{"id":323652,"date":"2024-03-12T07:00:07","date_gmt":"2024-03-12T07:00:07","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=323652"},"modified":"2024-03-14T10:50:17","modified_gmt":"2024-03-14T10:50:17","slug":"faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Norweegesche B\u00e4itrag widderleet net, dass CO2 Afloss op d&#8217;\u00c4erderwiermung huet"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p><b>\u00a9 RTL Grafik \/ AFP<\/b><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<p>An der Fuerschung besteet Konsens iwwer d&#8217;Tatsaach, dass sech d&#8217;Weltklima erwiermt. A sozialen Netzwierker g\u00ebtt am Moment en Artikel iwwer en norweegeschen Diskussiounsb\u00e4itrag gedeelt, an deem den Afloss vun CO2 op d\u00e9i global Temperatur-Hausse a Fro gestallt g\u00ebtt.<\/p>\n<p><em>&#8220;D&#8217;Statistikamt vun Norwegen widderspr\u00e9cht Klimanarrativ: CO2 ze schwaach, fir Temperatur ze beaflossen&#8221;<\/em> ass an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/S7LY-AP56\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Video<\/a> als Iwwerschr\u00ebft vun engem Artikel ze liesen. <em>&#8220;D&#8217;Klimakris ass opgeflunn&#8221;<\/em>, komment\u00e9iert d&#8217;Userin, d\u00e9i den Artikel an deem Clip diskut\u00e9iert, deen z\u00ebnter dem 6. Februar 2024 iwwer 4.000 Mol op Facebook gedeelt gouf.<\/p>\n<p>Am Video g\u00ebtt den Instagram-Account &#8220;robertkattirs&#8221; als Quell genannt, de <a href=\"https:\/\/www.instagram.com\/p\/C3BYb_rM8uL\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Clip<\/a> krut op d\u00ebsem Kont iwwer <a href=\"https:\/\/archive.ph\/R7aOf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">5.000 Likes<\/a>.<\/p>\n<p>An anere B\u00e4itr\u00e4g ass den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Z8DA-47UQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a>, dee vun der Internets\u00e4it &#8220;Epoch Times&#8221; ver\u00ebffentlecht gouf, direkt verlinkt a g\u00ebtt op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/94LL-W7QK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> an der Plattform <a href=\"https:\/\/perma.cc\/M4AS-ESEF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a> verbreet. An d\u00ebse B\u00e4itr\u00e4g ass och e <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZNQ3-9YJS\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Post<\/a> vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/YH4H-VRMC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Presidentin<\/a> vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/N4LW-8RAU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">AfD-noer<\/a> Desiderius-Erasmus-St\u00ebftung Erika Steinbach ze fannen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/bd81b589955e72248b5897c6817358c8.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Den Artikel faasst d&#8217;Ausf\u00e9ierunge vu b\u00e9iden Auteure vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/S25R-HF3B\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Diskussiounsb\u00e4itrag<\/a>, John Dagsvik a Sigmund Moen, zesummen. Den Androck, deen d&#8217;Massemedie verm\u00ebttelen, w\u00e4r, dass <em>&#8220;\u00ebnner ville Klimafuerscher anscheinend e w\u00e4itgoende Konsens iwwer de systemateschen an deelweis vum M\u00ebnsch gemaache Klimawandel bestoe g\u00e9if&#8221;<\/em>, hunn den Dagsvik an de Moen an der Introduktioun vum B\u00e4itrag erkl\u00e4ert. Schliisslech zit\u00e9iert den Artikel hire Fazit: <em>&#8220;Den Effekt vun den CO2-Emissiounen, d\u00e9i vum M\u00ebnsch verursaacht sinn, sch\u00e9ngt net staark genuch ze sinn, fir systematesch Ver\u00e4nnerunge vun den Temperaturschwankunge w\u00e4rend de leschten 200 Joer ze verursaachen.