virleien, dat heescht Dokumenter, d\u00e9i op d&#8217;mannst usazweis d&#8217;Eenzelheete vum Doud vun enger Persoun an engem Konzentratiounslager beschreiwen&#8221;. Dat g\u00e9if doduerch m\u00e9i schw\u00e9ier gemaach ginn, dass &#8220;vill KZ-Akten an aner physesch Beweiser zu eenzelen H\u00e4ftlinge vun den Nazie virun der Befreiung vernicht goufen, fir all Beweis fir d\u00e9i begaange Verbriechen auszel\u00e4schen.&#8221;<\/p>\n<p>En plus w\u00e4re &#8220;Konzentratiounslagere bei W\u00e4item net d\u00e9i eenzeg Plaz&#8221; gewiescht, &#8220;op d\u00e4r Massemord stattfonnt huet; d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/A38K-LVDA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Massenersch\u00e9issunge<\/a> [Link vun der AFP b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt] vu J\u00fcddinnen a Judden an Osteuropa si just e Beispill dofir&#8221;, sou d&#8217;Arolsen Archives weider. &#8220;Och goufen Affer, d\u00e9i direkt no hirer Arriv\u00e9e a Vernichtungslagere w\u00e9i Auschwitz-Birkenau \u00ebmbruecht goufen, vun den Nazien iwwerhaapt net registr\u00e9iert, soudass et keng gr\u00e4ifbar Spuere vun eenzelen Affer op d\u00ebse spezielle Plaze vum Dout maache g\u00ebtt.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Arolsen Archives hunn och matgedeelt, dass d&#8217;Ausstelle vun de Stierfakte bis haut undauert. Dass sech d&#8217;Gesamtzuel am Laf vun der Z\u00e4it \u00e4nnert, l\u00e9isst sech dorun erkennen, dass d&#8217;Zuel vun den Zertifiz\u00e9ierungen, d\u00e9i fir all Lager ausgestallt goufen, am Dokument vun 1984 m\u00e9i h\u00e9ich ass w\u00e9i am Dokument aus dem Joer 1979. D&#8217;Zuele vum Sonderstandesamt &#8220;w\u00e4erten an noer Zukunft net vollst\u00e4nneg sinn (warscheinlech ni)&#8221;, huet d&#8217;Organisatioun erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>W\u00e4rend den Holocaust d&#8217;Bezeechnung fir den nationalsozialistesche V\u00eblkermord un de Judden ass, weisen d&#8217;Arolsen Archives dorop hin, dass &#8220;sech d&#8217;Zuelen, d\u00e9i vum Sonderstandesamt erm\u00ebttelt goufen, net emol ausschliisslech op j\u00fcddesch Affer bez\u00e9ien, mee op eng Villzuel vu Gruppen an Eenzelpersounen, d\u00e9i an de Lageren \u00ebmkomm sinn. D&#8217;Nazien hunn och Kommuniste souw\u00e9i aner politesch G\u00e9igner, Sinti a Roma, Homosexueller, Zeugen Jehovas a vill anerer verfollegt an ermort.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;D\u00ebs M\u00ebnschen hunn exist\u00e9iert a gelieft&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Sonderstandesamt huet g\u00e9intiwwer der AFP matgedeelt, dass d&#8217;Dokument vun 1979 zwar tats\u00e4chlech vun hinne versch\u00e9ckt gouf. A munche Versiounen a verschiddene Sprooche goufen awer eenzel S\u00e4tz erg\u00e4nzt. Ausserdeem war d&#8217;Original Deel vun engem l\u00e4ngeren Austausch, an deem d&#8217;Amt am Virfeld virdru gewarnt hat, dass d&#8217;Zuele keng R\u00e9ckschl\u00ebss op d&#8217;Gesamtzuel un Doudesf\u00e4ll zouloosse g\u00e9ifen.<\/p>\n<p>An enger vun de Passagen, d\u00e9i an englescher Sprooch b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt goufen, heescht et &#8220;Vum: Internationale Roude Kr\u00e4iz, Arolsen, Westd\u00e4itschland&#8221;. D\u00ebst ass warscheinlech eng Uspillung dorop, dass den Internationale Kommitee vum Roude Kr\u00e4iz (IKRK) bis 2012 tats\u00e4chlech d&#8217;Arolsen Archives an hir Virg\u00e4ngerorganisatioun, den Internationale Sichd\u00e9ngscht, verwalt huet, w\u00e9i den IKRK op senger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/WS8L-YWYA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a> schreift.