{"id":323663,"date":"2024-03-11T14:00:17","date_gmt":"2024-03-11T14:00:17","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=323663"},"modified":"2024-03-12T08:02:57","modified_gmt":"2024-03-12T08:02:57","slug":"faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/","title":{"rendered":"Faktencheck: De Weltwirtschaftsforum huet keng global digital W\u00e4rung agef\u00e9iert"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>De Weltwirtschaftsforum (WEF) ass \u00ebmmer nees Bestanddeel vu verschiddene Konspiratiounstheorien, d\u00e9i d&#8217;Organisatioun als Sproochrouer vun enger globaler Elitt ugesinn, d\u00e9i d&#8217;Welt kontroll\u00e9iere w\u00ebll. Am Januar 2024 ass op Facebook an op der Plattform X e Video opgedaucht, an deem de Chef vum chineeseschen E-Commerce-Gigant Alibaba ze gesi war. An de B\u00e4itr\u00e4g dozou gouf f\u00e4lschlecherweis behaapt, dass hien de WEF represent\u00e9iere g\u00e9if an d&#8217;Af\u00e9ierung vun enger globaler digitaler W\u00e4rung ugek\u00ebnnegt h\u00e4tt, fir d&#8217;Konsumenten ze &#8220;verfollegen&#8221;.<\/p>\n<p><em>&#8220;De WEF huet grad eng global CBDC confirm\u00e9iert&#8221;<\/em>, heescht et an engem engleschsproochege <a href=\"https:\/\/perma.cc\/DV9K-F55H\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook-B\u00e4itrag<\/a> vum 17. Januar 2024. Digitaalt Geld vun der Zentralbank (&#8220;Central Bank Digital Currency&#8221;, CBDC) ass d\u00e9i <a href=\"https:\/\/archive.ph\/9t5zB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">digital Form<\/a> vun der offizieller W\u00e4rung vun engem Land.<\/p>\n<p><em>&#8220;Si ginn zou, dass si suiv\u00e9iere w\u00e4erten, wat s du \u00ebss, deng Reesen, mat wiem s du schw\u00e4tz an alles Aneres, wat s du am Liewe m\u00e9chs. Awer natierlech maache si dat, fir eis virun dem &#8216;Klimanoutstand&#8217; ze retten&#8221;<\/em>, sou de B\u00e4itrag op Facebook. E puer Notzerinnen an Notzer vun der Social-Media-Plattform sch\u00e9nge gegleeft ze hunn, de Video g\u00e9if wierklech de WEF weisen, deen d&#8217;Af\u00e9ierung vun enger globaler digitaler W\u00e4rung confirm\u00e9iert. &#8220;Keen huet dofir gest\u00ebmmt!&#8221;, steet an engem Kommentar. &#8220;Deem w\u00e4ert sech keen uschl\u00e9issen. Si w\u00e4erten et erzw\u00e9nge mussen an dat w\u00e4ert net ouni Gewalt goen&#8221;, huet en aneren Notzer geschriwwen.<\/p>\n<p>D\u00e9i falsch Behaaptung staamt anscheinend aus engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/AJ7P-FVQX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">B\u00e4itrag op der Plattform X<\/a> vun der US-amerikanescher Bloggerin Layah Heilpern, d\u00e9i op d\u00ebser Plattform m\u00e9i w\u00e9i 600.000 Follower huet. D\u00e9i meescht Kryptow\u00e4runge sinn dezentralis\u00e9iert a bidden Anonymit\u00e9it bei Transaktiounen, w\u00e4rend digitaalt Zentralbank-Geld zentral organis\u00e9iert a regul\u00e9iert ass an d&#8217;Parteie vun den Transaktioune bekannt sinn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/0cfca3f105108d0352cf2749142bf0fa.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Den Donn\u00e9e\u00eb vum amerikanesche Think-Tank &#8220;Atlantic Council&#8221; no hu schonn eelef L\u00e4nner <a href=\"https:\/\/perma.cc\/42JA-22PA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">digitaalt Zentralbank-Geld<\/a> agefouert. China test am Moment seng eegen digital W\u00e4rung an engem Pilotprogramm an d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/5CHM-ZR8P\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Europ\u00e4esch Zentralbank<\/a> prepar\u00e9iert e potenziellen digitalen Euro.