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>D&#8217;Internets\u00e4it &#8220;Epoch Times&#8221; <a href=\"https:\/\/perma.cc\/RX9C-D3SV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">sponsert<\/a> op X eege B\u00e4itr\u00e4g vun hirem Artikel iwwer de Fuerschungsb\u00e4itrag:<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/1f492d5c6a73dd25563e394917ac64c6.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>&#8220;Epoch Times&#8221; ass schonn an der Vergaangenheet duerch d&#8217;Verbreedung vu Falschinformatiounen opgefall, d\u00e9i d&#8217;AFP widderlee\u00eb konnt, w\u00e9i beispillsweis d&#8217;<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32EC6LW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Behaaptung<\/a>, dass Wandrieder de Klimawandel verst\u00e4erke g\u00e9ifen.<\/p>\n<p>De B\u00e4itrag, deen am Artikel zesummegefaasst ass, gouf vun der norwegescher Statistikagence <a href=\"https:\/\/perma.cc\/CJL8-AD5Q\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Statistics Norway<\/a> am September 2023 <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6EDZ-E8JK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">publiz\u00e9iert<\/a>. D&#8217;Auteuren Dagsvik a Moen analys\u00e9ieren doran d&#8217;Temperaturdonn\u00e9e\u00eb vu verschiddene Miessstatiounen. <em>&#8220;Unhand vu verschiddenen Auswielkritt\u00e4re goufe 75 Z\u00e4it-Serien aus 32 L\u00e4nner an der statistescher Analys an d\u00ebsem Pabeier&#8221;<\/em> ber\u00e9cksiichtegt, schreiwe si.<\/p>\n<p>W\u00ebssenschaftlecht Virgoe vum B\u00e4itrag on\u00fcblech<\/p>\n<p>Kuerz no der Publikatioun vum Diskussiounsb\u00e4itrag huet dat norwegescht Statistikamt e <a href=\"https:\/\/perma.cc\/EN4Z-RJQ9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Statement<\/a> ver\u00ebffentlecht, no deem der Agence virgeh\u00e4it gouf, Zweiwel un etabl\u00e9ierte Fuerschungsresultater iwwer d&#8217;\u00c4erderwiermung opkommen ze loossen. D&#8217;Fuerschungsdirektesch Linda N\u00f8stbakken huet erkl\u00e4ert, de B\u00e4itrag g\u00e9if net d&#8217;Meenung vum Statistikamt er\u00ebmspigelen. An awer g\u00e9if sech d&#8217;Agence dofir staark maachen, dass hir Fuerscher <em>&#8220;hir akademesch Meenungsfr\u00e4iheet notzen dierfen&#8221;<\/em>.<\/p>\n<p>Kritik um Pabeier huet och den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9G5S-2EAR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Edgar Hertwich<\/a>, Professer fir Industrie\u00f6kologie op der Norwegian University of Science and Technology, an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/B7AU-QGAL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">B\u00e4itrag<\/a>\u00a0 op der norwegescher Fuerschungswebs\u00e4it\u00a0&#8220;forskersonen.no&#8221; ge\u00e4ussert. Sou ass hien der Meenung, dass eng St\u00e9chprouf vun Donn\u00e9e\u00eb vun e puer Klimastatiounen ze kleng wier, fir eppes iwwer dat globaalt Klima auszesoen. Ausserdeem g\u00e9ifen d&#8217;Statiounen, d\u00e9i an der statistescher Analys ber\u00e9cksiichtegt goufen, just sechs Prozent vun der \u00c4erduewerfl\u00e4ch ofdecken, wouduerch d&#8217;Miessunge <em>&#8220;manner empfindlech&#8221;<\/em> w\u00e4re w\u00e9i allgemeng an der Klimafuerschung \u00fcblech w\u00e4r. Dow\u00e9inst zitt hien d&#8217;Zouverl\u00e4ssegkeet vun de Resultater an Zweiwel.