<\/p>\n<p>Den IKRK huet sech schonn zu de Behaaptunge ge\u00e4ussert, beispillsweis an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/83T4-SQ9B\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">B\u00e4itrag<\/a> vun der brittescher Faktencheck-Organisatioun &#8220;Full Fact&#8221; vun 2019. D&#8217;Fatima Sator, Spriecherin vum IKRK, huet der AFP an enger E-Mail vum 26. Januar 2024 confirm\u00e9iert: &#8220;Den IKRK erkennt den Holocaust als Tatsaach un a bestreit a kengster Weis d\u00e9i offiziell Zuel un Doudesaffer.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;Sator huet och erkl\u00e4ert, dass den Arolsen Archives detaill\u00e9iert Informatiounen iwwer eng Rei Affer feelen. Zum Beispill goufen d\u00e9ij\u00e9ineg, d\u00e9i &#8220;direkt an den Doud op Auschwitz, Chelmno, Sobibor, Treblinka, Majdanek, &#8230; gesch\u00e9ckt goufen, iwwerhaapt net registr\u00e9iert, weeder liewend nach dout.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;Den IKRK huet keng Zuelen oder Donn\u00e9e\u00ebn zu d\u00ebsen Affer, bezweiwelt awer net, dass all d\u00ebs M\u00ebnschen exist\u00e9iert a gelieft hunn, \u00e9ier se op tragesch Man\u00e9ier ermort goufen&#8221;, huet d&#8217;Sator w\u00ebsse gelooss.<\/p>\n<p>Den IKRK huet sech mat der Kontrovers iwwer seng Roll w\u00e4rend dem Zweete Weltkrich \u00ebffentlech ausenanergesat, zum Beispill an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4T2S-R6N2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d\u00ebsem Artikel aus dem Joer 2020<\/a>, dee virum Joresdag vun der Befreiung vun Auschwitz publiz\u00e9iert gouf. Doran heescht et, dass de Joresdag &#8220;e Versoe&#8221; vum IKRK mark\u00e9iert, &#8220;dat Versoen, de Millioune vu M\u00ebnschen, d\u00e9i an den Doudeslagere vernicht goufen, ze h\u00ebllefen a se ze sch\u00fctzen. Den IKRK huet s\u00e4i Bedaueren iwwer seng Impuissance an d&#8217;Feeler, d\u00e9i en am \u00cbmgang mat der nationalsozialistescher Verfollgung an dem V\u00eblkermord gemaach huet, \u00ebffentlech zum Ausdrock bruecht.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;Eent vun den Evenementer aus der Vergaangenheet, dat am beschten erfuerscht ass&#8221;<\/p>\n<p>Op der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/M52T-DGYQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a> vum United States Holocaust Memorial Museum (USHMM) heescht et: &#8220;D&#8217;Nazien an hir Alli\u00e9iert a Kollaborateuren hu sechs Millioune j\u00fcddesch M\u00ebnschen \u00ebmbruecht. D\u00ebse systemateschen, staatlech gef\u00ebrderte V\u00eblkermord ass haut als Holocaust bekannt. D&#8217;Nazien an hir Alli\u00e9iert a Kollaborateuren hunn och aner massenhaft grujeleg Dote begaangen. Si hu w\u00e4rend dem Zweete Weltkrich Millioune vun net-j\u00fcddesche M\u00ebnsche verfollegt an dout gemaach.&#8221;<\/p>\n<p>W\u00e9i de Mus\u00e9e erkl\u00e4ert, hunn d&#8217;Morden op verschiddene Plaze stattfonnt, e puer dovun a Konzentratiounslageren, anerer a Vernichtungslageren. Millioune vu M\u00ebnsche goufen awer och a Stied an Dierfer \u00ebmbruecht.