<\/p>\n<p>D&#8217;Af\u00e9ierung vun digitalem Zentralbank-Geld huet zu villen Desinformatioune gef\u00e9iert &#8211; w\u00e9i zum Beispill d&#8217;Behaaptung, dass de Plang dohannert w\u00e4r, Konsumenten den Zougang zu Boergeld ze versp\u00e4ren.<\/p>\n<p>An deem Video ass awer de President vun der chineesescher E-Commerce-Entreprise Alibaba ze gesinn &#8211; also kee Vertrieder vum WEF. D\u00ebse k\u00ebnnegt d&#8217;Entw\u00e9cklung vun enger Technologie un, d\u00e9i den CO2-Foussofdrock tracken, also suiv\u00e9iere, kann an n\u00e4ischt, wat mat dem digitalen Zentralbank-Geld ze dinn h\u00e4tt.<\/p>\n<p>Tracker fir CO2-Emissiounen<\/p>\n<p>Eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=l2SbfqF-2Rg\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Sich no Schl\u00ebsselwierder<\/a> aus der Ried huet zu verschiddene <a href=\"https:\/\/perma.cc\/D5Y3-R4DN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Berichter vum Mee 2022<\/a> iwwer d&#8217;Ried vum Michael Evens, President vun der Alibaba Group, op dem Jorestreffe vum WEF zu Davos an der Schw\u00e4iz gefouert. Den Evans ass am <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20231220232942\/https:\/www3.weforum.org\/docs\/WEF_AM22_Programme.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">offizielle Programm<\/a> tats\u00e4chlech als Riedner zum Sujet &#8220;verantwortungsvolle Konsum&#8221; de 24. Mee 2022 opgefouert. E\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/6KPV-NME6\">Video<\/a> op dem YouTube-Kanal vum WEF weist den Evans bei der Veranstaltung &#8211; den Extrait, deen an de sozialen Netzwierker gedeelt g\u00ebtt, f\u00e4nkt bei der Minutt 29:39 un.<\/p>\n<p><iframe title=\"YouTube video player\" src=\"https:\/\/www.youtube.com\/embed\/tqiz4g8LdoM?si=s1ut89RjbQlTijpb&amp;start=1779\" width=\"560\" height=\"315\" frameborder=\"0\" scrolling=\"auto\" allowfullscreen=\"allowfullscreen\"><\/iframe><\/p>\n<p>D&#8217;Moderatrice vum Panel, d&#8217;Jane Nelson, Direktesch vun der &#8220;Corporate Responsability Initiative&#8221; op der Harvard Kennedy School, huet den Evans no Strategi\u00eb fir d&#8217;Kontroll vun CO2-Emissioune gefrot. <em>&#8220;Mir entw\u00e9ckele mat H\u00ebllef vun enger Technologie eng M\u00e9iglechkeet fir Konsumenten, hiren eegenen CO2-Foussofdrock ze moossen. Wat bedeit dat? Wou Dir reest, w\u00e9i Dir reest, wat Dir iesst, wat Dir op der Plattform konsum\u00e9iert&#8230; Also, en individuellen Tracker fir CO2-Emissiounen&#8221;<\/em>, sou den Evans. <em>&#8220;Bleift drun, en ass am Moment nach net asazf\u00e4eg, mee mir schaffen drun.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>Am August 2022 huet Alibaba schliisslech s\u00e4in <a href=\"https:\/\/perma.cc\/569K-C67K\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">CO2-Foussdrock-Tracker<\/a> op de Maart bruecht. Der Internets\u00e4it vun der Entreprise no k\u00ebnne Konsumenten op den E-Commerce-Plattforme vun Alibaba Rabattpunkte sammelen, wa si <em>&#8220;kuelestoffaarm Entscheedungen&#8221;<\/em> treffen &#8211; w\u00e9i beispillsweis energieeffizient Apparater ze kafen.<\/p>\n<p>Ausserdeem huet e Vertrieder vum Weltwirtschaftsforum d&#8217;Behaaptung entkr\u00e4ft, et g\u00e9if een digitaalt Zentralbank-Geld af\u00e9ieren. <em>&#8220;D\u00ebs Behaaptung ass fr\u00e4i erfonnt, fir absolutt onbegr\u00ebnnt Konspiratiounstheorien ze beschwieren an d\u00e9i wichteg Aarbecht vum Weltwirtschaftsforum op eeschte globalen Erausfuerderungen ze diskredit\u00e9ieren&#8221;<\/em>, sot de Spriecher den 19. Februar g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p>De WEF ass reegelm\u00e9isseg Zilscheif vun abstrusen Desinformatiounen, dor\u00ebnner