<\/p>\n<p>E weidere Kritikpunkt vum Hertwich wier, dass et net emol en Hiweis op eng Zesummefaassung vum W\u00ebssen iwwer d&#8217;Auswierkunge vum m\u00ebnschleche Klima g\u00ebtt, d\u00e9i vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/T38M-GBVP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Weltklimarot (IPCC)<\/a> erstallt gi wier. De R\u00e9ckbl\u00e9ck op d&#8217;Fuerschung, d\u00e9i bis elo gemaach gouf, op d&#8217;Gebitt, mat deem sech e w\u00ebssenschaftleche B\u00e4itrag befaasst, w\u00e4r awer feste Bestanddeel vun eebe genee sou Artikelen.<\/p>\n<p>Ausserdeem g\u00e9if et <a href=\"https:\/\/perma.cc\/BQM4-3TEX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00e4nlech Analysen<\/a> iwwer den Afloss vum M\u00ebnsch op d&#8217;Klima ginn, d\u00e9i mat dem selwechte statistesche Modell zum g\u00e9igendeelege Resultat kommen, n\u00e4mlech dass d&#8217;Erwiermung <em>&#8220;w\u00e4it iwwer dat, wat ze erwaarde war, eraus zougeholl huet&#8221;<\/em>, sou den Hertwich.<\/p>\n<p>Hie kritis\u00e9iert och d&#8217;Literatur, d\u00e9i vum Dragsvik a vum Moen benotzt gouf. An hire Quellen ass d&#8217;Buch &#8220;D&#8217;Kal Sonn&#8221; (Die Kalte Sonne) vum fr\u00e9iere President vum d\u00e4itschen Energiekonzern RWE a fr\u00e9iere Politiker Fritz Vahrenholt opgel\u00ebscht. D\u00ebst Buch w\u00e4r dem Hertwich duerch selektiv Literatur a falsch zit\u00e9iert Quellen opgefall, sot hien. Och der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HJS9-S4EF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Iwwerpr\u00e9iwung<\/a> duerch Klimajournaliste vu &#8220;klimafakten.de&#8221; h\u00e4lt d&#8217;Buch net duer.<\/p>\n<p>B\u00e4itrag ignor\u00e9iert w\u00ebssenschaftleche Konsens<\/p>\n<p>De Jochem Marotzke, Direkter a w\u00ebssenschaftleche Member vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/CT4U-BWHU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Max\u2010Planck\u2010Institut f\u00fcr Meteorologie<\/a> zu Hamburg souw\u00e9i Member vun der Akademie der Nationalen Wissenschaften <a href=\"https:\/\/perma.cc\/C286-5F9Y\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Leopoldina<\/a>, huet g\u00e9intiwwer der AFP an enger E-Mail vum 29. Februar 2024 erkl\u00e4ert: <em>&#8220;Et g\u00ebtt kee Grond, der Et\u00fcd am \u00ebffentlechen Discours iergendeng Roll zouzegestoen.&#8221;<\/em> Dat begr\u00ebnnt hien och och mam Virgoen am Diskussiounsb\u00e4itrag. En ignor\u00e9iert n\u00e4mlech honnerte vun Et\u00fcden a sechs IPCC-Sachstandsberichter, d\u00e9i eendeiteg gewisen hunn: D\u00e9i global Erwiermung ass op de M\u00ebnsch zer\u00e9ckzef\u00e9ieren. D\u00ebs Et\u00fcde ginn op d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/S3KA-SNEC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Erkenntnis<\/a> vum Klaus Hasselmann aus dem Joer 1979 zer\u00e9ck, dass een eeben NET eenzel Donn\u00e9e\u00eb vu Statiounen huele soll, mee no engem MUSTER vun der erwaarter Ver\u00e4nnerung siche sollt.<\/p>\n<p>Den Duktus vum Pabeier g\u00e9if awer weisen, dass et \u00ebm d&#8217;Ofstreide vum m\u00ebnschegemaachte Klimawandel g\u00e9ing, huet de Marotzke weider erkl\u00e4ert. <em>&#8220;Hei g\u00ebtt d\u00e9i komplett Literatur vun de Ligener erugezunn, net awer seri\u00f6 Publikatiounen.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>Och de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7RZZ-WY6T\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Peter Braesicke<\/a>, Professer a Chef vum Institut f\u00fcr Meteorologie und Klimaforschung \u2013 Atmosph\u00e4rische Spurengase und Fernerkundung um Karlsruher Institut f\u00fcr Technologie, huet an engem Gespr\u00e9ich mat der AFP vum 27. Februar 2024 a Bezuch op d\u00e9i global Erwiermung erkl\u00e4ert: <em>&#8220;Am Duerchschn\u00ebtt g\u00ebtt et m\u00e9i waarm &#8211; dat bedeit net, dass d&#8217;Temperatur op alle Miessstatioune kl\u00ebmmt.