<\/p>\n<p>Zwar hunn d&#8217;Nationalsozialisten an Nationalsozialistinne versicht, d&#8217;Beweiser fir hir grujeleg Doten ze vernichten, awer &#8220;war de Massemord vun den Nazien esou \u00ebmfangr\u00e4ich an destruktiv, dass et onm\u00e9iglech war, d&#8217;Verbrieche vollst\u00e4nneg ze vertuschen an d&#8217;Beweiser ze vernichten. Et war offensichtlech, dass Millioune vu M\u00ebnschen dout waren a ganz Communaut\u00e9ite verm\u00ebsst goufen&#8221;, erkl\u00e4ert den USHMM. Zeien an Dokumenter belee\u00ebn d&#8217;Morden an d&#8217;Ausl\u00e4sche vu grousse Bev\u00eblkerungsgruppen.<\/p>\n<p>Offiziellen Zuelen no hu virum Krich eelef Millioune Judden a J\u00fcddinnen an Europa gelieft, w\u00e9i den SWR geschriwwen huet. Nom Krich louch d\u00ebs Zuel bei f\u00ebnnef Milliounen. W\u00e9i an deem Artikel erkl\u00e4ert g\u00ebtt, hunn d&#8217;Nationalsozialistinnen an Nationalsozialiste selwer d&#8217;Zuel vun de J\u00fcddinnen a Judden, d\u00e9i si \u00ebmbruecht haten, 1944 op iwwer f\u00ebnnef Millioune geschat, ee Joer virum Enn vum Dr\u00ebtte R\u00e4ich.<\/p>\n<p>D&#8217;IKRK-Spriecherin Sator huet als Beispill &#8220;d&#8217;Existenz vu L\u00ebschte vun de J\u00fcddinnen a Judden, d\u00e9i aus dem besate Frankr\u00e4ich an der Tschechoslowakei an d&#8217;polnesch Lageren deport\u00e9iert goufen&#8221;, genannt. D&#8217;Zuel vun de Persounen, d\u00e9i bei der Arriv\u00e9e registr\u00e9iert goufen, ass ger\u00e9ng am Verglach mat der Zuel, d\u00e9i d\u00e9ij\u00e9ineg erfaasst hunn, d\u00e9i se an den Zuch gesat hunn.&#8221;<\/p>\n<p>An D\u00e4itschland hunn 1933 ronn 500.000 J\u00fcddinnen a Judde gelieft, zirka 250.000 vun hinne si bis 1939 ausgewandert. Ongef\u00e9ier 165.000 goufe vun den Nationalsozialisten an D\u00e4itschland \u00ebmbruecht, w\u00e9i d&#8217;Bundeszentrale f\u00fcr politische Bildung op hirer <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6SC5-6K59\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a> opschl\u00ebsselt.<\/p>\n<p>&#8220;Den Holocaust ass eent vun den Evenementer aus der Vergaangenheet, dat am beschten erfuerscht ass. Trotz dem Mangel un \u00cbnnerlagen, d\u00e9i sech speziell op den Doud vun eenzelen Affer bez\u00e9ien (w\u00e9i uewen duergeluecht), gouf d&#8217;Ausmooss vun der nationalsozialistescher Verfollgung an Ermordung vu W\u00ebssenschaftler an Autorit\u00e9iten unhand vun enger R\u00ebtsch vun \u00cbnnerlagen, dor\u00ebnner Deportatiounsl\u00ebschten, Berichter vu Vollekszielungen, Nokrichsuntersuchungen an aner glafwierdeg Informatiounsquellen, akribesch an \u00ebmmer nees rekonstru\u00e9iert&#8221;, schreiwen d&#8217;Arolsen Archives. &#8220;Un der Zuel vun den Affer g\u00ebtt et keen Zweiwel.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;Wann iwwerhaapt, ware fr\u00e9ier Sch\u00e4tzunge m\u00e9iglecherweis ze konservativ, woub\u00e4i d\u00e9i weider historesch Fuerschung iwwer d&#8217;Ausmooss vun den NS-Verbriechen e fortlafende Ber\u00e4ich vun den Untersuchungen ass. Revisioniste versichen trotzdeem, d&#8217;NS-Verbriechen ze kontest\u00e9ieren oder d\u00e9i historesch unerkannt Zuel un Affer ze reduz\u00e9ieren&#8221;, huet d&#8217;Organisatioun erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> D&#8217;Dokumenter iwwer Doudesaffer an NS-Konzentratiounslageren, d\u00e9i a sozialen Netzwierker gedeelt ginn, si keng Beleeg dofir, dass d&#8217;Zuel vun de M\u00ebnschen, d\u00e9i am Holocaust \u00ebmbruecht goufen, m\u00e9i niddreg w\u00e9i sechs Milliounen ass. Souwuel dat zoust\u00e4nnegt Sonderstandesamt Arolsen w\u00e9i och d&#8217;Arolsen Archives souw\u00e9i den IKRK hu confirm\u00e9iert, dass een duerch d\u00ebs Dokumenter net op d&#8217;Gesamtzuel un Doudesaffer schl\u00e9isse kann.