d&#8217;Falschbehaaptung, e g\u00e9if <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.338G277\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Pedophilie<\/a> beg\u00ebnschtegen, g\u00e9if d&#8217;<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/doc.afp.com.334Z392\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00cbmbr\u00e9nge vu Kazen an H\u00ebnn<\/a> f\u00ebrderen a g\u00e9if soen, dass bis 2030 all B\u00ebbee\u00ebn &#8220;<a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.33PD6PL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">am Labo geziicht<\/a>&#8221; sollte ginn.<\/p>\n<p><em>D\u00ebsen AFP-Artikel gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>De Weltwirtschaftsforum (WEF) ass \u00ebmmer nees Bestanddeel vu verschiddene Konspiratiounstheorien, d\u00e9i d&#8217;Organisatioun als Sproochrouer vun enger globaler Elitt ugesinn, d\u00e9i d&#8217;Welt kontroll\u00e9iere w\u00ebll. Am Januar 2024 ass op Facebook an op der Plattform X e Video opgedaucht, an deem de Chef vum chineeseschen E-Commerce-Gigant Alibaba ze gesi war. An de B\u00e4itr\u00e4g dozou gouf f\u00e4lschlecherweis behaapt, dass hien de WEF represent\u00e9iere g\u00e9if an d&#8217;Af\u00e9ierung vun enger globaler digitaler W\u00e4rung ugek\u00ebnnegt h\u00e4tt, fir d&#8217;Konsumenten ze &#8220;verfollegen&#8221;.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":323653,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[183,185],"tags":[],"class_list":{"0":"post-323663","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-fact-check-lb","8":"category-wirtschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2174981","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2174981.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: De Weltwirtschaftsforum huet keng global digital W\u00e4rung agef\u00e9iert - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: De Weltwirtschaftsforum huet keng global digital W\u00e4rung agef\u00e9iert - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"De Weltwirtschaftsforum (WEF) ass \u00ebmmer nees Bestanddeel vu verschiddene Konspiratiounstheorien, d\u00e9i d&#039;Organisatioun als Sproochrouer vun enger globaler Elitt ugesinn, d\u00e9i d&#039;Welt kontroll\u00e9iere w\u00ebll. Am Januar 2024 ass op Facebook an op der Plattform X e Video opgedaucht, an deem de Chef vum chineeseschen E-Commerce-Gigant Alibaba ze gesi war. An de B\u00e4itr\u00e4g dozou gouf f\u00e4lschlecherweis behaapt, dass hien de WEF represent\u00e9iere g\u00e9if an d&#039;Af\u00e9ierung vun enger globaler digitaler W\u00e4rung ugek\u00ebnnegt h\u00e4tt, fir d&#039;Konsumenten ze &quot;verfollegen&quot;.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2024-03-11T14:00:17+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2024-03-12T08:02:57+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/5c13620b2672997e5cf63fcbdac2e45d.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1024\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"576\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"4 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: De Weltwirtschaftsforum huet keng global digital W\u00e4rung agef\u00e9iert\",\"datePublished\":\"2024-03-11T14:00:17+00:00\",\"dateModified\":\"2024-03-12T08:02:57+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/\"},\"wordCount\":789,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/5c13620b2672997e5cf63fcbdac2e45d.jpeg\",\"articleSection\":[\"Fact Check\",\"Wirtschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/\",\"name\":\"Faktencheck: De Weltwirtschaftsforum huet keng global digital W\u00e4rung agef\u00e9iert - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/5c13620b2672997e5cf63fcbdac2e45d.jpeg\",\"datePublished\":\"2024-03-11T14:00:17+00:00\",\"dateModified\":\"2024-03-12T08:02:57+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/5c13620b2672997e5cf63fcbdac2e45d.