&#8221;<\/em> De Fazit vum Pabeier, dass et onm\u00e9iglech ersch\u00e9ngt ze erm\u00ebttelen, w\u00e9i w\u00e4it CO2 fir d&#8217;Temperatur-Hausse responsabel ass, wier keng zoul\u00e4sseg Schlussfollgerung, huet hien erg\u00e4nzt.<\/p>\n<p>Sou g\u00e9if sech beispillsweis un den am Diskussiounsb\u00e4itrag analys\u00e9ierten Donn\u00e9e\u00eb vun der Miessstatioun Hohenspei\u00dfenberg <em>&#8220;d&#8217;Klimaerwiermung gutt ofliese&#8221;<\/em> loossen. D&#8217;Statioun l\u00e9ich op engem Bierg am S\u00fcde vun D\u00e4itschland, d&#8217;Donn\u00e9e\u00eb gi bal bis an d&#8217;preindustriellt Z\u00e4italter zer\u00e9ck &#8211; &#8220;hei g\u00e9if een eng Erwiermung erwaarden. D\u00ebs Donn\u00e9e\u00eb g\u00e9ifen dem Braesicke no net genuch ber\u00e9cksiichtegt an dem Fazit vum norweegesche B\u00e4itrag widderspriechen. Ausserdeem hunn de Braesicke w\u00e9i och de Marotzke an den Hertwich kritis\u00e9iert, dass \u00ebnnert de Ver\u00ebffentlechungen, d\u00e9i b\u00e9id Auteuren am Literaturverzeechnes opf\u00e9ieren, Aarbechte vu Klimaskeptiker w\u00e4ren, d\u00e9i net no de Standarde vun enger Peer-Review-Et\u00fcd gemaach goufen.<\/p>\n<p>Zwar w\u00e4r den Undeel vu Kuelestoffdioxid an der Atmosph\u00e4r <em>&#8220;prozentual w\u00e9ineg&#8221;<\/em>, w\u00e9i de Braesicke erkl\u00e4ert huet. Haut w\u00e4ren et iwwer 400 ppm (part per million), an der virindustrieller Z\u00e4it h\u00e4tt de W\u00e4ert awer nach bei 280 ppm gelee\u00ebnen. Dat w\u00e4r eng Hausse vu bal 50 Prozent. <em>&#8220;Den Undeel ass \u00ebmmer nach ger\u00e9ng, mee d\u00ebse klengen Undeel ass eeben immens wierksam.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>CO2 verst\u00e4erkt Z\u00e4reneffekt<\/p>\n<p>Och an aneren Zesummenh\u00e4ng gouf den <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.34JW2WE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Afloss vun CO2<\/a> op d\u00e9i global Temperatur-Hausse schonn a Fro gestallt a vun der AFP iwwerpr\u00e9ift. Faktenchecken zum Sujet Klima sammelt d&#8217;AFP <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/list\/all\/all\/39289\/all\/tid-39289\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>.<\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2XMX-L2CF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Douglas Maraun<\/a>, Chef vun der Fuerschungsgrupp &#8220;Regionales Wetter&#8221; am <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6XTA-ZJQX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Wegener Center f\u00fcr Klima und Globalen Wandel<\/a> vun der Universit\u00e4t Graz, huet der AFP dozou matgedeelt, dass d&#8217;Konzentratioun vun Z\u00e4regasen am Verglach zu St\u00e9ckstoff a Sauerstoff tats\u00e4chlech ger\u00e9ng w\u00e4r. <em>&#8220;Allerd\u00e9ngs sinn d\u00e9i leschtgenannt zweeatomeg Gasen, d\u00e9i am Weesentlechen keen Afloss op d&#8217;Ofstralung vun der W\u00e4ermtstralung vun der \u00c4erd hunn.&#8221;<\/em> Deem g\u00e9intiwwer w\u00e4ren Z\u00e4regase kapabel, W\u00e4ermtstralung ze absorb\u00e9ieren an e groussen Deel dovun nees a Richtung \u00c4erd ze senden.