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>D&#8217;Nationalsozialisten an Nationalsozialistinnen hu w\u00e4rend dem Holocaust ronn sechs Millioune Judden a J\u00fcddinnen \u00ebmbruecht. D\u00ebs Zuel g\u00ebtt \u00ebmmer nees ugezweiwelt. Am Internet g\u00ebtt fir d\u00ebs Kontestatioun en Dokument vun Doudeszertifikater benotzt, dat fir d&#8217;Gesamtzuel un Affer awer net aussokr\u00e4fteg ass, w\u00e9i d\u00e9i ausstellend Autorit\u00e9it selwer confirm\u00e9iert huet. Just fir en Deel vun den Affer w\u00e4r esou eng Zertifikatioun ausgestallt ginn, well vill Morden och ausserhalb vu Lagere stattfonnt oder Nationalsozialiste wichteg Dokumenter vernicht hunn.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":318987,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[183,193],"tags":[],"class_list":{"0":"post-319002","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-fact-check-lb","8":"category-gesellschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2167542","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2167542.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Dokument iwwer KZ-Doudesaffer fir Holocaust-Leugnung m\u00ebssbraucht - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Dokument iwwer KZ-Doudesaffer fir Holocaust-Leugnung m\u00ebssbraucht - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"D&#039;Nationalsozialisten an Nationalsozialistinnen hu w\u00e4rend dem Holocaust ronn sechs Millioune Judden a J\u00fcddinnen \u00ebmbruecht. D\u00ebs Zuel g\u00ebtt \u00ebmmer nees ugezweiwelt. Am Internet g\u00ebtt fir d\u00ebs Kontestatioun en Dokument vun Doudeszertifikater benotzt, dat fir d&#039;Gesamtzuel un Affer awer net aussokr\u00e4fteg ass, w\u00e9i d\u00e9i ausstellend Autorit\u00e9it selwer confirm\u00e9iert huet. Just fir en Deel vun den Affer w\u00e4r esou eng Zertifikatioun ausgestallt ginn, well vill Morden och ausserhalb vu Lagere stattfonnt oder Nationalsozialiste wichteg Dokumenter vernicht hunn.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-02-13T09:48:23+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-02-13T14:15:17+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/d0cdb47cc34e035e23da20f5b3f215bd.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1024\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"576\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Dokument iwwer KZ-Doudesaffer fir Holocaust-Leugnung m\u00ebssbraucht\",\"datePublished\":\"2024-02-13T09:48:23+00:00\",\"dateModified\":\"2024-02-13T14:15:17+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/\"},\"wordCount\":1923,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/d0cdb47cc34e035e23da20f5b3f215bd.jpeg\",\"articleSection\":[\"Fact Check\",\"Gesellschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/\",\"name\":\"Faktencheck: Dokument iwwer KZ-Doudesaffer fir Holocaust-Leugnung m\u00ebssbraucht - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/d0cdb47cc34e035e23da20f5b3f215bd.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-02-13T09:48:23+00:00\",\"dateModified\":\"2024-02-13T14:15:17+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/d0cdb47cc34e035e23da20f5b3f215bd.