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/5c13620b2672997e5cf63fcbdac2e45d.jpeg\",\"width\":1024,\"height\":576,\"caption\":\"Faktencheck: De Weltwirtschaftsforum huet keng global digital W\u00e4rung agef\u00e9iert - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: De Weltwirtschaftsforum huet keng global digital W\u00e4rung agef\u00e9iert\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: De Weltwirtschaftsforum huet keng global digital W\u00e4rung agef\u00e9iert - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: De Weltwirtschaftsforum huet keng global digital W\u00e4rung agef\u00e9iert - EDMO Belux","og_description":"De Weltwirtschaftsforum (WEF) ass \u00ebmmer nees Bestanddeel vu verschiddene Konspiratiounstheorien, d\u00e9i d'Organisatioun als Sproochrouer vun enger globaler Elitt ugesinn, d\u00e9i d'Welt kontroll\u00e9iere w\u00ebll. Am Januar 2024 ass op Facebook an op der Plattform X e Video opgedaucht, an deem de Chef vum chineeseschen E-Commerce-Gigant Alibaba ze gesi war. An de B\u00e4itr\u00e4g dozou gouf f\u00e4lschlecherweis behaapt, dass hien de WEF represent\u00e9iere g\u00e9if an d'Af\u00e9ierung vun enger globaler digitaler W\u00e4rung ugek\u00ebnnegt h\u00e4tt, fir d'Konsumenten ze \"verfollegen\".","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2024-03-11T14:00:17+00:00","article_modified_time":"2024-03-12T08:02:57+00:00","og_image":[{"width":1024,"height":576,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/5c13620b2672997e5cf63fcbdac2e45d.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"4 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: De Weltwirtschaftsforum huet keng global digital W\u00e4rung agef\u00e9iert","datePublished":"2024-03-11T14:00:17+00:00","dateModified":"2024-03-12T08:02:57+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/"},"wordCount":789,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/5c13620b2672997e5cf63fcbdac2e45d.jpeg","articleSection":["Fact Check","Wirtschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/","name":"Faktencheck: De Weltwirtschaftsforum huet keng global digital W\u00e4rung agef\u00e9iert - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/5c13620b2672997e5cf63fcbdac2e45d.jpeg","datePublished":"2024-03-11T14:00:17+00:00","dateModified":"2024-03-12T08:02:57+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/5c13620b2672997e5cf63fcbdac2e45d.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2024\/03\/5c13620b2672997e5cf63fcbdac2e45d.jpeg","width":1024,"height":576,"caption":"Faktencheck: De Weltwirtschaftsforum huet keng global digital W\u00e4rung agef\u00e9iert - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-de-weltwirtschaftsforum-huet-keng-global-digital-wrung-agefiert\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: De Weltwirtschaftsforum huet keng global digital W\u00e4rung agef\u00e9iert"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/323663","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=323663"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/323663\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/323653"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=323663"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=323663"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=323663"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}