<\/p>\n<p>Och dem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/X5K7-8M7K\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Stefan Rahmstorf<\/a>, Klimafuerscher um\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/S8S8-HKT3\">Potsdam-Institut f\u00fcr Klimafolgenforschung<\/a>, no w\u00e4r CO2 esou schiedlech, well et den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/G4JU-PM66\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Z\u00e4reneffekt<\/a> verst\u00e4erke g\u00e9if. D&#8217;\u00c4erdatmosph\u00e4r g\u00e9if w\u00e9i e Schutzsch\u00ebld ronder\u00ebm eise Plan\u00e9it ag\u00e9ieren, wouduerch d&#8217;Temperature m\u00e9i moderat sinn. Gase w\u00e9i CO2 g\u00e9ifen eng entscheedend Roll dob\u00e4i spillen, d&#8217;Zer\u00e9ck-Strale vun der Sonnenenergie an de Weltall ze verh\u00ebnneren. Molek\u00fclle mat m\u00e9i Atomen, w\u00e9i Kuelestoff-Dioxid, beaflossen d&#8217;Reflekt\u00e9ierung vun der H\u00ebtzt op eng aner Man\u00e9ier a lee\u00eb souzesoen eng waarm Decke ronder\u00ebm d&#8217;\u00c4erd.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/e893e337dfa4200550a7343b5a3b62b7.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Den IPCC schreift a senger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/M8AY-UZK3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Synthees<\/a> zu sengem sechste Sachstandsbericht aus dem Joer 2021: <em>&#8220;M\u00ebnschlech Aktivit\u00e9iten hunn eendeiteg d\u00e9i global Erwiermung ausgel\u00e9ist, virun allem duerch d&#8217;Emissioun vun Z\u00e4regasen. Doduerch louch d\u00e9i global Temperatur vun der Uewerfl\u00e4ch am Z\u00e4itraum 2011-2020 \u00ebm 1,1\u00b0 Celsius m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e9i de W\u00e4ert vun 1850 bis 1900.&#8221;<\/em> D&#8217;Berichter vum IPCC g\u00ebllen als <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6W9A-RH9K\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Resum\u00e9<\/a> vum aktuelle Fuerschungsstand zum Sujet Klima. Och eng \u00ebmfaassend <a href=\"https:\/\/perma.cc\/RVX2-G43W\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Aarbecht<\/a> vum &#8220;Deutschen Klimakonsortium&#8221; zesumme mat aneren Institutioune schreift: <em>&#8220;D&#8217;M\u00ebnschheet ass noweislech Ursaach vun der aktueller Klimaver\u00e4nnerung; se ass no aktuellem Stand vun der W\u00ebssenschaft haapts\u00e4chlech ausgel\u00e9ist duerch d&#8217;Verst\u00e4erkung vum Z\u00e4reneffekt, dee vum M\u00ebnsch gemaach ass.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>Wiessel vu Kal- a Waarmz\u00e4ite schw\u00e4tzt net g\u00e9int CO2-Afloss<\/p>\n<p>Den Douglas Maraun huet erkl\u00e4ert, dass d&#8217;Klimaver\u00e4nnerunge vun de leschten 100.000 Joer, am Weesentlechen de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6VEU-M5MP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Wiessel t\u00ebscht Kal- a Waarmz\u00e4iten<\/a>, duerch <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32BK73G\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00c4nnerunge vun der \u00c4erd\u00ebmlafbunn an der Schr\u00e9i un der \u00c4erd<\/a> ervirgeruff goufen, d\u00e9i d&#8217;Verdeelung vun der <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.32CZ3KN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Sonnenastralung<\/a> iwwer d&#8217;Joer ver\u00e4nnert hunn. <em>&#8220;Do war CO2 effektiv keen Dreiwer, mee huet d\u00e9i astronomesch \u00c4nnerunge just verst\u00e4erkt.&#8221;<\/em> Den aktuelle Klimawandel w\u00e4r awer <em>&#8220;am Weesentlechen&#8221;<\/em> duerch CO2 verursaacht: <em>&#8220;D&#8217;Sonnenastralung schwankt zwar e b\u00ebssen iwwer d&#8217;Joerz\u00e9ngten, ass awer am Duerchschn\u00ebtt z\u00ebnter dem Enn vun der klenger \u00c4isz\u00e4it konstant bliwwen an huet an de leschte Joerhonnerte souguer \u00e9ischter ofgeholl.