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/d0cdb47cc34e035e23da20f5b3f215bd.jpeg\",\"width\":1024,\"height\":576,\"caption\":\"Faktencheck: Dokument iwwer KZ-Doudesaffer fir Holocaust-Leugnung m\u00ebssbraucht - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Dokument iwwer KZ-Doudesaffer fir Holocaust-Leugnung m\u00ebssbraucht\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Dokument iwwer KZ-Doudesaffer fir Holocaust-Leugnung m\u00ebssbraucht - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Dokument iwwer KZ-Doudesaffer fir Holocaust-Leugnung m\u00ebssbraucht - EDMO Belux","og_description":"D'Nationalsozialisten an Nationalsozialistinnen hu w\u00e4rend dem Holocaust ronn sechs Millioune Judden a J\u00fcddinnen \u00ebmbruecht. D\u00ebs Zuel g\u00ebtt \u00ebmmer nees ugezweiwelt. Am Internet g\u00ebtt fir d\u00ebs Kontestatioun en Dokument vun Doudeszertifikater benotzt, dat fir d'Gesamtzuel un Affer awer net aussokr\u00e4fteg ass, w\u00e9i d\u00e9i ausstellend Autorit\u00e9it selwer confirm\u00e9iert huet. Just fir en Deel vun den Affer w\u00e4r esou eng Zertifikatioun ausgestallt ginn, well vill Morden och ausserhalb vu Lagere stattfonnt oder Nationalsozialiste wichteg Dokumenter vernicht hunn.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-02-13T09:48:23+00:00","article_modified_time":"2024-02-13T14:15:17+00:00","og_image":[{"width":1024,"height":576,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/d0cdb47cc34e035e23da20f5b3f215bd.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"8 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Dokument iwwer KZ-Doudesaffer fir Holocaust-Leugnung m\u00ebssbraucht","datePublished":"2024-02-13T09:48:23+00:00","dateModified":"2024-02-13T14:15:17+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/"},"wordCount":1923,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/d0cdb47cc34e035e23da20f5b3f215bd.jpeg","articleSection":["Fact Check","Gesellschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/","name":"Faktencheck: Dokument iwwer KZ-Doudesaffer fir Holocaust-Leugnung m\u00ebssbraucht - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/d0cdb47cc34e035e23da20f5b3f215bd.jpeg","datePublished":"2024-02-13T09:48:23+00:00","dateModified":"2024-02-13T14:15:17+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/d0cdb47cc34e035e23da20f5b3f215bd.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/02\/d0cdb47cc34e035e23da20f5b3f215bd.jpeg","width":1024,"height":576,"caption":"Faktencheck: Dokument iwwer KZ-Doudesaffer fir Holocaust-Leugnung m\u00ebssbraucht - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-dokument-iwwer-kz-doudesaffer-fir-holocaust-leugnung-mssbraucht\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Dokument iwwer KZ-Doudesaffer fir Holocaust-Leugnung m\u00ebssbraucht"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/319002","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=319002"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/319002\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/318987"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=319002"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=319002"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=319002"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}