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>Den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/AX4D-L6TA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Hauke Schmidt<\/a>, Geophysiker am\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/7YWV-WDLD\">Max-Planck-Institut f\u00fcr Meteorologie<\/a>, huet zum Oflaf vun de Waarm- a Kalz\u00e4iten iwwer d\u00e9i lescht 100.000 Joer och erkl\u00e4ert: <em>&#8220;D&#8217;CO2-Konzentratioun vun der Atmosph\u00e4r huet w\u00e4rend d\u00ebser Z\u00e4it ongef\u00e9ier t\u00ebscht 190 an 280 ppm vari\u00e9iert, also w\u00e4it \u00ebnnert deem, wat mir aktuell observ\u00e9ieren.&#8221;<\/em> Fir verschidden Iwwerg\u00e4ng vun enger Kal- an eng Waarmz\u00e4it oder \u00ebmgek\u00e9iert ges\u00e9ich et och esou aus, dass d&#8217;Temperatur sech er\u00e9ischt ver\u00e4nneren an dann den CO2 noz\u00e9ie g\u00e9if. <em>&#8220;D\u00ebst g\u00ebtt z\u00ebnter m\u00e9i laanger Z\u00e4it vu Leit, d\u00e9i de Klimawandel ofstreiden, als suppos\u00e9ierte Beweis dofir ugefouert, dass den aktuelle Klimawandel net duerch CO2 verursaacht g\u00ebtt&#8221;<\/em>, sou de Schmidt.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> Den norwegeschen Diskussiounsb\u00e4itrag, dee vum nationlae Statistikamt ver\u00ebffentlecht gouf, widderspr\u00e9cht dem w\u00ebssenschaftleche Konsens, no deem den Afloss vun CO2 op d&#8217;\u00c4erderwiermung als erwise g\u00ebllt. En plus hunn eng Rei Fuerscher g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass de B\u00e4itrag Literatur vu Leit, d\u00e9i de Klimawandel leegnen, zit\u00e9ieren an de Feeler maache g\u00e9if, op Donn\u00e9e\u00eb vun eenzele Statiounen ze kucken, amplaz Ver\u00e4nnerungen ze analys\u00e9ieren.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>An der Fuerschung besteet Konsens iwwer d&#8217;Tatsaach, dass sech d&#8217;Weltklima erwiermt. A sozialen Netzwierker g\u00ebtt am Moment en Artikel iwwer en norweegeschen Diskussiounsb\u00e4itrag gedeelt, an deem den Afloss vun CO2 op d\u00e9i global Temperatur-Hausse a Fro gestallt g\u00ebtt.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":323632,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[183,192],"tags":[],"class_list":["post-323652","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","category-fact-check-lb","category-wessenschaft"],"acf":{"show_metatags":true,"id":"2174980","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2174980.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Norweegesche B\u00e4itrag widderleet net, dass CO2 Afloss op d&#039;\u00c4erderwiermung huet - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Norweegesche B\u00e4itrag widderleet net, dass CO2 Afloss op d&#039;\u00c4erderwiermung huet - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"An der Fuerschung besteet Konsens iwwer d&#039;Tatsaach, dass sech d&#039;Weltklima erwiermt. A sozialen Netzwierker g\u00ebtt am Moment en Artikel iwwer en norweegeschen Diskussiounsb\u00e4itrag gedeelt, an deem den Afloss vun CO2 op d\u00e9i global Temperatur-Hausse a Fro gestallt g\u00ebtt.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-03-12T07:00:07+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-03-14T10:50:17+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/cf98704e2673314a1407c15822c221b7.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Norweegesche B\u00e4itrag widderleet net, dass CO2 Afloss op d&#8217;\u00c4erderwiermung huet\",\"datePublished\":\"2024-03-12T07:00:07+00:00\",\"dateModified\":\"2024-03-14T10:50:17+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/\"},\"wordCount\":1959,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/cf98704e2673314a1407c15822c221b7.jpeg\",\"articleSection\":[\"Fact Check\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/\",\"name\":\"Faktencheck: Norweegesche B\u00e4itrag widderleet net, dass CO2 Afloss op d'\u00c4erderwiermung huet - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/cf98704e2673314a1407c15822c221b7.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-03-12T07:00:07+00:00\",\"dateModified\":\"2024-03-14T10:50:17+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/cf98704e2673314a1407c15822c221b7.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/cf98704e2673314a1407c15822c221b7.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Norweegesche B\u00e4itrag widderleet net, dass CO2 Afloss op d'\u00c4erderwiermung huet - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Norweegesche B\u00e4itrag widderleet net, dass CO2 Afloss op d&#8217;\u00c4erderwiermung huet\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Norweegesche B\u00e4itrag widderleet net, dass CO2 Afloss op d'\u00c4erderwiermung huet - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Norweegesche B\u00e4itrag widderleet net, dass CO2 Afloss op d'\u00c4erderwiermung huet - EDMO Belux","og_description":"An der Fuerschung besteet Konsens iwwer d'Tatsaach, dass sech d'Weltklima erwiermt. A sozialen Netzwierker g\u00ebtt am Moment en Artikel iwwer en norweegeschen Diskussiounsb\u00e4itrag gedeelt, an deem den Afloss vun CO2 op d\u00e9i global Temperatur-Hausse a Fro gestallt g\u00ebtt.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-03-12T07:00:07+00:00","article_modified_time":"2024-03-14T10:50:17+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/cf98704e2673314a1407c15822c221b7.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"8 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Norweegesche B\u00e4itrag widderleet net, dass CO2 Afloss op d&#8217;\u00c4erderwiermung huet","datePublished":"2024-03-12T07:00:07+00:00","dateModified":"2024-03-14T10:50:17+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/"},"wordCount":1959,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/cf98704e2673314a1407c15822c221b7.jpeg","articleSection":["Fact Check","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/","name":"Faktencheck: Norweegesche B\u00e4itrag widderleet net, dass CO2 Afloss op d'\u00c4erderwiermung huet - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/cf98704e2673314a1407c15822c221b7.jpeg","datePublished":"2024-03-12T07:00:07+00:00","dateModified":"2024-03-14T10:50:17+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/cf98704e2673314a1407c15822c221b7.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/cf98704e2673314a1407c15822c221b7.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Norweegesche B\u00e4itrag widderleet net, dass CO2 Afloss op d'\u00c4erderwiermung huet - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-norweegesche-bitrag-widderleet-net-dass-co2-afloss-op-derderwiermung-huet\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Norweegesche B\u00e4itrag widderleet net, dass CO2 Afloss op d&#8217;\u00c4erderwiermung huet"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/323652","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=323652"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/323652\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/323632"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=323652"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=323652"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=323652"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}